Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2005 > Juin 2005 > Le Premier ministre Juncker au sujet du résultat du référendum aux Pays-Bas sur la Constitution pour l'Europe

Interview
Le Premier ministre Juncker au sujet du résultat du référendum aux Pays-Bas sur la Constitution pour l'Europe
"DNR" du 02-06-2005

Vers le niveau supérieur
Jean-Claude Juncker: Mir hu gëschter deen hollänneschen Nee zur Kenntnis geholl mat deem Respekt, mat deem een den Ausdrock vum Vollekswëllen, egal wou e stattfënnt, muss entgéint huelen. Dat Resultat am Frankräich an dat Resultat an Holland maache mech besuergt, well doduerch de Ratifizéierungsprozess un d’Schliddere kënnt, mä dee muss virugefouert ginn.

Well déi aner Parlamenter an deene Länner, déi sech nach net ausgeschwat hunn, an an eenzelne Länner wéi och heiheem ee ganzt Vollek mussen d’Méiglechkeet kréien, falls ee Referendum ass, ze soen, wat si denken.

Et ass ausserdeem noutwenneg, no deenen Debatten, déi am Frankräich an an Holland waren, déi ëffentlech an och a ville Kreeser vun der Gesellschaft gefouert Debatten och an anere Länner musse gefouert ginn.

Well et stellt sech eraus, datt iwwer Europa Gespréichsbedarf besteet, an et ass gutt, wann all Land sech kann an enger breeder Debatt iwwer europäesch Froen äusseren.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact