Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2007 > Décembre 2007 > Interview de fin d'année avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker

Interview
Interview de fin d'année avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker
"DNR" du 31-12-2007

Vers le niveau supérieur

Roy Grotz: Mir begréissen eis Nolauschterer fir den Neijoeschinterview mam Premier Jean-Claude Juncker. Mir kucke kuerz op dat zréck wat d’Aktualitéit 2007 dominéiert huet, ma beliichten och wat déi nächste Méint op eis duerkënnt. Här Staatsminister, ee schéine gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Jean-Marc Sturm: Här Staatsminister, duerch Är Aarbecht, Äert Engagement fir d’Zesummewuesse vun der Europäescher Unioun wäert Dir wuel an de Geschichtsbicher an enger Linn genannt gi mat Leit wéi Robert Schuman, Pierre Werner an anerer. Dir schéngt prédestinéiert fir de Poste vum EU-President. Wéi kann een esou Offere widderstoen?

Jean-Claude Juncker: Also éischtens mol fannen ech, datt Dir gutt ufänkt, well wann Dir mech an déiselwecht Rei stellt wéi Schuman an esou virun, dann ass dat jo eppes wat mer gefällt, mä wat ech net richteg gleewen.

Dat Zweet. Ech si jo net fir d’éischt a mengem Liewen an der Situatioun, datt ee sougenannten héijen europäesche Posten, wat eng wichteg europäesch Aufgab ass, mer ugedroe gëtt. Ech hunn 2004, wéi se alleguer gefrot hunn, datt ech sollt Commissiounspresident ginn, Nee gesot, well ech de Leit heiheem eppes anescht versprach hat.

Dat wat elo am Raum steet, den EU-Rotspresident, ass eng Fro, déi ech aus heiteger Siicht net ka klären. D’Ironie vum Schicksal bal wëllt et, datt ech bis zum Schluss d’Schafung vun deem Poste bekämpft hunn, well ech e mat Gefore verhaft gesinn hunn, datt ech bis haut och nach net weess wat dee Mann oder déi Fra soll maachen am Detail, ech net gesi wéi dee mam europäeschen Ausseminister a mat dem Commissiounspresident soll zesummewierken, esou wéi ech net richteg gesi wéi deen zesummewierke soll mat de Premiere vun deene Länner déi grad an der Presidentschaft sinn an déi eigentlech, laut neiem Vertrag, iwwerhaapt keng Aufgabestellung méi hunn. Alles dat muss ee studéieren an da muss ee kucke wat heiheem lass ass, wat heiheem geet, wat heiheem net geet, wéi d’Aufgabestellungen hei sinn an do sinn, wou een am beschten Afloss kann ausüben op d’Saachen heiheem, op d’Saachen an Europa an da gëtt dat net kalbliddeg décidéiert.

Roy Grotz: Dat heescht, Dir stitt Ärer Partei fir d’nächst Walen zur Dispositioun?

Jean-Claude Juncker: Dir hutt menger Äntwert net richteg nogelauschtert, mä wann Dir er richteg nogelauschtert hätt, hätt Dir weder déi, nach déi géigendeeleg Conclusioun kënnen zéien.

Ech weess et ganz einfach net, wéi dat elo alles am Detail virugeet an ech hunn eigentlech keng Loscht déi Froen ze beäntwerten, well ech hunn nämlech iwwerhaapt keng Loscht, datt déi Fro sech iwwerhaapt stellt, mä si stellt sech awer.

Roy Grotz: Ech hunn Iech ganz gutt nogelauschtert, och viru 7 Joer an Ärer Déclaratioun. Do hutt Dir gesot, d’Sozialpolitik ass een Dauerlaf, wou ee seng Kräfte schoune muss, mä wat sinn d’Blumme wäert, déi den Athlet no 100 Meter kritt, wann een nach 20 Kilometer muss weiderlafen. Blumme waren an deem Fall d’Renten, zanterhier ass nach ëmmer net vill an där Rentefinanzéierungsfro geschitt. De Budgetsminister huet elo eng parteiiwwergräifend Renconter agefuerdert. Ëm wéi eng Szenarien, mengt Dir, sollt sech dës axéieren an ass d’Verlängerung vun der Liewensaarbechtszäit an deem Punkt keen Tabu méi?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn op eng Fro hin, wat a mengen Aen dee gréisste Mësserfolleg wier, deen ech an de leschte 25 Joer eingeheimst hätt, ënnert der Vielzahl vun den zur Verfügung stehenden Objekter eent erausgegraff. Ech hu gesot, et wier ee Mësserfolleg, datt ech et net fäerdeg bruet hätt, d’Lëtzebuerger dofir ze sensibiliséieren, datt sech zu Lëtzebuerg mëttel- a laangfristeg eng Rentefinanzéierungsfro stellt.

Ech hunn dee Begrëff vun der Rentemauer an d’ëffentlech Débatt viru Joren agefouert. Iwwert dee Begrëff ass ëmmer nëmme gelaacht ginn a gesot ginn, déi Rentemauer réckelt ëmmer méi no hannen. Mä iergendwann knuppt et, dovu sinn ech fundamental iwwerzeegt an ech halen et fir net gutt, datt et mer net gelongen ass déi Lëtzebuerger déi haut liewen, dovun z’iwwerzeegen, datt vläit si net an d’Mauer rennen, mä hir Kanner awer an d’Mauer rennen.

An dofir mengen ech, datt der Fro vun der zukünfteger Finanzéierung vun eisen Altersécherungssystemer eng Bedeitung zu Lëtzebuerg zoukënnt, déi total ënnerentwéckelt ass, wann ech mer d’Gewaltegkeet vun där Aufgab, déi virun der nächster Generatioun läit virstellen. Ech hunn dozou alles gesot, ech hunn och all meng Mëllech ginn. All Kéier wann ech gesot hunn, dat do geet op Dauer net gutt, ass iwwert mech hiergefall ginn, dann hunn d’Vertrieder vun alle Parteien, inklusiv a grad a menger Partei gesot, ech géif iwwerdreiwen, ech géif Schwaarzmolerei maachen, ech géif de Leit näischt vergonnen, ech wëllt net, datt déi, déi ee Liewe laang geschafft hätten, datt déi och eng anstänneg Pensioun géife kréien. En Fait geet et mir drëm, datt déi déi geschafft hunn an déi besonnesch net esou héich Renten a Pensioune kréien, och sécher kënne sinn, datt si dat nach laang, no Antrëtt an de Pensiounsalter kënne kréien. Wa mer dee Problem do net an Ugrëff huelen, da geet dat eng Kéier schief. Ech maache mer net déi allergeringsten Hoffnung driwwer, datt an der lëtzebuerger Politik an an der lëtzebuerger Gesellschaft d’Bereetschaft besteet där Realitéit an d’An ze kucken.

Jean-Marc Sturm: Bei de Steieren hält bei deene meeschten de Spaass op,

Jean-Claude Juncker: Bei mir och. Bei mir och.

Jean-Marc Sturm: D’Steierzueler hunn zum Deel ëmmer méi d’Gefill, si géifen zevill vum Staat an d’Täsch gegraff kréien. Wat ass an der Steierpolitik nach méiglech? Wat ass néideg? Trotz alle Mesurë gëtt ëmmer vun de Leit gejéimert, lamentéiert. Stéiert dat Iech? Et schéngt ee Problem ze si wann et engem ze gutt geet.

Jean-Claude Juncker: Dat stéiert mech net, et stéiert mech iwwerhaapt net, datt et de Leit gutt geet. Ech si frou, Premier an engem Land ze sinn, wou et deene meeschte Leit gutt geet, och wann déi meeschte Leit ganz oft maachen, wéi wa se dee leschten, elo hat ech et bal gesot, an Europa wieren. De Lëtzebuerger geet et am Schnëtt ganz gutt, esou gutt, datt se iwwerhaapt net wësse wéi gutt datt et hinne geet. A mir lamentéieren op engem extrem héijen Niveau, op engem Niveau wou déi aner, deen déi aner mol net gesinn, geschweigs dann datt se kënnten drukommen.

An da gëtt et vill Leit am Land, deene geet et net gutt an ech fanne Politik ass net do fir fir déi ze suergen deenen et gutt, respektiv bal ze gutt geet, mä dofir ze suergen, datt déi déi net un deem allgemenge Wuelstand deelhuelen, un deenen d’Reprise vun der Wirtschaft einfach kalbliddeg laanschtgeet, fir fir déi ze suergen. Dofir hu mir de Kannerbonus gemaach, erfonnt, duerchgesat, fir datt déi Leit, déi keng Steiere bezuelen, mä net all Leit déi keng Steiere bezuelen zu Lëtzebuerg sinn aarm Leit, am Ausland géifen déi scho laang Steiere bezuelen, mä déi Leit déi net esou gutt dru sinn, datt déi elo fir hiirt Kand genau dat Selwecht kréie wéi déi déi, well se um Maximum besteiert ginn oder bal um Maximum besteiert ginn oder um Wee zum Maximum hi besteiert ginn, fir hir Kanner kréien.

Hätt ech Kanner, ech hu leider keng, géif ech pro Kand 922 Euro Steiererliichterung kréien. Brauch ech déi? Ech brauch déi net. Géif ech déi behalen ? Ech behalen se. Mä deen, deen 1800 Euro verdingt an deen dräi Kanner huet an deen, dee keng Steiere bezilt, dee kritt elo 2700 Euro fir seng Kanner d’Joer. Dräimol 75 Euro de Mount. Elo gëtt et där Cleverer, déi laachen doriwwer. Wat ass dat schonn, 75 Euro de Mount? Dat sinn déi Selwecht déi sech driwwer bekloen, datt se mussen 100 Euro méi Autosteier bezuelen. Fir kleng Leit, déi sech mussen der Decken no strecken, déi musse kucken, datt se eens ginn, déi am Ufank vum Mount net wësse wéi se am Enn vum Mount erauskommen, ass 75 Euro pro Kand ganz vill Geld, och wann dat deenen, déi am Geld schwammen net aliicht. 75 Euro si vill Sue fir Leit déi keng Suen hunn. Dat maache mer an dat muss gemaach ginn, well et esou eppes wéi Solidarpflicht deene géintiwwer gëtt, déi net an deemselwechte Mooss déi zukunftsträchteg Wirtschaftsloft do anotme wéi anerer.

Mä dat war net Är Fro. Wéi war Är Fro? Ob et eis ze gutt geet? Eenzelne geet et gutt an anere geet et net gutt genuch. An da musse en eppes fir déi maachen, deenen et net gutt genuch geet, fir datt et deene besser geet. Dat hu mer probéiert durerch d’Aféiere vun deem Kannerbonus ze maachen, dat hu mir probéiert doduerch ze bewierken, datt mer d’Steiere fir d’Joer 2008 esou festleeë wéi wann d’Leit géife 6% manner verdingen, dat heescht si bezuele manner Steieren. Dat mécht ee besonnesch steierentlaaschtenden Effekt bei deenen déi esou just ufänke Steieren ze bezuelen.

Et gëtt vu mer verlaangt 16% Steiererliichterung ze ginn, dat maachen ech net, dat mécht d’Regierung net, dat mécht d’Chamber net. Een, deen 170000 Euro d’Joer versteiert, dat ass eng Pei, déi ech relativ gutt kennen, et gëtt der nach e puer Dausend déi driwwer leien, dee kritt duerch dat wat mer maache ronn 600 Euro, ronn 900 Euro, pardon, Steiererliichterung. Wa mer 16% gemaach hätten, géif deen 2500 Euro kréien. Sot mir mol firwat? Sot mir mol firwat, datt ee muss, wann ee vill huet, nach dobäi kréien, an engem Land wou d’Kannergeld tëscht 13% an 79% méi héich ass wéi an deenen dräi Nopeschlänner, an engem Land wou d’Bruttopeien tëscht 13% an 30% méi héich si wéi am benoperten Ausland, an Nettopeien ausgedréckt tëscht 20% a 40% méi héich sinn? Firwat? Firwat?

Jean-Marc Sturm: Ech mengen et dréit sech ganz vill an Ärer Äntwert ëm déi sozial Kohäsioun. An och hei zu Lëtzebuerg, mengen ech, kann een ee vu 7 Leit als aarm ugesinn. An engem Land wou esouvill Auslänner liewen, all Dag esouvill Frontaliere schaffe kommen, ass et schwiereg déi sozial Kohäsioun ze erhalen. Wéi eng Erausfuerderunge gesitt Dir op d’Politik zoukommen, fir deem Risque vun der Zersplitterung vun där heterogener Gesellschaft a sech entgéintzewierken?

Jean-Claude Juncker: Ech spieren dat ganz staark, mä ech spieren et net esou wéi et an den Zeitunge steet. Mir hu vun Aarmutt eng international, dat heescht eng EU-wäit norméiert Konzeptioun. Wann ee manner wéi 60% vun den Duerchschnëttsgehaltempfänger an Akommesbezéier an engem Land verdingt, gëlt een als aarm oder mat Aarmutsrisiko behaft. Dat heescht, datt zu Lëtzebuerg, wou mer soen 13% bis 14% vun de Leit wieren an där Situatioun, dat einfach net stëmmt. Géifen déi Leit zu Däitsch-Oth liewen a géifen se zu Aumetz schaffen, géifen se zu de franséische mëttleren Akommesbezéier gehéieren, obschonn d’Liewen zu Metz awer net 50% oder 60% méi bëlleg ass wéi zu Lëtzebuerg. Ech géif also mol drëm bieden, datt ee mat Zuelen ee korrekten Ëmgang erëm fënnt. All Zuel déi vu Bréissel oder vun Eurostat hei zu Lëtzebuerg kënnt, gëtt zu Lëtzebuerg contestéiert.

Wann ee beweist, den Index misst ofgeschaaft ginn, da gëtt dat contestéiert, mä wann ee seet zu Lëtzebuerg gëtt et 14% Aarmer, da gleeft all Mënsch dat a jiddweree seet och, datt et dat gëtt, mä déi 86% déi net zu deene gehéieren déi een Aarmutsrisiko hunn oder déi aarm sinn an déi och soen, dat ass jo schlëmm, datt et dat zu Lëtzebuerg gëtt, dat sinn zur Halschent déi, déi als éischt jäitze wann ee fir déi Leit eppes mécht. Wa mer mar den RMG, d’Mindestakommes ëm 30% géifen héijen, da géif jo d’halleft Land jäitzen, datt dat net geet, datt déi déi näischt schaffen an näischt maachen, géifen 30% méi bäikréien, während déi aner Leit 3, 4, 2, 6% d’Joer bäikréien.

Ech falen op déi Volleksdemagogie do net méi eran, iwwerhaapt net, an dofir sinn ech der Meenung, datt ee soll d’Problemer behandele bei deene Leit wou se sinn. An dofir hu mir an hunn ech dee Kannerbonus gemaach, fir datt d’Sue mol eng Kéier iwwert ee selektive sozialen Ëmverdeelungswee bei deene Leit ukommen, déi net genuch hunn. A gelungenerweis an der Chamber sinn et Parteie ginn - d’Leit liesen dat am Chamberbericht no - déi soen, dat wier net richteg. Dat wier richteg esou, mä déi, déi schonn alles hätten, déi missten dat Selwecht nach eng Kéier bäikréien. Mir sinn deelweis e bësse geckeg ginn.

Jean-Marc Sturm: Dir hat virdru vun der Kritik un der Autosteier geschwat, trotzdeem iwwerspëtzt d’Fro gestallt, ruinéiert d’Klimaschutzpolitik net geschwënn d’Wirtschaftspolitik?

Jean-Claude Juncker: Wann ee se op der falscher Plaz iwwerzunn zur Applikatioun bréngt, kann dat duerchaus passéieren. Dat däerf awer net passéieren. Mä déi Kritik déi notamment am däitsche Raum de jéngste Virschléi vun der europäescher Commissioun entgéint bruecht gëtt, kann ech aus industriellem Selbstverständnis vun Däitschland jo duerchaus novollzéien, ouni mer dat am Detail zu eegen ze maachen. Mä dat wat mer hei am Land erliewe mat der Autosteier, dat fällt awer net an déi Kategorie vun Erörterungen.

Eis Autosteier ass vun 1984 un net méi ugepasst ginn. Kee Land an Europa, net een eenzegt, mol Mazedonien net, huet zanter 1984 déi selwecht Autosteier gehat. Mir haten dat. Dat heescht, eis Autosteier war am internationale Verglach onendlech méi niddereg, vergläicht se och, déi nei mat Däitschland, Frankräich an der Belsch oder mat Holland, da stellt Dir fest, wann ech als Automobilist schwätzen, deen och déi Autosteier muss bezuelen, komme mer onendlech besser ewech wéi d’Leit an deenen Nopeschlänner niewendrun.

Iwwer 90% vun de Lëtzebuerger soen d’Regierung soll eppes géint Klimaschutz maachen a fir de Klimaschutz maachen. Wahrscheinlech och 90% vun de Leit sinn der Meenung, datt elo d’Autosteier, déi zanter 1984 net méi ugepasst ginn ass, ze héich ass. Mir mussen eis awer mol froe wat mer gären hätten: mat Tréinen an den Aen, op d’Fro, wat ass fir Iech dee wichtegste Problem äntwerte mer Klimaschutz, Klimaschutz, Klimaschutz. An op d’Fro, wat mécht Iech am meeschte rosen, äntwerten mer Autosteier, Autosteier, Autosteier.

Nu weess ech, datt do net alles am Detail stëmmt, dat gëtt och iwwerpréift am Februar, Mäerz d’nächst Joer, fir ze kucke wou si mir ze wäit gaangen, wat kann een do zrécktrieden, notamment fir Familljen, déi méi grouss Autoe brauchen, well se 6, 7 Leit mussen ënner Daach bréngen, dat kann een alles kucken.

Mä iergendwou mussen d’Leit sech mol eng Kéier eens gi mat sech selwer wat se gären hätten, Klimaschutz oder sech an d’Autoe verléiwen. Eis Bevölkerung ass 35% gewuess zanter 1980, eisen Autospark ëm 250%. Mir hu 614 Autoe pro Dausend Awunner. Keen aneren huet dat. Mir sollen eis froen ob dat alles richteg ass wat mer maachen an déi déi soen, et muss ee kucke wéivill ee mam Auto fiert fir d’Steierlaascht festzeleeën, solle sech froen ob dat da richteg wier war mer dann elo d’Bensinns- an d’Dieselpräisser, well dat misste mer jo da maachen, massiv héijen, obscho mer jo schonn ee staark contestéierte Kiotocent um Kilometervervbrauch ageféiert hunn. Da géifen eis Präisser méi héich gi wéi déi däitsch, wéi déi franséisch a wéi déi belsch. Da géifen déi Däitsch, d’Fransousen an d’Belsch bei sech tanken an d’Lëtzebuerger, vun deene kee mer solle soen et wiere Bensinnspatrioten, déi sinn de Géigendeel, déi géifen och op Tréier an op Igel an op Däitsch-Oth an op Sterpenich tanke goen a mir hätten 1,4 Milliarden Euro am Budget manner. Dat géif heeschen, datt d’Kannergeld op den Niveau vun der Belsch ofgesenkt gëtt.

Jean-Marc Sturm: Lafe mer dann net de Risque, wann een Iech héiert, dat mer als intergenerationell Egoistë riskéiere bal an d’Geschicht anzegoen?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn dat.

Jean-Marc Sturm: Firwat ? Well d’Bereetschaft net do ass zum Changement, oder ?

Jean-Claude Juncker: Well ee mam Bléck op d’Gletscheren déi schmëlze seet, et muss eppes fir de Klimaschutz zu Lëtzebuerg geschéien an net bereet ass z’akzeptéiere wa mer d’Finanzéierung vum Klimaschutz wëlle bestreiden duerch dee klengen Deel Verursaacherprinzip, mer dat dann net wëllen. Iwwer 50% vun eiser Klimabelaaschtung ass duerch de Verkéier bedingt. Do sinn ech d’accord, 75% vun där Belaaschtung ginn exportéiert an och wa mir net déi bëlleg Präisser hätten, géif awer dee Bensinn- an Dieselverbrauch ufalen. Mä mir sollen eis iergendwou froen, vu datt eist Akommes wiesentech méi héich ass wéi am Ausland, eis Renten a Pensioune wiesentlech méi héich si wéi am Ausland, eist Kannergeld wiesentlech méi héich ass wéi am Ausland an eis Steire wiesentlech, drastesch méi niddereg si wéi am Ausland, ob mer op all Hochzäite kënne spillen.

Ech kann och eng Ried hale wou d’Leit soen, deen Typ ass immens, dee gëtt eis Recht. Dofir ginn ech net bezuelt.

Jean-Marc Sturm: Schonn zanter méi laangem héiert een d’Regierung soen, datt d’Ufanksgehälter beim Staat sollen erofgoen. Biswell ass do näischt geschitt an da gëtt een awer dem Drock vun der Strooss ze soen no, wann et ëm Peie vu Schoulmeeschteren oder Educateure geet, fir Carrièren ze héijen. Wou ass do d’Logik?

Jean-Claude Juncker: An Ärer Fro ass keng Logik, well Dir gitt dovun aus, datt mer dem Drock vun der Strooss schonn noginn hätten. Dat hu mir net. Dat hu mer nach net an dat wäerte mer och net an där gewënschtener Form maachen. Ech bleiwen der Meenung, ech hunn dat am Oktober, den 12 vun deem Mount vum Joer 2005 an der Chamber gesot, datt ech der Meenung wier, datt mer iwwert d’Ufanksgehälter beim Staat missten diskutéieren. Dat hu mir gemaach a wäerte mer och virufueren. Kee soll mengen, datt ech dat aus mengem Aarbechtsprogramm fir d’Joer 2008 gestrach hätt. Déi Diskussioun fënnt statt. Déi Diskussioun ass ze féieren an een dee fir d’Verbleiwe vun héijen Ufanksgehälter beim Staat plädéiert, plädéiert net noutwennegerweis fir d’Interesselag vun der ëffentlecher Funktioun. Doriwwer ass ze schwätzen an iwwert déi aner Saachen och, mä déi Saache ginn alleguer zesummen.

Gelungenerweis ass et esou, datt de Staatsminister, d’Regierung, mussen alleguer déi Saache matenee gesinn: méi niddreg Ufanksgehälter - jiddwereen hätt gär méi héich Ufanksgehälter, hätt gären op mannst déiselwecht Ufanksgehältwer -, d’Erfëlle vu sektorielle Revendicatiounen, déi ech deelweis fir deelweis berechtegt halen. D’Regierung muss sech all déi Froe matenee stellen, déi déi Fuerderungen hunn, brauche sech ëmmer nëmme mat enger Fro ze beschäftegen. Ech wier léiwer bei deenen, dat heescht ech wier iwwerhaapt net léiwer bei deenen, déi just eng Fuerderung an hirem Bauchladen hunn. Mäi Bauchladen ass déck gefëllt.

Roy Grotz: Wa mer op d’lescht Joer zréckkucken, komme mer bal net laanscht d’Bommeleër ze schwätzen. Vill gouf an där Affaire geschriwwen a gesot, och Dir hutt Iech verdrësslech driwwer gesot, fir Är Wierder ze gebrauchen, datt den Dossier esou laang geschleeft huet. Ass et net awer erstaunlech, datt 22 Joer no de Faiten e Procureur muss duerch eng Pressekonferenz nees ee Ball un d’Rulle bréngen, deen a sech ëmmer déif gehale gouf?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt de Procureur duerch eng Pressekonferenz ee Ball un d’Rulle bruecht huet, mä ech mengen, datt op Grond vun der Enquête ee Ball un d’Rulle komm ass an datt de Procureur der Ëffentlechkeet dat matgedeelt huet. Stellt Iech mol eng Sekund vir, en hätt dat net gemaach an Dir hätt esou missen erausfannen, da géift Dir soen, et géif alle ënnert den Teppech gekiert ginn. Dofir musst Dir Iech och mol eng Kéier eens gi wat Dir gären hätt als Journalisten.

Dat Zweet ass, ech wëll mech net domat offannen, datt déi Affaire net opgekläert gëtt. Ech kann näischt fir déi Opklärung maachen, sauf heiansdo en Zwëschespurt aleeën, vun deem mer da gesot gëtt, wann ech soen, Dir musst deen Zeien awer héieren, deen do op der Tëlevisioun optrëtt, ech géif mech ëm Saache bekëmmeren, déi mech näischt uginn. Déi, déi d’Regierung op deem Punkt völleg zu Onrecht - well d’Regierung huet jo näischt domat ze dinn - kritiséieren, dat si genau déiselwecht déi mech kritiséiert hunn, wéi een Zeie sech gemellt huet, dee gesot huet en hätt den Täter erkannt, dofir gesuergt hunn, datt deen Zeie géif gehéiert ginn, well deen ass virdrun net richteg gehéiert ginn. Dunn ass mer gesot ginn, dee mëscht sech an d’Justiz an. Elo héieren ech iwwerall, datt d’Regierung an de Staatmsinister eppes misste maache fir d’Opklärung vun där Affaire. Dofir sinn ech net an dofir ass d’Regierung net zoustänneg, dofir hu mir aner Staatsorganer, déi sinn onofhängeg vun der Regierung hirem Handelen ze beuerteelen.

Fir mäin Deel, als Staatsminister an als Bierger - nach méi als Bierger vun eisem Staat, mä do maachen ech eigentlech kee richtegen Ënnerscheed - hätt ech gären, datt déi Affaire opgekläert gëtt. Ech hale se net fir eng kleng Affaire. Ech halen dat net fir ee Kavaléiersdelikt, déi Tatsaach datt op esou engem klengen Territoire, an esou engem kuerzen Zäitraum vill Attentater geschéien an datt déi net opgekläert ginn, loossen ech mer net domat erklären, datt zur selwechter Zäit an der Belsch 28 Leit vun den Tueurs du Brabant ëmbruecht gi sinn an datt dat och net opgekläert ginn ass.

Mir sinn hei a mir hu fir eis Saachen ze suergen an ech hätt gären, datt déi Affaire opgekläert gëtt. Ech ginn nervös, krank bei der Iddi, datt vill Leit mengen d’Regierung an ech weess net ween nach, déi géifen dozou bäidroen, datt déi Affaire ënnert den Tapis géif gekiert ginn, well dësen oder deen, ech weess net ween, well ech eben net weess ween et war, mat där Affaire ze dinn hunn.

Nee, ech hätt gären, datt dat opgekläert gëtt, well ech an der Bevölkerung, am deegleche Gespréich mat de Leit op der Strooss mierken, datt an där Net-Opklärung eng Aart Zersetzungsgefor vun der Zoustëmmung de Leit zu hiren Haapstaatsorganer besteet. Dat halen ech fir eng séier geféierlech Entwécklung an ech ka nëmmen un alleguer déi déi zoustänneg si fir Opklärung ze wierken den Appell riichten, datt se net nëmmen u sech selwer, u Leit déi se kennen, un ech weess net wat denken, mä datt se och un de Staat denken. Et geet hei net ëm iergendeen. Et geet hei ëm de Staat an ëm dat geuerdnet Zesummewierke vun de Staatsorganer. Et soll een déi streckeweis staatszersetzend Atmosphär déi sech aus där Affaire dégagéiert, net ënnerschätzen. Ech hätt gären, datt d’Wouerecht un d’Liicht kënnt.

Jean-Marc Sturm: Et war ee guttgefëlltent Joer alt nees, d’Gesondheet huet Iech alt mol ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach, kritt een an deene Momenter net mol de Recul fir Saachen anescht, méi differenzéiert ze gesinn?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn dëst Joer eng Kéier operéiert ginn, dat kënnt jo ville Leit am Joer vir. Bei mir steet et an der Zeitung, dat ass d’Differenz, mä et deet net méi wéi wéi bei deenen anere Leit. Et deet ëmmer gutt fir e puer Deeg am Spidol ze sinn, wann ech dat däerf esou salopp formuléieren, well ee jo ville Leit begéint am Spidol, deenen et wiesentlech méi schlecht geet wéi engem selwer. Dat bréngt een erëm dozou d’Saachen an déi eege Problemer, kleng Problemer déi een huet am Gesondheetsberäich, ze relativéieren. Mir denken u sech ni genuch un déi, esou am Laf vun Joer, well mer rennen a maachen an dinn, déi iwwert eng ganz laang Zäit krank, schwéier krank sinn an déi net wësse wéi et mat hinne virugeet. Wësst Dir, wann Dir mam Bauch operéiert gitt, mat den Träipen, fir mol Lëtzebuergesch ze schwätzen, wéi ech, da wësst Dir, dat do geet erëm an d’Rei. Dann ass dat penibel, dat deet wéi, dat hunn awer all Dag vill Leit, mä da weess een awer erëm, du gëss séier gesond. An da begéin s de am Spidol Leit, déi wëssen net ob se erëm gesond ginn a si si vill méi krank an esou an eisem Alldag blende mer dat dann aus, dat Leide wat et am Land all Dag, jo, ech mengen, dausendfach gëtt.

Dat wourënner ech am meeschte leiden esou als Mënsch, am Laf vum Joer, net nëmmen, mä awer och, well ech 17 Joer laang a gären Aarbechtmsinister war, dat ass wa Mënschen hiert Liewe verléieren op der Aarbecht. Do steet ee Mann op, e seet senger Fra a senge Kanner Awar, e geet schaffen op d’Nuetschicht, op d’Fréischicht, op d’Mëtteschicht, je nodeem wéi et ass, an e kënnt ni méi erëm, well en do vun enger Maschinn zerdréckt ginn ass, well en erofgefall ass, well en an eng Maschinn geroden ass. Dat ass jo schrecklech. Du geess schaffen an du kënns net méi heem, du bass doud an du bass op denger Aarbecht ëmkomm, wells du fir dech a fir deng Famill probéiert hues däi Liewensënnerhalt ze bestreiden. Mir lafen eigentlech blann duerch d’ganzt Joer a gesinn de Misère vu ville Leit net, grad och déi, d’Famillë vun deenen déi selwer och, wéi d’Famillë vun deenen déi hiert Liewen am Verkéier verléieren oder déi am Verkéier schwéier blesséiert ginn. Alles dat stelle mir esou op d’Säit wéi wann dat net géif geschéien, wéi wann dat anzwousch anescht wier, wéi wann dat net an eisem Liewe wier.

Dofir kréien ech eigentlech wann ech krank sinn oder wann ech midd sinn - ech si méi dacks midd wéi fréier, dat ass den Alter sécher - ech weess net wat, heiansdo esou eng, jo, esou dat Gefill, elo mëss de eppes anescht wous de et besser hues. A wanns de da vill aner Leit kucks, da mierkt een, et huet een et eigentlech gutt an ech hätt och gären, datt et am nächste Joer de Leit gutt geet, datt mer manner Leit op der Aarbecht verléieren, manner Leit am Verkéier verléieren, datt mer eis och un deene klenge Saache vum Liewe freeën.

Mir freeën eis jo net méi vill iwwert déi kleng Saache vum Liewen. Just wann een - ech hat dat schonn am Liewen, anerer hunn dat jorelaang - e puer méintlaang déi kleng Saachen net gesäit, well een iergendwou an engem Zëmmer läit, am Koma oder am Rollstull sëtzt, da mierkt ee bemol, wann een se erëm gesäit, datt déi kleng Saache ganz grouss sinn. Da soll een iwwert déi kleng Saache méi grouss Freed eigentlech hu wéi dat wat mer esou am Laf vum Joer fäerdeg bréngen.

Mäi Papp, dee war am Krich a wéi deen aus dem Krich erëmkomm ass an aus der Gefaangenschaft an aus dem Lazarett a wat en alles hat, op der Gare ukomm ass mam Zuch, huet e gesot, ech bekloe mech ni méi. Heen huet sech och ni méi beklot. Firwat bekloe mir eis?

Jean-Marc Sturm: Här Staatsminister, mir soen Iech merci, datt Dir Iech de Mëtten Zäit fir eis geholl hutt, wënschen Iech an Ärer Famill e gudden Optakt an d’neit Joer 2008, a virun allem eng zolitt Gesondheet a gutt Nerven.

Jean-Claude Juncker: Dat lescht hunn ech an dat éischt hoffen ech ze behalen. Schéint neit Joer.

Jean-Marc Sturm: Merci.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact