Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2007 > Décembre 2007 > Jean-Claude Juncker au sujet de l'actualité politique nationale et européenne

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet de l'actualité politique nationale et européenne
"RTL" du 31-12-2007

Vers le niveau supérieur
Caroline Mart: Här Staatsminister, bonjour.

Jean-Claude Juncker: Bonjour.

Caroline Mart: Félicitatioune fir ee Véierelsjorhonnert an der Regierung. Wann der dem Fernand Boden säi Record wëllt briechen, deen huet 3 Joer Virsprong, da misst Dir nach ee Strapp duerhalen?

Jean-Claude Juncker: Ech si net ugetruede fir Rekorder ze briechen.

Caroline Mart: A wéi Dir ugetruede sidd, dat heescht wéi Dir als ganz jonke Staatssekretär an d’Regierung komm sidd, hätt Dir Iech do geduecht, datt Dir eng Kéier do géingt lande wou Dir haut sidd?

Jean-Claude Juncker: Onofhängeg dovun, datt ech mech drun erënneren, datt ech den éischten Interview als Staatssekretär mat Iech gemaach hunn - wat ee grousse Moment war a menger Carrière, well dat agreabel war, wéi ëmmer och duerno - war ech eigentlech agestallt op 18 Méint. De Staatsminister Werner huet mech relativ jonk an d’Regierung geruff. Ech hat just 28 Joer kritt. Ech hat him gesot, ech hätt der schon 28, well ech gemengt hunn - mä ech hat der eréischt 27 - well ech gefaart hunn, e géif mech mat 27 Joer net huelen. An déi Regierung an där ech deemools war, CSV-DP-Regierung war eng extrem onpopulär, well mer mat der Stolkris vill ze dinn haten, mir hu misse Steieren erhéigen, de Spëtzesteiersaz war deemools mat der Solidaritéitssteier zesummen iwwer 62%, haut ass en 38%. Do hunn ech geduecht, bon, dat ass elo fir 18 Méint, dat war am Dezember 82 an am Juni 84 ware Wahlen, an da mëss de dat elo an da muss de eben erëm eppes anescht maachen. Ech hat net domat gerechent, datt dat esou laang géif daueren, well jiddwereen och virausgesot hat, d’CSV géif d’Wahle verléieren. Dat ass zanterhier schonn dacks virausgesot ginn.

Marc Linster: Här Staatsminister, wat war fir Iech dat markantest Evenement 2007?

Jean-Claude Juncker: Dat kann ech esou net festmaachen. Fir mech bleift eigentlech all Dag eppes wat mech, wéi soll ech dat soen, erdréckt, dat ass, datt all Dag 25000 Kanner stierwen, well se näischt z’iesse kréien. Dat bleift fir mech eppes, wat, esoulaang wéi dat geschitt, dat Wichtegst ass wat deen Dag passéiert an dat ass am Joer 2007 365 mol geschitt.

Marc Linster: Zu Lëtzebuerg geet et eis jo nach gutt. Fir ganz vill Leit, deene vehemente Reaktiounen no ze jugéieren, war d’Autosteier dat markantenst Evenement, déi huet fir vill Opreegung gesuergt. Hat Dir Iech dat erwaart?

Jean-Claude Juncker: Dat huet mech net total iwwerrascht, well ech d’Lëtzebuerger e bësse kennen. An et iwwerrascht mech awer, well déi Opreegungen déi et do gëtt oder déi Roserei déi et do gëtt - et ass jo méi Roserei wéi Opreegung - flucht eigentlech mat alle Meenungsëmfroen déi regelméisseg gemaach ginn a wou d’Lëtzebuerger an engem iwweraus grousse Prozentsaz, iwwer 90% soen, Klimaschutz wier déi grouss Affaire vun eiser Zäit, et wier déi moralesch Aufgab vun der Generatioun, wat jo och stëmmt.

An da gëtt d’Autosteier gehéicht, déi zanter 1984 ni ugepasst gi war. Wat fir een anert europäescht Land huet zanter 1984 seng Autosteier ni ugehuewen? Nëmmen eent, Lëtzebuerg, an elo hiewe mer se un, a si ass am Schnëtt däitlech ënnert den Autosteieren déi an eisen Nopeschlänner opgehuewe ginn. D’Lëtzebuerger hunn zum Auto eng besonnesch Bezéiung. Eis Bevëlkerung huet vun 1980 bis haut ëm 35% zougeholl, eisen Autospark ëm 250%. Mir hunn iwwer 600 Autoe pro 1000 Awunner, dat weist, datt mer zu den Autoen een Intimverhältnis hu wat soss bal keen huet.

Trotzdem sinn ech der Meenung, datt den Ëmweltminister Recht hat déi Initiativen ze ergräifen, ech stinn och do voll derhannert. A gläichzäiteg sinn ech der Meenung, wéi den Ëmweltminister och, datt mer an den éischte Méint vun dem nächste Joer déi verschidde Festleeungen déi mer getraff hunn a Saachen Autosteier eng Kéier musse kritesch iwwerpréifen, fir ze kucke wou ee vläicht ze wäit gaangen ass, wou een net richteg gesinn huet. Dat geschitt.

Caroline Mart: Ass et net e bëssen iwwert de Knéi gebrach ginn, wann een elo kuckt, d’Douanesverwaltung ass jo awer sichtlech iwwerfuerdert, d’Onzefriddenheet bei de Leit ass grouss, bei de Betribsween gëtt elo mol opgeschuppt. War et net ausgeräift genuch?

Jean-Claude Juncker: Och wa mer eis méi Zäit dofir ginn hätten, wier d’Opreegung nach grad esou grouss. Wa mer eis méi Zäit geholl hätten, hätt d’Douane et vläicht fäerdeg bruecht am éischte Worf richteg ze maachen. Et ass jo och e bëssen eng schwiereg Geschicht déi se do ze maachen haten.

Ech sinn e bëssen iwwerrascht driwwer, datt elo gesot gëtt, et soll een, statt d’Autosteier ze héichen, déi also nach däitlech ënnert dem Niveau vun eisen Nopeschlänner bleift, éischter op d’Kilometerzuel ofstellen déi ee mécht. Ech wëll dozou soen, datt mer jo de Kiotocent agefouert hunn, dat heescht een dee méi fiert, bezillt och méi an de Kiotofong a steiert direkt oder indirekt och méi Geldmëttele bäi, fir d’Folge vun der Klimaschutzpolitik ze droen, och alternativ Energië besser kënnen ze finanzéieren, dréit och méi dozou bäi, datt mer déi 750 Euro, déi mer als Subventioun gi fir déi CO2-aarm Autoen z’ënnerstëtzen, datt dat Geld zesummekënnt.

Mä wa mer géifen alles op de Bensinnspräiss leeën, misste mer de Bensinnspräiss jo zolitt erhéichen. Géife mer en zolitt erhéigen, géife mer iwwert d’Präisniveaue wahrscheinlech kommen, beim Diesel souwisou wat d’Belsch ubelaangt a beim Bensinn och wat d’Fransousen a wat déi Däitsch ubelaangt. Doraus géif sech erginn, datt déi däitsch, déi franséisch an déi belsch Autofuerer net méi géifen hei tanken. Doraus géif sech erginn, datt d’Lëtzebuerger an der Belsch, am Frankräich an an Däitschland géifen tanken goen, well et soll kee mer zielen d’Lëtzebuerger wiere Bensinnspatrioten, dat si se guer net. An doraus géif sech erginn, datt mer 1,4 Milliarden Euro Steiere manner an der Staatskeess hätten. Also deen Opruff fir de Bensinnspräis z’erhéichen hunn ech, ier mer d’Autosteier gehéicht hunn, ni héiere gehat.

Marc Linster: Den ADR huet gesot, Dir sollt déi Autosteier zréckzéien, dat ass also illusoresch, datt een domatter ka rechnen?

Jean-Claude Juncker: Dat fënnt iwwerhaapt net statt. Entre-temps hunn 8 aner europäesch Länner och hir Autosteier op d’CO2-Bemiessung an op Emissiounsbemiessung ëmgestallt, dat ass déi modern Form vun Autosteier. Do ginn eenzel Saache geännert, wou mer vläicht ze wäit gaange sinn. Ech stellen mer do beispillsweis d’Fro, ob déi méi CO2-emissiounsstaark Autoe fir gréisser Familljen, ob déi richteg behandelt gi sinn. Dat kuckt een an aller Rou an da korrigéiere mer wat ze korrigéieren ass. Dat kann awer och duerchaus zur Konsequenz hunn, datt aner Elementer nach méi an d’Luucht ginn. Ech wëll dat net ausschléissen virun engem objektiven Examen. Ech mengen dat am Prinzip net, mä wann ee gären hätt, datt de System iwwerpréift gëtt, da gëtt en iwwerpréift.

Marc Linster: Dir hutt et scho gesot, bei all Sondage ass den Ëmweltschutz op den éischten dräi Plazen wat d’Suerg vun de Bierger betrëfft, mä wann et dann drëms geet konkret eppes ze maachen, da gëtt et massive Widderstand. Wourunner läit dat dann? Sinn d’Lëtzebuerger inkonsequent oder ass de Problem, datt d’Politik dat Thema falsch vermëttelt?

Jean-Claude Juncker: Et ass ëmmer einfach ze soen, d’Politik hätt d’Thema falsch vermëttelt. Eng richteg Vermëttlung vum Thema, wat ass dat? Dat wier also eng Vermëttlung vun der Tatsaach, datt ee muss fir een Auto méi bezuelen an d’Leit géifen applaudéieren. Dat maachen se am Regelfall net. Mä ech mengen net, datt dat falsch vermëttelt ginn ass. Ech mengen, datt villes wat vun der Politik hier gesot gëtt, och vun der Regierung hier gesot gëtt, zum Beispill datt mer eis der Aufgab vum Klimaschutz musse konzentréiert stellen, eigentlech ënnerschat gëtt, déi éischte Kéier, déi zweete Kéier, déi drëtte Kéier wou et gesot gëtt a sech dann iwwerrascht gewise gëtt wann d’Regierung dat mécht wat se ugekënnegt huet. Dorunner muss ee sech awer gewinnen. Dat ass ee Prinzip vu gudder Politik, unzekënnegen datt een eppes mécht an et dann och ze maachen.

Caroline Mart: Dir hutt an engem Wort-Interview gesot, datt d’Politiker oft falsch verstane ginn. Wann een elo de Politbarometer kuckt, da fällt op, datt d’Leit awer relativ onzefridde sinn, datt esouguer Regierungsmemberen zimlech staark verléieren a wat zumools opfält, dat ass grad déi déi onpopulär Mesurë maachen, zumools am Ëmweltberäich, och allgemeng gréng, manner ugesot ass. Gëtt et schwéier an Zukunft fir standhaft ze sinn?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen dat net an et kënnt een an d’Zweifele wann een d’Sondagen allzevill sérieux hëlt. Ech stelle fest, datt virun e puer Wochen d’Lëtzebuerger Wort ee Sondage gemaach huet, wou sämtlech Werter vu bal alle Politiker an d’Lut gaange sinn an zwou Wochen duerno mécht d’Tageblatt een, wou se zréckginn. Demokratie ass net ze verwiessele mat Demoskopie.

An datt wann ee Moossnamen hëlt, déi de Leit à première vue net gefalen, een och an de Sondagë sanctionnéiert gëtt, dat ass eppes wat ech zur Kenntnis huelen, mä et ass awer näischt wat mech dozou ka bréngen elo nach just dat ze maache wat gutt ukënnt. Wa mer bis elo an deene leschte 25 Joer, ech, klenge Männchen, just dat gemaach hu wat gutt ukomm wier, da géif et eis haut nach wiesentlech méi schlecht goen.

Caroline Mart: Och de Kannerbonus, do ass sécher net de Problem, datt en u sech contestéiert ass, am Géigendeel, déi meeschte begréissen d’Mesure. Mä och do erëm d’Modalitéit, war et geschéckt, fir 2008 dat eemoleg auszebezuelen, well de facto d’Leit jo elo, wa se uganks des Joer de Peiziedel am Grapp hunn, manner an der Täsch hunn?

Jean-Claude Juncker: A ville Fäll ass dat esou, net an alle Fäll wäert dat esou sinn, well et kënnt jo och zu enger Tariffberengegung vun de Steieren. D’Steiere ginn esou gemaach, wéi wann ee 6% manner géing verdéngen. Am Januar huet och eigentlech nach keen eppes vun där Steiererliichterung, well dat jo fir d’éischt mol muss am Parlament gestëmmt ginn. An duerch d’Ewechfale vun der Moderation d’Impôt pour enfants - also der Kannermoderatioun - an deem säin Ersetzen duerch de Kannerbonus, kënnt et zu engem Décalage an der Zäit. Et kritt een déi Suen, déi een iwwert d’Steieren direkt kritt huet, kritt een elo méi spéit iwwert e Kannerbonus. An ech hu fonnt, et wier gutt wa mer dat géifen am Mäerz maachen, well ech och op Grond vun de Schwieregkeeten, déi mer mam Ëmsetze vun der Autosteier haten, fonnt hunn, et wier gutt wann d’Verwaltung e puer Méint méi hätt fir dat ze maachen. Vum Joer 2009 u leeft dat dann am monatleche Rhythmus.

Egal wéi et ass, dat ännert näischt drun, datt een dee keng Steiere bezilt, well en net genuch verdingt fir Steieren ze bezuelen, elo fir seng Kanner genau dat selwecht kritt wéi déi, déi Steiere bezuelen. Wann elo d’Leit déi de Mindestloun hunn, wou se anerhallef mol de Mindestloun hunn an dräi Kanner hunn, 2700 Euro d’Joer bäikréien - dräimol 75 Euro de Mount - da muss ee scho vill Suen hunn, fir ze mengen dat wier näischt. Ech stellen iwwerhaapt fest, wann een eng Steier erhéicht déi vläicht 100, 150 Euro d’Joer méi ausmécht, dann ass dat schlëmm, a wann een ee Kannerbonus aféiert wou ee pro Kand 75 Euro de Mount méi kritt, dann ass dat näischt. Esou si mir.

Marc Linster: Sënn an Zweck vun deem Kannerbonus ass et jo, fir datt all Kanner an Elteren an dee Genoss kommen, och déi déi keng Steiere bezuelen. An déi Zuel déi klëmmt. Et gëtt och zu Lëtzebuerg ëmmer méi Mënschen déi riskéieren an d’Aarmut ze falen. Wieren dann do net méi selektiv Moossname fir de Leit ze hëllefen besser?

Jean-Claude Juncker: Also éischtens mol, net jiddwereen dee keng Steiere bezilt ass een Aarmen, well eis Grondfräibeträg déi sinn zanter 1990 ëm iwwer 400% ugepasst ginn, déi hu sech alo verféierfacht, ier een ufänkt Steieren ze bezuelen. An eisen Nopeschlänner bezilt ee 50% méi fréi scho Steiere wéi zu Lëtzebuerg.

Zweetens gëtt et awer bei deene Leit déi keng Steieren bezuelen, och vill Leit déi extrem Schwieregkeeten hunn um Enn vum Mount eens ze ginn, besonnesch wa se Kanner hunn. Mir liewe jo am Gefill, eis géif et am Duerchschnëtt gutt goen a besser goe wéi eisen Noperen. Dat gi mer och zou wa mer mat eisen Nopere schwätzen, wa mer ënnertenee schwätzen maache mer ëmmer erëm alles ganz schrecklech hei am Land, dat ass et net. Mä et gëtt Leit déi net eens ginn an déi grouss Schwieregkeeten hunn, besonnesch wa se Kanner hunn.

Marc Linster: A wat wëllt Dir dann elo maache fir deem entgéintzewierken?

Jean-Claude Juncker: Zum Beispill duerch de Kannerbonus. Wann Dir engem Mënsch deen - ech hat et elo grad gesot - dee 1500, 1600, 1700 Euro verdingt an deen dräi Kanner huet an deen iwwert dee steierleche Wee, well e keng Steiere bezilt, iwwerhaapt näischt kritt fir seng Kanner, während een deen 180 000 Euro d’Joer verdingt de Maximum vu Steierbefreiung kann ausschäffele fir seng Kanner, wann Dir deem dee keng Steiere bezilt, well en net vill verdingt, wann en dräi Kanner huet, dräimol 922 Euro gitt, dat si vill Sue fir déi Leit. Am Mount dräimol 75 Euro méi ze hunn, fir um Enn vum Mount einegermoossen iwwert d’Distanz ze kommen, doriwwer laache just déi, déi net wësse wéi déi Leit eigentlech musse liewen.

Dobäi kënnt, datt mer dat jo selektiv gestalt hunn. Dee Kannerbonus ass wierklech eng selektiv sozial fiskal Moossnam, well se am Maximum fir déi spillt, déi nëmmen de Minimum oder guer keng Steiere bezuelen. Et ass eng richteg Ëmverdeelung vun uewen no ënnen, am Sënn vun enger méi breeder Akommesgerechtegkeet.

Dobäi kënnt, datt mer den Heizkostenzuschuss ëm 10% gehéicht hunn. 9000 Haushalter profitéiere vun deem Heizkostenzuschuss - wat heescht hei profitéieren? Si mussen en hunn fir eens ze ginn. D’Petrolspräisser hu sech vun 2002 bis 2007, an Dollar ausgedréckt pro Baril, ëm 320% no uewe beweegt, an Euro ausgedréckt ëm 160%. Ouni Euro géife mir op der Pompel Präisser bezuelen, déi 30% méi héich wiere wéi déi déi mer haut hunn. Trotzdem ass et wat d’Hëtzes ubelaangt, wat de Mazout ubelaangt an aneres, datt akommesschwaach Famillen domatter Problemer hunn an dofir geschitt dat jo. Dat ass och eng selektiv Moossnam. Et gëtt ëmmer gesot, well einfach ëmmer alles esou gesot gëtt d’Sozialpoltik wier net selektiv. Mir dräi mir kréie keen Heizkostenzuschuss, well mer kee brauchen. Mä déi, déi e brauchen, déi kréien en awer. Dat ass also schonn eng cibléiert Solidaritéitspolitik déi do zur Applikatioun kënnt.

Caroline Mart: Dir hutt d’Petrolspräisser elo ugeschwat, déi klammen an déi nach méi géinge klamme wa mer den Euro net hätten. Mä et sinn och aner Basisproduiten déi klammen a relativ erschreckend héich, wéi zum Beispill d’Iesswueren. Dat ass eppes wat natierlech déi kleng Leit am stärksten trëfft. Geet dat esou weider? Wéi wäit huet een iwwerhaapt een Afloss als lëtzebuerger Politiker op déi Entwécklung?

Jean-Claude Juncker: Déi Leit déi net esouvill verdinge wéi vill anerer hei am Land, déi leiden natierlech ënnert der Präisdeierung bei de Grondernährungsprodukter wiesentlech méi. Dat ass iwwregens eng vun den Ursaache vum Kannerbonus, well dat akommesstärkend wierkt. Et ass ee vun de Grënn, déi eis dozou bruecht hunn d’Steierbefreiung vum Loun dee fir d’Iwwerstonne bezuelt gëtt op Null zréckzeféieren, well besonnesch an deenen méi nidderegen Akommessegmenter méi Sue wann ee méi schafft méi wichteg si wéi méi Sue, wann ee schafft a vill verdingt. Dat huet eis och dozou bruecht, fir déi op den 1. Januar 2008 geplangten Accisenerhéichung um Diesel an um Bensinn nëmmen zu engem Deel ze maachen an net ganz ze maachen, fir e bësse méi schounend fir déi Akommesverhältnisser kënne wierksam ze ginn.

Mä d’Ursaache selwer, op déi huet een nu wierklech wéineg Afloss. Ech hu mech vill beschäftegt, och a menger Qualitéit als President vun der Eurogrupp, mat deem sprunghaften Uklamme vun de Liewensmëttelpräisser. Dat ass zréckzeféieren op éischtens, wat mir eigentlech guer net esou matkréien, déi relativ schlecht Récolte an Europa. Dat ass zréckzeféieren op eng enorm geklommen Demande an de sougenannte Schwellelänner, dat ass op eng Rei Verirrungen zréckzeféieren, déi am Kader vun der Klimaschutzpolitik gemaach ginn, duerch Uplanzungsmethoden, déi ganz einfach zur Deierecht vun de Liewensmëttele bäidroen.

Dorop huet d’Europäesch Unioun probéiert ze reagéieren, doduerch datt se d’Importtariffer op dem Weess an op anere Feldprodukter ofgeschaaft huet, mä dat dréit zu méi Inflatioun bäi. Dat ass een temporairë Virgang, deen iergendwann erëm résorbéiert gëtt, mä et ass een, dee besonnesch schmerzhaft ass an dofir sinn déi Moossnamen, déi déi kleng Akommes stärke besonnesch wichteg.

Caroline Mart: Dat heescht 2008 musse mer eis drop astellen, datt déi Tendenz nach weider unhält.

Jean-Claude Juncker: Ech weess net ob dat eng enorm Entwécklung nach no uewen hëlt. Mä wann d’Präisser nëmme liicht wuessen oder esou bleiwe wéi se sinn, da si se onendlech vill méi héich, am Schnëtt 30% bei de Liewensmëttelen, wéi se am Joer 2006 waren. Dat laascht also ganz staark op der Akommesgestaltung vun de klengen Ménagen an dofir sinn eng Rei vu Moossnamen déi mer elo getraff hunn - Kannerbonus, Erhéichung vum Heizkostenzuschlag, steierlech Befreiung vun den Iwwerstonnen, eng méi moderat Erhéigung vun den Accisen um Bensinn an um Diesel – Moossnamen, déi an déi richteg Richtung ginn an déi sech aus deem Grond eraus erklären.

Marc Linster: D’lescht Joer hat Dir net richteg an eisem Joresinterview geäntwert op d’Fro ob den Index ee Wahlkampfthema géif ginn, déi Fro eriwwregt sech wuel, well mir si jo matzen dran an der Debatt, oder?

Jean-Claude Juncker: Déi Debatt ronderëm den Index ass eng permanent Debatt zu Lëtzebuerg. Et melle sech elo déi - wéi de President vun der Zentralbank - der Meenung sinn, dat ass europäesch Erkenntnis tëscht Gänseféisercher, den Index wëllen ofgeschaaft gesinn. Ech sinn net där Meenung...

Marc Linster: D’Gewerkschafte soen, d’Fangeren ewech.

Jean-Claude Juncker: Jo, enfin, ech hunn alleguer déi Opriff do schonn iwwer 25, 30 Joer héieren a jiddwereen huet do säi Standpunkt. An d’Regel ass a muss bleiwen, datt d’Indexéierung soll bestoe bleiwen, obschonn dat de Risiko vun de sougenannten Zweetronneneffekter huet, d’Petrolspräisser klammen, an zu Lëtzebuerg ginn automatesch d’Léin un den Index, deen doduerch klëmmt, well d’Inflatioun klëmmt, ugepasst. Am Ausland geschitt dat net. Do verléiere mer also ëmmer Compétitivitéit par rapport zum Ausland.

Trotzdem bleift et richteg, datt vill Leit, déi a Betriber schaffe wou kee Kollektivvertrag besteet, op déi automatesch Inflatiounsupassung do ugewise sinn, fir do einegermoosse Schrëtt kënne mat der Liewensdeierecht ze halen. Dat hu se am Ausland net. Mir fanne jo, datt dat näischt ass, datt mir et hunn, mä et huet soss keen et an deem Mooss wéi mir an dat gëtt a ganz Europa contestéiert, an der europäescher Zentralbank, an der lëtzebuerger Zentralbank a mir halen awer gären un deem System fest.

Marc Linster: Dir sidd do formal.

Jean-Claude Juncker: Ech sinn - déi Indexéierung gëtt net zu Lëtzebuerg ofgeschaaft, datt dat ganz kloer ass. Mä d’Indexéierung muss ëmmer erëm, falls d’Noutwennegkeet sech erweist, an dat war an de leschten 20 Joer e puermol de Fall, moduléiert kënne ginn, fir datt mer net aus dem Compétitivitéitswettbewerb mat eisen direkte Konkurrenten ofrëtschen.

Marc Linster: Mengt Dir dann d’Gewerkschafte géifen do matmaachen?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net ob d’Gewerkschaften do matmaachen, mä ech wëll just soen, ech maachen net mat fir den Index ofzeschafen, ech maachen awer och net mat, datt duerch de Wee vun der automatescher, soforteger Indexéierung vun de Léin a Gehälter d’lëtzebuerger Économie an ee Fahrwasser kënnt wou mer lues a lues ënnerginn. An dofir, falls et zu staarkem Uklamme vun der Inflatioun kënnt, mussen zwou Saache geschéien: éischtens, et muss alles gemaach ginn, fir déi Inflatiounserhéigung do anzedämmen. An zweetens muss een da periodesch den Index moduléieren, wat dann zu Lëtzebuerg ëmmer mat manipuléiere [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Wat heescht dat?

Jean-Claude Juncker: Wat mer elo gemaach hunn, zum Beispill datt een den Index, wéi dat elo geschitt, deen am November erfall ass, datt een deen eréischt am Mäerz ausbezillt. Dat ass also eng Verschiebung vun der Zäitachs vun Inflatiounsgestaltung [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Do si jo awer elo scho Fuerderunge fir ze soen, dat dierft awer net méi geschéien, dat doten.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä Dir schwätzt jo net hei mam President vum OGBL a vum LCGB a vun der CGFP, Dir schwätzt mat mir.

Caroline Mart: Wa mer vu Fuerderunge schwätzen a vu sozialen Onrouen, Fuerderunge gëtt et och vu Säite vun de Schoulmeeschteren, vun den Educateuren, vun den Infirmieren, all Kéiers geet et drëm fir d’Carrière opzewäerten, fir datt der Formatioun da Rechnung gedroe gëtt, dat heescht konkret geet et och do einfach ëm méi Pei. Ass dat eng legitim Fuerderung?

Jean-Claude Juncker: Net all Fuerderung déi drop ofziilt fir méi an der Pei ze kréien, ass legitim. Et gëtt der awer déi legitim sinn. Wat d’Schoulmeeschteren ubelaangt wëllt ech soen: éischtens, datt mer eng Reform vum Gesetz vun 1912 maachen. D’Primärschoulgesetz huet iwwer 100 Joer um Bockel. Et gëtt Zäit, datt een dat iwwerpréift. An et ass net gutt, wann eenzel Schoulmeeschteschgewerkschaften den Androck ginn, si géifen un der Ëmsetzung vun där Reform net deelhuelen, wann hir Akommesfuerderungen net erfëllt ginn. Dat ass strikt net akzeptabel. D’Schoulmeeschtere si fir d’éischt do fir d’Kanner.

Caroline Mart: Dat war ee klore Message.

Jean-Claude Juncker: Dat Zweet. Et ass och absolut net akzeptabel an et ass och net esou wéi eenzel gGewerkschaften et gesot hunn, datt de Staatsminister géif probéieren d’Fuerderunge vun de Schoulmeeschteren als bëlleg Fuerderungen no méi Pei ofzedinn an den Androck ze ginn, et géif de Schoulmeeschtere just ëm d’Pei goen. Ech weess, datt dat net esou ass. Mä d’Reform kënnt an déi, déi an der Schoul schaffe mussen hëllefen déi Reform ëmzesetzen. An déi Reform bréngt natierlech eng Rei vun zousätzleche Belaaschtungen a vun Aarbechtserschwernisser fir d’Léierpersonal an der Primärschoul mat sech, dat verkennen ech guer net.

Drëttens, wann et ee Beruff gëtt hei am Land, virun deem ech enorme Respekt hunn, dann ass et dee vum Léierpersonal an der Primärschoul. Ech hunn dat op Ärer Antenn, mengen ech, scho gesot, datt ech menge Schoulmeeschteren a Jofferen, déi ech an der Primärschoul hat - dat waren der dräi - zu enormen an zwar liewenslänglechem Dank verpflicht sinn, well ech einfach gesinn hunn, mat wat fir engem Engagement, mat wat fir enger Begeeschterung, mat wat fir engem Interessi fir déi Leit mat deenen se ze dinn haten, se déi Aarbecht gemaach hunn. Well ech och erlieft hunn, an zwar sechs Joer laang an der Primärschoul, datt déi Schoulmeeschteren Dënschdes mëttes, Donneschdes mëttes a Samschdes mëttes an d’Schoul komm si fir mat deene Kanner déi aus Italie komm sinn an déi kee Wuert Lëtzebuergesch geschwat hunn, déi matten am Joer ageschoult gi sinn, fir déi erëm op den Niveau ze bréngen an och anere méi schwaache Schüler gehollef hunn. Dat ware ganz grouss Leit an deene sinn ech liewenslänglech zum Dank verpflicht. An ech, vläicht esouguer manner wéi anerer, déi, hätten se déi Schoulmeeschteren net gehat, iergendwou op der Streck hänke bliwwe wieren.

Datt ech also fir dee Beruff, deen ech fir wichteg fannen, grouss Sympathie hunn, hunn ech schonn öfters gesot a schonn ier déi Fuerderungen do massiv virgedroe gi sinn. Et muss een awer gesinn, datt déi Fuerderunge kollidéiere mat Fuerderunge vun aneren oder mat Aklasséierunge vun aneren. A wann d’Gewerkschaften aus dem Enseignement esou maachen, wéi wann d’Regierung hei schlechte Wëllen hätt, wéi wa se net géif dialogéieren, dann huet dat domat ze dinn, datt mer mat ville Leit mussen dialogéieren, och mat anere Gewerkschaften. An d’Ministeren Delvaux a Wiseler sinn am gaangen déi Gespréicher ze féieren an da kucke mer wéi wäit datt mer do zesumme kommen.

Mä ech soen nach eng Kéier, et kann een d’Schoulreform net als Geisel huelen. Dat géif bei mir eng hefteg Reaktioun ausléisen. Si ass en Fait schonn do.

Marc Linster: Luxusproblemer a -Kloen op héigem Niveau stoung am Wort-Editorial zu de Fuerderunge vun den Enseignanten, an an de Lieserbréifsäite gëtt ëffentlech débattéiert wéivill déi Leit verdingen. Besteet do net de Risque, datt et ee Gruef an eiser Populatioun gëtt ?

Jean-Claude Juncker: Wann et ëm d’materiell Fuerderunge geet, da sinn d’Lëtzebuerger ee komescht Vollek, also mir dräi och, mir sinn der jo. Et vergläicht ee sech ëmmer mat aneren. Dat ass eppes wat mer mol vläicht mussen iergendwann eng Kéier ofstellen, eis ëmmer mat aneren ze vergläichen. Et soll een déi Aarbecht kucken déi ee mécht a sech froen, ass déi Aarbecht richteg bezuelt oder kann ech besser dofir bezuelt ginn, well et stellt jo ni ee sech d’Fro, ob d’Aarbecht vläicht esou ass, datt een och kënnt manner bezuelt ginn. Dat huet jo keen esou u sech bei eis, ech mengen dat soen ech fir eis alleguer. Net ëmmer mat anere vergläichen. Wann ech soen, vergläicht mol Är Pei mat deene vun Arel a vun Thionville a vun Tréier, da gëtt gesot, dat kann een net vergläichen. Et kann een och zu Lëtzebuerg intern net alles mat allem vergläichen. An dofir muss ee mat gesondem Mënscheverstand eigentlech un déi Froen erugoen.

Caroline Mart: Dir sot et däerf een net vergläichen, wat awer gemaach gëtt.

Jean-Claude Juncker: Ech soen net, et däerf een net vergläichen, well ech vergläiche jo ëmmer mat dem Ausland, mä da gëtt mir ëmmer gesot, ech dierft dat net.

Caroline Mart: An eise Schoule gëtt jo och verglach, dat heescht et ginn international Vergläicher gemaach, et ginn och Etudë gemaach, et gëtt Pisatester zum Beispill. A wat nei ass an den Debatten, datt well och esou Käschtenotzerechnungen opgestallt ginn, datt zum Beispill a Lieserbréifer gesot gëtt, ma jo kuckt dach mol wéi schlecht eis Schüler ofschneiden, wéi wéineg een Diplom hunn, wéi schlecht se an de Pisatester sinn. Wat halt Dir vun deene Käschtenotzerechnungen, wann am Verglach dozou gefrot gëtt, wéivill kascht d’Schoul?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn éischtens, mengen ech, eng vun deenen deierste Schoulen am entwéckelten Deel vun der Welt an eis Resultater sinn einfach net deementspriechend. Dat muss ee sech a Rou ukucken. Ech maachen, contrairement zu aneren, dat net esou séier fest un enger mangelnder Leeschtung vun de Schoulmeeschteren a vun de Professeren. Do gëtt et der, déi strikt näischt schaffen - där gëtt et iwwerall - an et gëtt der och vill, déi enorm vill schaffen an iwwert déi gëtt net vill geschwat. Déi déi hire Léierberuff enorm eescht huelen, déi déi vill manner Fräizäit hu wéi d’Leit eigentlech mengen, datt se der hätten, déi fannen an eiser Gesrellschaft net déi uUnerkennung, déi se misste fanne.

Ech fannen den Ëmgang mat Schoulmeeschteren a mat Professeren, dee mer als Gesellschaft hunn, ass net gutt. Déi Leit ginn eigentlech net zu hirem richtege Wäert bemooss. An dat féiert dozou, datt vill Leit, déi Schoul halen an der Primärschoul oder an de Lycéeën och d’Flemm hunn, well se gesinn, datt se sech druginn an datt se keng Unerkennung fir hir Aarbecht an der Gesellschaft fannen. Dat ass ee vun de grousse Problemer an eisem Enseignement, datt d’Enseignanten d’Gefill hunn hir Aarbecht géif net respektéiert ginn. An ech fanne si gëtt och wiesentlech net genuch respektéiert.

An datt sech awer an der Schoul villes muss änneren, datt méi individualiséierten Unterrecht muss gemaach ginn, wat sech och flénk formuléiere léisst a wat op dem Terrain net esou einfach ass erbäizeféieren dat geet jo alles an déi richteg Richtung déi Fuerderungen déi do formuléiert ginn - mä et gëtt am Liewe vu jonke Mënsche jo awer net nëmmen d’Schoul, et gëtt och nach dat wat doheem ass. Et gëtt och nach dat, wat ronderëm déi jonk Leit ass. A sech virzestellen d’Schoul kënnt all Problemer vun der Gesellschaft reparéieren, d’Schoul wier eng Reparaturwierkstat vun der Gesellschaft, dat ass eng Virstellung vun där ee muss Congé huelen. Dat kann d’Schoul haut net méi leeschten. Mir mussen also aner Strukture kréien déi dat maachen: Ganzdagsschoulen do wou se ginn, fir der Liewenssituatioun, der autobiographescher vun eenzelne Schüler kënne besser Rechnung ze droen; Hausaufgaben net ofschafen, dat huet och d’Ministesch ni gefrot, mä Hausaufgaben an der Schoul maachen, fir datt jiddwereen d’Méiglechkeet kritt mat virunzekommen, och déi déi doheem net kënne gehollef kréien, besonnesch déi an engem esougenannte bildungsferne Milieu sinn...

Marc Linster: Kanner...

Jean-Claude Juncker: Déi zwou Reforme kann een net, wann ech dat nach just däerf soen, Här Linster, géintenee maachen. Mech stéiert eigentlech den Toun mat där och eenzel Gewerkschaften aus dem Schoulberäich, eenzel Professeren, déi d’Leit all Samschdeg mat hire Lieserbréiwer beglécken, déi feindlech Stëmmung géint d’Regierung, wéi wann d’Regierung bewosst eng Politik géint d’Schoul a géint d’Enseignante géif maachen. Dat ass ass net de Fall, de Géigendeel ass de Fall an ech hätt gären, datt dat sech och am Tounecho, deen een zréckkritt heiansdo, erëmspigelt.

Marc Linster: Mä déi Erkenntnisser vun deenen Dir elo geschwat hutt, wat alles misst geschéien oder sollt geschéien, dat gëtt zanter Joren diskutéiert an trotzdeem sinn eis Jonker ëmmer manner fir den Aarbechtsmaart qualifizéiert. Wéini gëtt dann tatsächlech eppes gemaach? Wéini gëtt d’Noutbrems gezunn?

Jean-Claude Juncker: Déi Reforme déi iwwer Joere gemaach gi sinn, an déi mat vill Courage och de Moment am gaange si gemaach ze ginn, dat si jo Reformen déi nëmme Laangzäitwierkung kënnen hunn.

Den Drama vun all Éducatiounsminister ass, datt e Reformen ufänkt, datt e bal net méi do ass wann ugefaange gëtt déi Reformen ëmzesetzen, datt e guer net méi do ass, wann et drëm geet, déi Reformen an eenzelne marginalen Aspekter ze corrigéieren.

Marc Linster: Mä all Minister fänkt erëm nei Reformen un.

Jean-Claude Juncker: Net all Minister fänkt nei Reformen an deem Sënn un, datt alles dat wat virdrun do war, géif zeréckgedréint ginn.

Ech kann net richteg erkennen, wou de Moment géifen rezent Reformelementer vu fréiere Minister géifen zeréck gedréint ginn, an ech konnt och fréier net feststellen, datt all Kéier wann e Minister komm wier, eng total Revolutioun, en totalt Ëmdenke geschitt wier. Mä et si Basiselementer geluecht ginn, notamment och vun der Madame Hennicot, déi d’Éducation précoce gemaach huet. Dat si Saachen, déi wierklech eng laang, laang Zäit Wierkung hunn.

Déi Méiglechkeet déi mir schafen an de Maisons relais dréit wiesentlech zu enger méi grousser Gemittlechkeet, zu enger Berouegung vun dem nervöse Schülermilieu bäi. Déi Plazen héije mir vun 8000 2005, op 16000 am Joer 2009. Dat kascht eis 32 Milliounen Euro d’Joer. Dat heescht do sinn d’Begleedungspolitiken, déi am gaange si lues a lues Fouss ze gräifen, a vun deenen ech iwwerzeegt sinn, datt se enges Daags och déi noutwenneg Resultater hunn.

Caroline Mart: Dir sot lues a lues, en attendant ass et awer esou, datt déi nei Aarbechtsplazen déi geschafe ginn, meeschtens net vu Lëtzebuerger besat ginn. Hunn eis Jonker e Competitivitéitsproblem? Ass dat den eegentleche Competitivitéitsproblem?

Jean-Claude Juncker: Also an der Belsch, wou et dem Aarbechtsmaart de Moment e bësse besser geet, an Däitschland, wou déi Däitsch soen, datt et ganz gutt geet - si hunn awer nach ëmmer iwwer 7% Chômage, dat just als Bemierkung wa se dat vergläiche mat eis - besteet Fachkräftemangel. Also och Länner, déi ee méi héije Chômage hu wéi mir, fanne bei deenen déi am Chômage sinn, net Leit genuch fir déi nei Aarbechtsplazen ze besetzen. Dat ass also, entgéint deem wat mir mengen, näischt typesch Lëtzebuergesches.

Wann d’Économie bis richteg dréint, eis huet méi laang héich gedréint wéi déi vun den Nopeschlänner, elo kommen déi och lues a lues erëm an d’Sonn an an d’frësch Loft, dann entsteet dee Phänomen, datt déi déi keng Aarbecht hunn, net kënnen op déi Plaze vermëttelt ginn, wou Aarbechtsplaze fräi ginn. Dat huet natierlech mat enger Inadequatioun vu Formatioun a vu Besoin vum Aarbechtsmaart ze dinn. Mä d’Schoul kann ...

Marc Linster: Och dat ass net nei.

Jean-Claude Juncker: Pardon?

Marc Linster: Och dat ass net nei.

Jean-Claude Juncker: Nee, nee. Wa mir nëmmen iwwer déi Problemer schwätzen déi nei sinn, da kënne mir séier zu anere Punkte kommen. Dat do si jo permanent Problemer an der Gesellschaft. Ech...

Marc Linster: Mä mir kréie se net an de Grëff.

Jean-Claude Juncker: Mir kréie se net esou gutt an de Grëff wéi ee se an der Idealvirstellung kéint an de Grëff kréien. Kee ronderëm eis kritt se an de Grëff, mir kréie se och net esou an de Grëff. Mä Dir musst jo awer och gesinn, wéi rasant sech d’wirtschaftlecht Ëmfeld ännert, a wéi d’Specificitéit, d’Skulptur vun den eenzelnen Aarbechtsplaze sech ännert. Wéi ech viru 25 Joer an d’Regierung komm sinn, huet d’Industrie nach 29% vun eisem Bruttoinlandprodukt ausgemaach, haut sinn et nach 9%. Deemools huet d’Finanzzentrum 9% ausgemaach, haut mécht deen der 29% aus.

Dat heescht, datt an engem schläichende Prozess, op deen d’Schoul net am Takt ka reagéieren, eng total Ëmgestaltung vun dem Aarbechtsëmfeld zu Lëtzebuerg komm ass, a bei de Schoulpolitiker a bei de Pädagoge selwer een éiwege Sträit driwwer, wéi dann d’Schoul misst dorop reagéieren. Iwwer d’Schoul schwätzt jo jiddweree mat. Net nëmmen d’Enseignanten an d’Schoulpolitiker schwätze mat. Jiddweree wëll ...

Caroline Mart: Mä dat ass awer déi zentral Aufgab vun der Schoul fir op deen Aarbechtsmaart virzebereeden.

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng vun den zentralen Aufgaben. Ech hat ni eng Konzeptioun vun der Schoul, déi doranner géif bestoen, datt d’Schoul soss näischt soll produzéiere wéi Aarbechtsmaartathleten. D’Schoul huet aner Finalitéiten. D’Schoul huet eng Finalitéit vun Allgemengbildung, d’Schoul huet d’Finalitéit fir deene Leit, déi duerch d’Schoul ginn, e Potenzial an eng Kapazitéit vu Sensibilitéit fir Problemer vun der Gesellschaft a vun der Welt ze vermëttelen. D’Schoul huet [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Gëtt dat dann haut vun der Économie esou gewënscht?

Jean-Claude Juncker: Ob d’Économie dat wënscht oder net, dat ass jo eng Fro déi mech interesséiert, mä déi mech net esou interesséiert, datt dat géif bei mir e predominante Reflex ausléisen.

Ech hätt gären - ech hätt gären! Mir bräichten eng Schoul, a mir hunn deelweis eng Schoul, wou d’Leit och op hiert Liewen an der Gesellschaft virbereet ginn. D’Schoul ass net do fir 14, 15 Joer laang e Schalterbeamten auszebilden. D’Schoul ass virun allem do fir Mënschen déi hir Aufgab an der Gesellschaft kënnen eescht huelen, auszebilden. Datt si och muss virbereeden op den Aarbechtsmaart, dat geet selbstredend. Mä d’Reduzéiere vun der Schoul op d’Zur-Verfügung-stelle vun dem Mënschematerial fir den Aarbechtsmaart, ass eng Konzeptioun déi ech net hunn, déi ech net wëll hunn, an dat ass och eng falsch Konzeptioun, well se nieft den eigentleche Bedürfnisser vum Mënsch a vun der Gesellsschaft laanscht geet.

Caroline Mart: Mir hunn elo laang vum Aarbechtsmaart geschwat. Mir hunn e ganz eemolegen Aarbechtsmaart, dat gëtt et soss néierens, datt 70% vun deenen, déi eise Wuelstand hei erschaffen, sinn net Lëtzebuerger. D’Halschent dovunner si Frontalieren, mä wann et awer dann em d’Matschwätzen, ëm d’politesch Matgestalte geet, dann hu si esou gutt wéi näischt ze soen. Ass dat op d’Dauer tragbar?

Jean-Claude Juncker: Nee, dat ass op d’Dauer net tragbar. Ech liewen elo esou an där Bilanzéierungszäit, well och vill Leit mech dat froen - 25 Joer an der Regierung, dat ass zwar de Leit zimlech egal, mä bon, wann s du 25 Joer dat méchs, da kuckst de gären emol, wat ass dann elo geschitt.

Wann ech alleng den Aarbechtsmaart huelen, deen huet 1982 wéi ech Staatssekretär am Aarbechtsministère gi sinn, 157 000 Leit ausgemaach, dee mécht elo 307 000 Leit aus. Deen huet sech also en fait verduebelt. Dat ass gewalteg. An d’Zuel vun de Frontalieren ass enorm an d’Luucht gaangen, vun 20 000 op 120 000-130 000 an deem Zäitraum.

Wéi ech Aarbechtsminister war, dat war ech gär, hu mir eng Rei Saache gemaach. Mir hunn zum Beispill de Leit, déi net-Lëtzebuerger waren, d’Walrecht bei de Beruffschambere ginn. Huet dat eppes geännert? Nee. Déi Leit déi bei eis schaffen, si jo net fundamental anescht wéi mir, si kommen aus deene selwechte Landschaften, sinn d’selwecht geprägt duerch d’Geschicht, duerch d’Geographie wéi mir.

Mir hunn d’Matsproocherecht vun den EU-Auslänner an aneren Auslänner, net EU-Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, staark vergréissert, doduerch datt se bei de Gemengewale kënne matmaachen. Huet dat eppes geännert? Nee. Firwat? Déi aus der grousser Géigend kommen, si grosse modo d’selwecht wéi mir, a Leit déi eng gewëssen Zäit hei zu Lëtzebuerg gewunnt hunn, déi hunn d’Grondreflexer vun der Aart a Weis Lëtzebuerger ze sinn, oder wéi Lëtzebuerger ze liewen, ugeholl.

Elo proposéiere mir eis déi sougenannten duebel Nationalitéit anzeféieren. Dat gëtt eng herrlech [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Do geet et net richteg virun.

Jean-Claude Juncker: Do geet et virun, mä wësst Dir wa mir et séier maachen, da sot Dir, Dir huet dat net gutt virbereet, a wa mir et méi lues maachen, well mir eis vill Saache musse konzentréiert iwwerleeën, notamment den Ëmgank mat eiser Sprooch bei der Zouerkennung vun der duebeler Nationalitéit, dann dauert dat méi laang. Grouss Reformen déi bleiwen - an d’Staatsbiergerrecht ass ëmmer eng grouss Reform - fir déi soll ee sech Zäit huelen. Ech ginn dovunner aus iwwregens, datt mir dat Gesetz, wa mir bis den Avis vum Conseil d’État hunn, op dee waarde mir och scho laang, datt mir dat virun Ouschteren 2008 wäerte gestëmmt hunn.

Caroline Mart: Well et ass jo wichteg, wéi streng datt déi Critèrë sinn.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä also d’Nationalitéit gëtt net bradéiert. D’duebel Nationalitéit ass de Versuch a fousst op der Absiicht, Lëtzebuerger a nach net Lëtzebuerger, sech op eng nei Aart a Weis an der Zäit begéinen ze loossen.

D’Schäerft vun de Passënnerscheeder ewechzehuelen doduerch datt ee Leit déi méi laang bei eis wunnen, an déi gären hir Nationalitéit behalen, och d’Méiglechkeet gëtt, d’lëtzebuerger Nationalitéit dobäizekréien. Esou wéi och déi Lëtzebuerger déi am Ausland sinn, zu zéngdausende gären d’Méiglechkeet hätten, si, déi si hire lëtzebuerger Pass hu missen opginn, well mir d’duebel Nationalitéit net hunn, fir de lëtzebuerger Pass erëm ze kréien.

Datt een natierlech muss, wann een d’duebel Nationalitéit kritt, lëtzebuergesch Kenntnisser hunn, dat ass awer eng Saach, déi ech mengen, vun der Selbstverständlechkeet, obschonn ech weess, datt mir an engem Sproocheregime liewen, dee sech aus Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch zesumme setzt - awer och aus Lëtzebuergesch.

A wat ech gären hätt, ass datt deen, deen d’duebel Nationalitéit gären hätt, an deem mir se och wëlle ginn, weess wat mir hei fir e Vollek sinn, dat heescht, sech muss bekannt maache mat enger Rei vu lëtzebuergeschen Ariichtungen, dat geschitt iwwerall an Europa, datt e muss verstoe wat mir soe wa mir lëtzebuergesch schwätzen, an datt hie sech esou am Lëtzebuergesche muss kënnen ausdrécken, datt mir versti wat hie seet. Net jiddweree brauch fir d’duebel Nationalitéit ze kréien, kënnen ze schwätze wéi en Affekot, déi schwätzen iwweregens zu Lëtzebuerg am Regelfall franséisch.

Marc Linster: Eng aner Ofhängegkeet, déi Dir ëmmer selwer beklot, ass déi vun der Finanzplaz. Wierklech Alternative sinn do net a Siicht, an d’TVA-Regelung huet jo gewisen, datt et ëmmer méi schwéier gëtt fir Lëtzebuerg, oder?

Jean-Claude Juncker: Wësst Dir, d’Finanzplaz ass jo net eppes wat esou ass, datt ech mech driwwer bekloen, datt mir se hunn. Ech bekloe just, datt mir wat d’Staatsfinanzen ubelaangt, an en zevill grousst Mooss vun Ofhängegkeet komm sinn. Wann et de Staatsfinanze schlecht geet, wéi virun zwee Joer, da gëtt jo och kritiséiert, datt mir ze vill ofhängeg vun der Finanzplaz sinn. Wann et de Staatsfinanzen, deenen et nach net gutt geet, entgéint deem wat behaapt gëtt, e bësse besser geet, an de Finanzminister seet, passt op, mir sinn ze vill ofhängeg vun der Finanzplaz, da gëtt gesot, et géif ee Schwarzmalerei a Krisegeschwätz opféieren.

Et ass wéi mat Klimaschutz a mat der Autossteier. Mir missten eis eng Kéier eens setzen, wat mir eigentlech gären hätten. Mä mir bréngen et ëmmer erëm fäerdeg eiser Économie nei Pisten opzemaachen, nei Credoen ze ginn, nei Orbiten z’erfannen.

An déi TVA-Regelung op dem E-Commerce fir Déngschtleeschtungsbetriber, déi huet eis vun 2003 bis 2007 - do ware mir bis viru kuerzem, do si mir nach - 900 Milliounen Euro an d’Staatskeess bruecht. A mir kënnen dee System bis 2015 viru féieren, entgéint de Wënsch vun deene 26 anere Memberstaaten an der Commissioun, fir den 1. Januar 2010 strikt domat opzehalen, an d’TVA-Besteierung net méi zu Lëtzebuerg, mä am europäeschen Ausland ze maachen, a mir kënnen am Genoss bleiwe vun engem Deel vun de Steierrecettë bis 2019.

Mir sinn elo 2007. Mir hunn 12 Joer Zäit, alleng dee Segment vun der Économie duerch aner Méiglechkeeten z’ersetzen, woubäi et evident ass, datt villes wat op deem Segment E-Commerce Plaz fonnt huet, net méi aus steierleche Grënn zu Lëtzebuerg ass, mä aus allgemenge Grënn.

Caroline Mart: 2007 huet jo och gewisen, wéi fragil d’international Finanzmäert sinn. D’Kris vun den amerikanesche Immobiliefongen, déi ass nach net ausgestanen. Wat kann do nach op eis duerkommen? Rechent Dir mat Aboussen?

Jean-Claude Juncker: Ech ginn dovun aus, datt déi Kris vun de subprime mortgage, also déi amerikanesch Hypothekarkris, datt déi eis bis gutt an d’Mëtt vun 2008 wäert negativ begleeden.

Ech ginn dovun aus, datt och d’Resultater vun der Finanzplaz, an d’Steiereinnamen, notamment der Taxe d’abonnement, déi extrem héich de Moment ass, ubelaangt, sech no ënne bewegen. Et ass fir mech e Bespill duefir, wat een dozou muss bréngen, och wann dat pausenlos an op eng heiansdo kaum z’erdroend demagogesch Aart a Weis vun eenzelner lëtzebuerger Publizistik kritiséiert gëtt, virsiichteg sinn an der Finanzpolitik.

Wann een de Budget esou mécht, wéi wann alles ëmmer géif gutt goen, dann ass en ëmmer schéin um Pabeier, mä a Wierklechkeet ass en et dann herno net méi.

Caroline Mart: Et muss een also virsiichteg sinn. Wéi sécher kann een iwwerhaapt e Budget zu Lëtzebuerg opstellen, d’Dépensen déi si jo kloer?

Jean-Claude Juncker: D’Dépensë stinn och net ëmmer genee fest.

Caroline Mart: Awer méi kloer wéi...

Jean-Claude Juncker: Neen, kuckt emol, ech ginn Iech en einfacht Beispill, dat awer net dramatesch Auswierkungen huet.

Et sinn elo 9000 Haushalter déi vum Heizkostenzuschuss profitéieren. Et muss een eng Demande maachen. Wann elo, duerch Réckbildung vun de Peien, déi et ka gi bei eenzelne Leit, Akommesverhältnisser entstinn, déi se op emol éligibel maache fir deen Heizkostenzuschuss ze kréien, déi stellen hir Demande, dat kann ech net, dat kann och net d’Familljeministesch, mat mathematescher Genauegkeet virausgesinn.

Wa mir statt 2,3%, 2,5% nei Aarbechtsplaze kréien, also esou vill Leit méi kréien déi Cotisatioune bezuelen, an d’Pensiounskeesen, an d’Krankekeesen, muss de Staat bei de Pensiounskeesen, zum Beispill, zu engem Drëttel méi Cotisatiounslaascht iwwer de Staatsbudget droen. Ech weess awer net genee wéivill Aarbechtsplaze kënnen am Joer 2008 entstinn. Also och op der Dépensësäit ass dat net mat Millimetergenauegkeet ze maachen.

Mä op der Recettësäit ass et iwwerhaapt net ze maachen. An engem Joer kréie mir, well d’Bourse gutt ginn, an op déi hu mir nu weltwäit wéineg Afloss, 700 Milliounen Euro - dat ass vill Geld - am Joer eran duerch d’Taxe d’abonnement déi bezuelt gëtt. An engem Joer wou déi Boursen do emol zesumme klappen, ouni datt mir Helden hei domat eppes ze dinn hunn, kritt een nach 400 Milliounen. Wann een an de Budget schreift, wann ee 400 Milliounen hat, ech kréien erëm d’nächst Joer 400 Milliounen, obschonn een am Laf vum Joer 200 Millioune méi erakritt huet, well d’Bourse sech staark entwéckelen, seet jiddwereen, Dir huet dat do ze niddereg agesat. Setzt een awer 750 Milliounen an, et kommen der awer nëmme 400 Milliounen eran, wou huelen ech dann déi 350 Milliounen de Leit ewech, déi ech zevill ausginn hunn?

Duefir muss ech staunen, datt esou gemaach gëtt, wéi wann de Budget wierklech - dee mir am Juli, August, September vun engem Joer maachen, an deen eréischt den 1. Januar vun deem Joer duerno ufänkt, an dee bis an de Mäerz vum iwwernächste Joer leeft - fir sech do virzestellen, dat kënnt ee Millimeter genee maachen, dat ass eng Saach vun der Onméiglechkeet.

An iwweregens sinn d’Écarten tëscht Steieraschätzungen a Steiereinnamen zu Lëtzebuerg net méi wäit auserneen, wéi dat an Däitschland, oder wéi dat an anere Länner de Fall ass. Dee Saz, datt de Finanzminister, dat sinn ech, systematesch Steiere géif ...

Marc Linster: Nach ëmmer.

Jean-Claude Juncker: Jo, et ass de Versuch scho gi fir dat ze änneren, mä et ass awer nach net gelongen,- systematesch géif Steieren méi niddereg aschätzen, ass falsch. Ech ka weise wéi Joer fir Joer grouss Écarten tëscht de Konten an der Steieraschätzung sinn, wou d’Konten, dat heescht den Ofschloss, méi niddereg ass, oder méi héich ass wéi déi geschätzte Steiereinnamen.

Also et gëtt Leit, déi mengen d’Budgetspolitik wier eng exakt Wëssenschaft, et muss ee se esou exakt wéi méiglech maachen, mat enger hefteger Dosis Virsiicht dobäi, fir datt ee keng Abenteuer erlieft.

Marc Linster: Vill Opregung gouf et jo och em d’Arcelor, do ass d’Fusioun elo perfekt. Den Lakshmi Mittal huet d’Soen. Sitt Dir dann zouversiichtlech, datt de Standuert Lëtzebuerg an d’Aarbechtsplazen hei och an Zukunft garantéiert sinn?

Jean-Claude Juncker: Jo.

Marc Linster: Hefteg kontrovers dann, fir op en anert Thema ze kommen, goung et dann 2007 och ëm d’Thema Wäerte- a Reliounsunterrecht. Ass de kathoulesche Reliounsunterrecht esou laang an eise Schoule garantéiert wéi d’CSV an der Regierung ass?

Jean-Claude Juncker: D’CSV war vun 1974 bis 1979 net an der Regierung, ass de kathouleschen Reliounsunterrecht dunn aus de Schoulen erausgeholl, jo oder nee?

Marc Linster: Elo ass awer vläicht eng aner Zäit, an eng aner Stëmmung am Land ...

Jean-Claude Juncker: Wann Dir deemools gelies huet wat 1973 geschriwwe ginn ass, dann ass d’Stëmmung exakt déi selwecht.

Den Antiklerikalismus, fir deen et jo periodesch e gudde Grond ginn ass, dee war wiesentlech méi hefteg an de 70er Joere wéi en elo ass. Wéi mir an d’Schoul gaange sinn, ass jo do méi Stëpps gewiescht wéi dat de Moment de Fall ass, d’Toleranz huet éischter zougeholl, si huet net ofgeholl.

Ech hu keng prinzipiell Awänn géint een allgemenge Wäerteunterrecht. Dee kann een esou oder esou propper organiséieren. Am Neie Lycée hu mir, mat der CSV an der Regierung niewebäi bemierkt, jo och dee Wäerteunterrecht agefouert [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Et ass e Pilotprojet, bleift et dobäi?

Jean-Claude Juncker: Majo e Pilotprojet. Et muss ee kucken, ech gesi jo déi Leit, déi dee Projet do mat Liewen erfëlle regelméisseg, well de Staatsminister den Évaluatiounsgrupp presidéiert, déi maachen och eng ganz gutt Aarbecht, an da muss ee kucken, wat sech doraus ergëtt.

Mä d’Haaptsaach ass, an ech wonnere mech, datt do Evidenzen net méi zielen, datt eng exzeptionell grouss Majoritéit vun Elteren hir Kanner, souwuel an der Primärschoul wéi am Lycée, an de kathoulesche Reliounsunterrecht schéckt, obscho jo och d’Méiglechkeet besteet fir an een, vum reliéise Standpunkt aus betruecht, méi neutralen Unterrecht ze schécken. Loosse mir d’Leit dach selwer décidéiere wat se mat hire Kanner wëlle maachen, anstatt datt d’Politik mengt si wéisst et ëmmer besser wéi d’Elteren, wat fir hir Kanner gutt wier.

Caroline Mart: Aner Grondsätz dat wier eng ganz schwiereg an eng delikat, dat ass d’Fro vun der Euthanasie. An Ärer Partei goufen et jo Oneenegkeeten, déi ongewéinlech genuch ëffentlech ausgedroe goufen. Wat heescht dat? Heescht dat, datt d’Gewiichtung vum „C“ an der CSV net méi esou evident ass?

Jean-Claude Juncker: Also éischtens wëll ech mäi Verdacht soen, a mäi Verdacht ass, an dat ass ebe mäi Wëssen, datt et inhaltlech keng massiv auserneestriewend Usiichten a menger Partei doriwwer gëtt. Déi gëtt et net. Mä géif et se ginn, a wier een oder zwee oder dräi Deputéiert der Meenung, déi Proposition de loi Err-Huss, déi wiesentlech méi wäit geet am aktiven Euthanasiesënn wéi de Projet vun der Regierung, deen d’Stierwebegleedung op eng responsabel a flott Aart a Weis léist, géing et der zwee oder dräi ginn, déi awer där anerer Meenung wieren, da sinn ech der Meenung, vue datt dat eng Gewëssensfro ass, datt déi dat kënne maachen, ouni datt déi gesot kréien, si hätten a menger Partei näischt méi ze sichen.

Dat war dee klenge Sträit dee mir haten. Wat d’Konsequenz da wier, wann een enger anerer Meenung wier wéi där, déi déi meeschte Leit an der CSV hunn. A wann et em d’Gewëssensfroe geet, sinn ech der Meenung, dann zielt d’Gewëssen an net d’Partei déi [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: D’Gewësse schéngt dann do iwwer dem „C“.

Jean-Claude Juncker: D’Gewëssen am „C“ ass ganz dacks dat selwecht, mä et kann ee sech awer an der Detailnuancéierung liicht vuneneen ënnerscheeden.

Mä d’CSV huet kee Sträit ënnerenee wat d’Deputéierten ubelaangt. Ech hunn awer net jiddweree gefrot, well ech der Meenung sinn, datt et eng Gewëssensfro ass, datt et e Regierungsprojet soll sinn, a keen ass mir bekannt, deen dee Projet vun der Madame Err a vum Här Huss géif stëmmen. Mä wann een et géif maachen, wier dat ëmmer nach mäi Frënd, well ech der Meenung sinn, an esou enger dramatescher Fro kënnt et wierklech op déi individuell duebel Gewëssenspréiwung un. An wann een zu engem anere Resultat kënnt, da kënnt en zu engem anere Resultat. Mir hu kee Sträit wéinst der Saach, mä Sträit iwwer déi méiglech Konsequenzen, déi sech aus enger Situatioun géifen erginn, déi net wäert antrieden.

Caroline Mart: Mir si wuel nach net den Akafszenter vun der Groussregioun wéi Dir dat gären hätt, mä sécher d’Häerz aarbechtsmaartpolitesch, an dann dëst Joer 2007 ware mir dat och kulturell. Si mir eisen Noperen duerch de bloen Hirsch méi no komm?

Jean-Claude Juncker: Ech menge schonn, datt eis Noperen e bësse méi en déiwen Abléck kritt hunn, an dat wat Lëtzebuerg hannert de Kulissen ass. A mir hunn et fäerdeg bruecht, datt dat aktivt Kulturliewe wat mir zu Lëtzebuerg hunn, a wat mir ebe groussregional betruecht, ëmmer e bëssen hannert de Kulisse bedriwwen hunn, datt dat elo op d’Bühn komm ass - méi breet a méi developpéiert wéi dat dann am ale Joer erëm de Fall ass.

Ech hunn déi Experienz vun deem Kulturjoer séier gutt fonnt, an déi Kritiken déi ech och aus der Groussregioun, an aus aneren Deeler vun Europa an der Welt kréien, weise mir, datt déi déi dat Kulturjoer ze féieren haten, déi et dirigéiert hunn, an déi et animéiert hunn, hir Aarbecht gutt gemaach hunn.

Caroline Mart: Wéi geet et dann elo 2008 virun? Well a Kulturkreeser gëtt gefaart, datt de Krunn do, de Geldkrunn zougedréint gëtt, mam Androck 2007 war deier.

Jean-Claude Juncker: Jo, da liesen déi ni de Budget, soss kënnte si dat net soen.

Marc Linster: A propos EU-Vertrag.

Jean-Claude Juncker: Nëmme fir ze soen, mir ginn 1,40% vun eisem Budget 2008 fir Kultur aus. 1,40% vum Budget! Keen anert Land an Europa gëtt esou vill Budgetsmëttelen, proportionnell betruecht, fir Kultur aus wéi Lëtzebuerg dat mécht. Wéi ech Finanzminister gi sinn, war dat 0,45%. A well ech och mäi 25-jährege Jubiläum elo feieren, weess ech dat.

Marc Linster: Dann deen drëtte Versuch. A propos EU-Vertrag, de fréiere Wirtschaftsminister Robert Goebbels dee geklot huet, datt zu Lëtzebuerg d’Politik wischi-waschi ginn ass, fuerdert eng breet Debatt iwwer deen EU-Vertrag. Wënscht Dir och nees esou eng Debatt, oder ass alles gesot?

Jean-Claude Juncker: Jo, ech wënsche mir déi Debatt ëmmer, well ech fannen, datt d’Europapolitik ze vill sérieux ass fir se just e puer Ministeren ze iwwerloossen. Mä wann déi puer Ministeren am Laf vum Joer iwwer Europa schwätzen, da fannen d’Leit, et wier gutt, datt se sech emol ëm déi eigentlech Problemer vum Land géife bekëmmeren, statt iwwer Europa ze schwätzen.

Wann ech eng Pressekonferenz maachen, wou ech eng hallef Stonn laang iwwer Europa schwätzen, an eng hallef Stonn iwwer Lëtzebuerg, da steet an der Zeitung: „Er hat wieder nur über Europa geredet.“ Also wëllen d’Leit déi Debatt, oder wëlle se se net? Wëllt d’Ëffentlechkeet déi Debatt, a wëllt se sech och an déi Debatt abréngen? Ech géif mir dat vun Häerze wënschen, an ech hunn och nom Referendum gesot, datt déi Debatt misst viru goen.

Marc Linster: Déi ass awer net virugaangen.

Jean-Claude Juncker: Dat hänkt wierklech net vu mir of. Dat hänkt wierklech net vu mir of. Hunn ech scho jeemools eng Kéier mech enger Debatt iwwer europäesch Froen net gestalt? Huet en Ausseminister jeemools eng Kéier sech enger Debatt iwwer europapolitesch Froen net gestalt? Also dat hänkt wierklech net un enger Gespréichsverweigerung duerch d’Regierung, mä un engem staark prononcéierten Désinteressi vun deenen déi während der Referundumscampagne esou gemaach hunn, wéi wa si Dag an Nuecht sech soss näischt géife maache wéi Suergen ëm Europa. Ech héieren net méi ganz vill vun deenen.

Caroline Mart: Wéi déi éischt Grenze nom Accord vu Schengen gefall sinn, du hu mir Lëtzebuerger et direkt gespuert, 2007 war elo wierklech den historesche Moment, dee Raum deen ass opgaangen, dat heescht do kann ee fräi reese vu Portugal bis Polen. Wat bedeit dat fir Iech?

Jean-Claude Juncker: Oh, ech mengen net dat, wat vill Leit sech drënner virstellen. Ech liesen och an de Bréiwer déi d’Leit mir schécken, grouss Angscht eraus virun deem Opmaache vun de Grenzen, esou wéi wann d’Grenzkontrolle géifen ewechfalen. Déi fanne jo elo just op enger anerer Plaz statt, e puer Kilometer hannert der Grenz, op deenen zwou Säite vun der Grenz, mat engem System, dem Schengen-System, deen héichperformant ass, an deen d’Opklärungsquote, notamment bei méi klenge Verbriechen, Autodéifstall an esou virun, onheemlech no uewe bewegt huet fir déi Länner déi am System sinn.

Fir mech heescht dat eppes ganz anescht. Ech si grouss ginn an der Atmosphère vum kale Krich. Ech si grouss ginn op engem Kontinent deen an zwee Deeler zerrappt war, wéi e funesten Dekret vun der Geschicht, dee gewollt huet nom zweete Weltkrich fir all Zäiten a fir ëmmer ass Europa an zwee Deeler gespléckt. Ech si grouss ginn an enger Atmosphère wou a Mëtteleuropa an an Osteuropa Rakéite stoungen, déi a 5 oder 6 Minutten zu Lëtzebuerg gewiescht wieren, an alles hei ratzekleng gemaach. Ech si grouss ginn an enger Atmosphère wou mir gefaart hunn, et kéint all Moment, well et iergendwéi géif duerchdréinen, zu engem Nuklearkrich kommen deen Europa vun der Weltkaart ausradéiert hätt.

An elo kënne 400 Milliounen Europäer fräi reesen, och déi ,déi fréier néierens hunn dierfen hin, deenen hir Welt opgehalen huet bei enger Mauer. An eis Welt huet och opgehale bei enger Mauer. An ech si frou, datt d’Welt besser ginn ass op deem Punkt, datt d’Mënsche beienee kommen, datt mir emol erëm spieren, richen, schmaachen datt deen aneren Deel vun Europa, vun deem mir 50 Joer laang getrennt waren, un europäeschem Gehalt eigentlech eis unzebidden huet:

Bei alle klenge Bedenken iwwer kleng Problemer déi kënne geschéien, muss een awer gesinn, datt hei mat enger kontinentaler Gewalt eng Ännerung am radikale Sënn vun der Nokrichsgeschicht den 21. Dezember stattfonnt huet, déi mir eigentlech solle genéissen.

Ech hu léiwer, ech maache mir Suergen iwwert kleng Konflikter ronderëm d’Grenz, wéi datt ech mir muss Suerge maachen iwwer d’total Ausläschung vun eisem Kontinent, wann déi Logik déi nom Zweete Weltkrich Plaz geholl huet, an déi déi zwee Bléck sech géintenee riichte gesinn huet, wann déi opgaange wier.

Marc Linster: Mä kënnt dee Message bei deene Jonken un?

Jean-Claude Juncker: Si mussen e lauschteren.

Caroline Mart: De Message, wann en net ukënnt, läit op alle Fall net dorunner, datt en net mat genuch Passioun eriwwer bruecht gëtt. Dir sitt esou en iwwerzeegten Europäer, datt Dir sécher och deen europäesche Spëtzepolitiker sitt, deen am meeschten ausgezeechent ass mat europäeschen Éieren.

Wier Dir net einfach prädestinéiert fir och dann deen éischten EU-President ze ginn an an d’Geschicht anzegoen?

Jean-Claude Juncker: Also, wësst Dir wann een do gebuer ass wéi ech, an do hierkënnt wou een hierkënnt, an esou gelieft huet a lieft wéi ech liewen, dann huet een aner Suergen wéi déi fir an d’Geschicht anzegoen. Ausserdem hunn ech wéini gemierkt, zu menger gréisster Iwwerraschung, datt ech am Larousse stinn. Also hunn ech schonn ee Stéck gepackt.

Caroline Mart: Dat [inaudible] géif jo awer perfekt op Iech passen.

Jean-Claude Juncker: Et gëtt der vill déi dat esou gesinn, effektiv.

Caroline Mart: An dat wier och gutt?

Jean-Claude Juncker: Also ech hu kee richtege Grond bis haut kënnten erkennen, wann eng Majoritéit vun europäesche Presidenten oder Premierskollege mech froe fir dat ze maachen, a wann ech an allen Zeitunge liesen, esouguer an deenen lëtzebuergeschen, an alle lëtzebuergeschen Zeitungen, liesen, ech wier gutt fir dat ze maachen, kann een doranner kee Grond erkenne fir beleidegt a mir selwer zesummenzefalen.

Caroline Mart: Dir traut de Sondagen jo zwar net ëmmer, mä och déi Sondagë soen, datt d’Lëtzebuerger houfreg sinn. Et ass net datt si hire Staatsminister net hei wëllen, Dir sitt hei ganz populär, mä si sinn houfreg, datt Dir se esou gutt am Ausland vertriet.

Jean-Claude Juncker: An ech sinn och houfreg op d’Lëtzebuerger.

Marc Linster: Fäert Dir dann net, datt et dann e Sträit awer ëm Är Nofolleg gëtt, datt et ee gréisseren Débat an der CSV gëtt wien do géif d’Rudder iwwerhuelen?

Jean-Claude Juncker: Also, éischtens emol, ech hu mech mat där Fro net beschäftegt. Zweetens wéisst ech wéi d’Léisung wier, wa se sech géif stellen.

Marc Linster: Wéi?

Jean-Claude Juncker: An drëttens soen ech Iech dat net, a véiertens huet d’CSV hir Problemer diesbezüglech ëmmer gutt geléist kritt. Den Här Werner huet den Här Santer an d’Regierung geholl, den Här Santer huet mech an d’Regierung geholl, ech hunn der och an d’Regierung geholl.

Marc Linster: No dann 23 Joer ass 2008 dann dat Joer, wou mir dann definitiv gewuer ginn, wien d’Bommeleeër waren.

Jean-Claude Juncker: Wann et vun Iech a vu mir alleng géif ofhänken, da wéisste mir dat schonn denken ech 10 Joer. Et ass eng vun deene Saachen, déi mech wierklech bedréckt, an iwwer déi ech och keng Witze ka maachen.

Marc Linster: Wou Dir verdrésslech sitt.

Jean-Claude Juncker: Ech sinn, fir emol hei lëtzebuergesch ze schwätzen, wierklech verdrésslech, datt et eis net geléngt, an engem klenge Land, wou esou vill Attentater geschitt sinn an engem kuerzen Zäitraum, déi ze fannen, déi fir déi Attentater do responsabel sinn. Ech weess och, datt et schlëmm Verbriechen am Ausland gëtt, wéi an der Belsch Tueurs du Brabant, déi 28 Leit an deem selwechten Zäitraum ëmgeluegt hunn, wou och d’Täter ni fonnt gi sinn.

Ech hätt gären, datt déi Affaire do hei opgekläert gëtt, well dat si keng Kavaléiersdelikten gewiescht, do hätten och Mënsche kënnten zu schwéierem Schued kommen, et sinn der jo och zu Schued komm. An déi Virstellung, et géifen an der Regierung, oder ech weess net wou, Leit ginn, déi déi Affaire do ënnert den Tapis géife kieren, déi net wëllten, datt déi Saach un Dagesliicht kënnt, déi ass falsch. Jidderfalls an der Regierung ass se falsch. Ech hu an deene 25 Joer mat 52 Ministeren zesumme geschafft. Ech kennen net een, et sinn der scho 7 dovun dout, déi iergendeppes ënnerholl hätte fir ze verhënneren, datt déi Affaire do géif opgekläert ginn.

Et mécht mech och rosen a wierklech béis, wann ech heiansdo mengen, et géife Leit mengen, ech wier dru bedeelegt, fir datt déi Affaire do net géif opgekläert ginn. Ech hätt gären, datt déi Affaire géif opgekläert ginn. Mä ech sinn net Enquêteur, et ass keen an der Regierung Procureur, et ass keen an der Regierung Untersuchungsriichter, et ass keen an der Regierung Riichter. An do gëtt et jo vill Leit, déi och probéieren hir Aarbecht anstänneg ze maachen. Also ech wëll hunn, datt déi Affaire do opgekläert gëtt, well ech mierken, datt d’Leit ufänken hirem eegene Staat net méi ze trauen, an dat ass ee grave Virgang.

Marc Linster: Ja, ech wollt grad an deem Kontext soen, och wa se vläicht opgekläert gëtt, besteet dann net awer de Risque, datt mir eng Kris am Staat kréien, oder zumindest eng Kris vun de Forces de l’ordre?

Jean-Claude Juncker: Ech menge mir hu net eng Staatskris, mä mir hunn all Elementer aus deene sech kann eng Staatskris entwéckelen. An do lauschteren ech ganz genee no, an ech kucke ganz genee hin, wann ech déi Gefore komme gesinn.

Et kann een an engem Land nëmmen zesummeliewen, wann d’Vertraue vun der Bevëlkerung an déi Haaptstaatsorganer do ass, an duefir sinn all Staatsorganer dozou ugehal, jiddewereen, fir dat wou en zoustänneg ass, duefir ze suergen, datt déi Affaire do opgekläert gëtt.

Caroline Mart: A wat wënscht Dir Iech perséinlech fir 2008?

Jean-Claude Juncker: Oh, ech wëll net erëm ofrëtschen a meng Klassiker déi ech zum Schluss vun eisem Gespréich all Joer lassloossen, an déi doranner besti fir ze soen, ech hätt gäre méi Zäit a méi Rou. Déi ech hätt ech gären, ech fanne se awer net.

Ech hoffen, datt mir eis Saachen zesumme gutt maachen. Ech sinn der Meenung, well mir jo esou dichteg si wéi mir sinn, datt mir eis Saachen am Regelfall besser maache wéi déi aner. Ech hätt gären, datt do wou mir net esou gutt sinn, datt mir besser ginn, an do wou mir gutt sinn, gutt bleiwen.

Caroline Mart: Mir wënschen Iech am Numm vum RTL all Guddes fir 2008.

Jean-Claude Juncker: Dat wënschen ech Iech och an alle Leit, déi eis nolauschteren an nokucken. An ech géif och gären am Numm vun all deenen déi hei am Land wunnen, dem Grand-Duc, der Grande-Duchesse, hire Kanner, an och dem Grand-Duc Jean, dee jo nach ëmmer an eisen Häerzer ass, all Guddes wënsche fir dat Joer wat kënnt.

Loosse mir probéieren alleguer zesummen alles gutt ze maachen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact