|
Monique Kater: E ganz schéine gudden Owend beim Impuls am neie Joer. Wéi geet et der lëtzebuerger Économie, wéi geet et dem Land finanziell, a wéi geet et senge Bierger? Déi eng soen, et misst ee virsiichteg bleiwen, déi aner si richteg pessimistesch a gesinn däischter Wolleken um Himmel, an nees anerer soen, mir hätte wäit a breet kee Problem. Hei e klengen Zesummeschnëtt vun Aussoen aus de leschte Wochen.
[Reportage iwwer d’Aussoe vun Yves Mersch, Robert Weber, Gast Gybérien, François Bausch]
A wat dat do genee heescht, a wiem een am Virwaljoer wat ka glewen, dat froe mir elo de Wirtschafts- an Energieminister, Jeannot Krecké. Gudden Owend.
Jeannot Krecké: Gudden Owend.
Monique Kater: Här Krecké, wiem solle mir dann elo wat glewen, wou si mir drun, wéi geet et eis?
Jeannot Krecké: Et ass iwwerall e bësse Saache richteg. An et ass esou, datt et eis am Moment gutt geet, ech mengen dat gesäit een un den Zuelen. Wann ee Wirtschaftswuesstëm hat, deen iwwer 5%, iwwer 6% gaangen ass, an een haut domat rechent, datt e 4,5% ka sinn, kann een net soen, datt et eis schlecht geet. Och de Budget ass am Équiliber. Ech mengen d’Situatioun ass net schlecht.
De Problem ass just deen, datt mir dat net alleng steieren, a ronderëm eis, wéi den Yves Mersch gesot huet, reent et. Dat heescht, et mierkt een d’Fransousen, déi Däitsch, iwwerall gëtt no ënne revidéiert. An do muss ee wëssen, wa mir zwëschent 56% an 58% vun eisem Marché mat Däitschland, Belgien a Frankräich maachen, datt dat och op eis eng Influence huet. An et ass sécher, datt wann ee reng d’Finanzplaz kuckt, een ëmmer do vun der Bourse ofhängeg ass.
Monique Kater: Do huet Dir mir d’Stéchwuert elo ginn, et reent e bëssen och an den USA, oder relativ fatzeg deelweis. Et gëtt e klenge Ralentissement vun eisem Wirtschaftswuesstem, dovu geet de Statec aus, fir dëst Joer. Sinn dat schonn déi éischt liicht Auswierkunge vun där Finanzkris?
Jeannot Krecké: Ech mengen déi Zäit, wéi mir héich Wuesstemschifferen haten, do hu mir ëmmer gesot, passt op, dat do ass gedriwwe vun der Finanzplaz, an zu engem Deel och vun deem, wat op de Boursë geschitt. Mir hunn ëmmer gesot, et muss een oppasse wat op de Boursë geschitt, well dat kritt eng Auswierkung ob ee wëllt oder net, op eis Bankeplaz, op eis Fongen, an dat kritt se och op de Budget. An duefir ass et schonn esou, datt een déi Auswierkungen aus Amerika soll am A behalen.
Monique Kater: Wäerten déi eis richteg fatzeg erwësche mengt Dir?
Jeannot Krecké: Fir de Moment zeechent dat sech nach net of, mä sécherlech wäert, och wann déi eenzel Banken hei zu Lëtzebuerg vläicht net betraff sinn, mer awer vläicht Auswierkunge kréien doduerch datt d’Pertë vun "A" op anere Plazen iwwer Lëtzebuerg dann ofgewéckelt ginn, an dat kann awer Auswierkungen op d’Steierakommes hunn.
Monique Kater: Dat heescht d’Ofhängegkeet vun eiser Finanzplaz ass nach wéi vor enorm grouss?
Jeannot Krecké: Mir sinn nach ëmmer ofhängeg - mir si jo och frou, wann een esou ee Client huet, deen villes abréngt, deen huet dem Land ganz vill abruecht, da soll een dee soignéieren. Mä wann een een décke Client nëmmen huet, an dee kritt eng Kéier den Houscht, dann ass et evident, datt dann de Rescht vum Land et och spiert.
Monique Kater: An do bleift awer Dir och perséinlech nach ëmmer hannendrun, datt do Alternative gesicht ginn?
Jeannot Krecké: Mir sichen Alternativen, mir si jo am gaangen eng Rei Secteuren ze développéieren. Ech mengen et ass net fir näischt, datt ech gesot hunn, komm mir probéieren de Logistiksecteur e bëssen hei zu Lëtzebuerg ze développéieren. Ech hunn och an enger rezenter Étude gesinn, datt dat tatsächlech de Critère Nummer eent an Europa vun den Entreprisen ass, wa si kucke wou se investéieren. Dat heescht wéi ass den Transport, wéi ass d’Logistikbranche développéiert.
A mir sinn am gaangen e ganz neie Secteur wëllen opzebauen, dat ass dee vun de Gesondheetstechnologien. Dat dauert, do muss een och e bësse Suen investéieren, do muss een Efforte maachen. Awer ech si gudder Déng, datt mir do Neies fir Lëtzebuerg kréien, mir kréie vläicht näischt méi wat direkt esou draschléit wéi beispillsweis eng Finanzplaz.
Monique Kater: Dir hat viru bal genee engem Joer gesot, Dir wéilt verhënneren, datt 2007 weider Produktiounslinne géifen zoumaachen. Ganz ass dat Iech net gelongen. AOL wäert am Abrëll d’Valise definitiv paken, Technicolor huet Eddi gesot. Iwwer 100, iwwer 200 Arbeitnehmer déi op der Strooss waren deen Ament. Et kommen awer och nei Betriber an d’Land. Wéi vill sinn dat der, a gëtt dat en Équiliber wou Dir sot, domat kann ech liewen?
Jeannot Krecké: Also wann Dir kuckt, ech mengen, et kann een net an Termë vu Betriber schwätzen, well heiansdo kënnt e Betrib, dee mécht op mat zwee Leit, an et kënnt ee mat 100. Duefir muss ee kucken, mir schafen trotzdem déi meeschten Aarbechtsplazen a ganz Europa, prozentual gesinn, an dat ass ëmmer e gutt Zeechen, dat heescht mir schafen trotzdem ganz vill Aarbechtsplazen.
De Problem, datt mir vläicht net ëmmer d’Leit hu fir op déi Aarbechtsplazen, well ëmmer méi erfuerdert gëtt vun deenen Aarbechtsplazen, dat heescht, datt ëmmer méi héich qualifizéiert gefrot gëtt. An dat ass de Problem. Mir mussen eis also do e bëssen ëmstellen. Mä mir schafe méi Aarbechtsplaze wéi iergend e Land ronderëm eis, an ech mengen dat ass nach ëmmer e gutt Zeechen.
Monique Kater: Dir huet mir d’Stéchwuert erëm eng Kéier ginn, Dir huet och virdru scho vun engem Logistikzenter geschwat. Do gëtt jo gesot, an déi 700 sollen dat der an e puer Joer ginn, déi do kënne schaffen, an et ass awer och gesot ginn, et ass elo scho kloer, héich qualifizéiert Leit huet Lëtzebuerg net ze bidde fir an dee Secteur. Firwat gëtt do geschlof? Dat do héiert een ëmmer erëm, dat kann een am Fong schonn net méi héieren.
Jeannot Krecké: Mir probéieren elo Leit an der Logistikbranche auszebilden. Mä et muss ee wëssen, wann een elo ufänkt, dann huet dir se net d’nächst Joer, an net dat Joer duerno, dat heescht mir si wahrscheinlech ofhängeg, besonnesch an eenzelene ganz spezifeschen Elementer vun der Logistik, besonnesch am Beräich vun der Informatik, do musse mir wahrscheinlech op Spezialisten zeréckgräifen, déi vun entzwousch anescht kommen.
Et dierf een awer net vergiessen, datt an der Logistikbranche och eng ganz Rei, ech wëll net soen, net qualifizéiert, awer niddereg qualifizéiert Aarbechtsplazen entstinn. Ech mengen do ass en Handling deen noutwenneg ass, do gi Päck nach zesummegesat, do gëtt ausgepaakt, frësch verpaakt an esou weider, do ass awer Méiglechkeete fir Leit, déi vläicht fir de Moment d’Chance net haten eng héijer Ausbildung ze hunn. Et ginn also déi zwee.
Monique Kater: Wéi ass et mat der Industrie, do huet Dir Iech och eng Kéier beschwéiert, do wier net genuch hei. Wéi vill kommen der dann do, Dir hat mir virdrun net geäntwert? Wéivill ass dann do esou reng Industrie dobäi, oder wéi vill Bréifkëschtefirme sinn dann do?
Jeannot Krecké: Also do sinn net ganz vill Bréifkëschten déi mir bäikréien. Mir wäerten elo a kuerzer Zäit eng Kéier dee Betrib wou alt emol driwwer gewitzelt driwwer ginn ass, mä Tontarelli opmaachen. Mir hätte schonn am Fong der Press se virgestallt, mä déi Leit, vun un datt se hei sinn, hu gemierkt wéi interessant, datt et ass hei op der Plaz, an déi hunn direkt eng Extensioun gefrot, nämlech si wëlle quasi dat duebelt maache vun deem wat virgesi war. Et mierkt een, datt wann d’Betriber bis hei sinn, datt se mierken, datt Lëtzebuerg eng Rei Avantagen huet, et ass ëmmer just e bësse schwéier hinnen dat ze vermëttelen, wa si op der Sich sinn.
Monique Kater: Mä och wa se dann zum Beispill mierken, datt et lues geet, do beschwéiert Dir Iech schonn zënter, datt Dir Minister sitt driwwer, wahrscheinlech schonn éischter. Dir sot, mir hunn zwar déi kuerz Weeër, mä mir profitéieren net dovun, mir sinn net flexibel, et dauert alles laang, se sinn all zéih, d’Leit ginn net richteg mat. Här Krecké, wann een un der Quell sëtzt, da sitt Dir et jo awer.
Jeannot Krecké: Majo ech probéiere jo mäin Deel dozou bäizedroen.
Monique Kater: Wat erreecht Dir?
Jeannot Krecké: Ech probéiere bei mir beispillsweis, datt näischt hänke bleift. A wann eppes hänke bleift, da ginn ech rosen, dat wësse meng Leit. An déi wëssen och, datt ech do ganz sensibel sinn.
Ech probéieren de Portail Entreprises auszebauen, an dat gëtt de Guichet unique virtuel, an dee gëtt herno esou, datt een alles iwwer dee Portail kann ofwéckelen.
Ech probéieren also schonn mäin Deel dozou bäizedroen, ech hunn natierlech net all Hiewelen a net all Instrumenter a menger Hand, an et ass ëmmer e bëssen de Problem, datt d’Leit sech soen am Allgemengen, ma et geet jo awer, firwat musse mir dann deen Effort, well do ass en zousätzlechen Effort verlaangt. An et ass deen, deen ech gären hätt, dat heescht, dee Ruck muss nach eng Kéier do duerchgoen, datt ee sech bewosst ass, datt mir do Avantagen hunn, an datt mir se leider net voll ausspillen.
Monique Kater: Jo, esou vill Zäit huet Dir awer och net méi elo, fir datt dee Ruck do kënnt.
Jeannot Krecké: Ech probéieren op alle Fall bis de leschte Moment déi Saachen esou ëmzesetze wéi ech et och ugekënnegt hunn, an dat wat a menge Méiglechkeeten ass, wäert ech och maachen.
Monique Kater: Dit hutt vun deem Guichet unique geschwat, et gëtt och d’Signature électronique, déi ass haut jo presentéiert ginn. Wat bréngt déi dann elo konkret fir eis Kompetitivitéit?
Jeannot Krecké: Majo, do gëtt et elo d’Méiglechkeet fir datt d’Betriber vill méi schnell a vill méi einfach eng ganz Rei Saache kënnen ofwéckelen, well se [gëtt ënnerbrach]
Monique Kater: Ënnerteneen, awer och mat der Regierung.
Jeannot Krecké: Ënnerteneen a mat der Regierung. Muer kënnt och de Konsument nach no, dat wäert an e puer Méint virgestallt ginn.
A fir e Beispill ze ginn, mir kréie paperless Douane domat, dat heescht wou keng Pabeiere méi gebraucht ginn, mir kréien en TVA, wou alles wat d’TVA ubelaangt, kann ofgewéckelt ginn, elektronesch. Dat gëtt en immensen Avantage, dee ech nobausse kann duerstelle wann ech Logistikbetriber siche ginn. Da kann ech soen, bei eis huet dir alleguer déi elektronesch Méiglechkeeten déi dir op anere Plazen net hutt.
Monique Kater: Sinn d’Ministèren da prett?
Jeannot Krecké: Ech menge schonn, ech si ganz erstaunt beispillsweis, d’Douane, déi Efforten déi déi am Moment mécht, ech fannen dat ganz flott, déi probéiere bei eis an der Logistikbranche wierklech matzemaachen. An ech muss och soen, den Enregistrement, wéi ech déi gefrot hunn, komm mir féieren emol erëm eng Kéier d’Representativitéit vun der TVA erëm an, eppes wat mir net méi haten. Si waren direkt bereet dee Wee ze maachen. Ech menge schonn, datt e bësse gudde Wëllen do ass.
Monique Kater: D’TVA, déi europäesch, do wäert sech jo esou Mueneches änneren, 2015 ass dat, si mir bis dohinner esou kompetitiv, datt dat eis dann dee Moment net méi vill ausmécht?
Jeannot Krecké: Also dat éischt ass emol, ech menge mir hu bis elo Suen iwwer dee Wee erakritt, a mir wäerten also och emol nach bis 2015, an esouguer nach bis 2019 wäerte mir och nach eng ganz Rei Revenuë kréien. An et ass awer och Zäit fir déi Suen ze huelen, an ze kucken an Infrastrukturen ze stiechen. Mir musse kucken, datt mir schnell Weeër hunn, dat heescht Breetband, datt mir grouss Stockageméiglechkeeten hunn, fir datt déi Betriber déi hei sinn, zumindest soen, hei ass et gutt, hei fillen ech mech gutt, ech kréien hei déi Saachen déi ech brauch, ech hu Ministeren déi nolauschteren, ech hunn direkten Accès, an ech kann hinne soen, wat ech brauch. A mir probéiere jo am Fong geholl d’Entreprisen, esou gesinn ech et op alle Fall, ze behandele wéi wann et eis Clientë wieren. A wann dat de Fall ass, a si spieren dat, da bleiwen se och vläicht 2015 och nach hei zu Lëtzebuerg.
Monique Kater: Inflatioun, rout Duch, 3,4% op den 1. Dezember. Dat ass en neie Rekord zënter 2000. Den Zentralbank-Chef Yves Mersch hat gefuerdert, den Index misst ofgeschaaft ginn, well en inflatiounsdreiwend wier. De Robert Weber vum LCGB seet dat ass Verdommung vun de Leit. Fannt Dir dat och?
Jeannot Krecké: Ech géing soen, am Moment hu mir en Accord deen hu mir an der Tripartite fäerdeg bruecht, wou mir eng Rei Saache jo ëmgeännert hunn, wat den Index ubelaangt, an dee leeft bis 2009, dat ass och gutt esou. An ech mengen et soll een elo net dorunner fréckele goen. An duerno muss ee kucken, wéi d’Situatiuon sech 2009 presentéiert.
Wat mir probéieren, dat ass d’Inflatioun esouwäit wéi méiglech am Grëff ze halen. Et muss een awer wëssen, a wann een de Leit dat wëll glewen dinn, datt mir zu Lëtzebuerg dat do steieren, da muss ech soen, da seet een de Leit d’Wourecht net. Et ass e ganzen Deel, dee vu baussen erakënnt, an dat ass net nëmmen d’Pëtrolsprodukter déi alleng zoustänneg si fir +2,2%, mengen ech, dëse Mount, bis op Weideres wäerte mir dat net décidéieren. Mä och vill Produkter gi vu baussen eran - ech menge mir maachen nach Kackkéis a Mettwurschten, mä mir maachen awer vill Saachen net méi, déi mir all Dag consomméieren - déi komme vu baussen eran, an do steiere mir net méi vill. Mir kënnen nach e bëssen op d’Margë probéieren ze drécken, probéiere beispillsweis Accords volontaires ze maache mat dem Secteur. A mir haten dat déi éischte Kéier probéiert.
Monique Kater: Do komme mir elo nach drop. Loosst mech elo emol den Extrait lancéieren, de Robert Weber hat Iech nämlech e Ligener genannt, an deen Extrait dee lauschtere mir eis elo emol nach eng Kéier un.
[Reportage iwwer d’Aussoe vum Robert Weber zu den Accords volontaires]
Monique Kater: Huet Dir eis do eng gekréckelt, Här Krecké?
Jeannot Krecké: Den Här Weber huet mech e bëssen als Punshingball ausgewielt säit schonn e puer Joer. Dat mécht mir näischt aus, ech muss soen, esou Aussoe sinn esou exzessiv, datt ech am Fong geholl net Loscht hunn drop anzegoen.
Monique Kater: Wou ass dann dee Programm drun?
Jeannot Krecké: Majo, mir hunn e Plan d’action géint déi exzessiv Inflatioun, hunn ech an d’Regierung erabruecht. Do sinn eng 7,8 Punkten drop, do ass och deen do Punkt drop. Ech hat probéiert bei der leschter Indextranche, dat ass also am Dezember 2006 gewiescht, de Commerce dorop anzeschwieren, deen ass deemools net drop agaangen, mir sinn hei am Beräich vum Volontaire, dat heescht, wann dee net wëllt [gëtt ënnerbrach]
Monique Kater: Dat heescht déi hu keng Loscht do drop, oder?
Jeannot Krecké: Déi haten deemools eng Rei Exigenzen, déi mir als Regierung hinnen net konnten erfëllen. Ech probéieren dat awer elo nach eng Kéier, an zwar d’Iddi ass déi, fir datt de Commerce an all déi Branchen déi mat de Clienten direkt ze dinn hunn, datt déi higinn a soen, mir passen, och den Artisanat, mir passen d’Präisser bei der nächster Indextranche just esouwäit un wéi et noutwenneg ass, fir ze kompenséiere wat mir elo u méi Loun mussen ausbezuelen, a mir profitéieren net dovun fir d’Margen an d’Luucht ze setzen.
Ech hu vun der Chamber de commerce, wéi se mech op d’Inflatioun ugeschwat hunn, eng Zouso krut, datt si bereet wieren dat do ze ënnerstëtzen. An déi Gespréicher wäerte mir féieren. An dat hoffen ech, datt mir bis den 1. Mäerz dat do ronn kréien. Da muss awer jiddweree matmaachen. D’Inflatioun ass net nëmmen eng Saach vum Wirtschaftsminister. Dat wier einfach, da géing ech dat also vun uewen erof décidéieren. Esou ass dat awer net.
An da muss ech soen, et ass net ganz richteg wat dauernd do erzielt gëtt. Mir hunn 2005 2,5% gehat vun Inflatioun, mir haten 2006 2,7%. Wéi vill hu mir dann 2007 gemaach? 2,3%, dat heescht mir hunn et fäerdeg bruecht vun 2,7% op 2,3% erof ze goen. Et kann een also net soen, et hätt net gewierkt déi eenzel Mesuren déi geholl gi sinn.
Monique Kater: Trotzdem hunn d’Lëtzebuerger e bëssen d’Flemm, si si flemmsesch, dat seet Gallup am Verglach mat den aneren Europäer, an och weltwäit si mir esouguer a verschiddenen Domainer immens flemmsesch. Wéi verstitt Dir dee Pessimismus do?
Jeannot Krecké: En ass fir mech schwéier ze verstoen. Ech muss Iech éierlech soen, et geet eis jo awer gréisstendeels gutt, an et gesäit am Moment net duerno aus, datt dat elo direkt soll änneren. Mä mir mussen awer wëssen, datt wa mir eist net dozou bäidroen, an d’Zukunft net plangen, a wann ech heiansdo héiere wat dann elo den nächste Walkampf soll entscheeden, a wat entscheedend soll sinn, da muss ech soen, dat sinn net d’Sujeten. D’Sujete wéi ee Lëtzebuerg och nach am Joer 2010, an am Joer 2020 kann als performant gesinn, dat sinn d’Sujeten déi interesséieren, an duefir sollen d’Leit am Moment net a Pessimismus verfalen.
Monique Kater: Mä d’Leit interesséiere sech elo duefir, datt se fannen datt hire Portemonni ëmmer méi dënn gëtt, de Pëtrolspräis geet permanent erëm an d’Luucht, du kanns dir haut net méi esou einfach en Haus kafen, du weess net wat déi steierlech Mesuren dann elo finalement abréngen. Dat ass jo awer, do geet jo awer eppes net op. Mir erfanne jo awer näischt.
Jeannot Krecké: Jo, mä dat ass esou eng Stëmmung déi op emol opkënnt, well vläicht d’Leit spieren, datt et eis ganz gutt geet, an datt et wahrscheinlech net vill, vill besser geet mä datt et héchstens wahrscheinlech eng Kéier e bëssen erof geet. Dat ass e Gefill wat een huet. Mä dorop muss ee reagéieren, dat heescht, et muss een higoen a soen, dat ass richteg, dat ass eng Gefor déi besteet, mä komm mir maachen eppes dogéint. An et muss een awer ëmmer nach soen am Verglach zu eisen Nopere geet et eis gutt. A loosse mir frou doriwwer sinn, an dat jo och eppes wat dat lëtzebuerger Land hei zesummen hält, an d’Leit sollen awer och net elo a Pessimismus verfalen. Dat ass net dat wat gefrot ass. Mir brauche Leit déi soen, hei, et ass flott hei ze schaffen, mir hunn eppes hei, a mir wëllen dat och halen, mä mir wëllen et halen, duefir maache mir awer och eppes.
Monique Kater: Also mat Iech schénge se net immens onzefridden ze sinn, well Dir sitt nämlech dem leschten Tageblatt-Sondage no, deen zwee beléifste Politiker am Zentrum? Firwat, wat mengt Dir, fir wat sitt Dir esou sympatesch?
Jeannot Krecké: Ech weess et net. Et ass jo net, datt ech de Leit ëmmer nëmme sympatesch a gutt Noriichten z’iwwerbréngen hunn, mä ech probéieren hinnen d’Wourecht ze soen. An et huet kee Wäert de Leit Geschichten z’erzielen, iergendwa fanne se et eraus, a bis elo hunn ech nach net probéiert de Leit Geschichten ze erzielen. Et ass heiansdo désagréabel wat ech erzielen, mä et ass awer da wahrscheinlech éischter der Realitéit entspriechend, wéi dat, wat anerer erzielen.
Monique Kater: Mä Dir huet viru 14 Deeg hei op eiser Antenne gesot, Dir wéilt probéieren am Virwaljoer net an den Electoralismus ze verfalen. Geet dat dann iwwerhaapt?
Jeannot Krecké: Ma sécher geet dat, et muss ee just dat maachen, wat een eng Zäit ugekënnegt huet, a soen, ech hu mir 5 Joer virgeholl, an ech schaffen déi 5 Joer, a wat duerno geschitt, dat ass eng aner Saach.
An ech muss éierlech soen, ech hoffen, an Dir wäert mir déi Remarque dann dierfen och maachen, wann Dir mech erwëscht mat esou eppes, dräi Woche virun de Walen, dann huet Dir Recht, an da wäert ech och mäi mea culpa maachen. Mä ech wäert duefir suergen zumindest datt bei mir am Departement do keen Electoralismus opkënnt. Mir wäerten eis Aarbecht weider maachen, ech soen dat, bis dräi Woche virun de Walen.
Monique Kater: Wier dann do net eppes, wou et Iech awer géing kribbelen, a wou Dir géingt soen, hei wann ech dat do elo géing maachen, dat géif mir onmoosseg Stëmme bréngen?
Jeannot Krecké: Nee, ech mengen, datt d’Leit dat net gären hunn. A wat ee méi no bei Wale kënnt, wat se och méi verdächteg ginn, esou Mesuren. Duefir soll een dat net maachen. Et soll een d’Leit net fir domm verkafen, déi wëssen och, wann op emol Leit aner Saachen erzielen, aner Saache soen, aner Saache maache wéi dat, wat ee virdru gemaach huet, déi huelen hinnen dat net of.
Monique Kater: Eng lescht Fro wollt ech Iech nach stellen. 18 Méint virun de Walen, Är grouss Prioritéit? Dir hat an eisem Neijoeschportrait, hat Dir ugedeit, datt am Energiesecteur do iergend eppes an der Maach ass. Zielt Dir eis haut vläicht méi, wéi viru 14 Deeg?
Jeannot Krecké: Ech kann Iech méi erzielen, mä net vun deem Sujet deen Iech interesséiert. Mir wäerten elo d’Wäermeschutzveruerdnung virstellen, mir wäerten déi nei Mesuren am Beräich vun den erneierbaren Energië virstellen, mir wäerten déi nei Berodungsstruktur, déi mir dohinner setzen, am Beräich vun der Energie Iech virstellen, a mir sinn am gaangen un engem Projet ze schaffen iwwer deen ech awer am Moment nach net ka schwätzen.
Monique Kater: Wéini schwätzt Dir dann? Ass deen esou spannend, oder wéi?
Jeannot Krecké: Deen ass éischtens ganz spannend, en ass mat ganz groussen Auswierkunge verbonnen, an duefir hunn ech mir selwer operluecht, datt ech net driwwer schwätzen.
Monique Kater: Okay, Jeannot Krecké. Merci, datt Dir bei eis waart.
|