|
Jean-Claude Franck: [...] Malta huet jo, nieft Zypern, op den 1. Januar, déi europäesch Gemeinschaftswährung kritt. Vun de 27 EU-Memberlänner hunn der domat elo 15 den Euro. Wéivill kënnen dat der an Zukunft ginn? Dozou de Premier Jean-Claude Juncker am 100,7 Interview, de Moie fréi iwwer Telefon vu La Valetta aus.
Jean-Claude Juncker: D’Rechtslag ass kloer, déi Länner déi Member vun der Europäescher Unioun sinn an déi d’Konditiounen erfëllen - déi sougenannte Maastrichtcritèren, fir den Euro z’iwwerhuelen - mussen en eigentlech iwwerhuelen, mat Ausnam vu Groussbritannien a vun Dänemark, déi Ausnamebestëmmungen hunn. Perspektivesch ass et also dran, ass et méiglech, datt mat Ausnam vun England a vun Dänemark, esoulaang wéi déi déi sougenannten Dérogatiounen oprecht erhalen, den Euro kënnen adoptéieren. Dat geet awer elo e bësse méi lues. Mir hunn elo Slowenie bäikritt, den 1. Januar 2007, elo op de leschten 1. Januar Zypern a Malta, am Laf vum Joer kënnt d’Slowakei dobäi an dann dauert et menger Ansicht no e bësse méi laang bis erëm nei Memberen dobäikommen.
Jean-Claude Franck: Et ass jo och esou, datt fir d’éischte Kéier zanter 2004 iwwert d’Halschent vun den EU-Finanzministeren elo am Eurogrupp vertruede sinn, dee Grupp dee jo vun Iech présidéiert gëtt. Ginn déi wichteg Décisiounen effektiv net ëmmer manner am Ecofin, mä dofir am Eurogrupp geholl?
Jean-Claude Juncker: Et ass haut schonn esou, datt den Eurogrupp eigentlech deen determinante Gremium ass an deem d’europäesch Finanzministere sech gesinn, well do Richtlinie festgeluecht gi fir Budgets- a Fiskalpolitik, well do iwwert elementar Froen, déi am Zesummenhang mat der Währungsunioun, déi ëmmerhin elo 320 Millioune Bierger ëmfaasst, geholl ginn. Ech hu mer ëmmer Méi ginn, an der Presidentschaft vum Eurogrupp, déi Ministeren déi net am Euro sinn an net am Eurogrupp domatter och sinn, anzebannen, doduerch datt mer se, wann d’Sitzung vun de Finanzministeren ass, intensiv an engem Rapport deen ech virleeën, informéieren iwwert dat wat do geschwat ginn ass. Well ech hu gesinn, datt Frustratiounen awer do opkomm sinn, besonnesch well mer am Eurogrupp déi grouss Froen, G7, internationale Währungsfong, wou ech den Eurogrupp vertrieden, méi intensiv diskutéieren. Mä et gesäit een, datt Länner déi net wëllen an den Euro kommen, wéi beispillsweis England, aus de wierkleche Substanzfinanzdécisioune lues a lues ausgeschloss ginn. Wat och erkläert, firwat datt dann elo den englesche Premier, ausserhalb vun alle Gremien a vun alle Strukturen, déi Däitsch, déi Franséisch an d’Italiener geruff huet, fir iwwer Finanzfroen internationalen Zouschnëtts ze schwätzen, dat ass einfach dowéinst, well en net méi do sëtzt, als englesch Regierung, wou d’Décisioune geholl ginn.
Jean-Claude Franck: Komme mer vläicht op de fréieren englesche Premier. Während Dir gëschter zu Malta waart, war den Tony Blair zu Paräis beim Nicolas Sarkozy. Mengt Dir, datt dat Zoufall gewiescht ass, datt de franséische President zu dëser Zäit de fréiere britesche Premier aluedt an an deem Kontext och de Poste vum EU-President ernimmt?
Jean-Claude Juncker: Den Här Sarkozy huet dee Posten am Zesummenhang mam Här Blair a mat mir ernimmt an deene leschte Wochen a Méint. Ech muss elo net op all Reegunge reagéieren, déi een doruechter feststellt. Ech kucken dat mat philosopheschem Gläichtmutt. Et gëtt jo gutt Grënn fir d’Presidentschaft vun der Europäescher Unioun z’iwwerhuelen, et gëtt och gutt Grënn fir se net z’iwwerhuelen an ausserdeem ass et ze fréi fir doriwwer Spekulatiounen ze maachen. Fir d’éischt muss dee Vertrag ratifizéiert ginn, da muss ee kucke wat de genaue Mandatszouschnëtt vum President vun der Europäescher Unioun ass an eréischt da kann ee valabel Aussoe maachen. Dem Här Sarkozy seng Invitatioun un den Här Blair huet méi mat franséischer Ouverturespolitik ze dinn, wéi mat anere geheime Pläng. Berouegt Iech do.
Jean-Claude Franck: An esouwäit de Jean-Claude Juncker de Moie fréi vu Malta aus, ier de Premier dunn de Fliger geholl huet fir op de Cap-Vert.
|