|
Frank Kuffer: Keng Panik, seet den Här Juncker, a schwätzt awer vun enger méiglecher Rezessioun an Amerika. Muss Europa dann awer elo op déi Finanzkris do reagéieren, a wa jo, wéi kann dat geschéien?
Jeannot Krecké: Mir musse reagéieren, a mir sinn och am gaangen dat ze maachen. Wéi ech dat schonn ugedeit hunn, si mir am gaangen ze kucken eng besser Kontroll, eng besser Iwwersiicht ze kréien, wat u sech am Finanzsecteur geschitt bei esou Operatioune wéi déi do. Gëschter Owend nach hate mir e längert Gespréich doriwwer fir ze kucken, wéi een déi Instrumenter ka verbesseren. Dat ass emol dat éischt.
Dat zweet ass, datt awer mëttlerweil Europa manner ofhängeg ginn ass vun Amerika. Mir sinn et nach, mä mir si manner ofhängeg wéi dat virdru war. Et muss een allerdéngs soen, datt China, Indien, Russland nach net esou staark sinn, datt déi dat kënnen opfänke wat elo eventuell an Amerika u Rezessioun sech undeit.
Mir hunn an deene leschte Joeren, net ëmmer zum Verständnes vun de Bierger, probéiert eis op méi fest Féiss ze setzen. Et dierf een net vergiessen, mir hunn e Stabilitéits- a Wuesstemspakt gemaach, fir datt emol d’Staaten, mat wat hir Budgeten ubelaangt, besser do stinn, a mir hunn eng Relance gemaach iwwer de Lissabon-Prozess, wou mir awer an all deene Länner Reformprogramme lafen hunn. Et ass net ëmmer gutt ukomm, mä ech mengen, et beweist, datt et noutwenneg war, well mir stinn haut als Europa besser do wéi virdrun.
De Problem ass einfach, wann op emol d’Vertrauen ënnert de Banke schonn net méi richteg ass, wann ee mierkt, datt d’Leit Saachen ugekënnegt hunn, notamment Banken, déi schlussendlech net esou si wéi se ugekënnegt waren, dann ass et normal, datt esou eppes geschitt wéi dat wat gëschter, a méiglecherweis haut nach geschitt, datt dat kënnt. An dat ass Schued, well d’Vertraue vun de Bierger ass och eppes ganz Wichteges am Bankesecteur.
Frank Kuffer: Dir huet och elo ganz dacks vu Banke geschwat, et ass jo och eng Kris vun de Banken dat hei. Mir wësse wéi wichteg datt d’Banke fir Lëtzebuerg sinn. Kritt dat dann och elo Repercussiounen op de Staatsbudget eventuell?
Jeannot Krecké: Also esou wäit wéi mir elo wollte kucken, schéngt et net direkt d’Banken hei zu Lëtzebuerg an hiren Operatiounen ze treffen. Mä sécher si mir och haut nach net. Wat awer sécher ass, dat ass, datt et Auswierkungen op de Budget kritt. Mir hunn zwou Steiere wou se direkt en Relatioun sinn.
Déi éischt mat Sécherheet, dat ass eng Steier Taxe d’abonnement, déi gëtt bezuelt op de Valeuren déi déi eenzel Fongen hunn. An ech muss soen, wann d’Bourse esou an d’Gette geet wéi dat do, heescht dat, datt direkt esou vill manner Steieren erakommen.
Dat zweet wat ze fäerten ass, déi Banke schreiwen am Moment ganz vill Perten of, déi se weltwäit gemaach hunn, a wéi vill datt der do iwwer Lëtzebuerg ofgewéckelt ginn, ass schwéier anzeschätzen. Ech hoffe just, datt dat net zevill de Fall ass, well da geet et natierlech och op d’Gewënnmargë vun de Banke selwer.
Frank Kuffer: Europa muss sech dann eventuell och op méi en nidderege Wirtschaftswuesstem astellen, wéi dat viraus gesot gi war?
Jeannot Krecké: Am Februar kënnt eng nei Previsioun vun der Kommissioun, an déi wäert dat Ganzt no ënne revidéieren, esou wéi een et och virdru schonn e bësse gespuert huet souwuel a Frankräich wéi an Däitschland.
Frank Kuffer: Wéi ass et mat de Leetzënsen? Kéint een do hoffen, datt déi vläicht erof ginn, oder kënnen d’Privatstéit op d’mannst emol hoffen, datt déi erof ginn an nächster Zäit?
Jeannot Krecké: Dat kann ech nach net genee aschätzen, vu datt eis Zentralbank do ganz virsiichteg ass, mä an Amerika gëtt erwaart, datt se bis zu 0,50%, bis 0,75% Punkte wahrscheinlech wäerten erof goen.
Frank Kuffer: An de leschten Deeg waren déi kleng EU-Länner net begeeschtert, datt fir déi nächst Woch déi grouss, Däitschland, Groussbritannien, Frankräich an Italien e Sommet zu London plangen, fir am klenge Krees iwwer d’Finanzkris ze schwätzen. Ass dat gutt esou kleng Klippercher an der Unioun? Ass dat och gëschter eventuell op d’mannst an de Couloiren ugeschwat ginn?
Jeannot Krecké: Et ass net nëmmen an de Couloiren ugeschwat ginn. D’Leit si kloer gefrot gi wat dat soll. Mir sëtzen am Eurogrupp zesummen, elo 15 Länner, virdrun 12, an dat ass d’Plaz wou dat soll diskutéiert ginn. Et ass gemengt ginn et soll een awer net nervös ginn, well et wier nëmmen eng Preparatioun vun enger Réunioun vun de 4 Staats- a Regierungschefe vun deene Länner. Enfin mir hunn hinnen awer gesot, datt et besser wier, et géing een dat am Eurogrupp beschwätzen.
Frank Kuffer: Här Krecké, villmools Merci fir déi Präzisiounen de Moien.
|