Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Janvier 08 > Le Premier ministre au sujet de la crise financière et de ses incidences sur l'économie luxembourgeoise

Interview
Le Premier ministre au sujet de la crise financière et de ses incidences sur l'économie luxembourgeoise
"RTL Tele Lëtzebuerg" du 22-01-2008

Vers le niveau supérieur
Frank Goetz: An am Studio begréissen ech elo de Staatsminister. Här Juncker, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Frank Goetz: Mir hunn Iech natierlech invitéiert als Finanzminister a besonnesch als President vum Eurogrupp. Här Juncker, op den internationale Finanzmäert geet et bal zou wéi op enger Achterbunn op der Fouer. Mä wéi staark kann dann dës amerikanesch Kris déi europäesch Wirtschaft iwwerhaapt rëselen?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn déi lescht Méint dovun ausgaangen an Amerika géif et zu enger doucer Landung vun der Wirtschaft kommen. Et war kloer, datt se méi lues géif dréinen a mir mussen elo dovun ausgoen, datt et zu enger regelrechter Rezessioun kënnt kommen. Déi Angscht virun der Rezessioun huet déi Mouvementer op de Boursë weltwäit ausgeléist. Falls et zu enger Rezessioun an Amerika kënnt, wäert dat sech op d’Wuesstumsperspektiven an der Eurozon auswierken. Mir ginn dovun aus, datt mer am nächste Joer, am Joer 2008 mat manner wéi 2% wäerte wuessen. Dat bleift ënnert eisem eigentleche Wuessutmspotential, ënnert deem wat mer kënnten. Massiv Auswierkunge gesinn ech net, mä considérabler schonn.

Frank Goetz: Bei de Kollegen um Radio hutt Dir gesot, datt d’Europäer op méi stabile Been géife stoe wéi d’Amerikaner. Mä wat mécht eis da méi stabil wéi d’Amerikaner?

Jean-Claude Juncker: Jo dat ass fir d’alleréischt eigentlech, wann et zu esou Konjunkturzykelsiwwerwerfunge kënnt, datt mer e bësse méi staark opgestallt si wéi d’Amerikaner. Mir hunn eis Budgetsdefiziter ënnert 1%, d’Budgetsdefiziter an der Gesamteurozon zréckgefouert. D’Amerikaner sinn iwwer 3. D’Beschäftegungsquotë klammen, d’Aarbechtslosestänn falen. Eis Zahlungsbilanz ass positiv, déi amerikanesch ass negativ. Mir hu Margë mat deene mer kënne reagéieren. Eis amerikanesch Kollegen hunn déi Margen net. Mir si méi staark am Wuesstëm wéi d’amerikanesch Économie. Dat nennt ee, mir hu besser Fundamentaldaten. Déi ginn och vun de Marchéën zur Kenntnis geholl. Mir si besser gewappnet, grâce dem Euro, wéi mer dat jeemools virdru waren, wann et zu Verwerfungen op den internationale Finanz- a Börsemäert kënnt.

Frank Goetz: Wat erwaart Dir Iech dann trotzdem vun den Amerikaner?

Jean-Claude Juncker: Enfin vun den Amerikaner erwaarden ech mer, datt se hir Politik besser explizéieren. Mir hu se 2 Joer laang gewarnt, ech och als Eurogruppechef, wéi dat heescht, am Gespréich mat dem amerikanesche Finanzminister, datt hir Defizienzen, hir Schwächten se enges Daags géifen anhuelen. D’Amerikaner maachen zevill Defizit, souwuel an hirer Zahlungsbilanz wéi an hirem Budget. D’Amerikaner spueren net genuch. Si sinn iwwerschëlt. D’Privathaushalter sinn onendlech iwwerschëlt, während d’europäesch Bierger eng relativ héich Spuerquote hunn. Dat huet sech enges Daags musse rächen. D’Amerikaner hunn dat ni richteg gegleewt. Elo hu se ee Programm opgeluecht, ee Konjunkturprogramm vun engem Prozent vum Bruttoinlandprodukt. Dat ass laut de Marchéën, esou reagéieren se jiddwerfalls, net genuch. Si hunn d’Zënsen haut gesenkt, 75 Basispunkten.

Frank Goetz: Dat ass jo relativ vill.

Jean-Claude Juncker: Dat ass ee considérabele Schrëtt. Et musse een elo kucke wéi an den nächsten Deeg dorop reagéiert gëtt. Mir an Europa gesinn, jiddwerfalls fir eis selwer, d’Noutwennegkeet net datselwecht ze maachen.

Frank Goetz: A propos Leedzënsen, ass et net néideg oder méiglech, datt och d’Zentralbank d’Zënsen erofsetzt?

Jean-Claude Juncker: Enfin ech äussere mech ni iwwert d’Zënsäz. Dat ass eng Kompetenz vun där sech onofhängeg an der Politik artikuléierender europäescher Zentralbank. Mir hunn och Inflatiounsrisiken an Europa. Déi héich Petrolspräisser, bleiwen déi esou héich wéi se sinn, huet dat schonn ee wuesstumsdämpfenden Effekt vun 0,25% am Eurowuesstum an een Zousazeffekt vun 0,2% bei der Inflatioun. D’Inflatioun ass eng real Gefor, déi op Europa lauert. Ech iwwerdreiwen déi net. Eenzel inflatiounsexplizéierend Elementer wäerte sech och zréckbilden am Laf vum Joer 2008, mä d’Inflatioun ass dee gréisste Feind vum klenge Mann. Mir däerfen net mengen well mer zu Lëtzebuerg als eenzegt Euroland déi vollautomatesch Indexéierung vun de Léin a Gehälter hunn an dofir mengen, mir géifen dat net esou spieren, datt dat eis Wirtschaft näischt géif kaschten. D’Zenralbank huet Recht, datt se fir d’Präisstabilitéit antrëtt. Ech erwaarde mer net, datt déi europäesch Zentralbank een ähnlechen Zënschrëtt mécht wéi déi amerikanesch Zentralbank, dat heescht d’Zënsen no ënne korrigéiert. Nee, den Haaptoptrag vun der Zentralbank ass d’Präisstabilitéit ze sécheren. Mir musse virufuere mat eise Budgetspolitiken, esou wéi mer se am gaang sinn se ze maachen, Konsolidéierung iwwert déi laang Siicht, elo net kuerzfristeg, hektesch, hyperaktivistesch ze reagéieren. Strukturreforme bleiwe weiderhin ugesot et däerf [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: A propos Inflatioun, Här Juncker, ass et dann net awer méiglech, datt där Krise ee kann eppes Positives ofgewannen, an deem Sënn, datt d’Inflatioun awer kéint och elo gebremst ginn duerch déi Kris?

Jean-Claude Juncker: Enfin, ech gesinn net esou direkt, datt déi Inflatiounsgeforen elo géife gebremst ginn. Dat hänkt wiesentlech vun der Entwécklung vun den Uelegpräisser of, an deem Mooss wou dovun ausgaange gëtt, datt d’amerikanesch Wirtschaft staark leidt an datt wann déi europäesch Wirtschaft doropshin méi lues wiisst an dann hänkt et nach dovun of wéi d’Wirtschaften an Indien, a China an esou viru sech entwéckelen. Bleiwen déi robust, bleiwe mir och méi robust. Bleiwen d’Konsumenten an Europa vu Vertrauen erfëllt a consomméiere virun, kënnt eis Wirtschaft net an ee geféierlecht [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Mä dat ass jo de Problem, datt d’amerikanesch Bierger d’Vertrauen an hir Wirtschaft lues a lues verluer hunn.

Jean-Claude Juncker: Jo mä et gëtt vill Leit an Amerika, och soss doruechter, déi verléieren d’Vertrauen a Wirtschaftspolitik an och an d’Banken. Dat ass natierlech net gutt. Mä war mer dat alles beieneebehalen, gesinn ech net esou direkt, datt d’Inflatioun staark géif ofhuelen. Dat brauch gesondert Politik mat där muss reagéiert ginn. Esouguer d’amerikanesch Zentralbank huet trotz hirem Zënsbeschloss vun haut op gewuessen Inflatiounsrisiken an de Vereenegte Staate vun Amerika higewisen. Ech huelen déi Gefor sérieux. Dat ass eppes wat d’Kafkraaft, besonnesch vun deenen akommesschwaache Kategorië vun eiser Bevölkerung och heiheem schwächt, an dat muss een am An behalen.

Am Résumé wëll ech soen, datt ech voller Suerg sinn, awer net vun exzessiver Suerg gedriwwe sinn, well mer einfach besser opgestallt sinn an Europa, well mer zu Lëtzebuerg och ee Wirtschaftswuesstum hu wat no wéi vir héich ass. Mir gi vu 4,5%, hate mer schonn eenzel Krisenelementer integréiert bei der Budgetsopsteellung fir d’Joer 2008, aus. Mä et muss ee wëssen, datt duerch dat wat de Moment op de Boursë geschitt, mer steierlech leide wat eis Steierecetten ubelaangt. D’Taxe d’abonnement wäert ouni all Zweifel, falls Elementer vun där krisenhafter Erscheinung sech géife virunentwéckelen, ofhuelen. Ech hunn dat ëmmer erëm gesot, datt déi Taxe d’abonnement, déi huet eis iwwer 700 Milliounen Euro bruecht, sech ganz séier kann, je nodeem wat op de Boursë geschitt, no ënne bewegen. Mir hate jo schonn an de Joren 2002 an 2003 iwwer 100 Milliounne Euro d’Joer par rapport zu de Budgetsprovisioune verluer. Mir kréien dëst Joer, am Joer 2008 jiddwerfalls net méi wéi dat wat mer am Budget stoen hunn. Et ass also elo Virsiicht ugesot, awer keng exagéréiert Katastrofestëmmung.

Frank Goetz: Här Staatsminister, villmools merci fir de Besuch haut am Studio.

Jean-Claude Juncker: Merci och.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact