|
Diane Klein: De serbesche President sortant Boris Tadic huet et am 2. Tour gepackt. Hie bleiwt President mat 51% vun de Stëmmen. Wat heescht dat fir d’Land selwer, wat bedeit et fir déi serbesch Provenz mat albanescher Majoritéit Kosovo, an wat bedeit et fir Europa am Allgemengen?
Doriwwer ennerhale mer eis an den nächste Minutten mam Ausseminister Jean Asselborn.Gudde Mëtteg, Här Asselborn.
Jean Asselborn: Gudde Mëtteg, Madame Klein.
Diane Klein: Wat bedeit déi Victoire? Ass Serbien elo méi no un d’EU erugeréckelt?
Jean Asselborn: Ganz kloer, den Tadic ass e Mann dee weess, wat d’Europäesch Unioun ass, dee selbstverständlech säi Land immens gutt kennt, an deen eng kloer Optioun getraff huet, fir säi Land no Europa ze kéieren.
Et muss ee wëssen, datt de President Tadic, vläicht net méi am Wahlkampf, mä virdrun ëmmer gesot huet, egal wat elo geschitt mam Kosovo, mir wëllen eis Perspektiv no Europa oprecht erhaalen.
De President Tadic ass a mengen Aen ee ganz groussen Hoffnungsträger a Serbien, an doriwwer eraus um ganze Balkan, well et e Mann ass, deen nom Dout, no der Ermuerdung vum Här Djindjic menger Meenung no dat charakteriséiert, wat mir a Serbien brauchen, nämlech e Politiker, deen och de Courage huet, fir ze soen, eis Zukunft läit net an der Vergaangenheet, mä eis Zukunft läit wierklech do, wou mir nei opbaue kënnen, virun allem fir eis jonk Leit, an dat ass schonn immens wichteg.
Diane Klein: Déi lescht Woch huet Dir am Krees vun den EU-Ausseministeren décidéiert, am Fall vun enger Victoire vum Boris Tadic, e Kontrakt mat Serbien ze ënnerschreiwen, mat deem ënnert anerem Handels- a Visaserliichterunge virgesi sinn, mä och nach zum Beispill, datt de politeschen Dialog verdéift gëtt. Wéi muss ee sech deen Accord do an der Praxis virstellen?
Jean Asselborn: Et muss ee vläicht fir d’éischt mengen ech dräi Grondgedanken ëmmer wëssen, wann een elo iwwer Serbien schwätzt.
Dat eent dat ass, datt d’serbescht Vollek wierklech an enger Situatioun war, wou et huet missen eng grouss Entscheedung huelen, déi wichteg ass, net nëmme fir si selwer, mä och fir Europa. De Friddensprojet Europa deen huet jo an éischter Plaz d’Missioun, fir Stabilitéit ze garantéieren am geographesche Raum vun Europa.
Saloniki 2003, eng Kéier ganz kuerz widderholl, steht fir d’europäesch Perspektiv déi d’Europäesch Unioun all de Balkanlänner ginn huet. Dat musse mir eescht huelen. Dat ass terribel schwéier ëmzesetzen, mä mir mussen dat eescht huelen, a mir mussen och wëssen, datt ouni Serbien, wa mir Serbien net dobäi hunn, datt et da keng Stabilitéit um Balkan gëtt, mat allen negative Konsequenzen déi dat matt sech bréngt an déi mir jo och zu Lëtzebuerg ganz gutt kennen.
Ech mengen, et muss een och ganz kloer soen, nach eng Kéier, datt d’Europäesch Unioun keen Nationalismus verdréit, keen Haass, keng Mënscheveruechtung. Serbien brauch elo net ze kommen, wéi een dee Bittsteller ass, fir kënnen opgeholl ze ginn. D’Europäesch Unioun wäert och net an d’Knéie falen, fir Serbien eran ze kréien. Dat ass ausgeschloss, déi zwee Extremer sinn ausgeschloss.
Mä Serbien weess, datt et wierklech Aufgaben ze erfëllen huet, zum Beispill d’Zesummenaarbecht mam Internationalen Tribunal, dat ass de wichtegste Punkt, dee mir och an eiser Discussioun dee leschte Méindeg opgegraff hunn.
An de leschte Méindeg hu mir wierklech probéiert, well mir jo dee Blocage haten, Dir wësst mat den Hollänner a mat de Belsch, hu mir probéiert fir iwwer den Associatiouns- a Stabilisatiounsofkommes eraus ze kucken, e politeschen Engagement ze huelen an de Serbe 4 Saachen unzebidden.
Dat eent dat ass politesch Kooperatioun, dat zweet dat ass en Handelsofkommen, dat drëtt dat ass an der Visapolitik ze versichen gréisser Erliichterungen ze bréngen, virun allem fir déi jonk Leit, wëll et si vill Serben, jonk Leit, déi ni an Europa gereest sinn, an da véiertens och Programmer wéi Erasmus fir Serbien op ze maachen.
A fir dat alles ëmzesetzen, an och fir den Associatioun-a-Stabilisatiounsaccord zur Ennerschreft ze bréngen, wëlle mir jo eng Task-force maachen an der Europäescher Unioun. Menger Meenung no war et entscheedend, datt mir dee Schrëtt do gemaach hunn, dat war en Zeechen un d’serbescht Vollek, an dat war de leschte Méindeg immens wichteg.
Diane Klein: Ass deen Accord vum leschte Méindeg dann als konkret Etapp ze gesinn, wann ee seet Serbien wëll laangfristeg an d’EU erakommen?
Jean Asselborn: Dat wat mir op deenen zwou Säite wëssen, dat ass, datt et keng Hoffnung gëtt fir Serbien fir erëm eng Motivatioun opzebauen, fir eng besser Économie opzebauen, fir d’Demokratie ze stäerken - an datt et do e grousst Potential get dat hunn mir jo iewer gëschter gesinn - fir d’Zukunft opzebaue vun deene jonke Serben, vun deene jonke Generatioune vu Serben, fir datt se net erëm eng Kéier an déi Geforen erakommen, déi de Milosevic do verbreet hat, wa mir Serbien net eng Perspective ginn; kucken datt se no Europa kommen, an enges Daags, dat kann 10, 15 Joer daueren, mä enges Daags och an der Europäescher Unioun integréiert sinn.
Dat hei fäerdeg bréngen ass héchstwahrscheinlech nach vill méi eng laangwiereg, a vill méi eng schwéier Saach. Och eis Opinion publique, déi musse mir preparéieren drop, datt mir keng Rou hunn an eise Länner, wa mir ee Balkan hunn, deen zerstridden ass, e Balkan hunn, wou ëmmer erëm Explosivitéit dran ass, wou kënnt vun engem Moment zum aneren ee Konflikt entstoen.
Diane Klein: Een éischten Test dierft de Statut vum Kosovo ginn. D’Kosovaren hu keen Zweiwel dru gelooss, datt si hir Onofhängegkeet déclaréiere wäerten. D’Fro ass wéini, Här Asselborn, op wat preparéiert sech d’Europäesch Unioun?
Jean Asselborn: D’Europäesch Unioun huet jo um leschte Conseil am Dezember décidéiert, fir déi Sécherheets-a-Police-Missioun op d’Been ze stellen. Dee Prinzip ass acquis. An där nächster ganz kuerzer Zäit wäerten och elo d’Modalitéiten vun där Missioun décidéiert ginn. Dat ass dat eent. Dat ass jo fir beim Opbau am Kosovo ze hëllefen.
Dat zweet, dat ass, datt d’NATO, also d’KFOR-Truppen op Grond vum Mandat vun der UNO, d’Resolutioun 1244, do bleiwen, fir d’Leit ze schützen am Kosovo, an dat sinn net nëmmen d’Albaner, dat sinn och d’Minoritéiten, a besonnesch déi serbesch. An da wësse mir, datt mir zu der Fro vum Statut net nach Méint laang wäerten ze waarde kréien.
Diane Klein: Här Asselborn, eng lescht Saach. Wéi ass Ärt perséinlecht Gefill fir d’Zukunft vu Serbien, a respektiv d’Stabilitéit um Balkan am allegemengen?
Jean Asselborn: Dat ass vun un datt ech elo Ausseminister sinn, nieft dem Moyen-Orient dee Punkt, deen an all, all Sitzung vun den Ausseministeren op d’Tapéit kënnt. Wou mir Perspektiven no vir haten, wou mir och Réckschléi kritt hunn.
Déi Situatioun déi mir elo hunn, ass extrem geféierlech fir Europa, ass extrem geféierlech och fir Europa als global Player, dee jo wëllt matspillen um Planéit fir Fridden ze stëften. Mä mir mussen et jo virun allem emol fäerdeg bréngen, op eisem Kontinent, op eisem Territoire dat ze maachen, an duefir ass Europa immens gefuerdert.
Mäi Gefill ass zënter gëschter Owend e wéineg méi positiv, wëssend iewer, datt dat net einfach wäert ginn, zëmol an der Iwwergankszäit, mä do musse mir zesumme stoen, déi Organisatiounen déi do sinn, fir d’Leit ze schützen, fir de Kosovo erëm opzebauen, fir och mat de Serben wierklech ze kucken, datt een déi Koordinatioun um politesche Plang kritt. Dat gëtt net einfach, mä mäi perséinlecht Gefill ass iewer zënter datt ech d’Resultat weess vun de Presidentschaftswahlen, op jiddwer Fall besser wéi et virdru war.
Diane Klein: Här Asselborn, ech soen Iech Merci fir Är Explikatiounen.
Jean Asselborn: Merci, Madame Klein.
|