|
Henri Eippers: Kritt d'NATO nach weider Truppen zesumme fir an den Afghanistan ze schécken? Dat war an ass eng vun den zentrale Froe bei der Reunioun vun den NATO-Verdeedegungsministeren an der litauescher Haaptstad Vilnius. Virun allem den zoustännegen amerikanesche Minister Robert Gates hat am Laf vun de leschten Deeg a Wochen Drock gemaach a gefuerdert, datt sech verschidden europäesch Länner méi staark engagéieren. An och Kanada, wat am Süden vun Afghanistan engagéiert ass, wëll net méi aleng de Bockel dohinner halen.
Iwwert déi verschidde Positiounen a Fuerderungen an och den Engagement vu Lëtzebuerg am Afghanistan wëlle mir an den nächste Minutte mam Arméiminister Jean-Louis Schiltz schwätzen, deen an de Reuniounen zu Vilnius dobäi ass. Gudde Moien, Här Schiltz.
Jean-Louis Schiltz: Gudde Moien.
Henri Eippers: Stëmmt et, wéi den amerikanesche Verdeedegungsminister behaapt, d'NATO wier amgaang an eng Zwouklassegesellschaft ze verfalen?
Jean-Louis Schiltz: Ech gesinn dat net esou. D'Allianz ass ee Ganzt. D'Präsenz am Afghanistan ass och een Ensembel. D'Solidaritéit tëscht den Alliéierten ass och ee Ganzt. Et steet jo ausser Fro, datt wann een Alliéierten a Schwieregkeeten ass, deen Aneren ëm zur Säit steet. Den däitsche Minister huet dat och kloer gesot, datt wa punktuell Truppen op anere Plaatze gebraucht ginn an dat am Sënn vun der Solidaritéit wier, wär e selbstverständlech bereet dat ze maachen. Op där aner Säit soll jiddereen dat maache wat e kann. Dat ass och eng Fro vu Gréisst a Kapazitéiten. Dat gëllt ënnert anerem fir Lëtzebuerg. Ech gesinn d'NATO net an der Kris. D'Konferenz vu Vilnius war jo och net eng Konferenz wou sollten elo formell Truppen ugemellt ginn. Den Här Gates huet am iwwregen vu Risiko vun enger Spaltung geschwat an net vu Spaltung. An en huet awer och ganz kloer gesot, datt kee Risiko géif bestoen, datt et am Afghanistan géif schif goen. Duefir gesinn ech dat alles e bësse méi nuancéiert a villäicht e bësse méi optimistesch och wéi dat op der Pressëagencen de Moien gemellt gëtt.
Henri Eippers: Dir hat et schonn deelweis ugeschwat: d'Amerikaner hate virun allem op Däitschland Drock gemaach, mat den 3.200 Mann déi sech an der Haaptsaach ëm den Norden këmmeren wier et net gedoen. Dat huet jo awer bestëmmt och e bësselchen awer fir Zündstoff an den Diskussioune gesuergt?
Jean-Louis Schiltz: Also wat d'Diskussiounen am Sall ubelaangt, do waren déi seriös an der Saach, wann Dir esou wëllt, an awer entspaant an der Atmosphär an am Klima. Dat Ganzt ass wéi gesot ee Prozess. Dat ass jo net vun engem Dag op deen anere, wou abemol déi punktuell Problemer déi do si, geléist ginn. Wann ech d'Beispill vu Kanada huelen, dann ass et kloer, datt d'Kanadier am Süden Hëllef brauchen. Dat ass eng Fro déi eis weider wäert begleeden am Hibléck op Bucarest. Fir de Rescht muss ee wëssen, datt d'NATO 40.000 Zaldoten sur place huet. Déi amerikanesch Missioun ass 20.000 Zaldote méi. Bei deene 40.000 sinn iwwregens och Amerikaner dobäi. 85-90% vun deem wat mir brauchen als NATO hu mir. De Secrétaire général seet, mir brauche méi. Dat ass wéi gesot eng Fro déi vun elo bis Bucarest weider wäert um Agenda stoen. Et ass e bëssen anmassend op där aner Säit wann ee bei 60.000 der 9 stellt fir do grouss matzerieden fannen ech ëmmer.
Henri Eippers: Wou steet Lëtzebuerg an deem ganzen? Ass nach een Effort méiglech? De Moment ass de Grand-Duché jo mat 9 Leit op der Plaz vertrueden.
Jean-Louis Schiltz: Mir hunn am Dezember eng grouss Reform vun der Arméi gemaach. Déi Reform erlaabt eis, eis Engagementer um Horizont 2008/2010 ze halen an z’erfëllen. Dat heescht, déi Reform erlabt eis dat wat mir versprach hunn och ze leeschten. Dat sinn an der Durée déi 9 Leit déi mir am Afghanistan hunn. Dat sinn déi 23 Leit déi mir am Kosovo hunn. Dat sinn déi punktuell Missiounen, Beispill Libanon, Beispill Bosnien. Fir de Rescht ass et kloer, datt mir mat där Reform an och mat eise Moyenen den Ament un d'Limitt ukomm sinn vun deem wat mir kënne liwweren. Mat deene 35 bis 40 Militaires déi mir permanent dobaussen hunn, déi eng exzellent Aarbecht maachen, dat och vun all Mënsch unerkannt gëtt, si mir un d'Limitten ukomm vun deem wat mir kënne liwweren. Et huet och eigentlech keen hei zu Vilnius mech mat enger spezifescher zousäzlecher Requête befaasst, well gewosst ass, datt dat wat mir maachen adäquat ass, an datt mir domat eis Limitten och erreechen. Ech hu virdru gesot, dat ass alles eng Fro vu Gréisst a Kapazitéit. Mir mussen eis ëmmer bewosst sinn, datt mir ee Land sinn wat net extrem grouss ass, wat seng Taille ubelaangt an d'Zuel vu sengen Awunner. An och deemno een adäquate Bäitrag leeschten, mä net iwwerdreiwen.
Henri Eippers: Nach ganz kuerz villäicht och op de Kosovo ze sprieche kommen. Ech ka mir denken, datt d'NATO-Partner do mengen ech direkt op enger Linn louchen?
Jean-Louis Schiltz: Vun engem militäresche Standpunkt aus gekuckt ass all Mënsch sech eens, datt déi militäresch Präsenz sur place méi wéi je essentiell ass an där Iwwergangsphase an déi mir elo antrieden. D'NATO ass do fir d'Sécherheet ze gewährleeschten op der Plaz. D'NATO wäert dat och esou laang maache wéi et néideg ass an engem militäresche Kader. An där Iwwergangsphase stellt sech och d'Fro vun der Reform vum Sécherheetssecteur. Do steet der NATO och eng Roll zou. Et ass eis Aufgab als international Kommunautéit de Kosovo ze begleeden um Wee vun der Entwécklung an um Wee vun der Stabilitéit. MKir wëssen alleguer, datt d'Stabilitéi am Kosovo och direkt eppes ze dinn huet mat Stabilitéit am ganze Balkan an dat muss eis als Europäer direkt interesséieren, well de Kosovo ass nëmmen annerhallef Fluchstonn vu Lëtzebuerg ewech. Dat heescht mir sinn domatter direkt betraff vun all deem wat do geschitt.
Henri Eippers: Här Schiltz, ech soen Iech merci fir d'Explikatiounen.
Jean-Louis Schiltz: Merci och, Här Eippers.
|