|
Frank Kuffer: Et bleift dobäi, bis 2010 sollen d’Budgetsdefiziter an den 13 EU-Länner déi den Euro hunn esouwäit wéi méiglech ofgebaut ginn, dat hunn d’Finanzministeren aus dëse Länner gëschter am sougenannten Eurogrupp nach emol confirméiert. Et gëtt awer trotzdem eng kleng Hannerdier opgelooss, nämlech soll ëmmer dat konjunkturellt Ëmfeld mat gekuckt ginn, sot de President vun deem Grupp, de lëtzebuerger Jean-Claude Juncker.
An eise Staatsminister ass dann och elo live um Telefon. Gudde Moien, Här Eurogrupp-President.
Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.
Frank Kuffer: Virun der Sëtzung war gesot gi Frankräich kréich eventuell de béise Fanger gemaach, wéinst de Budgetsdefiziter an no der Reunioun schreiwen d’Agencen, war d’Finanzministerin Christine Lagarde ganz zefridden. Wéi ass dat z’erklären?
Jean-Claude Juncker: Dat ass esou z’erklären, datt d’Madame Lagarde zur Kenntnis huet mussen huelen, datt déi aner Ministere vun deene 15 Eurolänner, dat heescht déi 14 aner Ministeren, bedauert hunn, datt Frankräich bei sengem Stabilitéitsprogramm, wat et virgeluecht huet, keng 100%teg Piste weist, wéi et et géif fäerdeg bréngen am Joer 2010 een ausgeglachene Budget ze hunn. Dat ass op schaarf Oflehnung vun deenen anere Ministere gestouss, déi Weigerung vu Frankräich fir sech iwwerdäitlech, an dat muss een an deene Saache maachen, ze engagéiere, fir 2010 de Budget an der Rei ze hunn. Dofir hu mir nach eng Kéier drun erënnert, wat mer d’lescht Joer am Abrëll zu Berlin décidéiert haten, nämlech, datt bis 2010 d’Budgete mussen am Equiliber sinn a wéi mir dat och scho virun engem Joer gesot haten, och drop opmierksam gemaach hunn, gëschter an der Nuecht, datt dem konjunkurellen Ëmfeld bei der Bewertung vun de Méiglechkeeten déi ee Land huet fir bis 2010 an der Rei ze sinn, muss Rechnung gedroe ginn.
D’Madame Lagarde ass zefridden, denken ech, ech hunn net héiere wat se gesot huet, well dem Wirtschaftswuesstëm dobäi Rechnung gedroe gëtt. Déi aner Ministeren an ech selwer sinn zefridden, well den Datum 2010, deen Zildatum wou d’Budgete musse propper sinn, well dee reconfirméiert ginn ass.
Frank Kuffer: Ech mengen Är Reunioun huet hënt ganz laang gedauert. War ee sech dann awer net esou eens? Huet et awer e bëssen Iwwerzeegungskraaft gebraucht?
Jean-Claude Juncker: Dat ass dat mannst wat ee ka soen.
Frank Kuffer: De Kommissiounspresident Jose Manuel Barroso war gëscht och bei der Reunioun dobäi, hat dat eng speziell Ursaach?
Jean-Claude Juncker: Den Här Barroso kënnt periodesch an d’Sitzunge vum Eurogrupp, besonnesch wann et spannend gëtt. E war gëschter do, net wéinst där franséischer Situatioun am besonneschen, mä wéinst der allgemenger Wirtschaftslag déi et ze behandele gëtt. Mir hunn de Rapport gemaach, ech selwer an den Här Trichet, vun der Sitzung vun de G7 Staaten zu Tokio. De Kommissiounpresident wollt dorop direkt reagéieren.
Frank Kuffer: Gesäit een dann elo schonn e bësse méi kloer? Bei Ärer leschter Sëtzung waren d’Finanzmäert just duercherneegerëselt ginn. Ass d’Situatioun fir Iech elo schonn e bësse méi kloer wou et higeet?
Jean-Claude Juncker: Déi Situatioun ass net iwwerdäitlech méi kloer. Mir ginn dovun aus, datt mer am Joer 2008 ee Wirtschaftswuesstum an der Eurozon wäerten hunn deen ënnert dem Wuesstumspotential bleift, dat heescht mir wuessen net esou staark wéi mer eigentlech bei rouegem Ëmfeld kënnte wuessen. Déi Kris op de Finanzmäert déi ass net ausgestan. Insgesamt mussen d’Banken an d’Finanzinstituter weltwäit 400 Milliarden Dollar ofschreiwen. Bis elo sinn eréischt 130 Milliarden ofgeschriwwe ginn an dofir hu mer zu Tokio an och gëschter d’Banken an d’Finanzinistituter an Europa, fir déi si mir jo zoustänneg, opgeruff, hir Verloschter esou séier wéi méiglech ze notifizéieren, fir datt mer méi kloer gesinn. Mir sinn nach net um Enn vun där Leidensphase, déi duerch d’Finanzturbulenzen ausgeléist ginn ass, ukomm. Mir si besuergt, datt déi sech nach eng zäitlaang wäert virusetzen.
Frank Kuffer: De franséische President Nicolas Sarkozy huet virgëscht a senger Televisiounsusprooch, wou en direkt an indirekt och gesot huet, datt heen zesumme mam Angela Merkel Europa aus der Kris gefouert huet, gemengt, et misst ee villes an Europa a Fro stellen. Lauschtere mer vläicht kuerz an een Extrait eran.
Nicolas Sarkozy (O-Toun): Maintenant, l’enjeu est de remettre de la politique en Europe, de ne plus abandonner l’Europe aux seuls jeux des règles automatiques qui ne laissent aucune place à la décision et à la responsabilité politique. Il faut pouvoir parler de tout comme dans n’importe quelle démocratie : de la monnaie, qui n’est pas un sujet de tabou, de la politique commerciale, de la politique industrielle, de la réciprocité en matière de concurrence ou des dérives du capitalisme financier.
Frank Kuffer: Här Juncker, wat heescht dat, wann den Här Sarkozy vun der Monnaie, also vum Euro schwätzt, a seet dat wier keen Tabuthema. Kréien d’Fransousen de Frang erëm?
Jean-Claude Juncker: Nee dat heescht dat guer net. Ech huelen un, datt den Här Sarkozy, mat där Bemierkung déi en do gemaach huet op der franséischer Televisioun wollt soen, datt een all Froen, déi mat dem Euro zesummenhänken, d’Aussecoursen, d’Zënspolitik, datt een déi muss kënnen am politesche Raum diskutéieren. Bei der Zënspolitik ass et esou, datt d’europäesch Zentralbank, déi jo onofhängeg ass, alleng zoustänneg ass fir d’Festleeë vun den Zënssätz. Bei den Taux de change, bei de Wiesselcoursen, bei der Wiesselcourspolitik gëtt et eng gedeelte Verantwortung tëscht der europäescher Zentralbank an dem Eurogrupp, an ech wëll dovun ausgoen, datt den Här Sarkozy op déi Evidenz wollt opmierksam maachen.
Frank Kuffer: Bleiwe mer nach just een Ament beim Här Sarkozy, heen huet gemengt et kéint een ee Sommet vun de Staats- a Regierungschefe vun der Eurozone organiséieren. Ass en net zefridde mam Eurogrupp oder wat kéint esou ee Sommet méi bréngen?
Jean-Claude Juncker: Dat ass eng aal franséisch Iddi déi doranner besteet, wéinst der Wichtegkeet vun der Wirtschaftspolitik – an d’Regierunge si jo fir d’Koordinatioun vun de Wirtschaftspolitiken an Europa zoustänneg – wéinst der Wichtegkeet vun der Wiessecourspolitik wier et gutt wa sech periodesch d’Staats- an d’Regierungschefen, deenen hir Länner am Eurogrupp sinn, géifen zesummesetzen, fir op der héchster Chefetage, wann ech kann esou soen, iwwert déi Froen ze diskutéieren. Ech stinn där Iddi prinzipiell net oflehnend entgéingt, ech hätt just gären, datt am Virfeld géif gekläert gi wat déi genau Dagesuerdnung dovun ass, dat ka jo keng Sitzung gi wou just Sträit mat der europäescher Zentralbank organiséiert gëtt. Ech wéisst gäre wat dann d’Valeur ajoutée vun där Sitzung par rapport zu de Sitzunge vun de Finanzministere ka sinn, wat kënnen d’Regierungschefe méi maachen, méi zum Ausdrock bréngen, méi soen a méi bewege wéi hir Finanzministeren. D’Regierunge si jo och alleguer an deem Eurogrupp vertrueden. Dat ass keng grave Kontrovers. An ausserdeem ech si bei deem engen dobäi an ech si bei deem aneren dobäi. Mir kann et eigentlech egal sinn op wat fir engem Niveau se dat géifen diskutéieren.
Frank Kuffer: Ma jo Lëtzebuerg géif jo dann de Finanzminister, de Staatsminister an de President vum Eurogrupp schécken, kee Problem. Här Juncker, villmools Merci fir dës Informatiounen de Moien.
Jean-Claude Juncker: Merci och. Awar.
|