|
Frank Goetz: Jean Asselborn, gudden Owend.
Jean Asselborn: Gudden Owend.
Frank Goetz: Här Asselborn, déi ganz Regioun kuckt elo op d’Europäesch Unioun. Wéi wäert d’EU sech dann elo verhalen?
Jean Asselborn: Ben mir mussen ëmmer dovunner ausgoen, datt et ideal gewiescht wier wa selbstverständlech d’Kosovaren an d’Serben eens gi wieren ënnert sech. Et wier och besser gewiescht, wënschenswert gewiescht wann effektiv um Niveau vun der UNO mer hätte kéinten eng Décisioun kréien. Dat war net méiglech duerch d’Positioun vun de Russen. Elo muss een awer wëssen, datt d’Europäesch Unioun am Fall Kosovo eng grouss Verantwortung ze droen huet. Et ass och gesot ginn, esouguer vum Generalsekretär vun der UNO, datt dat de Status quo, esou wéi et elo ass, datt dat net kann eng Zukunft opbauen. Also musse mer déi Déclaratioun eescht huelen, mir kënnen déi net an de Wand schloen. Mir musse wëssen, datt déi Déclaratioun do och gemaach ginn ass op Grond vun deenen Notiounen déi am Ahtisaari-Plang fixéiert gi waren.
Also ech géif mengen, mar ass ee wichtegen Dag och fir d’Europäesch Unioun a mir musse kucken eng Linn ze kréien, gemeinsam Conclusiounen ze kréien an dann ze kucke wéi mer virginn.
Frank Goetz: Här Asselborn ass et da méiglech, datt elo d’Europäesch Unioun d’Länner vun der EU an och Lëtzebuerg dach awer relativ séier de Kosovo als Staat kënnen unerkennen?
Jean Asselborn: Jo also, mir sinn haut Sonndeg, mar hu mir ganz ganz haart Aarbecht ze maachen. Mar ëm dës Zäit si mir méi wäit, ech hoffen datt mer méi wäit sinn, ech hoffen datt mer eng Conclusioun kréien, eng Linn kréien, wou et méiglech ass mar den Owend iwwert d’Unerkennung ze schwätzen. Den Owend ass kee Land vun der Europäescher Unioun dozou capabel. Mir mussen haart schaffe fir déi Conclusioun ze kréien. Mir wëssen, datt vill Länner Problemer hunn domatter. Mir mussen deenen hëllefen. Mä ech weess net ob et eng Alternative gëtt an och wéi Europa a senger Aussepolitik dobausse steet am Fall Kosovo hänkt natierlech vun eiser Aarbecht mar of an dat wësse mer alleguerten an dofir musse mir eis alleguerte wierklech druginn, all eis Energie opbréngen, fir datt mer eng gemeinsam Linn kréien.
Frank Goetz: Maachen d’Serben Iech Suergen? Ëmmerhin hu se mat diplomatesche Konsequenzen an eventuell esouguer mat Wirtschaftsblockade gedréit.
Jean Asselborn: Ech mengen, datt et trotzdem ganz positiv ass, datt de serbesche President Tadic expressis verbis all Gewaltakten, all militäresch Akten écartéiert huet. Ech hunn och nach net héieren aus dem Mond vum President Tadic, datt solle Sanktiounen um ekonomesche Plang geholl ginn. Ech hoffen, wat d’Waasser, wat d’Elektresch ugeet, datt et net zu esou engem Schrëtt kënnt. Dir wësst, et muss een op alles préparéiert sinn. Mir als Europäesch Unioun schécke jo och déi Missioun dohinner fir d’Rechtsstaatlechkeet opzebauen, mä un de fundamentalen, un den elementairen Infrastrukturen do däerf natierlech näischt Negatives geschéien an ech sinn och iwwerzeegt, datt och d’Serben à la fin du compte eng ganz grouss Repsonsabilitéit wëssen anzehuelen.
Wësst Dir, virun ongeféier genee zwou Woche waren déi jonk Leit a Serbien op der Strooss a si ware frou, datt de President Tadic gewielt ginn ass. Haut sinn d’Kosovaren op der Strooss a si si frou, datt se d’Indépendance kréien. Mä weder am Kosovo, nach a Serbien war jo awer ze spieren, datt dat eent géint deen anere geriicht war an dofir géif ech mengen, datt déi Energien och eng Kéier zesummen ze brénge sinn. Ech mengen datt d’Serben wierklech, vläicht mat e puer Ausname vun hire Politiker, mä d’serbescht Vollek wëllt no vir kucken an dofir musse mir och als Europäesch Unioun all deene Serben hëllefen, deene Politiker hëllefen déi wëllen no vir kommen an och Serbien d’Hand reechen, well ouni Stabilitéit a Serbien kréie mer och keng Stabilitéit; weder am Kosovo, nach um ganze Balkan.
Frank Goetz: Jean Asselborn, villmools merci op Bréissel.
Jean Asselborn: Merci och.
|