Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > février 2008 > Jean-Claude Juncker au sujet de l'actualité politique

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet de l'actualité politique
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 23-02-2008

Vers le niveau supérieur

Marc Linster: Invité de Mëtteg an der Emissioun ass de Staatsminister Jean-Claude Juncker. Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Marc Linster: Dës Woch huet hei zu Lëtzebuerg een Thema d’Aktualitéit dominéiert, de Vote vun der Stierfhëllef an d’Gesetz iwwert d’Palliativmedezin.

Jean-Claude Juncker, huet deen Ausgang vum Vote a Saachen Euthanasie Iech iwwerrascht oder hat Dir domatter gerechent ?

Jean-Claude Juncker: Deen huet mech net iwwerrascht, mä ech hat och net domat gerechent. Ech sinn dovun ausgaangen, esou wéi ech selwer dat gewënscht hat, datt all Deputéierten, egal a wat fir enger Partei, eng fräi Gewëssensentscheedung fräi vun all Parteizwang géif treffen, dofir war fir mech kloer, datt een beim Ufank vum Vote net konnt wësse wéi et um Enn vum Vote géif ausgesinn.

Marc Linster: Ass dee Vote dann elo eng Néierlag fir Är Partei, fir d’CSV?

Jean-Claude Juncker: Esou analyséieren ech dat net. Mir haten am Regierungsprogramm mat de sozialistesche Kollegen ofgemaach, mir géifen ee Gesetz iwwert d’Palliativmedezin maachen. Dat Gesetz ass mat alle Stëmme vun den Deputéierten ugeholl ginn, weist also ee groussen Accord mat der palliativer Approche zum Liewensenn. Ob dat viru Jore scho méiglech gewiescht wier, weess ech net. Eng Néierlag gesinn ech net, well mir hate gesot, jiddweree soll stëmmen, fräi no sengem Gewëssen. Dat hunn d’Leit a menger Partei gemaach. Ech hu keng Ursaach, deenen anere Leit ze ënnerstellen, aus anere Parteien, si hätten dat net gemaach, mä ech hunn awer net den Androck, datt bei eenzelnen sech net och parteipolitesch Raisonnementer mat ageschlach hätten an déi Aart a Weis wéi se hir lescht Décisioun forméiert hunn, mä ech wëll kengem dat ënnerstellen.

Marc Linster: A wat haalt Dir dann deenejéinege Kritiker entgéint, déi behaapten, Är Partei hätt dee groussen „C“ verroden, well et an der Chamber iwwerhaapt zum Vote vun der Proposition Err-Huss komm ass?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng Fro, déi mech betrëfft, well ech hunn déi Décisioun geholl, relativ alleng, datt déi Proposition de loi Err-Huss géif op den Ordre du jour vun der Chamber kommen. Dat hätte mir kënne verhënneren, well dat war net am Regierungsprogramm virgesinn, mä et huet mer geschéngt an esou enger exzeptionell dramatescher Fro, leschten Enns, datt een d’Klärung vun där Fro dem Parlament sollt iwwerloossen, ënnert der Bedingung, datt all Deputéierten, fräi vu Parteizwang säi Meenungsbildungsprozess kéint maachen an deen an dee Vote géif afléisse loossen. Esou datt ech net kann hei Parteipolitesches dran erkennen.

Ech sinn zwar e bëssen iwwerrascht iwwer eenzel Reaktiounen nom Vote an Nokommentéierunge vum Vote, déi sech esou uliesen, wéi wann dat doten elo de Beweis dofir wier, datt et och ouni d’CSV géif goen. Ech hunn nach ni behaapt, et géif net ouni d’CSV goen. Et geet eben anescht ouni d’CSV.

Marc Linster: Dir fannt also, datt et gutt war, datt et zu deem Vote komm ass?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt et eng Fro ass, déi an eiser Gesellschaft vill diskutéiert gëtt, an all eise Gesellschaften, och ronderëm eis. Nëmme wéineg Länner hunn dee Schrëtt an déi aktiv Stierfhëllef gemaach. Déi meeschten hale sech wäit dovun ewech, wäit iwwert d’Parteigrenzen eraus. Et ass jo just zu Lëtzebuerg, wou dat heiansdo an der Débatte eng parteipolitesch Faarf kritt. An Däitschland diskutéiere Leit vun der SPD, CDU, Liberalen, queesch duerch de Gaart iwwert déi Fro. Dat ass och am Frankräich de Fall, wou d’Parteie sech, wat se zu Lëtzebuerg net fäerdeg bruecht hunn, well se et och net probéiert hunn, sech zu enger gemeinsamer Linn duerchgerongen hunn. Ech respektéieren dee Vote. Ech fannen d’Kommentaren nom Vote relativ lamentabel an eenzelne Bestanddeeler.

Marc Linster: A propos Kommentaren, haut konnt een am Editorial vum Wortdirekter Léon Zeches liesen „sie tanzen den Todestanz“. Wéi gesidd Dir dann déi Appréciatioun?

Jean-Claude Juncker: Ech géif déi Wierder esou net wielen.

Marc Linster: Vu verschiddener Säit gouf bedauert oder esouguer carrément kritiséiert, datt Dir bei der Diskussioun vun deene wichtege Sujetë Palliativmedezin a Stierfhëllef an der Chamber net dobäi waart. Et ass gewosst, Dir waart zu Berlin, wou Dir ee Präis entgéintgeholl hutt. Mä wat haalt Dir deene Kritiker entgéint? Et war jo awer ee Sujet, deen Iech wierklech, mengen ech, éierlech gemengt, ganz um Häerz louch.

Jean-Claude Juncker: Et ass ee Sujet, dee mech opgewullt huet iwwer Joren a wou ech mer iwwer meng eege Meenung ni ganz sécher war. Ech hätt awer déi Proposition de Loi do net gestëmmt, well se mer juristesch net propper schéngt. Bal all Deputéierten déi an där Débatte geschwat hunn, hunn och gesot, esou wéi se do géif leien, kéint déi Proposition de loi net ëmgesat ginn. Da verstinn ech net ganz gutt firwat – et ass eigentlech onparlamentaresch – een en Text stëmmt, vun deem ee weess, datt e sech an der Praxis net ëmsetze léisst.

Mä et war gewosst, och am Parlament, datt ech viru 7 Méint deen Datum hat musse festleeë fir op Berlin ze fueren an datt ech och misst owes am europäesche Parlament schwätzen. Ech wier gären do gewiescht. Ob ech agegraff hätt, weess ech eigentlech net, well Drock schafen ass net meng Approche an där Saach gewiescht, mä Nuancen an d’Débatte ze streeën, hätt ech vläicht gäre gemaach. Also ech sinn deen Éischten dee bedauert, datt ech net dobäi war, mä jiddwereen deen deen Datum fir déi Débatte erausgesicht huet, wosst, datt ech net kënnt do sinn.

Marc Linster: Mä elo offréiert Dir Gespréichstoff fir Är Kritiker, déi soen, de Juncker interesséiert sech jo souwisou net méi fir Lëtzebuerg.

Jean-Claude Juncker: Enfin, ech interesséiere mech fir d’Mënschen, an déi Débatte déi do gefouert ginn ass, ass eng déi de Mënsch a sengem Wiesentleche betrëfft, wann et ëm säi Liewen an ëm säi Stierwe geet. Ech wier gären dobäi gewiescht, ech konnt et net. Dat wosst och jiddwereen. Et wier jo och een aneren Datum méiglech gewiescht, mä dat ass jo och net de Punkt. De Punkt ass jo net wat de Staatsminister an där Débatte gesot hätt. Deen ass net Deputéierten an en hat och net d’Deputéierten an hirer Meenungsbildung do z’influencéieren. Wann ech net do sinn, sinn ech fort an da gëtt dat kritiséiert. Wann ech hei sinn, sinn ech net do wou ech hätt solle sinn, da gëtt dat kritiséiert. Ech ka mech erënneren, mä et ass mer awer zimlech egal, datt ech op 3, 4 UNO-Sommeten net deelgeholl hunn, wou eigentlech nëmme Riede virgelies gi si vun de Regierungschefen a keng Débatten a keng Gespréicher stattfonnt hunn, 2000 oder beim 50. Gebuertsdag vun der UNO oder bei aner Geleegenheeten. Also wéi ech et maachen ass et verkéiert an ech probéiere meng Aarbecht anstänneg ze maachen, do wou ech mech grad ophalen. A mat de moderne Kommunikatiounsmëttelen ass et jo och net esou, datt een total vu Lëtzebuerg ofgeschnidde wier, wann ee soss éierens wier. Ausserdeem, dat muss ee vläicht mol eng Kéier nosichen, mä wee sicht schonn eppes no, sinn ech manner fort wéi vill aner Ministeren an der Regierung. Ausserdeem schaffen ech, et ass mer bal penibel dat mussen ze soen, wann ech heiheem sinn, 14, 15 Stonnen den Dag a Samschdes a Sonndes och, zesummegeholl 10 Stonnen an ech hunn 12 Aarbechtsdeeg Congé am Joer. Et deet mer leed, datt ech esou Dommheete muss hei de Leit entgéinthalen. Ech hunn den Androck, datt ech schaffen, och heiheem.

Marc Linster: Bewonnert Dir dann de Courage vun der Deputéierten Nancy Kemp-Arendt, déi als eenzeg vun der CSV fir d’Euthanasie gestëmmt huet.

Jean-Claude Juncker: Ech weess net ob dat eng Fro vu Courage ass. D’Madame Kemp-Arendt ass zu deem Vote do komm, no engem, wéi ech mer virstellen, schwéieren interne Kampf mat sech selwer. Ech hat ëmmer gesot jiddweree soll stëmme wéi en et fir richteg fënnt an ech kritiséieren dat net. D’Madame Kemp-Arendt bleift meng Kollegin, jo meng Frëndin an ech freeë mech op weider Zesummenaarbecht mat hir. Ech gehéieren net zu deenen, déi mat Bannstrahlen an der politescher Landschaft d’Leit kritiséieren, vun deenen ech denken datt se, wéi och alleguer déi aner Kollege vu menger Fraktioun, virun hirem Gewëssen eng Entscheedung getraff hunn déi si als richteg agestuft hunn. Dat ass net eng Saach déi ech ze appréciéieren hunn.

Marc Linster: Mä gesinn Är Kollegen an der Partei dat och alleguerten esou oder kritt d’Madame Kemp-Arendt dann elo awer vläicht Schwieregkeeten?

Jean-Claude Juncker: Si kritt keng.

Marc Linster: Wat bedeit dann elo dee Vote a Saachen Euthanasie fir d’Koalitioun? Huet dee Vote net awer een Impakt op d’Vertrauensverhältnis tëscht der CSV an der LSAP? Dir hutt jo e bësse Kritik awer gëschter nom Regierungsrot och un der LSAP uklénge gelooss?

Jean-Claude Juncker: Nee ech wëll just sécher sinn, mat mir, datt Deputéierten déi sech wollten enthalen oder dogéint stëmmen, net esou zougeschwat kritt hunn, datt se leschten Enns aus Parteisolidaritéit eraus hire Vote reconsidéréiert hätten. Ech weess net ob dat geschitt ass. Ech kann hei just fir mäi Veräin schwätzen an do ass dat net geschitt an ech wëll just allen anere wënschen, déi gestëmmt hunn oder déi mat Leit geschwat hunn, déi esou oder esou wollte stëmmen, datt se mat sech selwer fir laang Jorzéngten am Renge sinn.

Marc Linster: Wat haalt Dir dann deene Leit entgéint déi soen, Fortschrëtter, wann et da Fortschrëtter sinn, op gesellschaftspoliteschem Plang wären nëmmen ouni d’CSV méiglech?

Jean-Claude Juncker: Ech bréngen deem géintiwwer nëmmen ee mitt Laachen oder Lächelen, mä dat ass kee lëtzebuergescht Wuert, op. Et war schonn ëmmer modern, modern ze sinn an et brauch och kee besonnesche Courage fir sech enger Meenung, vun där ee mengt si wier virherrschend an der Bevölkerung do unzepassen. An dëser Fro ass et eng Saach vu sech selwer aschätzen a vu sech selwer der leschter Fro vum Liewe géintiwwer stellen. Dat huet fir mech iwwerhaapt näischt mat Parteipolitik ze dinn. Dat huet wierklech eppes, am nobelste Sënn vum Wuert, eppes mat dem Exercice vum parlamentaresche Pouvoir ze dinn, deen ee vum Wieler kritt huet a wou ee sech muss préifen, wéi een d’Saache gesäit an ech hunn och do keng weider Kommentaren iwwert d’Verhale vun deenen engen oder vun deenen aneren auszespriechen. Mä einfach esou mat dësem Beispill d’CSV an den Eck vun deenen éiweg Réactionnairen a Konservativen ze stellen, schéngt mer dach e bësse wäit hiergeholl. Ech hunn Iech elo éinescht gesot wéi d’Débatten am Ausland verlafen, déi Länner gi jo net alleguer vu Chrëschtdemokrate regéiert. A falls elo, dann déi lescht 10 Joer net. A wann et esou evident wier tëscht réckstänneg a fortschrëttlech déi Fro ze subdividéieren, dann hätte jo all Länner wou déi Chrëschtdemokraten an de leschte Joren net am Pouvoir gewiescht wieren, esou Gesetzer kënnen huelen. Ech menge mir diskutéieren dat zu Lëtzebuerg e bësse lassgeléist vun den Elementarien déi d’politesch Gedankeféierunge predeterminant bestëmmen.

Mir hunn eng Rei vu Reforme gemaach, och an dëser Koalitioun an ënnert där fréierer. Et ass een CSV-Justizminister, deen d’Zesummeliewe vun heterosexuelle Koppelen a vu Koppelen déi sech net wëlle bestueden, geregelt huet. Bei eis hunn heterosexuell Leit déi zesumme liewen, ouni bestuet ze sinn an déi homosexuell Leit déi zesumme liewen ouni bestuet ze sinn, wiesentlech méi Rechter wéi a munche Länner déi vu sech soen, si hätten déi sougenannten Homoehe agefouert. Mir hunn elo nach bei deem leschte Steierpak Verbesserunge gemaach, där Gestalt, datt déi Leit hetero- oder homosexuell Koppelen déi net bestuet sinn, déiselwecht Steierrechter hu wéi déi aner. Dat war och scho virdrun, an deem Gesetz wat ander leschter Legislatur gestëmmt ginn ass, notamment beim Ierfschaftsrecht, de Fall. Mir schaffe virun un deene Problemfelder an ech loosse mech eigentlech net nervös duerch déi maachen, déi soen ech wier esou eppes wéi den Häuptling vun enger reaktionnairer Trupp. Esougutt wéi déi sinn ech och.

Marc Linster: Fäert Dir dann net, datt elo awer och nach d’Diskussioun iwwert d’Euthanasie weidergeet, well et gëlt jo elo mol déi zwee Gesetzer déi votéiert goufen, déi zwee Texter op een Nenner ze bréngen.

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt eng Débatte wéi déi doten, déi un d’Liewegt geet, well se ëm d’Stierwe geet, ni eriwwer ass an der Gesellschaft, an de Famillen, an op de Better vun deene Leit déi krank sinn, do spillt se sech of. Déi spillt sech am Parlament of, wann ofgestëmmt gëtt, mä wann déi Gesetzer applizéiert ginn, spillt se sech of an der Intimitéit vu klenge Raim an de Spideeler an dat ass eng ganz aner Diskussioun an dofir mengen ech, datt déi Débatte virugeet. Reng prozedural ass elo ze kucke wat de Staatsrot a sengem Avis seet an da mussen déi, déi déi Proposition de loi gestëmmt hunn dofir suergen, datt se esou ëmgeschriwwe gëtt, datt se och een applicabelen Text an der Schlofkummer vun deem gëtt, deen déi Décisioun geholl huet. Dat ass keng einfach Fro. Ech huelen och gär un där Diskussioun deel, well et soll ee sech net aus deenen Diskussiounen zréckzéien, mä mir si mat där Débatte nach net am Detail fäerdeg.

Marc Linster: Dës Woch gouf d’Aktualitéit vun engem anere Sujet dominéiert, dës Kéier een internationalen, well dës Woch huet de Kosovo nämlech seng Onofhängegkeet déclaréiert an eist Land huet déi Onofhängegkeet, wéi déi allermeescht EU-Länner och, séier unerkannt. Beim Débat an der Chamber huet de mandatéierte Spriecher vun der CSV, de Laurent Mosar, sech awer komplett desolidariséiert vun der Linn vun der EU. Fannt Dir dat normal, datt den Här Mosar esou eng Ried am Numm vun der CSV gehalen huet?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt den Här Mosar sech vun der EU-Linn desolidariséiert hätt, well leschten Enns huet d’Fraktioun vun der CSV déi Motioun gestëmmt déi abruecht ginn ass an déi d’Onofhängegkeet vum Kosovo an hirer Unerkennung zum Inhalt hat. Den Här Mosar huet, wéi ech dat an der Vergaangenheet dacks gemaach hunn, ee Joer laang eng Rei vu juristesche Froen gestallt, op déi net all Äntwerte konnte geliwwert ginn, well et déi Äntwerten och net gëtt. Meng Positioun an där Affaire ass kloer an onkloer zugläich. Ech sinn der Meenung, datt ee mam Status quo am Kosovo net ka virufueren, well et kann een net 100 Joer laang een Territoire an der Mëtt vun Europa ënner international Administratioun stellen. De Status quo war also keng Léisung. D’Unerkennung vun der Onofhängegkeet vum Kosovo werft nieft der Fro u sech eng Rei vun annexen, kolateralen Froen op, op déi d’international Gemeinschaft keng Äntwert huet, a mat der Beäntwertung vun deenen déi international Gemeinschaft sech och wäert extrem schwéier dinn an deenen nächste Méint a Joren. Mä ech sinn an dëser Fro absolut solidaresch mat dem Ausseminister, dem Jean Asselborn, mat deem ech bei all Etappe vun der Entwécklung vum Kosovodossier laang Gespréicher hat. Ech sinn also do net op engem Pad, dee mech géif dozou bréngen, mech vu mengem eegenen Ausseminister ze desolidariséieren.

Marc Linster: Dir selwer sot awer gëschter, d’europäesch Diplomatie hätt an dësem Kontext versot. Wéi hutt Dir dat da gemengt a wen huet Dir domatter viséiert?

Jean-Claude Juncker: Dat ass meng Meenung an domat hunn ech nu wierklech net den eegenen Ausseminister viséiert, dee sech d’Méi ginn huet fir Brécken ze bauen. Ech wëll domat soen, datt d’Europäesch Unioun schlecht beroden ass, wa se mengt eng international verständlech Positioun wier déi, déi am leschte Moment dozou kënnt fir ze soe jiddweree mécht wat e wëllt. Dat ass net meng Opfaassung vu geschlossenem europäeschem Optrieden, mä ech akzeptéieren, datt Länner wéi Spuenien, wéi Zypern, wéi Rumänien, wéi Griechenland op Grond vun eegene Sensibilitéiten, op Grond vun eegenen historeschen Irrungen a Wirrungen, sech an där Fro méi schwéier dinn. Ech hätt och gären, datt d’Positioun vun deene Länner géif respektéiert ginn an déi net géif beschriwwe ginn als eng déi sech ausserhalb vun dem europäeschen Entscheedungsraum géif bewegen.

Marc Linster: Stëchwuert Europa, de Minister Nicolas Schmit huet dës Woch zu Stroossbuerg confirméiert, datt et informell Gespréicher gëtt fir ze kucke wéi d’Fonctioun vum EU-President soll ausgefëllt ginn an et géif natierlech och iwwer Persoune geschwat. Wéi gesäit dann Är Job-Description aus? Wéi soll dee Posten ausgefëllt ginn, déi Fonctioun?

Jean-Claude Juncker: Ech war géint d’Créatioun vun deem Posten, dat ass allgemeng bekannt, well ech ëmmer fonnt hunn, datt en net präzis beschriwwe wier. Dat hat mech och dozou bruecht, dat huet jo vill Leit enorm gestéiert an der Zäit, fir ze soen, déi Aarbechten iwwert déi an aner Froen, déi hätte sech an enger absoluter Dunkelkammer ofgespillt. Haut weess jo kee richteg wéi en d’Aarbecht vun dem President vum europäesche Rot soll beschreiwen. Ech hätt also mat deem wat ech deemools gemutmaasst hat net onrecht.

Ech mengen, datt de President vum Europäesche Rot muss ee Mann sinn, deen déi interinstitutionell Equilibere respectéiert, dee säin Amt net däerf an engem reng intergouvernementale Sënn just Europa als eng Regierungsaffaire begräifend féieren, mä datt e muss een Auskomme mam Kommissiounspresident a mat der Kommissioun fannen, déi d’Haaptinstitutioun vun der Europäescher Unioun an d’Motorfunktioun an der Europäescher Unioun muss ausüben. Ech mengen, datt e muss Zougrëff hunn zu deenen anere Formatioune vum Conseil, well en huet jo keen nationalen Apparat zu senger Verfügung wéi een dat normalerweis huet, well en den europäesche Rot présidéiert, fir déi aner Conseilen esou ze féieren, datt um Enn vun der Presidentschaft all Elementer déi ee brauch, kënnen op dem Niveau vun dem Conseil européen zesummegefouert ginn an enger Aart a Weis, datt et och do zu Eenegunge kënnt. Iwwert déi Froë fannen de Moment Gespréicher statt.

Marc Linster: Ob Dir et wëllt oder net, ob et Iech gefällt oder net, an dësem Kontext [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Nee, et gefällt mer net.

Marc Linster: …et fällt jo och ëmmer Ären Numm. Ënnert wéi enge Konditioune géift Dir dann elo President vun Europa wëlle ginn? Oder sidd Dir iwwerhaapt interesséiert? Dir hutt emol eng Kéier geäntwert, mengen ech, um Joresenn, et géif Iech natierlech schmeechelen, datt Dir esou als Kandidat géift oft zitéiert ginn, mä wéi ass et mat Ärem Wëllen?

Jean-Claude Juncker: Ech hat net gesot et géif mech schmeechelen, ech hat gesot, et géif mech net beleidegen.

Marc Linster: Dat heescht e bëssen datselwecht.

Jean-Claude Juncker: Jo enfin, a menger nuancéierter Approche zu der Wahl vun de Sproochmëttelen ass et net dat selwecht. Ech wollt eng Kéier soen, well déi Diskussioun ufänkt e bësse schwiereg fir mech ze ginn…

Marc Linster: Jo geet se Iech net op de Sou?

Jean-Claude Juncker : Jo si geet mer op de Sou a si geet mer och net op de Sou, mä si geet mer haaptsächlech op de Sou. Ech wollt soen, datt wann ech nëmmen no mir selwer kucken, dat däerf ee jo heiansdo am Liewen, da géif ech gären, an zwar zu 100% zu Lëtzebuerg bleiwen. Ech hänken hei un deem Land, ech hunn dat gär, ech schaffe gären an deem Land an heiansdo och fir dat Land a wann ech just no mir kucken, da géif ech gären heibleiwen. Dat ass eng Décisioun, déi leschten Enns och net vu mir ofhänkt. De Wieler bestëmmt ween hei am Land an der Regierung sëtzt an de Wieler gëtt och ëmmer e bëssen Indikatiounen driwwer, dat hat en déi leschte Kéier jiddwerfalls gemaach, ween e gär als Staatsminister géif an deenen nächste Joren hei am Land schaffen a wierke gesinn. Ech sinn do ëmmer an den Hänn vun de Leit. Ech ka jo net selwer décidéieren, ech bleiwen elo Staatsminister, Punkt, a Wahle si Wahlen. An deem ass Rechnung ze droen.

Mä ech muss och bedenken, nodeem ech eng Kéier am Joer 2004, nodeem awer wierklech jiddwereen an Europa mech gefrot hat fir Kommissiounspresident ze ginn, gesot hunn, ech géif dat net maachen, well ech gären hei am Land géif bleiwen, ob esou een zweeten Nee sech net leschten Enns géif negativ géint dat eegent Land auswierken, doduerch datt deen deen dat Land zanter laange Joren zu Bréissel vertrëtt, sech systematesch net disponibel weist fir eescht Verantwortung ze iwwerhuelen. Also wann ech just no mir kucken, géif ech erëm gären hei mat an d’Wahle goen an hei untrieden a probéieren, datt meng Partei déi Wahle gewënnt an datt hei am Land eng gutt Regierungs- an iwwerhaapt politesch Aarbecht gemaach gëtt, mä ech muss och aner Saachen a Betracht zéien.

A kuckt mol Här Linster, elo si mer jo hei ënner Lëtzebuerger, do lauschtert jo soss keen no, wann ech elo soen, et kënnt iwwerhaapt net a Fro, datt ech dat maachen, da verléieren ech all Zougrëff drop, op d’Entscheedung ween et da gëtt. Et ass awer eng wichteg Funktioun an der Europäescher Unioun an ech weess, datt dat mer eigentlech hei am Land schued. Et schued mer enorm, well d’Leit soe sech, sou, de Juncker deen ass am gaangen op Bréissel ze plënneren. Ech verschwanne lues a lues vun hirem Radarschierm. Dat wäert een och bei deenen nächste Meenungsëmfroen, vun deenen ech souwisou näischt halen, wéi Dir wësst, obschonn ech se regelméisseg un der Spëtzt uféieren, mierken. An dat ass net gutt fir mech. Mä d’Verantwortung fir dat eegent Land, d’Verantwortung fir dat europäescht Land, wann ech kann esou soen an d’Befannen iwwert den eegenen Ëmgang mat mir selwer, eng minimal Portioun vun Egoïsmus muss ee mer och duerchloossen, brénge mech dozou mech de Moment zu deenen Froen, normalerweis, net esou laang ze äussere wéi ech dat elo gemaach hunn.

Marc Linster: Wann ech Är bësse komplizéiert Argumentatioun [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Et ass net ganz komplizéiert. Ech sot, am léifste géif ech hei bleiwen a wann et net anescht ass, da muss ech anzwousch anescht goen. Den éischte Saz wier et gutt, wann eenzelner en net géifen iwwerhéieren.

Marc Linster: Also mä kee kategoreschen Nee?

Jean-Claude Juncker: Mä awer och kee massive Jo. Ech wëll dat analyséieren am Kuerf vun deenen Argumenter déi da komplett sinn, wann ee gesäit wat heiheem ass an dat mécht mer Spaass, och wann et heiansdo schwiereg ass an och wann ech de Leit, dat spieren ech jo och, lues a lues ufänken op d’Nerven ze goen, andeem ech mech och froen, wat ass gutt fir eist Land an Europa. Ausserdeem si jo alleguer déi aner Parteië massiv dofir, datt ech ginn an ech lauschtere jo ëmmer deenen anere Parteien och no, awer net ëmmer do wou se mengen.

Marc Linster: Ech stellen Iech nach eng Fro, déi Iech wahrscheinlech och op de Sou geet.

Jean-Claude Juncker: Oh mei.

Marc Linster: Sollt Dir dee Posten iwwerhuelen, hutt Dir Iech da scho Gedanken iwwert Ären Nofolger als Premier gemaach?

Jean-Claude Juncker: Déi Gedanke maachen ech mer pausenlos, net well ech mengen, datt déi Fro sech abrupt kënnt stellen, well ech hunn net wëlles nach eng Kéier mam Auto an eng Leitplank ze rennen an net méi opzestoen, net well ech mengen, datt se sech elo an den nächste Méint oder an den nächste Jore géif stellen, mä et gehéiert zur Responsabilitéit vun engem deen – ech hunn déi Formel net ganz gär – un der Spëtzt vun engem Land steet, soe mer mol vun der Regierung, dat si jo zwou verschidde Saachen, dee muss sech ëmmer Gedanken driwwer maachen, wat geschitt, wann ech net méi japse kann? Dat ka jiddwerengem vun eis vun haut op mar an der nächster Minutt geschéien, dat gehéiert zum responsabelen Ëmgang mat der Muecht, am nobele Sënn vum Wuert, datt ee Suerg dofir dréit, datt wann ee selwer aus iergendengem Grond muss ausscheeden, och well een d’Flemm huet an ophält, och well ee bemol net méi kann, där Momenter huet jo jiddwereen, datt dann eben ee bereetsteet deen dat ka maachen. A géif déi Situatioun antrieden, géif ech menger Partei, esou wéi mäi Virgänger Jacques Santer dat och a Bezuch op mech gemaach huet, eng ganz kloer Propositioun maachen.

Marc Linster: Kënnt dann do iwwerhaapt een aneren a Fro wéi de Luc Frieden?

Jean-Claude Juncker: Dir sidd jo net bei mir an der Partei.

Marc Linster: An d’Viviane Reding, wär dat dann eng Persoun déi do kënnt a Fro kommen?

Jean-Claude Juncker: Kuckt mol, firwat muss ech mech, nodeem déi éischt Fro net beäntwert ass, dauernd mat der zweeter Fro beschäftegen, ween dann Nofolger kënnt ginn. Ausserdeem läit dat zu engem ganz groussen Deel an den Hänn vun de Lëtzebuerger selwer. Mir sinn als Politiker, dat soen ech heiansdo, Wuess an den Hänn vun de Leit. Mir forméieren eis jo net selwer. Mir gi jo forméiert, duerch d’Upake vu villen aneren am Land an ech maachen dach elo keng Diskussioun hei mat Iech, trotz aller Frëndschaft, iwwert d’Fro, ween dann am Fall wou ech géif, nodeem ech net weess ob ech géif an nodeem ech gesot hunn ech bleiwen am léifsten hei, Nofolger vum Staatsminister ginn. Dat wier souwisou nëmme fir e puer Méint an duerno fanne Wahle statt.

Et ass eng lästeg Saach, mä ech verstinn awer, datt Dir dat maacht, Dir musst jo och Ärem Beruff hei leschten Enns nokommen, fir een ëmmer an esou Gespréicher eranzezéien, wat geschitt wann. Wann den Iesel eng Kaz wär, géif den Iesel ouni Problem op de Bam kommen.

Marc Linster: Ech schwätzen elo iwwert eppes wat net wenn oder wann ass, mä déi Diskussioun leeft jo elo de Moment. Dir hutt jo selwer gutt elo beschriwwe virdrun, mä fäert Dir dann net, datt elo schonn awer intern bei Iech an der Partei, fir een däitscht Wuert ze gebrauchen, de Kampf der Hyänen ufänkt?

Jean-Claude Juncker: Also Hyäne gesinn ech net esou richteg um Wierk. Dat ass eng zoologesch Ausdrocksweis déi ech net wëll op iergendeen a menger Partei applizéiert gesinn, och net an aner Parteien an ech denken, datt meng Partei net am Androck steet, datt alles mech no Bréissel zitt. Ech hätt gären, datt jiddwereen am Androck steet, datt alles mech heihält an datt ech dat och wëll maachen, à moins datt ech zur Schlussfolgerung kommen, datt et fir d’Land, e bëssen och fir mech selwer, ech wëll dat iwwerhaapt net verstoppen, well ech jo soen, datt d’Leit awer lues a lues ufänken d’Flemme mat engem ze kréien, besser wier ech géif eppes anescht maachen. Mä do si mer net. Ech fannen et och net gutt, datt doriwwer dauernd spekuléiert gëtt. Ech maache meng Aarbecht hei, ouni datt ech elo driwwer nodenken, sinn ech d’nächst Joer nach hei oder sinn ech d’nächst Joer anzwousch anescht. Ech gi bezuelt fir ze schaffen. Dat maachen ech. Ech schaffen.

Marc Linster: Dont acte. Mir mussen elo eng kleng Paus maachen. Da kënnt de Journal.

Jean-Claude Juncker: Gott sei Dank.

Marc Linster: An duerno schwätze mer dann iwwert de Bommeleeër.

[...]

Marc Linster: Invité de Mëtteg am Background ass wéi gewosst de Staatsminister Jean-Claude Juncker. Mir kommen da bei de Bommeleeër, well dat ass jo een anere Sujet, deen d’lëtzebuerger Ëffentlechkeet an de leschte Wochen dominéiert huet. Zwee Poliziste sinn hei inculpéiert. D’Policespëtzt gouf décapitéiert an ersat.

Hand op d’Häerz, Här Juncker, geet déi ganz Geschicht Iech net mëttlerweil déck op d’Nerven?

Jean-Claude Juncker : Dat ass ee falschen Ausdrock, wann ech géif soen si géif mer op d’Nerve goen. Si mécht mech verdrësslech, well d’Leit Recht hu wa se soen, datt se gäre wéisste ween déi Attentäter, fir dat mol esou ze nennen, waren. Ech wéisst dat och gären. Ech si ganz, jo, richteg trauereg driwwer, datt et vill Leit am Land gëtt, déi mengen d’Regierung oder de Staatsminister oder ech weess net ween, géif alles maachen, fir datt déi Affaire net géif opgekläert ginn. Si schued der Politik enorm, well vill Leit mengen d’Politik hätt eppes domat ze dinn. Et ass also am uereegenen Intérêt vun der Politik a besonnesch vun deenen déi scho méi laang regéieren, dat heescht vun der CSV, vun der DP a vun der LSAP, datt déi Saach sech séier opklärt. Mä mir hu selwer keen Zougrëff op déi Enquête, well mer net Procureur sinn, well mer net Untersuchungsriichter sinn, well mer net Polizist sinn. Ech hätt einfach gären, datt déi Affaire géif opgekläert ginn an ech muss heiansdo zu Ausdrocksforme kommen, fir mech verständlech ze maachen, déi mech herno bal genéieren, datt ech soen, ech géif schwieren, datt ech et net wéisst. Ech fannen et relativ schlëmm, wann een eigentlech an der Expressioun esouwäit gedriwwe gëtt, datt ee muss zu där Radikalrhetorik moralescher Dimensioun do Réckgrëff huelen.

Ech hoffen datt, an ech weess, datt d’Justiz hir Aarbecht mécht. Ech hätt gären, datt déi Aarbecht géif séier gemaach ginn an ech hätt gären datt tabu- a respektlos viru kengem a virun näischt déi Affaire géif opgekläert ginn. Mä ech weess och aus aneren Dossieren, net heiheem, mä am Ausland, datt et heiansdo net esou evident ass fir opzeklären. D’Schweden, ech hat dëser Deeg de schwedesche Premier hei, mat deem ech och iwwert de Bommeleeër geschwat hunn, well déi dat jo liesen an hire Länner, déi hu bis haut nach net erausfonnt ween den Olof Palme, hire Premier, op offener Strooss erschoss huet. Eis belsch Kollegen hu bis haut nach net erausfonnt, ween hannert där Mordserie steet, déi als Tueurs du brabant-Episode an déi belsch Kriminalgeschicht Agank fonnt huet. Dat kënnt ëmmer erëm vir. Ech hätt awer net gären, datt de Bommeleeër eng Affaire géif ginn, déi sech an déi Rei agesellt, mä ech hätt gären, datt d’Affaire ronderëm de Bommeleeër eng Affaire gëtt déi opgekläert gëtt, séier opgekläert gëtt.

Marc Linster: Déi Gréng hunn an dësem Kontext eng pertinent Fro opgeworf: Hate mer eventuell 85, 86 eng Staatskris a keen huet et gemierkt?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt mer eng Staatskris haten a keen hätt et gemierkt. Mä et stellt sech eraus, och aus den Aussoë vum Här Procureur d’Etat, datt manifestement ee gestéiert Vertrauensverhältnis tëscht der Justiz an eenzelne Kreesser an der Polizei war. De Luc Frieden huet doropshin déi Décisioune geholl déi hu musse geholl ginn. Hätt een, nodeem de Procureur däitlech zum Ausdrock bruecht huet, datt eng Vertrauenskris do wier, hätt de Luc Frieden net reagéiert, dann hätte mer vläicht lues a lues esou eppes wéi eng Staatskris tëschent deenen zwee Pouvoiren, Justiz a Polizei, déi jo zur Executiver gehéiert, a leschter Analyse kritt. An dat ass verhënnert ginn. Dofir hunn ech gesot, datt de Luc Frieden der Staatskris – Staatskris war do, dat huet sech aus dem Gespréich erginn, tëscht Gänseféisercher ze setzen – de Gëftzand gezunn huet, well en net zougelooss huet, datt et weider Eeterbildunge géif ginn.

Marc Linster: De Procureur gëtt jo awer grad elo a konservative Kreesser vill kritiséiert wéinst sengem Bréif un de Luc Frieden. Wéini kritt dann d’Justiz ee Conseil supérieur?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net watfir konservativ Kreeser, dat weist jo, datt ech net zu deene gehéieren. De Procureur d’Etat [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: CSV-Leit.

Jean-Claude Juncker: …ah bon, Dir kënnt net einfach esou mat där liichtfankeger Sproochregel, wéi Dir dat hei maacht, d’CSV als konservativ Kreeser ofstempelen. Ech hunn och an der CSV selwer keng massiv Kritik um Procureur héieren. Ech géif och esou Gespréicher, niewebäi bemierkt, net ouni Reaktioun zouloossen, mä ech hunn an der Erklärung zur Lag vum leschte Joer gesot, datt mer esou eppes wéi ee Conseil supérieur vun der Magistratur bräichten. Net jiddwereen an der Magistratur schéngt dat spontan mat Applaus kënnen ze begleeden, mä dat kënnt awer. Dat huet awer näischt mat der Affaire Bommeleeër ze dinn, mä éischter mat dem Selbstverständnis vun der Justiz, datt déi sech heiansdo zu sech selwer och muss kënnen äusseren.

Marc Linster: Virum Code d’instruction criminelle sinn all Polizisten op engem Niveau, vum héchsten bis zum nidderegsten. An der Affaire Bommeleeër gesäit et awer esou aus wéi wann héich Gendarmen ëmmer den Daum op der Enquête haten, d’Justiz behënnert hunn an net zougelooss hunn, datt hir Kollegen uerdentlech un der Enquête schaffe konnten. De Colonnel Harpes zum Beispill, huet jo wuel de Rapport vum Service de Renseignements iwwert d’Observatioun Geiben gelies, deen awer krut den Untersuchungsriichter eréischt am Joer 2004. Mä wann een dat héiert, da muss de Colonnel Harpes jo eppes gewosst hunn.

Jean-Claude Juncker: Ech liesen aus deem Bréif deen den Här Procureur dem Justizminister geschriwwen huet, datt de Colonnel Harpes, dee viru laange Jore Kommandant vun der Gendarmerie war, muss Kenntnis gehat hu vun deem Observatiounsrapport vum Geheimdingscht aus dem Joer 86, mengen ech, wa mech net alles täuscht. Wat iwwregens weist, datt de Geheimdingscht, deen op Demande, wéi et schéngt, vun der Gendarmerie déi Observatioun gemaach huet ëm déi et geet, dee Rapport jo virugereecht huet, esou datt deen deenen héchste Stelle vun der lëtzebuerger Gendarmerie zougänglech gemaach gi war, ansonsten den Här Harpes jo net mat Elementer, déi just an deem Observatiounsrapport do stoungen, hätt kënne bei der Justiz, wéi e gehéiert ginn ass, aussoen. Tatsaach ass, datt de Geheimdingscht, fir dee sinn ech direkt responsabel, sech an dëser Affaire näischt virzewerfen huet an dofir maache mer och sämtlech Achiven op. Déi géife mer iwwregens och opmaachen, wann e sech eppes virzewerfen hätt, well ech weess net wat alles do draläit.

Marc Linster: Wat äntwert Dir dann deene Kritiker déi soen, déi Archivë wäre méiglecherweis gebotzt ginn, ier Dir se fräiginn hätt?

Jean-Claude Juncker: Ech ka mir dat net ganz gutt virstellen. Also wann d’Leit soen, ech géif elo soen, elo ginn d’Archive gekuckt, nodeem ech dofir gesuergt hätt, si géife gebotzt ginn, da gëtt et do nëmmen ee lëtzebuergescht Wuert fir ee Virworf vun där Zort, deen normalerweis an Zesummenhang mat landwirtschaftlecher Aktivitéit a geschlossene Raim stattfënnt an dee wëll ech hei op dem Radio net gebrauchen, well och Kanner nolauschteren. Esou funktionnéieren ech net. Ech si Chef vum Geheimdingscht, politesche Chef vum Geheimdingscht. Et gëtt och gemaach, wéi wann deen alles misst wësse wat de Geheimdingscht de ganzen Dag ronderëm d’Auer géif maachen. Esou ass dat jo net.

Ech ginn allgemeng Orientéierungen an ech iwwerwaachen d’Anhalung vun deeneselwechten. Ech sti riicht fir alles wat de Geheimdingscht mécht, vun deem ech eppes wosst. Ech stinn net riicht fir dat wat e mécht, wat ech net wosst a mir hunn eng parlamentaresch Kontrollkommissioun, an déi hunn ech elo gebieden, ënner Réckgrëff op een Artikel vun deem Gesetz, mer ee Bericht ze maachen iwwert d’Funktiounsweis an iwwert d’Aktivitéite vum Geheimdingscht. Dat ass eng aner Saach, niewebäi bemierkt, wéi déi normal Aktivitéit vun där parlamentarescher Kontrollkommissioun. Déi besteet nämlech doranner fir d’Aktivitéite selwer vum Geheimdingscht ze iwwerwaachen. Ech stelle fest, datt den Direkter vum Geheimdingscht, no de Perquisitioune vun der Justiz am Geheimdingscht selwer, déi Enn 2003 stattfonnt hunn, nach eng Kéier sämtlech Archiven duerchliichte gelooss huet an dunn dee Rapport d’Observation ëm deen et hei geet, den Här Geiben betreffend, fonnt huet an en du selwer bei d’Untersuchungsriichterin gedroen huet. Déi Leit déi soen, de Geheimdingscht géif hei zoudecken an domat eigentlech och indirekt wëlle soen de Staatsminister géif hei zoudecken, solle sech mol froen, firwat datt mer dann alles bei den Untersuchungsriichter droen, wat mer zu bestëmmte Momenter fannen.

Marc Linster: Mä gëtt et net méiglecherweis ee Geheimdingscht am Geheimdingscht?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn doriwwer keng Kenntnis. Ech hunn dat schonn e puermol gesot, domat wëll ech deen eegene Geheimdingscht net beleidegen, datt ech Geheimdingschtler géintiwwer ee gesond Misstraue behalen hunn an déi däerfen awer mir géintiwwer kee Misstrauen hunn. Déi musse mer alles soen, vun deem se mengen et wier gutt, datt ech et géif wëssen. Mä ech observéieren dat mat, jo, mat engem rechtstaatlech gedréiten Aen. Ech hätt gären, datt déi rechstaatlech Prinzipien, och am Beräich vum Geheimdingschtwiesen applizéiert ginn. Meng Iwwerzeegung ass, datt dat geschitt. Sollt ech enges Daags feststellen, datt et ee Geheimdingscht am Geheimdingscht gëtt, da géifen, Staatsbeamtestatut hin oder hier, déi dofir Responsabel fristlos entlooss ginn.

Marc Linster: Lescht Fro an dësem Kontext, wat bedeit et da fir d’lëtzebuerger Gesellschaft, wann déi Béis a Gänseféisercher Gudder waren?

Jean-Claude Juncker: Wa sech géif erausstellen, wat ech net weess, well ech mech hei net u Vermutunge kann inspiréieren déi doruechter zirkuléieren, datt am Uerdnungsapparat selwer d’Origine vun deenen Attentater net nëmmen ze sichen, mä och ze fanne wier, da wier dat ee schlëmme Virgang aus enger Zäit gewiescht, déi een dann haut misst feststellen. Dat ass awer net d’Aarbecht vu mir, och net vun Iech, niewebäi bemierkt, dat ass d’Aarbecht vun der Justiz fir dat erauszefannen oder fir eng aner Spur opzeleeën, déi zu der Entdeckung vun der Identitéit vun deenen Attentäter féiert.

Marc Linster: Jean-Claude Juncker, mir profitéieren och vun Ärer Präsenz am Studio, fir ze kucke wat d’CSV-LSAP Koalitioun nach bis d’Wahle realiséiere soll. D’Francine Closener huet sech mat där Fro beschäftegt.

Francine Closener: Et sinn zwar nach 16 Méint bis bei déi nächst Chamberwahlen, mä wann een d’Vakanzen ewechhëlt, plus d’Zäit déi Chamber a Regierung fir État de la nation, Budget a Wahlkampf verwenden, da bleift net méi vill Sputt. Dobäi ass awer nach genuch op der Lee, wa schwaarz-rout hirem Regierungsprogramm wëlle gerecht ginn. Grouss brisant Dossieren, wéi de Pacte logement oder déi duebel Nationalitéit sollen an dierften d’Parlament wuel nach passéieren. Och aner Reforme sinn nach fir dës Legislatur versprach, Reforme fir déi et den Ament allerdéngs net zum Beschten ausgesäit. Paradebeispill: een neit Primärschoulgesetz. Schonn déi lescht Regierung huet sech dorunner d’Zänn ausgebass an och dës Koalitioun deet sech net grad liicht domatter. Schüler, Elteren an Enseignante wëllen awer endlech wësse wou se dru sinn.

Och aner Projeten hu schonn ee laange Baart. Déi versprache Reform vum Scheedungsgesetz zum Beispill, déi am Moment, schéngt es, op Äis läit. Oder de Rentesplitting, respektiv d’Individualiséierung vun de Pensiounsrechter. Et ass ganz roueg ginn ëm déi Froen. Vergiess si se vun deene Betraffenen awer net. Idem fir manner visibel Themen, wéi den ugekënnegten Aktiounsplang fir kleng a mëttel Betriber oder d’Simplification administrative. Och fir d’Gesetz iwwer Referendum a Volleksinitiative gëllt: Schweigen im Walde.

Dofir war an de leschte Méint jo genuch Gedäisch iwwert d’Territorialreform. 2017 soll se fäerdeg sinn. D’accord. Mä wéini fänkt se un? An déi Reform ass jo am Fong just ee Volet vum berühmt berüchtegten IVL, iwwert deen am Koalitiounsaccord ëmmerhi 6 Säite stinn. Dozou gehéieren eng Partie Plans sectoriels iwwer Logement, Transport a wirtschaftlech Aktivitéiszonen. Op déi waart een awer biswell ëm soss.

An à propos Transport, de Regierungsmotto heescht net fir näischt Mobilitéit 2020. An dëser Legislaturperiod brauch ee jiddefalls nach net op de Verkéierschaos ze verzichten an ob den Transportminister tatsächlech nach virun de Wahlen déi éischt Trammschinne soll kënnen aweien, all Iwwerraschung wier wëllkomm.

Op mannst eng grouss Reform ass awer nach fir dëst Joer: de Statut unique soll am Abrëll duerch d’Chamber, och wann en am Regierungsprogramm net virgesi war.

Marc Linster: Jean-Claude Juncker, ass dat eng kleng Datz fir Är Regierung?

Jean-Claude Juncker: Nee dat ass d’Madame Closener, an dat ass dofir net mat enger exklusiv objektiver Betruechtung vun enger Bilanz gläichzesetzen.

Marc Linster: Ee Commentaire ass ëmmer subjektiv.

Jean-Claude Juncker: Jo dat ass dat wat de Commentaire ausmécht, mä ech muss jo net der Madame Closener hir Iddien hei kommentéieren, well dat wier jo och subjektiv a meng subjektiv éischt Kommentéierung ass, datt d’Madame Closener, wat hiirt gutt Recht ass, sech konzentréiert op dat wat nach net gemaach ginn ass an dat ausser Uecht léisst wat gemaach ginn ass. Et hätt ee jo och kënne soen, datt mer eng Hellewull vun Tripartitegesetzer ëmgesat hunn. Et hätt ee kënne soen, datt mer ee Gesetz iwwert een neie Lycée gestëmmt hunn. Et hätt ee kënne soen, datt mer een Deel vun deem Referendumsgesetz ëmgesat hunn. Et hätt ee kënnen opziele wéivill Verfassungsartikele bis haut vum Parlament ëmgesat gi sinn. Et hätt ee kënne soen, datt mer d’Eisebunnstripartite op ee gutt Enn gefouert hunn. Et hätt ee Beispiller vun där Zort kënnen a grousser Zuel ureien, wéi zum Beispill, datt mer eng nei Gesetzgebung iwwert den Numm vum Kand hunn, datt mer elo ee Gesetz iwwer Palliativmedezin hunn. Dat ass jo eestëmmeg an der Chamber gestëmmt ginn.

Marc Linster: Bleift awer d’Tatsaach, datt eng Partie Reformen net esou richteg virukommen.

Jean-Claude Juncker: Dat huet domat ze dinn, datt mer eng Legislaturperiod vu 5 Joer hunn. Dee Wahlkampf vun deem d’Madame Closener net kann erwaarden, datt en ugeet, dee fänkt am Abrëll vum Joer 2009 un a virdru gëtt zügeg an normal regéiert. Mir hunn de Statut unique op der Lee stoen, dee gëtt, denken ech, nach virun der Summervakanz gestëmmt.

Marc Linster: Do huet d’Patronat awer och nach Oppositiounen.

Jean-Claude Juncker: Mä lauschtert mol, d’Patronat sëtzt net an der Chamber, d’Gewerkschaften och net. Mir hu verhandelt, ech selwer laang a laangwiereg, fir zu engem Accord ze kommen. Deen Accord muss elo, do kann nach dëst an dat dru geännert ginn – et muss ee jo déi Gespréicher do observéieren déi stattfannen – deen Accord dee gëtt elo ëmgesat. Dat Gesetz iwwert d’duebel Nationalitéit gëtt elo ëmgesat, wa mer bis den Avis vum Conseil d’Etat hunn, dee mer jo nach net hunn. Ech hätt och gären, datt deen Deel vun deem Gesetz iwwert de Volleksreferendum ëmgesat gëtt, deen ech am Joer 2003 am Parlament abruecht hunn a wou d’Leit selwer kënnen eng Proposition de Loi zum Gesetz maachen, och wann d’Chamber dat net wëllt. Ech gesi keng grouss Eil bei deene fortschrëttleche Kräften an der lëtzebuerger Politik fir d’Leit selwer mol décidéieren ze loossen. Gesellschaftspolitik fënnt och do statt, wou ee mengt, datt se net géif stattfannen. De Leit selwer mol erëm Zougrëff ze ginn op legislativ Prozeduren, ass an Europa kaum feststellbar, steet awer an engem Gesetzesprojet vun engem CSV-Staatsminister, deen aus dem Joer 2003 datéiert. Si hätt kënne soen, datt mer een neit Asylgesetz hunn.

Also villes ass gemaach ginn. Net alles gëtt Gesetz. Déi jorelaang Aarbecht am Zesummenhang mat der Vullegripp, vun där kee méi schwätzt, déi ass jo hannert eis bruecht ginn. Mir haten eng Presidentschaft vun der Europäescher Unioun ze maachen, mir haten ee Kulturjoer zu Lëtzebuerg. Alles dat si jo Saachen, déi net Agang fannen an d’Gesetzesverfahren, mä dat wat elo nach op der Lee steet, dat ass meng Iwwerzeegung, dat ass och mäi Wëllen, dat gëtt esou virugedriwwen, datt et am Kader vun enger gudder gesetzesgeberescher Aarbecht zum Ofschloss vun deeneselwechte Projete kënnt.

Marc Linster: Nach eng lescht Fro: fir vill Gespréichsstoff huet dës Woch déi sougenannte Liechtensteiner Steieraffaire gesuergt. Besteet do net de Risque, datt eist Land, fréier oder spéider, och an dës Affaire mat eragezu gëtt, wann ee weess, datt eng Partie Banken hei op der Finanzplaz Gelder vu Stëftungen am Liechtenstein geréieren?

Jean-Claude Juncker: Mir ass dat éischtens nach net bekannt, datt d’Banke géifen esou Stëftunge géréieren, mä ech kann dat net ausschléissen.

Marc Linster: Dat ass eng Tatsaach. Ech hu mech dokumentéiert. Dat ass esou.

Jean-Claude Juncker: Dat ass interessant, wann een op de Radio kënnt, da gëtt een eppes gewuer. Ech kann och net ausschléissen, datt dat esou ass. Et ass am Prinzip jo och net illegal fir esou Stëftunge vun hei aus ze geréieren. Dat maachen och däitsch Bankhaiser, do weess ech et, an deem Zesummenhang. Mir géife selbstverständlech massiv an d’Gespréich kommen, wa mer an der Europäescher Unioun ënner lëtzebuergescher, méi wéi Matwierkung, et net fäerdeg bruecht hätten eng europäesch Regelung iwwert d’Besteierung vun den Zënsen ze kréien. Mir géifen ënner massiven Drock kommen, wa mer net vum Juli 2005 un eng Quellesteier zu Lëtzebuerg hätten, fir déi Steierzueler déi net hei am Land wunnen, mä déi hir Gelddépôten hei zu Lëtzebuerg hunn. Dat ware jo alles Saachen, déi hu musse géint massiv Widderstänn, esouwuel am Parlament, wéi an der Regierung, wéi an de politesche Parteien, wéi am Milieu vun de Banken, duerchgesat ginn. Ech hätt gären, datt jiddwereen deen deemools gesot huet, de Staats- a Finanzminister wier am gaang d’Bankplaz ze verroden, sech hir Einlassung vun deemools géifen am Liicht vun deene rezenten Evenementer am Liechtenstein ukucken. Jiddefalls dat Stëftungswiese wat d’Liechtensteiner hunn, dat hu mir zu Lëtzebuerg net a sinn duerch dës Affaire duefir och net direkt tangéiert. De 4. Mäerz, an der Sitzung vun de Finanzministeren zu Bréissel kucke mer eis souwisou de Bilan u vun der europawäiter Regelung vun der Zënserspuernisbesteierung a kucke wat do muss complétéiert ginn a wat net. Et ass ganz evident, datt et och bei der Revisioun dovun, wéi och bei dem Lancéieren dovun, keng eesäiteg lëtzebuergesch Virleeschtunge ka ginn. Och d’Finanzplaz London an anerer och hu villes wat se zu enger besserer Transparenz an zu enger méi novollzéibarer Steiermoral vun den europäesche Bierger kënne bäidroen. Déi mussen och bougéieren, ier mir eis nach eng Kéier a Bewegung setzen.

Marc Linster: Et bleiwen eis nach e puer Minutten. Ech spillen elo ee Lidd, zwar net op Ären ausdréckleche Wonsch, mä Dir sidd awer averstanen. Et ass ee Rap deen iwwer, en heescht „E Mann ee Wuert“.

Jean-Claude Juncker: Ech hu gäre wann d’Leit de Geck mat mer maachen.

[Musëksintermezzo]

Marc Linster: Här Juncker, fillt Dir Iech geéiert wann ee Musekstitel iwwert Iech gemaach gëtt, well dat geschitt jo och net iwwert esouvill Politiker?

Jean-Claude Juncker: Geéiert, weess ech net. Mä ech fille mech amuséiert an ausserdeem hunn ech gäre wann d’Leit, och an där doter Form, de Geck mat mer maachen, ouni mech ze beleidegen an ouni agressiv ze sinn. Ech huele mech enorm eescht, jo heiansdo. Heiansdo fannen ech och, datt ech mech vill zevill eescht huelen, mä wa mol ee mech op den Aarm hëlt an do dozou bäidréit, datt ech erëm séier mat de Féiss um Buedem sinn, da begréissen ech esou een Effort an dat dote gefällt mer extra gutt. Ech muss awer vläicht drop opmierksam maachen, datt et zesummegeschnidden ass, net datt d’Leit mengen, ech hätt eng Studioopnam doriwwer gemaach.

Marc Linster: Voila, dat war et fir d’Emissioun vun haut. Jean-Claude Juncker, villmools Merci fir Äre Besuch am Studio. En nächste Rendez-vous mam Background hutt Dir haut 8 Deeg, da mam Marco Goetz. Vu mir aus nach ee schéinen Dag a bis geschwënn.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact