|
Carole Schimmer: Um Telefon begréissen ech elo den Ausseminister Jean Asselborn. Gudde Moien, Här Asselborn.
Jean Asselborn: Gudde Moien, Madame Schimmer.
Carole Schimmer: Här Asselborn, eng Rëtsch Länner, dorënner Lëtzebuerg, wäre géint dee Bäitrëtt vun der Ukraine a Georgien an d’NATO. Wat motivéiert d’Retizenzen iwwerhaapt vum Grand-Duché?
Jean Asselborn: Mir musse vläicht e wéineg do méi präzis sinn. Et ass net de Bäitrëtt vu Georgien a vun der Ukraine deen um Spill steet, mä et ass eng Stuf fir méi no bei d’Memberschaft ze kommen. Dat heescht, Dir hutt den Dialogue intensifié hu mir elo mat der Ukraine a Georgien. An da kënnt de MAP, de Membership Action Plan, dat ass dann déi Stuf virun der Memberschaft a si froen eigentlech, déi Länner, fir vum Dialogue intensifié an de MAP ze kommen.
Mä déi Plaz déi mer do hunn am Benelux, mat Frankräich, mat Däitschland, mat Italien, mat Spuenien, dat ass genau eis Plaz am Positionnement an där Fro an ech hunn dat jo och virun e puer Deeg an der Chamber och explizéeirt.
Dat zweet wat ech wëllt soen, ass datt d’NATO am Dialogue intensifié nach ganz, ganz vill Potenzial an der Zesummenaarbecht mat deene zwee Länner huet. Do kann also nach vill gemaach ginn an deem Kader deen do besteet.
Wat een och muss wëssen, dat ass, datt mer als Lëtzebuerg op der Säit si vun den Däitschen, déi soen, gutt den Dialogue intensifié deen hutt Dir elo, mir si bereet ee Schratt méi ze maachen, een Dialogue intensifié plus, fir nach eng besser Zesummenaarbecht kënne fäerdeg ze bréngen. Allerdings wësse mer, datt Georgien, do war virun e puer Wochen nach den Etat d’urgence, d’Ukraine, do ass d’Akzeptanz net ganz grouss an der Populatioun. Et sinn iwwer 60 % vun der Population géint ee Bäitrëtt an d’NATO.
D’NATO steet jo fir Stabilitéit un alleréischter Plaz, mä d’Nato steet awer och fir eng Balance, fir Equiliberen. A bei all Erweiderung muss ee selbstverständlech virun allem d’Balance net vergiessen an dofir si mir schonn do an enger gudder Kompanie an à la fin du compte wäert Dir och gesinn, datt déi dote Positioun sech och wäert duerchsetzen.
Et muss ee natierlech wëssen all Sommet huet seng Dynamik, mä dat hei ass d’Positioun vu Lëtzebuerg an Dir gesitt, datt mir do net alleng sinn.
Carole Schimmer: Spillen d’Relatiounen tëscht der EU a Russland dann eng wichteg Roll an där heiter Fro?
Jean Asselborn: Jo, hei geet et jo net ëm d’EU a Russland, hei geet et jo och wierklech wéi ech dat gesot hunn, ëm déi Balance, déi Equiliberen déi ee muss versichen awer trotzdem oprecht ze erhalen.
Dir hutt scho Recht wann Dir undeit, datt et vläit ëm méi geet wéi elo just d’NATO-Erwerweiderung, wat schonn een héije politesche Charakter jo huet. An d’EU mengen ech deet ganz gutt, op jiddwer Fall ass dat d’Meenung mol och vun der lëtzebuerger Regierung, wa se alles versicht fir net an de Klinsch ze kommen tëscht d’Amerikaner an d’Russen, mä hir eege Positioun ze hunn an der Europäescher Unioun.
Ech mengen dee Message, dee mir hei ginn, ass net géint Georgien, net géint d’Ukraine, au contraire. Wa mer elo zu dësem Moment an de nationale Parlamenter vun alleguerten de NATO-Länner mussen ofstëmme fir Memberschaft oder net-Memberschaft, da soen ech Iech, datt dat ka schief goen a verschiddene Parlamenter. An dat wier Georgien an der Ukraine doudsécher net gehollef.
Carole Schimmer: Esouwäit den Aussmeinister Jean Asselborn.
|