Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Avril 2008 > Le ministre de la Défense, Jean-Louis Schiltz, au sujet du sommet de l'OTAN

Interview
Le ministre de la Défense, Jean-Louis Schiltz, au sujet du sommet de l'OTAN
"RTL Télé" du 04-04-2008

Vers le niveau supérieur

Mariette Zenners: Vum NATO-Sommet erëm zréck ass de lëtzebuerger Verdeedegungsminister Jean-Louis Schiltz. Gudden Owend.

Jean-Louis Schiltz: Gudden Owend.

Mariette Zenners: D’Ukraine a Georgien ginn also nach net Member. Dem President Bush seng Erweiderungspläng, dorauser ass mol näischt ginn. Ass dat dann elo esou eng Victoire vum alen Europa, respektiv nach méi vu Russland géintiwwer den USA, wéi dat duergestallt gëtt.

Jean-Louis Schiltz: D’NATO ass jo elo net eng Arena wou een erageet a wou gekämpft gëtt a wou deen een als Verléierer an deen aneren als Gewënner erauskënnt.

Mariette Zenners: Et wierkt e bëssen no baussen awer esou.

Jean-Louis Schiltz: D’NATO ass eng Organisatioun, wou virun deem Sommet déi eng esou gesot hunn an déi aner esou. Mir ware bei deenen déi méi retizent woren, déi also net wollten, datt [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Esou wéi Frankräich an Däitschland?

Jean-Louis Schiltz: …d’Ukraine a Georgien géife weider un d’NATO erugefouert ginn. Et ass eng Institutioun déi eng Traditioun huet, eng Traditioun vum Konsens. Dee Konsens ass fonnt ginn, andeem gesot ginn ass, d’Richtung, d’Perspective ass déi vun enger Adhésioun enges Daags, mä dee Membership action plan – wat dat ass, wat d’Amerikaner an anerer wollten – gëtt elo net décidéiert, an deem Sënn huet och d’Positioun vun der lëtzebuerger Regierung sech do duerchgesat. Mä wat mir am wichtegsten ass, dat ass, datt de Konsens fonnt ginn ass. Et war zwar mat Momenter schwiereg, mä finalement ass et awer gerutscht.

Mariette Zenners: Et koumen awer kritesch Stëmmen, och vu Säite vun der Ukraine, déi gemengt hunn, datt d’Europäer, Frankräich, Däitschland an eben, Dir hutt et gesot, Lëtzebuerg huet sech där Postioun ralliéiert, sech vu Russland esouzesoen erpresse gelooss hunn, duerch wirtschaftlech Interessen. Dat kann ee jo e bësse vu baussen esou gesinn, firwat eigentlech ee Land wat net esouvill, wat eigentlech näischt an der NATO ze dinn huet, esouvill Drock ka maachen.

Jean-Louis Schiltz: Dir schwätzt d’Reaktioune vun der Ukraine a vu Georgien un. Dir hutt an Ärem Reportage gewisen, datt och d’Populatioun net dofir ass, datt déi Länner an d’NATO erakommen. Dat ass och eppes wat mir ëmmer gesot hunn, et muss ee Soutien populaire do sinn. Dat Zweet wat ech wëll soen, dat ass, datt Russland kee Veto huet an der NATO. Russland ass ee Partner, Russland ass een zolitte Partner, mä si kënnen net Décisioune blokéieren. Am iwwrege wëll ech drun erënneren, esou wéi de Premier dat och um Sommet gemaach huet, datt wou déi lescht 10 Memberen opgeholl gi sinn, Russland och net dofir war a se awer opgeholl gi sinn. Also d’Geschicht beweist also, datt et do kee Veto gëtt, also och hei gëllt dat Nämlecht.

Mariette Zenners: Dat heescht, enges Daags wäerten och Georgien an d’Ukraine Member ginn?

Jean-Louis Schiltz: D’Perspective ass kloer opgezeechent, mä d’Konditiounë mussen erfëllt ginn. All Land wat nei an d’NATO erakënnt, muss e Méi u Stabilitéit bréngen. Mir waren der Meenung, virdrun, mir sinn haut der Meenung, datt een déi Fro no méi Stabilitéit [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: datt dat nach net de Fall ass?

Jean-Louis Schiltz: …net ka mat jo beäntwerten. Dofir ware mir och bei deenen déi retizent waren.

Mariette Zenners: Gutt, Albanien a Kroatien gi mol jiddefalls d’nächst Joer wahrscheinlech Member. Mazedonien, och dat ass mol op Äis geluecht an do geet et jo eigentlech ëm ee Sträit dee vu baussen hier e bësse banal wierkt, ëm en Numm. Griechenland wëll deen Numm net, well si eben eng Provënz hunn déi d’selwecht ass. Dat misst jo awer ze léise sinn, déi Saach?

Jean-Louis Schiltz: Albanien a Kroatien ass ee Méi u Stabilitéit um Balkan. Mir wëssen, datt mer um Balkan nach Suergen hunn, Stëchwuert Kosovo. Wat Mazedonien ubelaangt, esou geet dee Sträit jo schonn eng ganz Zäit zréck. Griechenland huet eng Provënz déi Mazedonien heescht. Mazedonien huet een Numm dee haut “Former Yugoslav Republic of Macedonia�? ass. Do kënnt een net beieneen. Et ass net nëmmen eng Fro vum Numm, et ass eng Fro vum Zesummeliewen an der Regioun. Et ass eng sérieux Préoccupatioun vun de Griechen, déi mir als Lëtzebuerger an anerer, insbesondere zum Beispill d’Fransousen ganz sérieux huelen. De Message dee vum Sommet ausgaangen ass, ass, datt esouwuel d’Grieche wéi d’Mazedonier sech sollen direkt zesummesetze fir séier eng Léisung ze fannen. Also een Encouragement fir eng Léisung ze fannen an déi logesch Konsequenz vun der Léisung ass dann och d’Adhésioun. Dat heescht, esoubal d’Léisung fonnt ass [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Gëtt et Member ?

Jean-Louis Schiltz: …ass d’Adhésioun do. Mä de Problem ass awer substantiell. Et ass net nëmmen ee Problem vum Numm, et ass ee Problem vum Zesummeliewen an et ass ee Problem vum Zesummeliewen am long terme. Dofir däerf een och net no séiere Léisunge jäitzen hei.

Mariette Zenners: Zweet grousst Thema zu Bukarest war Afghanistan. Do konnt de franséische President jo e bësse Punkte sammelen. Heen huet annoncéiert, datt 700 zousätzlech franséisch Zaldoten an d’Land geschéckt ginn an zu Bukarest goung anscheinend och fir d’éischte Kéier awer schonn e bëssen driwwer rieds wéi ee sech kënnt lues a lues aus dem Land ofzéien?

Jean-Louis Schiltz: Afghanistan, et muss ee fir d’éischt mol ëmmer soen, datt do, wéi op anere Plazen an der Welt och, Sécherheet an Développement zesummeginn. Et si Succèsen ze verzeechnen: 9000 Schoulen, 2000 Kilometer Stroossen. Et muss een ëmmer wëssen, datt virun enger Rei Joren, 2001, nach do d’Taliban regéiert huet. D’Frae konnten näischt maachen, d’Kanner konnten net an d’Schoul goen. Den Engagement am Afghanistan, vun der internationaler Communautéit, den zivillen, de politeschen, de militäreschen, ass een am long terme, mä et geet awer drëm fir lues a lues d’Afghane méi an d’Responsabilitéit ze kréien, d’Arméi, d’Police, fir datt Uerdnung och herrscht an och op Regiounsniveau, dat heescht op lokalem Niveau, au-delà vu Kabul eraus. Et muss also kloer sinn, datt d’Afghanen am driver seat sëtzen, fir een englescht Wuert ze gebrauchen. Si dirigéieren d’Manöver, mir hëllefe, mir assistéieren an et muss lues a lues och alles op si eriwwer goen. Dat dauert awer nach eng Zäit.

Mariette Zenners: Just ganz kuerz wat d’lëtzebuerger Missioun ugeet, do bleift et bei deenen 9 Zaldoten, mengen ech, déi um Flughafe vu Kabul stationnéiert sinn. Dat gëtt jo net ausgebaut?

Jean-Louis Schiltz: D’Reform vun der lëtzebuerger Arméi erlaabt eis déi Engagementer déi mer elo hunn an der Durée ze halen, méi net.

Mariette Zenners: Däitschland a Frankräich hunn op dësem Sommet grouss Eenegkeet démonstréiert. Den nächste Sommet, wou de 60. Anniversaire gefeiert gëtt, ass jo och zesummen zu Stroossbuerg an am däitsche Kehl. Wéi interprétéiert Dir dat, datt Frankräich sech elo erëm wëll méi ganz an d’NATO engagéieren?

Jean-Louis Schiltz: Frankräich mécht sech staark fir een Europa vun der Verdeedegung ze entwéckelen. Europa huet och bewisen, datt et Saache fäerdeg bréngt, zum Beispill déi rezent Missioun am Kongo, wou de Wahlprozess stabiliséiert ginn ass. Ech soen net, datt haut alles gutt ass am Kongo, mä wann dat net gewiescht wär, da wär et vill vill schlëmmer. Frankräich huet och ëmmer gesot, parallel wëlle mer eis erëm op d’NATO zoubewegen [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Awer just wann d’Défense ausgebaut gëtt?

Jean-Louis Schiltz: Wat jo och normal ass, well dat eent an dat anert complémantaire ass. Wat nei ass säit dem Sommet, dat ass, datt déi Positioun déi Frankräich vertrueden huet a wou mir och ëmmer där Meenung woren, dat eent an dat anert ass complémentaire, och kloer vun den Amerikaner gedeelt ginn ass. De President Bush huet dat gesot, esou datt ech mer erwaarden, éischtens, datt am zweete Semester l’Europe de la défense weidergefouert gëtt. Do wäerte mir mat dru schaffen an och am nächste Joer den integrale Retour vu Frankräich an d’Strukture vun der NATO zur Realitéit gëtt.

Mariette Zenners: Dat heescht, alles an allem, trotzdem ee positive Bilan vun dësem Sommet?

Jean-Louis Schiltz: Ee positive Bilan. Ech mengen et kann ee soen, datt de Sommet grosso modo ee Succès wor. Wann een och kuckt d’Diskussioune mat Russland, frëndlech am Toun, konstruktiv an der Saach. Et war net wéi virun iwwert engem Joer zu München wou [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Wou de kale Krich erëm ausgeruff gouf?

Jean-Louis Schiltz: …wou wierklech schaarf Téin erëm ugeklonge sinn. Dës Kéier war dat ganz anescht. Also och an deem Sënn eng positiv Entwécklung.

Mariette Zenners: Merci, Här Minister

Jean-Louis Schiltz: Merci och.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact