Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Avril 2008 > Jeannot Krecké au sujet de sa mission économique en Chine

Interview
Jeannot Krecké au sujet de sa mission économique en Chine
"RTL Télé Lëtzebuerg" du 05-04-2008

Vers le niveau supérieur
Sascha Georges: An de Wirtschaftsminister ass elo praktesch direkt aus dem Fliger bei eis an de Studio komm. Jeannot Krecké, gudden Owend.

Jeannot Krecké: Gudden Owend.

Sascha Georges: Wéi wichteg ass den Handelspartner China fir Lëtzebuerg am Verglach mat anere Länner?

Jeannot Krecké: Et ass do wou am Moment, géing ee soen, d’Musek spillt. Et ass do wou grousse Wuesstum gefuer gëtt. Et ass do wou 1,3 Milliarde potentiell Konsumente muer sinn, a fir Lëtzebuerg ass et essentiell do present ze sinn. An dat war dann och ee vun de Grënn, firwat datt mer an deene leschte Joren Efforte gemaach hunn. An déi Efforten, déi weise sech och haut an den Exporter, déi vill méi stark si wéi dat virdru war.

Sascha Georges: Wéi wäit an a wéi enge Beräicher kënne mer dës Relatiounen nach ausbauen?

Jeannot Krecké: Oh dat ass a ville Beräicher nach auszebauen. Am Moment ass et och ëmmer nëmmen an eng Richtung gaangen. Dat heescht, datt mir entweder Exporter dohinner maachen oder datt eenzel Betriber mat anere Betriber a China zesummekommen an da probéieren do vläit Saachen ze produzéieren. Wat elo ëmmer méi kënnt, a wahrscheinlech an nächster Zukunft, ass, datt chineesesch Betriber an Europa kommen, fir hei Saachen ze produzéieren, fir méi no beim Marché ze sinn, méi no bei de Clienten ze sinn an do bidde sech da Geleeënheeten, fir datt mer och deen een oder anere chineesesche Betrib hei op Lëtzebuerg kréien. Mir hunn iwwregens schonn zwou chineesesch Banken hei.

Sascha Georges: Dir waart och dohinner fir lëtzebuerger Betriber e bëssen ze hëllefen, notamment Arcelor-Mittal bei der Fusioun mat China-Oriental. Wat sinn do d’Problemer?

Jeannot Krecké: Ma jo do ass e sougenanntent anti-trust Verfahre wat muss kommen. Dat heescht, datt gekuckt gëtt ob d’Konkurrenzsituatioun net zevill verzerrt gëtt um chineesesche Marché - an ech weess aus virrechte Gespréicher, datt si net gären hunn, datt weider méi Stol produzéiert gëtt, well si soen: "Mir mussen dee jo exportéieren an da wa mer e bei Iech exportéieren, da sidd Dir och net zefridden an dofir muss e bëssen den Daum drop." A si hunn einfach elo säit Méint déi Prozedur net ulafe gelooss an ëmmer erëm gesot, den Dossier ass net komplett. An ech hunn elo dräimol intervenéiert a Méindes huet et nach ausgesi wéi wann et net géing goen an du Mëttwochs krute mer du gesot: "Ok da considéréiere mer elo den Dossier komplett." Dat wëllt nach net heeschen, datt et an der Rei ass, mä elo lafen déi 90 Deeg u wou se déi Saach kontrolléieren.

Sascha Georges: Wat sinn aner Problemer, deene lëtzebuerger Firme kënne begéinen?

Jeannot Krecké: Oh Dir musst eens gi mat där Kultur, Dir musst eens gi mat ganz anere Gegebenheeten. A virun allem do geet et heiansdo anescht nach hir wéi bei eis, dat heescht d’Chineese kënnen eppes ofmaachen haut den Owend an da muer de Moien erëm eng Kéier drop zréckkommen. Da mengt een, et hätte en et an der Täsch an dann deen aneren Dag kommen se an da soen se, mir géingen awer nach eng Kéier driwwer schwätzen. A mir hu ganz oft Betriber déi mengen si hätten elo, ech weess net, fir eng Hal ee Loyer ënnerschriwwen, jo an op eemol fänken d’Chineesen erëm un driwwer ze schwätzen. An do muss een se e bësse beroden, wéi se virginn. Dofir hu mer och ee spezielle Büro zu Shanghai deen zoustänneg ass fir ganz China, deen awer do probéiert an ëmmer vermettelt.

Sascha Georges: D’Gewerkschafte waren och mat op d’Rees. Kënnt dat Sozialt dann net ze kuerz bei esouvill, ech soe mol, ekonomeschem Interessi?

Jeannot Krecké: Also dëst Joer hu mir eis och e bësse méi dorop konzentréiert. Soss waren et haaptsächlech d’wirtschaftlech Interessen déi am Mëttelpunkt stoungen. Dës Kéier hu mir éischtens eis opkläre gelooss iwwert dat neit Gesetz wat, net nëmme bei de Steieren, mä och alles wat d’Aarbechtsrecht ubelaangt. Do muss een einfach festhalen, datt vun de Prinzipien hier, vun deem Gesetz, se effektiv a Richtung vu Standarde gi wéi hei zu Lëtzebuerg oder an Europa. De Problem ass, datt si dat net esou ëmsetzen. Ee Gesetz ass ee Gesetz bei hinnen, mä dat wëllt net heeschen, datt et à la lettre applizéiert gëtt. Dat ass ee vun de Problemer, an datt se et och anescht applizéieren, heiansdo bei chineesesche Betriber wéi bei lëtzebuerger Betriber. Dat hu mir och gesinn. Mir hunn dräi lëtzebuerger Betriber besicht, dat war Paul Wurth, dat ass Rotarex gewiescht an dat war d’IEE an et war deeselwechte Message ëmmer. Dat heescht, datt si d’Impressioun hunn, datt si heiansdo anescht behandelt gi wéi chineesesch Betriber an datt d’Prozeduren einfach vill zevill komplizéiert bei hinnen nach sinn.

Sascha Georges: Den Ament sinn et awer net déi grouss ekonomesch Performancen déi China an d’Aktualitéit bréngen, mä d’Kris ronderëm den Tibet an de méiglechen Impakt op d’olympesch Spiller.

[...]

Sascha Georges: Här Minister, hutt Dir vun der Geleeënheet profitéiert fir et dem Régime riicht an d’Gesiicht ze soen?

Jeannot Krecké: Nee, dat war och net den Objet, an déi Leit déi ech vis-à-vis hat, dat sinn och keng Leit déi sech mat Aussepolitik ofginn, och net mat sougenannte Problemer an de Regiounen. Hei hu mir konkret Saachen ugeschwat bei de Betriber, an ech hat kee Mandat a keng Missioun fir elo hinzegoen an do aussepolitesch Behaaptungen opzestellen a Fuerderungen ze stellen.

Sascha Georges: Stëmmt et, datt et och allgemeng vläit e bëssen een Tabuthema ass, wéinst de groussen ekonomeschen Interessen déi vill Länner a China hunn?

Jeannot Krecké: Een Tabuthema - ech mengen da solle mer éierlech sinn. Da solle mer higoen a soen, mir wëllen an de Wirtschaftsrelatiounen eng Rei Saachen net méi maachen. Mir hunn elo décidéiert - an et ass net nëmmen ee Plang, mä mir fänken elo u mat baue geschwënn - de Pavillon fir d’Weltausstellung 2010 zu Shanghai. Da solle mer einfach zu Lëtzebuerg - oder haaptsächlech dann awer an der Europäescher Unioun, well dat kann ee jo net alleng maachen - da soll een einfach décidéieren: mir maachen eng Rei Saachen net. Loosse mer soen, mir importéieren näischt méi aus China iwwert eise Flughafen. Well eise Flughafen, do gëtt ganz villes aus Cina importéiert. Da solle mer esou Saache kloer an däitlech soen.

Sascha Georges: Dir gesitt also eng gewëssen Hypochrisie?

Jeannot Krecké: Wat heescht hei Hypochrisie? Mir sollen op politeschem Wee probéieren déi Problemer, déi sech do stellen, et ass jo net nëmme mam Tibet, si hu jo och mat anere Problemer um Niveau Mënscherechter a China, déi solle mer do uginn. Wa mer dann ee Moment der Meenung sinn, datt et besser wier wirtschaftlech anescht virzegoen, da solle mer dat décidéieren. Mä dat kann een net esou mat à coude maachen. Ech kann dat och net als Wirtschaftsminister oder als Sportsminister alleng esou décidéieren. Dat geet jo net.

Sascha Georges: Par rapport zu den olympesche Spiller, wat wär eng adequat Reaktioun, Ärer Meenung no?

Jeannot Krecké: Also op alle Fall ee Boykott vun de Spiller insgesamt ass menger Meenung no net ze maachen. Et muss ee wëssen, 56 beim Ungarnopstand ass dat probéiert ginn, et ass probéiert gi 76, et ass probéiert ginn 1980, et ass probéiert gi 84. Et huet ni eppes bruecht. Dofir mengen ech och

Sascha Georges: D’Ouverture boykottéieren?

Jeannot Krecké: Dat wat ee kënnt maachen, dat ass eng Rei Manifestatioune boykottéieren. Ech war beispillsweis elo zu Peking wéi d’Flam ukomm ass. Et war d’Méiglechkeet, fir datt ech géif dohinner goen als Sportsminister, ech sinn net dohinner gaangen. Ech mengen et sinn eng Rei Saachen déi een esou ka maachen, mä dat soll ee sech gutt iwwerleeën an dat ass ze fréi fir doriwwer eng Ausso ze maachen. Et weess een net, gëtt d’Situatioun méi schlëmm? Gëtt se manner schlëmm? Renkt dat Ganzt sech an? Am Moment sinn d’olympesch Komitéen do, de Rogge ass do. Ech huelen un, datt do awer Gespréicher gefouert ginn, fir ze soen: "Hei lauschtert: Dir sidd Engagementer agaangen 2001, da musst Dir Iech awer un déi Engagementer halen." Ech ka mer virstellen, datt déi chineesesch Féierung och an der Zwëschenzäit wahrscheinlech bis zum August wäert alenken an et muss een dann, wann een dohinnergeet - an ech vertrieden do jo an deem Moment d’lëtzebuerger Land als solches - dat muss dann eng Décisioun vun der Regierung si wat meng Persoun betrëfft: wéi ech mech do behuelen, wou ech ginn, wou ech net ginn. An do halen ech mech dann och drun.

Sascha Georges: Kënnen d’olypmesch Spiller dann och eppes fir méi Mënscherechter a China maachen?

Jeannot Krecké: Also et ass jo secher, datt de Fait, datt elo d’olympesch Spiller do sinn, méi op China gekuckt gëtt. Den Tibet ass jo net nei. All déi Problemer déi elo op eemol op den Dësch kommen, en Relatioun mat der Olympiad, déi si jo net nei, mä si ginn awer elo méi enk analyséiert, si gi méi kritesch gekuckt. Dat ass u sech och gutt. Ech mengen doduerch kënnt jo Drock, och op China. Doduerch si jo och déi Aussoe komm vun den Ausseministeren. Ech menge wann d’olympesch Spiller net gewiescht wären, weess ech net ob se dann esou hardi petit virgaange wieren. An et huet de Chineese guer net gefall. Mä dat ass awer net eise Problem. Ech mengen et ass scho richteg gewiescht, datt eng relativ muscléiert Äntwert komm ass vun den Ausseministeren an d’Chineese mussen elo wëssen, datt se sech vläicht anescht behuele mussen an nächster Zäit.

Sascha Georges: Bei der Populatioun, wéi ass et do a Saachen olympesch Spiller? Ass schonn e bëssen Olympiaféiwer ausgebrach, fir mol eppes Positives vläit ze bréngen?

Jeannot Krecké: Also dohanne falt Dir permanent iwwert d’Olympiad, wann een dat esou wëllt soen. Also iwwerall hutt Dir Zeeche vun der Olympiad, hutt Dir Geschäfter, Buttécker an et ass ganz echt. Ganz Peking vibréiert schonn, spiert ee richteg, op d’olympesch Spiller lass, awer komescherweis zu Shanghai gesäit een näischt dovun, mä do gesäit ee vun der Weltausstellung.

Sascha Georges: An der Rei. Jeannot Krecké villmools Merci fir Äre Besuch am Studio.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact