Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Avril 2008 > Mars Di Bartolomeo au sujet de la Journée mondiale de la Santé

Interview
Mars Di Bartolomeo au sujet de la Journée mondiale de la Santé
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 07-04-2008

Vers le niveau supérieur
Frank Kuffer: Gudde Moien Här Di Bartolomeo.

Mars Di Bartolomeo : Gudde Moien.

Frank Kuffer: De Sujet huet wéi gesot d’OMS virgeschloen. Ass dat awer fir Iech och eng Prioritéit, och als lëtzebuerger Gesondheetsminister? Wat huet Klimawiessel direkt mat Gesondheet ze dinn?

Mars Di Bartolomeo: Bon, fir d’éischt mol ass et net esou, datt d’Gesondheets Problemer, déi vläit wäit ewech vun eis entstinn, keen Impakt op eis hunn. Dir gesitt dat bei deene groussen Epidemien. Fréier konnt een de Kapp an de Sand stiechen, wann ee vun Honger geschwat huet. Deen ass net exportabel gewiescht. Do konnte mer esou maache wéi wann et eis näischt u géif goen. Bei deene groussen Epidemien, och wa se dausende Kilometer vun hei entstinn, da kënnen se hei landen, doduerch, datt d’Leit vill méi dorëmmer wandere wéi fréier. Beim Klimawiessel ass dat d’selwecht. Wa wäit ewech ufänken d’Mieren ze steigen oder d’Äisbierger ze schmëlzen, dann ass net nëmmen den Äisbier - de Polarbier - betraff, mä dann iergend eng Kéier komme mir an d’Spill. An Dir hutt gefrot, ob dat eng Prioritéit fir eis ass. Jo, et ass fir d’lëtzebuerger Regierung definitiv eng Prioritéit. An och wann heiansdo driwwer diskutéiert gëtt, wann d’lëtzebuerger Regierung Moossnamen hëlt, déi och mol incisiv si fir eis, fir de Klima ze schützen, da gëtt dat net gemaach fir d’Leit ze péngegen, mä da gëtt dat gemaach fir effektiv nach mat Zäit ze reagéieren, fir datt mer net herno vun deem Ganzen iwwerrullt ginn. An d’OMS huet ganz recht: wann de Klima sech ännert, dann ass dat net neutral fir eis Gesondheet, da kommen och gesondheetlech Problemer mat deene mir net gerechent hunn.

Frank Kuffer: Dat heescht: kënnt do, mengt Dir, ee generellt Ëmdenken wat iwwerhaapt Gesondheet a Krankheet ugeet?

Mars Di Bartolomeo: Also fréier ass jo gemengt ginn, datt Gesondheet just Ofwiesenheet vu Krankheet ass. Dat ass awer e bëssche méi komplex. D’OMS definéiert d’Gesondheet net nëmmen als Ofwiesenheet vu Krankheet, mä als Wuelbefannen, dat heescht vill méi komplex. A fréier hu mir Gesondheet oder de Gesondheetsbetrib éischter als Reparaturbetrib ugesinn. Haut gi mir dovun aus, datt wann d’Reparatur usetzt, datt scho villes falsch am Virfeld gelaf ass, an dofir gi mir ëmmer méi zur Gesondheetspromotioun. D’Gesondheet ass dat wichtegst Kapital wat mir hunn, zur Präventioun iwwer. Ouni ze verkennen, datt och ee gudde Gesondheets System, ee solidaresche Gesondheets System, wou jiddwereen d’selwecht behandelt gëtt, deeselwechten Zougang huet, extrem extrem wichteg, mat dat Wichtegst a mat dat Wertvollst wat mer iwwerhaapt hunn. Mir sinn eis deeës net ëmmer bewosst, mä an deene Länner - ee grousst Land op der Welt wou 45 Millioune Leit deen Zougang net zu der Gesondheet hunn - déi wäre frou, wa mer esou ee solidaresche System hunn. Dofir wieren ech mech mat Hänn a mat Féiss géint esou Tendenze fir den ëffentleche Gesondheets System zréckzestellen an dat Ganzt ze privatiséieren, liichtsënneg vun Eegeverantwortung ze schwätzen an dann dat Ganzt ze privatiséieren. Eegeverantwortung kann een iwwerhuelen, dee sech et ka leeschten. Dee Klengen an dee Blutaarmen, dee ka sech dat net erlaben, fir seng eege Gesondheet opzekommen an dofir brauche mer dee solidaresche System net nëmmen hei zu Lëtzebuerg. Mir sollen hëllefe fir esou solidaresch Gesondheets Systemer och op anere Plaze vun der Welt opzebauen. Dofir d’OMS - wann et se net géif ginn, misst een se erfannen - well eben, wéi virdru gesot, déi grouss Krankheete kënne ganz wäit vun eis entstoen a mir Intérêt hunn, do wou se entstinn se an de Grëff ze kréien. Dat gëllt fir de SIDA, dat gëllt fir déi sougenannte Vullegripp, an, an, an.

Frank Kuffer: Mä Klimachangement elo konkret zu Lëtzebuerg. Bon de Moien hu mer elo Schnéi am Abrëll an esou, mä wat kann een da konkret elo och zum Beispill bei eis maachen ? Da soen d’Leit, elo ass en do, elo huet en eis schonn d’Fëmme verbueden, elo wäerte mer och nach net méi däerfe mam Auto fueren, ech menge fir d’CO2 Emissiounen an esou.

Mars Di Bartolomeo: Klimawiessel, Gesondheet … Ech wëll vläicht just dräi Wierder soen iwwert déi eege Gesondheet. Et ass nun definitiv esou, datt d’Gesondheet vun äusseren Aflëss ganz sérieux ka beaflosst ginn. Déi haapt Doudesursaachen - Häerz- a Kreeslafkrankheeten, Kriibs - kënnen zum Deel duerch schlecht Verhalen oder äusser Aflëss beaflosst ginn. A wann ee géint Tubak virgeet, och géint den Alkoholmëssbrauch virgeet, a wann een de Leit seet Beweegt Iech an erniert Iech besser, dann handelt een op Problemer déi zum gréissten Deel déi schlëmm Krankheete kënne beaflossen. A wann ee Gesondheetsminister net géint den Tubak géif virgoen, da géif e seng Aarbecht net maachen. Bon, wat de Klimawiessel ugeet, do sinn - d’Rezepter déi leien do, mir halen eis net ëmmer drun, mä dat geet mat klenge Schrëtt. Den Auto méi oft doheem loossen, méi zu Fouss goen, méi mam Velo, méi ëffentlechen Transport. Déi eenheemsch Liewensmëttele begënschtegen, amplaz, datt een am Wanter Erdbier an Hambier a Papayaen, an ech weess net wat iesse geet. Et kann een och de klassesche Wanterapel huelen. Ech menge wat wichteg ass dat ass, datt de Klimawiessel eppes extrem Komplexes ass, mä wa vill vill kleng Gestë sech uneneereien, da kann een dat nach an de Grëff kréien. Déi, déi haut behaapten de Klimawiessel dat wär ee Witz, déi hunn definitiv näischt verstanen. Ech mengen et ass ee Rieseproblem a wa mir en haut net upaken, da bezuele mer et mar, net nëmme mat Geld, mä och mat Wuelbefannen. Ee gesond Klima, eng gesond Ëmwelt gehéiert definitiv wéi aner Saachen zum Wuelbefannen an zur Gesondheet.

Frank Kuffer: Här Di Bartolomeo villmools Merci fir de Besuch am Studio an eng gutt Gesondheet dann.

Mars Di Bartolomeo: Ma villmools Merci.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact