Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Avril 2008 > La ministre de la Famille et de l'Intégration, Marie-Josée Jacobs, au sujet du projet de loi sur la jeunesse

Interview
La ministre de la Famille et de l'Intégration, Marie-Josée Jacobs, au sujet du projet de loi sur la jeunesse
"RTL Radio" du 23-04-2008

Vers le niveau supérieur

Corinne Folscheid: Op dat neit Jugendgesetz gi mir elo gläich an. Fir d’éischt wéilt ech awer nach kuerz mat Iech iwwer déi aktuell Situatioun zu Esch schwätzen. Déi Escher Gemengeresponsabel halen an enger Réunioun vu gëschter Owend fest, datt een zu dësem Zäitpunkt net vun engem Bandekrich kéint schwätzen. Trotzdem, Madame Jacobs, wéi stitt Dir elo als Jugendministesch zu dëser Entwécklung, datt jonk Leit op oppener Strooss esou brutal unenee geroden?

Marie-Josée Jacobs: Also, ech denken, datt den Dout vun deem jonke Mann, an iwwerhaapt och déi Dot déi do geschitt ass, jo awer eppes ass, wou, wa mir eis net méi doriwwer géingen opregen, da misst ee sech jo nach vill méi Froe stellen. Duefir fannen ech ewell déi Opregung berechtegt, a ganz schlëmm wat do geschitt ass. Well wat ka schlëmmer si, wéi datt een deem anere säi Liewen hëlt, an dann och nach besonnesch an esou jonke Joeren?

An ech denken, datt mir alleguer mateneen alles musse maachen, fir ze kucken, datt déi Jugendlech Plazen hunn, datt si Uerten hunn, datt si Leit hunn, déi si begéinen, mat deene si kënne schwätzen, mat deene se kënnen iwwer hir Problemer diskutéieren, déi kënnen och hëllefen déi Problemer léisen.

An ee vun deene wichtege Meilestäng an deem Ganzen si fir mech d’Jugendhaiser – wou dee zwee Jugendlech jo an dat Jugendhaus gaange sinn – an déi ganz wäertvoll Aarbecht maachen, wou se d’Geleeënheet kréien, fir sech auszetauschen, wou se Geleeënheet kréie, fir och wa se Schwieregkeeten hunn, dorop hin ze weisen, fir och da gehollef ze kréien, entweder am Jugendhaus selwer, oder awer doduerch datt se op déi Plazen higeschéckt ginn, wou se Hëllef kënne kréien.

An dat ass eigentlech jo e bësselchen de Sënn vun deem Jugendgesetz, fir ze kucken, datt mir e Kader hunn, wou déi Jugendlech zu responsabele Bierger vun eiser Gesellschaft ginn.

A mir gesinn, datt mir an enger Zäit liewen, wou Lëtzebuerg natierlech ganz anescht ginn ass, vill méi grouss ginn ass, vill méi multikulturell ginn ass, wou natierlech och déi eng an déi aner aner Gewunneschten hunn. Ma virun allem gesi mir, datt ganz dacks déi Jugendlech déi aus der Immigratioun kommen, net an déi traditionnel Jugendorganisatioune ginn, wéi an d’Guiden oder Scouten.

An duefir ass et nach vill méi wichteg, datt mir esou Haiser, wéi eben d’Jugendhaiser hunn, wou se dann och mat Éducateurs gradués, mat diploméiertem Personal begleet ginn, a wou an eenzelne Jugendhaiser an der Vergaangenheet esou Projete géint d’Gewalt gemaach gi sinn. Mir hunn doriwwer och pädagogescht Material, esou datt ech denken, datt een dat erëm nei muss thematiséieren. Dem Escher Jugendhaus selbstverständlech och déi Leit zur Verfügung stellen, déi se brauche fir och mat deene Jugendlechen deen do Drama ze verschaffen.

Corinne Folscheid: Et ass leider eng traureg Tatsaach, vill Jugendlecher hale sech op der Strooss op, vill vun hinnen am Drogemilieu. A wéi wäit kann och do dat neit Jugendgesetz vläicht hëllefen, fir déi Jonk opzefänken, déi esou op der Strooss liewen?

Marie-Josée Jacobs: Et ass ee grousse Problem, dee mir eigentlech mat deene mannerjährege Jugendlechen hunn, déi op der Strooss sinn. Déi si jo normalerweis entweder ënnert der Autoritéit nach vun hiren Elteren, oder awer an deem Haus oder an deem Heim wou se da solle sinn.

Duefir se mir ewell zënter enger Zäit am gaangen eis ze iwwerleeën, a Richtung Jugendhotel, oder eng liicht Struktur och, wou dann déi Jugendlech kéinten hikommen. Et ass awer schwiereg fir dat och ronn ze kréien, well ganz dacks, wann Dir Iech virstellt, datt ee Meedche vu 16 Joer dat ass dann zesumme mat engem Jong vun 19 Joer, wann Dir da sot, mir maachen nëmmen eppes fir déi Mannerjähreg, da kann deem säi Frënd net mat dohinner kommen, dann ass et kloer, da kënnt d’Meedchen och net dohinner.

Et sinn also vill Froen déi sech doranner stellen, och juristescher Natur, wou mir awer musse probéieren eng Äntwert ze fannen. Wann et erëm zevill organiséiert an zevill fest Strukture sinn, jo da kommen déi net, well déi ware jo éierens, wou se ewell fortgelaf sinn. Duefir ass et also eppes wat ee muss fannen, wat hire Bedürfnisser entsprécht, op där enger Säit, an op där anerer Säit awer esou ass, datt ee se opgefaange kritt, datt se net mussen op der Strooss leien.

A datt mir virun allem kënnen duefir suergen – an dat ass eigentlech dee präventiven Deel, wann Dir wëllt, och an deem Jugendgesetz – doduerch datt mir Formatioune maachen, duerch Aktivitéiten, och dass verschidden Akteuren am Jugendberäich ënnerstëtzt ginn, fir ebe just ze verhënneren, datt d’Jugendlech bis esou wäit kommen.

Well wa se bis op der Strooss sinn, a wa se bis keng Aarbecht hunn, an ech denken do besonnesch un de Service volontaire d’orientation dee mir agefouert hunn, am Service national de la jeunesse, fir Jugendlecher déi an der Schoul opgehalen hunn, wou elo 70 Jugendlecher sech gemellt hunn, der 61 am Programm dra sinn, a vun deene 70 sinn der eng Partie erëm zeréck an d’Schoul gaange sinn, anerer hunn eng fest Aarbecht fonnt, an eigentlech vun deene 70 der just dräi opgehalen hunn, oder aus dem Programm eraus sinn, well si net méi komm sinn.

Dat ass fir mech eigentlech d’Zeechen, datt si wëllen eppes maachen, mä datt ee muss kucken, och op deem Niveau wou se da sinn, fir net erëm eng Kéier nei an zevill grouss Erausfuerderungen u se ze stellen. Si haten an hirem Liewen ewell esou vill Échecen, ob dat an der Schoul war, ob et an der Schoul an doheem war, wou een da wierklech op si kann agoen, wou se een Tuteur hunn am Service national de la jeunesse, mä awer och bei deem Patron, wou se hikommen, fir domat ze weisen, dir gehéiert zur Gesellschaft, a mir brauchen iech.

Ech mengen dat ass ee Message deen enorm wichteg ass fir déi Jugendlech, fir zu hinnen ze soen, mir wëllen, datt dir an der Gesellschaft är Roll spillt. Mir hätte gären, datt dir am Liewe selwer zu eppes géift kommen. An och besonnesch fir déi Kanner, wou et méi schwéier hunn, fannen ech datt déi Servicer alleguer enorm wichteg sinn.

Corinne Folscheid: Elo ass et jo esou, datt dat neit Jugendgesetz eng modern Jugendpolitik envisagéiert, un där déi Jonk sollen aktiv participéieren. Wéi soll dat elo ausgesinn? Och fir déi Jonk iwwerhaapt dozou ze motivéieren, well et huet een awer heiansdo d’Impressioun, datt esou Saachen awer méi laanscht se lafen, oder net?

Marie-Josée Jacobs: Dir huet, esou wéi dat mengen ech ëmmer ass, a wéi et iwwerall ass, dir huet eng Partie vu Jugendlecher déi enorm motivéiert sinn.

Wann ech gesinn wat awer haut nach ëmmer an deenen traditionelle Jugendorganisatioune, wéi d’Guiden an d’Scouten sinn, wat am Fong eng Organisatioun ass, déi elo net onbedéngt direkt d’Zil huet fir Jugendpolitik ze maachen, wéi zum Beispill d’jonk Pompjeeën, dass awer ëmmer nach vill Jugendlecher och de Wee dohinner fannen, an op där anerer Säit mir hinnen och de Wee musse weisen, fir dohinner ze kommen, respektiv fir sech och selwer ze engagéieren. A wann dir bis eng Kéier dat fäerdeg kritt huet, datt se engagéiert sinn, da sinn si et natierlech och, an da bleiwe se et och meeschtens ganz laang, oder se halen emol eng Zäitchen op, an da komme se erëm zeréck.

Mä dat wat ebe wichteg ass, dat ass dass déi Leit op deene verschiddene Plazen, ech denken un d’Schoulen, och wëssen, hei dat an dat gëtt ugebueden am Service national de la jeunesse fir déi Jugendlech, mat deene Jugendlechen.

Dëser Deeg gëtt den neie Projet gestëmmt iwwer d’Renovatioun an d’Restauratioun vum Mariendall, wat en immens flotte Centre gëtt, wou Klassen dohinner kommen, wou Jugendlecher dohinner kënne kommen, wou mir den Héichseelgaart hunn. Wat fir Jugendlecher och wichteg ass, wou se kënnen och sech bewegen, wou se och kënnen hiren Agressioune lass ginn, op eng aner Aart a Weis ebe just.

An dat ass dat, wou mir hoffen, datt mir wéi gesot, eng Kéier och dee ganze Volontariat, an dee ganze bénévolen Engagement vu ville Leit am Jugendberäich, well de Jugendberäich fonctionnéiert jo zu engem groussen Deel aus lauter Bénévolen, duefir war et och wichteg, datt de Congé éducation gestëmmt ginn ass, wou och nei geregelt gouf, wéi dat och fonctionnéiert mat deene Leit, déi sech ebe an hirer Fräizäit fir déi Jugendlech engagéieren.

Also ech gesinn eigentlech net, datt dat eppes total Onméigleches ass, mä et sinn awer vill Weeër, déi ee muss fannen, fir un déi Jugendlech erunzekommen, an ech wëll nach eng Kéier soen, fir mech ass och d’Integratioun vun deene ganz villen, mir hunn iwwer 40% jo net lëtzebuerger Leit hei zu Lëtzebuerg, do si jo ganz vill Jugendlecher dobäi, datt mir virun allem och u si kommen, datt si och sech kënne mat abréngen. An nach eng Kéier, och do wou d’Jugendhaiser eng ganz wichteg Roll spillen, wou mir frou sinn, datt mir mëttlerweil iwwer d’Land verdeelt, awer en Netz hunn, wou bal jiddweree kann higoen.

Corinne Folscheid: Do gëtt de Mëtteg also de Rapport iwwer de Gesetzesprojet an der zoustänner Chamberskommissioun ugeholl. Wéini wäert d’Gesetz dann definitiv kënne gestëmmt ginn?

Marie-Josée Jacobs: Also, wann elo de Mëtteg de Rapport ugeholl ass, da sinn normalerweis 5 Deeg déi mussen opbleiwen, zwëschen deem wou de Rapport ugeholl, a wou en an d’Chamber ka kommen. Esou dass fir mech an där nächst méiglecher Period wou Chamber ass, dat Gesetz ka gestëmmt ginn.

Corinne Folscheid: An der Rei, Madame Jacobs, da soen ech Iech Merci fir de Besuch am Studio.

Marie-Josée Jacobs: Merci och.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact