|
André Dübbers: En Dënschden ass an der Chamber ee Gesetzesprojet, dee gären als Jorhonnertwierk bezeechent gëtt: de Statut unique. Trëtt den Eenheetsstatut a Kraaft, gëtt et versécherungstechnesch keen Ënnerscheed méi tëscht engem Aarbechter a Privatbeamten. Mä d’Iddi stéisst nach ëmmer net iwwerall op Géigeléift, grad beim Patronat. Kee weess dat besser wéi dee Mann, deen den Text op den Instanzewee bruecht huet, de Gesondheets- a Sozialminister Mars Di Bartolomeo. Nieft dem Jorhonnertwierk beschäftegt d’Leit awer nach een anere Sujet, dee vun der aktiver Stierfhëllef. An och hei ass et de Gesondheetsminister, deen domat befaasst ass.
An de Gesondheets- a Sozialminister begréissen ech elo de Mëtteg hei bei eis am Studio. Gudde Mëtteg, Mars Di Bartolomeo.
Mars Di Bartolomeo: Gudde Mëtteg,
André Dübbers: Här Di Bartolomeo, Statut unique an aktiv Stierfhëllef, sinn dat Sujeten, déi een nach ëmmer muss diskutéieren oder ass fir Iech deen ee wéi deen aneren Dossier esou wäit, datt en nëmmen nach an der Chamber gestëmmt muss ginn?
Mars Di Bartolomeo: Ech menge Plaz an Zäit fir ze diskutéiere gëtt et zu deenen zwee Themen. Ech mengen awer, datt bei deenen zwee Themen och d’Zäit komm ass, datt een net méi an de Grief vis-à-vis vun deenen anere steet oder op de Barrikaden ee virun deem anere steet. Déi zwee Sujeten, och wa se net direkt matenee verwandt sinn, verlaange Sérénitéit, verlaangen Objektivitéit, a si solle jo, mengen ech, an där gréisstméiglecher Kohesioun diskutéiert ginn.
André Dübbers: Wa mir elo bei deem Thema bleiwen, deen an der leschter Zäit vehement an emotional diskutéiert gëtt, dann ass dat deen iwwert déi aktiv Stierfhëllef. Fir d’éischt sollt d’Proposition de loi mam Gesetzesprojet iwwert d’Palliativmedezin gestëmmt ginn, wat och geschitt ass, dunn awer hat de Staatsrot seng Oppositions formelles ugemellt. Hunn d’Deputéiert mam Vote ze séier geschoss, respektiv sech do selwer de Fouss gesat?
Mars Di Bartolomeo: Et kann een natierlech elo hannendrun ëmmer soe wéi een et anescht hätt kënne maachen, wéi ee méi am Fong och hätt kënnen iwwert d’Proposition de loi diskutéieren, mä et ass elo déi heite Situatioun. D’Chamber huet mat ganz grousser Unanimitéit d’Palliativgesetz verofschied an d’Chamber huet mat enger Majoritéit och d’Proposition de loi fir d’Depenaliséierung vun der Euthanasie gestëmmt. Dat sinn elo Fakten an déi kann een, mengen ech, net ewechdiskutéieren. Do muss een elo dat Bescht op deenen zwee Pläng erauszéien.
André Dübbers: À propos Fakten net ewechdiskutéieren, déi nächst Woch geet d’Proposition de loi fir eng zweete Lecture an d’Chamber. D’CSV proposéiert hei ee Kompromëss. Déi aktiv Stierfhëllef soll nëmme fir eng ganz genee definéierte Kategorie vu Patiente spillen, bei deenen d’Palliativmedezin näischt méi kann hëllefen. Gitt Dir da mat op de Wee vum CSV-Kompromëss?
Mars Di Bartolomeo: De Stadium ass dépasséiert wou een hei nach vu parteipolitesche Verhandlunge schwätzt. D’Chamberkommissioun huet elo Aufgaben iwwerholl an ech mengen deen Dossier ass och a gudden Hänn. Dee leschten Donneschen waren Entrevuen, déi sinn an engem gudde Klima gefouert ginn, näischt mat där Oppositioun déi sech elo par pétition interposée mécht, wou op där enger Säit e puer Dausend dofir plädéieren, op där anerer Säit e puer Dausend dogéint plädéieren. Ech mengen d’Chamberkommissioun, wou jo och déi verschidde Couranten dra vertruede sinn, huet et elo an der Hand fir déi zwee Texter openeen ofzestëmmen, net géinteneen auszespillen, mä openeen ofzestëmmen, fir datt wa mer herno esou wäit sinn, fir se an d’Praxis ëmzesetzen – dat ass jo nach ee klengt Stéckche Wee, well deen zweete Vote jo nach muss kommen – datt mer da prett si fir se och kënne ze applizéieren, an datt mer net de Fehler maachen, fir elo déi eng oder déi aner sougenannten Detailfroen ze iwwersinn an dann herno mat engem grousse Fragezeichen do ze stoen, wéi mer et da sollen applizéieren. An ech mengen, d’Chamberkommissioun wäert dat och maachen.
Ech hunn eng Note virgeluegt, déi weist wou um juristesche Plang déi zwee Texter openeen ofzestëmme sinn. An da mengen ech ass dee leschten Donneschden an deem Sënn een neit Element an d’Diskussioun erakomm, datt d’Dokteren eng Rei vu Propositioune gemaach hunn. D’Dokteren déi jo och déi sinn déi fir déi beschtméiglech Palliativmedezin suergen an d’Dokteren, déi jo och sollen d’Euthanasie an d’Praxis ëmsetzen, wa se da gestëmmt gëtt. An ech mengen déi Suerg vum Terrain, déi ass ze verstoen. Wichteg ass et, datt den Terrain sech elo net op déi eng oder op déi aner Säit schléit, fir dann d’Diskussioun nach méi komplizéiert ze maachen, mä op déi praktesch Problemer hiweist. An do mengen ech och, datt eng gewësse Bereetschaft iwwert all Parteigrenzen ewech ass, fir deene praktesche Suerge Rechnung ze droen, fir den Dokteren e bësse méi Rechtssécherheet ze ginn. Do gëtt et Pisten, awer do muss ee sech vun där Oppositioun, a priori Kontroll oder a posteriori Kontroll, lassléisen. An hei geet et net méi ëm parteipolitesch Ausernanersetzungen, mä et geet drëm, datt een déi Fakten, déi geschaf gi sinn duerch déi zwee Voten, datt een déi gangbar mécht fir d’Praxis an datt een eng Rei vu Suergen, juristescher Natur, awer och um Terrain, Rechnung dréit.
An ech géif mer wënschen, datt déi doten Diskussioun endlech aus där parteipolitescher Ausernanersetzung erauskënnt. Mir kënnen eis hei keng biergerkrichsähnlech Zoustänn an esou engem wichtegen Thema erlaben. D’Diskussioun soll erëm op deen Terrain zréckkommen wou se higehéiert, dat heescht, mat enger wichteger Phase am Liewe mat där noutwenneger Sérénitéit ëmgoen. Dat misst méiglech sinn, well jo eigentlech iwwert de Prinzip all Décisioune gefall sinn. An iwwert déi praktesch Saache misst een, wann ee gudde Wëlles ass an net just wëllt parteipolitesch Strategie maachen, misst ee sech kënnen eens ginn. Ech wäert alles maachen, fir déi noutwenneg Sérénitéit do ze halen an no deem Vote sinn ech och net ze hu fir ee Vote ze ënnerlafen.
André Dübbers: Dir sot jo elo selwer, d’Zäit vun de parteipolitesche Verhandlungen ass eriwwer, mä den inhaltlechen Handlungsbedarf, dee schéngt jo nach ëmmer do ze sinn, wa mer just nach eng Kéier op d’CSV zréckkommen, op de Kompromëss. Mä wee soll dann hei d’Critèren définéieren, respektiv ass dee Kompromëss, deen d’CSV elo proposéiert, dann awer net esou enk définéiert, datt e kaum wärt spillen.
Mars Di Bartolomeo: D’Proposition de loi déi gestëmmt ass, déi gesäit souwisou ganz restriktiv Konditiounen vir. Do wou et elo drëm geet, dat ass iwwert eng Rei vu praktesche Modalitéiten ze diskutéieren an ech mengen, datt et net gutt ass, wann een elo géif déi ganz Diskussioun drop reduzéieren, ob virdrun oder hannendrun oder virdrun an hannendru Kontrollë kommen. D’Chamberkommissioun soll sécherstellen, datt no deene Konditiounen, déi am Gesetz festgesat sinn, net eng Bürokratiséierung vun där doter Phase gemaach gëtt. Dat ass scho souwisou eng ganz schwéier Phase an eng ganz schwéier Entscheedung, esou datt een net bürokratesch Hürde soll do schafen.
Meng Suerg war am Palliativgesetz, esou wéineg wéi méiglech bürokratesch Hürden ze schafen, fir erauszesträichen, datt dat doten eigentlech déi privatsten Ugeleegenheet ass vum Patient, ech schwätzen elo vun der Palliativbegleedung, zesumme mat sengen Dokteren an datt een do net d’Bürokratie zevill soll aschalten.
Bei deem aneren Text ass et dat selwecht. Do ass d’Suerg fir d’Verhënnerung vun Abusen, mä et ass awer och d’Suerg fir déi Leit, déi an där auswegsloser Situatioun sinn, an do geet et sécher, fir se all – an dat ass jo dat wat mech eigentlech da schrecklech enttäuscht, well jo no där Präzisioun déi och déi aner Partei déi gréisstendeels net fir d’Euthanasie war, gesot huet, datt si och fir déi Ausnahmefäll sinn. Wann een d’Gesetz kuckt an déi verschidde Positiounen, ass jidweree sech eens, datt eng Euthanasie ni d’Regel ass, mä datt dat an enger klenger Minoritéit vun deene Fäll spillt, wou d’Palliativmedezin eben näischt kann oder näischt méi kann. An dofir enttäuscht et mech da schrecklech wann dann awer esou gemaach gëtt, wéi wann hei lauter Géigner openee géife prallen.
Ech menge wann ee mol erëm zréckkënnt op déi Punkten déi gemeinsam sinn, an do ass déi Restriktioun am Gesetz, da muss ee sech och eens ginn, wann ee wëllt soen, datt een de Wëlle vum Pateint respektéiert, wann en an deem gesetzleche Rahmen ass, dann däerf een net duerch d’Hannerdier erëm esouvill Hürden opbauen, fir dat onméiglech ze maachen. An ech muss soen, déi Propositiounen, déi elo vun der AMMD op den Dësch komm sinn, do sinn Iwwerleeungen dobäi, déi een eescht muss huelen, ouni elo op all Detail mussen anzegoen an ouni all Detail elo vun där Propositioun mussen opzegräifen.
Mä kloer: Suerg vun de Leit um Terrain, jo, awer duerch d’Hannerdier Hürden opbauen, déi de Vote vun der Chamber géifen ënnerwanderen, do muss och ee Regierungsmember, am Respekt vun deem wat d’Chamber wollt, do e kloren Nee dozou soen.
André Dübbers: Dat heescht, prinzipiell sidd Dir der selwechter Meenung wéi den CSV-Fraktiounschef, Michel Wolter, dee seet, ee generellt Recht op Euthanasie wäert et zum Beispill mat der CSV ni ginn?
Mars Di Bartolomeo: Ech verstinn déi Ausso an deem Sënn net, well och d’Auteuren an hirer Proposition de loi ni gesot hunn, datt jidwerenn elo Recht op Euthanasie huet. Dat heescht, dat do sinn oppen Dieren agerannt, wann ee seet, mir wëllen dat net. Et ass keen am Land, deen hei d’Euthanasie zur Regel wëllt maachen; hei gëtt op Nuancen argumentéiert. Ech mengen, datt déi déi fir den Euthanasiestext gestëmmt hunn, sécher net der Meenung sinn, datt d’Euthanasie elo an honnerte vu Fäll hei zu Lëtzebuerg sech wäert presentéieren. Dofir, déi Fro do entsprécht eigentlech net deem wat um Terrain ass.
André Dübbers: Wann ech awer däerf nach e bësselche stëppelen, tëscht dem Koalitiounspartner, a fir nach eng Kéier op den CSV-Fraktiounschef zréckzekommen, deen huet an deem Kontext och gemengt, datt Dossieren déi vun der Press, also vun eis, am Detail behandelt ginn, vun der Ëffentlechkeet guer net esou staark beuecht ginn oder d’Leit net iwwermoosseg interesséiert. Sidd Dir och där Meenung?
Mars Di Bartolomeo: Ech mengen, datt dat hei een Thema ass, dat d’Leit ganz staark interesséiert, wou d’Leit sech och ganz staark betraff fillen. Dat wat jo an deene leschte Méint geschitt ass, dat ass, datt den Thema Doud, déi lescht Phase am Liewen, vill méi staark aus der Tabuzon erausgeholl ginn ass an datt ëmmer méi Leit sech zu Wuert mellen, well se déi dote Situatiounen am eegene Familljekrees materlieft hunn. Ech menge richteg iwwer déi Nuancë, virdrun, hannendrun, dat ass éischter eng Insiderdiskussioun. Mä, datt awer d’Leit scho kloer wësse wat de Vote vun der Chamber heescht a wat en net heescht, dat ass awer grad esou kloer. D’Leit hunn dobausse verstanen, datt de Prinzip ënner klore Konditioune vun der Selbstbestëmmung fir Stierfhëllef a besonnesch dramatesche Fäll, datt dat gestëmmt ginn ass.
An Dir sot stëppelen, ech si fir Stëppeleien an deem heite Sujet net ze hunn. Ech probéiere Rou dran ze behalen. Et war ee gutt Stéck Aarbecht fir ee gutt Palliativgesetz ze maachen. Et ass elo nach ee Stéck Aarbecht fir déi zwee Texter openeen ofzestëmmen, wou et net drëm geet fir dee Prinzip a Fro ze stellen, mä wou et ëm déi Adaptatioune geet, déi musse gemaach ginn, fir datt net eppes gestëmmt gëtt an dann herno Exekutiounsschwieregkeeten um Terrain sinn, wou d’Leit net géife verstoen, wa mer dann erëm eng Kéier géifen ufänke mat streiden. Ech si jiddefalls gudder Hoffnung, datt déi Projeten an enger vernünfteger Frist kënnen zur Exekutioun kommen an zesummen zur Exekutioun kommen. Ech mengen dat ass och ee Wëllen, deen ech an der Chamber gespuert hunn, datt déi zwee Texter net sollen ausernee gerappt ginn.
André Dübbers: Här Di Bartolomeo, wann een awer elo an d’Zeitunge kuckt, da schéngt awer elo an der Populatioun de Widderstand géint déi aktiv Stierfhëllef ze wuessen? Do gëtt et eng Aktioun, do sinn elo scho knapps 7000 Ënnerschrëfte gesammelt ginn. Kritt Dir do keng Zweifel un der Legitimitéit vun der Proposition de Loi?
Mars Di Bartolomeo: Ech hunn dat scho virdru gesot, ech mengen et ass net deen Thema dee sech prétéiert fir elo d’Lager ofzestiechen op där enger Säit an d’Lager ofzestiechen op där anerer Säit. Et kann een déi doten Zuelen, wou eng Rei vun dausend op där enger Säit, eng Rei vun dausend op där anerer Säit huelen, et kann een och d’Ëmfroen huelen, wou 60, 70, 80% soen, mir si fir de Prinzip an extreme Fäll. Ech mengen dat hëlleft eis an där doter Diskussioun net weider. Wat et méi laang dauert, wat de Clivage bei de Leit an der Politik méi staark gëtt a mir mussen eis elo, mengen ech, zesummerappen, an déi strategesch, parteipolitesch, elektoral Hannergedanken op der Säit loossen an eis dorun halen, wat demokratesch Votë waren. An dat ass een demokratesche Vote. Et kann ee frou doriwwer sinn oder net frou doriwwer sinn, mä dee soll ee, wann ech gelift – wa mer dat wëllen hale wat dat Wertvollst ass, Diskussioun an dann demokratesch Décisioun – net a Fro an a Gefor ze setzen.
André Dübbers: Dir hutt och gesot, et sollt een elo net méi iwwert Detailfroe schwätzen, respektiv dat kéim herno dann nach. Mä da muss een awer vläicht drop zréckkommen, well d’Doktere si jo retizent, manner wat d’Stierfhëllef selwer ugeet, mä éischter wat déi juristesch Ofsécherung vum Dokter ubelaangt. Wäert et dann do eng Rechtssécherheet fir den Dokter ginn?
Mars Di Bartolomeo: An där Diskussioun déi de leschten Donneschdeg war, hunn ech net d’Impressioun gehat, datt déi Chamberkommissioun an och déi Ministeren, d’Marie-Josée Jacobs an ech, déi do waren, datt déi net gespuert hu wat d’Suerg ass vun den Dokteren um Terrain. A wann et wierklech ëm di Suerg geet, wourun ech net zweifelen, da gëtt et duerchaus Méiglechkeete fir am Text méi Rechtssécherheet ze schafen, fir net nëmmen de penalen, mä och den zivile Volet mat eranzezéien a fir deenen Dokteren déi sech onsécher fillen, eng Berodung ze sécheren. Wou et awer net esou däerf sinn, datt den Dokter herno gezwonge gëtt, wann eng Situatioun ganz kloer ass, Fin de vie, do ass déi Situatioun ganz kloer, wann e puer Wochen d’Liewen nach dauert, da mengen ech, soll een net ufänken déi Leit an eng Bürokratiséierung eran ze drécken, mä déi Situatioun ass e bësse méi sensibel wa keng Fin de vie do ass. An do stelle sech d’Dokteren, do stelle sech d’Leit Froen. Ech mengen do soll et dem Dokter fräi sinn – dat ass iwwregens an der Proposition de loi fest virgesinn – fir en zweeten Avis ze froen oder sech iwwerall do wou e wëllt, och bei Ethikskommissiounen, déi an de Spidäler bestinn, ze informéiren. Mä et däerf een awer net elo an eng Richtung vun enger Autorisation préalable goen, dat ass an där Proposition de loi déi gestëmmt ass net virgesinn. Also eng Stäip wou den Dokter kann, wann en zweifelt, drop zréckgräifen, awer net duerch d’Hannerdier erëm eng Autorisation préalable. Dat ass, mengen ech, net konform zu deem wat an der Proposition de loi diskutéiert ginn ass. Mä wéi gesot, d’Chamber huet deen doten Dossier an der Hand an ech spieren och déi Sensibilitéit bei den Deputéierten déi doriwwer diskutéieren. An ech hoffen, datt elo an deenen nächste Wochen an den Diskussiounen an der Kommissioun erëm déi Sérénitéit erakënnt déi mer brauche fir deen doten Dossier zum Enn ze bréngen.
André Dübbers: Och wann dee Punkt elo den Ament vläicht zweetrangeg ass, wéi stitt Dir dann zu der Propositioun eng Kommissioun anzesetzen, déi am eenzelene Fall dann esou eng Euthanasie begleet?
Mars Di Bartolomeo: Ech hunn alles dozou gesot. Ech wëll mech elo net zu deene Kommissiounen ausdrécken. An de grousse Spidäler gëtt et déi Ethikskommissioun, déi och elo schonn intervenéiert, wann een zum Beispill Fäll huet, déi net méi solle reaniméiert ginn, déi esou grujelech dru sinn, datt een net méi reaniméiert. Do geet den Dokter un déi Ethikskommissioun am Spidol erun an déi beréit en. Dat besteet also schon, an och do soll een net dee groussen Antagonismus an d’Vitrine stellen: Kommissioun oder net Kommissioun. D’AMMD huet ganz kloer gesot, datt si sech esou eng Mission de Conseil sech kéint virstellen, mee datt dat keng Konditioun dierft sinn, datt den Dokter fräi kéint dorop zréckgräifen, datt wann en net drop zréckgräift, datt dat keng negativ Konsequenze fir den Dokter huet, wann d’Situatioun esou kloer ass. Dofir wëll ech net an esou eng Direktioun goen, well da si mer erëm genee an deemselwechten Szenario: virdru Kontroll oder hannendrun d’Kontroll, Kommissioun oder net Kommissioun. [gëtt ënnerbrach]
André Dübbers: Dat sinn awer Punkten, déi den Ament an der Diskussioun sinn.
Mars Di Bartolomeo: Ech wënsche mer, datt een net elo de Véhicule kuckt, mä datt ee kuckt ëm wat et inhaltlech geet. An hei geet et inhaltlech jo offensichtlech drëm, datt een, wann d’Dokteren zécken – a bei esou enger graver Décisioun ass dat jo verständlech – datt se eng Stäip an datt se eng Hëllef kënne kréien. Ech denken elo mol haart, déi Hëllef kéinten se elo scho laut Spidolsgesetzgebung, déi déi Ethikskommissioune schaaft, bei deenen Ethikskommissioune siche goen.
Dat heescht also, wann ech gelift, wann een eng Rei vun Décisiounen huet, net ëmmer erëm nei Fronten opbauen, mä kucken ëm wat datt et geet a sech da mat deem ausenanersetzen. An da Weeër sichen, amplaz datt een d’Zil schonn definéiert oder eng Konditioun direkt definéiert an sech dann mol d’Fro stellt ëm wat dat geet. Also ech fannen déi polariséierend Approche wéi se och – ech verstinn dat jo, well dat jo flott ass wann ee Parteie géinteneen ausspillt – mä an deem heite Fall mengen ech, soll een elo mol erëm dat parteipolitescht op d’Säit stellen a wann dat wat ee vun de Koalitiounspartner seet wierklech éierlech gemengt ass – an ech ginn do dovunner aus, datt dat jo da kee Spill ass – datt een de Vote akzeptéiert huet, dann ass et wichteg, datt ee konstruktiv an net erëm polariséierend an där doter Diskussioun matschafft. Well wann een hei nei polariséiert, da fäerten ech, datt d’Resultat dat ass, datt alles bleift esou wéi et ass. An et wär net déi bescht Solutioun, datt déi zwee Gesetzer ouni déi noutwenneg technesch Modificatiounen eng zweete Kéier votéiert ginn.
Dofir as wichteg, datt déi Objektivitéit erëm erakënnt an datt dat wat ee seet een och soll denken an net datt een eppes seet wat een net denkt, well ee mengt, datt een an der politescher Diskussioun sech nei misst positionnéieren, well eppes aneschters engem kéint schueden. Dat ass net déi Approche déi meng ass, dat ass net esou wéi ech d’Politik verstinn a besonnesch net an deem heite Sujet. Mir hunn eis extrem vill Méi gi fir d’Palliativmedzin à bon port ze bréngen, et ass ee gutt Gesetz a mir sollen dat wann ech gelift mat deemselwechte Fangerspëtzegefill an net an enger Frontenapproche maachen, wuelwëssend, datt d’Virgab ganz kloer ginn ass vun deem Vote vum 19. Februar an datt deen net ënnergruewen däerf ginn.
André Dübbers: Da misst Iech jo d’Propositioun vun Ärem Virgänger a Member vun der zoustänneger Santéskommissioun, dem Carlo Wagner relativ sympathesch sinn. Hee seet, en Avis vun engem zweeten Dokter geet duer, Schluss.
Mars Di Bartolomeo: Ech hunn dat virdru ganz kloer gesot, datt een där Chamberkommissioun eng Chance soll ginn, fir op déi Suergen déi vun den Doktere geäussert ginn anzegoen. Ech wëll net déi Ausso vu mengem Virgänger bewärten, mä et kann ee sech net einfach ganz zouknäppe vis-à-vis vun Argumenter an et kann ee sech et och net esou liicht maachen, datt een an där doter Diskussioun just hofft, datt d’Koalitiounspartner openee lassginn a seng eege Positioun just duerno ausriicht, fir dat weider ze provozéieren. Ech fannen, datt dat net wierdeg wär. Ech mësche jiddefalls net an esou enger Approche mat. Komm mer kommen erëm op de Punkt, wat ëmsouméi liicht misst sinn, well d’Virgab ganz kloer ginn ass. A wa jiddwereen d’accord ass, datt een dat op kee Fall däerf ënnerwanderen a wann dat och glafwierdeg eriwwer bruecht gëtt, da kann een an deene méi praktesche Froe gutt Solutioune fannen, déi d’Gesetz besser maachen, et net verschlechteren.
André Dübbers: Fir vläicht dann awer bei deem Punkt nach ze bleiwe mat den Dokteren an domat och zum Schluss vum Volet Stierfhëllef ze kommen. Wéi grouss kann dann de moraleschen Drock op den éischten Dokter ginn, wann duerch den zweeten Avis oder duerch den Avis vun enger zweeter Ex-Ante-Kommissioun, gëtt den Dokter do net gezwongen ? Oder respektiv heescht dat dann a Konsequenz, datt ee keen Dokter méi fënnt fir eng Euthanasie ze maachen?
Mars Di Bartolomeo: Dir sidd nach ëmmer an där Approche, Dir schéngt mir net nozelauschteren an deenen Argumenter wou ech Iech ginn. Dir kommt erëm ëmmer op dat zréck wat jo guer net sollt kommen. Mir sinn net méi an där Polariséierung zwëschen dem Contrôle virdrun an hannendrun. Ech hunn d’Impressioun gehat, datt déi Kontroll hannendrun, datt déi net a Fro gestallt ass, an datt mer eben elo just probéieren op déi Suerge vun den Dokteren anzegoen an ugepasste Berodung ze fannen. An ech muss Iech soen, datt ech mer duerchaus ka virstellen, datt den Dokter deen déi Berodung brauch, en déi an deene bestoenden Ethikskommissioune ka fannen, wann e se sicht oder op anere Plaze ka fannen. An dofir solle mer dann doriwwer diskutéieren, datt een eng praktesch, pragmatesch, net polariséierend Approche fënnt, fir deene Suerge vun den Doktere Rechnung ze droen.
Do wou ech Iech ganz Recht ginn, dat ass, datt een Drock op deem Dokter laascht an datt deen Dokter dat jo och net fir säi Pleséier mécht. Mä deen Drock deen op him laascht, dee muss een an de Verglach brénge mat deem Leiden, deen dee Patient huet, deen déi Konditiounen erfëllt fir an déi doten Décisioun eran ze kommen. Ech mengen déi zwou Saachen an da mengen ech wann den Dokter dat gesäit, da mécht en dat an der Iwwerzeegung, net datt en engem Mënsch liichtfankeg d’Liewe geholl huet, mä e Mënsch vun onmënschlechem Leide befreit huet. Ech mengen dat soll een och mol eng Kéier esou duerstellen. Datt et dann trotzdem nach net liicht ass, an datt een trotzdem wëllt eng gewësse Sécherheet hunn, och mat Confrèren oder mat Berodung, dat ass verständlech a mir sollen eben dorop zréckkommen an net op déi Frontebildung.
André Dübbers: Aktiv Stierfhëllef huet jo och mat der Intimitéit ze dinn. Zerstéiert een déi dann elo net mat där ganzer Diskussioun, déi och elo an der Kommissioun do gefouert gëtt?
Mars Di Bartolomeo: Et kann een och ëmdréinen a soen, intim Décisioun jo, mä alleng bei grujelechem Leiden, dat ass och eppes wat een dann erëm eng Kéier an d’Woschuel mat erabréngt. Et gëtt elo vill, quasi iwwerall doriwwer diskutéiert, vun enger Majoritéit vu Leit. Mä de Fall vun der Euthanasie gëtt wierklech a ganz seelene Fäll réaliséiert, an de Regelfall beim Doud wäert dee sinn, datt een op d’Palliativmedezin zréckgräift. D’Palliativmedezin kann, an engem ganz ganz grousse Prozentsaz vun de Fäll – et gëtt geschwat vun 99 oder esouguer vun 99 plus Fäll – hëllefen, an d’Euthansie spillt eben an deene Fäll wou d’Palliativmedezin alleng net d’Äntwert ass.
André Dübbers: Fir d’éischt mol villmools Merci, Mars Di Bartolomeo. An domat ass et eng Minutt op halwer eng, hei um Radio 100,7. Zäit och domat fir den Noriichteniwwerbléck deen Iech haut vum Jean-Claude Wolf presentéiert gëtt.
[...]
André Dübbers: An domat häerzlech wëllkomm zréck bei eis Emissioun „Riicht eraus“. Invité ass haut de Gesondheets- a Sozialminister Mars Di Bartolomeo.
Här Di Bartolomeo, no dem Volet vun der aktiver Stierfhëllef komme mir elo zu engem sougenannte Jorhonnertwierk. D’Jorhonnertwierk vun engem Gesetzesprojet soll elo en Dënschden an der Chamber gestëmmt ginn, de Statut unique. Ass den Text dann nach ëmmer an Ärem Sënn, och mat deene ronn 46 Amendementer?
Mars Di Bartolomeo: An der Chamberkommissioun ass exzellent geschafft ginn. Déi 46 Amendementer sinn zum gréissten Deel Amendementer déi op Grond vum Avis vum Conseil d’État komm sinn, an Amendementen technescher Natur, fir dat Gesetz kënne besser applicabel ze maachen. Doniewent waren eng Rei vun awer net onwichtegen Amendementen déi komm sinn, fir der Evolutioun vun der Diskussioun an der Ëffentlechkeet Rechnung ze droen. Ennert anerem ass der Suerg vum Patronat Rechnung gedroe ginn, datt mer sollten 2010/2011 dat Gesetz bilanzéieren an datt mer sollte bereet sinn, wann d’Belaaschtung méi grouss géif gi wéi dat virausgesot ass, datt mer déi noutwenneg Flexibilitéit hätten, fir dorop anzegoen.
Mä wat de Fong vun deem Gesetz ugeet, ass näischt doru geännert ginn. Dir wësst, datt et eigentlech ee wichtege Volet vun den Tripartiteaccordë war, deen ze respektéiere war. Dee Projet ass en onwahrscheinlech staarken Ausdrock fir sozial Gerechtegkeet, fir sozial Kohesioun, fir Reformbereetschaft. An dee Projet ass fir mech ee vun deene beschte Beleger fir eng déifgräifend Strukturreform.
Et ass vill an der Ëffentlechkeet iwwert d’Gläichstellung vun Aarbechter a Beamte geschwat ginn. Et ass manner iwwert dee strukturelle Volet geschwat ginn. Dee Volet Ugläichung vun den Aarbechter a Beamten, d’Ofschafung vun deenen zwou Kategorien an d’Schafung vun der Kategorie vum Salarié, vum schaffende Mënsch, huet Symbolcharakter, bréngt Kohesioun. Mir hunn an deem virrechten Thema vu Clivagë geschwat, ech géif mer wënschen, datt an deem virrechten Thema och erëm déi gesellschaftlech Kohesioun géif erëmkommen.
Hei schafe mer à moyen terme déi méi grouss gesellschaftlech Kohesioun, datt mer net trennen, mä zesummeféieren. An datt mer och um Aarbechtsmaart, deen déi zwou Kategorië brauch – mir brauchen Cols blancs an d’Cols bleus – datt mer dee falsche Message lassginn, datt nëmmen eng gutt Aarbechtsplaz déi ass wou ee mam wäissen Hiem a Krawatt sëtzt an datt déi Aarbechtsplaze mam bloe Costume schlecht Aarbechtsplaze sinn. Dat ass ee katastrophale Message deen entstanen ass an de 70er Joren, wéi eis Stolindustrie an enger déiwer Kris war, mä dat ass awer haut net méi richteg. Et kann ee parfaitement gutt handwierklech, manuell Jobe fannen an et kann een ouni weideres och vill méi schlecht Jobe fanne mat engem wäisse Kolli. Dofir ass et ee staarke Message, och bei engem ugespaantenen Aarbechtsmaart, dee sech elo wierlech staark erholl huet an der rezenter Vergaangenheet, datt een net méi dee Clivage do mécht. Ech sinn eigentlech – dat ass esou ee Gefill wat een als Politiker net oft huet – ech sinn eigentlech houffereg, datt mer hei eppes Guddes gemaach hunn. Mir, well eng ganz Rei vu Leit doru geschafft hunn. Wann een heiansdo iwwer méi hefteg Diskussiounen och an enger Koalitioun bericht, da muss ee soen, dat hei ass ee Modell wéi déi Kohesioun an där Koalitioun och eppes extrem Positives fäerdeg bruecht huet. A wann déi Kollegialitéit an déi Kohesioun net zwëschent dem Aarbechtsminister a mir selwer an och anere Kollegen aus der Regierung, déi agegraff hu wann et noutwenneg war, ënnert anerem och eise Premier, da wär déi dote fundamental Refom net zustane komm. An och wann d’Gewerkschaften net esou matgeschafft hätten, an d’Patronat zum Schluss och den Enjeu erkannt hunn an och, grad wéi Gewerkschaften, iwwert wäit Strecke Satisfaktioun kritt hätten, da wär dat heiten net méiglech gewiescht.
André Dübbers: An awer mécht d’Patronat net grad esou eng positiv Analyse wéi Dir se elo just gemaach hutt. Vu Patronatssäit aus konnt een elo ganz rezent nach héieren, datt d’Patronen elo dat solle géréiere wat d’Krankekeesen an d’Regierung net fäerdeg bruecht hunn, nämlech d’Gestioun vun de Krankschreiwungen. Huet d’Regierung et sech do zevill einfach gemaach?
Mars Di Bartolomeo: Ech muss Iech soen, datt dat mech eigentlech erstaunt. Ech wëll och do keen Ueleg an d’Feier schëdden a meng Reaktioun dann eben zréckstellen an dann d’Saach erëm an de Virdergrond stellen. Mir hunn eis hei extrem vill Méi ginn a mir hunn noeneen op déi als Prioritéit duergestallte Froë vum Patronat reagéiert. D’Käschtenneutralitéit war am Ufank déi alleréischt Prioritéit. Et muss een och an den Tripartiteaccorden nokucken, do ass genee dat als déi Prioritéit festgehale ginn. Mir mengen, datt mat Mutualitéit, mat där Nobesserung vum Gesetz wou mer gesot hunn, wann dann eppes géif passéiere wat ner viraus ze gesi war, datt mer da bereet wären anzegräifen, datt mer dee Volet vun der Käschtenneutralitéit wäitgehendst respektéiert hunn, grad esou wéi mer zu Gonschte vun deene Schaffenden déi Zilsetzung respektéiert hunn, datt déi Ugläichung esouwäit wéi méiglech um Niveau vun de Beamte soll geschéien. Dat heescht, mir hunn eigentlech vis-à-vis vun deenen zwee Sozialpartner Wuert gehalen. Dat war net gratis. De Staat huet säi Beitrag do gemaach. De Staat gräift an d’Täsch fir déi Mutualitéit ze begleeden, also de Käschtepunkt vum Absentéismus mam Betrib ze deelen. Et ass also net de Betrib deen alleng do steet, wéi dat heiansdo duergestallt ass. Mä iergendwann komme mer eng Kéier un d’Enn vun der Fändelsstaang. Och de Volet vum Absentéismus huele mer ganz sérieux. Mir hunn een héichkarätege Grupp agesat, dee regelméisseg zesummekomm ass, deen och elo ee Laaschtenheft huet fir ze kucke wéi mer un déi Thematik vum Absentéismus eruginn. Do ass den Abus, mä do sinn awer och d’fundamental Ursaache vum Absentéismus déi ze kucke sinn, an dat maache mer. An da muss een awer och wëssen, datt mer hei zu Lëtzebuerg net ee Vollek vu Blomécher sinn. Bei de Beamten, do hunn d’Betriber schonn d’Responsabilitéit fir d’Lounfortzahlung zanter éiweg. Bei de Beamten hu mir een Taux d’absentéisme vun 1,7%. Domat si mir am europäesche Peloton ganz hannen. Fir eng Kéier ass dat gutt, datt mer do ganz hanne sinn. Mir hunn ee Landesduerchschnëtt vun 2,7% Absentéismus. Domat sti mir am Vergläich zum Ausland ganz gutt. A mir hu bei den Aarbechter, komescherweis wou jo da keng Lounfortzahlung a wou den Assurancëprinzip gespillt huet, wou also de Patron an och den Assuré sech mat hirem Beitrag de weidere Suiten eigentlech entleedegt hunn, do hu mir een Absentéismus vu 4,6%. Esou datt een och déi Logik e bësse muss hannerfroen, datt grad do wou d’Lounfortzahlung ass den Absentéismus besonnesch niddereg ass an datt do wou keng Lounfortzahlung ass den Absentéismus relativ gesi méi héich ass. An och do mengen ech sti mir zu deem. Mir hunn am Gesetz eppes virgesinn, wat virdru bei der Lounfortzahlung net de Fall war. Dat heescht d’Krankekeese kënnen déi Contrôles administratifs fir d’Leit alleguer maachen, also och fir déi bishereg Beamten, wou dat net de Fall war, an och fir déi bishereg Aarbechter. An de Patron huet laut Aarbechtsrecht Méiglechkeete bei Abusen déi Sanktiounen ze huelen, déi sech dann eben erginn.
Mir hunn awer och gesot, datt mer och deen dote Volet bilanzéieren an da wa mer gesinn, datt iergendeng Fehlentwécklung bei Abuse wär, da stieche mer d’Käpp erëm zesummen a mir diskutéiere weider. Wat een awer soll wëssen, an dat soll een och eng Kéier mat aller Kloerheet soen, mir maachen hei eng Strukturreform. Déi Keese ginn zesummegeluecht. Déi Steierkapazitéit vun alle Problemer duerch déi nei Gesondheetskees, déi gëtt vill vill besser. Mir moderniséieren eis Strukture fir kënnen op d’Erausfuerderungen anzewierken. An do huet d’Patronat seng Roll ze spillen, fir déi Strukturen esou ze gestalte wéi se musse sinn an do hunn d’Gewerkschaften hir Responsabilitéit fir dat ze maachen an do hu mir eis Responsabilitéit fir mat unzepaken, well och déi nei Gesondheetskees, déi gëtt nom paritéitesche System géréiert an de Staat ass do Partner wéi déi zwee aner. Also soll een ier een elo Panik mécht, soll een där neier Struktur eng Chance ginn, fir déi Kontrollinstanzen ze schafen, well ech ëmmer nach der Meenung bleiwen an do kann ech och net dovun ofbruet ginn, datt een aus där Gesondheetskees dat soll eraushuele wat ee brauch, wat een zegutt huet an net méi, well dat onsolidaresch ass mat deenen aneren Assuréen. An dat gëllt, datt ee sech esou soll zervéiere wéi een et brauch, dat gëllt esouwuel fir d’Assuréen, mä awer och fir déi déi Prestatairë sinn, dat heescht déi déi verschreiwen, déi Akten inszenéieren, dat gëllt och fir de Patronatsvolet, datt och de Patron soll an deem dote Fall seng Responsabilitéit iwwerhuelen an ech muss soen, datt bei deem Oflaf vun deenen doten Diskussiounen, mat där Seriositéit wou mer un alleguer d’Problemer eruginn, datt een net soll sech dat Gutt, wat mer elo zesumme fäerdegbruecht hunn, nach eng Keier liichtfankeg zerrappen. Et soll een dozou stoen, a wa Problemer optauchen, soll een och erëm zesummen déi Problemer do ugoen. Ech mengen, datt och d’Glafwierdegkeet – an dat wonnert mech, well grouss Deeler vum Patronat soen, datt se net un der Glafwierdegkeet vun de Regierungsvertrieder an der Regierung hei zweifelen – da verstinn ech déi Opreegung vun der leschter Minutt net. A mir sollen dat heiten elo an deem Geescht zu Enn brénge wéi mer et kuerz virun d’Zil bruecht hunn.
André Dübbers: Da gi mir mol ganz positiv dovunner aus, datt jiddwereen dee krankgeschriwwen ass och krank ass. Kéint sech dann d’Situatioun fir d’Salariéen dann awer net mam Eenheetsstatut verschäerfen, datt d’Situatioun fir d’Salariéen da méi sauer gëtt am Fall vun enger Krankheet? Elo scho schéngt et jo a verschiddenen Entreprisen Usus ze sinn, datt en Employé no senger Krankheet fir d’éischt mol am Büro vum Chef passéiert. Firwat kann ee sech da jo denken.
Mars Di Bartolomeo: Also ech muss soen, datt ech net wäert zouloossen an ech mengen och d’Partner wäerten net zouloossen, datt elo hei eng Hexejuegd géint d’Leit gemaach gëtt déi krank sinn. Dat Recht krank ze si kann ee kengem huelen. Dat ass ganz kloer an ech mengen och net, datt ech déi Tendenz spieren. Ech hunn dat och déi Zäit gemaach wou ech selwer d’Responsabilitéit hat an engem grousse Betrib, dat ee Gemengebetrib war, datt wa systematesch Méindes, Mëttwochs a Freides oder wann e bësse méi schwéier Aarbechte fälleg waren ee Krankeschäi komm ass, wann dat méi oft virkomm ass, ma jo dann hunn ech déi Leit och bestallt an ech hu se virun hir Verantwortung gestallt, well se net nëmmen dem Betrib een Iesel op de Réck molen, mä och hire Kollegen, an déi Kollege ganz sensibel dorop waren. Dat ass also mengen ech näischt Aussergewéinleches an ech mengen et ass och gutt wa mir mar, niewent der Sécherheet, och e bësse méi Gesondheetskultur an déi Betriber erakréien. Dat ass ee Volet. Wann de Betribschef sech ëm den Absentéismus këmmert, zesumme mat senge Leit, zesumme mat den Delegatiounen, da kann dat eppes ganz Positives sinn, well da weist en nämlech net nëmme mam Fanger dodrop, mä e geet och vläicht op d’Ursaachen an, firwat datt Krankheete kënnen entstoen. An dat ass iwwregens och ee vun deenen Aspekter, déi mer an deenen Diskussiounen an Ausernanersetzunge, déi mer an deem Groupe de haut niveau hunn, wou mer net nëmmen den Abus huelen, mä wou mer och Situatiounen huelen, wou, well se net gekläert sinn, heiansdo an den Absentéismus erandreiwen an wann een där spiert a wann een där gesäit a wann een där identifizéiert, da kann een och mat positive Moossnamen dorop agoen. Dat heescht bei Abuse muss een déi kënnen erkennen a muss ee kënnen dorop reagéieren a bei anere Situatioune muss ee kënnen op d’Ursaachen agoen. Well d’Zil ass jo, datt d’Leit sech sollen am Betrib wuelfannen, datt se dem Betrib eppes solle bréngen an de Betrib hinnen eppes soll bréngen an datt eben, wann een net brauch doheem ze sinn, datt een och präsent soll sinn.
Dat heescht also op Är Fro: ech mengen net, datt et eng Hexejuegd gëtt, ech mengen, datt mer déi Lounfortzahlung an der Halschecht vun der Économie schonn hunn an datt et do déi Hexejuegd net gëtt. An datt no enger Upassungsperiod, an do ass jo eng Iwwergangszäit vun dräi Joer virgesinn, wou jo de Betriber absolut näischt passéiert, well de ganze Betrag an de Betriber, respektiv an der Mutualitéit bleift, datt dat sech och wäert upassen an datt dat u sech eng Plusvalue wäert bréngen. Well esouwuel fir de Salarié wéi och fir de Betrib, well een op eng Rei vun Ursaachen ageet, déi engem dee Moment egal waren, well et jo den Tiers-payant ginn ass vun de Krankekeesen, wou jiddweree säi Bäitrag geleescht huet, mä wou et engem da méi oder manner egal war. An ech mengen dat soll engem net egal sinn an dat hei gëtt d’Méiglechkeet fir zesummen eppes Besseres ze maachen.
André Dübbers: A propos Abusen: op där anerer Säit hutt Dir selwer d’Doktere mat an d’Spill bruecht an hei vu Krankschreifautomaten deemools geschwat, wou een de Stecker misst erauszéien. Ass de Stecker eraus?
Mars Di Bartolomeo: Also et ass jo ee Bild gewiescht dat ech gebraucht hunn an ech stinn och zu deem dote Bild. Wann een de Stecker erauszitt, dann huet dat ëmmer esou eppes Kriegereches u sech. Méi efficace gëtt et, wann een Deviatiounen ka feststellen, do wou systematesch 30 Euro eragehäit ginn an ënnen ee Krankeschäin erauskënnt. An do hu mir eis a Verhandlunge mat der AMMD op ee Seuil geeenegt ab wéini, datt et ganz grouss Evidenze fir Abuse gëtt. An dat suivéiere mer elo ganz sérieux a wann dann een als Krankeschäinsautomat identifizéiert gëtt, da muss e mat deene Sanktioune rechnen an da muss en och domat rechnen, datt säin Numm genannt gëtt. An deen Assuré, dat heescht de Krankeschäinsautomat kritt, fir an deem Langage ze bleiwen, de Stecker erausgezunn, an deen deen déi 30 Euro systematesch an de Krankeschäinsautomat eragehäit, dee gëtt prioritaire kontrolléiert, esou datt et haut guer net méi esou harmlos ass, wann een op där enger Säit ausstellt an een op där anerer Säit verlaangt. Déi zwee sinn d’selwecht Abuseuren an déi zervéiere sech zu Onrecht vun deem solidareschste System deen et eigentlech gëtt an deen et mat alle Mëttelen ze verteidege gëllt. Well esou herrlech Systemer, wéi déi mer hunn, bei de Pensiounen, bei de Krankekeesen, bei der Fleegeversécherung wéi hei zu Lëtzebuerg, gëtt et quasi néierens méi an déi däerfe mer eis net vu Filouen a vu Leit déi fuddele kabott maache loossen.
André Dübbers: Loosse mer nach séier den Thema switchen, awer am Secteur bleiwen. Am Gesondheets-a Sozialberäich stitt Dir elo den Ament virun engem Sozialkonflikt. D’Leit aus dem Secteur ginn ze schlecht bezuelt, schold wier d’Patronat mat sengem Drock bei de Kollektivvertragsverhandlungen. Wäert de Gesondheets- an och de Sozialminister Di Bartolomeo hei agräifen, well vläicht déi medezinesch Versuergung vun der Populatioun um Spill steet?
Mars Di Bartolomeo: Wann Onzefriddenheet am Fleegeberäich ass, da muss een dat eescht huelen. Dat däerf een net ënnerschätzen an dat maache mir och net. Mir haten an deene leschte Jore gutt Diskussioune mam Secteur iwwer eng Verbesserung vun der Ausbildung. Mir hunn do déi Solution miracle nach net fonnt. Mir wäerten uganks Mee nach eng Kéier mam Secteur zesummekommen, fir déi dote Fro nach eng Kéier ze diskutéieren. An da kucke mer ob mer mat deene Propositiounen déi vun eis op den Dësch geluecht ginn, ob mer weider kommen a wa net, da musse mer eis eppes anescht afale loossen an aner Acteure mat an d’Boot eranhuelen, well dann d’Educatioun an d’Santé alleng dat net méi kënnen décidéieren.
Wat d’Kollektivvertragsverhandlungen ugeet, muss ech Iech soen, ech war laang Jore Journalist am Tageblatt an ech hunn do och de politeschen an de gewerkschaftleche Volet mat verfollegt. An aus där Praxis hunn ech geléiert, datt een als Politiker all Intérêt huet fir sech a lafend Kollektivvertragsverhandlungen net anzemëschen. Well do geréit ee ganz gär tëschent Hummer an Amboss. Dat heescht also a Kollektivvertragsverhandlunge wäert ech net agräifen. Et muss een awer hellhöreg sinn op déi Problemer déi am Zesummenhang mat Kollektivvertragsverhandlungen op den Dësch bruecht ginn an dorop gegebenenfalls reagéieren. Bis elo hate mer mam Secteur ganz gutt Diskussiounen an et ass jo och net esou, datt elo de Fleegesecteur hei zu Lëtzebuerg besonnesch schlecht bezuelt wär, wann een de Verglach mam Ausland hëllt, mä dat ass ebe just net de Punkt. De Punkt ass, datt een de Secteur Fleegeberäich mat anere Secteure vergläicht hei zu Lëtzebuerg, déi vläicht aner Verantwortungen hunn wéi am Fleegeberäich.
Dir hutt Recht, et ass e sérieuxen Dossier, deen een och mat der noutwenneger Sérénitéit, esouwuel vum Gesondheetsministère wéi vun deenen anere Ministèrë muss suivéieren, well do ass net de Gesondheetsministère prioritaire alleng an der Verantwortung. Mir si fir d’Organisatioun an de Finanzement vun engem Deel vun deem Secteur responsabel, d’Educatioun huet d’Responsabilitéit fir d’Ausbildung. Wann et ëm Héichschoulausbildung geet huet den Enseignement supérieur déi Verantwortung. Erakommen nach d’Fonction publique an de Beräich vun der Famille. Dat sinn déi soziofamiliär Beruffer. Dat heescht, do sinn eng hallef Dose Ministèrë betraff. Wa vill Ministèren implizéiert sinn, da weess een dass déi ganz Regierung an och all Verantwortlech an der Regierung do dobäi sinn.
André Dübbers: Wéi wäit sidd Dir Iech dann eens an der Regierung, och a Saache Formatioun déi Dir elo just ugeschwat hutt? Do konnt ee jo och héieren, datt d’Kollegen Delvaux a Biltgen géint eng quasiment besser Formatioun sinn. Si fäerten domat, datt d’Evolutioun vun de Carrièrë mat Tendenz no ënne wäert zouhuelen. Deelt Dir déi Analyse?
Mars Di Bartolomeo: Dat ass och ze nuancéieren, well bei den Infirmiers spécialisés jo de BTS elo agefouert ginn ass. Dat heescht also, et ass schonn eng Sensibilitéit déi do war. Wann een natierlech elo géif op de Wee goe vun dem Infirmier, vun der Infirmiersausbildung ëm ee Joer ze verlängeren, da wär ee beim Infirmier an der Logik wou een am Ament beim Infirmier spécialisé ass, an da muss een dat anert och erëm eng Kéier op de Leescht huelen. Esou datt dat alles e bësse méi komplex ass wéi ze soen, datt déi eng do domat d’accord an déi aner net do domat d’accord sinn. Dir wësst, datt an deem ganze Beräich vun der Fonction publique, am Fleegeberäich een deen anere ganz staark beobacht an een deem och muss Rechnung droen, datt wann een op där enger Säit eng Dier opmécht, datt dann eng ganz Rei vun aner Diere mat opginn an da muss ee sech d’Fro stellen, ob een dat alles packt.
André Dübbers: Am Mee ass elo eng Tripartite geplangt, Dir wäert jo och dobäi sinn. Wësst Dir elo scho mat wéi enger Positioun Dir an d’Tripartite do gitt?
Mars Di Bartolomeo: Wat fir eng Tripartite mengt Dir?
André Dübbers: Déi fir d’Sozialberuffer, déi fir den 8. Mee geplangt ass.
Mars Di Bartolomeo: D’Regierung huet déi Demande kritt, mä d’Regierung huet sech dozou nach net geäussert. Dee Rendez-Vous deen am Mee virgesi war, dat war ee Rendez-Vous zwëschent der Educatioun an der Santé an deene verschiddene Verbänn déi zoustänneg si fir de Fleegeberäich. Also dat ass net dat Treffe wat elo vun de Gewerkschaften, respektiv vun de Patrone suggéréiert ginn ass. Do huet d’Regierung sech bis elo net positionnéiert.
André Dübbers: Ass do och nach näischt en vue fir ee Rendez-vous mat de Gewerkschaften, respektiv de Sozialpartner?
Mars Di Bartolomeo: Do hat d’Regierung sech bis elo nach net positionnéiert. Ech mengen dat muss am Regierungsrot décidéiert ginn.
André Dübbers: Da soen ech Iech villmools merci, Här Minister.
An dat war et dann och scho fir eis Emissioun „Riicht eraus“. Sujete waren haut an der Haaptsaach de Statut unique an déi aktiv Stierfhëllef. Gaascht hei am Studio war de Gesondheets- a Sozialminister Mars Di Bartolomeo. Merci, Här Minister.
Mars Di Bartolomeo: Merci och.
|