Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Mai 2008 > Jean-Marie Halsdorf au sujet de la réforme territoriale

Interview
Jean-Marie Halsdorf au sujet de la réforme territoriale
"Radio 100,7" du 17-03-2008

Vers le niveau supérieur
André Dübbers: An domat, gudde Mëtteg bei eiser Émissioun „Riicht eraus“. Invité haut ass den Inneminister a Minister fir Landesplanung, de Jean-Marie Halsdorf. Gudde Mëtteg Här Minister.

Jean-Marie Halsdorf: Gudde Mëtteg.

André Dübbers: Här Minister, Dir stitt jo dacks an der Kritik. Kënnt Dir Iech erkläre firwat?

Jean-Marie Halsdorf: An der Kritik stoen ass - et wäert mir net anescht goe wéi menge Ministerkollegen. Ob dat dacks ass, dat ass eng Saach vu Relativitéit. Wat sécher kloer ass, dat ass, datt den Inneminister vill Themen huet, déi vill Leit beréieren am Alldag, an datt doduerch da méi Reiwungsfläche kommen, dat ass selbstverständlech. Mä Kritik ass och eppes Positives. Doraus léiert een, doraus hëlt een aner Décisiounen, an et weess ee jo souwisou, wann een eppes mécht, datt een et net jiddwerengem ka gudd maachen. Déi eng fannen dat eent richteg, an déi aner dat anert, mä et soll een ëmmer säi Bescht ginn, an dat ass dat, wat ech versichen ze maachen.

André Dübbers: Jean-Marie Halsdorf, ee groussen Dossier, wa mer vun den Dossieren elo schwätzen, ass jo den Ament d’Territorialreform. Wéi wäit si mir da mat der Territorialreform?

Jean-Marie Halsdorf: Jo, mir sinn do elo esou wäit, datt mir zesumme mam Syvicol eng Kaart ausgeschafft hunn, wou mir eis Iddien ausdrécken, wéi d’Gemenge sollen an deenen nächste Jorzéngten zesumme schaffen. Dës Kaart, déi gëtt elo am Syvicol diskutéiert, a wa mir eis do dann ofgeschloss hunn, wäert ech domat an de Regierungsrot goen. Ech hoffen, datt dat nach virun der Summervakanz wäert geschéien, an da wäerte mir vum Hierscht un duerch d’Land goen, an déi eenzel Gemengen, an dann hinne proposéiere, wéi mir eis virstelle, wéi eng staark Gemeng am 21. Jorhonnert soll ausgesinn.

André Dübbers: Mä wéi eng Aufgabe sollen d’Gemengen dann Ärer Meenung no erfëllen, wa mir elo bei der Zukunft vun de Gemenge bleiwen?

Jean-Marie Halsdorf: Déi Aufgabestellung, déi ass sécherlech déi, wéi se elo gewuess ass an de leschte Jorzéngten an deene méi grousse Gemengen hei am Land, ronderëm d’Stad an am Süden. Do gesäit ee wat d’Bierger sech erwaarden. D’Aufgabestellung ass esou, datt d’Gemeng ee moderne Service-provider soll sinn, a fir dat eben hinzekréie menge mir, datt ee misst enger Gemeng d’Méiglechkeet ginn dat ze maachen. An doduerch, datt se ongeféier 3000 Leit am ländleche Raum hunn, esou Gemengen - am städtesche Raum kann dat nach anescht sinn - menge mir si wären à même fir dann eben déi Aufgabestellungen, déi si sech ginn, fir déi am Sënn vun de Bierger ze erfëllen.

André Dübbers: Elo ass jo do ee Sträitpunkt de Prinzip vun de Communautés de communes. Domat géif et dann och, zum Beispill, verschidde Gemengesyndikater net méi ginn?

Jean-Marie Halsdorf: Et ass esou, datt ech déi Iddi lancéiert hat, am Jor 2005, fir eventuell, wann d’Gemengen net wéilte fusionnéieren - an dat ass jo hir Initiativ, mir wëllen dat jo net vun uewen erof diktéieren - da sollte se eng Communauté de communes maachen, wouraus herno géif eng Fusioun entstoen.

Déi Iddi, fir dat an deem Pabeier, deen ech ausgeschafft hat, iwwer eng Réorganisation territoriale, fir dat dranzesetzen, war awer och déi, fir am Fong geholl ze weisen, wéi schwéierfälleg eng Communauté de communes ass, esou datt ech mir erwaart hunn, datt, wann een de Pour an de Contre vun enger Communauté de communes kuckt, a wann een de Pour an de Contre kuckt vu Fusiounen, datt ee gesäit, wéi eng Optioun déi besser ass. Dofir hunn ech och kee Problem domat, datt am Moment an der Spezialkommissioun, de Rapport ass amgaange gemaach ze ginn, déi Iddi vun der Communauté de communes fale gelooss ginn ass. Dat schéngt mer mol net falsch ze sinn, an ech hat se éischter op den Dësch bruecht, fir datt mir net sollten eng unilateral Diskussioun iwwer Fusioune kréien, wat net gudd gewiescht wier.

André Dübbers: Mä awer leeft dat dann do op datselwecht eraus, Communauté de communes a Fusiounen? Hu mir am Prinzip am Resultat net am Fong datselwecht ?

Jean-Marie Halsdorf: Nee, wann Dir eng Fusion hutt, dann hutt Dir jo nëmme méi ee Gemengerot. Wann Dir eng Communauté de communes hutt, dann hutt Dir ee Gemengerot, an driwwer hutt Dir nach eng aner Struktur. Dat heescht, strukturell ass dat vill méi komplex. Wat mir jo proposéiert hunn, a wou ech ee grousse Konsensus fonnt hunn an der Spezialkommissioun, dat sinn déi sougenannte Communautés urbaines. Dat heescht fir am städtesche Raum, do, wou am Fong geholl, wéi ech ëmmer soen, d’Musek gemaach gëtt, fir do sech ze organsiéieren. Dofir d’Nordstad, dat soll jo eng vun deenen Zentralachse gi vun eisem Land - oder een Element vun der zentraler Achs gi vun eisem Programme directeur de l’aménagement du Territoire - do soll esou eng Communauté urbaine entstoen, an déi sinn och d’accord mat esou engem Instrument.

An ech wëll och esou e Projet deemnächst deposéieren, fir d’éischt an d’Regierung bréngen an dann deposéieren, fir eben dëse Gemengen d’Chance ze ginn nach méi effizient zesummen ze schaffen. D’Stad Lëtzebuerg ass och interesséiert un esou enger Communauté urbaine, an och am Süde vum Land kéint ee sech esou eppes virstellen. Dat heescht, an all deene Raim, déi städtesch Raim, wou vill lass ass, wou vill wirtschaftlechen Opschwong ass a wou vill sech deet, do ass et gudd, wann ee Strukturen huet, déi deem da kënnen Rechnung droen.

André Dübbers: Bleiwe mer elo bei de klenge Gemengen, do gëtt et jo anscheinend och déi gréisser Problemer. D’Gemengen argumentéiere jo och domat, datt si elo schonns zesumme schaffen. Wiere si dann net mat deem System mat de Communautés de communes bestrooft, oder bestrooft ginn, wann et elo net méi aktuell sollt sinn?

Jean-Marie Halsdorf: Ech weess, datt verschidde Leit mengen, datt et eng Fusioun oder eng verstäerkten Zesummenaarbecht, wéi mir eis dat virstellen, datt dat net néideg ass. Datt ee kéint mat deene Modeller, déi mir haut hunn, kéint schaffen. Ech stellen awer fest, datt vill Gemengen effektiv sech zesummendinn, iwwer sougenannte Syndikaten. Mir hunn an déi 70 oder bal 80 Syndikaten, hu mir ganz klenger. D’Fro, déi ech mir stellen, ass déi, wann ech an enger klenger Gemeng elo muss an ee Syndikat goe fir eng Schwämm, wann ech muss an ee Syndikat goe fir eng Schoul, wann ech muss an ee Syndikat goe fir Sportsinfrastrukturen, an esou weider, wou ass do nach meng, wierklech meng Indépendance an engem gewësse Sënn als Gemeng. An d’Gemeng ass jo awer eng Émanatioun vum Staat, an d’Gemeng sollt jo am Fong all déi Deniéen, déi si kritt vum Staat, an Eegeregie ausginn.

An hei ass et awer elo esou, a ville klenge Gemengen, datt, wann déi 100 Euro erakréien, da gi praktesch scho 70 oder 80 Euro nees eng Kéier a Strukture wéi Syndikaten. Da kann ech awer net méi vun Indépendance vun enger Gemeng schwätzen, oder vu Fräiheet vun enger Décisioun. An ech mengen d’Autonomie communale, dat ass awer een hellegt Wuert, an dat spillt jo dann hei net méi richteg. An dofir mengen ech och am Sënn vun der Verfassung géif et Sënn maachen, am 21. Jorhonnert d’Gemengen och esou ze stäerken, datt se nees kënnen en toute Autonomie communale hir Décisioun huelen.

A mir menge, wéi gesot, dat wier ze maache wann ee méi Awunner zesummebündelt. D’Leit gi jo gefrot iwwer Referendum, dat gëtt jo net einfach esou fräi an d’Loft eragemaach, an da kënne se, mengen ech, méi en Autonomie communale, déi Aufgabestellung déi se hunn, besser ugoen.

André Dübbers: A wou bleift dann d’Proximitéit fir de Bierger? Dat heescht, dat ass jo och een Argument, datt dee Prinzip da mat Fusioun oder mat Communauté de communes dann awer fleete geet?

Jean-Marie Halsdorf: Ech gesinn dat net esou, datt d’Proximitéit do soll fortgoen, wann een e puer Gemengen zesummendeet. Mir hu jo 4 Fusiounsgemengen aus de 70er Joeren. Dir kennt jo d’Stauseegemeng oder Rammerech oder Wëntger a Jonglënster, dat si 4 Gemengen. Ech weess net, wann ech ee Lënster Bierger froen aus där Gemeng, ob dee sech do, wéi géif ech soen, méi no oder méi wäit fillt vu senge Gemengepolitiker.

Souwisou mengen ech, datt d’Leit, wa si an enger Gemeng wunnen, da soe se selten, ech kommen aus där Gemeng, se soe meeschtens, ech kommen aus där Uertschaft. Dat heescht, ech sinn zu Rodange opgewuess, nodeems ech zu Habscht gewunnt hunn, ech soen dann och, ech sinn ee Rodanger. Ech soen net, ech sinn aus der Gemeng Péiteng. Esou mengen ech ass dat och. Et soll een do net méi dran interpretéieren, wéi néideg.

André Dübbers: Firwat muss dann eng Gemeng, Ärer Meenung no, op mannst 3000 Awunner hunn? Dat ass jo awer quasi och den Hannergrond vun den Zwangsfusiounen, wann een esou wëllt, vun de Gemengen.

Jean-Marie Halsdorf: Mir wëlle jo keng Zwangsfusiounen hei an eisem Land maachen, mä mir hunn eis e bëssen orientéiert, a gekuckt an anere Länner, wéi déi strukturéiert sinn. Hei zu Lëtzebuerg ass de Stellewäert vun enger Gemeng jo vläit een anere, wéi an der Belsch, wéi a Frankräich oder wéi an Däitschland, well déi hunn nach aner Strukture fir Aufgaben ze iwwerhuelen. A Frankräich sinn et d’Départementer, Regiounen, an der Belsch ass et och esou, an Däitschland d’Länder an esou weider. Hei a Lëtzebuerg hu mir nëmmen zwou Strukturen, déi am Fong geholl Décisiounen huelen, dat heescht op där enger Säit déi zentral Struktur - d’Regierung - an op där anerer Säit eis Gemengen.

D’Aufgabestellung vun der Gemeng ass also vill méi eng präzis a vill méi eng wichteg, wéi vläit a Frankräich, wou ech nach esouvill Strukturen dertëscht hunn, déi och verschidde Kompetenzen hunn. D’Gemeng muss also performant sinn, a fir datt se dann ebe ka performant fonctionnéieren, muss ee sech iwwerleeë wéi dat soll ausgesinn. Dofir si mir, zum Beispill, an d’Schwäiz gaangen, mir hunn am Vaud, am Canton de Vaud - dat ass och ee Kanton, dee gesäit e bëssen aus wéi Lëtzebuerg - do huet een och zwou grouss Agglomératiounen, a soss och méi ee ländleche Raum. A mir hunn do festgestallt, déi hunn och déi Erfahrung, datt 3000, datt dat ganz interessant ass. An an der Schwäiz och, wësst Dir, ass de Stellewäert vun der Gemeng, ass och vill méi ee grousse wéi vläit an anere Länner, an dofir kann een do scho Parallelismen zéien. An dofir menge mir, mat eisen Erfahrungswäerter, déi mir dobausse kritt hunn, mat deenen Iwwerleeungen, déi mir gefouert hunn, datt dat awer net falsch wär, déi Approche ze hunn.

Déi 3000 muss een elo net gesinn: 3000, wann een déi huet, Bingo! dann ass een am Boot dran. A wann ee se net huet, ass een net dran. Et kann een och e bësse manner hunn, dat muss een alles kucken en Fonction vun de geographesche Gegebenheeten, an en Fonction, wéi dee rurale Raum strukturéiert ass, dee ländleche Raum, oder wéi de städtesche Raum do [inaudible] Also et si vill Elementer, déi do spillen. A mir hunn och an där Kartographie, déi mir elo opgestallt hunn, wou mir eng nei Gemengelandschaft wëlle fir eist Land da presentéieren, sinn och aner Critèren, déi geholl si ginn. Mir hu Fichë gemaach fir all Gemeng, firwat déi da soll esou zesumme schaffen, op Basis vum Existant, dat heescht vun deen Syndikaten, déi do sinn. Op Basis awer och da vun der Strukturéierung vun der Landschaft, op Basis vun de Weeër, vun der Mobilitéit an deem Eck, an esou weider an esou fort. Esou datt ee muss wëssen, wann esou eppes gemaach gëtt, da gi mir integrativ vir. An integrativ ass e bëssen d’Zauberwort, et ass awer och ee Wuert wat vill Leit nervt. Well Saachen, déi engem heiansdo einfach schéngen, déi ee kéint direkt maachen, déi kann een net direkt maachen, well se mussen integrativ gemaach ginn. Mä d’Integratioun huet awer mëttel- bis laangfristeg immens Avantagen, well ee jo da Problemer direkt mat abënnt, déi een am Ufank leie geloosst huet.

Dat ass natierlch eng Aart a Weis fir ze denken, déi mir net esou gewinnt sinn, a scho guer net eis Gemengen, well eis Gemengen, ëmmer wann een deenen e bëssen ze no trëtt, wann de Minister dat mol mécht, da soen se ëmmer, Autonomie communale. An heiansdo hu si awer och Problemer, da si si awer frou, datt de Minister hinnen d’Problemer léist. Dat ass nun mol esou, an ech hunn och kee Problem domat. Ech fannen, datt ech gudd mat de Gemengen eens ginn, mä et ass natierlech awer ee Mateneen, deen net ëmmer einfach ass, an dee komplex ass, deen awer verlaangt, datt een net méi einfach esou an eng Richtung denkt, mä datt een eben horizontal vernetzt versicht d’Problemer ze léisen.

André Dübbers: Mä fir d’éischt steet jo awer den Décisiounsprozess, an Dir hutt jo selwer an deem Kontext elo vu Referende geschwat. Wéi realistesch ass dat dann, respektiv kéint Dir Iech dann een demokrateschen Décisiounsprozess virstellen, wou d’Leit dann, Bierger wéi Lokalpolitiker, aus de concernéierte Gemenge selwer decidéiere wat si gären hätten? An de Fall gesat si soen neen, wat geschitt dann?

Jean-Marie Halsdorf: Ma jo mir stellen eis jo vir, datt mir déi Kaaart, déi ech Iech elo gesot hunn, demnächst dann ofseenen am Regierungsrot an am Syvicol. An da gi mir an d’Gemengen diskutéieren. An da soe mir de Gemengen, kuckt mol, mir stellen eis vir, datt Dir sollt esou zesumme schaffen, datt dat an Ärem Intérêt ass aus deenen an deene Grënn. Da kréie mir jo eng Meenung iwwer d’ganz Land. Do si vläit - ech weess net - 70, 80% vun de Gemenge sinn d’accord mat deem, wat mir do gemaach hunn, 20, 30% net. Da muss déi nächst Regierung da kucken, wéi se da weiderfiert, wéi dann déi ganz Saach soll begleet ginn.

Wat kloer ass, ier iergendeng Décisioun fällt muss ee Referendum gemaach ginn an deene Gemengen, well et steet och an der Charte zu der Autonomie communale, oder vun der Autonomie locale, an déi hu mir jo och ënnerschriwwen hei zu Lëtzebuerg, datt ee muss d’Bierger froe wann d’Gemengegrenzen änneren. An hei änneren d’Gemengegrenzen, da soen d’Bierger eppes. Dann ass eng Meenung do, an da muss d’Politik hir Décisioun huelen, well dee Referendum deen ass obligatoresch, mä en ass awer net bindend. Dat heescht, do kann een, wann d’Leit jo soen, kann ee jo soen, wann d’Leit nee mengen, kéint een och jo soen. Dat muss jiddwer Politiker do seng Responsabilitéit huelen an dat maache wat e mengt wat am Beschte wär fir seng Bierger.

André Dübbers: Mä kann een dann awer esou eng Décisioun reng op d’Kartographie do limitéieren, datt een de Leit am Fong geholl d’Fro stellt, hätt Dir elo gär eng gréisser oder eng méi kleng Gemeng? Dorëms geet et jo am Fong guer net. Et geet jo ëm d’Surface vun enger Gemeng oder enger zukünfteger Gemeng. Et geet jo ëm déi ganz Infrastrukturen, ëm d’Proximitéit an esou virun.

Jean-Marie Halsdorf: Ech hat Iech jo virdru gesot, mir hu fir all Propositioun, déi mir maache vun Zesummenaarbecht hei an eisem Land, ass eng Fiche dobäi. An an där Fiche ginn ee ganze Koup Critèren opgelëscht, déi analyséiert ginn, an déi zu där Conclusioun féieren, déi mir dann do proposéieren. Ech sinn och iwwerzeegt, datt mir och nach lokal Elementer wahrscheinlech vergiess hunn, déi mir da vun deene Leit do gesot kréien. An da soll am Dialog gekuckt ginn, wat dat Bescht ass wierklech fir d’Bierger, fir eis Gemengen a fir eise Staat.

Mir geet et net drëm, vun uewen erof een Diktat ze maachen, an de grousse Chef ze spillen an ze soen, elo geet dat esou an net anescht. Ech wëll dat an engem Dialog maachen, awer och soll jiddweree sech bewosst sinn, wat et heescht a wat et net heescht. Well et muss ee sech awer bewosst sinn, an ech gesinn et all Dag - gëschter hat ech nach Kontakt mat enger Gemeng, zum Beispill, och méi eng kleng Gemeng, déi hunn elo Problemer mat engem Gemengesekretär, an där hu mir der ganz vill am Land. Et fënnt ee praktesch keng méi. Gudd, de Problem ass deen, datt déi Leit schwéier ze fanne sinn, datt d’Konditioune fir agestallt ze ginn relativ restriktiv sinn - wann een awer do zum Beispill da méi staark Gemengen huet, da brauch een och manner Sekretären, déi kréien eng ganz aner Aufgabestellung.

An ech menge grad an enger Gemeng vum 21. Jorhonnert ass de Stellewäert vun enger Administratioun een aneren, wéi nach am 19. Jorhonnert. Dat heescht, déi Aufgaben, déi do op een zoukommen, déi musse ganz anescht ugaange ginn. Do muss e Wësse si vu Juristerei, do muss e Wësse sinn och vu wirtschaftlechen Elementer, an esou weider an esou fort. An dat kritt een net hin an deene klenge Strukturen. An eng modern Gemeng, am 21. Jorhonnert, fir mech, ass eng Aart PME, an déi muss da kënnen och esou fonctionnéieren. An dofir mengen ech, komme mir net derlaanscht dee Wee do ze goen. Ob mir en elo séier ginn oder net séier ginn, ech mengen et wier am Intérêt vun eis all, wa mir séier kéinten dee Wee aschloen. An ech hätt gären, datt d’Leit solle verstoen, datt dat, wat mir maachen, net ass, fir si ze piesacken oder fir Chef ze spillen, mä datt et ass fir weider ze kommen a fir där Institutioun Gemeng, ech soen et nach eng Kéier, déi eng wichteg Roll an eisem Land spillt, méi eng wichteg wéi soss a Länner, well et déi enzeg dezentral Struktur ass par rapport zum Staat, datt déi dann och 100%eg hir Aufgaben, déi sech hir stellen, kann ugoen.

André Dübbers: Sécherlech, Dir sidd Minister a kee Psycholog, an d’Gemenge pochen och weiderhin op hir Autonomie, mä firwat spiere sech d’Gemengen da vum Staat esou an hire Kompetenzen esou reduzéiert? Firwat hu si dat Gefill?

Jean-Marie Halsdorf: Ech hat dat virdru jo schonn ugeschwat, dat ass ëmmer esou. Wësst Dir, wann Dir och doheem, wann Dir Kanner hutt oder esou, an Dir musst déi erzéien, dann ass dat och esou. Heiansdo fanne se, datt d’Elteren ze wäit ginn, an heiansdo hätte se esou vläit gären, datt d’Elteren nach méi wäit solle goen. Esou ass dat och e bëssen hei: déi Relatioun, wou eng Hierarchiséierung dran ass, déi ass jo iwwer d’Verfassung ginn, datt de Staat déi Aufgaben, déi en net ka selwer maachen, un d’Gemengen delegéiert, do huet ëmmer jiddwereen e bëssen d’Gefill, et géif een deem aneren an de Krom fueren. Mä dat ass awer net esou gemengt, an ech mengen, datt dat awer een natierleche Phénomän ass, deen een net soll iwwerbewäerten.

Wann ee matenee schwätzt, mengen ech, da kann ee munches maachen. Wëssend awer och, datt dat, wat deen een esou gesäit, deen aneren et anescht gesäit, datt dat Diskussioune ginn. Ech hunn awer, mengen ech, déi Instruktiounen am Ministère ginn u meng Leit, datt se, am Fong geholl, wëssen a wéi enge Fäll eis Autonomie oder eis Tutellle soll spillen, a wéi enge Fäll net. An do mengen ech hu mir awer ee Konsensus, deen awer eng grouss Unerkennung hei am Land fënnt.

André Dübbers: Mä d’Territorialreform schéngt jo elo eng relativ schwéier Gebuert ze ginn. Ech mengen, 1999 ass d’Territorialreform fir d’éischt zur Sprooch komm. Brauche mir dann d’Territorialreform iwwerhaapt an där Envergure? Mir hu jo nach ee Programme directeur de l’aménagement du territoire, wou d’Zesummenaarbecht um regionalen Niveau am Virgrond steet. Firwat dann elo eng Territorialreform?

Jean-Marie Halsdorf: Ma jo, ech menge grad eben, fir dat mol an e puer Wierder ze soen, datt déi Territorialreform déi logesch Suite vun engem Programme directeur de l’aménagement du territoire ass, dee sech als een integrativt Instrument versteet, fir eist Land ze organiséieren.

Wat seet dee Programme directeur de l’aménagement du territoire vum Landesplanungsgesetz vun 1999 ? Nun, dee seet, eist Land soll wuessen, kohärent wuessen. Dat heescht, déi Haaptachs vun eisem Land, déi ufänkt bei der Nordstad, iwwer d’Stad Lëtzebuerg, bis an de Süden, déi muss gestäerkt ginn. Dat heescht also, d’Stad Lëtzebureg bleift weider den Nummer eent an eisem Land, mä et muss ee kucken, datt een deen Aarbechtsplazefloss, deen ëmmer an der Stad ass - dir wësst jo, 60% vun den Aarbechtsplaze sinn an der Stad a ronderëm, an och d’Verkéiersflëss ginn allguer dohinner - et muss ee kucken dat ze entkrampfen. An da muss ee Géigegewiichter sichen: eent uewen an der Nordstad, fir och do Aarbechtsplazen ze crééieren, datt d’Leit net all an d’Stad rennen. An am Süde ronderëm Esch, an och ronderëm déi aner Polen Déifferdeng an Diddeleng, muss och eng polizentresch Stad entstoen, déi dann och ee Géigegewiicht ass zur Stad Lëtzebureg. Dann huet een eben déi Mobilitéitsflëss, déi da sinn, déi si ganz anescht, déi ginn da méi kohärent.

Doriwwer eraus musse mir dann och sougenannten zentrale Orte, oder CDAen, Centres de développement et d’attraction, stäerken. Dat si meeschtens Kantonalhauptorte vu fréier, oder Stied, oder Uertschaften, déi sech dann ervirgedoen hunn. Am Süden ass dat eben Déifferdeng, oder Diddeleng, am Norden ass et Wolz, ech weess net, Veianen, Iechternach an esou weider, Gréiwemaacher oder Jonglënster och. Dat si lauter Uerten, déi eng gewëssen Dynamik hunn. An déi sollen da wuessen an deem Esprit do. An Dir gesidd jo, alleguer déi, déi ech elo genannt hunn, dat sinn awer lauter Uerten, déi da méi grouss sinn an déi eng gewëssse Stäerkt hunn a gewësse regional Aufgabe kënnen iwwerhuelen.

An et geet eben drëm, déi regional Aufgaben am ländleche Raum ze iwwerhuelen, an am städtesche Raum. Si stelle sech anescht am städtesche Raum, wéi am ländleche Raum. Dofir wëlle mir jo eng Communauté urbaine am städtesche Raum maachen, an am ländleche Raum mussen d’Gemengen anescht versichen zesummen ze fonctionnéieren. A mir hunn dat jo och elo schon, an där Phase elo wou mir sinn, hu mir jo all [inaudible] an deene städtesche Raim, wou vill lass ass, hu mir Konventioune gemaach. Mir hunn eng Konventioun vum Südweste vun der Stad Lëtzebuerg, wou mir gären ee Parkraummanagment hätten, dee kohärent ass. Mir hunn eng Konventioun gemaach mat de Gemenge ronderëm de Flughafen, well do ass et wichteg wéi déi Zones d’activités économiques do organiséiert ginn. Mir hunn eng Konventioun gemaach mam Uelzechtdall, all déi Gemenge vu Walfer, Steesel erop bis op Miersch, well déi och an där zentraler Achs vum Programme directeur eng wichteg Roll spillen. Dir gesidd also, do hu mir eng gewëssen, wéi géif ech dat soen, eng gewësse Kohäsioun, ee gewëssene Mateneen, eng gewëssen, wéi géif ech soen, ee Wëllen zesummen ze schaffen an deene Gemengen. An dat ass och gudd esou, an Dir wäert gesinn, dat wäert mëttel- bis laangfristeg zu engem kohärente Wuesstum an deene Raim féieren.

An am Süde si mir jo am Test mat deem Plan régional, dee mir amgaange sinn ze maachen, wat jo och eng Première ass an eisem Land. Bis elo hate mer näischt esou wéi Regionalpläng, an do kréie mir och Erfahrungswerter, an och do hunn d’Gemenge verstanen, datt se mussen un engem Strang zéien. Dir gesidd also, datt mir vun eppes fortginn, wat kohärent muss sinn, wat integrativ muss vernetzt ginn. Dir gesidd, datt do Elementer dra sinn, déi net staark genuch sinn, an déi wëlle mir stäerken iwwer déi Réorganisation territoriale. An doduerch, well déi da méi staark sinn, kënne si dee Rôle spillen an deem flotten Theaterstéck wat mir wëlle fir eist Land schreiwen. An do muss all Acteur op der Héicht sinn, an all Acteur muss genuch Vocabulaire hunn, fir kënnen d’Geschicht vun eisem Land a vun eise Gemengen an den nächste Joeren ze schreiwen.

André Dübbers: Dir hutt elo plus ou moins d’Kompetenzen an d’Aufgabe vun de gréissere Stied beschriwwen, do si mir jo nees bei der Fusioun. Brauche mir dann déi Fusioune fir iwwerhaapt, oder respektiv, sinn déi kleng Gemengen dann net kapabel déi Aufgaben a Kompetenzen ze erfëllen, respektiv hu si déi Kompetenz net? Brauche mir dofir d’Fusiounen, fir datt méi, gréisser Gemengen dann den Usprëch vum Inneminister oder Landesplanungsminister da gerecht ginn?

Jean-Marie Halsdorf: Wann een dovun ausgeet, wat ech mengen, wat awer eng richteg Hypothese wär, datt all Bierger d’Recht huet, egal wou en am Land wunnt, fir Basisservicer zu komparabele Konditiounen a Präisser ze kréien, da muss een och eng gewësse Stäerkt hu vun deenen eenzelnen Acteuren, déi do um Terrain sinn.

An déi Basisaufgaben nenne mir zum Beispill Schoul. Dee ganze Para-Périscolaire, dat heescht d’Maisons relais, all déi Elementer, dat kascht Geld. Well eist Land ass jo éischter esou organiséiert, datt an Zukunft ëmmer méi Bierger a Biergerinnen an Aarbechtsprozesser sinn, an net méi doheem bei de Kanner bleiwen. An doraus ergëtt sech eng ganz aner Philosophie, eng ganz aner Gestaltung vun der Famill, an esou wieder, a gëtt d’Roll vun der Gemeng vill méi eng wichteg. A mir mengen, mir hunn och Erfahrungswerter, datt déi Gemengen, déi kleng Gemengen, déi sech gudd schloen, déi och wierklech vill Opweises hunn, am Précoce oder och soss, mä et sinn ëmmer e bëssen esou, ouni dat wëllen negativ ze soen, des solutions de fortune. Dat heescht, et gëtt eppes gemaach, wat och gudd ass, mä wann een et awer misst an där ganzer Ampleur maachen an zu engem 100%ege Service maachen, da géif et schwiereg ginn. Da feelt et un deenen [inaudible]

An et ass jo awer kloer, an dat wësst Dir jo awer och, an der Wirtschaft dobaussen ass et och esou, datt een Économies d’échelle ka maachen, an déi kann een nëmme maache, wann een ebe sech zesummendeet. Nu kann ee soen, gudd da kann déi Gemeng, mat deem enge ka si esou ee Syndikat maachen, mat deem aneren ee Syndikat maachen, mä wéi ass et do mat der Effizienz, wéi ass et do mat der Transparenz an esou wieder? Dofir ass et besser, et sëtzt een all an engem Boot an et versicht een dann an engem Boot déi Saachen hinzekréien, an dat ass eben dat, wat mir de Gemenge wëlle proposéieren, wat da kann an enger Fusioun ennegen, wann d’Gemengen domat d’accord sinn, a sech domat kënnen identifizéieren.

André Dübbers: Just dat ass jo d’Argument, oder respektiv och d’Kritik, vu verschiddene Gemengepäpp, déi soen, d’Synergien, déi mir entre nous maachen, tëscht 2-3 Gemengen, dat fonctionnéiert, well een do de Besoin vun deem anere kennt. Dat wier bei enger Fusioun, déi vun uewe kënnt am Fong guer net garantéiert. D’Argument ass do, d’Synergie fonctionnéiert awer.

Jean-Marie Halsdorf: Mir versiche jo déi verstäerkten Zesummenaarbecht, loosse mer dat emol esou nennen, an enger éischter Phase, versiche mir jo esou kohärent ze gestalten, an esou integrativ mateneen ze verbannen an ze vernetzen, datt ebe justement deen do Reproche, datt dee relativéiert gëtt.

Dat heescht, wann ech elo zum Beispill huelen, uewen am Eck Clierf: do hu mir Clierf, Munzen an Hengescht. Dat si Gemengen, déi wëllen elo fusionnéieren. Ma déi Gemengen hu schonn eppes zesummen, verschidden Activitéiten zesummen, an dat mécht Sënn dat do ze maachen. Wann ech ënnendrënner huelen: d’Gemeng Housen, dee ganzen Eck, déi 4 Gemengen déi do leien, do ass et datselwecht. Wann déi sech zesummendinn, da bauen déi op eppes op, wat et scho gëtt. Do gëtt et schonn eng Schoul am Housener Park, do gëtt et scho vill Elementer, Strukturen. Dat gëtt net aus der Loft geholl. Wann ech d’Stauséigemenge kucken, déi jo och gudd matenee fueren, a wou mir elo eventuell wëlle proposéieren, datt déi och solle méi intensiv zesummeschaffen, do gëtt et schonn Elementer vun Zesummenaarbecht. Mir versichen also net Saache mateneen ze vernetzen, déi contraire sinn zum Existant, mä déi mat enger gewësser Kohärenz zu deem sinn wat existéiert, an déi dat stäerken, an déi dat dann ebe méi reng maachen, méi transparent maachen, a méi effizient maachen.

Well ech soen et nach eng Kéier: et kann net si, wann eng Gemeng A mat enger Gemeng B mécht se dann eng Aktivitéit, mat enger Gemeng C eng aner, mat enger Gemeng D eng aner, an nach eng aner. Da kënnt Dir mir awer net soen, datt dat eng Transparenz ass fir déi Gemeng A, well se mat 3 Partner muss dann do kucken eens ze ginn, a, wéi ech Iech scho gesot hunn, déi Suen, déi si erakritt, déi ginn direkt da bei de B, bei den C a bei den D. Wéi ass et dann do mat der Autonomie communale? An dofir mengen ech ass et besser et huet een, zum Beispill bei deem hei Fall hätt een A, B, C, D zesummen, an da kënne si nach aner Saachen zesumme maachen. Mä da weess een awer, et hëlt een aus enger Keess: den A ass aus derselwechter Keess wéi de B, wéi den C a wéi den D. Dat misst engem awer aliichten, datt dat vläit méi effizient ass, wéi wann den A bei den D dat eent maache geet, bei de B dat anert a bei den C dat anert.

André Dübbers: Dir hutt elo eng ganz Rei positiv Beispiller do genannt, wou de Ministère am Fong kann zefridde sinn. Mä et gi jo och Gemengen, wou et da verschidden Divergenze gëtt. Zum Beispill, wann et ëm eng Zone commerciale, oder wéi och ëmmer, geet an enger Gemeng, respektiv wou de Centre da soll hikommen, d’Zone. Dat hänkt jo natierlech och mat der Gewerbesteier zesummen. Do ginn et jo awer och verschidden Divergenzen, heiansdo tëscht de Gemengen. Spillt Dir do als Minister den Arbiter oder wéi gesidd Dir Är Roll do?

Jean-Marie Halsdorf: Jo mir gesinn et - als Innen- a Landesplanungsminister muss ech an dësem Fall soen - gesinn ech et esou, datt an Zukunft d’Organisatioun vun eisen Zones d’activités économiques sech soll an enger nationaler, an enger regionaler an an enger lokaler Approche déclinéieren. Mir stellen eis vir, datt déi Zonen, déi fir eist Land definéiert ginn, datt déi eng gewëssen Typologie mussen hunn. Mir stellen eis vir, datt do muss ee System hannendru kommen, an dat Ganzt wëlle mir an deem sougenannte Plan sectoriel „Zones d’activités économiques,“ also sektorielle Plang vun dësem Beräich, nidderschreiwen. An dat gesäit vir, datt op där enger Säit d’Gemengen, déi elo lokal Zonen hunn, déi och behalen, datt d’Lokalzone also ëmmer nach eng Bedeitung huet, awer just eng lokal Bedeitung. Datt doriwwer eraus mer awer kucken iwwer eist Land regional Zonen ze schafen, fir eben Aktivitéiten ze bündelen, an engem regionale Kontext, wou dann all déi Gemengen, déi ronderëm leien, wou déi kënne profitéieren.

Ee gudd Beispill ass elo dee sougenannte Syndikat, dee sech am Weste vun eisem Land gemaach huet, mat de Gemenge Stengefort, Habscht, Käerch, Kehlen a Mamer. Déi Gemengen - ech menge Garnech ass och nach dobäi - déi hu wëlles, elo do an hirem Raum definéieren déi elo 2 oder 3 Plaze wou si Zones d’activités maachen, an déi Gelder, déi do erakommen, déi ginn da verdeelt op all déi Gemengen. Well wa mir dat net maache laangfristeg, dann hätt gär all Gemeng seng Zone d’activité, an dann hu mir herno fir all - wéi elo hätte mir dann 116 Zones d’activités. Dat ka jo awer net sinn. Also musse mir ee System drakréien, an dat ass dat, wéi d’Landesplanung dat gesäit: also lokal Zonen a verschiddene Communautéiten, déi méi grouss sinn; regional Zonen, wou Gemenge sech zesummen dinn, an déi dann zesumme geréieren, an och dann de Produit, deen do erakënnt, déi Suen, déi do erakommen, déi sech déi dann deele mat engem pro rata; an dann national Zonen natierlech och, déi am Intérêt national stinn, wéi mir se och haut schonn hunn.

André Dübbers: Loosse mir mol kuerz op d’Synergien zréckkommen, déi elo schonn existéieren. An hei an deem Kontext kritiséieren elo vill Gemengepäpp déi, elo schonn, Schwéierfällegkeet vum Dialog tëscht de Gemengen an dem Ministère, wou den Dialog jo nach deelweis iwwer d’Distriktskommissärë leeft. Wëllt Dir dann elo nach ee weideren Administratiounsniveau do erasetzen, mat engem Représentant territorial de l’état?

Jean-Marie Halsdorf: Wéi Dir dat elo esou formuléiert, kéint een dat mengen, datt mir dat hätte wëlle maachen. Mir wollten dat awer net maachen. Ech hat effektiv ee Konzept 2005 virgeluecht, wou ech wollt tëscht d’Gemengen an de Staat eng Struktur setzen: déi esougenannten EPCR, Étabilissements publics de coopération territoriale. Dat sollt net eng Institution sinn, dat sollt einfach eng Plattform sinn, een Aarbechtsinstrument, wou deen een an deen anere sech begéinen a wou se dann an deem Raum, den do ugeet, wou se do dann d’Aufgabestellung, déi se sech ginn, wou se sech déi dann do, wéi géif ech dat soen, déi debattéieren, an déi Gelder, déi dohinnerkommen, déi mir wollten dohinnerbréngen, déi da verdeelen. Dat heescht, an enger Regioun Norde hätt esou een EPCR da fonctionnéieren, do wären da Gelder hikomm fir déi ganz Regioun. Déi Gemengen, déi do dra sinn, hätten zesumme mat hirem Représentant territorial, wat den heitegen Distriktskommissär wär, diskutéiert, a gesot, gudd, mir brauchen elo hei am Norden nach vläit eng Piscine, mir brauchen nach eng kulturell Infrastruktur, mir brauchen nach hei an do, wou setze mer dat hin? An dann hätte se dat diskutéiert, an dann hätte se dat mat deene regionale Gelder, déi kommen hätte se dat an där Regioun do investéiert. Dat war d’Iddi déi mir haten: dat heescht, een Arbechtsinstrument anzeféieren, dat sech deene regionalen Aufgabe stellt an dat déi da versicht mat deene Gelder, déi da vum Staat an d’Regioun kommen, wat déi dann do verdeelt.

D’Spezialkommissioun ass elo awer op engem Wee, deen net wäit ewech ass vun deem, wat mir proposéiert hunn. Well si wëllen och an déi Richtung goen, datt se och soen, et musse Suen an d’Regioune kommen an déi mussen, am Fong geholl, do verdeelt ginn.

Ech weess, et ass zwar keng Unanimitéit wat dat ugeet, et sinn och aner Leit déi mengen dat wier net néideg. Mä ech menge mir mussen awer an Zukunft, och wat d’Gelder, déi mir un d’Gemenge ginn, mussen déi hierarchiséiert ginn am Sënn, datt ee Gelder gëtt, déi eng lokal Bedeitung hunn, fir déi lokal Gemengen, an datt ee Gelder gëtt fir Regionalaufgaben, déi d’Gemengen hunn, déi an d’Regioun fléissen an déi déi ganz Regioun mussen ofdecken. Nëmmen esou kënne mer garantéieren, datt am Fong geholl déi Servicer, déi prestéiert ginn an der Regioun, datt déi och gläichwerteg sinn.

André Dübbers: Sinn dann elo d’Zäite vun den Distriktskommissärë gezielt oder kritt d’Kand einfach nëmmen een aneren Numm?

Jean-Marie Halsdorf: Mir stellen eis vir, datt an engem Land wéi Lëtzebuerg am 21. Jorhonnert, weider muss eng Institutioun bleiwen, Stil Commissaire de district. Mir nennen et elo eng Verwaltung déi am Intérieur kéint sinn, déi dann an de Regiounen d’Gemenge kontrolléiert, am Sënn vun enger allégéierter Tutelle. Dat heescht, haut gëtt all klenge Bréifchen, alles wat kënnt gëtt gekuckt a kontrolléiert, an esou weider. Dat ass wierklech zevill dees Gudden. Dofir menge mir, et sollt een net méi systematesch kontrolléieren, d’Gemenge si jo grouss an al genuch fir hir Saachen anstänneg ze maachen, mä et si verschidden Dokumenter, déi ee Stellewäert hunn, déi sollten nach kontrolléiert ginn.

An da sollt heiansdo gekuckt ginn, fir een Dialog ze kréien tëscht Gemengen an Inneminister respektiv Regierung, an do solle se dann och ee Rôle vun Informatioun, ee Rôle vu Conseil an esou wieder, spillen.

Dat heescht also: mir gesinn also nach ëmmer eng Persoun, déi d’Regierung an engem gewësse Sënn bei de Gemengen, oder tëscht de Gemenge vertrëtt, déi awer éischter ee Rôle huet vun engem, wéi géif ech dat soen, Service dee se prestéiert mat de Gemengen, ouni datt se do mam béise Fanger do steet, an de Gemenge permanent op d’Fanger klappt. Kloer ass awer: laut Verfassung muss eng Tutelle bleiwen, well d’Gemeng ëmmer nach eng Émanatioun vum Staat ass, an doduerch kann een déi net als solch ofschafen.

André Dübbers: Mä mussen déi Prozeduren dann am Fong net einfach accéléréiert ginn? Dat ass jo ëmmer d’Kritik, déi vun de Gemenge kënnt: wann een an den Dialog mam Ministère trëtt, oder respektiv iwwer d’Distriktskommissären, dat dauert immens laang bis een dann eng Äntwert kritt, well den Déngschtwee, deen ass däermoosse komplizéiert a schwéierfälleg. Muss do net och eppes geschéien?

Jean-Marie Halsdorf: Et ass richteg, datt mir wëssen, datt do verschidden Dossieren heiansdo, loosse mir soen, net esou gudd weiderkomme wéi jiddweree sech dat virstellt. Mir sinn och do amgaangen dat ze verbesseren. Ech hat jo och gesot, mir géifen do eng Restrukturéierung an eisem Ministère, géif ech do proposéieren, dofir hunn ech jo och de Pitt Mathieu bei mir am Ministère, dee soll esou eppes do ausschaffen, an dee soll da kucke, wéi mir kënnen nach méi effizient schaffe mat eise Gemengen. Ech hunn awer net nëmmen dat Gefill, ech hunn esouguer d’Iwwerzeegung, datt dat awer de Moment gudd dréint, datt wéineg Dossiere laang ënnerwee sinn, datt mir eis Leit am Ministère hunn, wou motivéiert sinn a gudd schaffen an dat Bescht maache fir hir Gemengen.

André Dübbers: Här Minister Halsdorf, fir d’éischt mol Merci. Mir sinn domat op der Halschent vun eiser Émissioun „Riicht eraus“ ukomm, an domat gëtt et elo och Zäit fir eisen Noriichteniwwerbléck.

Noriichteniwwerbléck mam Sophie Morang

André Dübbers: An esouwäit fir den Noriichteniwwerbléck. Dir sidd och weiderhin ageschalt hei an der Émissioun „Riicht eraus“ um Radio 100,7. Mäin Invité haut ass den Inneminister a Minister fir d’Landesplanung, de Jean-Marie Halsdorf. Gudde Mëtteg nach eng Kéier, Här Halsdorf.

Jean-Marie Halsdorf: Gudde Mëtteg.

André Dübbers: Här Halsdorf, mir haten elo iwwer d’Territorialreform geschwat, iwwer d’Problemer vun de Gemengen, déi d’Gemenge mat der geplangter Territorialreform hunn.

Loosse mir vläit och kuerz iwwer den Inneministère, oder de Ministère fir d’Landesplanung, selwer schwätzen. Muss deen net och selwer reforméiert a moderniséiert ginn, mat méi Personal, fir d’Gemenge bei hire Problemer ze ënnerstëtzen, a virun allem och d’Gemengen als Partner unzeerkennen?

Jean-Marie Halsdorf: Wat dee leschte Saz ugeet, mengen ech, gi mir falsch verstanen, well ech sinn awer der Iwwerzeegung, datt den Inneministère wéi en haut fonctionnéiert, e partnerschaftleche Fonctionnement huet.

An ech mengen, ech kann dat och novollzéien, well ech jo selwer aus deem Secteur kommen, ech war jo selwer virdru Buergermeeschter. An ech hunn awer net dat Gefill, datt mir de Gemengen net géifen an engem gewëssenen, korrekte Matenee begéinen.

Dat kann een och esou verstoen, datt ech, zum Beispill, scho säit Joeren eng ganz gutt Relatioun mam Syvicol hunn, wat jo de Vertrieder ass vun de Gemengen, datt ech dee mat bäizéien, wann ech verschidden Initiativen huelen, an et ass jo awer keen Zoufall, datt grad de Syvicol associéiert gëtt, wou mir eng Territorialreform maachen.

An och wa mir Gesetzer hunn, zum Beispill wëlle mir eng Adaptéierung maache vum Aménagement communal-Gesetz, do ass de Syvicol awer am Bild vun deem Projet.

Mir wëllen déi sougenannte Communautés urbaines, wou ech virdrun ugeschwat hunn, och gesetzlech verankeren. De Syvicol huet do zum Beispill deen avant-avant Projet, deen eng Kéier an de Regierungsrot kënnt, huet dee schonn ze liese kritt, a déi bréngen hir Iddië mat eran. Obschonn et esou ass, datt duerch d’Verfassung awer eng gewëssen Hierarchie do ass, de Staat steet awer laut Verfassung iwwer de Gemengen, mä dat driwwer stoen heescht awer net, datt een da vun uewen erof muss mam Knëppel oder soss hantéieren, fir d’Gemenge bei der Staang ze halen. Dat ass net eise Stil, a scho guer net mäi Stil.

Also mengen ech, wat dee Volet ugeet vun Ärer Fro, datt ech do awer mech kann all Moien, wéi een esou schéi seet, an de Spigel ka kucken, a weess, datt ech mat de Gemengen do korrekt zesumme fonctionnéieren.

Wat de Fonctionnement vum Ministère ugeet, hunn ech och net dat Gefill, datt deen esou schlecht fonctionnéiert, wéi en heiansdo dobausse schlecht geriet gëtt. Dee Ministère, dee fonctionnéiert säit - ech weess et net - säit 10,20 Joer, och bei menge Virgänger, d’selwecht wéi elo.

Ech hunn zwar gesot, an ech hunn et och dofir gemaach, ech géif eng Persoun chargéiere fir ze kucke fir d’Fluxen am Ministère, fir déi ze optimiséieren iwwer den Distriktskommissär, dat heescht, ze kucke méi en effizienten Oflaf ze kréie vu verschiddene Prozesser, déi approuvéiert gi bei eis am Ministère. De Pitt Mathieu, dee soll dat maachen, deen ass och amgaangen dorunner ze schaffen, an ech ginn och dovun aus, datt et keng Éiwegkeet méi wäert daueren, bis ech do wäert mat Elementer kommen, a mat Ännerunge kommen, am Fonctionnement vum Ministère par rapport zu de Gemengen, mat als Intermédiaire den Distriktskommissariaten.

Also do deet sech och eppes, an do versiche mir méi Transparenz nach, méi Effizienz, an och méi, géif ech soen, Kohärenz, am gudde Sënn vum Wuert, an dat Ganzt eran ze kréien.

André Dübbers: Mä maacht Dir Iech et awer net ze vill einfach, wann Dir dovunner schwätzt, datt Dir sot, d’Aufgaben, respektiv d’Aarbecht vum Ministère gëtt schlecht geried? Ech mengen, do stieche jo awer aner Saachen dohannert. Dat si jo awer déi Suergen a Problemer, déi d’Gemengepäpp dann hunn, wou si soen, okay dat ass eben haut nach ze vill schwéierfälleg. Wier dat mat méi Personal bei Iech da geléist, dee Problem?

Jean-Marie Halsdorf: Ech ginn net dovun aus, datt et ee Personalproblem ass, wann et iwwerhaapt ee Problem ass. Ech weess just, datt et esou ass wéi am Liewen. Deen ee fënnt, datt et net séier genuch geet, deen aneren hätt da gären, datt et nach méi séier geet, a jiddweree fënnt ëmmer, säi Problem wier deen eenzege Problem an dee wichtegste Problem. Et ass nun emol net esou.

Mir hu vill Problemer déi sech stellen, an d’Problemstellung ass ëmmer anescht. Si ass schonn doduerch anescht, well d’Gemengen alleguer anescht sinn. Mir hu jo nach, wéi ass et, 80 Gemengen hu mir nach ënnert 3000 Leit. Eng Problemstellung gëtt sech do anescht, artikuléiert sech anescht, wéi bei der Stad Lëtzebuerg, oder bei der Gemeng Diddeleng, oder soss am Land. Dat heescht, do eraus ergi sech da Spezifizitéiten, déi ee muss analyséieren.

An ech soen nach eng Kéier, ech hunn net dat Gefill, datt hei bei eis géif do wierklech eng schlecht Aarbecht gemaach ginn. Ech hunn dat gesot virdrun, an ech soen et elo nach eng Kéier, et ass richteg, datt mir, laut Gesetz, a laut Tutelle, wéi se haut fonctionnéiert, mussen alles, wierklech alles kucken, datt dat schwéierfälleg ass. Datt een dat muss simplifiéieren, schéngt mir normal ze sinn. Et muss eng Simplification administrative kommen, wat déi Weeër ugeet tëscht Staat a Gemengen. Déi wäerte mir och aleeden, an déi wäerte mir och proposéieren.

An och an de Gesetzer hunn ech versicht Simplifications administratives anzebauen. Zum Beispill d’Gesetz vum Aménagement communal, do sinn Zäite wou d’Leit elo, wou déi Dokumenter brauche bis eng Bautegenehmegung do ass. Déi Weeër gi méi kuerz, an déi gi méi strukturéiert.

Am Waassergesetz, wat och elo beim Staatsrot ass, fir zweet nodeems et amendéiert ginn ass, do sinn Duréen dran, Daueren dran, wou virdru 3 Méint stoungen, a 6 Méint, hunn ech et op ee Mount erofgesat.

Dat heescht, ech versichen also wierklech déi Prozesser chronologesch ze stäerken, ze schäerfen, ze strukturéieren, méi kuerz ze maachen. Sou datt ech, mat all deenen Iwwerleeungen, déi dobausse geféiert sinn, wat ech jo vläit verstinn, datt ech awer net d’Gefill hunn, datt ech näischt géif maache fir datt et besser gëtt, oder datt et esou soll ginn, datt jiddwereen domat d’accord ass.

Ech weess genee, [inaudible], et wäert ni jiddwereen domat d’accord sinn, wéi mir do organiséieren, et gëtt ëmmer Kritik. Ech soen dat, wat ech am Ufank gesot hunn, Kritik ass eppes, kann eppes Positives sinn, wa se wierklech sachlech ass. An da muss ee kucken, wéi een d’Saache verbessert. Ech hunn also net d’Gefill, datt mäi Ministère méi schlecht géif fonctionnéiere wéi aner Ministèren, oder datt en däer Aufgabestellung par rapport zu de Gemengen net géif gerecht ginn.

André Dübbers: Wier dann eng Optioun nees méi Autonomie fir déi eenzel Gemengen, respektiv d’Delegatioun vu Kompetenzen? Dat heescht, datt d’Gemengen a ville Beräicher vun der kommunaler Politik méi Kompetenze kréien, wa si dann awer net a Konflikt mat der nationaler Politik do kommen? Ech mengen do ginn et awer déi Plans sectoriels, Transport an esou virun, déi natierlech dann an nationaler Hand musse bleiwen, aus scho reng organisatoresche Grënn.

Jean-Marie Halsdorf: De Gemenge méi Autonomie communale ze ginn, wéi se der elo hunn, ech weess net, ob een déi Fro kann esou stellen. Ech weess, datt a ville Beräicher, wou se Autonomie communale hunn, datt se heiansdo nom Minister froen, a soen, kommt gitt eis emol guidelines, wéi mir et solle maachen. Dat heescht, do ass d’Autonomie communale do, et ass awer och e Wëllen do vun de Gemengen, fir do Richtlinnen ze kréien. Dir gesitt also, wéi relativ dat ass.

D’Kompetenzen, déi d’Gemengen hunn, et ass richteg, datt de Staat heiansdo mat draschwätzt, an dann a verschiddene Beräicher verschidde Konditiounen op den Dësch leet. Mä de Staat kënnt jo och mat de Suen. Wann ech de Waasserberäich huelen, wann dann do d’Verwaltung e Wuert matschwätzt. Et muss ee wëssen, wa mir am Ofwaasserberäich zum Beispill sinn, do ginn déi Projeten zu 90% subventionéiert. Do ass et also esou, datt et awer, mengen ech, richteg ass, datt de Staat do e Wuert matschwätzt, a kuckt eng kohärent Politik, Waasserpolitik, fir eist Land ze maachen.

Wann ech da kucken, wéi d’Land soll organiséiert ginn, an dat ass dee leschte Volet vun Ärer Fro, déi Dir ugeschwat hutt, do muss ech Iech soen, dat ass effektiv net esou einfach fir de Fonctionnement vun eisem Land esou ze kréien, datt e kohärent ass, an datt en integrativ gutt ka fonctionnéieren. Dir wësst, datt mir jo landesplaneresch Elementer hunn, 4 Stéck, sougenannte plans sectoriels primaires, also sektoriell Pläng, déi wierklech aus der éischter Rei si géif ech soen.

Deen een, deen heescht „Plan sectoriel transport,“ dat ass den Transport: wéi soll d’Mobilitéit hei an eisem Land gestalt ginn?

Deen zweeten, deen heescht „Plan sectoriel grands ensembles paysagers,“ dat ass dee vun de Gréng-Raim, vun den Habitatgebidder, an esou wieder: wéi sollen déi configuréiert ginn?

Deen drëtten ass dee vun de „Zones d’activités économiques“ : wou kommen Zones d’activités hin, wou gëtt geschafft?

An dann dee véierten - wou gëtt gewunnt? - dat ass de „Plan sectoriel logement.“

Dat mateneeen ze verstrécken, mat de Gemengen an engem gewëssen Einklang, dat ass eng schwiereg Aufgab. Éischtens well mir keng richteg Erfahrungswäerter hunn, an zweetens, déi Plans sectoriels sinn national Instrumenter, wou de Staat seet, hei, mir hätte gären dat do, an do, an do, an d’Gemenge mussen dat awer dann an hir sougenannte Bebauungspläng, an hir PAGen abauen. Dat Zesummespill ass net einfach.

Do si mir amgaangen eis ze organiséieren, datt mir do eben et fäerdeg wäerte bréngen, datt deen een an deen anere sech erëmfënnt mat deenen Décisiounen, déi geholl ginn, an datt déi dann ebe kënne propper an d’Bebauungspläng afléissen. Datt se och kënne Kohärenz an déi eenzel Bebauungspläng vun deenen eenzelne Gemengen, déi beienee leien, erabréngen, datt also am Fong geholl mir do eng homogen Strukturéierung kréien, wat all déi Prozesser, an all déi Elementer, déi an deene 4 Pläng do dra sinn, datt mir déi dann ebe kënne richteg bëndelen.

André Dübbers: Mä wou misst Dir dann, an deem Kontext, als Minister, oder als Ministère nach Reforme maachen, respektiv Waasser an Äre Wäi schëdden, fir datt déi Plans sectoriels zesumme mat de Gemenge séier emgesat ginn?

Jean-Marie Halsdorf: Mir hu jo elo zwee Plans sectoriels, dee vum Transport an dee vun de grands ensembles paysagers, vun den Habitatgebidder, déi wäerten deemnächst virgestallt ginn.

Da weess ee wat do dran ass, an dann hu mir wëlles, déi dräi Ministeren, déi do concernéiert sinn, an dësem Fall, da wäerten déi an d’Land goen, an dann op zwou Plazen am Land oder esou, mat de Gemengen nach eng Kéier déi Pläng do virstellen, an diskutéieren.

Dat selwecht wëlle mir och mat der sougenannter Société civile maachen, eng Kéier dat mat hir diskutéieren. Dann, nodeems se presentéiert sinn, musse se nach, no der Directive plans et programmes, eng sougenannten SUP maachen, eng Prüfung iwwer d’Ëmwelteffete vun deenen eenzelne Plans sectoriels. An déi gëtt och elo gemaach, an déi leeft paralell da mat deene Plans sectoriels.

A wann dat alles fäerdeg ass, da gi si ebe rechtskräfteg, doduerch datt se als Règlement grand-ducal dann éischtens am Regierungsrot ofgeseent ginn, an dann eben an d’Prozedur ginn. Dat ass nach e Wee deen nach do ze goen ass. Da si se rechtskräfteg, mä mir brauche se relativ séier, déi Plans sectoriels, well nëmmen esou kënne mir och kohärent an eisem Land plangen.

Wat awer wichteg ass, well wa mir elo zum Beispill kucken, wéi de Bilan vum IVL ass, vum „integrierten Verkehrs- und Landesplanungskonzept“: no 5 Joer, wou mir dat hunn - an do hu mir eng Analys gemaach, ech wäert déi och an deenen nächste Woche virstellen - da stellt ee fest, datt eist Land net esou gewuess ass, wéi mir eis dat virgestallt hunn. Mir hate jo do gesot, mir hätte gären e jäerlecht Wuesstem vum PIB vu 4% - doduerch entsti jo Aarbechtsplazen. An dann hate mir jo zwee Szenarië gemaach, een Awunnerszenario, an e Pendlerszenario, ob d’Leit ebe méi an d’Land wunne kommen, oder méi an d’Land schaffe kommen. Nun, mir stelle fest, datt d’Leit vill méi an d’Land schaffe kommen, dat ass dat éischt.

A mir haten eis jo déi grouss Zilsetzung ginn, fir den ëffentlechen Transport eben erop ze kréien op 25% vum ganze Kuch, deen den Tranport duerstellt. Well wa mir dat net hikréien, dann erstécke mir am Verkéier, well alleng bei 25% ëffentlechen Transport hätte mir nach eng Augmentatioun an den nächste Joere vun 30% vum Verkéier op de Stroossen. An Dir gesitt jo elo schonn all Moien, wéi et hei op eise Stroossen ass. Dofir ass dat do eng Équatioun, déi musse mir schreiwen, egal wéi. Dat gëtt natierlech net einfach, fir esou eng Équatioun ze schreiwen, well wa mir dat do wëlle maachen, da muss natierlech de model split an der Stad, an op Belval zum Beispill, 40% sinn, oder 60%, also nach vill méi Leit mussen op den ëffentlechen Transport ëmklammen.

Dir gesitt also, datt dat alles net esou einfach ass, mä mir mussen eis där Froestellung an deenen Elementer do stellen, a mir musse Léisungen opzeechnen. Déi wäerten net einfach sinn.

André Dübbers: Mä geet dann den héichgeluefte Prinzip, oder Konzept, vun der Communauté urbaine iwwerhaapt op? Ech mengen, Beispill Nordstad, brauche mir do vläit aner Konzepter? Wann ee kuckt, ech mengen, geet de Konzept dann op? Wa mir vum IVL schwätzen a soen Transport, Proximitéit an esou virun, hu mir dat alles garantéiert, wa mir déi Communauté urbaine do schaafen?

Jean-Marie Halsdorf: Mir mengen, datt déi Communauté urbaine, datt dat eng Äntwert ass op déi Problemer, déi sech an deene Raim stellen, wou vill wirtschaftlechen Opschwong ass, a wou vill Transport ass, a vill Mobilitéit ass.

Mir menge justement, oder ech menge justement, datt een och an deene Raim misst strukturéiert denken, an integrativ vernetzen. An d’Iddi vun der Communauté urbaine ass déi, fir op engem Niveau driwwer - dat heescht, d’Gemeng seet, mir maachen dat net méi – fir dann dee ganzen Transport een Niveau driwwer ze setzen, an ze soen, voilà. Déi Communauté urbaine seet, gutt dee ganzen Transport, dee sech hei an der Gemeng mécht, déi ganz Mobilitéit, déi Organisatioun vu Vëlosweeër, d’Organisatioun vum ëffentlechen Transport, all déi Saachen, déi ginn do decidéiert. Souwisou, eng Gemeng Ettelbréck alleng kann net decidéieren, wat zu Ierpeldeng geschitt an esou weider, dat mécht also Sënn dat ze maachen.

Dat selwecht, wat do soll och da gemaach ginn, dat sinn déi sougenannte Bebauungspläng, oder op mannst Elementer dovun, datt een do och kohärent plangt, net datt deen een esou plangt, deen aneren anescht plangt.

Wat och do nach ka gemaach ginn, dat sinn d’Zones d’activités économiques, wat ech virdrun erklärt hunn. Dat heescht, wann dee Raum, dee Ballungsraum do vun der Nordstad, déi 6 Gemengen, wann déi eng Zone d’activité économique kréien - an déi sollen eng kréien uewen op de Friedhaff, eng Erweiderung - ma da gëtt de Produit, déi Suen déi do erakommen, gi gedeelt op déi 6 Gemengen. Dat mécht dach méi Sënn.

A mir versichen och déi grouss Strukturen an déi Communauté urbaine ze setzen, zum Beispill de Conservatoire. Et mécht dach Sënn, datt de Conservatoire vun Ettelbréck a vun Dikrech, datt deen driwwer gesat gëtt, och an déi Struktur, an da gëtt e geréiert vun all deene Gemengen, déi do sinn. Well et si grad esou gutt Kanner do dra vun Ierpeldeng, wéi vu Schieren, oder vu Colmar-Bierg, oder vu Bettenduerf.

Dat heescht also, Dir gesitt, mir versichen also an där Communauté urbaine Saachen ze bëndelen, wou et Sënn mécht, déi op engem Niveau driwwer zesummen ze maachen. An dobäi bleiwen awer all déi Gemengen nach bestoen, déi kënne jo dann awer nach selwer all déi aner Aktivitéiten, déi eng Gemeng huet, an et sinn der jo nach vill, kënne se jo nach an Eegeregie maachen. D’Gemeng gëtt also net als sollech do a Fro gestallt, de Prinzip vun där Gemeng, mä verschidden Aktivitéiten, wou et méi Sënn mécht, déi op engem Niveau driwwer ze maachen, déi ginn dann eben do gemaach.

An et ass am Fong geholl eng Aart Uwennung vum Subsidiaritéitsprinzip. De Subsidiaritéitsprinzip seet jo och, datt een d’Saachen do soll ofwéckele wou se sech am beschte maachen. Dofir si jo verschidden Aktivitéite bei de Gemenge bliwwen, an aner Aktivitéite beim Staat. An hei ass e bëssen dat selwecht, hei versiche mir dann och eis en Niveau ze ginn, vun Aarbecht a vu Kompetenzen, dee Sënn mécht an enger komplexer Welt, wéi där vun haut, esou ze artikuléieren.

André Dübbers: Mä wéi grouss ass dann d’Bereetschaft vun de Gemengen, d’Suen déi erakommen ënnert sech selwer opzedeelen? Oder ass d’Vue op d’Gewerbesteieren, déi do erakommen op dem eegenen Territoire, dann awer méi grouss?

Jean-Marie Halsdorf: Et ass net einfach. Ech weess, datt mir nach schéin Diskussioune wäerte kréie mat deem Instrument do, well dat Instrument, well deen Text dee mir geschriwwen hunn, deen hu mir och schonn diskutéiert, notamment mat der Nordstad, fir e bëssen ze gesinn, wéi si déi Elementer verstinn, déi mir do wëlle verknäppen. A si fannen dat gutt. An et ass en Instrument, dat fir d’Nordstad gutt géif fonctionnéieren, a wat och do Unerkennung huet, a wat och do wahrscheinlech kann emgesat ginn.

Wann ech da fir d’Stad Lëtzebuerg huelen, well do géif et jo och Sënn maachen dat selwecht mat der Agglolux ze maachen, do ass d’Stad Lëtzebuerg natierlech Partner. Dat ass och normal, well hinne bréngt et sécherlech eppes. Déi Gemenge ronderëm, do gëtt et awer scho méi nuancéiert Meenungen, do muss een elo kucke wat dat do genee heescht.

D’Stad Diddeleng ass och interesséiert esou eppes ze maachen em hir Ëmgéigend. Do muss een och elo kucken. Wéi gesot, déi Diskussiounen hunn nach net ugefaangen. Mä och de Prinzip fir esou eppes anzeféieren, esou en Instrument, dat performant ass, an dat dann déi Problemer, déi sech do stellen, dat déi versicht dann eben horizontal ze léisen, ech mengen, dat kann een net a Fro stellen. Wat een a Fro stelle kann, ass, verschidden Aktivitéiten déi mir bëndelen, ob déi mussen do gemaach ginn, oder net do gemaach ginn.

Mä et dierf een awer och net alles do eraus huelen, soss huet een eng Coquille vide, an dat huet och kee Wäert. Ech sinn der Meenung, Lëtzebuerg brauch, an deene städtesche Raim, en Instrument, fir zesummen ze schaffen. An dat nenne mir dann ebe Communauté urbaine. An ech mengen, datt dat déi richteg Äntwert wier fir eben d’Problemer, déi sech do stellen, an deene Beräicher, déi ech elo grad ugeschwat hunn, fir déi beschtméiglechst ze léisen.

André Dübbers: Wann ech awer elo nach e bëssen am Norden dierf bleiwen. Muss een hei a Saachen Nordstad, zum Beispill, awer net e bësse méi nuancéiert nach denken? Zum Beispill wat elo d’Infrastrukturen, Aarbecht, Commerce, Industrie an enger Nordstad ugeet, a wat Infrastrukturen zum Beispill vun engem Naturpark Uewersauer mam Tourismus ugeet?

Jean-Marie Halsdorf: Do huet Dir zwee Stéchwierder genannt, déi ganz wichteg sinn. Et ass richteg, datt, wann ech eng Nordstad wëll organiséieren, infrastrukturell, ass d’Froestellung, oder ass d’Erausfuerderung eng aner, wéi hei bei der Stad Lëtzebuerg.

Dofir brauche mir och, wa mir wëllen d’Nordstad wierklech an d’Welt setzen, brauche mir eng Entwécklungsgesellschaft. Do mussen eng Aart PPP, do musse Privat a Staat zesumme kucken, well déi Terrainë si jo net alleguer an enger Hand. Et ass jo net wéi op Belval, wou d’Agora alles op hir Aart a Weis do kann, verschidde Saache léisen. Hei muss ee kucken, mir brauchen eng Entwécklungsgesellschaft fir justement dëse Raum ze organiséiere vun där Nordstad. Dat ass dat éischt.

An dat zweet ass, an dat ass ganz wichteg, dëse Raum stéisst dann un déi Naturparken, un déi sougenannten Naturparken erun. An déi hu fir mech och e ganz wichtege Stellewäert, déi Naturparken, an eisem heitege Lëtzebuerg. Mir hu gutt Erfahrungswäerter kritt vun eisen Naturparken. Dir wësst, datt d’nächst Joer, 2009, hunn eis Naturparken 10 Joer, mir hunn also eng 10-jäereg Erfahrung, an déi si gutt déi Erfahrungen.

Deen eelsten ass jo dee vum Stau, dee fonctionnéiert wonnerbar, donieft dee vun der Our, fonctionnéiert och gutt, an et ass elo een drëtten, deen an der Maach ass, dat ass dee vum Mëllerdall. Esou datt ech fannen, datt en Naturpark eng flott Äntwert ass fir verschidden Aktivitéiten am ländleche Raum ze organiséieren. A mir sollten dat Instrument stäerken, a weiderféieren, dann ass et eng Chance och fir déi Bierger, déi an deene Géigende wunnen.

André Dübbers: Dat sinn Är gutt Beispiller mat der Nordstad an den Naturparken, zum Beispill Uewersauer. Mä wéi entwécklungsfäheg ass an deem Kontext dann d’Stad Lëtzebuerg? Kann ee sech dat och esou virstellen, datt dee Potential ähnlech do ass wéi am Norden, oder ass dee schonn erschöpft?

Jean-Marie Halsdorf: D’Stad Lëtzebuerg - mir sinn do am städtesche Raum, dat anert ass e ländleche Raum. All Raum huet seng Atouten. E ländleche Raum huet aner Atouten, aner Elementer déi ee kann ervirbréngen wéi e städtesche Raum. Ech fannen [gëtt ënnerbrach].

André Dübbers: Kann een awer d’Nordstad als städtesche Raum considéréieren?

Jean-Marie Halsdorf: Jo, mir versichen aus där Nordstad e städtesche Raum ze maachen, an dofir muss, iwwer Joeren elo, iwwer eng Entwécklungsgesellschaft, eng Aart Masterplang gemaach ginn. Deen ass jo schonn an der Maach, dee Masterplang, also do gëtt et jo scho Virstellungen, an dee soll dann ëmgesat gi, fir deem Raum eben déi Atouten, déi en am städtesche Raum huet, fir déi eben auszespillen. Et ass dorëms wou et geet. An ech mengen d’Gewiichtung eben ass am ländleche Raum eng aner, wéi am städtesche Raum, mä d’Finalitéit ass déi selwecht, dat ass fir eng Kohärenz ze kréien an de Wuesstem, an eng Kohärenz och an d’Organisatioun, déi sech do deet.

André Dübbers: Här Halsdorf, mir kommen esou lues op den Enn vun eiser Émissioun. Loosse mir vläit nach kuerz en Thema switchen, deen am Fong guer net esou e grousse Switch ass, en Thema wat an der leschter Zäit och kontrovers diskutéiert gëtt, sinn déi Prix administrés. Weess hei deen een oder anere Ministère net, wat deen anere fuerdert, oder freet?

Jean-Marie Halsdorf: Wësst Dir, déi Prix admistrés, dat ass jo och eng komplex Matière. Wann ech zum Beispill d’Post huelen, d’Post war fréier, stoung se em Staat ganz no, haut steet se dem Staat vill manner no, well si jo privatiséiert ass.

Prix admistrés kann och zum Beispill de Waasserpräis sinn, wou d’Gemenge sinn, déi decidéiere, wéi ee Präis se sollen do applizéieren, wëssend datt mir am Zuchzwang si bei der Ëmsetzung vun der europäescher Directive iwwer d’Waasser, déi eis obligéiert ebe justement e reelle Waasserpräis anzeféieren.

Mä ech sinn der Meenung, awer och hei sollt een zum Beispill waarden, bis mir déi Analyse économique gemaach hunn, déi eis weist, wéi de reelle Waasserpräis genee ass. An da sollte se hir Präisser eréischt unhiewen. Ech géif also en Opruff maachen un d’Gemengen, fir déi administrativ Präisser elo de Moment méi lues ze maachen, an ze waarde bis mir do konkret Elementer hunn.

An ech fannen awer déi Démarche do vun der Regierung richteg, an och ubruecht, an enger Zäit, wou d’Spiral vun der Inflatioun e bësse méi séier dréint, datt een do awer solidaresch ass, an datt een do versicht sech ze organiséieren, sou datt ech mengen, datt do jiddweree sollt seng Responsabilitéit huelen.

André Dübbers: Do läit Dir jo mat Ärer Meenung e bëssen an der Mëtt, well de Premier- a Staatsminister Juncker versprëcht, grad wéi de Wirtschaftsminister Krecké, déi administréiert Präisser anzefréieren. Eenzel Ministeschkollege fuerderen awer d’Gemengen op, d’Tariffer dann awer erop ze setzen. Verstitt Dir dann d’Onsécherheet vun de Gemengepäpp?

Jean-Marie Halsdorf: Ech wëll soen, déi eenzel Kollegen - do ass den Inneminister notamment domat befaasst - dat ass déi ganz Geschicht vum Waasserpräis [gëtt ënnerbrach].

André Dübbers: An d’Familljeministerin zum Beispill.

Jean-Marie Halsdorf: An d’Familljeministerin och. Mä wat meng Responsabilitéit ugeet, géif ech de Gemenge soen, an ech hunn et och schonn an Interviewë gesot, se sollten elo hir administrativ Präisser wat d’Waasser ugeet, sollte se de Moment net upassen. Se sollte waarde bis déi Analyse économique duerchgefouert ginn ass. Well soss gëtt einfach gesot, et gëtt méi deier, da maache mir elo emol eppes drop. Jo, ech hätt léiwer, et géif ee wësse wat een drop mécht, a wéi een drop mécht.

Esou, wat meng Responsabilitéit ugeet, mengen ech, datt d’Gemengen do Responsabilitéit genuch hu fir dat elo net méi ze maachen. D’Stad Lëtzebuerg huet dat jo och dann direkt gemaach, huet direkt net méi no uewe gezunn. An ech mengen och, datt jiddwereen, ech soen et nach eng Kéier hei, seng Responsabilitéit ze huelen huet, am Intérêt vun eis all, fir datt déi Inflatiounsspiral net ze séier dréint.

André Dübbers: Elo ass de Waasserpräis jo am Fong esou e bëssen à part vun der ganzer Diskussioun ze gesinn, well dat jo am Fong eng europäesch Directive ass. Mä déi Directive iwwer déi nohalteg Gestioun vum Waasser muss jo awer ëmgesat ginn. Dir sot selwer, de Wee schéngt nach e bësse wäit bis dohinner, relativ wäit. Wou leien hei nach d’Problemer? Ech mengen Dir sot selwer, den Avis vum Staatsrot dee wier do.

Jean-Marie Halsdorf: Also mir hunn en éischten Avis kritt, doduerch hu mir e ganze Koup Amendemente gemaach, zesumme mat der Chamberkommissioun. An ech menge mir hätten elo en Text, deen an deem komplexe Secteur, an deem mir eis hei bewegen, deene villen Interessen, déi do sinn, an déi vill Elementer, déi do afléissen, déi deene Rechnung dréint.

Ech hoffen, datt ech - Dir wësst jo, datt mir do kënnen elo eng Strof kréie vu Bréissel, wa mir d’Directive nach net emgesat hunn - ech hoffen, datt mir nach virun der Summerpaus elo den zweeten Avis vum Staatsrot kréien, an datt mir dat Gesetz dann nach, wa mir Chance hunn, vläit virum Summer kënnen wielen, also stëmmen, an der Chamber ka gestëmmt ginn.

Et ass esou, datt, wéi gesot, wat déi Präisdiskussioun ugeet, déi de Moment am Virdergrond steet, dat awer net fir mech dee wichtegste Punkt ass. Dee wichtegste Punkt vum Gesetz ass fir mech ganz kloer deen, datt mir drop hischaffe fir 2015 propper Gewässer ze kréien, déi chemesch an ekologesch propper sinn. Datt mir also eng nohalteg Politik maachen am Waasserberäich, datt mir ekologesch virginn. Dat fannen ech wichteg.

A grad esou wichteg fannen ech och, datt mir mussen, wat ech gutt fannen, mussen d’Bierger abannen. Mir mussen d’Bierger abannen an déi ganz Problematik vum Waasser, wat also och eng Bewosstsinnserweiderung bei de Bierger bréngt, an och do besser sensibiliséiert, sou datt mir an deem wichtegsten Element, wat et an eiser Welt gëtt, d’Waasser, datt mir dat emol e bësse méi sérieux uginn, loosse mir emol esou soen. An dat ass fir mech de key message, an dat ass dat, wat wichteg ass.

Natierlech ass dat Ganzt mat engem Präis verbonnen, wat d’Leit och ëmmer interesséiert. A mir mussen och do kucke Kohärenz eranzekréien. Kohärenz mengen ech esou, datt mir jo mussen op där enger Säit versichen, wat mussen déi eenzel Haushalter bezuelen, wat muss d’Industrie bezuelen, a wat mussen d’Landwirtschaft an de Wäibau bezuelen? Dat muss ee jo alles kucken, do spille jo och wirtschaftlech Interessen. Do geet et also drëm Solutiounen ze fannen, déi eben d’Kompetitivitéit vun deenen Eenzelnen net a Fro stellen, an op där anerer Säit och den Haushalten doheem d’Méiglechkeet ginn, mat deenen neie Waasserpräisser, déi méi heich wäerte si wéi bis elo, datt déi och net do an d’Schleidere kommen.

An dofir ass jo d’Kompetenz bei de Gemengen, fir an enger gewësser Furch e Präis festzeleeën. An d’Gemengen hunn och d’Méiglechkeet, an dat steet och esou am Gesetz dran, hunn d’Méiglechkeet iwwer Gemengereglementer kënne sozial Kompensatiounen anzeféieren, fir verschidde Gruppe vu Bierger, déi méi kënne betraff ginn duerch de Waasserpräis wéi anerer.

André Dübbers: Här Halsdorf, mir si leider elo schonn um Enn ukomm, an dat war et dann och fir haut mat eiser Émissioun „Riicht eraus“. Invité haut war den Inneminister a Minister fir d’Landesplanung, de Jean-Marie Halsdorf, Merci Här Minister.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact