Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Juin 2008 > Jean-Louis Schiltz au sujet de la crise alimentaire mondiale

Interview
Jean-Louis Schiltz au sujet de la crise alimentaire mondiale
"Radio 100,7" du 04-06-2008

Vers le niveau supérieur
Jean-Louis Schiltz: Wa mir et mat enger substantieller Kris ze dinn hunn, an dat ass hei de Fall, da si politesch Momenter och wichteg. Dann ass et wichteg, datt et zu neien Elanë kënnt. Déi Kris hei, mat där mir haut ze dinn hunn, hätt jo net misse kommen.

Et weess een haut, a vill gi sech eigentlech haut eréischt bewosst, datt déi Investissementer, an der Landwirtschaft zum Beispill, an den Entwécklungslänner an deene leschte Jorzéngte massiv erofgaange sinn.

Wa mir eppes haut wëllen erreechen - et muss ee sech bewosst sinn, datt massiv muss an d’Landwirtschaft investéiert ginn, nämlech op eng nohalteg Manéier, eng multifonctionnel Manéier, mat engem speziellen Akzent op alles, wat mat Biodiversitéit ze dinn huet, mat engem speziellen Akzent, och, op d’Familljebetriber, am Sënn vun der Liewensmëttelsécherheet fir jiddwereen - ech mengen, dann hätte mir schonn eppes erreecht. Déi Konferenz hei alleng geet net duer, mä géintiwwer vun där Kris, mat där mir ze dinn hunn, ass se awer néideg.

Mick Entringer: Eng vun den Ursaachen, vun där wéineg geschwat gëtt, ass déi aktuell Finanzkris, déi fir ee groussen Deel dozou bäigedroen huet, datt et zur Liewensmëttelkris koum. Engersäits, well d’Spekulanten d’Boursë verlooss hunn, fir op de Liewensmëttelmäert ze spekuléieren, mä dann awer och, well d’Zentralbanke massiv Liquiditéiten an d’Marchéen afléisse gelooss hunn. Gouf zu Roum iwwer déi Zesummenhäng geschwat, an ass ee bereet op deem Niveau Décisiounen ze huelen? Et kéint ee jo da soen, mir hätten eis Finanzmäert, an huelen a Kaf, datt awer Millioune Mënschen hongeren?

Jean-Louis Schiltz: D’Spekulatioun op de Boursen, am Zesummenhang mat landwirtschaftleche Produkter ass à l’évidence eng vun de Causen hei. Op déi Produkter ze spekuléieren, wann een zur gläicher Zäit virun Ae gefouert kritt, an et kritt och jidweree virun Ae gefouert, datt milliounen, oder honnerten, oder dausende vu Leit vun Honger stierwen, ass dat ganz kloer inakzeptabel. Eise Premier huet gesot, dat wier ee kriminelle Virgang, ech hunn dat och a menger Ried ervirgehuewen.

Ech denken, datt een awer fir d’éischt emol muss kucken - an dat ass jo och geschitt bei de Finanzministeren, oder amgaangen ze geschéien - datt ee weess, wat genee den Impakt ass. An da muss een zu regulative Mechanismen, och op de Finanzmäert kommen. Dat ass eng Fro, déi awer net hei zu Roum geléist gëtt, dat ass eng Fro, déi, u sech, an der EU d’Finanzministeren iwwerhuelen, an dat ass virun allem och eng Fro, déi sech um Niveau G-7, G-8 stellt.

Mick Entringer: An do, wou mir elo haut sinn, an där aktueller Liewensmëttelkris, dozou huet jo dann awer och déi international Hëllef, d’Kooperatioun, d’Aide d’urgence, iwwer déi lescht Jorzéngte mat deels bäigedroen - op d’mannst soen dat eng Rei Analysten. Ass dann net elo Zäit, fir vläicht eis Kooperatioun ëmzedenken, nei ze definéieren, datt ee si no anere Prinzipie mécht?

Jean-Louis Schiltz: Eng pauschal Ausso - wéi dir se esou jo och net gemaach hutt - dahingehend, datt d’Kooperatiounspolitik mat Schold wier, un deem, wat mir elo ze dinn hunn, kann ech net esou am Raum stoe loossen.

Et ginn eng ganz Rei Projeten a Programmer - och vun der lëtzebuerger Kooperatioun - wou de ländleche Raum effektiv op eng durabel Manéier an deene leschte Joeren entwéckelt ginn ass, sief dat a Westafrika, sief dat am Laos, oder op anere Plazen. Dat huet och zu positive Resultater gefouert.

Wann dir dann awer d’Aide humanitaire d’urgence kuckt, dann ass effektiv do e Problem. An zwar ass dat deen, datt verschidde Länner effektiv hir Surplus agricoles exportéiert hunn. Mir hunn dat ni gemaach.

Ech erënneren och dorun, datt d’Europäer an d’Amerikaner, am Jor 2005 zu Hong Kong e bëssen uneneegerode waren, well d’Europäer deemools scho wollten duerchsetzen, datt all déi Saache misste lokal akaaf ginn, an datt net mat landwirtschaftlechen Iwwerschëss dat kéint esou organiséiert ginn. Et ass also net schwaarz-wäiss, mä et ass awer eng kloer Tendenz do - notamment gedroe vun den Europäer säit 2, 3 Joer - fir lokal anzekafen, datt lokal ka produzéiert ginn. An datt net déi Crise humanitaire, d’Äntwert zu där selwechter, dozou féiert, datt iwwer den Transfert vun de landwirtschaftlechen Iwwerschëss aus den entwéckelte Länner, d’Situatioun nëmmen nach verschlëmmert gëtt.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact