|
Fränk Kuffer: Gudde Moien, Här Schiltz.
Jean-Louis Schiltz: Gudde Moien.
Fränk Kuffer: Wat ass dann den Enjeu vun där Konferenz haut zu Paräis? Geet et do nëmmen dorëm, fir Suen ze verspriechen? Engagéiert Lëtzebuerg sech do och erëm finanziell? Oder ëm wat geet et?
Jean-Louis Schiltz: Et geet selbstverständlech och ëm finanziell Zousoen. Mä net nëmmen dorëmmer. Dir wësst, datt d'NATO hir militäresch Strategie zu Bukarest nei definéiert huet. Dat hei ass e bëssen den zivilen Zwilling dovunner: Alles, wat mat Développement, Entwécklung a politescher Stabilitéit ze dinn huet. Getrei dem Motto, datt et keng Sécherheet ouni Entwécklung gëtt, a keng Entwécklung ouni Sécherheet.
Ech erwaarde mir, datt déi Konferenz en neien Elan gëtt, datt doraus en neit Partenariat entsteet, tëscht der internationaler Gemeinschaft, déi Zousoe mécht, am Beräich vun der Sécherheet, am Beräich vun der Entwécklung – an awer och d'Zouso vun der afghanescher Regierung, déi muss nach ëmgesat ginn, wat een zolitten Effort ubelaangt, am Beräich Regierungsféierung, am Beräich Kampf géint Koruptioun.
Fränk Kuffer: 7 Joer, dat ass jo ee laangen Dag. Kritt Dir de Leit dobaussen nach verkaaf, datt deen Engagement, notamment och dee finanziellen, nach néideg ass?
Jean-Louis Schiltz: Ee Land, wat säit 1979 op mannst a krichsähnlechen oder Krichszoustänn ass, dat ass och ee laangen Dag. Ech mengen, et ass all Mënsch sech bewosst, op all deenen Dëscher, sief et an der NATO, an der Europäescher Unioun oder an der UNO, datt den Engagement am Afghanistan ee laangfristegen Engagement ass. Développement, Sécherheet, Politik, Diplomatie musse méi no anenee gräifen. Dat ass dat, wat ënner der Approche 3D bekannt ass: Défense, Développement, Diplomatie an ëmgedréinter Reihefolleg.
An da mussen d'Afghaner nach an deenen nächste Joeren, dat mengen ech, ass ee vun den Haaptmessagen haut, méi Responsabilitéit huelen. Dem Här Karzai seng Regierung – et gëtt ëmmer gesot, hie wier de Buergermeeschter vu Kabul. Ech mengen, souwuel zu Kabul, wéi op lokalem Niveau mussen d'Afghane méi Responsabilitéit huelen. Well am Endeffekt si mir jo net do, als Selbstzweck, mä et geet dorëm, fir progressiv den Afghanen d'Responsabilitéit ganz ze iwwerginn. Dofir och d'Wichtegkeet fir niewt der afghanescher Arméi, eng afghanesch Police opzebauen.
Fränk Kuffer: Ech mengen, 9 Zaldote vun der lëtzebuerger Arméi sinn den Ament am Afghanistan. Wéi laang mussen dann nach Lëtzebuerger do bleiwen?
Jean-Louis Schiltz: Ech kann Iech hei keen Datum soen, mä et geet drëm fir lues a lues d'Responsabilitéit un d'Afghanen iwwer ze ginn, wat déi ganz Operatioun vun der NATO ubelaangt, net nëmmen, also, de lëtzebuergeschen Deel. Mir sinn do ee klengen Deel dovunner. Et ass also esou, datt d'Sécherheetsconditioune mussen hirgestallt ginn. Dofir muss eng afghanesch Arméi entwéckelt ginn. Dat geet gutt weider. Ech hu mech mam afghaneschen Defenseminister doriwwer ënnerhalen, zu Kabul, am Ufank vun dëser Woch. D’Zuele gi lues a lues erop, vu 50 000, déi de Moment operationell sinn, ganz séier op 80 000. Déi Arméi muss forméiert ginn.
Op där anerer Säit hu mir awer de Problem, datt et net esou séier viru geet, wat d'Police ubelaangt. An d'Police ass déi, déi um Terrain all Dag muss sinn. D'Police ass déi, déi am Kampf géint Korruptioun muss agesat ginn. Dofir och d'Wichtegkeet vun der europäescher Missioun, fir d'Police ze forméieren. Dat eent ouni dat anert geet net.
Fränk Kuffer: Wann een elo emol d'Sécherheet ausklamert. Wou mussen dann nach Efforte gemaach ginn an deem Land?
Jean-Louis Schiltz: Et gesäit een, datt den Développement lues a lues weider geet. Et musse ee wëssen, datt entretemps 7 Millioune Kanner am Afghanistan an d'Schoul ginn, datt 9000 Schoule gebaut ginn. Am Joer 2001 si bal keng Kanner an d'Schoul gaang. D’Meedercher hunn net dierfen an d'Schoul goen. Et sinn 2000 Kilometer Stroosse gebaut ginn. Dat ass also eng positiv Entwécklung.
Een, vun deene schwieregen Aspekter ass deen, vum Drogenubau, dat net nëmme Konsequenzen am Afghanistan huet, mä och Konsequenzen hei huet. Déi Drogen, déi am Afghanistan ugebaut ginn, ginn hei an Europa um Maart verkaaf. Déi Gelder, déi domatter generéiert ginn, finanzéieren d'Taliban. Dat féiert zu terroristeschen Aktivitéiten dohannen. Mä am Potential awer och hei, an Europa an op anere Plaze vun der Welt. Dat dréit also alles zesummen.
Dofir denken ech, datt do den Haaptakzent muss gesat ginn. Souwuel, wat de repressive Volet ubelaangt – ech schwätzen do erëm vun der afghanescher Police – mä awer och alternativ Kulturen. An de Kai Eide, den neie Vertrieder vun der UNO, setzt dofir och den Akzent richtegerweis op d'Entwécklung vun der Landwirtschaft. Am Afghanistan, wéi op anere Plazen, ass d'Entwécklung vun der Landwirtschaft an de leschte Joere sécherlech vernoléissegt ginn.
Fränk Kuffer: Dir hutt hien elo ugeschwat. De Kai Eide, de Vertrieder vun der UNO zu Kabul. Och mat deem hat Dir, mengen ech, Gespréicher, wéi Dir do waart. Hutt Dir deem villäicht och ee Message mat op de Wee ginn, elo, fir déi Konferenz?
Jean-Louis Schiltz: Wann Dir mech frot, wat de gréissten Ënnerscheed ass, deen ech gemierkt hunn, par rapport zum leschte Jor, wou ech do war, och am Juni, dann ass dat, déi méi staark Roll, déi d’UNO amgaangen ass ze iwwerhuelen, ënner dem Lead vum Kai Eide. D’UNO muss d'Saachen do koordinéieren. D’NATO kann d'Saachen net koordinéieren, ass och net dofir do.
Ech gesinn en zolitten Engagement vum Kai Eide a vu senge Leit. Ech hunn och mat him geschwat, iwwer d'Afghanistan Konferenz vun haut, iwwer déi nei Partnerschaft, déi do muss zum Droe kommen, iwwer d'Fro vun der Korruptioun, an e bëssen – a menger duebeler Kapazitéit als Arméiminister an Entwécklungsminister – dorop opmierksam gemaach, datt, all Kéier, wann ech bei den Arméiministere sinn, ass Afghanistan déi éischt Prioritéit. Et gëtt ëmmer doriwwer diskutéiert, et gëtt ëmmer politesch nei Impulser ginn. Bei den Entwécklungsministeren ass dat net esou. An ech hunn him suggeréiert, datt hie vläicht soll op europäeschem Niveau intervenéieren. Ënner anerem bei der franséischer Présidence, fir datt och d'Entwécklungsministere sech bewosst ginn, wat d'Enjeuen do sinn, datt deen Développement, deen zesumme mat der Sécherheet geet, an ëmgedréint, och effektiv zum Droe kënnt. Ech hunn him dat och schrëftlech an engem Bréif dës Woch nach eng Kéier bestätegt, an ech wäert mech och staark maachen, bei der franséischer Présidence, fir datt dat zum Droe kënnt.
Fränk Kuffer: Här Schiltz, villmools merci fir dës Explikatiounen.
Jean-Louis Schiltz: Merci och, Här Kuffer.
|