|
Fränk Kuffer: Mat engem gewëssen Optimismus a mat der Hoffnung, datt déi neiste Kris an der Europäescher Unioun vläicht esouguer nach dëst Jor ka geléist ginn, sinn d’EU-Ausseministeren, déi gëscht zu Lëtzebuerg beienee waren, ausernee gaangen. De Ratifizéierungsprozess soll op jiddwerfall weidergoen. Dat heescht, et gëtt gehofft, datt déi 8 Länner, déi de Vertrag nach net am Parlament ugeholl hunn, dat an den nächste Méint maachen. An dann?
De lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ass de Moie live bei eis am Studio. Gudde Moien, Här Asselborn.
Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Kuffer.
Fränk Kuffer: Stëmmt et, datt Dir an Är Kollegen hofft, datt relativ séier eng Léisung fonnt gëtt, also net erëm eng joerelaang Kris an der EU. Mä, wéi kann een Irland dann nees an d’Boot kréien, oder soll, a kann den Traité zu 26 a Kraaft trieden?
Jean Asselborn: Also, fir op déi lescht Fro ze äntweren: Nee. Mir hu gëschter e gewëssenen Optimismus gespuert, ech géif mengen aus zwou Ursaachen: Dat eent, dat ass, den ireschen Ausseminister huet ganz kloer gesot, Irland wëll am Häerz vun Europa bleiwen. An hie selwer huet och gesot, déi aner Länner, déi nach net ratifizéiert hunn, sollen domat virufueren.
Déi Länner, déi nach net ratifizéiert hunn, musse mir wëssen, do sinn der dobäi, wou absolut keng Problemer sinn, mä et sinn der dobäi, wou et kéinte Problemer ginn. Polen - Dir wësst, datt de President Kaczynski keen iwwerzeegten Europäer ass, fir dat emol diplomatesch auszedrécken. Dee muss nach ënnerschreiwen, an dat Argument, wat hien elo benotzt, no deem Nee an Irland, wäert scho Gewiicht kréien. Mir wëssen awer och, datt, zum Beispill, zu Prag et net einfach wäert sinn. Mir wëssen och, datt an Italien, eng grouss Diskussioun mat der Lega Nord stattfënnt an der italienescher Regierung. Ech hoffen awer, datt dat ze léisen ass.
All déi aner Länner, mengen ech, misst et rëtschen, datt mir Oktober, spéitstens am November, wäerte ratifizéiert hunn. Da wier déi Aarbecht gemaach.
Fränk Kuffer: Wat kann een da mat den Irlänner maachen elo?
Jean Asselborn: Bon, da komme mir elo zu den Irlänner. Bei den Irlänner ass et esou, datt si verstinn, datt mir net kënnen, erëm eng Kéier, un d’Substanz vum Vertrag goen. Dat heescht, Lëtzebuerg misst eng drëtte Kéier ratifizéieren, wann erëm eng Kéier um Vertrag géing eppes verännert ginn. Dat muss een also, menger Meenung no, komplett eliminéieren.
Et muss een och eliminéieren, a mengen Aen, datt mir elo a 6 Méint erëm eng Kéier an Irland, datt déi erëm eng Kéier wiele kënne goen, datt do erëm eng Kéier ee Referendum ass, an datt d’Leit erëm eng Kéier a 6 Méint gefrot ginn. Dat kann ech mir eigentlech net virstellen, esou datt dat elo muss preparéiert ginn. D’Irlänner hu gesot, mir brauchen e wéineg Zäit. Si hu keng Léisung proposéiert gëschter, si wäerten och e Freideg keng definitiv Léisung proposéieren, mä si hunn de Wëllen, fir ze kucken, wéi mir et fäerdeg bréngen, zesummen, vläicht op Basis vun enger Deklaratioun, déi Angscht, déi besteet an Irland, fir déi ewechzehuelen, fir Garantien ze ginn. An dat ass machbar.
Fränk Kuffer: Dir schwätzt elo dovun, de Leit déi Angscht ze huelen; et schéngt jo effektiv, wéi wann d’Leit zum Deel net richteg wossten, iwwer wat si géifen ofstëmmen. Do gouf Campagne gemaach mat dem Problem vun der Ofdreiwung, an esou Saachen. Mä kann een dann herno, no deem Nee vun den Iren - mengt Dir, d’Ire kéinten dann awer eng Kéier ratifizéieren, an einfach sech dann iwwer deen Nee ewechsetzen?
Jean Asselborn: Also, wat de Referendum ugeet, d’Ire wësse mam Referendum ëmzegoen. Wat d’Substanz ugeet vum Referendum - dat huet den iresche Minister eis och gëschter explizéiert - do ass iwwer alles rieds gaangen, just net iwwer de Vertrag.
Et ass gesot ginn, Europa mëscht sech elo an, an d’Ofdreiwungsgesetz an Irland; mëscht sech an, an d’Neutralitéit, déi Irland huet; mëscht sech an, an d’Taxatioun, an d’Fiskalitéitsgesetzer an hëlt d’Unanimitéit ewech, alles Saachen, déi net stëmmen. An et muss een elo wëssen, carrément, datt mir hei mat engem Problem ze dinn hunn, wou mir jo och gesot hunn, dat ass net alleng ee reng iresche Problem. Et ass een europäesche Problem.
Dat irescht Resultat hätt sech och kënnen an anere Länner ofwéckelen, wann an anere Länner e Referendum agesat gi wier. Ech mengen, de Referendum - an ech war e Freideg elo an der Schwäiz, an déi ginn dat och zou - datt mam Referendum, mat der direkter Demokratie, een net ee politescht Gebilde vu 500 Millioune ka regéieren, och net regional. Dat ass evident, mä d’Iren hunn elo nee gesot. Mir kënnen elo net d’Ire forcéieren, Jo ze soen, ënner alle Konditiounen. Mä et muss een dem iresche Vollek Garantië ginn, datt alleguerten déi Ängschten, déi si haten, datt déi net berechtegt waren, an datt déi Leit, déi déi Campagne do gemaach hunn, datt déi si do um falsche Fouss erwëscht hunn.
Fränk Kuffer: Mä mengt Dir net, d’Europäer wéilten awer vläicht méi dacks gefrot ginn, zu vläicht méi einfache Saachen, wéi elo deem Traité? Zum Beispill, wa mir schwätze vun engem EU-President, engem EU-Ausseminister. Firwat net d’Leit froen?
Jean Asselborn: Dach, dat kann een alles maachen. Et ass just - de Problem ass, ob d’Leit op déi Fro äntweren, déi si gestallt kréien. Et ass ëmmer de politeschen Environnement ronderëm, deen zielt.
Ech mengen, mir sinn an engem ganz, ganz schlechten Environnement am Moment, och an Irland. D’Präisser vum Petrol, d’Präisser vun der Crise alimentaire, alles kënnt do beienaner. A wat mech am meeschten, Här Kuffer, wat mir am meeschten Angscht mécht, dat ass, datt an alle Länner - an Irland, mä och an anere Länner - datt mir Europa net méi gesinn, als een Instrument, wat eigentlech dat eenzegt Instrument ass, fir anzesetze géint déi negativ Konsequenze vun der Globaliséierung, fir do dogéint kënne virzegoen.
Europa ass eppes ginn, iergendeppes Elitäres, wat d’Leit net méi richteg concernéiert, wat d’Leit net méi verstinn a wou ee muss dogéint sinn. An dat ass dat Schlëmmt. Ech mengen, do ass an der Mentalitéit eppes geschitt, wat muss geännert ginn, well soss riskéiere mir - Irland hin oder hier, Referendum ihn oder hier - datt Europa kann zerbréckelen, an der Substanz. An dat ass ze verhënneren, an ech mengen, do musse mir eis effektiv ganz staark ustrengen, fir do géigenzesteieren.
Fränk Kuffer: Esou e bëssen national-lëtzebuergesch war de Vote an Irland jo awer trotzdem. Och wann ëmmer nees gesot gëtt, vun iech Politiker, dat wier elo net dat Wichtegst. Mä, Här Asselborn, elo mol éierlech: Wiert Dir net d’nächst Jor bei de Chamberwahle mat Ärer LSAP, léiwer géint eng CSV ouni Spëtzekandidat Jean-Claude Juncker ugetrueden? Et ass jo awer elo erëm ganz gutt méiglech, datt de Staatsminister mat an déi Wahle geet.
Jean Asselborn: Also, Här Kuffer, Dir sidd ee vun deene beschte Journalisten hei zu Lëtzebuerg [gëtt ënnerbrach]
Fränk Kuffer: Merci.
Jean Asselborn: Dir sidd virwëtzeg, dat verstinn ech. Ech, a mäi Beruff awer och, jo, leet mir eng gewëssen diplomatesch Zréckhalung op. Déi Froen do, dat si Spiller, déi mécht een an der Sandkëscht. Ech mengen [gëtt ënnerbrach]
Fränk Kuffer: Dir musst net als Ausseminister äntweren, mä als LSAP-Politiker, deen d’nächst Jor an d’Wahle geet.
Jean Asselborn: Jo, mä deen ass awer och Ausseminister, an ech mengen, datt och - ech schwätzen net fir den Här Juncker - mä datt et net d’Suerg ass, vun iergendengem Regierungsmember hei zu Lëtzebuerg, fir sech elo op d’Froe vu Persounen ze konzentréieren. Mir mussen elo all eis Energie asetzen, fir datt mir et fäerdeg bréngen, den Traité duerchzekréien, an Europa déi Strukturen ze ginn, déi et brauch am 21. Jorhonnert. All dat anert si Spillercher, ech mengen, déi si wierklech zweetrangeg.
Fränk Kuffer: Dat gesi mir dann d’nächst Jor. Här Asselborn, villmools merci fir de Besuch de Moien am Studio.
Jean Asselborn: Merci och.
|