Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > juillet 2008 > Jean-Claude Juncker au sujet du refus du Président polonais de signer le traité de Lisbonne

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet du refus du Président polonais de signer le traité de Lisbonne
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 01-07-2008

Vers le niveau supérieur
Jean-Claude Juncker: Polen ass do an enger besonnescher Situatioun, well de polnesche Staat duerch de Premierminister Tusk vertruede war, mä de President, deen net do war, dee muss déi Ënnerschrëft och leeschten. Hien huet elo gesot, hie géif si net leeschten, well een net wéisst, wéi et mat deem Vertrag géif virugoen.

Dat wësse mir och net, mä wann ee gären hätt, datt et mat deem Vertrag géif virugoen, da misst Polen eigentlech seng Obligatiounen, déi et um Conseil européen agaangen ass, virun e puer Wochen, nokommen. Ergo, bedaueren ech déi Décisioun vum polnesche President staark. Ech hunn hie virun e puer Wochen zu Warschau gesinn. Näischt an deem Gespréich, wat ech mat him hat, huet drop schléisse gelooss, datt hien deen doten, a mengen Aen innepolitesch motivéierten, Schrëtt géif maachen. Dat bréngt mech awer net dovun of, fir dovun auszegoen, datt Polen um Enn vum Dag deem Vertrag och, duerch d’Ënnerschrëft vum President, seng Zoustëmmung gëtt.

Corinne Folscheid: Wéieng Missioun kënnt och elo op de franséische President duer, den Nicolas Sarkozy, dee jo elo zanter haut President vum Conseil ass?

Jean-Claude Juncker: Hien ass natierlech an enger Situatioun, déi net einfach ass. Ech kann dat noëmfannen, well ech war a genau därselwechter Situatioun während eiser Presidentschaft, wou d’Fransousen an d’Hollänner Nee gesot hunn. Insofern gëtt et wéineg Neies ënner der Sonn.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact