|
Frank Kuffer: Um Telefon ass elo de lëtzebuerger Staatsminister. De Jean-Claude Juncker huet gëschter Owend wéi gewinnt den Eurogrupp presidéiert. Gudde Moien, Här Juncker.
Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.
Frank Kuffer: Um Ordre du jour stoung also och d’Entwécklung vu Pëtrols- a Liewensmëttelpräisser, eppes wat eis all betrëfft. Zu wéienge Conclusioune koumt Dir dann? De Sprit bleift deier, oder?
Jean-Claude Juncker: Mir sinn zur Conclusioun komm, wéi ech dat och an der Erkläerung zur Lag vun der Natioun gesot hat, datt sech d’Uelechpräisser eng gutt Zäit nach op ganz héigem Niveau bewege wäerten, an d’Liewensmëttelpräisser weise keng Tendenz, déi däitlech no ënne géif goen. Mir mussen eis also drop astellen, datt mir nach laang mat héige Präisser an deenen zwee Beräicher musse liewen.
Frank Kuffer: D’lescht Woch huet d’EZB d’Zënsen erop gesat. Dat war keng Iwwerraschung, mä sidd dir, d’Euro-Finanzministeren – och wann dir do net direkt mat ze décidéieren hutt – d’accord, datt dat een noutwennegen a richtege Schratt war? Sidd dir iech bei ärer Aschätzung iwwerhaapt eens? Ech mengen, d’Fransouse sinn op jiddwer Fall net ganz d’accord mat däer Zënshausse.
Jean-Claude Juncker: D’Euro-Finanzministeren hu sech an d’Zënspolitik vun der Zentralbank net anzemëschen. Laut Vertrag vu Maastricht ginn d’Zënsen a fräier Entscheedung, an a voller Onofhängegkeet vun der Zentralbank festgeluegt.
Et ass gëschter Owend awer een éischter groussen Accord driwwer gewiescht, datt déi héich Inflatioun – mir hu 4% duerchschnëttlech Inflatioun am Euro-Raum – et noutwenneg mécht, ganz energesch géint d’Inflatioun unzegoen. D’Inflatioun ass dee gréisste Feind vun deene Leit, déi kee grousst Akommes hunn. Déi leide vill méi ënner dem Kafkraaftverloscht, wéi déi aner.
Dat bréngt mat sech, datt, wann ee mëttelfristeg d’Inflatiounserwaardung wëll ëm déi 2% erëm fest verankert hunn, datt een dann d’Zënshausse muss asetzen. Mir ginn dovun aus, datt déi Erhéigung ëm 25 Basispunkten d’Konjunktur de Moment net behënneren.
Et ass gëschter Owend och eigentlech keng vehement Kritik un däer rezenter Zënsdécisioun vun der Zentralbank ginn. Mä ech hunn däitlech gemaach, datt et dem Erwaardungshorizont vun de Finanzministeren entsprécht, datt dat do net deen éischte Schrëtt um Wee an een neien Zënserhéigungszyklus wier.
Frank Kuffer: De Gros vun de Leit, mat zum Deel vill Schold um Hals, versteet awer net onbedéngt, datt elo, wou d’Liewen, de Pëtrol an och soss villes schonn esou deier ass, d’Zënse mussen erop goen. Här Juncker, wéi kann een de Leit dann einfach erklären, datt et net anescht geet?
Jean-Claude Juncker: Bei der Zënserhéigung geet et net dorëm, d’Inflatioun kuerzfristeg ze bekämpfen, mä si och mëttelfristeg ze bekämpfen. Wann een d’Inflatioun uwuesse léisst, da geschitt ee sougenannten Désancrage vun Inflatiounserwaardungen. Mir mussen dovun ausgoe kënnen, datt d’Inflatioun iwwer Joere sech ëm 2% beleeft. Vun 1999 bis haut huet si sech an der Moyenne op 2,1% belaf.
Wann een d’Inflatioun sech virun expandéiere léisst; wann een d’Léin am selwechte Mooss unhiewt, wéi d’Inflatioun et dee Moment weist; wann een also d’Loun-Präisspiral a Bewegung setzt, dann désancréiert d’Inflatiounserwaardung sech. Da ginn d’Marchéen, d’Acteuren, d’Investisseuren dovun aus, datt d’Inflatioun iwwer e puer Joer gekuckt, 3%, 4%, 4,5% ass. An da ginn déi laangfristeg Zënsen an d’Luucht, an dat huet zur Konsequenz, datt d’Investissementer méi deier ginn.
Wann een haut net direkt géint d’Inflatioun virgeet, gëtt si muer méi héich. An doru verléieren déi Leit, déi Schold hunn, mëttelfristeg gekuckt méi, wéi si haut mussen drop bezuelen, wann d’Zënsen erhéicht ginn. Dat ass d’Theorie, an dat ass d’Praxis vun der Europäescher Zentralbank – fir däer hir Politik ech net zoustänneg sinn, wéi scho gesot.
Frank Kuffer: D’Amerikaner, déi hunn d’Zënsen an de leschte Méint erof gesat, hunn déi dann eppes falsch gemaach, oder ass déi Situatioun net mat eiser ze vergläichen?
Jean-Claude Juncker: Déi Situatioun ass insofern net mat eiser ze vergläichen, well an dem Wirtschaftsraum, dee mir USA nennen, d’Situatioun eng aner ass, well déi Wirtschaft wiesentlech méi flexibel ass wéi eis; well déi amerikanesch Wirtschaft sech och an engem total aneren Zoustand befënnt wéi eis. D’Amerikaner hunn ee ganz seriéise Wuesstemsproblem. Déi kucken an d’Rezessiounslach, während déi europäesch Wirtschaft zwar net méi robust, mä awer nach moderat wiesst. Dofir kënnt et zu enger ënnerschiddlecher Aschätzung, wat d’Zënspolitik ubelaangt.
Frank Kuffer: Mir hunn et gesot, de Pëtrol an d’Liewensmëttel sinn deier, doduerch ass d’Inflatioun héich; de Wuesstem muss eventuell nach eng Kéier no ënne verbessert ginn; dobäi soll, dem Wirtschaftscommissaire Almunia no, och eng moderat Lounpolitik kommen, also am beschten net vill bäi an der Pai. Kréien d’Leit d’Enner finanziell dann nach beieneen, wann et esou weider geet?
Jean-Claude Juncker: Déi Tatsaach, datt d’Zentralbank a mir selwer soen, datt een eng moderat Lounpolitik muss maachen, huet näischt domat ze dinn, datt een de Leit keng Lounzouwiess géif gonnen. D’Léin sollen am Tempo an am Rhythmus vun de Produktivitéitsverbesserunge wuessen, an net doriwwer eraus. Wuessen d’Léin méi séier wéi d’Produktivitéitssteigerungen, da bréngt dee Lounustieg supplementar Inflatioun mat sech, déi sech erëm direkt negativ géint déi Leit auswierkt, déi en nidderegt Akommes hunn.
Ausserdem ass d’Politik och esou ausgeriicht – zu Lëtzebuerg gëtt dat jo esou praktizéiert – datt ee fir déi Kategorië vun der Bevëlkerung, déi méi vulnerabel sinn, déi méi schwaach sinn, déi en nidderegt Akommes hunn, stützend Moossnamen kann iwwer de Staatsbudget organiséieren, fir datt d’Kafkraaft vun deene Leit, déi net vill verdéngen, erhale bleift.
Dofir hu mir de Kannerbonus zu Lëtzebuerg gemaach, dofir féiere mir och den 1. Januar eng Deierechtzoulag an der duebeler Héicht vun dem aktuellen Heizkostenzuschuss an, an dofir verwandele mir eng Rei vu steierlechen Abattementer an Nettosteierkrediter, fir einfach deene Leit, déi schlecht dru sinn – an et gëtt jo ëmmer méi Leit, déi wierklech d’Enner net méi zesumme kréien – iwwer de Wee vu budgetären Hëllefstellungen ze hëllefen.
Frank Kuffer: Um Enn wollt ech nach kuerz, emol eng Kéier net iwwer Är Zukunft schwätzen, mä iwwer d’Zukunft vun Ärem Posten. Dir haalt jo, Enn des Jors mengen ech, als President vum Eurogrupp op. Gëtt do och schonn iwwer Är Successioun geschwat, oder wéi geet dat?
Jean-Claude Juncker: Déi Texter, op deene mir eis bewegen, déi gesi vir, datt een zwee mol zwee Joer President vum Eurogrupp ka sinn. Dat ass also normal datt ech um Enn vum Jor muss déi Aufgab opginn. Dat maachen ech net ongäer, well si ass awer ustrengend, a si hëlt och Zäit an Energie an Usproch.
Et gëtt elo gekuckt, fir am September een Nofolger ze fannen. Do sinn éischt Gespréicher amgaangen, ech diskutéieren dat mat de Kollegen, an do kënnt eng Décisioun am normalen Zäitraum.
Frank Kuffer: Här Staatsminister, villmools Merci da fir dës Informatiounen de Moien.
Jean-Claude Juncker: Merci och, Här Kuffer, Merci.
|