Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > juillet 2008 > Jean-Claude Juncker, invité de l'émission Background sur RTL Radio Lëtzebuerg

Interview
Jean-Claude Juncker, invité de l'émission Background sur RTL Radio Lëtzebuerg
"RTL Background" du 12-07-2008

Vers le niveau supérieur

Marco Goetz: Gudde Mëtteg, am Background am Gespréich, haut mat eisem Invité, dem Premierminister Jean-Claude Juncker. Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Marco Goetz: Vläicht mat eppes Positivem ufänken, wat sot Dir zu eisem Kim Kirchen?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn, geet et em den Tour de France, op eng, heiansdo stupid, mä wéi ech awer am Endeffekt fannen, sympathesch Aart a Weis, Lëtzebuerger. Ech si frou, datt no esou laanger Absëns am Spëtzentrio vum Tour de France, Lëtzebuerg do erëm eng Roll spillt, dat ass wichteg fir de Kim Kirchen, dat ass jo deem seng Liewensleeschtung, an déi och vu sengen Elteren, et gewënnt een den Tour de France net, wann een Elteren hat, déi net gutt waren. Et muss ee gutt Eltere gehat hunn, fir den Tour de France ze gewannen, oder de Maillot jaune ze droen. Ech sinn och houfreg op d’Leeschtunge vun deenen zwee Schleck-Bridder, déi e bëssen an der nationaler Berichterstattung u Gewiicht verluer hunn, wat ech net gutt fannen.

Marco Goetz: Waarde mir d’Bierger emol of.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä wa mir virun zwee, dräi Joer zwee Leit an deenen éischten 20 vum Generalklassement gehat hätten, dann hätte mir dat gefeiert, elo feiere mir de Kim Kirchen. Ech sinn houfreg op déi dräi, a besonnesch natierlech op de Kim Kirchen. Mä meng Sympathie gëlt deenen dräi, well ech fannen, datt et an enger Welt déi komplizéiert doduerch gëtt, datt et vill Acteure gëtt, wichteg ass, datt et der dräi gëtt, déi an de Summerméint weltwäit Wierkung fir Lëtzebuerg entfalen. Ech sinn als Lëtzebuerger houfreg op déi dräi, a virun allem op de Kim.

Marco Goetz: A wat kann d’Politik maachen, fir dorop ze reagéieren, wa bei de Leit hei zu Lëtzebuerg, an Europa, de Schong dréckt, dat ass eng Grëtz de roude Fuedem vun eiser Émissioun haut. Den Detail awer nom Iwwerbléck vun der Aktualitéit mam Corinne Folscheid. Gudde Mëtteg.

Noriichteniwwerbléck mam Corinne Folscheid.

Marco Goetz: Gudde Mëtteg am Background. Jo, wéi kann een op d’Suerge vun de Leit hei am Land reagéieren? Wat kann déi national Politik maachen, wou ass d’Europäesch Unioun gefuerdert? Dat ass d’Schinn op där mir elo emol lass diskutéieren haut an eiser Émissioun Background am Gespréich, wéi gesot mam Premier Jean-Claude Juncker.

Beim Zeitungsliesen de Moien do ass mir e klenge Kommentar opgefall vum Dany Schumacher am Lëtzebuerger Wort, Titel, iwwersat aus dem Däitschen op Lëtzebuergesch: „Jéimeren op héijem Niveau“.

Ass et dat wat mir maachen hei am Land? Jéimere mir op héijem Niveau?

Jean-Claude Juncker: Mir jéimeren, an heiansdo op héijem Niveau, an déi déi op méi héijem Niveau sinn, déi jéimere méi, wéi déi, déi op nidderegem Niveau sinn. Mir hunn hei am Land eng wuessend Zuel vu Leit, déi wéinst deene geklommene Pëtrolspräisser, wéinst deenen exzessiv geklommene Liewensmëttelpräisser, wéinst der Inflatioun insgesamt, an der drëtter Woch vum Mount net méi wëssen, wéi se bis un d’Enn vum Mount eens ginn. Déi bekloe sech wéineg.

Ech fannen, datt een aus Grënn vun der nationaler Kohesioun d’Leit alleguer muss beienee behalen, an déi déi de Moment ënnert der Inflatioun, ënnert de Pëtrolspräisser, ënnert de Liewensmëttelpräisser am meeschte leiden, dat sinn déi Leit, déi net vill verdéngen, oder en nidderegt Akommes hunn. A meng Suerg gëlt hinnen, woubäi ech d’Suerge vun deenen anere Leit net aus den Ae verléieren. Mä fir d’éischt solle mir fir déi suergen, déi net wësse wéi se sollen eens ginn. An dat probéiere mir ze maachen duerch eng Rei vu politeschen Akzenter, Kannerbonus deen de Leit, déi de Mindestloun verdéngen, an déi ee Kand hunn, 7,5% méi Kafkraaft gëtt, Leit déi zu zwee de Mindestloun verdéngen an zwee Kanner hunn, 4,5% Kafkraaft gëtt, de Leit déi géint Loun a Gehalt schaffe ginn, doduerch datt mir den Arbeitnehmerfreibetrag, deen e steierlechen Abattement ass vun deem ech maximal profitéieren, mä déi Leit déi net vill verdénge bal net, ëmwandelen an ee Steierkreditt, deen de Leit 300 Euro netto d’Joer bäibréngt.

Et ass wichteg, datt mir solidaresch ëmverdeelen, an datt just déi sech bekloen, déi Ursaach hu sech ze bekloen, an déi aner eigentlech net.

Ech hu keng Ursaach mech ze bekloen, an et gëtt hei am Land 7000 Leit, déi méi verdénge wéi ech, an et gëtt der nach ënnert menger Gehaltskategorie déi och keng Ursaach hu sech ze bekloen.

Mä déi kleng Leit, dat ass jo en Ausdrock dee verpönt ass, mä et gëtt awer nach vill kleng Leit, déi net wësse wéi se sollen eens ginn, déi hunn de Moment déi gréisste Schwieregkeeten, an deene solle mir hëllefen.

Marco Goetz: An déi, déi vläicht méi verdéngen, solle wësse wou si hierkommen, well si kommen och vläicht vu klenge Leit hier?

Jean-Claude Juncker: Enfin, ech hu mir ëmmer Méi ginn a mengem Liewen, a falls ech et vergiess hunn, hu mäi Papp a meng Mamm mech drun erënnert wou ech hierkommen. Ech hunn et net vergiess.

Marco Goetz: Et ass also de gudde Politiker gëtt een och, wann een e gutt Elterenhaus hat, dat ass wéi beim Cyclist.

Jean-Claude Juncker: Ech leeë ganz vill Wäert op gutt Elterenhaiser, an ech hat gutt Elteren.

Marco Goetz: Mécht et Iech do Suergen, ech maachen déi Klammer, wann Dir mierkt, datt hei am Land d’Scheedunge rapid zouhuelen?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng Fro déi lass ze léisen ass vu guddem Elterenhaus. Et kann een e gudde Papp an eng gutt Mamm sinn, och wann d’Schwieregkeete vum Liewenswee een dann op emol, obschonn ee Kanner hat, ausernee bruecht huet. Iwwer esou individuell Situatiounen ze uerteelen, steet mir net un. Ech kenne ganz vill Leit, déi gescheet sinn, an déi sech op eng exemplaresch Aart a Weis, jiddwereen a sengem Deel, an déi meescht och iwweregens zesummen, em hir Kanner bekëmmeren.

Also ech mengen d’Liewensleeschtung vum eenzelne Mënsch deene Kanner géintiwwer ass dat wat zielt.

Marco Goetz: Et ass awer laut dem Caritas-Sozialrapport ee Grond vun deem wat hei am Land Kanneraarmut genannt gëtt, manner Chancen, manner Suen.

Jean-Claude Juncker: Jo, ech verkennen d’Schwieregkeete jo net, déi sech aus Familljeverhältnisser erginn, déi ausernee gelaf sinn, an déi Schwieregkeeten och net, déi sech aus recomposéierte Familljen erginn. Mä ech stellen awer fest, datt déi grouss Zuel vun deene Leit, déi ausernee gaange sinn, well et einfach net méi gaangen ass, doriwwer huet jo keen ze uerteelen, sech awer em hir Kanner intensiv beméien. Mä ech muss awer zouginn, datt d’Stéierung vun normale Familljeverhältnisser natierlech d’Liewe vun de Kanner an der Schoul net vereinfacht huet.

Duefir menge mir och ganz oft, mir missen aus der Schoul, esouwuel der Primärschoul, wéi och eise Lycéeën, ee Reparaturbetrib fir d’Dysfonctionnementer an de Familljen, an an der Gesellschaft maachen.

Dat geet net, d’Enseignante sinn iwwerbelaascht mat däraartegen Aufgabestellungen, obscho sech där Aufgaben séier oft, wéi ech weess, séier dacks, fir lëtzebuergesch ze schwätzen, stellen.

Et gëtt vun de Leit déi Schoul hale vill verlaangt, well si musse Wësse vermëttelen, a si musse Reparaturbetrib fir gesellschaftlech, net riicht gelafe Verhältnisser sinn. Dat ass e bësse vill.

Marco Goetz: Et ass 10 op 12, Dir huet schonn eng ganz Partie Stéchwierder geliwwert. Eis Émissioun dauert awer zum Gléck bis eng Auer. Ech hat den OGBL-President Jean-Claude Reding gefrot, hie sollt mir déi eng oder aner Fro un Iech mat op de Wee ginn, hei ass déi éischt.

Jean-Claude Reding (O-Toun): Ech menge mir hunn zu Lëtzebuerg, wéi a villen anere Länner och, ëmmer méi e Problem iwwer d’Kafkraaft, datt sech d’Leit do Suerge maachen, niddereg Akommes si sécherlech staark betraff, mä awer ëmmer méi och Mëttelsakommen.

Mir hu festgestallt, datt d’Regierung jo Moossname fir déi niddereg Akommes ugekënnegt huet, och steierlech Moossnamen, an anerer, mä geet dat duer fir de Problem vun deene mëttleren Akommes ze léisen?

Mir mengen, datt et do och em d’Fro vun der Indexéierung vun de Léin an de Pensioune geet, déi Indexéierung gehéiert zum lëtzebuergesche Sozialmodell, si erméiglecht eng differenzéiert Lounpolitik, a si erhält d’Kafkraaft. An déi grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger, dat weise jo rezent Sondagen, stinn hannert deem System.

D’Tripartite-Entscheedungen iwwer déi verzögert Ausbezuelung vun Indextranchen hunn hiren Deel bäi gedroen, datt d’Staatsfinanzen elo erëm am Gläichgewiicht sinn, mä si hunn awer keen Impakt gehat op d’Präisentwécklung, well d’Präisentwécklung ass trotzdem op eng Kéier vill méi rapid gaangen, obwuel den Index verspéit ausbezuelt gëtt.

Duefir menge mir, datt een elo misst direkt diskutéiere wéi séier datt mir erëm eng Kéier den Index aféieren, net waarde bis 2010, well mir och soss nach de Risiko lafen, datt mir 2010 op eng Kéier dräi Indextranchen an engem Joer ze verdauen hätten, woubäi der zwou a Verspéidung wieren, an da kréie mir e grousse Problem, esou datt et besser wier, eiser Meenung no, direkt elo ze kucken, wéi mir d’nächst Joer de System erëm kënnen normal spille loossen.

Marco Goetz: A wat sot Dir, Jean-Claude Juncker?

Jean-Claude Juncker: Fir d’éischt hunn ech am Numm vun der Regierung, an no intensiver Récksprooch mam Wirtschaftsminister Jeannot Krecké, deen an der Regierung eng gutt Aarbecht mécht, an der Chamber erkläert, bei der Lag vum Land, den 22. Mee, datt den Index den 1. Januar 2010 am Prinzip erëm retabléiert gëtt, esou wéi dat normalt Gesetz et virgesäit. Et sief dann, d’wirtschaftlech Situatioun allgemeng, d’Kompetitivitéitssituatioun am besonneschen, géif sech drastesch verschlechteren. An et gesäit net esou aus, wéi wa se sech net verschlechtere géif, also muss een déi Entwécklung ofwaarden, a mat rouegem Blutt, a mat roueger Hand un déi Problematik erugoen.

Dat zweet wat ech wëll soen, ass, datt Arrangementer, Ofriedungen, a Gesetzer ze respektéiere sinn, ergo gëtt dat Gesetz, wat mir no der Tripartite, och an der Chamber konnte stëmmen, mat de Stëmmen net nëmme vun de Regierungsparteien, mä och vun aneren, respektéiert.

Drëttens mengen ech, datt een der Regierung net kann de Mérite, tëscht Gänseféissercher, ofstreiden, sech elo emol fir d’éischt em déi Leit ze bekëmmeren, déi net eens ginn. Dat war fréier ëmmer déi éischt Suerg vun de Gewerkschaften. Ech si jo scho méi laang an der Regierung, wéi ech ëmmer soen, fir vill Leit schonn ze vill laang, an ëmmer erëm si mir kritiséiert ginn, well mir eng net selektiv Sozial- an Akommespolitik gemaach hunn. Elo maache mir eng selektiv Akommespolitik, an elo kënnt am Gewerkschaftslager, notamment am OGB-L, relayéiert duerch suggestiv schlecht inspiréierend Leitartikelen am Tageblatt, d’Fuerderung: dir musst och fir déi eppes maachen, deenen et besser geet. Dat maache mir jo och doduerch, datt mir d’Steieren an der Moyenne em 6% un d’Inflatiounsentwécklung upassen. Dat bréngt ëmmerhin ee Steierausfall vun 9 Milliarde lëtzebuerger Frang, vun 228 Milliounen Euro, déi komme bei déi 9 Milliarden an 228 Milliounen Euro vun dësem Joer, vum Joer 2008, dobäi.

18 Milliarde Steiererliichterung, dat ass net näischt, do lecke se sech an der Belsch an an Däitschland, an am Frankräich d’Fangeren, esou laang bis se keng méi hunn. Mir maachen eppes fir déi Leit, deenen et schlecht geet.

Also ech revendiquéiere fir d’Regierung, a virun allem fir mech, datt mir elo, wou d’Liewensmëttel méi deier ginn, wou d’Pëtrolspräisser méi deier ginn, eppes maache fir déi Leit, déi wierklech net wësse wéi se eens ginn, obschonn se esou dichteg si wéi mir alleguer.

An duefir verduebele mir den Heizkostenzuschuss, an deem mir en an eng Allocation de vie chère verwandelen. Dat huet zum Resultat, datt Leit déi wéineg verdéngen, bis zu 800, 900 Euro d’Joer méi netto Revenu kréien, deen de Staat sécher stellt. Duefir verwandele mir den Arbeitnehmerfreibetrag an ee Steierkreditt, duefir kucke mir fir d’Scholdzënsenofschreiwung bei dem Wunnengsbau och an ee Steierkreditt ze verwandelen, wat eng technesch extrem komplizéiert Operatioun ass. Duefir wandele mir de Steierofschlag fir Alleinerzieher em an ee Steierkreditt. Dat kascht 0,8 Milliounen Euro.

Alles dat bréngt mat sech, datt d’Leit, déi déi näischt hunn, an déi déi méi hu wéi näischt hunn, 13 Milliarde lëtzebuerger Frang, 325 Milliounen Euro Steiere manner d’nächst Joer bezuelen. Dat ass 1% vun eisem nationale Räichtum.

Elo hu mir eng Méiglechkeet: entweder loosse mir den Index direkt, esou wéi jiddweree rifft a jäitzt, spillen, total integral, an da bezuelen d’Betriber.

Da bezilt de Metzler vu Kënzeg, da bezilt de Miwwelhändler vun ech weess net wou, da bezilt de klenge Schräiner vun ech weess net wou, all Kéier méi Pei, wann an Nigeria en Attentat op eng Pipeline gemaach gëtt, all Kéier méi Pei wa wéinst iranesche Waffentester de Pëtrolspräis an d’Luucht geet. Ass dat raisonnabel?

Ech wëll de Mann vun der sozial gerechter Ëmverdeelung sinn, datt déi, déi méi hu wéi déi déi näischt hunn, Verzicht übe während dëse schwierege wirtschaftlechen Iwwergankszäiten, datt mir deene Leit hëllefen, déi schlecht dru sinn.

Ech gleewen net, datt jiddwereen hei am Land schlecht drun ass. An ech hätt gären, datt déi, déi menge si wiere méi schlecht drun, wëssen, datt et Leit gëtt, déi onendlech méi schlecht dru sinn, wéi si. Fir déi solle mir eppes maachen, a fir déi aner solle mir genuch maachen.

Jiddweree bezilt d’nächst Joer manner Steieren, an déi déi keng Steiere bezuelen, kréien iwwer de Wee vum Sozialbudget ënner variabeler Form eppes u Kafkraaft bäi, déi Leit brauchen et.

Kanner si Kanner. Hätt ech Kanner, ech hu leider keng, wieren déi net méi wäert, wéi Kanner vun engem Mindestlounbezéier.

Ech hätt gären, datt jiddwereen zu sengem kënnt.

Marco Goetz: Mä dat do verhënnert awer bestëmmt net, datt Dir déi nächste Méint bis zu de Wahlen am Juni 2009, dat nach dacks musst widderhuelen, oder?

Jean-Claude Juncker: Ech widderhuelen dat, wat ech fir richteg fanne gären dacks, do wou ech mech geiert hunn, do halen ech net esou staark drop fir dat nach eng Kéier ze widderhuelen, dat kënnt mir och periodesch vir. Mä mir liewen an engem wirtschaftlech schwieregen Ëmfeld, d’Staatsfinanze sinn einegermoossen am Grëff, mä et muss een awer wëssen, datt mir enorm vill Steiermindereinnamen an dësem Joer hunn, d’Taxe d’abonnement, de Banksekteur ass staard réckleefeg.

Zu Lëtzebuerg reagéiert keen dorop. Et ass onwahrscheinlech, datt keen dorop reagéiert, datt eis Bankplaz tëscht 25% an 35% manner real netto Resultater huet wéi d’lescht Joer.

Et ass dach ganz erstaunlech, datt dorop kee Mënsch reagéiert. Ech schénge scheinbar deen éischten ze sinn, deen dat iwwerhaapt zur Kenntnis hëlt.

Mir kréier manner Taxe d’abonnement eran, mir kréie manner Kierperschaftssteier eran, mir kréie manner Steieren op den Zigaretten eran. Mir verléieren eng Rei vu Steiersurfacen déi mir d’lescht Joer nach an hirer Integralitéit haten. Keen hëlt dat zur Kenntnis, jiddweree seet, et geet eis gutt, et geet eis wonnerbar.

Marco Goetz: Wann een den Alvin Sold de Moie liest, da kënnt ee jo zu där do Conclusioun.

Jean-Claude Juncker: Den Alvin Sold schreift haut de Moien am Tageblatt, dat soen ech deenen Leit, déi säi Leitartikel net geliest hunn, dat heescht enger iwwerwältegender Majoritéit an dësem Land, datt d’lëtzebuerger Wirtschaft d’nächst Joer em 5% géif wuessen, géif de Statec soen. De Statec seet dat awer net, de Statec seet dat iwwerhaapt net. Den Här Sold schreift de Statec géif dat soen.

Mir wuessen an de Joeren 2008 an 2009 tëscht 3% a 4%, also däitlech manner wéi tëscht 1985 an 1997, do si mir 5,6% gewuess.

Mir mussen eis packen, an ech hätt gären, datt déi, déi méi hu wéi déi, déi näischt hunn hiren Deel dozou bäidroen, datt déi déi näischt hunn zu hirem kommen, fir datt déi net total vun der Strooss erof fléien. Dat ass net gutt fir si, et ass net gutt fir hir Kanner, et ass net gutt fir d’Rou am Land, et ass net gutt fir d’Kohesioun am Land.

Elo weess ech och, Här Goetz, datt déi meeschte Leit déi manner gutt verdéngen hei am Land, zu engem groussen Deel Leit sinn, déi kee Wahlrecht hunn, den Här Sold weess et och.

Marco Goetz: Dee Message do mengen ech ass ukomm.

Jean-Claude Juncker: Ech hoffen.

Marco Goetz: Kënnt dat Onwuelsinn am Land [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech stellen einfach fest, datt, mat Ausnahm vun der sozialistescher Partei déi an der Regierung äifreg matschafft, an déi groussen Afloss op déi inhaltlech Gestalltung vun der Regierungspolitik huet, déi kënne mech net lénks iwwerhuelen, mä ech si mat hinnen d’accord, grouss Deeler vun der Gauche sech net méi asetze fir déi kleng Leit, mä fir déi, déi si selbstdefinierend als Mëttelschicht beschreiwen, an déi mech betreffen.

Ech wëll d’nächst Joer net manner Steiere bezuele wéi dat wat am Projet de budget fir d’nächst Joer wäert stoen. Ech brauch den Här Sold net, an den OGB-L net, fir duefir ze suergen, datt ech manner Steieren d’nächst Joer bezuelen. Ech verdénge genuch, an där Leit gëtt et 10.000den hei am Land, déi genuch verdéngen. Mä et gëtt och 10.000de Leit hei am Land, déi net wësse wéi se eens ginn. Ech wëll fir déi eppes maachen.

Marco Goetz: Dir sot dat do, den Alvin Sold seet dat, an d’Gewerkschafte soen dat och [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Den Här Alvin Sold seet dat selwecht wéi den OGB-L, well den OGB-L ass net grad lassgeléist vun all Afloss bei der editorialer Gestalltung vum Tageblatt.

Marco Goetz: Mä wéi mécht ee sech als Bierger vun dësem Land do dat richtegt Bild?

Jean-Claude Juncker: Andeem ee mir nolauschtert. Dat soen ech mat aller Arroganz zu där ech fäheg sinn.

Wësst Dir, ech maache jo hei am Land eng Aufgab, ech maachen dat jo net, et ass jo keng vergnügungssteuerflichteg Aufgab déi ech hei maachen. Ech si Staatsminister hei am Land, ech hunn d’Vertraue vu ville Leit, wourop ech dauerhaft houfreg sinn, datt esou vill Leit mir, trotz allem, nach ëmmer no esou ville Joeren trauen.

Ech trieden net un fir alles ze maachen, fir datt meng Partei déi nächst Wahle gewënnt. Ech hoffen datt se dat mécht, mä ech hunn hei en Eed geschwuer. Et gëtt vill Leit, déi vun engem Eed näischt méi halen, mä ech hunn dem Grand-Duc geschwuer ech géif mech asetzen zum Gudde vun dësem Land. Dat maachen ech.

A wann ee beim Asaz fir dat Gudd vum Land, an dat ass jo net nëmmen eng Fro déi sech stellt bis an de Juni d’nächst Joer, mä iwwer deen Zäitlaf eraus, dat maachen ech, an duefir trieden ech an, entweder bleiwen ech Staatsminister oder net.

Wann ech et bleiwen, tant mieux fir mech, ech kann net soen och fir d’Leit, a wann d’Leit soen elo hu mir ës genuch mam Juncker, da maachen ech eppes anescht am Liewen, verstitt Dir. Ech sinn dat elo scho laang. Ech kann och aner Saache maachen, mä ech maachen dat gären. Mä ech maachen et awer gären esou, datt och déi, déi an deenen nächsten 10, 15 Joer zu Lëtzebuerg mussen eens ginn, kënnen eens ginn.

Ech weess och wat ech elo muss maache fir d’Wahlen ze gewannen. Da féiere mir direkt erëm den Index ganz an, obscho jiddwereen domat d’accord war, datt mir e sollte moduléieren, iwweregens net nëmme wéinst de Staatsfinanzen, mä virun allem wéinst der Kompetitivitéit vun de Betriber, dat gëtt systematesch net gesot.

Ech kann d’Kannergeld erhéijen, ech kann d’Steiere méi erof setzen, da gewënnt d’CSV d’Wahlen, mä d’Land verléiert seng Zukunft. Also sinn ech der Meenung, datt een, wann ee frou ass mat deem Land, dat ass jo een almoudeschen Androck, mä ech sinn awer frou mat dem Land hei a mat de Leit, déi an deem Land liewen, dann hätt ech gären, datt dat iwwer eng laang Zäit gestreckt gutt geet.

Ech sinn esou gutt wéi déi aner, fir ze wësse wat een elo muss maache fir d’Wahlen op jiddwerfalls ze gewannen. Mä d’Wahlen als Partei ze gewannen, an d’Zukunft vum Land als Kollektivitéit ze verléieren, dat ass net den Optrag vu mengem Betrib, a mäi Betrib dat sinn ech.

Marco Goetz: Et sinn déi kleng Akommes déi leiden, wou Suergen ausgedréckt ginn iwwer déi héich Pëtrolspräisser zum Beispill, do war virum leschten EU-Sommet gesot ginn, et géif ee kucke wéi een d’Spekulatioun do ronderëmmer an de Grëff géif kréien. Et ass eigentlech esou gemaach ginn, wéi wann dat eppes ganz einfaches wier, dobäi ass spekuléieren eppes, wat all Wirtschaft eegen ass. Kann een dann do eigentlech wierklech eppes maachen?

Jean-Claude Juncker: Et gëtt eng normal Maartspekulatioun géint déi ze kämpfe lächerlech wier, an et gëtt eng anormal, eng onmoralesch Maartspekulatioun [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Wéi trennt een déi?

Jean-Claude Juncker: Dat gesäit ee gutt, wann ee mam Häerz an d’Mäert era kuckt. D’Liewensmëttelpräisser si staark geklommen, et ass jo net nëmmen eng Uelegfro. Mech mécht déi Liewensmëttelpräisherhéijung méi beonrouegt wéi déi Uelegpräiserhéijung, obschonn déi mech och extrem opreegt. An da gëtt gesot, datt dat alles normal wier, well et schlecht Recolte ginn huet, well et méi Leit gëtt déi eppes wëllen iessen [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Déi esou iesse wëlle wéi mir iessen.

Jean-Claude Juncker: Elo bekloe mir eis dodriwwer, datt d’Inder an d’Chineesen och ufänken dräi Tomaten den Dag z’iessen, da brauch een e puer Milliarden Tomate méi, da gi se méi deier, well et gëtt net e puer Milliarden Tomaten den Dag méi.

Also, datt aner Leit op der Welt och emol eppes z’iesse kréien, obschonn d’Hongersnout jo zouhëlt, well besonnesch déi kleng, aarm Däiwelen an der drëtter Welt net méi wësse mat hirem engem Dollar den Dag, mat hiren 80 Cent den Dag, wéi se sollen eens ginn, déi leide jo vill méi ënnert der Liewensmëttelerhéijungskatastroph wéi mir, datt dat alles normal ass, Maartresultater sinn, akzeptéieren ech.

Et gëtt méi op der Welt, et gëtt méi Leit déi räich genuch si fir eppes z’iessen. Räich, mir Lëtzebuerger, räich, Leit déi dräi Dollar den Dag zur Verfügung hunn, déi iessen elo. Ech si frou, datt si eppes z’iessen hunn. Mä déi, déi sech op de Finanzmäert verspekuléiert hunn am Zesummenhang mat der Subprimekrisis [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: An Amerika.

Jean-Claude Juncker: Mat der Hypothekarkrisis an Amerika, mat den Iwwersetzungen déi dat an Europa fonnt huet, déi detonéieren elo hir spekulativ Attentioun vun de Finanzmäert op d’Liewensmëttelmäert, an op d’Pëtrolsmäert.

Et ass en dégoutante Virgang an der kapitalistescher Welt, datt d’Leit ufänken iwwer Liewensmëttelpräiserhéijungen ze spekuléieren.

Et ass en dégoutante Virgang, datt Goldman Sachs an anerer soen, mir mengen den Barrelpräis géif op 200 Dollar lass goen, an da ginn all hir Clienten op 200 Dollar lass.

Dogéint muss een eppes maachen, dogéint wëlle mir als Europäer eppes maachen, dogéint maache mir och als Europäer eppes, mä mir brauchen Alliéiert am Rescht vun der Welt, a mir droen am Eurogrupp eisen Deel dozou bäi, fir datt et zu där Allianz géint déi exzessiv, maladiv, krankhaft Spekulatioun kënnt.

Marco Goetz: An déi héich Wunnengspräisser bei eis? Ass dat och en normalt Maartenwéckelen?

Jean-Claude Juncker: Dat ass keen normalt Maartenwéckelen. Ech hunn eng Kéier virun engem oder zwee Joer op Ärer Antenne gesot, och eng Kéier Samschdes mëttes hei an eisem Gespréich, ech wier der Meenung, datt een och heiansdo säin Terrain misst méi bëlleg verkafe, wéi dat wat ee géif kréien, do hunn ech dausende Bréiwer kritt vu Leit, déi Terrainen hunn, déi gesot hunn, ech wier dee leschte Mënsch.

Een Terrain fir een Haus ze bauen, ass dat esou eppes Verrécktes fir zu de Leit zu Lëtzebuerg ze soen, ma verkaaft är Terrainen e bësse méi bëlleg, wéi dat wat dir kënnt kréien, well déi Leit déi solle kafen, déi kënne se net méi kafen, an déi mussen elo an d’Ausland wunne goen. Ass dat normal datt ëmmer méi Leit an d’Ausland wunne ginn, well mir hei verréckten Terrainspräisser hunn?

Marco Goetz: Et ass net normal, mä wat maache mir dann do?

Jean-Claude Juncker: Ech maachen een Appel ëmmer erëm un de Biergersënn vun de Leit, déi Terrainen hunn.

Ech muss net dee leschte Su fir deen Terrain kréien, deen ech hunn.

Mä nodeem mir elo 1000 Leit geschriwwen hunn, dat wier alles Kabes, brauchen déi mir net nach eng Kéier ze schreiwen. Mä ech soen et nach eng Kéier, well ech der Meenung sinn, datt wann een Leit déi hiert Liewen opbauen, kann doduerch e bëssen ënnerstëtzen, datt ee säin Terrain fir 10% oder 15% méi bëlleg verkeeft, wéi dat wat een um Maart kéint kréien, da leescht een e Beitrag zu der sozialer Kohesioun an zu der Gemiddlechkeet hei am Land.

Si Lëtzebuerger erfonnt ginn, fir datt deen ee Lëtzebuerger vun deem anere Lëtzebuerger profitéiert? Wat ass dat fir eng Astellung zum Zësummeliewen? Datt ech de Maximum aus deem aneren wëll erauszéien? As dat dat, wat mir wëllen hei am Land? Ass et d’Politik vun de private Propriétéitskräften hei am Land fir d’Lëtzebuerger an d’Ausland ze dreiwen? Wat soll dat?

Elo hunn ech festgestallt, datt d’Präisser sech berouegt hunn am Laf vum leschte Joer. Ech ginn dann dovun aus, datt dee Pacte logement, dee Wunnengsbaupak deen de Fernand Boden, mäi Frënd, virgeluegt huet, datt dat zu weiderer Normaliséierung vun de Präisgestalltungsverhältnisser zu Lëtzebuerg bäidréit. Mä insgesamt solle mir eis packen.

Marco Goetz: Eppes anescht wat genannt gëtt, wann een d’Leit freet, wouriwwer méchst du dir Suergen, dann ass et d’Zesummeliewen hei am Land mat aneren Natiounen, mat anere Kulturen. Do ass d’Stéchwuert sozial Kohesioun jo och ubruecht. Wéi kritt een dat alles och ënnert ee Hutt?

Jean-Claude Juncker: Also fir et emol almoudesch ze soen, a bal romantiséierend, doduerch datt een emol méi frou ass mateneen. Et muss een emol einfach [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Mä da muss ee sech och emol verstoen.

Jean-Claude Juncker: Jo, jo, enfin ech weess net wéi Dir Är Fra kenne geléiert huet. Ech ginn och do [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Datt ech vläicht eng aner Sprooch geschwat hunn, wéi déi déi normalerweis hei an desem Land geschwat gëtt [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech ginn hei net an den Detail. Mä fir d’éischt muss ech emol [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Ech kann d’Geschicht awer erzielen.

Jean-Claude Juncker: Jo, dat maache mir eng Kéier ausserhalb vum Mikro, mä fir d’éischt muss ee sech emol fir aner Mënschen interesséieren. Do si Leit déi komme bei eis, heiansdo vu wäit ewech, heiansdo vu méi no, a mir wëssen, och wa mir dat selten zouginn, mir brauche se, well mir alleng net eis Wirtschaft kënnen bedreiwen.

Also muss ech mech fir déi Mënschen interesséieren. An doduerch datt ech mech fir déi Mënschen interesséieren, déi aus Portugal, aus Spuenien, aus Italien kommen. Wat fir eng enorm Chance hate mir dach [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Et si jo och vläicht manner déi, wéi déi, déi elo aus Länner aus dem Osten kommen.

Jean-Claude Juncker: Jo mä wat fir eng aussergewéinlech Chance hate mir mat der italienescher Immigratioun, an zu engem ganz groussen Deel och mat der portugisescher Immigratioun.

Ech wier ni esou gewuess, Dir kënnt zwar soen ech wier kromm gewuess, wéi ech gewuess sinn, wann ech net zu Bieles mat all deenen Italiener zesumme gelieft hätt, wat aussergewéinlech wäertvoll Mënsche waren. D’Lëtzebuerger hu vergiess wat mir der italienescher Immigratioun alles verdanken, an d’Lëtzebuerger vun haut vergiesse ganz séier wat mir der portugisescher Immigratioun verdanken.

Elo ass d’Immigratioun aus Ex-Jugoslawien, an aus dem Balkan, déi ass e bësse méi schwiereg, well dat aner Mentalitéite sinn, mä och do gëtt et jo eng aussergewéinlech grouss Zuel vu wäertvolle Mënschen.

Wie si mir dann, datt mir menge mir wieren déi eenzeg déi gutt wieren, an déi aner wieren alleguer näischt? An da muss ech mech fir se interesséieren, an da léiert een och lues a lues frou mat hinnen ze ginn, a si mussen awer och ee Schrëtt op eis zoumaachen.

Et geet net duer, datt d’Lëtzebuerger e rise Schrëtt op [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Ass dat deen iwwer d’Sprooch?

Jean-Claude Juncker: Et geet net duer, datt d’Lëtzebuerger e risege Schrëtt op déi, déi bei eis kommen, zoumaachen, och déi déi bei eis kommen, mussen ee Schrëtt op eis zoumaachen. An do sinn ech fundamental der Meenung, an dat ass och eng ganz archaësch Vue, datt d’Sprooch e wichtegt Element ass.

Ech hunn, zesumme mat anere Frënn a Kollegen an der Politik, mech ëmmer agesat fir déi duebel Nationalitéit, mä dat huet ee Géigen-, ech kann net soe Präis, mä eng Géigeleeschtung, ech kann net soe Leeschtung, méi Géigegewiicht, Gewiicht jo.

Déi Leit déi wëlle Lëtzebuerger ginn, a gläichzäiteg dat wëlle bleiwe wat se sinn, Portugiesen, Italiener, Jugoslawen, oder Ex-Jugoslawen, pardon, mussen awer ee Minimum vun där Sprooch léieren, déi mir hei zu Lëtzebuerg schwätzen. Déi mussen net schwätze wéi en Affekot, déi schwätzen hei zu Lëtzebuerg souwisou franséisch, an d’Dokteren och, du muss jo ëmmer dräi mol nofroen, wanns de beim Dokter bass, wat hien dir eigentlech wollt soen, well en eng Sprooch schwätzt, déi’s du net onbedéngt an deem techneschen Detail kenns.

D’Leit mussen ee Minimum vu lëtzebuergesch kënnen. Dat ass fir mech eng Exigenz. D’duebel Nationalitéit brauch ee Minimum vu sech verständlech maachen, a verstoe wat mir schwätzen zu Lëtzebuerg.

Wann ech soen, et muss ee frou si mat deenen aneren, dat heescht och, déi aner mussen e bësse frou si mat eis.

Marco Goetz: Dat ass och e gutt Schlusswuert fir den éischten Deel, wann ech net komplett vernannt wëllt ginn, an e Minimum vun der Zäit anhalen, da géif ech soen, datt et elo Zäit ass fir eng kleng Paus, da kommen d’Noriichte vun halwer eng, an duerno schwätze mir iwwer dee méigleche Streik am Enseignement.

Noriichteniwwerbléck

Marco Goetz: Gudde Mëtteg, am zweeten Deel vun eiser Emissioun Background am Gespréich, wéi gesot haut mam Premier Jean-Claude Juncker.

Virun den Noriichte vun halwer eng hate mir et ugekënnegt, datt munches drop hindeit, datt et am September zu engem Streik vun den Enseignante kënnt. An deem Kontext eng weider Bemierkung vum OGB-L President Jean-Claude Reding:

Jean-Claude Reding (O-Toun): Zu Lëtzebuerg, do besteet e Konsens driwwer, datt mir méi Jugendlecher besser a méi héich qualifizéiere mussen, datt d’Chancëgläichheet muss verbessert ginn an datt op déi besonnesch Bedürfnisser vun deene schwaache Schüler agaange muss ginn. Mir hunn eng ganz Rëtsch vu Reformen, déi ënnerwee sinn, mä Strukturreformen alleng gi gewéinlech net duer. Mir brauchen och motivéiert, engagéiert Personal fir dat ëmzesetzen.

D’Regierung huet unerkannt, datt d’Ausbildungsufuerderunge fir Primärschoulenseignante geklomme sinn an och déi berufflech Ufuerderungen, déi u si gestallt ginn. Hir Gewerkschaften, déi hunn hirersäits unerkannt, datt d’Aarbechtsweis vun de Schoulmeeschteren muss changéieren, datt si sech méi musse konzentréieren, méi mat den Eltere mussen zesummeschaffen an datt och méi individuell Schülerbetreiung noutwenneg ass. Trotzdem stinn d’Verhandlunge fir e Konsens ze fanne virun engem Mësserfolleg. E Streik, egal wéi en aus géif goen, dee wär déi schlechst Viraussetzung fir eng positiv Reform vun eiser Primärschoul. An op Grond vun där grousser gesellschaftlecher Bedeitung vun deem Konflikt stellen ech mir d’Fro, ob et net gutt wier, wann de Staatsminister sech perséinlech ëm eng Léisung géif beméien.

Marco Goetz:Jean-Claude Juncker, wat gedenkt Dir ze maachen?

Jean-Claude Juncker: Ech wëll fir d’éischt emol soen, datt ech frou sinn, datt den Här Reding zougëtt an akzeptéiert, datt déi Reformen – notamment am Beräich vum Primärschoulwiesen, oder et misst ee Grondschoulwiesen soen, well dat ass jo déi nei Expressioun – an déi richteg Richtung ginn. Dat ass de Mérite vun der zoustänneger Ministesch, der Madame Delvaux, déi mat vill Engagement a mat vill Léift fir d’Saach déi Reforme virundreift. Et kënnt mir wesentlech drop un, datt an dëser Legislaturperiod déi Reformen och vum Parlament akzeptéiert ginn, a mir domat eng méi modern, well méi richteg, Ausriichtung vun eiser Grondausbildung kréien. Dat ass essentiell, dat ass dat Wichtegst. Et geet hei ëm d’Zukunft vun de lëtzebuerger Kanner: Déi ginn elo an d’Primärschoul, an 20 Joer sinn dat vollëmfänglech Bierger vun eisem Land an déi Reforme fanne meng 100%eg Zoustëmmung.

Zweetens wëll ech soen, datt et mir net friem ass, an dat seet d’Ministesch eis och dauernd, datt domat nei Ufuerderungen op d’Schoulmeeschteren an op d’Léierinnen zoukommen. Deem ass Rechnung ze droen.

Dat Drëtt ass, datt ech – wéi ech dat scho méi dacks hei op Ärer Antenn gesot hunn – een aussergewéinlech grousse Respekt virun den eigentleche Leeschtunge vun deene Leit hunn, déi an der Primärschoul als Enseignanten täteg sinn. Dat zéien ech ëmmer aus menger Kandheet: Ech wier anescht ginn, wann ech net aussergewéinlech dichteg Schoulmeeschteren a Léierinnen zu Bieles an der Schoul „Roude Wee“ gehat hätt – den Här Zahles, den Här Karier, d’Joffer Lang, déi heescht elo Borschette, scho méi laang heescht si Borschette.

Dat si wesentlech Sculptéierungen, déi een am Liewen erlieft. D’Begéignung mat senge Schoulmeeschteren a Professeren ass eng wichteg Begéignung am Liewen. Wann dat schief geet, geet et schief a wann dat gutt geet, geet et gutt. Ech sinn deene Leit also fir eng laang Zäit dankbar.

Marco Goetz: Mä elo stinn d’Zeechen op Stuerm. Wat geschitt dann elo?

Jean-Claude Juncker: Wéi ech an der Primärschoul war, hunn d’Schoulmeeschteren och eng Kéier gestreikt, mä si hu mir awer villes mat op de Wee ginn, wat mir fir de Rescht vu mengem Liewen extrem wertvoll war, an ech sinn éiweg dankbar dofir.

Dat Véiert ass, datt mir musse gesinn, datt do eppes muss geschéien; datt een awer muss gesinn, datt d’Carrière vun den Enseignanten aus der Primärschoul en harmoneschen Equiliber mat deenen anere Carrièren, déi mir beim Staat hunn fanne muss, an alle méigleche Beräicher. Dat muss d’Gewerkschaft vun de Schoulmeeschteren net interesséieren, mä mech interesséiert dat. Besonnesch d’Ministesch, an och de Minister vun der Fonction publique, den Här Claude Wiseler, déi zwee, d’Madame Delvaux an den Här Wiseler, hu sech extrem beméit fir an deem Dossier hei virunzekommen. Mir sinn zoustänneg als Regierung fir ee gutt Verständnis, ee gutt Versteesdemech am ëffentleche Secteur.

An dat Fënneft ass, datt ech fannen, datt eenzel Elementer vun de Lounrevendicatioune vun de Schoulmeeschteren iwwerdriwwe sinn, par rapport zu anere Suergen, deene mir musse begéinen. Mä ech sinn awer d’accord, no Récksprooch och mat der Educatiounsministesch a mam Minister vun der Fonction publique, fir déi Saach zesumme mat hinnen elo an d’Hand ze huelen a fir ee leschten Effort ze maachen, fir eng Regelung ze fannen. [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Wéini?

Jean-Claude Juncker: Ech si prett. Ech hunn eng Rei vun Auslandsterminer an den nächste Wochen, an ech kann dat virum Enn vum Mount maachen, ech kann dat och an der zweeter Halschent August maachen. Ech däerf jo awer och, wann ech gelift [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Vakanz maachen?

Jean-Claude Juncker: Ech maachen och Vakanz, egal wat geschitt. Ech maache Vakanz. [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Wa mir nach e bëssen Zäit behalen, da froen ech Iech dat [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech maachen zwou Woche Vakanz.

Marco Goetz: Dat heescht, Dir sidd prett fir Diskussiounen? [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech bekëmmere mech dorëm. Ech hu mech bis elo net dorëm bekëmmert, well ech fonnt hunn, datt déi zwee Ministeren dat ganz gutt gemaach hunn. Mä ech ginn awer zou, datt dat eng méi breet Fro ass, wou ee vill Elementer muss mat berücksichtegen: D’Lounverhältnisser, d’Rémunératiounsverhältnisser am Privatsecteur, aner Carrièrë beim Staat. Do kann een net einfach forsch drop lassgoen. Et ass einfach, fir de Schoulmeeschtere Recht ze ginn, mä dann hu mir Sträit mat all deenen aneren. Déi soe jo näischt, mä déi soe mir et awer.

Wéi wier et eigentlech, wann déi emol, déi mir soen, et dierf een de Schoulmeeschteren net noginn, an déi all am ëffentleche Secteur sinn [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Sech ëffentlech manifestéieren?

Jean-Claude Juncker: …datt déi sech emol géifen ëffentlech manifestéieren. Mä souvill Courage kann een nëmme vu Leit verlaangen, déi musse Wahle gewannen, net vu Leit déi net brauchen a Wahlen ze goen. Dat geheit mech och net, dat sinn ech gewinnt.

Ech wëll mech zesumme mat menge Kollegen a Frënn an der Regierung ëm eng Eenegung beméien, well ech fannen, datt déi Aarbecht déi d’Schoulmeeschteren an d’Jofferen – wéi mir fréier gesot hunn – an der Primärschoul maachen, eng exceptionell wäertvoll Aarbecht ass – grad wéi och d’Aarbecht vun de Professeren am Secondaire – vun där ech soen, datt si an eiser Gesellschaft absolut net déi Unerkennung kritt, déi si mussen hunn. Dat ass eng schwiereg Aarbecht. D’Schoul gëtt ëmmer méi als de Reparaturbetrib vun all deem, wat am Liewe schif geet gesinn, an dat ass – ech hat dat d’éinescht scho gesot – eng Iwwerbeanspruchung vun deene Leit.

Ech probéieren déi Saach zesumme mat deenen aneren an der Regierung an d’Rei ze kréien. Mir sinn éischter schoul- a schoulmeeschterfrëndlech orientéiert, mä net alles wat gewënscht ass, an net alles wat engem ka wënschenswäert erschéngen ass och machbar. Mir schwammen net am Geld, entgéint deem wat vill Leit mengen. Mir schwammen an de groussen Iddien an ech hätt gären, datt d’Leit um Terrain, an de Schoulen, an de Primärschoulen, hëllefen, déi grouss Iddien ze realiséieren, deenen Iddie Been ze ginn. Dofir brauche mer si. Mir brauchen d’Leit, déi Enseignant sinn an der Primärschoul. Mä dat heescht net, datt mir egal wat kënne maachen.

Marco Goetz: Et ass notéiert [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Also ech bekëmmere mech dorëm, wann dat Är Fro war. Voilà.

Marco Goetz:Net nëmme meng.

Dat ass notéiert. An dann ouni Transitioun: wee gemengt huet, de Geheimdéngscht, oder de Service de Rensignement hei am Land, dee wier am Bild gewiescht iwwer d’Affär Bommeleeër, hätt esouguer selwer eppes domatter ze di gehat, dee gouf enttäuscht. Déi zoustänneg Chamberkommissioun hat fräien Accès an d’Archiver vum Service de Renseignement. Et gouf näischt fonnt. Huet dat Iech iwwerrascht?

Jean-Claude Juncker: Nee, mech huet dat net iwwerrascht. Ech hunn an deem ganzen Zesummenhang mat där Bommeleeëraffär – déi mech jo extrem verdrësslech mécht, well do keen erkennbare Fortschrëtt ze bemierken ass – de Geheimdéngscht gefrot: Wat war do? Hat Dir eppes domat ze dinn? Hat Dir näischt domat ze dinn? Sot mir et elo! Si hu gesot, mir haten näischt domat ze dinn. Ech sot: Ma da sidd Dir jo och d’accord, datt elo d’Parlament, d’Geheimdéngschtkommissioun, den Här Goerens mat deenen anere Fraktiouns-Chefen, dat si jo net grad déi lescht aus der Rei an der lëtzebuerger Politik, déi kommen elo bei Iech kucken an déi kucken, wat si wëlle kucken. An Dir hutt hinnen alles ze weisen, wat si froen.

Kaum nach een erënnert sech drun, firwat datt ech déi Archiven opgemaach hunn a firwat datt ech d’accord war [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Sot eis et nach eng Kéier.

Jean-Claude Juncker: Mir hunn déi Geheimdéngschtkommissioun, déi mir agesat hunn, mat deenen Aarbechte beoptragt, wéinst der parlamentarescher Kontroll vum Geheimdéngscht, déi noutwenneg ass, well vill Politiker vun der DP a vun deene Gréngen, an déi Presseorganer, déi hinne bäigeschalt sinn, dat natierlech och ëffentlech geschriwwen hunn, gesot hunn, de Geheimdéngscht hätt eppes mat där Affär ze dinn. Déi hu mir gesot, mir hunn näischt domat ze dinn. Du sot ech, da musse mir dat elo kucken. Et geet net duer, datt Dir mir sot, Dir hätt näischt domat ze dinn, Dir musst och anere kënne beweisen, datt Dir näischt domat ze dinn hutt.

Den Här Goerens, als Chef vun der liberaler Fraktioun am Parlament an als Chef-Oppositiounsvertrieder vun der Geheimdéngschtkommissioun, huet déi Aarbechten zesumme mat senge Kollegen exzellent geleet. Hien huet déi aus senger Partei an déi aus anere Milieuen an d’Eidelt lafe gelooss, mat hire suggestive Froen un d’Adress vum Här Frieden a vu mir geriicht, déi mir ëmmer beäntwert hunn, mä déi awer an de bloen an an de grénge Lageren net spontan Zoustëmmung fonnt hunn. Elo ass etabléiert, duerch eng onofhängeg Kommissioun, déi vun der Oppositioun presidéiert gëtt, datt dat alles décken Tapage war, mat enger reng parteipolitescher Ausriichtung.

Ech wëll hei dem Här Goerens, virun allem dem Här Goerens, dee Minister an enger Regierung war, déi ech presidéiert hunn an deen ech also schätzen, an deenen anere Fraktiounschefe meng Unerkennung soen, datt si lassgeléist vun deem parteipoliteschen Zinnober hir Aarbecht gemaach hunn a kloer etabléiert hunn, datt de Geheimdéngscht mat deene Virgäng do näischt ze dinn hat. Alles, wat iwwer de Manöver Oesling 84, an alles wat iwwer Stay Behind, Gladio a Bommeleeër geschriwwe ginn ass, a vu Kräften an der parlamentarescher Oppositioun supputéiert ginn ass, erweist sech als e Blindgänger.

Marco Goetz: Déi Piste jo, mä Fakt ass, datt et déi Attentater gouf an datt dee Schëllegen nach net fonnt ass.

Jean-Claude Juncker: Dat ass richteg, an deen éischten, deen doriwwer verdrësslech ass sinn ech. Well et gi jo och vill Leit am Land, déi ëmmer mengen, ech wéisst dat alles, wat do lass wier, an ech weess awer net méi, wéi déi aner Leit, well déi Affär an der Justiz traitéiert gëtt, a wéi ech denken, och entretemps gutt traitéiert gëtt. Mir ass et hei drop ukomm, datt ech net géif als Ligener duergestallt ginn, wann ech soen, datt de Geheimdéngscht domat näischt ze dinn hätt. Wann Dir d’Zeitunge vum Januar a vum Februar liest, et gëtt dauernd geschriwwen, suggéréiert, supputéiert, datt de Geheimdéngscht do, am Kader vun deem allmächtegen CSV-Staat, ënner der Decken do allméiglech [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz:Dunkelkammer.

Jean-Claude Juncker: …Tricke gemaach hätt. Dem Här Goerens seng Aarbecht weist, datt dat net wouer ass, datt déi Leit hir Aarbecht richteg gemaach hunn. Hei geet et ëm d’wichtegst Institution am Land, de Geheimdéngscht, deen zoustänneg ass fir d’Sécherheet, déi extern an déi intern Sécherheet hei am Land. Dofir sinn ech dem Här Goerens an deenen aneren dankbar, datt si Distanz geholl hu par rapport zu deene Verdächtegungen, déi do geäussert gi sinn.

Marco Goetz: Anert Thema, d’lëtzebuerger Mënscherechtskommissioun beklot sech, datt déi Mannerjäreg, déi zu Schraasseg am Prisong sëtzen, datt déi ënner onméigleche Konditiounen do sëtzen, schlëmmer bal nach wéi an den Heemer viru 25 Joer. Déi Kritik ass net nei, ma et geschitt näischt. Déi Kommissioun déi schafft jo eigentlech an Ärem Optrag – also Dir hutt si chargéiert do déi Rapporten ze maachen, dat ze kucken. Wéi ass et da mat de Konsequenzen do? Wéini geschitt dann eppes? Oder firwat geschitt näischt?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn déi Mënscherechtskommissioun agesat, well ech fannen, datt d’Mënscherechter eng wichteg Saach sinn an datt Mënscherechter keng Fro sinn, déi sech nëmmen a China oder an Afrika oder an aneren Deeler vun der Welt stellt. Mir mussen déi Exigenzen, déi mir vun anere verlaangen an déi mir hinnen imposéieren, och bei eis, an eisem konkrete Kontext, ëmsetzen. Dofir hu mir déi Mënscherechtskommissioun agesat, an déi gëtt och elo iwwer Gesetz iwwregens „sakraliséiert“, wann ech kann esou soen.

Marco Goetz: Mä d’Ëmsetzung, do hakt et jo awer.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä dat ass jo eng Detailfro. Déi Mënscherechtskommissioun huet sech mat där Fro do beschäftegt a kënnt zu enger Rei vu Conclusiounen, déi mech natierlech alertéieren, déi mir awer net ganz onbekannt sinn.

Ech wëll soen, datt et jo net nëmmen ëm d’Kanner am Prisong geet, wéi ëmmer gesot gëtt. Et geet ëm d’Jugendlech, séier oft Gewalttäter, déi geféierlech sinn. Wësst Dir, ob Dir 19 oder 17 Joer hutt, Äre Geféierlechkeetsgrad hänkt net grad vun Ärem Gebuertsdatum of. Mä ech sinn awer d’accord, datt d’Plaz vun deene jonke Mënschen do net am Prisong ass. Do léiere si näischt Gescheites bäi, obscho si relativ gutt vun deenen anere Prisonnéier getrennt sinn.

Ech hat virun 2 Joer een Appel un d’lëtzebuergesch Gemenge gemaach, mir eng Gemeng ze nennen mat engem Haus, wou mir déi jonk Stroftäter kéinten ënnerbréngen, an dat Haus géinge mir och securiséieren. Mir ass vu kenger Gemeng en operationelle Plang virgeluecht ginn. Elo si mir amgaangen eng extra Struktur an der Géigend vun Dräibuer opzeriichten, fir déi Mënschen ëm déi et hei geet. Also, ech sinn net houfreg iwwer dat, wat mir maachen, mä ech wëll awer soen, déi simpel Virstellung, d’Regierung wier alleng Meeschter fir ze décidéieren, wou, a watfir enger Gemeng relativ geféierlech jonk Krimineller – heiansdo, net ëmmer, mä heiansdo – mussen ënnerbruecht ginn, deen iert sech. Mir brauchen do méi, wéi d’Regierung, mir brauchen do d’Matmaache vu Villen.

Marco Goetz: Elo hu mir iwwer eng ganz Partie Saache geschwat. Där, déi bal all d’Leit interesséieren an där, mat deene sech éischter Deeler vun der Gesellschaft beschäftegen. Et sinn awer ëmmer Froen a Suergen, déi no Äntwerten a Léisunge ruffen. Dacks, oder ëmmer méi, gëtt do d’Europäesch Unioun eng Äntwert oder eng Léisung, an dacks, an ëmmer méi, schmaacht dat de Leit hei am Land net. Verstitt Dir dat?

Jean-Claude Juncker: Jo an nee. Ech verstinn et prinzipiell net, well ech der Meenung sinn, datt et fir ee Land vun eiser Gréisst a vun eisem Temperament a vun eisen Ambitioune kaum een anere Wee gëtt, wéi dee vun der verdéifter Integratioun. Ënner Berücksichtegung vun eisen eegenen nationalen Interessen, déi legitim sinn an der Europäescher Unioun.

Kuckt emol, ech hunn dat dëser Deeg och scho gesot, ech menge bei der Usprooch fir Nationalfeierdag, d’Europäer hunn den 1. Januar 1900 20% vun der Äerdbevëlkerung ausgemaach. Mir sinn elo nach zu 11% Europäer op der Welt. Am Jor 2050 gëtt et nach, am breedste geographesche Sënn vum Wuert, 7% Europäer op der Welt, an am Jor 2100 – dat erlieft Dir net méi, ech probablement och net méi – dann hu mir nach 4% Europäer. Menge mir wierklech, mir Lëtzebuerger, mir sinn zu e puer Honnertdausend op der Welt, mir kéinte liewen, wéi mir et gewinnt sinn, mir kéinten déi Ambitiounen heemelen, déi mir hunn, wa mir Deel vun engem europäesche Kontinent sinn, deen demokratescht Gewiicht verléiert an deen ëmmer manner zielt? À moins, datt ee sech séier décidéiert a séier ambitionnéiert zesummeschléisst. Ass an engem Moment, wou d’Zuel vun den Europäer an der Welt ofhëllt, wou mir am Jor 2050 als 500 Milliounen Europäer 8,5 Milliarden anere Mënsche géintiwwerstinn – ech fäerten déi net, mä et muss een et just wëssen – ass dann de Moment komm fir Europa a Stécker ze zerleeën, oder ass dann de Moment komm fir aus Europa eng makroökonomesch Weltregioun ze maachen, déi zesummesteet? [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Dat ass d’Feststellung. Mä wouhinner gi mir dann? Den Traité vu Lissabon trëtt elo net a Kraaft. Wat geschitt?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt deen Traité vu Lissabon a Kraaft trëtt, an [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Mä wat ass, wann dat däitscht Verfassungsgeriicht Nee seet; wann dat schwedescht Geriicht Nee seet; déi Tschechesch Republik Nee seet? Wat ass dann dee Plang B fir datt déi, déi wëlle weiderkommen?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn eng stramm Iddi. An déi Iddi ass, datt mir méi Europa brauchen do wou mir et brauchen, an iwwregens och manner Europa, dou wou d’Europäesch Unioun duerch hiren Integratiounszougrëff megalomaneschen Zouschnëtts iwwerdreift. [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: De Subsidiaritéitsprinzip méi respektéieren?

Jean-Claude Juncker: Mä ech muss mech elo net mat der Fro beschäftegen, wat geschitt, wann dee Vertrag net a Kraaft trëtt. Wann dee Vertrag net a Kraaft trëtt, da geschitt emol jiddwerfalls, datt eng lëtzebuergesch Regierung, déi ech presidéieren, kenger weiderer Erweiderung vun der Europäescher Unioun zoustëmmt. Den Traité vun Nice, op dee mir jo da géifen zréckfalen, deen ass gemaach fir 27 Länner. Keen anert Land – och déi westbalkanesch Länner net, déi awer déi europäesch Friddensofferte aus interne Grënn brauchen – ka Member vun der Europäescher Unioun ginn, wann dee Vertrag net a Kraaft trëtt.

Nu sinn déi meescht Lëtzebuerger géint d’Erweiderung, an dofir eigentlech och géint de Lissabonner Vertrag, wann ech dat an der logescher Konsequenz richteg liesen. Mä wann um Balkan a Serbien, a Kroatien, a Mazedonien, am Montenegro, kee Fridden ass, da leide mir drënner. Mir hu jo schonn eng Kéier drënner gelidden. Dausende Leit si bei eis komm a mir hu si schwieregst integréiert kritt. Mir hunn also ee groussen Intérêt drun, och een nationalen Intérêt drun, datt Rou an där extrem tragesch komplizéierter Regioun, Balkan genannt, antrëtt. Mä wa mir dee Vertrag net kréien, gëtt et keng weider Erweiderung.

Alleguer, déi esou maache wéi wann deen Erweiderungsprozess géif virugoen – d’Tierkei kënnt, a Serbie kënnt, a Kroatie kënnt, a Mazedonie kënnt, de Montenegro kënnt – déi féieren d’Leit un der Nues erëm. Ech maachen dat net mat, ech soen: Keen neie Vertrag, keng supplementar Erweiderung. An ech soen, mir brauchen dee Vertrag, fir datt mir méi séier a méi gutt kënnen décidéieren, dat ass wichteg fir eis eege Saachen heiheem. A mech elo dauernd mat der Fro ze beschäftegen, kënnt dee Vertrag, kënnt en net, a wat geschitt, wann dee Vertrag net kënnt – ech hunn Iech gesot wat bei der Erweiterung geschitt, dat ass, wéi wann ech mech dauernd mat der Fro géif beschäftegen, ob et net besser wier den Iesel wär eng Kaz, well da géif den Iesel riicht de Bam eroplafen, ech kann net ëmmer [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Grad esou ass de Verglach zwar net?

Jean-Claude Juncker: Also, Dir musst zouginn, datt wann den Iesel eng Kaz wier, da géif en de Bam eropgoen.

Marco Goetz: Mä awer d’Méiglechkeet vun deem Vertrag, deen net a Kraaft trëtt, déi besteet awer. A Fakt ass, datt d’Leit op Äntwerte vun der Europäescher Unioun waarden, déi si net kréien, och well dee Vertrag dann net a Kraaft trëtt.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä kuckt mol, esouwuel am Verfassungsvertrag wéi am Lissabonner Vertrag hu mir vill Äntwerte formuléiert, déi Äntwerte ginn op d’Froen, déi d’Leit hunn. Méi Sozialeuropa, et ass jo eng Katastrof an, enfin [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Mä Dir sot eng Kéier, d’Politiker schwätzen net méi d’Sprooch vun de Leit. Dat ass ee Saz vun Iech.

Jean-Claude Juncker: Jo, dat ass well Dir mech dauernd ënnerbriecht hei.

Marco Goetz: Jo gutt.

Jean-Claude Juncker: Ech wollt elo just soen, mir mussen dofir suergen an Europa, onofhängeg vun de Verträg – mä wat d’Verträg besser sinn, wat dat méi einfach geet – fir déi sozial Dimensioun an der Europäescher Unioun weider ze miwwléieren. Fir mech ass et eng Saach vun der Onméiglechkeet, datt mir net iwwerall an Europa ee Mindestloun hunn. Fir mech ass et eng Saach vun der Onméiglechkeet, datt mir net iwwerall an Europa ee Mindestakommes hunn. Fir mech ass et eng Saach vun der Onméiglechkeet, datt, nodeems mir bal alles harmoniséiert hunn, wat wirtschaftlech relevant ass, mir am soziale Beräich ëmmer an d’Stacken, an d’Luesmaache geroden, wann et drëm geet d’Liewensverhältnisser vun deene Leit, déi géint Loun a Gehalt schaffen ze regelen.

Mir hunn hei am Land iwwer 90% onbefrist Aarbechtsverträg. Mir sinn eng absolut Ausnam an der Europäescher Unioun. Ech sinn awer der Meenung, datt d’Leit musse kënnen an der Zäit plangen, fir sech a fir hir Kanner. Ech hunn dat schonn eng Kéier hei gesot. Ech sinn esou dacks hei, datt ech mech ëmmer muss widderhuelen. Wa mäi Papp net gewosst hätt [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Dont acte.

Jean-Claude Juncker: Jo.

Marco Goetz: Sot dat net esou haart, soss gitt Dir net méi gefrot.

Jean-Claude Juncker: Jo, enfin, mä ech sinn ëmmer frou, wann ech hei ka sinn. An heiansdo hunn ech den Androck, Dir wiert och frou wann ech heiansdo géif kommen. Ech komme jo net all Kéier wann Dir mech rufft.

Déi einfach Leit, loosse mir eis net iwwer déi lächerlech maachen, déi mussen eng gewësse Planungssécherheet am Liewen hunn, déi musse wëssen: Ech hu fir esouvill Joeren een Aarbechtsvertrag. Wa mäi Papp sech hätt missen all 6 Méint froen, ob hien nach hätt kënnen op der Schmelz bleiwen, dann hätt ech net kënnen op d’Universitéit goen. Dat si Liewensfroen, déi mir an Europa musse regelen an dofir brauche mir méi ee sozialt Europa. Mir brauchen och méi Europa beim Klimaschutz. Et ass jo evident, datt mir net alleng kënnen als Lëtzebuerger [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Mä Europa heiheem, och méi Europa an der Chamber, méi Europa an de Gemengen?

Jean-Claude Juncker: Also, mir gi jo vill Virwerf un de Kapp geheit, mä deen ze sinn, deen net dauernd drop drängt, datt déi europäesch Dimensioun – wat net déi eenzeg Dimensioun vun eisem Land ass – muss an eise politesche Kierperschaften, y compris a surtout am Parlament, méi eng grouss Roll spillen [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Eng Normalitéit ginn?

Jean-Claude Juncker: Jo. Alles hänkt vun Europa of, mä net alles hänkt absolut vun Europa of. Et bleift ee grousse Raum fir national Gestaltung. Mir mussen als Lëtzebuerger – et lauschtert jo soss keen eis no, enfin, e puer Frënn ausserhalb vun de Grenzen, mä déi packe sech do – mir mussen dofir suergen, datt Europa alleguer déi Froe regelt, déi mir net geregelt kréien. A mir musse genuch Fräiraim behalen, fir déi Froen ze regelen, déi mir kënnen im Selbstverfahren und im Eigendruck fir eis selwer regelen. Dat hu mir bis elo gutt fäerdeg bruecht, och gestäipt op ee relativ grousse Konsens am Land.

Wat mech dozou bréngt fir ze soen, datt een an Europa muss fir Lëtzebuerg antrieden – net kompromisslos, mä net andeem ee mat all Kompromiss averstanen ass – kämpfe fir lëtzebuergesch Interessen an Europa – dat maachen ech, meng Frënn an der Regierung och – an datt een zu Lëtzebuerg muss antriede fir déi europäesch Saach. Déi, déi dauernd Riede géint Europa halen, sinn net glaawwürdeg. Ech hunn erlieft, notamment an de Kreesser vun der ADR, datt si, während de Konventsaarbechten, déi zur Verfassung gefouert hunn, dem Här Giscard d’Estaing aus der Hand gefriess hunn an herno gemaach hunn, wéi wa si guer näischt domat ze dinn haten. Dat ass lamentabel.

Marco Goetz: Vertrieder vun Ärer Partei, déi hu vläicht driwwer gekrasch, datt den Traité vu Lissabon elo net a Kraaft trëtt, ma onglécklech driwwer, datt Dir zu Lëtzebuerg bleift, hu si mir net geschéngt. Wéi ech de Moien an d’Gebai hei erakomm sinn, sot och ee vun eise Mataarbechter dat selwecht. Dat wonnert Iech net wierklech oder?

Jean-Claude Juncker: Enfin, wësst Dir, ech beschäftege mech net 24 Stonnen ronderëm d’Auer mat der Fro, wéi d’Leit mech gesinn. Ech beschäftege mech éischter mat der Fro, wéi ech mech ka zesumme mat menge Frënn an der Regierung fir dat Bescht vum Land asetzen.

Elo hunn déi Iren dee Vertrag net gestëmmt, wahrscheinlech net wéinst menger. Ech si gäre Staatsminister zu Lëtzebuerg, ech kann och domat liewen, wann ech dat net méi sinn. Ech sinn dat schonn esou laang, a ville Leit geet dat op de Wecker. Ech mierken och, datt ech ëmmer méi Leit op de Wecker ginn. Dat ass normal, wann ee méi laang do ass. Mä ech maachen dat, wat ech hei maache gär, well eist Land ass eist Land, a mir si Lëtzebuerger, a mir liewen esou zesumme wéi mir liewen, a mir si mat Ofstand net déi Leschten an der Welt. A fir dat Land hei ze schaffen, och wann dat pathetesch kléngt, dat ass ee Virgang, dee mech alldeeglech mat gréisster Inspiratioun motivéiert. Mä wa mäi Liewen esou gëtt, datt eppes anescht ze maachen ass, oder vläicht näischt méi ze maachen ass [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Dat kéint jo och emol eng Iddi sinn.

Jean-Claude Juncker: Jo, wësst Dir, esou laang Joeren esouvill geschafft ze hunn, dat bréngt een och dozou, datt een emol heiansdo gäre Bicher liest a Bicher schreift. Ech ginn eens am Liewen, egal wat geschitt.

Marco Goetz: Mir maachen och eppes, wat Dir bestëmmt och gäre maacht, och wa mir iwwerzéien, mä esouvill Zäit muss sinn. Dir hutt jo nämlech, wéi all Gaascht an der Emissioun ee Musekswonsch. Wat hutt Dir eis matbruecht?

Jean-Claude Juncker: Nessun dorma hunn ech matbruecht.

Nessun dorma

Marco Goetz:Dat doten ass de Luciano Pavarotti an de Caracalla Thermen zu Roum. Firwat dat Lidd?

Jean-Claude Juncker: Ech weess et net. Ech hunn zur Musek eng kulinaresch Approche. Dat wat mir gefällt, dat gefällt mir, dat wat ech schéi fannen, fannen ech schéin an dat wat ech net schéi fannen, dat lauschteren ech net méi. Mä dat do ass fir mech Musek vum Häerz, Musek déi weltëmspanend ass, eng Musek déi, egal wou ech an der Welt sinn a wou si gespillt gëtt, eng ass, déi vu jiddwerengem spontan verstane gëtt. Et ass eng Musek déi mir seet, datt et op der Welt méi schéin ass, wann ee Schéines zesummen erliewe kann, et ass eng Musik, déi eigentlech d’Mënschen dozou bréngt sech besser mateneen ze verdroen. Et ass eng Musek déi wéi ee Gebiet ass, wat méi wäit geet wéi déi Gebieder, déi an den Himmel ginn.

Marco Goetz: Nessun dorma, iwwersat: Et schléift keen. Wéini erwächt de Wahlkampf hei am Land?

Jean-Claude Juncker: Wann ech déi Musek do héieren, ass dat mir esou laang wéi breet.

Marco Goetz: Wann een awer d’Sondagë kuckt am Tageblatt an am Luxemburger Wort, dann ass d’Zoustëmmung fir d’CSV grouss. Wéi gitt Dir dann domatter ëm als Partei, wann een eigentlech esou komfortabel do steet?

Jean-Claude Juncker: Vun un, datt et Sondagë gëtt zu Lëtzebuerg, wat ech net fir eng Beräicherung vun der politescher Debatt zu Lëtzebuerg halen, an d’CSV ëmmer gutt ofschneid an ech och gutt ofschneiden, hunn ech fir mech décidéiert d’Sondagen net ze liesen. Ech wëll dat, wat mir opgedroen ass, richteg maachen. Dat selwecht zielt, denken ech, fir meng Partei. An ëmmer op d’Sondagen ze kucken, och wa si ëmmer positiv sinn, bréngt ee vu senger eigentlecher Aufgab of. Ech gi bezuelt a gewielt fir déi beschte Mëllech ze ginn, déi ech hunn, a wat an der Zeitung steet a wat an de Sondagë gesot gëtt, ass näischt, wat mech ka vun deem ofbréngen, wat ech menge richtegerweis mussen ze maachen.

Marco Goetz: Elo fuert Dir emol op Paräis, op déi feierlech Signature vun der Mëttelmierunioun. Wann een do d’Noriichtenagencë liest, da geet rieds vun enger net konfliktfräier Renconter muer zu Paräis?

Jean-Claude Juncker: Ech hat nach ni an Europa Rencontren, déi konfliktfräi gewiescht wieren, mä ech halen eis Zesummenaarbecht mat Afrika fir extrem wichteg. Kuckt emol: ronderëm d’Mëttelmier wunnen op der afrikanesch-arabescher Säit 850 Millioune Mënschen. Am Jor 2035 sinn dat der 1,4 Milliarden. Vun deenen 1,4 Milliarden hunn d’Halschent manner, wéi 25 Joer. A wa vun där Halschent, dat sinn der 750 Milliounen, graff, sech 10% a Bewegung setzen, fir iwwer d’Mëttelmier ze fueren, dann hu mir 70, 75 Milliounen Afrikaner hei an Europa, déi mir net einfach esou an eis Gesellschaft integréiert kréien.

Also ass et méi nëtzlech mat deene Mënschen an Afrika ze schwätzen, dofir ze suergen, datt d’Problemer vun Afrika an Afrika selwer geléist ginn, statt datt si op den europäesche Kontinent importéiert ginn. Et gehéiert zu den Haaptaussoe vu mengem Optrëtt zu Paräis mar fir ze soen, wann Dir et alleguer esou géift maachen, wéi mir puer Lëtzebuerger, fir all Jor bal 1% vun eisem nationale Räichtum zur Verfügung ze stellen, fir datt op der Plaz selwer an Afrika Entwécklung geschitt; datt manner Kanner stierwen – am Moment stierft all 25 Sekonnen ee Kand op der Welt; – datt d’Leit eppes z’iesse kréien; datt d’Leit an d’Schoule kënne goen; datt d’Leit Gesondheetsversuergung kréien; datt d’Leit Wirtschaftsverhältnisser à terme virfannen, déi et hinnen erlabe selwer eens ze ginn op hirem Kontinent, wann Dir dat alleguer géift maachen, Dir, déi Dir heiansdo esou grouss Rieden hei haalt an esou wéineg maacht, wann Dir et esou géift maache wéi mir – ech si jo Lëtzebuerger zu Paräis [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Mä ass et dowéinst, wou d’Agencë schreiwen, datt Dir mam Här Fillon do zu Mëtteg iesst, datt dat vläicht ee Konflikt gëtt?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn net wëlles Fourchetten a Messeren op de franséische Premier, mat deem ech mar de Mëtteg alleng iessen, ze werfen. Mä ech hunn heiansdo Loscht, wësst Dir – Tour de France oder net – ze soen, also mir sinn eppes. Mir maachen net alles richteg, mä wann Dir, déi Grouss, déi déi grouss Rieden haalt, och nëmmen d’Halschent géift maache vun deem, wat mir maachen, da wier et besser an der Welt.

Marco Goetz: Dat heescht, Dir bleift och net fir d’Festivitéite vum 14 juillet zu Paräis?

Jean-Claude Juncker: Ech war virun 2 Joer vum Här Chirac invitéiert ginn, fir un där Parad deelzehuelen. Dës Kéier sinn der vill dobäi, mat deenen ech net op enger Tribün wëll sëtzen, dofir sinn ech um 11 Auer mam Zuch zréck zu Lëtzebuerg, e Méindeg de Mueren. Ech sinn awer eréischt um Telefon ze erreeche vun 2 Auer un, dat soen ech direkt dobäi.

Marco Goetz: Dat notéiere mir dann och fläisseg. D’Fro vu virdrun awer gestallt: Dir maacht Vakanz sot Dir. Wou maacht Dir dat?

Jean-Claude Juncker: Ech maache 14 Deeg Vakanz. Normalerweis sinn ech ëmmer op Locarno gefuer, wéi all Rentner, deen op sech hält an op déiselwecht Plaz fiert. Elo gëtt mäin Hotel do renovéiert, dofir geet dat net. Elo fueren ech an den Allgäu mat menger Fra a mat menge Frënn, an do maachen ech vill Spadséiergäng, och mat mengem ale Kumpan Theo Waigel, deen do an der Géigend wunnt. Ech soen Iech awer net wéini, datt ech dat maachen [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Ech géif och kee Fotograf schécken.

Jean-Claude Juncker: Enfin, et gëtt jo nëmmen eng Zeitung, déi doriwwer beriicht, a meng Onsécherheet staark doduerch vergréissert huet – wat deene Leit natierlech ganz egal ass, wa si d’Sécherheet vun engem Mënsch a vu senger Famill gefärden. Vun un datt et déi Zeitung zu Lëtzebuerg gëtt, déi sech privat fir d’Leit interesséiert, an dem si massiv léien, zumindest wat meng Persoun ubelaangt, huet meng Sécherheet sech verschlechtert. Dat kascht de Staat Geld – dat muss ee wëssen, datt dat de Staat Geld kascht – an ech kann net méi soen, wéini datt ech an d’Vakanz ginn, well wann dat an der Zeitung steet a wann an der Zeitung steet, datt mäin Haus net bewaacht gëtt, da weess ech: Déi 14 Deeg wou ech fort si gëtt agebrach. Merci Här Nicolas.

Marco Goetz: Mä elo soen d’Leit Iech awer: Ma Här Juncker, firwat loosst Dir dat zou?

Jean-Claude Juncker: Well ech Politik ëmmer als eng nobel Aufgab begraff hunn. Ech maache Politik – jiddwerfalls elo, mä am Ufank weess ee jo net wéi dat ass – well ech mat de Leit hei am Land ee bestëmmtent Verhältnis hunn, well ech wëll zesumme mat menge Frënn an der Partei an der Regierung deem Land Guddes dinn, a Schued vun ëm of wëll halen. An ech hu keng Zäit, mech mat chretineusen Artikelen an Zeitungen ze beschäftegen, déi voller Lige strotzen. Ech schwätzen net fir mech alleng.

Marco Goetz: Et mécht Iech awer eppes aus?

Jean-Claude Juncker: Ech leiden dorënner, mä ech ginn dat ni zou.

Marco Goetz: Wa mir déi Diskussioun elo géife weiderféieren, da géife mir nach laang hei sëtzen. Dat geet awer leider net. Mir ginn op e véierel op eng duer, ech wëll Iech villmools Merci soe fir Äert Matmaachen.

Jean-Claude Juncker: Jo, ech entschëllege mech bei deenen, déi méi laang hu mussen um Dësch sëtze bleiwe wéi si wëlles haten, mä vläicht sinn et der guer net esouvill.

Marco Goetz: Déi hunn dann och eng Kéier den Dessert vläicht richteg konnte genéissen amplaz an dat nächst Geschäft ze rennen. Dat war et fir eis Emissioun Background am Gespréich, haut mam Premier Jean-Claude Juncker. Nach eng Kéier Merci fir d’Matmaachen.

Jean-Claude Juncker: Merci och.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact