Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Août 2008 > Jean Asselborn au sujet de la réunion de l'OTAN consacrée à la situation en Géorgie

Interview
Jean Asselborn au sujet de la réunion de l'OTAN consacrée à la situation en Géorgie
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 20-08-2008

Vers le niveau supérieur
RTL: De russesche President Dimitri Medvedev huet sengem franséischen Homolog Nicolas Sarkozy gëschter Owend gesot, de russesche Réckzuch aus Georgien wier bis e Freideg ofgeschloss. 500 russesch Zaldote géifen allerdéngs am Land bleiwen. Den direkte Réckzuch vun de russeschen Truppen aus Georgien ass ee vu 6 Punkten aus dem Accord, den d’Presidente vun de Parteien am Kaukasus-Konflikt, also Russland a Georgien, ënnerschriwwen hunn. Dee Réckzuch war och d’Haptfuerderung gëschter um Krisesommet vun der NATO zu Bréissel.

Mä wat geschitt duerno, wéi sollen déi zukünfteg Relatioune mat Russland ausgesinn? Do ginn d’Meenunge liicht auserneen, esou de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

Jean Asselborn: Doriwwer eraus hunn d’Amerikaner eng Positioun hei vertrueden, déi zimlech alarmistesch ass, wou déi ganz Relatioune mat Russland carrément a Fro gestallt ginn. An der Europäescher Unioun ginn et awer ganz vill Länner, déi mengen, et dierft een d’Dier net klaken. Au contraire, et muss ee Russland viru seng Responsabilitéit setzen, et muss ee se mat den Argumenter konfrontéieren. Si hunn e Pabeier ënnerschriwwen, wou si soen, si géifen hir Truppen aus Georgien op déi Situatioun, wéi se virum Konflikt war, zréckzéien.

Doriwwer eraus wësse mir och, datt d’Politik an der Europäescher Unioun - d’Politik tout court international gesinn - datt do eng Kooperatioun tëscht Amerika, Russland an der Europäescher Unioun dat eenzegt Instrument ass, fir verschidde Problemer ze léisen.

RTL: An da geet et awer och direkt dorëm, fir deene Ronn 150.000 Flüchtlingen, déi dee kuerze Krich provozéiert huet, ze hëllefen.

Jean Asselborn: Dat ass och dat aller-allerwichtegst: datt mir et elo um Terrain mat Hëllef vun der OSZE fäerdeg bréngen, fir datt eng éischt Zuel vu Moniteuren op d’Plaz geschéckt gëtt, fir datt si genee kënne feststellen, wéi d’Situatioun ass. Déi Meldungen, déi kommen, sinn immens widderspréchlech. Tiblissi zum Beispill, do gëtt jo vun deenen Enge behaapt, do wiere vill Schied. Anerer soen, et wier iwwerhaapt näischt futtigeschloe ginn. An anere Stied muss een de Grad vun der Zerstéierung mossen.

Mä wat ass, dat ass, datt 150.000 Leit hirt Heem verluer hunn a Flüchtlinge sinn, datt doudsécher e puer Honnert Leit hirt Liewe verluer hunn - dat si vläit keng Dausenden, wéi dat am Ufank gesot ginn ass - an dofir muss een do hëllefen. An dat ass jo och dat, wat mir an der Europäescher Unioun gesot hunn: Nom Cessez-le-feu ass dat dat allerwichtegst.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact