|
Henri Eippers: Et ass virop dorëm gaangen, datt jiddwereen nach emol säi Standpunkt presentéiert huet. D’Präsenz vum Premier wier an der Ronn sonner Zweiwel eng Beliewung an Hëllef, esou d’Educatiounsministesch Mady Delvaux.
Mady Delvaux-Stehres: Ech mengen de Premier huet den Avantage, datt en eng laang Erfahrung vun der Regierung huet an datt e ka soen, "Hei, an deene Regierungen do hu mir dat an dat gesot", fir ze weisen, wat fir een Effort mir als Regierung awer maachen, fir de Schoulmeeschteren entgéint ze kommen. De Premier ass awer och Finanzminister. Ech mengen, mir diskutéieren hei ëm Prinzipien an de Fonctionnement vun der Schoul, mä et geet jo och dorëm fir ze kucken, wat den Impact budgétaire vun deene Mesuren ass. An ofgesinn elo vum Schoulproblem muss d’Regierung jo och kucken, datt mir all déi aner Saachen nach finanzéiert kréien, déi mir am Land brauchen.
Henri Eippers: Wat Wënsch a Fuerderungen ugeet, esou huet sech no der éischter Entrevue nach net vill geännert.
Mady Delvaux-Stehres: Bon, ech géif soen, datt vun der Regierung aus, datt eis Propositioun eigentlech net esouvill variéiert huet. Dat ass jo och ee vun de Problemer, soss wäre mir vläit scho virdrun zu enger Conclusioun komm. Also, déi grouss Avancée ass, datt d’Regierung seet, mir si bereet d’Schoulmeeschteren ze reklasséieren. Well menger Meenung no gehéiere si an d’Carrière supérieure.
Henri Eippers: Als Conterpartie fir dee Reklassement wëll d’Regierung méi Präsenz vun de Schoulmeeschteren. D’Mady Delvaux hätt am léifsten, et géif ee sech un dem Modell vun "Eis Schoul" orientéieren: deemno 30 Stonne Präsenz. An där Zuel wieren déi 23 normal Schoulstonnen dran. Firwat wieren déi aner Stonnen?
Mady Delvaux-Stehres: An der Géigepartie hätte mir dann och gär een Engagement vun de Schoulmeeschteren, datt si bereet sinn, méi an der Schoul ze sinn, disponibel ze sinn, fir sech ënner sech ze concertéieren, fir zur Verfügung fir d’Elteren ze sinn, awer och fir Kanner an haaptsächlech fir Schüler, déi extra Demanden hunn, déi emol hei oder do vläit eng kleng Hëllef brauchen, fir sech an der Schoul besser erëmzefannen.
|