Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Août 2008 > Jean-Claude Juncker au sujet des activités du gouvernement lors des mois d'été

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet des activités du gouvernement lors des mois d'été
"RTL Télé Lëtzebuerg" du 25-08-2008

Vers le niveau supérieur

RTL Télé Lëtzebuerg: Och wann hien net am Staatsministère ass, mä am Ausland an der Vakanz, schafft de Jean-Claude Juncker. Zwou, dräi Stonnen den Dag ass de Premier via Mail oder Fax a Kontakt mat sengem Büro fir um lafenden ze bleiwen.

Jean-Claude Juncker: Ech maache gären, ouni dat esou intensiv ze maache wéi während dem Joer, genuch, fir datt ech, wann ech no 10 Aarbechtsdeeg oder no zwou Woche Vakanz zeréck kommen, net iwwerrannt ginn, net iwwerfall ginn vun alle méigleche Saachen. Ech hale mech also gären, och iwwer déi administrativ Saachen, esou um Courant, datt ech kann iwwer Telefon soen, ech mengen dat soll esou oder esou gemaach ginn, fir datt net Bierger hei leie wann ech zeréck kommen. Mä ouni Aarbecht kann ech net sinn.

RTL Télé Lëtzebuerg: An de Summerwochen, wou d’Halschent vun de Ministeren net do sinn an d’Regierungsmaschinn méi lues leeft, géing hie sech Zäit huelen, fir sech richteg an Dossieren ze verdéiwen, wat soss am Joer net mat där selwechter Intensitéit méiglech wier. A propos, liesen ass eng Passioun vum Staatsminister, ob Vakanz oder net.

Iwwer d’Summerméint gëtt awer och villes duerchdiskutéiert. Mat Besuch aus dem noen a wäiten Ausland, d’Politik ass ni ganz an der Vakanz, esou de Staatsminister, an et soll kee mengen, wa keng Chamber wier, wier och keng Regierung.

Jean-Claude Juncker: Ech empfänke Leit, lëtzebuerger Betriber, auslännesch Wirtschaftsführer, Gewerkschaftler, ganz dacks Politiker. Ech telefonéieren am Summer, da wa Vakanz ass - d’Vakanzeméint, oder wéi hat Dir gesot, wieren dat -, méi wéi soss fir mech ze informéieren, fir Elementer ze kréien, déi fir déi kommend perspektivesch Politikgestaltung an Europa an heiheem wichteg sinn. Ech sinn déck beschäftegt während de Vakanzeméint wéi Dir sot.

RTL Télé Lëtzebuerg: Wichteg Décisioune wieren den Ament dann och am Beräich vun der Budgets-, Finanz- a Steierpolitik ze huelen. Et géing drëm, eng Steierofsenkung esou ze gestalten, datt se d’Kafkraaft vun den Akommesschwaachen stäerkt, an déi vun deenen déi méi hunn, op mannst erhält. Kannerbonus, Steier- a Rentnerkredit, Stéchwierder déi de Premier beschäftegen.

Jean-Claude Juncker: Alles dat ass wichteg, an dat muss virum Enn vun dësem Joer gemaach ginn, an doriwwer fannen och vill Gespréicher mat de Verwaltunge statt, dës Deeg, Vakanzendeeg, an doriwwer fannen och Verhandlunge statt, och iwwer de Cheque-Service, den Déngschtleeschtungsabonnement, wann ech kann esou soen. Dann hat ech d’lescht Woch laang Gespréicher mat der Familljeministesch.

RTL Télé Lëtzebuerg: E Virwahlféiwer schéngt hie bis ewell net gepaakt ze hunn. Dat bescht Wahlargument wier souwisou de Leit ze weisen, datt ee bis de leschten Dag anstänneg a richteg géing regéieren.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact