|
Jean-Claude Juncker: Mir bedaueren déi unilateral Décisioun vum russesche President, confortéiert duerch den unanime Vote vun deenen zwou russesche Parlamentschamberen.
Mir halen déi Unerkennung vun deene sougenannten onofhängegen Territoiren Abchasien a Südossetien fir eng Décisioun, déi de Prinzipiëen vun der UNO-Charta a vun der OSZE, dat ass d’Sécherheetsorganisatioun um europäesche Kontinent, net respektéiert.
Déi Décisioun, iwwer déi ech schon – wéi ech déi leschte Kéier am Kreml war, Enn Abrëll vun dësem Joer – mat deenen zwee Häre Medwedew a Putin diskutéiert hunn, entsprécht net deene Verflichtungen, déi Russland international agaangen ass, fir d’lescht duerch de Vote am Abrëll 2008 vun der Resolutioun 1808 vum Weltsécherheetsrot, an där kloer festgestallt gëtt, datt all Memberstaate vun der UNO d’Onofhängegkeet an déi territorialer Integritéit vu Georgien a sengen international unerkannte Grenze misst respektéieren.
Ech halen dee Schrëtt vu Russland fir ee geféierlechen, well en d’Stabilitéit am Südkaukasus duercherneen rëselt, well en d’Verhältnis tëscht Russland an der Europäescher Unioun, Russland an der Nato, op eng méi laang unhalend Aart a Weis duerchernee bréngt.
Mir sinn trotzdem der Meenung, als lëtzebuergesch Regierung, datt ee besonnesch da wann e Sträit méi grouss gëtt, a wann ee wëllt e Retour zum kale Krich verhënneren, ee muss mateneen am Gespréich bleiwen. Mir gehéieren also net zu deem Deel vun Europäer déi elo all Relatioune mat Russland wëllen astellen. Dat géife mir fir e verheerenden, och perspektivesch geféierleche Feeler vum westleche Verhalen Russland géintiwwer ëmfannen.
Carole Schimmer: Dat heescht an Ären Ae wier et eventuell méiglech, datt et zu engem neie kale Krich kéint kommen?
Jean-Claude Juncker: Ech halen déi Probabilitéit fir kleng. Kuckt emol d’Welt huet changéiert, zënter 1989 sinn an Europa, an un der Périphérie vun der Europäescher Unioun 24, 25 nei Staaten entstanen, et gëtt esou vill méi Acteuren op der europäescher Landkaart, Tatsaach déi alles méi komplizéiert mécht an Europa, d’Komplikatiounsheftegkeet déi och hei am Land jo nëmme selten zur Kenntnis geholl gëtt.
An am mëttleren Deel vun Europa an am Oste vun Europa sinn nei Demokratien entstanen, déi sech net méi mir näischt dir näischt den [inaudible] aus dem Kreml ënnerwäerfen, an déi sech stemme géint déi Bestriewungen déi et historesch- a klassescherweis vun der Rouder Plaz hierkommend, gëtt.
Trotzdem ass dat hei eng qualitativ Verännerung vum Klima um Kontinent, Russland begëtt sech duerch seng Décisioun déi et do unilateral geholl huet, bewosst an eng Géigepositioun zur Europäescher Unioun an zur Nato. Dorop muss ee mat kalem Blutt, a mat rouegem Kapp reagéieren, a probéieren fir déi nächst 10, 20 Joer trotzdem eng Gespréichskultur tëscht Moskau a Bréissel, wann ech kann esou soen, ze erhalen, déi zum Gudde vun deenen zwou Parteie sech kann entwéckelen.
Also ech si géint ee Kappe vun alle Relatioune mat Russland, dat géif ech extrem geféierlech halen, a gläichzäiteg fir e kloeren Discours vun der Europäescher Unioun Russland géintiwwer wat dee rezente Schrëtt vu Russland ubelaangt, assortéiert mat der Bemierkung, datt een natierlech och mat eise georgesche Frënn muss ee sériéist Gespréich iwwer méiglecht Feelverhale vun der georgescher Säit féieren.
Esouguer wann et dat ginn hätt, ech wëll dat elo net ofschléissend bewäerten, well d’Scholdzouweisungen an dësem Kontext zu kenge Resultater féieren, rechtfäerdegt dat weder déi disproportionnel militäresch Reaktioun vu Russland, nach déi extraordinär diplomatesch Aktioun déi de russesche President elo, eigentlech e bësse géint all Erwaardung am Westen, ennerholl huet.
|