Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Août 2008 > Jean-Claude Juncker au sujet des négociations entre le gouvernement et le personnel enseignant et du projet de loi sur la double nationalité

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet des négociations entre le gouvernement et le personnel enseignant et du projet de loi sur la double nationalité
"RTL Télé Lëtzebuerg" du 26-08-2008

Vers le niveau supérieur

RTL Télé Lëtzebuerg: Dee wichtegste Gesetzespak, deen nach virun de Wahle misst gestëmmt ginn, wier ganz kloer d’Reform vum Schoulgesetz. D’Primärschoulwiese bräicht eng substantiell Neigestaltung, an natierlech bräicht een d’Léierpersonal fir déi Reform ëmzesetzen, mä déi Reform kéim, egal ob ee sech elo eens géif oder net. Domat si mir bei de Verhandlungen tëscht Schoulgewerkschaften a Regierung, ronderëm Reklassement, Pei a méi Präsenz. De Staatsminister sëtzt elo bei den Discussioune mat um Dësch. D’Leit déi Schoul halen, hätten eng enorm wichteg Aufgab ze erfëllen, an d’Gesellschaft géing déi Aarbecht net héich genuch halen, seet de Jean-Claude Juncker. Op där anerer Säit wieren se awer gutt bezuelt, besser wéi soss iergendwou. All finanzielle Plus hätt als Géigekonsequenz eng méi laang Präsenz an der Schoul. Iwwerhaapt wiere bis elo just Regierungen do gewiescht, déi de Schoulmeeschter a Léierinnen näischt wollte bäiginn an der Pei.

Jean-Claude Juncker: Hei ass fir d’éischte Kéier eng Regierung déi seet, okay. Et ass eng wichteg Aufgab, déi ass esou wichteg wéi all Aufgab an der Schoul, all aner Aufgab an der Schoul, an déi gehéiert an d’Carrière supérieure, mä et brauch méi eng laang Präsenz an der Schoul. Ech hoffen datt mir dat packen, wann net, gëtt gestreikt, wa gestreikt gëtt, deet et mir Leed, et ass net gutt fir d’Land, et ass net gutt fir d’Kanner, an d’Schoulmeeschtere wëssen, et ass guer net gutt fir si.

RTL Télé Lëtzebuerg: D’Gesetz iwwer d’duebel Nationalitéit sollt och virun de Wahlen duerchgoen, mam Immigratiounsgesetz an deem vun der Integratioun, dat jo scho gestëmmt ass, soll et ee Block ginn. De Jean-Claude Juncker mengt net, datt et nach vill Spillraum gëtt, fir driwwer ze diskutéieren ob ee 5 oder 7 Joer am Land soll gelieft hunn, fir déi duebel Nationalitéit ze kréien, respektiv ganz Lëtzebuerger ze ginn. Et wier keng exzeptionell wichteg Fro. Et hätt ee sech nun emol op 7 Joer gëeenegt als Kompromëss an :

Jean-Claude Juncker: Et huet mat Wahlverspriechen eppes ze dinn, normalerweis gëtt jo gesot, d’Parteie géife sech dorunner net halen. D’CSV hat 10 Joer proposéiert a land elo bei 7 Joer, huet also noginn, an net wéi anerer soen, sech géint de Wëlle vu jiddwerengem duerchgesat. Ech sinn op engem Programm gewielt ginn, ech si jo och an der CSV, wou 10 Joer dra steet, elo ass et 7 Joer fir d’duebel Nationalitéit. Mä fir mech ass dat keng wichteg Fro.

RTL Télé Lëtzebuerg: Vill méi wichteg wier et, datt an Zukunft mat eiser Immigratioun ëmmer nach eng Majoritéit Leit hei am Land sech op lëtzebuergesch kënnen ënnerhalen iwwer alldaags Saachen. Wat dann nach dat neit Scheedungsgesetz ugeet, dat misst kommen, a géif seng total Approbatioun fannen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact