|
RTL Radio Lëtzebuerg: Déi Linn déi Lëtzebuerg e Méindeg um Krisesommet vun der EU zu Bréissel vertrëtt, ass ganz kloer, seet den Ausseminister Jean Asselborn.
Jean Asselborn: Fir d’alleréischt, fir et emol op lëtzebuergesch ze soen, e kale Kapp behalen, net bei deene sinn, déi wëllen onbedéngt Schierbele maachen, net nervös ginn. Zweetens ganz kloer Positioun bezéien géint dat wat Russland gemaach huet, wat d’Unerkennung ugeet vun Abchasien a vu Südossetien, do gëtt et kee Milimeter Sputt.
RTL Radio Lëtzebuerg: Lëtzebuerg wäert bei deene Länner sinn, déi ferm, mä net iwwerspëtzt verhandele wëllen.
Jean Asselborn: An duefir géif ech absolut net wëllen, weder vu Sanctioune schwätzen, nach vun iergendwelleche Moossnamen. Mir mussen oppassen, wien wiem elo do géif wéi doen. Wat meng grouss Suerg ass, a vun Ufank un, datt et en Dossier ass, datt ech et extrem, extrem Schued fannen, datt mir an enger Phase ukomm sinn, wou Russen an Amerikaner net méi kapabel si mateneen ze schwätzen.
RTL Radio Lëtzebuerg: Et wier a kengem sengem Intérêt fir op eng Konfrontatioun tëscht Russland an der EU ze goen, net nëmmen an der Energiefro. Mat der Spagat tëscht deene Länner wéi déi um Baltikum, déi eng apaart Vergaangenheet mat Russland haten, an deene wéi Lëtzebuerg, déi wéinst pikante verbalen Attacken net direkt alles op d’Spill setze wëllen, gëtt awer net esou evident, dat weess och den Ausseminister.
Jean Asselborn: Déi Gefiller an de baltesche Länner musse mir déif respektéieren, mä mir musse kucken, datt mir awer an der Strategie op eng Schinn kommen, a versichen och erëm eng Roll ze spillen, eng wichteg Roll ze spillen an der internationaler, am internationale Spill, doduerch datt mir Russland an Amerika erëm zesummebréngen. Ech mengen, dat ass och am Intérêt vun der Europäescher Unioun, well et kann net am Intérêt vun der Europäescher Unioun sinn, wa mir géifen op emol an eng Phase kommen, déi Jorzéngte kéint daueren, wou all dat, wat opgebaut ginn ass Uganks den 90er Joeren, wou dat erëm géif zesumme falen.
RTL Radio Lëtzebuerg: E Méindeg gëtt donieft iwwer d’Hëllef fir d’Georgier an d’Ëmsetzung vum 6 Punkteplang a Präsenz vun der EU um Terrain diskutéiert, woubäi d’Europäesch Unioun an deenen zwee leschte Punkten ouni iergendeng UNO-Resolutioun net deen néidege Spillraum huet, dee se bräicht.
Traduction française de l'interview
RTL Radio Lëtzebuerg: La position que le Luxembourg adoptera au Conseil Européen extraordinaire de lundi sera très claire, aux dires du Ministre des Affaires étrangères Jean Asselborn.
Jean Asselborn: Tout d’abord, il s’agira de garder la tête froide et de ne pas perdre son calme. Nous ne voulons pas faire partie de ceux qui cherchent à envenimer la situation. Ensuite, nous allons prendre une position très claire à l’égard de la décision russe de reconnaître l’Abkhazie et l’Ossétie du Sud. Sur cela, nous ne bougerons pas d’un pouce.
RTL Radio Lëtzebuerg: Le Luxembourg fera partie des pays qui voudront mener des négociations fermes sans tomber dans l’excès.
Jean Asselborn: Pour cette raison, je ne suis absolument pas en faveur de sanctions ni d’autres mesures de ce genre. Il faut faire très attention, car on ne sait à qui cela nuirait le plus. Mais mon grand souci dans ce dossier, depuis le début, c’est que nous sommes arrivés à un stade où les Etats-Unis et la Russie ne sont plus capables de dialoguer ensemble. Cela est extrêmement regrettable.
RTL Radio Lëtzebuerg: Il ne serait dans l’intérêt de personne de voir naître une confrontation entre la Russie et l’Union européenne et pas seulement à cause des questions énergétiques. Mais selon le ministre des Affaires étrangères, il ne sera pas facile pour l’Union européenne de faire le grand écart entre les pays qui, comme les pays baltes, ont eu une histoire commune avec la Russie et ceux qui, comme le Luxembourg, qui ne veulent pas jeter de l’huile sur le feu par des déclarations tonitruantes.
Jean Asselborn: Nous devons respecter les sentiments des pays baltes. Mais nous devons aussi nous efforcer de trouver une ligne commune en essayant de remplir au mieux le rôle qui nous incombe sur la scène internationale. Ce rôle consiste à tenter de rapprocher les Etats-Unis et la Russie. Je crois que cela est dans l’intérêt de l’Union européenne. Car il serait fâcheux si nous entrions à présent dans une nouvelle phase de tensions qui pourrait durer des années avec le risque de perdre le bénéfice de tout ce que nous avons su bâtir patiemment depuis le début des années 1990.
RTL Radio Lëtzebuerg: Le Conseil européen débattra lundi de l’aide humanitaire à apporter à la Géorgie et de l’implémentation de l’accord en six points, ainsi que de l’éventuelle présence de l’UE sur le terrain. Pour ces deux derniers points rien ne pourra être fait sans une résolution onusienne préalable.
|