|
RTL Télé Lëtzebuerg: Viru Minutten ass de Conseil eriwwer gaangen, et huet e bësselche méi laang gedauert wéi geduecht gi war, um 6 Auer hätt et solle fäerdeg ginn. Fir déi konkret Décisiounen ass elo de Staatsminister bei mir. Jean-Claude Juncker, gudden Owend.
Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.
RTL Télé Lëtzebuerg: Et huet e bësselche méi laang gedauert, hu mir elo grad gesot. Wat war de Problem? War et net esou einfach eng gemeinsam ferm Stëmm ze fannen?
Jean-Claude Juncker: De Problem war, datt den Här Sarkozy gemengt huet e wier an dräi Stonne fäerdeg, mee dat war net dran.
Mir sinn eis eens ginn, no enger laanger, streckeweis kontroverser Debatt, datt mir, an dat war net kontrovers an net ëmstridden, Russland misste ferm condamnéiere fir déi disproportionéiert Reaktioun, déi Russland am georgesche Konflikt hat, a fir d’Unerkennung vun Abchasien a Südossetien, vun där mir fannen dass se sech net an Aklang mam internationale Recht befënnt.
Mir sinn eis eens ginn no enger, wéi gesot kontroverser Debatt, datt elo de Moment nach net komm ass fir präzis Sanktioune géint Russland ze ergräifen. Et kann een net engersäits soen, mir géife gäre mat Russland am Gespréich bleiwen, a gläichzäiteg soen, mir ginn zu Sanktiounen iwwer.
Mir hunn den Här Sarkozy mandatéiert fir den 8. September op Moskau ze fueren, de russesche Kollegen däitlech ze maachen, datt se mussen en integralen Trupperéckzuch aus Südossetien maachen, a Conformitéit mam 6-Punkteplang vun der Europäescher Unioun – 6-Punkteplang, deen den eenzegen Text ass, internationalen Text, op deem all Parteië sech prinzipiell eens gi sinn, Georgien, Russland, d’Europäesch Unioun an och de Rescht vun der Weltgemeinschaft.
Mir leeë grousse Wäert drop, datt mir eng direkt Hëllef, och materiell, Georgien zoukomme loossen, dat Land muss erëm opgebaut ginn. Mir hätte gären datt d’Flüchtlingen, no Modalitéiten déi musse festgeluegt ginn, erëm zeréck kënnen an Abchasien an a Südossetien, souwuel déi Flüchtlinge vun dësem Konflikt, wéi och vun deene Konflikter aus de fréien 90er Joeren.
An de Prinzip vun der territorialer Integritéit vu Georgien ass hei nach eng Kéier festgeschriwwe ginn, esou datt Russland elo weess wou et mat der Europäescher Unioun drun ass. Mä einfach blann Drohungen elo an d’Welt auszestoussen, huet der Europäescher Unioun an och eis e Schrëtt geschéngt ze sinn, deen een elo net soll goen.
RTL Télé Lëtzebuerg: Dir sot awer trotzdem, d’Diskussioune ware kontrovers. Waren dann awer Memberstaaten, déi Sanktioune gefuerdert hunn, oder wou loungen dann déi Problemer?
Jean-Claude Juncker: Et sinn Interventioune ginn, besonnesch vun eise Frënn a Kollegen aus dem mëttleren an dem östlechen Deel vun Europa, déi eigentlech méi Gewiicht drop geluegt hunn, datt een elo schonn direkt misst soen, wat géif geschéie wann déi Truppe sech net, wéi mir dat gären hätten, integral zeréckzéien.
Mä d’Majoritéit war der Meenung, an dat war och d’Décisioun, datt een dem franséische President, dee jo alles héieren huet wat gesot ginn ass, et soll iwwerloossen nom 8. September, wann dann déi Gespréicher mat Moskau stattfonnt hunn, weider Schrëtter anzeleeden. Dann hu mir alleguer zesummen nach eng Kéier doriwwer ze diskutéieren.
Ausserdem fënnt jo eng Sitzung vun den Ausseminister Enn vun der nächster Woch statt. Et fënnt eng Sitzung tëscht dem franséische President an dem russesche President statt, den 8. September zu Moskau, zesumme mat der Kommissioun a mam Här Solana. Et fanne Gespréicher statt mat Georgien, den 8. September wa meng Erënnerung richteg ass, zu Bréissel oder zu Lyon, ech weess dat net méi.
An dann am Kontext vun all deenen Elementer déi dann do gesammelt ginn, kënnt et zu weidere Schrëtt, wa russesch Truppe sech net total zeréckzéien, wat awer de russesche President dem franséische President gëschter Owend nach um Telefon versprach huet.
RTL Télé Lëtzebuerg: Dir sidd am Virfeld vum Sommet als Médiateur genannt ginn. Huet Dir misse vill vermëttelen?
Jean-Claude Juncker: Ech hu mech beméit, wéi ech dat scho méi dacks gemaach hunn, eng Bréck ze schloen tëscht der westlecher Sensibilitéit an Europa, an der mëttel-östlecher Sensibilitéit an Europa, andeem ech drop opmierksam gemaach hunn, datt ee misst Verständnes hu fir dräi Onsécherheetsgefiller, déi et op der Landkaart an an den Häerzer vun de Mënsche gëtt.
Déi Länner aus Ost- a Mëtteleuropa, déi laang ënner sowjetescher Occupatioun, an ënner sowjetescher Incorporatioun gelidden hunn, traue Russland, well se em net trauen, ëmmer nach zou, och hir Grenzen ze attackéieren. An dat muss ee verstoen. Wiere mir an där Situatioun, géife mir dat och virdroen.
A Russland selwer gëtt et grouss Onsécherheetsgefiller, well grouss Deeler vun der russescher ëffentlecher Meenung, sinon vun der offizieller russescher Politik, mengen, duerch d’Eruréckele vun den NATO-Aussegrenzen un de russeschen Territoire géif eng direkt Bedrohung fir Russland entstoen. Wat net stëmmt, d’NATO ass kee Veräin géint Russland, mä ass ee Veräin zur Verdeedegung vu gemeinsamen, kollektive Fräiheeten.
An da gëtt et och am Weste vun Europa, dat wësse mir jo vun doheem aus, Onsécherheetsgefiller, datt mir, nodeem mir opgewuess sinn an engem Klima wou mir gefaart hunn, datt de Nuklearkrich sech kënnt entzünden, an datt mir alleguer géife bei der Däiwel goen, net méi wëllen, datt mir zeréck kommen an déi Atmosphär vu Kalem Krich.
An déi dräi Onsécherheetsgefiller, déi sech widderspriechen, déi sech an engem Konfliktzilgebitt befannen, muss een am Kapp hunn, am Gespréich hunn, wann ee probéiert innereuropäesch eng gemeinsam Positioun ze fixéieren, ouni gläichzäiteg déi berechtegt Interessen vu Russland ausser Uecht ze loossen.
RTL Télé Lëtzebuerg: Mir sinn dann och ganz gespaant op d’Reaktioun vu Russland op d’Décisioune vum Conseil. Här Staatsminister, Merci fir dësen Interview.
|