|
RTL Radio Lëtzebuerg: Um Telefon begréissen ech de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Gudde Mëtteg, Här Asselborn.
Jean Asselborn: Gudde Mëtteg, Madame Zeimetz.
RTL Radio Lëtzebuerg: De franséische President Nicolas Sarkozy reest de Méindeg op Moskau an op Tiflis. Wéi e Message, wéi en Optrag ginn d’europäesch Ausseministeren him mat op de Wee?
Jean Asselborn: Ech menge vun eis aus hu mir hei nach eng Kéier kloer confirméiert, datt déi Conditioun déi mir jo gestalt hunn, de Réckzuch aus Georgien, dat heescht, loosse mir elo emol Südossetien an Abchasien ewech, well dat ass jo komplizéiert, mä datt dee muss vollstänneg vun de Russen respektéiert ginn.
Ech ka soen, wann ech hei d’Stëmmung e wéineg héiere vu menge Kollegen Ausseministeren, datt daat selbstverständlech net einfach wäert ginn, weder daat festzestellen nach daat hinzekréien, mä loosse mir dat net zerrieden. Daat ass eng Konditioun, wou och d’Russe wëssen, datt eis Kooperatioun mat hinnen, déi si och brauchen a wëllen, datt do villes dovunner ofhänkt, op jiddwerfall kuerzfristeg gesinn.
RTL Radio Lëtzebuerg: Konflikt, dat sinn och ëmmer zwou Säiten. No an no kënnt ëmmer méi un d’Ëffentlechkeet, datt de georgesche President Saakaschwili eng dach net esou grad onschëlleg Roll am Krich gespillt huet, datt hien als éischten Südossetien ugegraff huet. Wéi reagéiert d’EU op dës Informatioun, et ass jo schliesslech och d’Missioun da vun deenen Observateure fir der Ursaach vum Krich dann op de Fong ze goen?
Jean Asselborn: Ja, also vläicht fir ganz e wéineg auszehuelen, mir hunn hei gesoot, datt mir Georgien wëllen hëllefen. Daat ass evident, virun allem um humanitäre Plang, an och der georgescher Populatioun.
Mir wëllen awer och ee Kader schaafen, wou mir een Envoyé spécial un der Spëtzt hunn, deen héchstwahrscheinlech vum UNO-Generalsekretär genannt gëtt, deen zoustänneg ass fir d’Regioun. Donieft wëlle mir e Core-Group opbauen, deen dann zesummegesat gëtt vu Länner vun der UNO, vun der Europäescher Unioun, vun der OSZE, vu Russland a vun Amerika, wéi dat scho fir aner Situatiounen de Fall war. An dee Core-Group dee soll eigentlech d’Missioun kréien, fir Informatioune vum Terrain ze kréien, a fir och de Leadership ze iwwerhuelen am internationalen Dialog iwwer d’Stabilitéit an Abchasien an och a Südossetien.
A mir, als Europäesch Unioun, Dir huet dat richteg gesot, wëllen ab dem 15., oder wëlle schonn de 15. September praktesch zu Bréissel dann décidéieren, fir déi europäesch Missioun sur Place ze hunn. An daat wier immens wichteg.
Elo huet Dir d’Responsabilitéit vum Här Saakaschwili ugeschwaat, d’Responsabilitéit vum georgesche Leadership. Ech menge wa mir vill ëffentlech Gelder, deels vun der Kommissioun, an och deels vun den eenzelne Länner, a Georgien ginn, fir de Leit do ze hëllefen, wat ech komplett ënnerstëtzen, an d’lëtzebuerger Regierung huet jo och do hir Responsabilitéit iwwerholl, da musse mir awer och wëssen, datt daat nëmme méiglech ass wa mir dann och als Contrepart d’Transparenz hunn, d’komplett Transparenz hunn iwwer d’Responsabilitéit wéi dee Krich do déclenchéiert ginn ass. Waat ass geschitt virum 8. August?
Do sinn déi Däitsch, aner Länner och, ganz kloer gewiescht, datt do muss eng komplett Analys gemaach ginn, an datt déi muss op den Dësch kommen, well weder d’Press, nach mengen ech, als Politiker kënne mir eis einfach op d’Ouer leeën, a soen, daat do ass elo geschitt, fäerdeg. Mir sollen net no der Schold vläicht erëm eng Kéier do froen, gutt, mä no der Responsabilitéit, an wéi ass et méiglech gewiescht, datt dee Konflikt do entstanen ass.
Nach vläicht e lescht Wuert. Ech mengen, d’Demokratie a Georgien ass, wéi mir alleguer wëssen, och generell gekuckt, nach net op sengem Sommet ukomm, an och do musse weider déi Kräften a Georgien ënnerstëtzt ginn, déi dat do wëllen.
RTL Radio Lëtzebuerg: Vläicht nach ganz kuerz eng lescht Fro. Gëschter gouf décidéiert, datt d’EU hir Relatioune mat den USA, onofhängeg vum zukünftege President, verdéiwe wëllt. Ass et nees méiglech, datt Europa vis-à-vis vun Amerika mat enger Stëmm schwätzt, erënnere mir just un d’Streidereien em den Irak-Krich?
Jean Asselborn: Jo, also mir haten eng ganz intensiv Debatt, mir hunn esouguer nach eng nei géing ech soen, héchstwahrscheinlech virun den amerikanesche Wahlen wäert déi aberuff ginn, fir eis Virstellungen, eis europäesch Virstellungen, wéi mir wëlle mat den Amerikaner an där neier Administratioun zesumme schaffen.
Fir mäin Deel hunn ech gesot, datt mir effektiv an Amerika mussen déi ënnerstëtzen, déi wëssen, datt mir net méi an enger unipolarer Welt liewen, an datt déi, déi di international Mechanismen ënnerstëtzen, datt déi och selbstverständlech mat vun den Europäer mussen encouragéiert ginn.
Da mengen ech, musse mir och den Amerikaner soen, och där neier Administratioun vläicht méi wéi där déi elo do war, datt d’Europäesch Unioun ee Ganzt ass, datt ee kee Saucissonage dierf maachen. Datt wann Amerika mat Europa verhandelt, datt et do menger Meenung no absolut net geet, datt da mat eenzelne Länner verhandelt gëtt, anstatt mat der ganzer Europäescher Unioun.
An da mengen ech, daat Wichtegst daat ass, datt mir keng Isolatiounspolitik méi wëlle mat Amerika. Vun den Amerikaner hu mir gesinn, datt do wou si dat gemaach hunn, datt absolut negativ Resultater erauskomm sinn.
A mir wëllen och, datt déi nei Administratioun an Amerika versteet, datt d’Europäesch Unioun, aussepolitesch gesinn, een Eegeliewen huet, a sech net ëmmer kann alliéieren un d’Positioune vun den Amerikaner. Wa mir daat gemaach hätten, zum Beispill am Konflikt Georgien mat Russland, da wier dee 6-Punkteplang net zustane komm. Mir mussen ëmmer Sputt behalen als Europäer, fir eis eegen Dynamik och an der Aussepolitik ze entwéckelen.
Vläicht ee lescht Wuert. Ee vu menge Ministerkollegen huet hei gesot, dass bei den Amerikaner een heiansdo héiert, datt d’Europäer der sinn, wéi Hënn déi bille mä ni bäissen. Meng Reaktioun doropper: heiansdo hunn ech léiwer Hënn déi vill billen, an déi net grad am falsche Moment bäissen, wéi daat jo geschitt ass zum Beispill am Joer 2003 am Irak. An duefir wëlle mir, datt dat Verhältnis erëm opgebaut gëtt mat Amerika, wat jo bestaanen huet, zum Beispill an der Clinton Zäit, wou vill méi ka matenee fäerdeg bruecht ginn. Mir mussen, zum Beispill wa mir den Iran kucken, wa mir den Noen-Osten huelen, wësse mir, datt villes nëmme méiglech ass, wann Amerika an d’Europäesch Unioun zesumme schaffen.
Claude Zeimetz: Ech soen Iech villmools Merci, Här Asselborn.
Jean Asselborn: Merci.
|