|
RTL Télé Lëtzebuerg: Bei eis am Studio begréissen ech elo de lëtzebuerger Ausseminister. Jean Asselborn, gudden Owend.
Jean Asselborn: Gudden Owend.
RTL Télé Lëtzebuerg: De russesche Réckzuch plus d’Respektéiere vum Friddensplang, daat sinn d’Fuerderunge vun der EU. Mä wéi een Drockmëttel huet d’EU op Russland?
Jean Asselborn: Ech mengen et ass virun allem ee politescht Drockmëttel. Russland huet seng Ënnerschrëft ginn ënnert dee 6-Punkteplang, grad wéi och Georgien, a waat eis als Europäer virun allem eben interesséiert, daat ass datt dee 6 Punkteplang op engem spezifesche Punkt, ech weess net ob et dee wichtegste ass, mä et ass awer deen deen den aktuellsten ass an och vläicht deen einfachsten ass, datt d’russesch Truppe sech mussen aus Georgien zréckzéien. Ech mengen d’Missioun e Méindeg vum President Sarkozy ass kloer. Ech sinn iwwerzeegt, datt och bei deene Gespréicher wäert doriwwer geschwat ginn a waatfir Gebidder datt mir et kéinte fäerdeg bréngen, eng gemeinsam Missioun, eng europäesch Missioun, eng OSZE-Missioun ze schécken. Och kënne mir dann dee Moment op déi berühmte Pufferzon am Süde vun Ossetien zréckkommen.
RTL Télé Lëtzebuerg: Russland hält jo awer och op hir militäresch Präsenz an der Regioun?
Jean Asselborn: Jo wësst Dir, ech wollt nach vläicht ee generelle Saz soen: mir sinn an enger Zäit wou den Dialog tëscht Russen an Amerikaner extrem schwiereg ass. Ech hoffen, datt Russland, daat ee Moment an d’Defensive gedréckt ginn ass an elo wollt nëmmen d’Offensive hunn, datt et rationell trotzdem d’Situatioun analyséiert an och rationell reagéiert. An ech hoffen och datt an Amerika, wou mir an enger spezifescher Situatioun sinn, datt virun allem vun de Säite vun de Republikaner keng Feindbiller opgebaut ginn, an dass daat Feindbild net een abstrakten Terrorismus ass, mä eben dann ee konkret Land, a wéi daat schon esou dacks de Fall war an der Geschicht, ebe Russland. An dofir musse mir als Europäer, an ech mengen daat ass och daat waat de President Sarkozy a waat och mir den 1. September um Conseil Européen gespuert hunn, datt hei d’Europäesch Unioun eng ganz ganz wichteg Roll ka spillen, fir datt an der internationaler Politik net alles zesummebrécht wat an deene leschten 10 Joer, 20 Joer opgebaut ginn ass.
RTL Télé Lëtzebuerg: Dat heescht, Dir wëllt dee politeschen Drock spille loossen, Dir schwätzt och vun enger Missioun. Wéi soll dës konkret ausgesinn?
Jean Asselborn: Jo also bei der Missioun, fir de Leit daat e wéineg kloer ze maachen, et ass jo vill Duerchenaner. Ech menge fir einfach ze soen, déi beschte Missioun wier eng Missioun vu Blohelmer, mä dofir bräicht een ee Mandat vun der UNO. Do gesäit et de Moment schlecht aus fir am Sécherheetsrot eens ze ginn. Also komme mir ee Krack ënnendrënner, wann ech esou däerf soen, daat wier a mengen Aen, an doriwwer hu mir och diskutéiert, datt een d’OSZE, wou Russland Member ass plus d’Europäesch Unioun, fir d’Unioun wier et eng ESDP Missioun, eng Missioun géif ginn, déi spezifesch wier fir d’Sécherheet ze garantéieren an fir och Informatiounen ze kréien.
RTL Télé Lëtzebuerg: Géif Russland déi akzeptéieren, Ärer Meenung no?
Jean Asselborn: Jo, do gëtt et Unzeechen, datt Russland dat géif akzeptéieren, mat Ausnam vun, wéi mir dat wëssen, Südossetien an Abchasien, op jidde Fall an dësem Moment. Mä wann et op deem ganzen aneren Territoire géif daat akzeptéieren, da wiere mir an där berühmter Pufferzon och präsent als Europäesch Unioun an dat wier mengen ech immens wichteg.
RTL Télé Lëtzebuerg: Dir hutt och d’Responsabilitéit vu Georgien an deem ganzen Konflikt ugeschwat. Wou genee gesidd Dir déi?
Jean Asselborn: Jo, de Krich deen ass déclenchéiert ginn oder de Konflikt, wéi Dir et wëllt huelen. Mir hu ganz gescheiterweis, am Ufank d’Ausseministeren an och elo wéi mir am Conseil Européen ware mat de Staatschefen, hu mir net d’Scholdfro un déi éischt Plaz gesat. Ech wëll daat och elo net maachen. Ech wëll just soen, datt et hei och Responsabilitéite gëtt fir deen, deen de Krich jo awer trotzdem déclenchéiert huet. All Informatioune lafen doropper eraus, ech mengen do mussen d’Responsabilitéite fixéiert ginn. Wa mir Georgien hëllefen, der georgescher Populatioun hëllefen, virun allem humanitär mä och wirtschaftlech erëm op eng aner Schinn ze kommen, da komme mir net derlaanscht fir och d’Responsabilitéit vun deenen an op jidde Fall och par rapport zu deem wat virum 8 August geschitt ass, kloer festzestellen.
RTL Télé Lëtzebuerg: A wéi eng Konsequenze vun dëser Reponsabilitéit, wann déi elo konkret festgestallt gëtt?
Jean Asselborn: Jo mir wëlle jo elo mol een Instrument asetzen, do ware mir unanime d’accord, déi 27 Länner, ech mengen daat muss och, daat muss ee soen, mat alle baltesche Länner, mat den osteuropäesche Länner, fir ee Gremium ze schaafen, fir déi Analyse ze maachen. Waat fir Konsequenzen, esou wäit si mir net. Mir setzen elo dee Groupe an. Ech mengen och do si mir [gëtt ënnerbrach]
RTL Télé Lëtzebuerg: Wäre Sanktioune méiglech Konsequenzen?
Jean Asselborn: Mä och do si mir, grad wa mir vu Sanktioune schwätze si mir mengen ech bei de politesche Sanktiounen. Wann ee Land wierklech ee Konflikt déclenchéiert, bon da muss et d’Konsequenzen droen. Daat gesi mir jo och an der Geschicht an och an der jéngster Geschicht an Europa an dofir géif ech mengen, mir sollen elo net esou wäit nach goen. Mir sollen elo kucken, datt mir et fäerdeg brénge fir déi Kommissioun anzesetzen oder wéi Dir et wëllt nennen, fir d’Responsabilitéiten do festzehalen.
RTL Télé Lëtzebuerg: Jean Asselborn, villmols Merci fir dës Explikatiounen.
Jean Asselborn: Merci.
|