Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Septembre 2008 > Jean Asselborn invité de l'émission Background

Interview
Jean Asselborn invité de l'émission Background
"RTL Radio "Background"" du 20-09-2008

Vers le niveau supérieur

Marc Linster: Gudde Mëtteg. An dësem éischte Background vun der neier Saison ass de Vizepremier an Ausseminister Jean Asselborn Invité am Studio. Här Minister, gudde Mëtteg.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg, Här Linster.

Marc Linster: Zanter de Moien ass dat wat zanter enger Zäit schonn als Rumeur zirkuléiert ass fest, de Claude Meisch gëtt Spëtzekandidat bei de Chamberwahlen d’nächst Joer fir d’DP. Jean Asselborn, hat Dir domatter gerechent?

Jean Asselborn: Jo ech menge wann een an der Oppositioun ass an et ass ee Parteipresident, da riskéiert een och Spëtzekandidat ze ginn, dat hate mer schonn, och an anere Parteien. Bon ech wënschen dem Claude Meisch, wann ech elo géif soen, bonne chance, da wier dat vläicht e wéineg hypokritesch, mä ech wënschen him awer vill Courage. Et ass eng flott Aufgab déi en do huet an ech sinn iwwerzeegt, datt mir eis, loosse mer soen am nächste Fréijoer, méi dacks rondrëm een Dësch gesinn.

Marc Linster: Mécht de Claude Meisch Iech dann Angscht? Musst Dir Iech elo méi waarm undoen?

Jean Asselborn: Also dee gesäit jo net aus wéi wann e géif Angscht maachen an d’DP mécht jo och net Angscht. Nee, wou soll ech Angscht hunn. Ech mengen et huet keen hei, kee Politiker Angscht virun deem aneren hei zu Lëtzebuerg an och keng Partei huet Angscht virun där anerer. Mir wäerten dat scho maachen esou wéi mir dat hei zu Lëtzebuerg gewinnt sinn, haart, awer trotzdem fair an der Saach.

Marc Linster: Iwwert d’Wahlen an aner innepolitesch Theme komme mer méi spéit an der Emissioun zréck. Elo direkt héiert Dir de Résumé vun der Aktualitéit.

Noriichteniwwerbléck

Marc Linster: Et si 6 Minutten op 12 am Background an eisen Invité, de Jean Asselborn, ass jo ee vu 27 Ausseministeren an der Unioun an déi Chefdiplomaten déi gesi sech jo ganz regelméisseg a kenne sech och gutt. Et ass awer kee Geheimnis, datt et eng méi speziell Relatioun, eng frëndschaftlech, déi also iwwert dat rengt Politescht erausgeet, tëscht dem lëtzebuerger an dem däitschen Ausseminister gëtt. De Frank Kuffer huet mam Frank-Walter Steinmeier iwwert säi Frënd Jean Asselborn geschwat.

Interview vum Frank Kuffer mam Frank-Walter Steinmeier

Frank Kuffer: De Frank-Walter Steinmeier bedauert, datt dëst wierklech d’Ausnam ass, datt also aus der enker Zesummenaarbecht eng richteg Frëndschaft entsteet.

Frank-Walter Steinmeier (O-Toun): Bei Jean Asselborn und mir hat es von Anfang an funktioniert. Wir kannten uns nicht sehr intensiv aus der Zeit vorher. Ich bin vor 3 Jahren Außenminister in Deutschland geworden. Seit der Zeit sehen wir uns natürlich häufiger. Aber wir haben sofort Kontakt zueinander gefunden. Wie wir hier sagen, die Chemie stimmte von Anfang an und das hat sicherlich auch was zu tun mit der Übereinstimmung bei den politischen Themen, aber ich denke am Anfang war es das noch gar nicht so sehr, sondern das war Sympathie.

Frank Kuffer: Wat ass de Jean Asselborn dann esou fir ee Mënsch a Politiker?

Frank-Walter Steinmeier (O-Toun): Ich kann Ihnen sagen was mich eingenommen hat für ihn, das ist seine sehr schnörkellose Art und Weise auf Menschen zuzugehen, keinen Wert zu legen auf Rang und Hierarchien und insofern hatten wir von Anfang an ein sehr unkompliziertes Verhältnis. Und was den Politiker Jean Asselborn angeht, so haben wir innerhalb der Europäischen Union jetzt schon manchen Kampf gefochten für die Zukunft der Europäischen Union und ziehen, wo immer es geht auf der Brüsseler Bühne, auch an einem gemeinsamen Strang.

Frank Kuffer: Vill Lëtzebuerger an och Däitscher erënnere sech nach un d’Kachsendung wou déi zwee Ausseministere gewisen hunn, datt si och immens vill Humor hunn. Et gëtt jo och déi Foto wou de Jean Asselborn dem Frank-Walter Steinmeier säi Fanger ofleckt. Spaass ass immens gutt, mä déi zwee wësse wéini et eriwwer ass, besonnesch an hirem Politkeralldag hu si jo vill mat Krisen, Krich a Misère ze dinn.

Frank-Walter Steinmeier (O-Toun): Das sind Themen bei denen man sich den Humor des Alltags versagen muss und ernsthaft um eine politische Lösung ringen muss. Da weiß Jean Asselborn ebenso wie ich, dass privat und private Haltungen von dem was politisch notwendig ist sehr wohl zu unterscheiden.

Frank Kuffer: De Jean Asselborn ass e bësse méi laang Ausseminister vu Lëtzebuerg wéi säi Kolleg an Däitschland, dee war virdru Chef am Kanzleramt, also ganz no awer un der Regierungsspëtzt. De Jean Asselborn gouf vum Stengeforter Buergermeeschter zum Chefdiplomat, ee Sprong deen hee gutt gepackt hätt.

Frank-Walter Steinmeier (O-Toun): Ich kann nur sagen, er bewegte sich da wie ein erfahrener Außenpolitiker. Sein Rat wird heute geschätzt. Es ist oft eine Frage, weniger der Größe des Landes das man vertritt in den europäischen Gremien, als vielmehr der Anerkennung die man sich in der Arbeit in den europäischen Institutionen erarbeitet hat.

Frank Kuffer: De Jean Asselborn, seet de Frank-Walter Steinmeier, géif sech och ganz vill Méi ginn, fir d’Koordinatioun tëscht de sozialdemokratesche Ministeren an Europa ze maachen. D’nächst Joer si Wahlen, bei eis an an Däitschland an do sinn déi zwee Politiker Spëtzekandidate fir hir Partei. Zil wier et also d’Frëndschaft weiderzeféieren, net als Ausseminister, mä als Regierungschef.

Marc Linster: Mir hunn elo de Frank-Walter Steinmeier iwwert Är politesch a privat Frëndschaft héieren, Här Asselborn, wéi gesitt Dir dann déi Frëndschaft?

Jean Asselborn: Jo also mir si jo zwee Ausseministeren, mir sinn zwee Sozialisten oder Sozialdemokraten, wéi Dir et wëllt huelen, an ech menge mir sinn zwee Leit déi wierklech versichen op jiddwer Fall op sozial Gerechtegkeet ze halen an och op internationalt Recht. A wann een dann, huele mer elo mol u mir wieren eng Minutt net um Radio, da géif ech soen, vu sengem Charakter hier ass de Frank-Walter Steinmeier eigentlech kee Preis, wéi mir dat verstinn ënnert deem Pejorativen, dat heescht, et ass keen iwwerhieflechen, et ass keen dee Besserwësser ass, ganz au contraire an ech mengen déi Däitsch déi elo nolauschteren, déi verzeie mir dat och, well dat ass wierklech déi Tugend déi mir brauchen an Däitschland, wat eent vun deene wichtegste Länner ass an Europa nom Krich, fir sech anzereien, fir net nëmme mat deene Grousse wëllen, datt déi Grouss sollen décidéieren an Europa, mä och datt déi Kleng d’Soe mat hunn an de Frank Steinmeier ass wierklech een, dee vun Ufank un och dee Reflex hat. An ech weess nach genee den Declic wéi dee komm ass, nieft alle Sympathien, déi een dann ebe fir een huet an och déi politesch Famill déi een dann zesummebréngt, dat war wéi eng grouss Débatte an Däitschland war, iwwert d’Participatioun vun Däitschland bei enger Uno-Missioun am Kongo wou d’Wahlen organiséiert gi sinn an de Kofi Annan, d’UNO, hat gefrot, fir datt d’Europäesch Unioun soll Leit stellen, virun allem och Zaldote stellen, fir datt déi Wahlen do kënnen iwwert d’Bühn goen an en huet mech gefrot an ech hu spontan zu him gesot, Lëtzebuerg ass dobäi. An ech sinn och frou, datt ech an enger Regierung sinn wou esouwuel dann de Premier wéi och den Défenseminister dat och agesinn hunn a mir hunn dunn, Lëtzebuerg huet mat dru participéiert, an ech mengen dat huet en och gesinn, datt mir eis als Lëtzebuerger wierklech investéieren, och an der internationaler Cause, an der europäescher Cause och konkret mathëllefen, dofir géif ech och hoffen, datt wa mir allenzwee net méi Ausseminister sinn an och net Kanzler oder Premier sinn, alleguerten déi Saachen eng Kéier hannert eis hunn, datt mir wierklech och Frënn bleiwen an dovunner sinn ech iwwerzeegt.

Marc Linster: Sinn dann esou Frëndschaften ënner Politiker éischter seelen oder gëtt et dat méi dacks?

Jean Asselborn: Also esou eng Frëndschaft wéi elo mat dem däitschen Ausseminister hunn, hunn ech elo keng mat engem aneren. Ech hunn awer vergläichbar och gutt, ganz gutt Relatioune mam spueneschen Ausseminister Moratinos zum Beispill, deen och an eiser Famill ass, mä awer och mam Maxime Verhagen, wat den holläneschen Ausseminister ass, deen eng komplett aner politesch Linn verfollegt wéi ech, éischter ee konservative Politiker ass, deen op där Linn ass, mä och do gëtt et wierklech, datt ee Blödsinn matenaner mécht, datt ee sech SMSe schreift, datt een, je, datt e Frënn ass, wéi och Leit déi een anere Beruff hunn a vläicht elo net Ausseminister sinn, mä wéi déi matenaner ëmginn an dat gëtt et glécklecherweis och do. Deen eenzege Problem dee mir hunn, dat ass, ech sinn elo deen 3. oder dee 4. am Rang, ech si 4 Joer elo Ausseminister, do sinn der immens vill si verschwonnen an déi gesäit een och ni méi erëm. Dat ass e wéineg schued. Mä ënnert eis alleguerten, ënnerte deene meeschten, ënnert deene 27 gëtt et natierlech och Ënnerscheeder, mä do gëtt et scho Leit wou ee ka ganz gutt mat deenen och privat sech ënnerhalen iwwert aner Saache wéi Politik.

Marc Linster: Iwwer Aussepolitik an europäesch Diplomatie schwätze mir nach méi spéit an der Emissioun. Elo direkt héiert Dir dee ganz perséinleche Wocheréckbléck vum Roby Sinner.

Wocheréckbléck vum Roby Sinner

Marc Linster: Stëchwuert Schoulmeeschteren, d’Regierung huet dem Léierpersonal aus dem Primaire a Saache Reclassement vun der Carrière an Augmentatioun vun de Peien eng schrëftlech Offer gemaach, d’Gewerkschafte sollten der Regierung hir Äntwert op déi Propose bekanntlech bis mar ginn. Elo gouf deen Termin awer verlängert. Jean Asselborn, wéi reagéiert d’Regierung heirop?

Jean Asselborn: Jo mir soutze jo elo zwee Deeg zesummen an der Regierung. Ech wëll vläicht zum Prinzip eppes soen, wat ech hei vläicht kann e wéineg méi fräi soen, wéi wann ech de Briefing maache vum Regierungsrot, wann den Här Juncker net do ass: ech géif mengen als Alleréischt muss ee wëssen, datt d’Mady Delvaux déi alleréischt Ministesch ass, déi wierklech vun Ufank un, a si huet dat haart gesot, dat kann een haut behaapten, si huet gesot, mir wëllen oder ech wëll, datt d’Schoulmeeschteren, datt déi an d’Carrière supérieure kommen an ech mengen dat ass een Declic, deen däerf een net vergiessen an deen och festgehalen ass am éischte Saz vun deem Accord deen d’Schoulmeeschtere kritt hunn an d’Léierinne kritt hunn. Dat ass dat Éischt. Dat Zweet ass, och de Claude Wiseler, et muss een och wëssen, ech mengen ech si jo net nëmmen hei elo fir Parteipolitik do héich ze spillen, mä ech wëll soen, datt de Claude Wiseler och eng immens schwéier Tâche hat. Deen Effet boule de neige an der Fonction publique, wann Dir gesitt, datt d’CGFP huet nach kee Wuert gesot zu deem wat den SNE mécht, do gesitt Dir wéi schwiereg, datt dat ass an deem Domaine, fir ee Secteur erauszegräifen an do eppes ze maachen a fir et net generell ze maachen. Well jiddwereen ass d’accord, do ass d’CGFP och sécher d’accord, fir den Index erëm anzeféieren, mä hei hunn ech nach net d’CGFP héieren, datt se Stellung bezunn huet. An dofir och, de Claude Wiseler ass an enger immens schwiereger Situatioun. Also déi zwee hunn eng formidabel Aarbecht gemaach an de Premier huet sech 30 Stonnen investéiert och doranner, ech mengen dat muss ee wëssen, datt deen Accord do net vum Bam gefall ass, mä deen ass haart erschafft ginn, Accord ass et jo nach net, mä déi Propositioun.

Ech mengen awer och, datt op de Säite vum Léierpersonal, vun de Gewerkschaften, datt do och immens vill Efforte gemaach gi sinn a si hunn elo déi Décisioun geholl fir hir Leit ze froen, et sinn net nëmmen d’Gewerkschaftsfonctionnairen, wann ech däerf esou soen, déi un der Spëtzt si vun der Gewerkschaft, déi décidéieren, mä d’Leit alleguerten. Zu Bartreng ass een Echo komm, ech mengen do ware 600 Enseignanten do vun 3600. Et gëtt gewaart bis elo dat Resultat eraus ass, ech mengen net, datt et der Regierung ugeet op een Dag oder zwee Deeg oder 3 Deeg, dat däerf sech natierlech elo net zéien, mä wat ech awer weess, dat ass, datt deen Accord do effektiv, wéi gëschter och d’Madame Adam dat gesot huet, aus Säite vun der Regierung, deen ass à prendre ou à laisser, deen ass jo oder nee ze soen. Et kann een net erëm eng Kéier mengen, mir kënnen hei nach ee Stéckche maachen an do nach ee Stéckche maachen an et ass och een Accord, dee vun der Regierung gedroe gëtt, et ass ee Kompromëss. Jiddwereen huet missen ee Stéck Wee goen, net nëmmen d’Schoulmeeschteren, och d’Regierung huet missen ee Stéck Wee goen an ech sinn iwwerzeegt, datt do schonn dat richtegt Resultat erauskënnt.

Ech wëll awer vläicht ee Wuert soe wat och den Här Sinner gesot huet: et geet mir net nëmmen oder alle Leit an der Regierung geet et net nëmmen ëm d’Carrière vun de Schoulmeeschteren, dat ass selbstverständlech wichteg.

Marc Linster: Mä et gëtt awer elo erëm ganz vill Zäit op Carrièren a Peie verwendt an déi eigentlech Problemer vun eisem Schoulwiesen déi kommen awer e bëssen ze kuerz, huet een d’Impressioun.

Jean Asselborn: Jo, mä och do muss ee wëssen, datt d’Schoulministesch, d’Mady Delvaux ganz kloer wëllt d’Gesetz vun 1912 reforméieren. Do geet et net ëm d’Gesetz vun 1912, mä et geet fir eben d’Schoul z’adaptéieren un d’Besoine vun haut an datt een do versicht all Kand eng gréisst méiglech Chance ze ginn, fir datt et sech kann am Liewen duerchschloen. Dofir brauche mir individuell Betreiung, mir brauche Cyclë fir den Drock ofzebauen, mir brauchen och, datt an Equipen enseignéiert gëtt a mir brauchen eng méi grouss Präsenz vun den Enseignanten an der Schoul an ech mengen dat ass de springende Punkt. Wa jo och d’Enseignante méi präsent an der Schoul sinn, fir d’Kanner, fir mat de Kanner ze schaffen, fir mat den Elteren en Dialog ze féieren, fir sech selwer ze concertéieren, dann hu si jo och manner Hausaufgaben oder manner Aarbecht, loosse mer soen, keng Hausaufgaben, manner Aarbecht doheem ze maachen an ech mengen dat ass jo eppes wat och muss a Betracht gezu ginn, wann ee seet 180 Stonne méi Präsenz bei de Kanner, heescht dat awer och vläicht dann ee Stéckelche manner Virbereedung doheem an déi déi dann an der Schoul gemaach gëtt an ech sinn iwwerzeegt, datt mer do och zu enger Conclusioun kënne kommen, déi wéi Dir sot, net ëmmer nëmme vun der Carrière vun den Enseignante geschwat gëtt, mä datt mir virun allem, wat och wichteg ass selbstverständlech, well d’Enseignante si praktesch an all Länner an der Carrière supérieure oder an der Carrière universitaire, mä et muss een elo ofwaarde wat déi nächst Woch dann do bréngt.

Marc Linster: De Roby Sinner huet a sengem Réckbléck och iwwert déi grave international Finanzkris geschwat. Bis viru kuerzem huet et vu Säite vum Finanzsecteur an och vu Säite vun der Politik geheescht, mir an Europa an zu Lëtzebuerg géife vun där Kris verschount bleiwen. Elo bemol kléngt dat ganz aneschters. Gouf hei d’Situatioun falsch ageschat oder kruten d’Leit Sand an d’Ae gestreet?

Jean Asselborn: Nee Här Linster, dat ass a mengen Aen een Tornado dee sech forméiert huet an Amerika, net déi lescht Woch, mä an de leschte Méint, praktesch vum Summer 2007 un an dee kënnt elo op Europa zou. A wann Dir d’Geographie kuckt vun Europa, da gesidd Dir, datt Lëtzebuerg matsen dodra läit an datt mir och eng Bankplaz hunn an deen Tornado, wann ech esou däerf soen, dee mécht kee Bou ëm eis. An do musse mir wëssen, datt dat wat sech elo ofspillt, wann Dir haut de Moien d’Zeitunge liest, och hei zu Lëtzebuerg, dann ass Iech opgefall, datt 1000 Milliarden, 1000 Milliarden Dollar investéiert ginn, fir déi Kris do, fir d’Lag ze berouegen, déi ëffentlech Gelder och déi abruecht ginn, fir eben d’Lag ze berouegen, dat ass méi wéi 100 mol eise Staatsbudget an dofir, wat mech wierklech, wann ech elo mol däerf soen e wéineg salopp, dégoutéiert, dat ass, datt mir hei jo awer trotzdem mat engem Phänomen ze dinn hunn, wann een déi Bankinstituter an och verschidde Versécherungsinstituter gesäit an et gesäit een déi onmoosseg, onmoralesch héich Schold déi do entstanen ass an déi Bulle, datt déi dann zesummebrécht, deen Tornado entsteet an och sérieux Bankplaze wéi Lëtzebuerg mat doudsécher affectéiert, Dir wäert gesinn, datt dat doten eis Economie wäert betreffen, d’Croissance, datt et och d’Recettë vun de Steiere wäert betreffen, wat eise Budget ugeet an datt et och d’Aarbechtsplaze wäert betreffen a Lëtzebuerg, ech ka mir dat net virstellen, do muss ee Realist sinn, Lëtzebuerg ass eng Partie vun deem Deel wou dat do och Répercussioune wäert kréien.

Marc Linster: An den nächste Jore muss dowéinst eng virsichteg Budgetspolitik weidergefouert ginn, dat sot de Budgetsminister Luc Frieden gëscht an der Chamber. Wou bei den Dépensen am Budget 2009 soll gespuert ginn, huet de Minister awer nach net verroden. Jean Asselborn, kënnt Dir eis dozou méi soen?

Jean Asselborn: Nee. Ech kann net méi soen, ech wëll och net méi soen. D’Budgetsaarbechte sinn net ofgeschloss. Dir wäert gesinn, datt mir alleguerten an der Regierung et um Häerz hu fir ee Budget, dee selbstverständlech muss équilibréiert sinn, et ka kee Budget elo présentéiert ginn, deen net op feste Féiss steet an dat ass d’Aufgab déi mir an der nächster Woch nach wäerte bewältegen.

Marc Linster: An der Diskussioun dëser Deeg ass och nees den Index. De President vun der Zentralbank, Yves Mersch, wëllt deen Index ofschafen, den OGBL-President Jean-Claude Reding dogéint plädéiert dofir, datt den Indexmechanissem nees integral soll spillen. Interessant ass, datt déi zwee Member an der LSAP sinn. Wat ass dann elo d’Positioun vun de Sozialisten an dëser sensibler Fro, déi riskéiert ee Wahlkampfthema ze ginn?

Jean Asselborn: Jo Här Linster, also Dir sot mat Recht, datt si allenzwee an der LSAP sinn, mä si schwätze jo ès Qualités. Deen een ass Gewerkschaftspresident, deen aneren ass eben en Zentralbanker. Stellt Iech vir, deen ee géif dat soe wat deen anere seet, da mengen ech, wier d’Welt ganz op der Kopp, nee. Ech wëll dat heite soen, als Sozialist, Vertrieder vun der sozialistescher Partei hei, mir hunn zanter Mëtt der 70er Joren, an do ware mir jo Schold drun als Sozialiste mat de Liberalen, datt den Index generaliséiert ginn ass an domatter hu mir 30 Joer elo immens gutt gelieft. Mir hate Croissanceraten, déi largement ëmmer iwwert dem Durchschnëtt ware vun deene Raten, vun där Croissance vun der Europäescher Unioun, mir hate 5, 6, 7% heiansdo während Jore Croissance. Mir hunn dauernd hu mir mam Index hu mir d’Zuel vun den Aarbechtsplazen ass eropgaangen. Et ass also net, datt den Index als Mechanismus eis wierklech op eng falsch Piste do bruecht huet. Mir wëssen, dat wat mir 2006 gemaach hunn an dozou stinn ech och an dozou steet och meng Partei, datt dat een Accord ass, een Tripartiteaccord ass, dee muss agehale ginn. An deen Tripartiteaccord dee leeft den 1. Januar 2010 of. Wann een deen a Fro stellt, da stellt een d’Instrument vun der Tripartite a Fro an dat wëllt jo keen.

Marc Linster: Mä d’Fro ass jo, wat geschitt, wann den Accord ausgelaf ass?

Jean Asselborn: Wann den Accord ausgelaf ass geet et nei un an ech kann Iech wierklech net soe wéi d’Welt ausgesäit den 1. Januar 2010 an och net am Juni 2009. Loosse mir dat op eis zoukommen an da wäerte mir dat scho maachen. Ech wëll awer nach just soen, datt Index, Index an Inflatioun a mengen Aen duebel gekoppelt sinn. Mir musse wëssen, datt mir d’Inflatioun hei zu Lëtzebuerg, datt, de Jeannot Krecké mécht dat mengen ech mat vill Engagement, datt mer déi mussen niddreg halen, datt mir do kënne Korrekture bréngen och am Index. Mä déi Inflatioun, déi importéiert gëtt, duerch d’Energiepräisser, wou mir null Afloss drop hunn, déi kréie mir jo net mam Index, mengen ech musse mir wëssen, als Instrument, kréie mir déi net behoff an dofir ass dës Regierung, ass se ganz kloer um Wee fir ze soen, mam Index hëllefe mir net deenen déi am meeschte betraff sinn duerch déi héich Energiepräisser an och duerch déi héich Liewensmëttelpräisser. Dofir gëtt et aner Saache wéi de Bonus, wéi och dat wat mir elo maachen déi Steierkrediter déi agefouert ginn an esou weider. Dat ass wou mer eis musse kënnen drop konzentréieren an dofir brauch de Staat d’Moyene fir dat ze maachen. 39% vun de Leit hei am Land bezuele keng Steieren, also kann een net iwwert d’Steierpolitik alles regelen. Et muss ee sech also do nei Instrumenter afale loossen, dat mécht dës Regierung, huet se gemaach a fiert se och virun ze maachen an dofir géif ech mengen, datt mir wuel musse wëssen, datt, an dat huet meng Partei och gesot, datt mir engersäits den Index hunn, de Mechanismus dee mir erëm wëllen hierstellen an anerersäits d’Inflatioun hunn, déi muss bekämpft ginn, well Inflatioun, wann déi héich gëtt, heescht dat, datt Aarmut provozéiert gëtt, datt Aarbechtsplaze verluer ginn, datt d’Compétitivitéit verluer geet an datt och d’Mëttelen déi de Staat huet a sengem Budget, datt déi méi schwaach ginn.

Marc Linster: Kritik a Saachen Index kënnt och vun 2 LSAP-Buergermeeschteren an enger Deputéiert. An zwee gréisseren Artikelen am Tageblatt kritiséiere Roby Biewer, Dan Kersch a Vera Spautz déi sozialistesch Positioun an ënnerstellen awer och dem Premier Juncker den Index wëllen ofzeschafen. Wat sot Dir dann dozou?

Jean Asselborn: Also Här Linster, wann, ech soen elo, wann ech Premier gewiescht wier hei am Land am Juli 2008 an ech wier op Hesper gaangen, dann hätt ech net dat gesot wat de Premier gesot huet, dann hätt ech net bräichten de Réckgang anzemaachen den Dag duerno an ech hätt mech och net a Kontradiktioun gesat mat menger Partei, déi den nämlechten Dag Flugziedelen ausgedeelt huet, toutes boîtes ausgedeelt huet, op jiddwer Fall am Süden, datt d’CSV géif den Indexmechanismus erëm hierstelle wann déi Period ofgelaf ass.

Bon wann ech deen Artikel do geschriwwen hätt, dann hätt ech net geschriwwen, datt den Här Juncker wëllt den Index ofschafen, well dat ass falsch an ech hätt och net geschriwwen, datt den Här Juncker wierklech keng Politik wëllt maache fir déi kleng Leit, dat ass och falsch. Well ech also elo net zu Hesper geschwat hunn a well ech och net zu Monnerech geschriwwen hunn, géif ech mengen, datt et meng Aufgab wier fir ze kucke fir eis Partei, datt mir a Saachen Index, wat eng immens grouss Erausfuerderung ass, datt mir do ee Wee aschloen, deen onopgereegt ass an eng kloer Siicht huet an datt mir versichen do zesumme wierklech dat ze maache wat eist Land verdréit a wat am Intérêt ass vun deene méi Schwaachen an eiser Gesellschaft.

Marc Linster: Nach eng lescht Fro virun den Neiegkeete vun halwer eng, mir hunn et virdrun héieren, d’DP huet de Moien hire Spëtzekandidat fir d’Chamberwahlen nominéiert, bei der LSAP ass dat zwar nach net offiziell geschitt, mä viru kuerzem huet de Parteipresident Alex Bodry op dëser Antenn gesot, Dir géift d’LSAP an de Wahlkampf féieren. Gëtt de Spëtzekandidat vun der LSAP well per Dekret vum Obermufti genannt?

Jean Asselborn: Also Dir musst jo och wëssen, fir d’alleréischt, Dir selwer, RTL huet den Alex Bodry gefrot iwwert [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Jo heen huet awer geäntwert a ganz kloer an däitlech.

Jean Asselborn: Dir hutt e gefrot iwwert den Zoustand vun de Parteien an Däitschalnd an och a Frankräich an hei zu Lëtzebuerg an ech mengen et ass d’Recht vun engem Parteipresident, wann e weess, datt eppes ofgemaach ass an dat ass ofgeschwat gewiescht schonn zanter Méint, datt en och seet, mir als Sozialiste brauche jo awer net ëmmer um Maart eis Fehden auszedroen. Hei ass wierklech eppes wat mir zesumme maachen a mir wëllen och an deem Geescht dee ganze Wahlprogramm an déi ganz Wahlcampagne zesumme maachen. An dofir géif ech scho mengen, datt heen d’Recht huet als Parteipresident fir ee Virschlag ze maachen. Et ass jo nëmmen ee Virschlag. D’Partei wäert am Ufank vum nächste Joer, wann ech gutt elo am Kapp hunn, op engem Kongress dee Schrëtt dann deen do soll gemaach ginn, wat meng Persoun ugeet, entérinéieren, esou wéi eis Partei dat gewinnt ass, mä nach eng Kéier, eise Parteipresident ass weder een Obermufti, nach huet en eppes do gesot wat a mengen Aen eiser Partei, ech soen dat net wéinst menger Persoun, mä wéint der Saach, kéint schiedlech sinn an eis Partei huet sech selbstverständlech doriwwer och Froe gestallt, wéi dat gesot ginn ass an do sinn och mengen ech Explikatioune komm. Op jidde Fall kann ech nëmme just soen, datt déi Décisioun do ënnert eis alleguerten ofgeschwat war an datt mir déi alleguerte mateneen droen.

Marc Linster: Äre Parteikolleg Robert Goebbels huet gemengt, den Här Juncker géif souwisou Premier bleiwen an déi Gréng kéimen an d’Regierung. Découragéieren esou Aussoen de Spëtzekandidat dann net?

Jean Asselborn: Also do muss méi kommen, mä ech wëll just soe beim Robert Goebbels, wat een immens gudde Kolleg ass, hee war jo Journalist ier en an d’Politik komm ass an e schéngt mir elo och ee ganz staarken Trend ze hu fir sech journalistesch erëm ze betätegen an och z’artikuléieren. Wat de Fong ugeet, en huet et lo eng Kéier selwer geschriwwen, en huet et eng Kéier schreiwe gelooss, ech menge mir hunn dat jo elo verstanen, hee wëllt jo domatter warnen, mä un der Saach, elo mengen ech reng realpolitesch gesinn, weess ech net wat dat dote soll. Dat ass wéi wann elo ee géif an Däitschland soen, d’Madame Merkel déi bleift Kanzler an déi Gréng gi mat der Madame Merkel d’nächste Kéier an d’Regierung. Et gëtt iwwerhaapt keng Upak fir esou eng Feststellung ze maachen. Datt déi Gréng wëllen an d’Regierung, nodeem se 84 an d’Chamber komm sinn, ass normal, a mir an eiser Regierungsaarbecht, dat ass dat wat ech awer och dem Robert Goebbels wëll soen, hunn awer nullement, nullement d’Impressioun wéi wa mir Géigewand vun de Leit, wéi wa mir dee géife spieren an eis misste verdrécken aus der Regierung. Nee, au contraire, mir wëlle staark bleiwen a mir wëllen déi Aarbecht, mir kommen nach vläicht doropper, déi mir gemaach hunn an der Regierung an déi mir mat Houfert och verteidegen, déi wëlle mir héichhalen an ech mengen dofir muss ee wëssen, datt esou Aussoen, muss een de prakteschen Nährwert do dovunner muss ee ganz kloer analyséieren. Mä ech mengen et gëtt keen Unhaltspunkt, ech soen dat nach eng Kéier, wat de Robert do mengt, datt dat sech esou kéint an d’Praxis ëmsetzen.

Marc Linster: Mir kommen effektiv herno nach eng Kéier drop zréck, mä et gëtt elo héich Zäit fir eng kleng Paus an dann de Journal.

Mëttesjournal

An den zweeten Deel vun der Émissioun Background fänke mir mat enger ganz aktueller Nouvelle un. Vu Mondorf goufe mir nämlech elo grad gewuer, datt d’DP mat getrennte Lëschten an d’Chamber an an d’Europawahle wëll goen. E Spëtzekandidat fir d’Europalëscht gouf awer nach net nominéiert. Här Asselborn, wéi halt Dir et dann, maacht Dir och getrennte Lëschten?

Jean Asselborn: Jo, also bei eis ass d’Discussioun ganz kloer an déi do Richtung. Ech perséinlech mengen, datt een, wann ee Spëtzekandidat ass fir d’Nationalwahlen, datt ee sech soll voll konzentréieren dann op déi Nationalwahlen, an den nationale Wahlen ass jo d’Aussepolitik, d’Europapolitik ee ganzt wiesentlecht Thema. Et geet also net do dolaanscht, wann een nationale Spëtzekandidat ass, an ech géif mengen, datt dat do en Dréi ass, deen déi dräi grouss Parteië wäerte befollegen, an ech sinn iwwerzeegt, datt do och meng Partei ganz, ganz séier elo et fäerdeg bréngt, fir eng Décisioun ze huelen.

Wann Dir mech virdru gefrot hätt, iert de Claude Meisch dat do gesot huet, hätt ech Iech meng perséinlech Meenung gesot, déi ass effektiv no deem villen Iwwerleeë wat een elo hat, an och no deenen Discussiounen déi gelaf sinn, geet éischter an déi do Richtung, an ech sinn och iwwerzeegt, an op jiddwerfalls schloen ech menger Partei dat vir, datt se sech effektiv och do fir getrennte Lëschten décidéiert.

Marc Linster: Bleiwe mir nach ee Moment bei Ärer Partei. No de leschte Wahle gouf et jo do Stëmmen, déi géint eng Regierungsparticipatioun waren. Wéi gesäit Dir dat haut? Huet et sech fir d’LSAP rentéiert, Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen? A wat konnt Dir vun Ärem Wahlprogramm ëmsetzen?

Jean Asselborn: Mir sinn eng kritesch Partei, an ech weess horgenee nach dee Kongress vun 2004 am Juli, wéi effektiv an eiser Partei vläicht 20% oder 30% vun de Leit gezéckt hunn, ob mir iwwerhaapt eng Chance hätten, eis Politik an dëser Regierung och duerchzesetzen.

Mä wann ech awer haut kucken, an ech fänken emol un, mir hunn en Immigratiounsgesetz gestëmmt mat 60 Stëmmen an der Chamber, no 1972.

Mir hunn iewer virun allem et och fäerdeg bruecht an der Sozialpolitik den Équiliber vun de Systemer, vun de Pensiounssystemer, vun de Krankekeesesystemer, fir deen oprecht ze halen, fir keng Zweetklasse Medezin, och emol net en Embryo vun engem Einstieg doranner erop ze beschwieren.

Mir hunn et fäerdeg bruecht an der Ëmweltpolitik, an der Transportpolitik, wann Dir jo héiert haut, wéi d’Ëmweltorganisatiounen den Ëmweltminister och jugéieren, wéi favorabel datt hie jugéiert gëtt, hu mir do grouss Schrëtter no vir gemaach.

Wa mir de Wirtschaftsminister huelen, kuckt emol, hien huet effektiv dee Schrëtt ënnerholl, déi d’Land néideg war, fir déi intern Bekämpfung vun der Inflatioun. An hien ass och deen, dee ganz, ganz vill Démarchë mécht, fir nei Créneauen op Lëtzebuerg ze kréien an der Wirtschaftspolitik.

Ech hoffen och, datt mir et fäerdeg bruecht hunn eng eenegermoosse lisibel a visibel Aussepolitik ze maachen. Vun der Schoulpolitik hunn ech geschwat.

Wann Dir alleguer déi Elementer zesummen huelt, da gesitt Dir iewer, datt mir eis Empreinten hannerlooss hunn als Sozialisten. An der Regierung, ech weess, datt een net soll eng Regierung andeelen an zwou Parteien. An der Regierung gëtt et eng Solidaritéit.

Mä wann Dir mech frot, dat war jo Är Fro, och vis-à-vis vun eise Wieler, a vun eise Militanten, vun eiser Partei, wann een dee Bilan mécht, dann huet een onbedéngt verstanen, datt et wichteg war, datt mir an d’Regierung agetruede sinn.

Marc Linster: A wou wëllt Dir dann d’Akzenter bei de Wahlen elo vum nächste Joer setzen?

Jean Asselborn: Also ech mengen op zwee Gebidder wäert dat sech fokusséieren.

Dat eent dat ass ganz kloer, datt mir als Sozialisten, als Sozialdemokraten, och an der Europäescher Unioun déi Philosophie musse wierklech nach méi appuyéieren, datt wann de Staat keng Mëttelen huet fir ze reguléieren, fir ze schützen, da komme mir a ganz, ganz schwiereg Situatiounen, fir déi kleng Leit, awer och fir déi Leit, déi de Staat am meeschte brauchen.

Wann Dir haut jo gesitt, datt an Amerika Steiergelder massiv, massiv investéiert gi fir d’Spekulatioun, a fir d’Bourse erëm opzeriichten, fir déi ze bekämpfen, an d’Bourse erëm opzeriichten, da muss ee sech natierlech och d’Fro stellen, do geet jo eng ganz Philosophie bei der Däiwel. Amerika ass jo dat Land, wou wierklech d’Économie misst dréinen u sech, an et soll een all Attituden, soll een dem Maart loossen, dat ass jo déi grouss Philosophie doranner.

Wann Dir gesitt, elo ass jo d’Sozialdemokratie eigentlech dat wat d’Sozialdemokratie duerstellt, dee staarke Staat, de Staat dee kann deene Schwaachen hëllefen. An do muss ee vun eisen Ziler sinn, fir datt de Staat finanziell d’Méiglechkeete behält, a Mëttelen huet fir kënnen ebe sozial ze schützen.

An dat zweet dat ass a mengen Aen alles wat mat der Moderniséierung vun eisem Land ze dinn huet. Dat ass kee gutt Wuert, Moderniséierung, mä et ass awer dat, fir eist Land op d’21. Joerhonnert, an d’Défië virzebereeden. An den Infrastrukture selbstverständlech. Ob dat den ëffentlechen Transport ass, ob et d’Kommunikatiounswiesen ass, ob et d’Schoulwiesen ass, ob et d’Spidolswiesen ass, déi Moderniséierung musse mir virun dreiwen. An awer och dann d’Moderniséierung vun der Gesellschaftspolitik, a vun de Gesellschaftsreformen. Ech mengen [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Ass dat da mat der CSV méiglech?

Jean Asselborn: Ech mengen Här Linster, Dir huet mech jo elo gefrot, wat eis Partei wëllt maachen, net wat d’CSV wëllt maachen.

Mä ech soen Iech ganz kloer, mir dierfen an eiser Gesellschaft, oder mir mussen an eiser Gesellschaft et fäerdeg bréngen, an der Politik, esou gesinn ech d’sozialdemokratesch an d’sozialistesch Politik, datt mir e Kader schafen, datt d’Leit esou kënne wiele wéi si sech dat virstellen. Datt se net verbuede kréien, mä datt e Kader geschafe gëtt, wéi si sech dat virstellen, fir wëllen ze liewen. An och, wann Dir mech frot, ze stierwen, selbstverständlech.

An duefir géif ech mengen, datt do nach ganz vill Schrëtt ze maache gëtt, a mir hu Schrëtt zesumme gemaach mat der CSV an dëser Legislaturperiod, dat soen ech ganz éierlech, do brauche mir eis net ze schummen duefir, an ech mengen, d’CSV brauch sech och net ze schumme fir dat wat mir zesumme gemaach hunn.

Duefir géif ech mengen, datt déi, alleguer déi Usätz, déi mir elo ginn hunn, och Wunnengsbaupolitik, Familljepolitik, Kannerbonus, all dat wann Dir dat kuckt, op där Schinn ass nach vill ze maachen, an do muss een, déi nächst Koalitioun muss do viru fueren, fir d’Land virun ze bréngen. Wéi déi nächst Koalitioun ausgesäit, dat wëll ech komplett ausklameren.

Marc Linster: Mä Dir kënnt Iech awer och virstellen, datt et eng ass ouni d’CSV?

Jean Asselborn: Mir hunn net d’Kultur hei zu Lëtzebuerg, d’politesch Kultur, wéi dat zum Beispill an Däitschland ass, fir virdrun Déclaratiounen ze maachen. Ech sinn net esou prétentieux, an ech menge keen an eiser Partei, an och net eis Wieler, fir do dem Wieler dat Recht ewech ze huelen.

Ech menge mir sollen als Partei eis duerstelle fir déi, déi gutt geschafft hunn an dëser Regierungperiode, déi och Iddien hunn, wéi een d’Land ka viru bréngen an déi virun allem dat Sozialt ech mengen, et muss een ëmmer erëm betounen, déi sozial Komponent bleift déi wichtegst, bleift déi prioritärst Komponent, och virun allem wann d’Krisis em eis schléit, a wann et och Répercussioune gëtt vun, zum Beispill der Finanzkris, oder enger Rezessioun, oder ekonomescher Kris, déi sech eventuell kéint ubanen.

Marc Linster: Vu Lëtzebuerg dann nach eng Kéier eriwwer an Däitschland. Do schwätzt nämlech guer net vill, fir ze soen näischt duefir, datt d’SPD d’Bundestagswahlen d’nächst Joer kënnt gewannen. De Frank Kuffer huet mam neie Kanzlerkandidat vun de Sozialdemokraten, dem Frank-Walter Steinmeier, iwwer seng Partei an d’Aussiichte fir d’nächst Joer geschwat.

Reportage vum Frank Kuffer:

De Frank-Walter Steinmeier seet, hien hätt all Hänn voll ze dinn, seng Partei no de leschte Sondagen, nees an eng besser Positioun ze bréngen.

Frank-Walter Steinmeier (O-Toun): Also insofern arbeiten wir an unserem Selbstbild, ein Selbstbild was in den Sommermonaten sehr gezeichnet war von Zerrissenheit und Streit verschiedener Flügel untereinander. Aber eine Situation, die ich jetzt schon als Neubeginn ansehe, und bei der ich hoffe, dass alle, alle Führenden in der deutschen Sozialdemokratie die notwendige Disziplin aufbringen, um die Geschlossenheit die wir brauchen im Aussenauftritt, jetzt auch wirklich zu gewährleisten.

Frank Kuffer: E bësse Gestëppels gëtt et jo ëmmer tëscht de Koalitiounspartner och, a vläicht zëmools an Däitschland, déi schwaarz-rout Koalitioun wier awer op 4 Joer gewielt.

Frank-Walter Steinmeier (O-Toun): Die Menschen erwarten, dass wir die Arbeit der grossen Koalition zu Ende führen, und deshalb will ich jetzt auch nicht den Eindruck erwecken, als sei die grosse Koalition miteinander und gegeneinander im Wahlkampf.

Frank Kuffer: Mat de Resultater vun de Sondagen, esou em 20%, kéint d’SPD net liewen.

Frank-Walter Steinmeier (O-Toun): Wir müssen den Streit, den es unter uns gab, unter den Sozialdemokraten gab, über eine Politik in der Vergangenheit, die Agendapolitik, die Ergebnisse erzielt hat in Deutschland, wir müssen den Streit darüber zwischen den Sozialdemokraten begraben. Das kann gelingen.

Frank Kuffer: An da misst d’SPD awer och den eegene Profil schärfen. Lëtzebuerg ass jo grouss Koalitioune gewinnt, an Däitschland ass dat awer éischter déi grouss Ausnam.

Frank-Walter Steinmeier (O-Toun): Und deshalb wird es so sein, dass die beiden grossen Parteien, die Union auf der einen Seite, die SPD auf der anderen Seite, zunächst einmal für eigene Stärke zu sorgen versuchen. Und dann ergibt sich am Wahlabend welche Koalitionen sich daraus ergeben. Man wird sehen.

Frank Kuffer: Deen nächste Mount gëtt et eescht, an de Frank-Walter Steinmeier hofft, datt säi Kolleg Jean Asselborn dann och dobäi ass, wann hien offiziell als SPD-Kanzlerkandidat gewielt gëtt.

Marc Linster: Jean Asselborn, sitt Dir bei deem Rendez-vous dobäi?

Jean Asselborn: Jo, dat ass geplangt, an hien huet mech och gefrot, fir e puer Wuert ze soen um Kongress. Dat wäert ech dann och selbstverständlech maachen.

Marc Linster: A wat rot Dir do Äre Kollege vun der SPD?

Jean Asselborn: Also, ech menge mir hunn als sozialistesch Partei kee Rot ze ginn un d’SPD, mä ech wëll just soen, dat hunn ech him och schonn e puer mol gesot, datt selbstverständlech d’SPD eng Referenzpartei ass fir d’Sozialdemokratie an der Europäescher Unioun. Wann et do leeft, dann ass do villes vill méi einfach. Wann do alles zesummebrécht, da gëtt et komplizéiert fir jiddwereen.

Wann ee gesäit, datt d’Fransouse jo nach e puer Läichen do am Keller hunn, a wierklech nach ganz vill musse kämpfen fir aus deem Lach eraus ze kommen, gesinn ech iewer trotzdem bei der SPD, gesinn ech awer elo wéi si elo opgestalt sinn, awer och positiv Zeechen, datt se sech hirer Responsabilitéit och, déi se hunn an Däitschland an och an Europa, bewosst ginn.

Marc Linster: Thema Aussepolitik dann um Schluss. Muss Lëtzebuerg eng eege Gaza-Politik hunn? Oder manner provokativ gefrot, sollt Lëtzebuerg seng Stëmm op internationalem Parquet erhiewen?

Jean Asselborn: Jo, also op déi éischt Fro äntwerten ech elo net, do hunn ech eng Kéier drop geäntwert.

Mä ech géif dat hei soen. Lëtzebuerg ass eent vun deene 27 Länner déi mat um Dësch sëtzen, wann d’europäesch Aussepolitik déclinéiert gëtt. An et gëtt d’Themen, wou mir, wou ee vläicht kéint mengen, wat huet Lëtzebuerg mat de Rakéiten ze dinn déi a Polen opgeriicht ginn? Oder wat hu mir mam Moyen-Orient ze dinn? Mä dat ass a mengen Aen awer e wéineg enk gesinn, well Lëtzebuerg, wann et um Dësch sëtzt, ass seng Stëmm grad esou vill wäert, wéi d’Stëmm vun deenen anere 26.

An ech kann nëmmen aus eegener Erfahrung soen, an där kuerzer Zäit wou ech elo do sinn, relativ kuerz Zäit wou ech do sinn, ech si jo nach keen annerhalleft Joerzéngt do, datt ech gemierkt hunn, datt wa Lëtzebuerg sech positionéiert, an och richteg positionéiert, an do muss ech soen, an dëser Regierung hat ech ni e Problem fir mech duer ze positionéieren, wou ech dat och fir richteg befonnt hunn, dir wësst, datt den Ausseminister jo d’Koordinatioun ze maachen huet vun der lëtzebuerger Aussepolitik, och mat eisen Diplomaten, och wann et do heiansdo Diskussioune gëtt, mä ech muss soen, an dëser Koalitioun, och mam Premier, war ni an deene grousse Froen eng terribel grouss Ausernanersetzung festzestellen.

An datt mir als Lëtzebuerger soen, datt et zum Beispill schlecht ass déi Discussioun iwwer d’Rakéiteschëlder, datt et schlecht ass wat d’Politik ass vun Amerika, zum Beispill och vis-à-vis vun der Astellung, wéi mir solle mat Russland ëmgoen, dat gehéiert dozou, wa mir, duefir brauch ee jo net, loosse mir soen eng Animositéit opzebaue géint ee Land, an zëmol net géint Amerika, well dat ass jo eisen Haaptpartner, mä datt ee sech awer positionéiert am Intérêt vun Europa, well Russland positionéiert sech am Intérêt vu Russland, Amerika positionéiert sech am Intérêt vun Amerika, a mir als Europaër musse probéieren eis eege Linn ze entwéckelen, a fir eng eege Linn ze entwéckelen, mussen déi 27 mathëllefen.

A mir musse virun allem déi Länner, baltesch Länner, an och d’osteuropäesch Länner, wou ee versteet, wat fir eng Gefor a wat fir eng Angscht datt vis-à-vis vu Russland zum Beispill besteet, a wat eng grouss Tendenz datt ass, fir sech ganz no u Washington unzeschléissen, datt mir hinnen ëmmer erëm hëllefen, soen, an zëmol mir kleng Lëtzebuerger, datt et wierklech fir d’Europäesch Unioun, an och fir déi Länner alleguer nëmmen eent gëtt, dat heescht, probéieren eng gemeinsam Politik eraus ze schielen. A Lëtzebuerg hëlleft do op jiddwerfalls esou vill, wéi ech dat ka mat maachen, wëll ech probéieren do mäi Mann ze stellen.

Marc Linster: Vill beschäftegt huet Dir Iech an de leschte Woche mam Georgien Konflikt. Eng Enquêtekommissioun soll elo do d’Scholdfro klären. Wat bréngt dat?

Jean Asselborn: Jo, wat et bréngt, dat, wann een dat hätt, dat wier jo immens vill, well Dir wësst jo, d’Wourecht ass déi éischt, déi stierft, wann e Konflikt entsteet, an d’Wourecht wëssen ass trotzdem iewer immens wichteg.

Kuckt an Amerika sinn et Stëmme ginn, mir sin alleguer Georgier elo. A Russland gëtt et Stëmmen déi carrément an déi komplett aner Richtung ginn. An der Europäescher Unioun war et och en hin an hier. Mä ech mengen d’Europäesch Unioun huet iewer hei vun Ufank un, déi éischt Réunioun déi mir als Ausseministeren haten, gesot, dat do ass e Konflikt, deen ass déclenchéiert gi vun de Georgier, a Russland huet iwwerzunn. Dat sinn déi zwou Notiounen, déi mir kloer festgehalen hunn.

A virun allem och mat mengem däitsche Kolleg, mir zwee hunn zu Avignon, an och scho virdrun, wierklech drop gehalen, datt hei enquêtéiert gëtt wat virum 8. August geschitt ass a Georgien. Dat ass absolut net kloer.

An ech war an der lëtzebuerger Chamber, ech kann Iech soen, datt do och e groussen Intérêt drunner bestanen huet, an ech géif och mengen, datt mir elo dat an engem Text hunn, dat ass de Punkt 4 vun deem Accord, vun de Schlussfolgerungen, déi mir zeréck behalen hunn de leschte Méindeg. Wéi dat soll en Musique gesat ginn, dat ass extrem schwiereg. Mir sinn am gaangen dorunner ze schaffen, also déi däitsch Diplomaten mat eisen Diplomaten, a mir gesinn eis och d’nächst Woch zu New York, fir dann ze versichen eng Léisung ze fannen.

Ech kéint mir virstellen, datt eventuell eppes kéint eraus kommen, wéi d’Commission Badinter, déi bestanen huet an Ex-Jugoslawien. D’UNO wëllt et net maachen, d’OSCD wëllt et och net maachen, d’EU ass Parti prenant, kann et net maachen, mir mussen also kucke wéi een dat wëllt maachen.

Mä déi Enquête do ass och ganz, ganz wichteg, ob dat wat op eis zoukënnt am Dezember, do sinn d’Ausseministeren zesumme fir eng Évaluatioun ze maachen, wéi steet et a Georgien, wéi steet et an der Ukraine, mat enger eventueller nächster Stuf wat d’Adhésioun, oder d’Memberschaft an d’NATO ugeet, dat ass dee bekannte MAP, dee Membership Action Plan. Och an där Perspektiv mengen ech wier et awer trotzdem gutt, wann een déi Analys do géif fäerdeg bréngen. Ob dat geléngt, dat ass natierlech eng Fro, an a wat fir enger Zäit datt dat geléngt, déi elo net ka beäntwert ginn.

Marc Linster: Här Minister, d’nächst Woch sitt Dir erëm vill am Fliger ënnerwee. Haut, profitéiert Dir dann do nach vun deem gudde Wieder fir mam Vëlo ze fueren?

Jean Asselborn: Jo, also dat stëmmt, ech sinn elo mam Vëlo komm vu Stengefort, an ech fueren elo mam Vëlo op Réimech, do hu mir eng Summerakademie, obschonn de Summer jo elo esou lues eriwwer ass [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Besser misst et Hierschtakademie sinn.

Jean Asselborn: Hierschtakademie. Ech fueren iewer dohinner, an dann och erëm heem, vu Réimech. Also fréier hunn d’Leit jo ganz einfach gesot, hien ass mam Vëlo eraus. Haut muss ee jo soen, en ass mat der Mobilité douce eraus. An ech profitéieren da vun deem gudde Wieder a vum Sauerstoff, well d’nächst Woch kréien ech ës net vill ze otmen. Mir sinn do, dat ass dat schlëmmst wat et gëtt, déi New Yorker Woch, do ass ee 5, 6 Deeg an där Këscht do agespaart. Mä et ass héichinteressant, et gesäit ee ganz, ganz vill Leit do, an et ass eng wichteg Aarbecht och fir Lëtzebuerg, déi do ze leeschten ass. Haut ass nach ee klenge Répit, well muer de Moien geet et fort.

Marc Linster: Jean Asselborn, villmools Merci datt Dir Iech Zäit geholl huet fir eis haut de Mëtteg.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact