Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Octobre 2008 > Jeannot Krecké invité de l'émission Background

Interview
Jeannot Krecké invité de l'émission Background
"RTL Radio "Background"" du 04-10-2008

Vers le niveau supérieur

Francine Closener: Background am Gespréich, haut also mam Jeannot Krecké. Gudde Mëtteg, Här Krecké.

Jeannot Krecké: Gudde Mëtteg.

Francine Closener: Här Krecké, hat Dir an Ärer politescher Carrière schonn eng Kéier esou eng Woch wéi dës elo, mat vill Stress, wéineg Schlof, a ganz schwieregen Décisiounen?

Jeannot Krecké: Dat hei ass garantéiert eng vun deenen intensivsten. An där heiter Period hat ech awer elo schonn e puer schwiereg Dossieren, wéi dee vun Arcelor-Mittal an dee vun der Cegedel-Soteg Fusioun, mä dat hei ass awer elo de Sumum gewiescht.

Francine Closener: Ass dat den Top esou ze soen?

Jeannot Krecké: Dat ass den Top.

Francine Closener: Ier mir weider schwätzen, kuckt de Roby Sinner fir d’éischt nach eng Kéier op dës leschten Deeg zréck.

Reportage Roby Sinner:

Gëschter virun enger Woch, am Briefing nom Regierungsrot ass se komm, d’Fortis-Fro, an de Jean-Claude Juncker ass 7 Minutte laang hin an hier geruddert fir ze soen, datt en näischt kéint, dierft soen. Well ee falscht Wuert géing duer fir eng Bank an d’Kris ze geheien. Wéi akut dee Risiko schonn deen Ament war, wësse mir elo.

Méindes sot de Premier, ouni déi staatlech Milliarde géif et d’Fortis Lëtzebuerg nämlech guer net méi ginn. Dat huet gesiess, an d’Leit emol richteg nervös gemaach.

D’Wuert vun der Woch ass „Vertrauen“, egal ob et nees geschaf, gebuild, retabléiert, opgebaut, confirméiert oder wat der Jomer net nach alles ginn ass. Vun de grousse Parteien, vun de Syndikater, an och vu Rommes, Maquil, Wagner an Thill. Der Rei no: ABBL, Bourse, Dexia a Fortis.

Dat anert Wuert ass „Etapp“. Eng nei Etapp fir Vertrauen, soe mir, allez, ze schafen, gouf et schonn en Dënschdeg, déi Kéier fir déi aus der Escher Strooss.

D’Kommunikatioun an deem Fall huet net geännert, ma de Feeling vu ville Leit. Al sympathesch Bezeechnunge wéi d’Spuerbéchs oder d’Gromperekees hu stënterlech eng ganz sexy Allure krut. A well de Mënsch eben ass wéi en ass, gëtt op eemol spekuléiert, et misst een an d’Immobilien investéieren, heescht et, do sinn der geschwënn déi net méi no komme mat bezuelen.

Immobilien also. Bull heescht kafen. Verkafen hätt ech nëmme sollen, sote sech iwwerdeems trei Aktionären.

A mëttendran um Mëttwoch en equilibréierte Budget, a Steierentlaaschtungen, déi d’Majoritéit refuséiert, ouni rout am Gesiicht ze ginn, als Wahlbudget ze bezeechnen. Spéitstens no de Wahle riskéiert dee Budget emol kuerzfristeg mussen adaptéiert ze ginn. Wann net, dann hate mir alt nees eng Kéier eng S**chance an déi richteg Reflexer.

Vläicht gëtt et bis dohinner jo dann och eng staatlech Generalbank, méi Schlof fir Juncker, Frieden a Krecké, an och méi Zäit fir Diversificatioun. Dat gëtt elo bestëmmt nees modern. Net just op ee Secteur bauen, soe se dann. Scho laang näischt méi dovunner héieren a gesinn.

A jo, an dann hat sech och nach de Raphaël Stacchiotti gedopt. Mat wat, wéini a wierklech? Keng Ahnung. An de Frank Schleck, did he or did he not? Dat ass mir antëscht just nach egal. Ech hunn aner Suergen.

Francine Closener: Wéi de meeschte Leit wäert et esou goen. Iech wahrscheinlech och, Här Krecké, trotzdem komme mir herno awer nach eng Kéier op d’Affär Schleck zréck, och an Ärer Qualitéit als Sportsminister natierlech. Fir d’éischt awer emol d’Finanzkris.

Déi allermeeschte Leit si jo äiskal erwëscht gi vun der quasi Faillite vun der Fortis, an dann och nach direkt de Fall Dexia hannendrun. Hutt Dir et da gesi kommen? War dat an de leschte Wochen iergendwéi ofzegesinn?

Jeannot Krecké: Et ware munch Saachen ofzegesinn, mä d’Brutalitéit, mat där et komm ass, huet och eis awer e bëssen iwwerrascht.

Ech mengen, säit dem leschte Jor ginn et jo eng Rei Leit aus der Regierung, dorënner ech, déi dauernd probéieren d’Leit op Virsiicht anzestëmmen, well ee gemierkt huet, datt lues a lues dat Ganzt iwwergeschwappt huet. Mä dat si mir awer och ëmmer nëmmen etappeweis gewuer ginn. Villes war d’lescht Jor net gewosst. An ech muss soen, an deene leschten Deeg koum et wierklech knëppelhaart.

Mä doduerch, datt mir d’Eventualitéiten awer schonn eng Kéier am Kapp haten, ware mir net onvirbereet. An duerch déi vill schwiereg Dossieren, duerch déi d’Regierung scho gaangen ass, an déi ech zum Deel opgezielt hunn, mengen ech, hu mir mëttlerweil Erfahrungen an esou Dossieren.

Francine Closener: Ass deen Tsunami dann och vun de Banke selwer ënnerschat ginn, oder hutt Dir Iech vun deenen alulle gelooss?

Jeannot Krecké: Ech mengen, déi wosste selwer net, wat do géif lafen. An déi haten esou komplizéiert Instrumenter op eemol entwéckelt, datt nach just deen et wosst, deen et entwéckelt huet, mä all déi aner déi et gebraucht hunn net méi. An do läit den Haaptproblem.

Francine Closener: Mam agräife vun de Regierunge bei Fortis a bei Dexia sollt jo dat Schlëmmst verhënner ginn. Trotzdem sinn d’Clientë veronséchert, eng ganz Partie hunn hir Suen ewech geholl. A bei der Fortis gouf gëschter nogeluegt. Andeems den hollänneschen Deel verstaatlecht gëtt, krut de belsch-lëtzebuerger Deel elo 16,8 Milliarden Euro an huet dann elo erëm Liquiditéiten. Ouni dat wier et awer elle ginn. D’Vertraue war jo awer dann trotz deene Rettungsversich vun de Regierunge fort?

Jeannot Krecké: Et muss ee kucken, wat een elo ënner Vertraue gesäit. Do ginn et ganz vill Acteuren.

Et gëtt haaptsächlech emol déi Leit, déi hir Suen op deene Banken hunn, a wou mir, mengen ech, duerch dee ganz staarke Geste gewisen hunn, datt mir dofir suergen, datt, wann et nëmme méiglech ass, näischt dorunner kënnt.

Mir hunn dee Geste och gemaach vis-à-vis vun deene Leit déi do schaffen. Awer net nëmmen déi, mä och all déi Aarbechtsplazen déi indirekt un där ganzer Bank hänken. Well, iwwer déi Bank, gi jo Paien ausbezuelt fir Betriber, déi an deem Moment genee déi selwecht Problemer hätten.

An da gëtt et op där anerer Säit d’Vertrauen ënner de Banken, d’Vertrauen an de Marché, dat absolut net méi do war.

Och wann d’Leit glécklecherweis op eemol de richtege Reflex hate fir an déi Regierung ze gleewen, déi hei jo ënner sech genee weess wat se wëll, net wéi anerer. Mir hunn dee Problem jo net. Mir hunn eng handlungsfäeg Regierung, mir hunn en handlungsfäege Staat, ouni Problemer an de Regiounen. Mir hunn e Staat dee finanziell, a vun der Efficacitéit hier, ganz gutt opgestallt ass.

Wa mir dat net hätten, da kéint ee sech Suerge maachen. Mä dat hu mir alles. An am Verglach zum Ausland si mir wesentlech besser opgestallt, an dofir menge mir och, datt mir déi Situatioun mat där Bonitéit – dat heescht mat deem, wat de lëtzebuerger Staat am Ausland duerstellt – datt mir dat redresséiert kréien. A mir brauchen elo Vertrauen ënner den Haaptacteuren, fir datt se och een deem anere vertrauen, a Sue léinen. Dat war den Haaptproblem op eemol.

D’Clienten an déi Leit déi do schaffe wëssen, datt, wann de Staat sech esou wäit engagéiert, datt en och seng Responsabilitéit bis zum Schluss hëlt. Mä et huet geheescht elo och déi aner Kräften déi um Maart sinn, nach ze bewegen.

Francine Closener: Mä, wéi geet et dann elo wieder? Iwwer Fortis Lëtzebuerg verhandelt d’lëtzebuerger Regierung jo elo mat staarke Bankpartner, huet de Budgetsminister Luc Frieden gëschter gesot. A Finanzkreeser zirkuléiert den Numm PNB Paribas?

Jeannot Krecké: Also, de leschte Sonndeg huet de Luc Frieden jo am Numm vun der Regierung gesot, datt zwou Solutiounen um Dësch léichen.

Déi eng wier déi, e staarke Partner ze fannen. Dat ass leider net gegléckt, op alle Fall net zu deene Konditiounen déi mir gäre gehat hätten. Well hei gëtt jo keen Ausverkaf veranstalt. An déi Banke si jo gesond, déi lëtzebuerger Banken ëm déi et geet, an et ass d’Mammenhaus, dat meeschtendeels krank an infizéiert ass.

An dofir hu mir gesot, wa mir duerch d’Zäitdélaien net an der Lag sinn dat direkt de leschte Weekend ze maachen, da gëtt awer dofir gesuergt, an dat ass dann déi zweet Optioun, datt de Staat seng Responsabilitéit hëlt a mat eraklëmmt, an dofir suergt, datt déi ganz Saach iwwer d’Bühn geet. Dat hu mir gemaach, mä mir haten awer gesot, de lëtzebuerger Staat an d’lëtzebuerger Regierung si keng Banquieren, a wäerten och net Banquier spillen. Mir hunn ëmmer gesot mir mussen elo zolidd Partner fannen.

De leschten Donneschdeg, Freideg ass dunn déi Solidaritéit, déi zëscht de Benelux-Staate war, doduerch ewech gebrach, datt d’Hollänner gesot hunn, mir huelen eist Schicksal elo selwer an d’Hand, well mir der Meenung sinn, datt dat dee beschte Wee wier. An dorops hi war déi ganz Solidaritéit ënner deenen dräi Länner fort. Dat hu mir bedauert.

Mä elo musse mir kucken op dee Wee zréckzekommen, dee mir souwisou e Sonndeg schonn ugeduecht haten, nämlech ze kucken, ob mir net e staarke Partner mussen huelen. Well am Moment ass d’Situatioun déi, datt de belsche Staat den Haaptaktionär, an den eenzegen Aktionär um Niveau vun der Fortis Lëtzebuerg ass.

Francine Closener: Dat gefält Iech net?

Jeannot Krecké: An déi Situatioun gëtt dëse Weekend redresséiert, an de lëtzebuerger Staat wäert sech net desengagéieren. Mä mir musse kucken, datt mir en anstännege Partner fannen. Dir hutt een Numm genannt. Et ginn nach aner Méiglechkeeten. Mir probéieren dëse Weekend, an ech sinn och fest iwwerzeegt, datt mir dat muer stoen hunn.

Francine Closener: Mä Paribas ass also ganz wahrscheinlech? Et zirkuléiert och d’Rumeur, datt Paribas dee ganze Grupp wollt kaafen.

Jeannot Krecké: Dat war leschte Sonndeg, wou déi Rumeur zirkuléiert ass. Säit leschte Sonndeg ass d’Welt eng aner ginn. An dofir musse mir elo mat kalem Kapp nodenken, well elo hu mir zwee Deeg fir dat ze maachen. Et ginn och aner Méiglechkeeten evoquéiert. Mir wäerten eis net engem einfach esou ausliwweren. Dofir, Paribas ass nëmmen eng ënner ville Méiglechkeeten. Mir kucken déi bescht fir Lëtzebuerg erauszehuelen.

Francine Closener: Mä Dir maacht dat awer gären dëse Weekend, och aus Suerg ëm d’Dexia, well déi ass jo och nach net onbedéngt op der gewonnener Säit?

Jeannot Krecké: Mir hunn am Moment keng Kenntnis, datt elo direkt e Problem wier. Mä mir mussen eis op all Eventualitéite gefaasst maachen, an dat maache mir och. Et ass och vläicht fir d’Leit heiansdo schwéier tëscht der Realitéit, déi mir erliewen an iwwer déi mir da berichten, an eiser Kommunikatioun dat erauszefannen, mä do bieden ech awer och d’Leit eis e bësse Vertrauen ze schenken.

Ech hu gesot, mir hunn en handlungsfäege Staat, mir hunn eng handlungsfäeg Regierung, an d‘Problemer déi entstinn, an d’Léisungen déi méiglech sinn, kënnen net all op der Place publique diskutéiert an entscheed ginn. Dofir hu mir och heiansdo vläicht en Discours dee schwéier ze verstoen ass. Mä et dierf een net Angscht hunn: mir musse jo och alt rieden, fir datt d’Marchéë versti wat mir gär hätten. An déi zwou Saache si schwéier ënner een Hutt ze kréien.

Francine Closener: Mä Vertrauen, dat ass jo scho bal eng Zort Mantra ginn. Kann een dann iwwerhaapt nach engem vertrauen? Wie kann dann iwwerhaapt nach d’Wourecht soen, wann all Wuert wat eventuell negativ kéint interpretéiert ginn, direkt seng Repercussiounen op der Bourse huet, an dann zu enger self-fulfilling prophecy gëtt? Da ka jo am Fong keen d’Wourecht soen.

Jeannot Krecké: Neen, mir mussen endlech vun där Iddi ewech kommen, déi mir awer elo quasi ee Jorzéngt am Kapp haten, nämlech datt Lëtzebuerg eng Insel wier, an datt all d’Problemer vun der Welt laanscht eis géife goen.

Ech gehéieren net zu deenen, déi probéiert hunn dat do ze ënnerhalen. Mä ech hu ganz oft gesot esou ass dat net, a vill Kritik dofir agestach. D’Welt huet sech säit der Globaliséierung geännert, an d’Welt huet sech säit de Joeren 2001, 2002 geännert. An dorops musse mir eis astellen.

An all déi, déi gemengt hunn, et géif op eng einfach Aart a Weis goen, wéi mir déi Situatioun kéinte redresséieren, wäerten hoffentlech gesinn, datt déi Leit, déi hinne gesot hunn, esou geet et net, datt déi Recht hunn. An dofir sinn et och déi Leit, déi dat gesot hunn, déi d’Vertraue vun de Leit genéissen, an net déi, déi d‘Leit am Moment Gott weess wat gleewen dinn.

Ech gehéieren net zu deenen, déi wëlles hunn de Leit Geschichten ze zielen. Ech kucke mech nach gären an de Spigel. Datt ech heiansdo a menger Kommunikatioun nuancéieren, gestinn ech gären an. Mä datt ech awer scho vill Wourechte gesot hunn an dofir Streech kritt hunn, dat ass awer och sécher.

Francine Closener: En Enn vun der Kris ass jo awer nach guer net ofzegesinn. Et ginn och scho Wirtschaftsprofesseren, déi recommandéieren de Leit um Internet emol fir zwee Méint Liewensmëttel anzekafen, Holz anzeleeën an e Vëlo an der Garage prett ze hunn, well iergendwann d’Geld näischt méi wäert wier. Ass dat iwwerdriwwen?

Jeannot Krecké: Dat ass iwwerdriwwen, a wéi ëmmer si Leit, déi sech wichteg maachen an esou Situatiounen, net hëllefräich beim Redressement vun der Situatioun selwer. Si hu jo och d’Responsabilitéit net, a kënne Gott weess wat vum Stapel loossen.

Dir hat mech gefrot, ech gräifen da vir, ech soll Iech eng Musek matbréngen, oder ech soll Iech suggéréiere wat et wier. Et ass vum Jacques Brel. An de Jacques Brel ass jo keen, deem ee just wéint der Musek nolauschtert, mä wéint deem wat hie seet, well e ganz kriddeleg Tabuthemen op eng flott Aart a Weis seet. An dee seet ganz schéin an deem Lidd „Vesoul“, wou all méiglech Leit him drarieden, an all méiglech Leit him soen, wat ass, datt en es genuch huet. Ob dat elo hei Acteuren an der Wirtschaft sinn, Acteuren op de Marchéen, Acteuren an der Gesellschaft, déi jiddwerengem jo soe wat mir musse maachen.

An ech mengen, et geet elo duer. All déi Guruen, déi gemengt hunn, si géingen dat besser wësse wéi mir. Mir maachen och Feeler, mä mir gi gestrooft wa mir Feeler maachen. Mir ginn ofgewielt, mir verléieren d’Vertraue vun de Leit. Dat probéiere mir ze evitéieren. An déi Leit sollen och emol e bësse méi kuerz trëppelen, déi sollen elo emol wëssen, datt et duergeet. D’Politik huet vläicht de Feeler gemaach, dat ee Moment lafen ze loossen, well awer d’Meenung allgemeng esou war. Mir suivéiere jo och heiansdo e bësse wat d’Leit mengen. An, ech muss soen [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Vläicht zevill.

Jeannot Krecké: Jo, dat ka sinn. Wa mir et net maachen, da gëtt gesot, d’Leit kënne soe wat se wëllen, dir lauschtert net op se. Et lauschtert een e bëssen op se, mä et huet ee gemierkt, déi Richtung do, do gëtt et e Redressement total, deen noutwenneg ass.

D’Politik muss emol erëm eng Kéier den Dirigent an där ganzer Saach sinn. Déi Leit, déi gesot hunn, d’Marchéë regelen Iech alles, déi hu versot. An déi mussen dat wëssen, an déi mussen et gesot kréien. De Misère ass, datt dat do ganz, ganz vill kascht huet.

Francine Closener: An déi Leit kréien dann och nach Abfindunge vun 160 Milliounen Dollar.

Jeannot Krecké: Dat ass jo elo emol net de Fall, a mir wäerten och dofir suergen, datt dat geännert gëtt. Et ass just net esou einfach.

Wësst Dir, an engem Rechtsstaat gëllt de Kontrakt. A wann e Kontrakt gemaach ginn ass, deen absurd ass, dann ass et nach ëmmer e Kontrakt. An dann ass et schwéier, reng juristesch eppes dogéint ze ënnerhuelen, wann net den Drock vu bausse kënnt, wann net duerch politeschen Drock, wéi elo a Frankräich op den Axel Miller. Da leien déi Leit richteg, wa se dat akloen, wat se dommerweis vun deenen, déi hir Responsabilitéit haten, drageschriwwe kruten.

An dofir musse mir dat redresséieren. Mä dat ass net esou einfach, soss muss de Staat op eemol a Privatkontrakter agräifen, an a Paien, wat ëmmer eng ganz schwiereg Situatioun ass. Mä sécher ass et, datt et inakzeptabel ass, an déi Leit mussen dat wëssen. An dat muss geännert ginn, mä ech soen Iech, et ass net einfach.

Francine Closener: Et ass jo evident, datt méi Kontroll, méi Reglementéierung muss kommen. Et gëtt jo op jiddwerfall vu ville Leit gefuerdert. Wéi kéint dat dann nach ausgesinn, ofgesinn elo vun deem Punkt, deen Dir elo ugeschwat hutt?

Jeannot Krecké: Also, et ass jo net esou, wéi wa mir nach net driwwer nogeduecht hunn. Säit engem Jor ginn am ECOFIN ganz intensiv eng Rei Mesuren engagéiert. Mä ech muss soen, an enger Rei Dossiere war et bis elo éischter esou, datt Nationalinteressen nach ëmmer vill gespillt hunn, esou datt mir och vläicht méi schnell hätten do kënnen handelen.

D’Angscht ass ëmmer déi vun der Iwwerreglementéierung, an dem Zouwierge vun den Aktivitéiten, dofir muss een oppassen, datt een elo net dat Falscht mécht. Et dierf een net am Affekt handelen. Beispillsweis huet d’Kommissioun proposéiert fir en europäesche Regulateur ze hunn. Mir waren ni där Meenung. Mir hu gesot, elo erëm eng Kéier iergende Waasserkapp dohinner ze setzen, dat ass net geleeën.

Awer, eng besser Koordinatioun tëscht deenen déi do sinn, tëscht de Banques centrales, hu mir schonn, dat leeft gutt. Tëscht de Regulateuren, déi ka verbessert ginn [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Also wéi d’CSSF?

Jeannot Krecké: Wéi eis Kommissioun, déi d’Surveillance vum Finanzsecteur mécht. Mä doduerch, datt et international Gruppe sinn, europäesch Banke sinn, spillen e puer Länner mat, an ass déi Koordinatioun ze verbesseren. Dat Beispill hei ass ee Punkt ouni Zweiwel.

Francine Closener: Kënnt Dir Iech virstellen, datt deen dann och haut schonn op deem europäesche Spëtzentreffen zu Paräis décidéiert gëtt, oder si mir nach net esou wäit?

Jeannot Krecké: Also, mir wëlle jo zwou Saache maachen.

Mir wëlle kucke wéi mir eis hei an Europa eenegen, wéi mir eis opstelle mat eise Regelen. Ech ginn dovun aus, vu datt déi wichtegst Länner do sinn, plus d’Banque centrale, d’Kommissioun, an den Eurogrupp, datt do eng Rei Impulser wäerte kommen, déi och hiren Nidderschlag wäerte fannen, wa mir eis de 7. Oktober hei zu Lëtzebuerg treffen, fir den ECOFIN a fir den Eurogrupp.

Op där anerer Säit soll et jo och d’G7 Treffe virbereeden, wou jo aner Acteuren dobäi sinn, dat heescht, wou d’Amerikaner mat de Japaner um Dësch sëtzen, an esou weider.

An dofir ass et wichteg, datt mir do eng Vue hunn, fir déi och emol op dee richtege Wee ze bréngen, an déi do kënnen ze presentéieren. Well ech mengen, wat an Amerika geschitt ass, weist jo, datt déi och nach villes ze léieren hunn.

Francine Closener: Dir sidd alles anescht wéi amused wann et ëm d’Banker geet, mä wat reegt Iech dann eigentlech méi op? D’Banken, oder d’Steierrecetten, déi elo ewech falen? Well un deenen dubiéise Geschäfter, déi vill Banke gemaach hunn, huet eise Staat jo awer exzellent matverdéngt?

Jeannot Krecké: Also, ech sinn e bëssen iwwer d’Situatioun not amused.

Ech sinn och iwwer eng Rei Banker net amused. Mä dat wëll awer net heeschen, datt et keng gutt Leit do ginn. Mir sinn amgaangen ze kucken, datt déi Leit déi gutt sinn, datt déi en Place bleiwen an hëllefen d’Kar erauszerappen.

Sécherlech kritt dat do Konsequenzen op d’Steieren. Mir wäerten de Steierbudget vun 2009, awer haaptsächlech och dee vun 2010, erliewen, datt e Schwächten op deem Punkt wäert opweisen. Eis Wirtschaft ass gesond. Mir si gutt opgestallt an all deenen anere Secteuren déi mir bedreiwen. Mir musse kucken, datt dat net iwwerschwappt op déi Secteuren.

Dofir ass et och esou wichteg, datt näischt am Finanzsecteur geschitt. Well dat kritt direkt seng Repercussiounen. Sief et doduerch, datt keng Kreditter méi kommen, sief et doduerch datt d’Betriber hir Fonge verléieren. Mir musse kucken, datt dat wat mir gutt hei maachen, an dat ass dat meescht, datt dat och weiderhi fonctionnéiert.

A wann dat de Fall ass, a mir kréien d’Vertraue vun de Konsumenten, wou mir jo awer trotzdem vis-à-vis vun deene Länner niewendrun eng staark Kafkraaft an eiser Bevëlkerung hunn. Mir hu Kafkraaft hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn der vläicht e bësse manner, a besonnesch Leit mat klenge Revenuen hunn der vläicht manner, mä si ass do. Mir gesinn dat op de Recettë vun der TVA. Et ass nach keen Abroch ze verzeechnen.

Also muss ech soen, datt mir dat och sollen ënnerstëtzen, an datt mir solle kucken op deem Wee, dee mir elo gefuer sinn, wat deen ass vum vertrauensbildende Budget, datt mir dee weiderfueren. Do dierf net all 5 Minutten dru gewackelt ginn.

Francine Closener: Stéchwuert Diversifizéierung. Et kommen alt emol kritesch Téin, datt et domat nach net esou wäit hier ass. Wëll Dir dat dann elo nach weider dreiwen? Wat hutt Dir bis elo eigentlech Opweises do dran?

Jeannot Krecké: De Roby Sinner huet gesot, et huet ee scho laang näischt méi héieren. Ech mengen, en ass net ëmmer op där Plaz, wou ech sinn. Ech ginn net midd zanter Joeren dat do ze priedegen. Ech stelle just eppes fest. Hei zu Lëtzebuerg hu mir eis der Illusioun ginn, mir kéinte just vu Servicer a just vun der Finanzplaz liewen.

Mir hunn d’Liewe vun den normale Betriber net vereinfacht. Mir hunn allméiglech Efforte gemaach, mä ech stelle fest, dat ass nach net an de Faiten esou, wéi et soll sinn.

Francine Closener: Dat heescht? Wat bedeit dat?

Jeannot Krecké: Ma dat heescht, datt mir eng Tendenz hunn, wann Damp ass, wa Verkéier ass, wa Camionë fueren, wa Kaméidi ass, datt dat eis stéiert. Dat ass och richteg.

Mä et fonctionnéiert keng Industrie, et fonctionnéiert keen Handwierker esou wéi mir, an engem Raum, wou kee Mënsch gestéiert gëtt, duerch dat wat mir hei maachen.

Et muss een awer wëssen, datt et esou net geet, well mir brauchen déi Produkter. Da gi mir se an Zukunft all an d’Ausland kafen. An all déi, déi da géint d’CO2 Emissioune sinn, déi solle wëssen, datt mir dann all Produkt aus China an aus Indien aféieren. Ass dat Sënn an Zweck dovun? Hu mir net besser hei vläicht eis Standarden an eis Aart a Weis virzegoen eng Kéier ze iwwerkucken, fir datt mir emol erëm och hei kënne produzéieren, an deene Leit et net onméiglech maachen ze produzéieren?

Mir musse wëssen ob mir ënner enger Klack wëlle liewen, an engem Paradies, a mengen alles géif esou weider lafen, wéi et bis elo gelaf ass. Dat soen ech net eréischt zanter haut, dat soen ech zanter Jor an Dag, zanter datt ech Politik maachen. A virun allem zanter datt ech déi Responsabilitéit hunn. Dofir wëll ech just soen, datt ech meng Meenung net geännert hunn. Mä datt ech hoffen, datt ech méi Ënnerstëtzung dofir kréien, och an der Bevëlkerung, a méi Versteesdemech wa mir eng Wandmillen opriichten, datt dann net direkt d’Welt zesummebrécht well mir jo fir alternativ Energië sinn, awer net wëllen, datt eng Wandmillen do ass.

Mir musse wësse wat mir wëllen. An ech mengen, ech hat eng Kéier de Choix de société am Joer 1995 évoquéiert. Virun deem sti mir. An dofir: Diversifizéierung, aner Secteure weider opbauen, dat ass dat wat gëllt. Mir hunn de Gesondheetstechnologiesecteur elo lancéiert. Mir sinn e grousse Risiko agaangen. Ier déi Kris do komm ass hunn ech dat an d’Wee geleet mat menge Kollege Mars di Bartolomeo a François Biltgen.

An dat weist, datt een och haut muss investéieren, Suen op den Dësch leeën, fir datt Savoir-faire op Lëtzebuerg kënnt, datt mir dee Savoir-faire duerno kënne wirtschaftlech notzen. Dat ass de Wee dee mir musse goen. Mä do hätt ech och gären e bësse méi Versteesdemech, souwuel bei den Administratioune wéi bei der Bevëlkerung, datt dat net ouni Problemer geet, an net ouni, wéi soll ech soen, Onannehmlechkeeten.

Francine Closener: Wéi gesäit et dann a punkto Logistik aus? Dat ass jo awer och ee vun Ären Dadaen?

Jeannot Krecké: Dat gesäit gutt aus. Mä och do hunn ech heiansdo Schwieregkeeten, datt ech mierken, datt dat stéiert. Jo, sécher, et stéiert. Et ass eng Aktivitéit déi stéiert, mä et ass eng Aktivitéit, déi zukunftsträchteg ass. Mir hunn e ganze Koup Leit, déi sech dofir interesséieren. An ech wäert dat och beweisen an enger oder zwou Wochen, datt dat demarréiert, an datt doraus eppes gëtt. Mä mir dierfen deene Leit et net onméiglech maachen. Dat gëllt da fir all Acteuren, déi staatlech Acteuren, déi Gemengenacteuren an d’Bevëlkerung.

Mir musse wëssen, mir fannen net all Dag eng nei Finanzplaz, a scho guer näischt méi zum Prix Zéro.

Francine Closener: Mä de Wahlkampf ass amgaangen, déi Gréng hunn haut hire Kongress, wou schonn de Wahlprogramm virgestallt gëtt.

Elo iergendwann eng Kéier kënnt jo op Iech d’Fro zou: wéivill Aarbechtsplazen hutt Dir dann an all deene Secteure geschafen? Wat kënnt Dir dann do äntwerten? Hutt Dir do e konkrete Chiffer?

Jeannot Krecké: Majo, d’lescht Jor hu mir der, mengen ech 18.000 geschaaf, dat Jor virdrun [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Ofgesi vum Finanzsecteur elo wuel verstanen.

Jeannot Krecké: Jo, mä eng Regierung ass e Ganzt, an eng Regierung huet herno ze weisen, ob se Aarbechtsplaze geschaaft huet oder net.

An do ass et egal ob de François Biltgen déi eng gerett huet, déi aner geschaaft huet, ob ech se geschaaft hunn, ob se vum Luc Frieden geschaaft gi sinn. Dat ass dach wierklech net dat, wat zielt. Herno ass dat wat zielt wat mir um Dësch leien hunn. Eng Regierung ass e Ganzt, an dat Land hei ass och e Ganzt, an et ass d’Resultat als solches wat zielt.

Mir musse kucken, ob d’Opdeelung vun de Plazen déi esou geschaaft gi sinn, ob déi net anescht kéint verlagert ginn, dat hu mir jo probéiert. Mir haten eben d’Feststellung, datt dat meescht an a ronderëm de Finanzsecteur geschitt ass. Tant mieux, datt dat esou ass, mä mir musse wëssen, datt mir do staark ofhängeg sinn, esou wéi mir och an aneren Domäner ofhängeg sinn. Dat musse mir ee fir allemol an eis Klatz setzen, datt et net geet, datt mir mengen hei zu Lëtzebuerg wier et ouni Problemer ze maachen, an datt just mir alleng géingen décidéieren.

Francine Closener: Frankräich rutscht an d’Rezessioun. Fir Lëtzebuerg rechent d’Regierung fir d’nächst Jor awer nach mat engem Wirtschaftswuesstem vun 3%, dat soten de Premier an de Budgetsminister e Mëttwoch bei der Presentatioun vum Budget. Ass dat net awer ganz extrem optimistesch?

Jeannot Krecké: Et sinn déi Chifferen op déi mir eis baséiert hunn, déi mir Ufanks September kruten, a mir sinn elo och op där Schinn weidergefuer. Et geet net, datt een a senger Regierungstätegkeet bei all Ëmännerungen, déi sech dobaussen weisen, direkt seng Chifferen ännert.

Wa mir dat alles gemaach hätten, wat heiansdo vun eis gefrot ginn ass, dann hätte mir iergendwann d’TVA erofgesat, wat zwar net geet, mä enfin dat ass gefrot ginn: um Bensin an um Diesel d’Accisen, an allméiglech Saachen. An dann zwee Deeg duerno ass et anescht. Dann ass den Uelegpräis erëm erof gaangen, dann ass d’Dollar-Paritéit eng aner. Wann Dir ëmmer dat maacht, wat just jiddwereen zu deem Moment wëll, da maacht Dir keng sérieux Politik. Dir musst mëttelfristeg kucken esou eppes ze maachen, laangfristeg seng Ziler ze stellen.

Et kann een net op alles, wat dobausse geschitt, reagéieren. Mir maachen et da wann et noutwenneg ass. Dat hu mir elo an der Bankekris bewisen. Do huet et net geheescht, datt een nach e puer Woche waart. Mä hei an dëser Fro kënne mir roueg kucke wéi déi Saach sech entwéckelt. Mir hunn e Budget opgestallt, wou mir de Leit och wëlle weiderhi weisen, datt mir Investissementer hei zu Lëtzebuerg wëlle maachen, wou déi déck Zommen déi mir an eenzel Secteuren stiechen, dra sinn, wou och d’Infrastrukturverbesserungen dra sinn. Dat ass de Wee, dee mir wëlle goen, a mir gleewen u Lëtzebuerg.

Francine Closener: Mä am Kapp hutt Dir awer och schonn en anere Szenario, e Plang „B“?

Jeannot Krecké: Deen huet een aus Erfahrung, well ee jo weess, datt heiansdo Saachen anescht lafen. A bis elo hu mir et nach ëmmer fäerdeg bruecht, dat hu mir bewisen, datt mir dann och capabel waren ze reagéieren. An dat wäerte mir och elo maachen.

Francine Closener: Jeannot Krecké, Merci emol fir elo. Mir maachen eng Paus, da kënnt de Journal, an da geet et virun.

[Noriichteniwwerbléck mam Max Theis]

Francine Closener: Ier mir nach weider op de Budget aginn, Här Krecké, wollt ech nach op eppes agoen, wat eng Fra gesot huet, déi eis elo grad ugeruff huet hei an der Redaktioun.

Si ass d’Accord mat Iech, datt Dir sot, mir wunnen hei net, mir liewen hei net op enger Insel. Déi Madame schafft am Personalbüro vun enger Multi-nationale, a si seet ganz vill Lëtzebuerger, déi sech bei si virstelle kommen, wiere schlecht forméiert, se wieren net richteg motivéiert, an se géife vun deenen auslännesche Kandidaten dräi mol iwwerdubbert ginn. Wat sot Dir dann dozou?

Jeannot Krecké: Also mir mussen doudsécher am Beräich vun der Erzéiung, vun der Formatioun vun eise Leit, Efforte maachen. Mir mussen eis Leit drop virbereeden net nëmmen herno beim Staat oder bei de Gemengen ze schaffen, mä och an engem méi haarden Ëmfeld.

A virun allem musse mir kucken – eppes wat ganz luewenswäert ass – nämlech déi Allgemengerzéiung déi mir pousséieren, datt d’Leit spezialiséiert herno och genuch Kenntnisser hunn, fir kënnen ze liewen an enger Welt wou effektiv da soss Leit geholl ginn, déi eben déi Notiounen hunn.

Mir hunn e Besoin vun héichspezialiséierte Leit, och a Beräicher wou mir mat Sécherheet net genuch Leit hunn, an dofir hu mir jo och dat Gesetz iwwer d’Immigratioun op deem Punkt verbessert, wou mir méi einfach Prozeduren hunn elo fir héichspezialiséiert Leit.

Eis Wirtschaft kann nëmmen dréine mat deene Leit, an da musse mir wëssen, datt wahrscheinlech och esou wéi dat - Lissabon ass en Terme deen am Fong geholl de Leit schonn op d’Nerve geet an de Leit näischt seet - d’Lissabon-Strategie seet: „Baut op d’Wësse vun de Leit, a bilt dat aus, an de Rescht kënnt no“.

An dat musse mir probéieren an ech mengen, dat si mir och mam Mady Delvaux am gaangen ze maachen - et stéisst jo op vill Widderstand heiansdo -, d’Richtung déi d’Mady Delvaux ageschloen huet, ass déi richteg.

A mir musse wëssen, datt mir all weider Entwécklungen, dat weise mir jo och an de Gesondheetstechnologien, musse mir och an der Logistik maachen, musse mir opbauen op Wësse wat mir net hunn, musse mir erbäiféieren, an e bëssen awer och hei développéieren, fir datt et och hei bleift.

Francine Closener: D’Gefor ass awer grouss, esou laang wéi de Staat an d’Gemengen nach ëmmer gutt bezuelen, an zëmools elo an onsécheren Zäiten, datt d’Leit sech awer dann trotzdem léiwer do eng Sécher siche ginn.

Jeannot Krecké: Ech hoffen, datt déi Bewegung eng Kéier an eng aner Richtung geet, an datt mir och de Privatsecteur mol erëm esou kënne bedéngen, mä mir si ganz einfach net zahlreich genuch mat lëtzebuerger Nationalitéit fir all déi Posten ze besetzen, déi ze besetze wieren.

De Gros vun hinne misst quasi an den Enseignement goen, a bei de Staat a bei d’Gemengen, an da bleift net méi vill iwwereg fir de Privatsecteur, an dofir hu mir vill Auslänner déi am Privatsecteur schaffen.

Mä mir mussen dat Ongläichgewiicht erëm eng Kéier hierstellen, also dat heescht redresséieren.

Francine Closener: Ee grousse Chantier, een anere Chantier, ass da wéi gesot de Budget. De Gast Gybérien vun der ADR huet beispillsweis bei där Presentatioun vum Budget dës Woch Muneches vermësst.

Gast Gybérien(O-Toun): Ech géif soen, datt dat hei net de Budget vum Joer 2009 ass, mä et ass a priori e Budget vum 7. Juni 2009, et ass e Wahlbudget.

Wann ech haut hei de Staatsminister an de Budgetsminister héieren hunn, hu se mat kengem Wuert am Fong budgetär Répercussiounen ugeschwat, déi zum Beispill d’Finanzkris kritt. Mir wëssen datt déi sech net 2009 am Budget nidderschloen, mä datt déi an de Budgeten 2010, 2011 wäerte kommen.

Mä et hätt ee jo awer kéinten erwaarden, datt haut dat eent oder dat anert Wuert driwwer verluer gaange wier, an datt eng Regierung bei enger Presentatioun vun engem Budget, deen méi an engem laangfristege Kontext gesat hätt.

Francine Closener: Ass dat zevill verlaangt, wat de Gast Gybérien do seet? Wëllt d’Regierung net méi wäit no vir kucken, oder kann se et iwwerhaapt guer net?

Jeannot Krecké: Majo à l’encontre vun deem wat den Här Gybérien seet, gleewe mir drun, datt een déi Situatioun ka redresséieren, an datt een och domat ka sécherstellen, datt am Joer 2010, dofir hu mir jo awer nach quasi anerhalleft Joer, d’Méiglechkeeten erëm bestinn, datt mir an där Situatioun, wou mir ee Moment waren, och erëm eng Kéier kënnen hikommen.

Datt et net einfach gëtt, dat wësse mir och. Mä et muss een och un eppes gleewen, a wéi gesot, net all 5 Minutten eppes anescht soen, an eppes anescht maachen.

Francine Closener: D’Investitioune gi jo héich gehalen, d’Betriber missten also déi nächst Méint op d’mannst vum Staat emol genuch Opträg kréien. Dat dierft Iech jo dann awer wierklech freeën?

Jeannot Krecké: Dat ass de Fall. Ech mengen, mir hätte ganz liicht kënnen aspueren an deem Budget, an erof goen, e vill bessert Resultat opweisen, mä mir hu gemengt, dat wier de Feeler. Mir musse weiderhin investéieren an déi Secteuren, an an déi Infrastrukturen déi muer och d’Zukunft vum Land kënnen ofsécheren.

Mir féieren heiansdo Discussiounen déi menger Meenung no net wichteg si fir d’Zukunft vun eisem Land. A mir vergiessen heiansdo déi, déi wichteg si fir d’Zukunft vun eisem Land.

Francine Closener: D’Fuerschung zum Beispill?

Jeannot Krecké: D’Fuerschung gëtt ganz staark ënnerstëtzt, souwuel déi ëffentlech beim Här Biltgen, an déi privat bei mir.

Mir hunn eng enk Zesummenaarbecht op deem Deel vun der Politik, an ech kann Iech versécheren, do ass elo finanziell ganz villes geschitt, an dat wäert och an deene nächste Joere weider goen. Et ass net do, wou mir sollen ufänke mat spuern, well dat ass do wou eis Zukunft läit.

Francine Closener: An d’Steiermoossnamen zu Gonschte vun de Betriber, notamment dee méi nidderen Taux vun der Kollektivitéitssteier, ass dat genuch fir d’Kompetitivitéit ze erhalen?

Jeannot Krecké: Dat ass net genuch, mä et ass zu dësem Zäitpunkt appropriéiert.

Francine Closener: Dat heescht, et kënnt nach eppes no?

Jeannot Krecké: Mir haten indiquéiert, datt ee muss op der Gesamtsteierlaascht fir d’Betriber op 25% goen, mä et ass net appropriéiert dat fir de Moment ze maachen.

Ech menge mir hu bei de Privatpersounen eng Rei Situatioune probéiert ze redresséieren. Mir wëssen, datt d’Tabell laang net ugepasst ginn ass, dat heescht, datt an de mëttlere Revenuen déi Leit effektiv u Kafkraaft net verluer hunn well hir Peien awer an d’Luucht gaange sinn, mä et awer spieren, an de Staat awer méi ageholl huet. Dofir hu mir dat redresséiert, a mir hunn op där anerer Säit eng Rei Mesüre geholl, déi schonn zum Deel revolutionär sinn, mä enfin, bei deenen Zäiten hei geet dat alles ënner.

Mir hunn den éischte Schrëtt a Richtung negativ Steier d’lescht Joer gemaach, wéi mir dee Bonus fir d’Kanner agefouert hunn, wou jiddwereen dat selwecht kritt, och deen, dee keng Steiere bezilt. D’Iddi vun der negativ Steier ass nämlech déi. A mir fueren elo op deem Wee weider, wou Abattementen - dat heescht Fräibeträg, wou am Fong geholl nëmmen déi profitéieren, déi vill Steiere bezuelen, oder iwwerhaapt Steiere bezuelen, an déi aner guer näischt - all déi Saachen hu mir elo emgewandelt an e Steierkreditt. Dat seet de Leit näischt, mä dat heescht, datt jiddwereen eppes dovunner huet, an zwar exakt dat selwecht.

An dat hu mir elo, souwuel fir déi déi schaffen agefouert, dat hu mir agefouert fir déi déi eng Pensioun hunn, dat hu mir ganz besonnesch fir d’Allengerzéier agefouert.

Mir hu Verbesserungen am Beräich Logement dobäigefouert.

Dir gesitt, datt also eng ganz Rei Verbesserunge komm sinn um steierleche Wee, fir déi Couche déi Steiere bezilt, fir deenen ze hëllefen, awer och fir déi, déi keng Steiere bezuelen.

Do hate mir jo schonn Aktioune geholl, mir hunn den Heizkostenzuschuss ëmgeännert an en Zuschuss fir d’Deierrecht. A mir mussen deene Leit haaptsächlech hëllefen am Moment. Dat hu mir gemaach, a mir hunn elo och den Équiliber hiergestallt mat deenen anere Couchen, woubäi dann eben déi Leit, déi vill verdéngen vläicht net grad esou an de Genoss komme vun deene Mesüren. Mä dat ass elo net dat, wat noutwenneg ass.

Francine Closener: Ech wollt awer och nach op eng Ausso zréckkommen, déi de Premier virun net all ze laanger Zäit gemaach hat.

D’Steiertabell kënnt just a gudden Zäiten em 6% ugepasst ginn, huet hien deemools gesot, an elo sinn d’Zäite schlecht, a mir passe se em 9% un. Ass dat logesch, oder ass dat Wahlbudget?

Jeannot Krecké: Dat ass kee Wahlbudget. Mir mir hu Moossnamen am Beräich vun der Indexmoduléierung, déi mir ofgemaach hunn, an zu deene mir stinn, an déi mir och net wäerten änneren. A mir hu gemengt, wa mir Saachen redresséieren, op Grond vun der Deierrecht, déi awer am Laf vun de Joere komm ass, déi normal ass, déi et och an anere Länner gëtt, datt mir e Redressement maachen, dat heescht, datt mir de Leit hëllefen, an datt mir se ënnerstëtzen. An dofir hu mir et gemaach op der Säit vum Staat, an net op der Säit vun den Entreprisen.

Wier den Index direkt erëm hiergestalt ginn, da wieren esou vill Entreprisen haut a Schwieregkeete komm. Dat maache mir net. Mir huelen d’Responsabilitéit do wou se ze huelen ass, an dat hu mir gemaach. An dat soll awer e wesentleche Punkt si fir ze kompenséieren, Saachen déi op anere Punkte verluer ginn.

Francine Closener: Si se dann och manner deier, wéi wann een en Index erëm voll spille gelooss hätt?

Jeannot Krecké: Zum Deel redresséiere mir ganz staark, mä dat ass ganz ofhängeg wéivill datt ee verdéngt.

Dat kann een net iwwer ee Läisch zéien, an dat soll een och net esou rechnen.

Mir hunn e Mechanismus fir d’Deierrecht auszegläichen, an dee hu mir moduléiert, an dee bleift bis 2010 esou bestoen. Wat duerno geschitt, dat décidéiere mir wann et esou wäit ass. Jiddwereen deen haut wëllt soen, wat am Joer 2010 geschitt, dee erzielt de Leit eng Geschicht. An et huet ee gemierkt, d’Geschicht kann ännere bannent Deeg, a bannent Wochen, an ech erzielen de Leit keng Geschicht. A mir bleiwe bei denen Ofmaachungen déi mir hunn, wou mir wësse wou mir higinn. A wann et esou wäit ass, da kucke mir wéi d’Situatioun ass, an da gëtt dat gemaach, wat mir ugedeit hunn, da gëtt dat och erëm hiergestalt. Mä et muss ee kucke wéi d’Situatioun dann ass. Ech verspriechen op alle Fall näischt an déi Richtung.

Francine Closener: An trotz dem Njet vum Premier an och vun Iech hält den OGBL awer u senger Indexfuerderung fest, an den OGBL-President Jean-Claude Reding sot dës Woch och dat hei.

Jean-Claude Reding (O-Toun): Et ass net den Index deen dozou féiert, datt d’Präisser an d’Luucht ginn, well alleng de Fait, datt jo am Moment den Index mat Verspéidung formuléiert a fonctionnéiert a gläichzäiteg d’Präisser an d’Luucht ginn, daat beweist jo eigentlech, datt dat an deem aktuelle Kontext an op deem Niveau wou mir sinn, net stëmmt. An och déi Étuden déi mir iwwer d’Beruffschamberë gemaach hunn, an déi net contestéiert gi sinn bis elo an hirer Richtegkeet, déi weisen, datt den Impakt vum Index op d’Inflatioun zu Lëtzebuerg eigentlech minimal ass.

Francine Closener: Contestéiert Dir dann déi Aussoen, respektiv déi Étuden?

Jeannot Krecké: An den Nuance sinn ech e bëssen anerer Meenung, mä an der genereller Ausriichtung verstinn ech dem Jean-Claude Reding seng Suerg. Mä hei geet et jo net drëm alleng vun deenen Zweet-Ronnen-Effekter ze schwätzen, dat heescht, datt dat d’Inflatioun géing unheizen, mä hei geet et jo einfach och drëm den Impakt net op d’Inflatioun, mä den Impakt op d’Betriber ze kucken.

Et geet jo an der Discussioun déi mir an der Tripartite gefouert hunn net nëmmen iwwer de Staatsbudget. Et geet jo och em d’Situatioun an de Betriber. An dat ass eis Haaptsuerg elo ee Moment gewiescht, datt mir d’Betriber ënnerstëtzen, datt déi anstänneg kënne fonctionnéieren, an datt mir deenen net d’Méiglechkeete méi kleng maachen, well dorënner leiden direkt déi Leit, déi do schaffen.

An ech verstinn dem Jean-Claude Reging seng Bedenken, mä nodeem datt hie wahrscheinlech awer e Mëttwoch héieren huet, wat mir vu Moossnamen alles an d’Wee geluegt hunn, misst en Apaisementer hunn, a misst e gesinn hunn, datt en Deel vu senge Revendicatiounen Gehéier fonnt hunn. All kënnen net erfëllt ginn, mä mir hunn déi erfëllt, déi mir als sënnvoll emfonnt hunn.

Francine Closener: Kucke mir emol wéi dat weider geet. Eng héich Inflatioun bleift eis op jiddwerfall erhalen, an héich Energiepräisser och?

Jeannot Krecké: D’Inflatioun wäert zréck goen.

Dat soen ech Iech elo net, well ech e Wahrsager sinn, mä ganz einfach well ech d’Mechanisme kennen, an d’Pëtrolspräisser sinn zréck gaangen elo.

Dat heescht mir kommen elo an eng Period wou se manner héich si wéi an där selwechter Period d’lescht Joer. Mir vergläiche jo ëmmer ee Mount. De September vergläiche mir mam September vum leschte Joer. D’lescht Joer ass eréischt am Oktober déi Präishéicht bei de Pëtrolspräisser komm.

Dat heescht, wann een da vergläicht, datt et elo bei eis zréck geet an et d’lescht Joer an d’Luucht gaangen ass, dann ass et evident, datt an deenen nächste Méint d’Inflatioun wäert zréck goen, vue datt se haaptsächlech gedriwwen ass duerch d’Energiepräisser a vue datt mir och an de Liewensmëttelpräisser gesinn datt et e bëssen eng Stabilisatioun ginn ass, a vue datt mir déi Moossname geholl hunn, déi wéineg déi mir kënnen huelen, datt déi gräifen, an notamment déi d’Afréierung vu sämtleche Präisser um Niveau vum Staat, Gemengen, an ëffentlechen Ariichtungen. Dat gräift mëttlerweil, well ech gesi mat eng, zwou ganz klengen Ausnamen, datt jiddweree sech dru gehalen huet. An dat fannen ech flott, datt et do zu enger Solidaritéit komm ass, an net d’Leit probéiert hunn op d’Käschte vun deenen aneren ze liewen.

A wann ech dann niewendru kucken, datt mir an der Präisdeierrecht, wann ech dat do ewech rechnen, datt mir in etwa an de Parrage vun der europäescher Moyenne leien, da leie mir nach ëmmer héich, mä dat wësse mir, datt et lues a lues zréck geet.

Mä et soll een net mengen, wann et staark zréck geet, datt dat e gutt Zeechen ass. Dat kann och heeschen, datt et Problem am Wirtschaftswuesstem gëtt.

En héije Wirtschaftswuesstem huet och ëmmer eng héich Inflatioun, déi ass ëmmer en rapport domat. An all déi, déi sech freen, datt d’Präisser zréck ginn, mir brauchen nëmmen d’Beispill ze huelen aus Amerika, do ginn d’Immobiliepräisser zréck, jo, mä dat huet awer och zu enger dramatescher Situatioun gefouert. An dofir muss een oppassen, déi Mechanisme si méi komplizéiert, wéi dat sech heiansdo ukuckt.

Francine Closener: Fir nach ee Moment bei den Energien ze bleiwen, komme mir emol nach bei déi alternativ Energien. Do kritt Dir regelméisseg Streech vun den Ëmweltorganisatiounen, Dir géift Iech net onbedéngt genuch fir d’Zil vun den 20% am Joer 2020 asetzen. Wat ass dann Äre Problem do?

Jeannot Krecké: Mir sinn am Moment, trotz risegen Efforte vun där virrëschter Regierung a vun dëser Regierung, op enger Situatioun vun 0,9%. Ech soen et nach eng Kéier: 0,9% vun eiser gesamt Consommatioun sinn alternativ Energien.

Francine Closener: Dat ass net vill.

Jeannot Krecké: Dat ass schwindend wéineg.

Mir probéiere mat vill Suen dat ze ënnerstëtzen, datt mir erop kommen. Mä mir wëssen wéinst enger Studie vun Experten aus dem Ausland - déi absolut unerkannt ass, déi Studie, an och d’Experten - datt mir wahrscheinlech net méi wéi iwwer 0,4, 0,5 kommen.

A komescherweis wësse mir, datt wa mir Biofuel kënnten drënner maachen, datt mir da méi héich géinge kommen, well mir en héijen, extrem héije Verbrauch vun deem Benzin an Mazout hunn. Mä do ass jo elo e Stopp, quasi, décrétéiert ginn an et gëtt nach eng Kéier gekuckt driwwer nozedenken, ob een dat esou soll maachen.

Esouguer wa mir dat maachen, wësse mir, datt fir op déi 11% ze kommen, déi mir mussen erreechen, mir musse kafen. A mir plädéieren am Moment just zu Bréissel, fir datt mir déi noutwenneg Flexibilitéit kréien, fir do kafen ze goen, wou se sinn.

Mä stellt Iech vir, déi Däitsch, d’Hollänner an d’Belsch kucken emol no sech, a verkafen eis näischt. Da froe mir Flexibilitéit ze kréie fir esouguer en dehors vun der Europäescher Unioun ze goen. Da jäitzen direkt esou vill Leit, a soen: Jo, dir gitt mam Scheckheft dorëmmer. Jo, mä wa keen eis se hei ubitt, a keen eng Partnerschaft mécht, well e muss selwer kucken, datt e seng Ziler erreecht, a jiddweree kuckt emol no sech, dat ass jo evident, mir mussen awer herno e gemeinsamt Zil erreechen, fir dat ech och nach ëmmer sinn, a wou ech och net drun änneren, iergend eppes gëtt dorunner geännert. Dat hu mir guer net gefrot.

Mä stellt Iech vir, mir - meng Nofolger ginn domat geplot, net ech - sinn an der Situatioun, datt mir mussen ofliwweren, a mir konnten net, a mir kënnen dat beweisen, datt mir wollten, a mir konnten net. Solle mir dann och nach viru Geriicht geschleeft ginn, an da gestroft ginn, an nach eng Kéier dofir misste bezuelen?

Et ass dat wat mir wëlle verhënneren, datt wann ee wierklech bewisen huet, datt een dat net konnt maachen, an all Effortë gemaach huet, déi gefrot gi si fir et ze maachen, an et trotzdem net erreecht huet, datt een dann awer déi Flexibilitéit huet, fir eventuell en dehors ze goen. Méi froen ech net.

Ma enfin, dat do ass awer d’Realitéit, an ech wëll näischt änneren un eisen Efforte fir alternativ Energien ze développéieren, mä vue datt ech am Hannerkapp weess, datt mir héchstens op 4% kommen, musst Dir mir soen am Joer 2020, meng Nofolger, wou se de Rescht vun der Energie dann hierhuelen.

Well mir wäerte probéieren anzespueren, mä mir wäerte jo net op 0 kommen. A mir wäerten nach ëmmer verbrauchen.

Francine Closener: Et gëtt eng spannend Discussioun. Op alle Fall de Wirtschafts- an Energieminister huet elo emol Paus, elo lauschtere mir de Jacques Brel, an da schwätze mir mam Sportsminister.

[…]

Francine Closener: Jeannot Krecké dat gefält Iech?

Jeannot Krecké: Jo, well d’Situatioun e bëssen duerstellt, wou een dauernd gefrot gëtt erëm eppes anescht ze maachen, e mécht ëmmer dat wat jiddwereen em seet, e gëtt an all Richtunge gefouert, mierkt awer, datt en net ëmmer do ukënnt wou si soen, wou hie soll higoen, an iergendwann seet en, elo geet et duer, an dat hat ech virdrun ausgedréckt. Mä beim Brel muss ee lauschteren ob d’Wierder sinn. En ass och ganz schnell bei deem wat e seet, mä et ass e Poet, et ass Wahsinn wat deen a sengen Texten huet.

Francine Closener: Dann nach ee Wuert geschwat mam Här Sportsminister. Wat sinn dem Frank Schleck seng Aktien elo nach wäert? Huet Dir nach Vertrauen an de Frank Schleck?

Jeannot Krecké: De Frank Schleck ass e gudde Coureur, an dat bleift och e gudde Coureur trotz allem wat elo am Moment geschitt.

Ech mengen, et ass noutwenneg, datt ech zwee Wuert awer zu deenen zwou Dopingaffaire soen, déi effektiv um Dësch leien.

Fir d’éischt emol: Mir hu Gremien, an dat ass eng Anti-Dopingagentur, déi huet 15 Leit.
Do ass de Staat mat 5 Leit vertrueden, dat anert si Leit, déi vum COSL a vun anere genannt ginn, a vun deene 5 staatleche Leit, sinn zwee Stéck, déi am Sportsministère schaffen, zwee vu 15.

Also huet de Sportsminister, an esou ass et och gewollt, iwwerhaapt kee Pouvoir do. Datt am Moment de President deen ass, deen am Sportsministère schafft, ass just well et eng Tournante ass, virdru war et den Här Theisen als President, an et wäert elo de Charel Delagardelle ginn, als Dokter.

Mir dréinen einfach do, an all Grupp huet dann d’Méiglechkeet eng Kéier d’Presidentschaft ze hunn.

Francine Closener: De Charel Delagardelle deen elo befaangen ass, an dofir och net siégéiert an där Geschicht iwwer de Frank Schleck?

Jeannot Krecké: De Charel Delagardelle hat de Pech d’Équipe ze betreien, wéi dat do elo komm ass, a selbstverständlech och net dobäi war, wéi de Frank Schleck ugehéiert ginn ass. Dat wëllt näischt heeschen.

Ech mengen en Interessekonflikt ass eppes, wat een einfach muss wëssen, an da muss een et soen.

An da muss e wëssen, datt déi Dopingagentur, niewent Informatiounen an esou weider, déi se ze maachen huet am allgemengen ze verfollegen, wat déi eenzel Acteure maachen, ob se déi Oplagen, déi se hunn, erfëllen.

Mä doniewent gëtt et eng Geriichtsbarkeet, déi total indépendant ass, souwuel vum COSL, wéi vum Sportsminister, an do sëtze Juristen dran, do sëtze Leit dran déi aus dem medezineschen Deel kommen, oder aus de Laboratoiren, déi sëtzen do. An dat sinn d’Geriichter. Mir hunn do zwou Geriichtsinstanzen, eng ordinär, an eng am Appell, an déi behandelen dat.

An dofir muss ee wëssen, hei geet et wéi an enger Instruktioun viru Geriicht, an dofir ass déi Informatiounspolitik, déi d’ALAD huet, an déi staark an der Kritik ass, ass awer déi richteg. Et kann een dach net mëtten an de Prozeduren, an dat huet se elo nach ëmmer gemaach, just am Fall Schleck ass et méi räissereg ginn, huet se bis elo ëmmer esou gemaach. Si huet dat redresséiert am Fall Stacchiotti, awer nëmmen, awer nëmme well se gesinn hunn, datt et eng risen Dérive ginn ass.

Hei muss ee wëssen, hei ass e Mineur, deen huet eppes geholl à Base vu Corthisone, dat hëlt jiddweree vun eis iergendwéi beim Schnapp, bei Anti-Allergiken, bei Anti-Inflamatoiren, do ass ëmmer Corthisone iergendwou mat dran. Et ass och net verbueden, et muss een et umellen. A virun allem, wann et esouguer eng Crème ass, da geet et duer, datt beim Contrôle een et seet.

De Jong, ech weess net wat geschitt ass, huet deen dat vergiess, mä et ass op alle Fall net leeschtungssteigerend, wann een net permanent mécht. A mir hunn dee Jong kontrolléiert, soubal mir gesinn hunn, datt e géing op d’Olympiade goen, do ass en e puer mol vun eis kontrolléiert ginn, a kee Problem.

En huet wahrscheinlech do Feeler gemaach, an elo muss e gestrooft ginn.

Wat ech net wëll, dat ass ee vu 16 Joer, dee geet hei au Pilorie gesat, dat heescht, dee gëtt hei präisginn, egal wellechen Informatiounen, déi zum Deel grondfalsch waren. Dee Jong verdéngt dat, wat all Mineur verdéngt, wann een een dout gemaach huet, da gëtt net mat deem dat gemaach, wat hei mam Ralf Stacchiotti geschitt ass. Dat verdroen ech net. Mir hunn dofir reagéiert an der ALAD, an ech mengen dat ass och ganz richteg.

Francine Closener: Ech wëll awer trotzdem nach eng Kéier bei de Frank Schleck zréck kommen. Gleeft Dir da seng Versioun vum Trainingsprogramm bei engem Gynéco, beim Fuentes?

Jeannot Krecké: Lauschtert, ech kann nëmme feststellen, wat hie gesot huet. An ech wäert mech net dozou äusseren. Well de Sportsminister huet keng Kompetenz, an huet gesot, d’ALAD an déi Geriichtsbarkeet déi soll dat do befannen. An dofir wäert ech mech guer net dozou äusseren. An ech hunn net d’Leit an déi eng oder an déi aner Richtung ze dirigéieren.

Ech wëll just gären, datt mir an där Saach kale Kapp behalen. An ech hätt net gären, datt mir elo nëmmen op Skandal aussinn. Ech hätt gären, datt déi Affaire esou eriwwer kënnt, datt mir Glafwierdegkeet behalen an eiser Aktioun.

Ech bleiwen fir Tolérance zéro, mä ech stelle fest, de Stacchiotti, deen huet als jonke Kärel vläicht e Feeler gemaach, muss en ebe bestrooft ginn, mä wéi héich, dat ass ze kucken, dat ass net den Objet vu menger Aarbecht.

An de Frank Schleck ass net positiv getest. Et komme jo elo an deenen nächsten Deeg Resultater eraus, an ech hoffe just, datt dat wat se mir ëmmer versprach hunn, kee vun hinnen dobäi ass. Well dann hunn ech awer nu wierklech kee Respekt méi.

Francine Closener: Wann eng Intentioun vun Doping do gewiescht wier, oder kënnt een zur Conclusioun, datt dat hannert där ganzer Saach ass, da kéint en awer och bestrooft ginn?

Jeannot Krecké: E kann och gestrooft ginn, et hänkt dovun of, wéi d’ALAD dat gesäit.

Wann Dir am Strofrecht kuckt, do ass d’Fro vun der Intentioun déi muss festgestalt ginn.

Wann ech soen, ech erschéissen Iech, an ech ginn de Revolver heem sichen, a wann ech doheem sinn, an ech soen, bon, ech mengen dat war awer eng Domheet, an ech maachen dat dann net, da gëtt am strofrechtlechen iwwerhaapt näischt gemaach, dann ass et näischt. Wann ech awer elo bei Iech kommen, an donidden de Portier hëlt mir de Revolver of, da war ech schonn e bësse méi wäit gaangen, an dann ass d’Intentioun schonn e bësse méi gravéierend.

Et muss een einfach kucken, dat ass awer net meng Aufgab, et muss ee kucken, wéi dann déi Tentative, oder deen Usaz dovunner dann ze jugéieren ass. Ech hätt einfach gären, datt mir déi Leit, déi dofir do sinn, déi en toute Indépendance kënne schaffen, an déi och mengen ech kompetent genuch sinn duerch hir Zesummesetzung, datt mir hir Aarbecht maache loossen. An da wëll ech, datt d’Press och versteet, datt mir net all Klengegkeet direkt kënne präisginn. Et gëtt e Secret de l’instruction, mir haten eng Virinstructioun, esouwäit ech dat verstanen hunn, déi stattfonnt huet um Niveau vum Büro vun der ALAD, duerno kënnt d’Plénière.

De Frank Schleck huet décidéiert selwer seng Informatiounen ze maachen. Mir hunn déi Informatiounen eraus ginn als, wéi mir den Accord och vun den Elteren hunn, well ech hu gesot, hei musse mir, wat dir och ëmmer maacht, hei musst dir op d’Elteren oppassen, well hei geet et em e Mineur, hei ginn et allgemeng Regelen, de Rescht ass net meng Aufgab se ze jugéieren, an ze appréciéieren, dat mussen déi Autoritéite maachen, déi dofir do sinn.

Francine Closener: Mir hu schonn iwwerzunn. Ech wollt Iech awer nach eng allerlescht Fro stellen. Et ass jo dee sportlechen Entourage deen de Frank Schleck bei den Dokter Fuentes geschéckt huet, no senger Ausso, oder no sengem Affekot senger Ausso.

Mengt Dir dann, dee selwechten Entourage géif hien elo net fale loossen? Fueren dierf e jo elo schonn net méi. Wat haalt Dir da vun den Dopinsspezialisten Rijs, Andersson a Lombardi?

Jeannot Krecké: Guer näischt.

Ech fannen, datt dee Milieu e schreckleche Milieu ass. Et gi vill ze vill Leit do ronderëm, déi selwer Dreck um Stecken hunn, an déi eng séier schlecht Influence op déi jonk Coureuren ausüben. Ech haassen dat, ech mierken awer, datt et ganz schwéier ass ze reagéieren. Et ass e Milieu dee relativ zou ass.

Mä ech hu kee Respekt weder fir Rijs, nach fir soss enn, well egal wat en elo seet, hie selwer huet massiv do matgemaach, an hie kann higoen, an elo soen, hien hätt elo op emol eng aner Meenung. En ass fir mech net glafwierdeg, an en huet villes, villes verbrach, a vill an deem Milieu hunn et verbrach.

Allerdéngs ass de Sport jo fräi, a mir probéieren de Sport och esou ze loossen, mä meng Roserei ass awer risegrouss vis-à-vis vun deene Leit, well si maache ganz vill Schued, net nëmmen am Sport, mä haaptsächlech bei deenen Jongen, deene se hir Carrièrë futti maachen, an deene se hir Gesondheet ganz staark a Fro stellen. Ech hu kee Respekt virun deene Leit.

An ech selwer hunn ëmmer gesot, ech si fir Tolérance zéro, mä ech weess awer och, datt ech net als alleréischt ëmmer d’Sportler ukloen, an dofir hu mir dat hei zu Lëtzebuerg och net gemaach.

Et ass net strofrechtlech, datt de Coureur, oder de Footballspiller, oder wien et dann och ëmmer ass, datt dee behaft gëtt.

Mä mir kënnen awer déi huelen, déi dohannert stiechen. De Problem ass, et muss ee Beweiser dozou kréien, an et ass e ganz, ganz zouene Milieu.

Mä ech hu kee Respekt, dat ass Är Fro gewiescht, kee Respekt virun hinnen, an ech wäert mech weider engagéieren, och op allerhéchstem Niveau, bis erop an d’Weltdopingagentur, fir datt mir Uerdnung kréien an deem Ganzen.

Ech hoffen datt et geléngt, mä et ass net einfach.

Francine Closener: Dat wier jo emol eng Kéier eppes Neies. Jeannot Krecké, villmools Merci, datt Dir Iech haut Zäit geholl huet. Dat war et fir d’Émissioun vun haut.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact