Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Octobre 2008 > Jean-Claude Juncker au sujet de la réunion des membres européens du G8 sur la crise financière internationale à Paris

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet de la réunion des membres européens du G8 sur la crise financière internationale à Paris
"Radio 100,7" du 05-10-2008

Vers le niveau supérieur
Serge Kesseler: Um Sommet zu Paräis dobäi war gëschter och de President vum Eurogrupp, de Jean-Claude Juncker, deen ech elo um Telefon begréissen. Gudde Mëtteg, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Serge Kesseler: Um Sommet vun den europäesche G7 Staate goufe gëschter eng Rei Mesurë festgehalen, fir op d’Banken- a Finanzkris ze reagéieren. Differenze ginn et dobäi beim EU-Stabilitéitspakt. Dem franséische President no soll, wann néideg, méi Flexibilitéit méiglech sinn. Dir sidd do awer anerer Meenung.

Jean-Claude Juncker: Ech sinn net anerer Meenung, ech si just der Meenung, datt den europäesche Stabilitéitspakt esou soll applizéiert ginn, wéi e formuléiert ass. Bei de Regelen, déi mir ënner lëtzebuergescher Présidence am Mäerz 2005 nei fixéiert hunn, hu mir opgepasst däitlech ze maachen, datt, wann et zu exceptionellen Evenementer kënnt, verschiddenaarteg Ëmgäng mat de Critèrë méiglech sinn.

Mä den Androck dee geschaf gëtt, wéi wa mir elo géife fir eng Politik vun Defizitausweidungen an eisen europäesche Budgeten antrieden, ass e falschen Androck. Et ass elo de Moment komm, fir mat der Konsolidéierung vun de Staatsfinanzen opzehalen, soss di mir déi nächst Generatioune fir Präisser bezuelen, déi mir haut zu eisem eegene Komfort bezuelen. Dofir bleift et beim Stabilitéitspakt esou wéi en ass, quitte datt e méi soupel interpretéiert gëtt. Mä dat hate mir bei der Reform och virgesinn, datt een dat kéint maachen.

Serge Kesseler: E gemeinsamen europäesche Fong fir d’Banken ze ënnerstëtze soll et net ginn. Amplaz soll all Land mat sengen eegene Sue sengen eegene Banken ënner d’Äerm gräifen, Mesuren déi awer och europäesch solle koordinéiert ginn.

Jean-Claude Juncker: Mir sinn der Meenung, datt d’Europäesch Unioun an d’Eurozon am besonneschen, eng gemeinsam Approche brauch, wann et ëm d’Bewältegung vun där terribeler Finanzkris geet. Mir sinn awer net der Meenung gewiescht, datt een nom Virbild vun de Vereenegte Staate vun Amerika en europawäit gespaante Prabbeli soll an d’Hand huelen, well mir och fäerten, datt d’Banke sech ënner deem verstoppen, datt d’Privatkapital sech ënner deem verstoppt, statt eegen Ustrengungen ze maachen.

Et ass net nëmmen un de Staate fir ze hëllefen, mä all Mënsch weess, datt all Staat an Europa gehalen ass keng Bank an d’Faillite rëtschen ze loossen, wat systemesch, äerdbiewenaarteg Gesamtmouvementer an Europa kéint zur Folleg hunn. Jiddweree muss hëllefen, net nëmmen d’Staaten. Mä d’Staate wëssen, datt si méi eng grouss Verantwortung hunn. Si hunn an hirer Erklärung gëschter däitlech gemaach, datt si dofir suergen, datt d’Liquiditéiten assuréiert sinn.

Serge Kesseler: Fir déi nächst Wochen a Méint plangt den Nicolas Sarkozy e Sommet fir eng Neigrënnung vum Weltfinanzsystem. Wat kann ee sech dorënner virstellen?

Jean-Claude Juncker: Mir musse gesinn, datt no dëser Finanzkris, déi jo nach laang net eriwwer ass, déi dauert nach e puer Méint un, d’Welt op de Finanzmäert eng total anescht ass, wéi virdrun. D’Mäert alleng kënnen net méi alles bewierken. Ech hunn dat ni gegleeft, vill Leit hunn dat gegleeft.

Et brauch hei och d’Matmaache vu solidaresch handelnde Staaten, an dofir mussen déi dofir suergen, an deenen neie Regelwierker déi mir de Finanzmäert musse ginn, datt eng méi grouss Transparenz vun de Finanzprodukter entsteet, datt een emol erëm ufänkt déi ze verstoen, well d’Banke selwer versti se net. Datt een d’Rating-, d’Notatiounsagenturen anescht bewäert an anescht un d’Seel hëllt wéi dat bis elo de Fall war. Datt een an de Rémunératioune vun de Bankemanager all déi Elementer muss erausbriechen, déi si dozou bréngen – well se da méi verdénge wa se grouss Risiken aginn – onconsideréiert Risiken anzegoen. Mir brauche weltwäit eng méi streng Gesamtiwwerwaachung vun de Finanzsekteuren.

Alles dat si Propositiounen déi d’Europäer mat an déi international Sitzunge vun de G7 Finanzminister huelen, déi dës Woch zu Washington sinn, an déi spéider op dem Niveau vun de Staats- a Regierungschefen an enger G8 ënner verbreedeter Form stattfannen.

Serge Kesseler: Dëse Weekend geet et fir de Grand-Duché a fir d’Belsch op en Neits drëm der Fortis ze hëllefen, nodeem all déi hollännesch Aktivitéite verstaatlecht gi sinn. Wéi schwiereg sinn déi Gespréicher?

Jean-Claude Juncker: Mir si mat deene Gespréicher amgaangen. Iwwer déi Gespréicher soen ech näischt.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact