|
Jean-Marc Sturm: Wéi gesot, d’Boursen hunn de Moie positiv reagéiert. Wéini kann een elo definitiv soen, datt dat Ganzt gegraff huet? D’Fro un de Staatsminister a President vum Eurogrupp, Jean-Claude Juncker.
Jean-Claude Juncker: Dat kann een esou net soen. Bis datt een d’Vertrauen d’Finanzmäert erëm zréckerobert huet, geet eng gewëssen Zäit an d’Land. D’Reaktiounen - an Europa an an der Welt - op de Boursë sinn éischter positiv, mä ech hu gëschter Owend scho gesot, datt ee sech elo net an éischter Linn op d’Boursenevenementer vun haut konzentréieren däerf. Am Laf vum Dag annoncéieren eng Rei vun europäesche Regierungen national Rettungspläng, déi sech op déi allgemeng Prinzipie baséieren, déi mir am Eurogrupp gëscht um Niveau vun de Staats- a Regierungschefe festgeluecht hunn. Dat dauert alles e bëssen.
Jean-Marc Sturm: Wat maache mir dann, wann och dëse Rettungsversuch verpufft?
Jean-Claude Juncker: Mir mengen, datt déi vertrauensbildend Moossnamen, déi mir an der leschter Zäit geholl hunn an déi mir gëschter an engem méi stramme Pak zesummegefaasst an erweidert hunn, hir Wierkung mussen entfalen. Ech sinn net der Meenung, datt een all Dag kann en neie Rettungsplang noschécken. D’Finanzmäert mussen erëm raisonnabel ginn. Si sinn dat de Moment net.
D’Leit brauche sech keng Suergen ze maachen. Déi Lëtzebuerger, déi hir Suen op hirer Bank hunn, sollen hir Suen op hirer Bank loossen. Déi Dépôte si garantéiert. Mir suergen elo dofir, datt d’Interbankgeschäft garantéiert gëtt. Mir suergen dofir, datt keng grouss Bank a Faillite geet an da muss een d’Gesamtwierkung vun deene Päck do ofwaarden.
Jean-Marc Sturm: De Gesamtimpakt vun der Finanzkris bleift sengersäits awer bis op weideres eng Inconnue.
Jean-Claude Juncker: Dat bleift eng Inconnue, mä et ass awer ganz kloer, datt déi Finanzkris, obscho mir dat am Ufank, virun engem Jor, net gemengt haten, och d’Realwirtschaft erreecht huet, also déi Net-Bankebetriber. Dat huet nodeeleg Effekter.
Et ass ganz evident, datt och an de Joeren 9 an 10 d’Staatsrecettë vun den Ausleefer vun där Finanzkris wäerten affectéiert ginn, wat Lëtzebuerg ubelaangt. Déi Finanzkris huet näischt verbessert, mä alles méi schlëmm gemaach.
Jean-Marc Sturm: Um Beispill vun Däitschland gi konkret Chiffere genannt. Rieds geet do vun engem Pak vu bis zu 470 Milliarden Euro, Garantien abegraff. Wéivill léisst Lëtzebuerg sech dat Ganzt kaschten?
Jean-Claude Juncker: Mir hu jo scho vill gemaach: mir hunn d’Dexia gerett, mir hunn d’Fortis gerett, mir hu scho 7,5% vun eisem Bruttoinlandprodukt abruecht. Anerer sinn nach ganz wäit dovun ewech. Mir hunn haut de Mëtteg eng Sitzung - den Här Frieden an ech - mat eise Spëtzebeamten, fir ze kucke wou mir nach zu Lëtzebuerg agéiere mussen. Mä mir hunn zu Lëtzebuerg net domat ze dinn, datt et eng Rei vu Banke géife virum Aus stoen, dofir kënne mir e bësse méi roueg dorun erugoen.
Jean-Marc Sturm: D’Banke sollen an Zukunft méi konservativ gefouert ginn. Mussen net och d’Kontrollgremie sech déifgräifend iwwer hir Efficacitéit Froe stellen a reagéieren?
Jean-Claude Juncker: Déi éischt Froen, déi sech ze stelle sinn, sinn déi, déi d’Banken an d’Banker sech selwer musse stellen. Ech schwätzen do net vun de Leit déi zu Lëtzebuerg hir Aarbecht maachen, mä vun deenen, déi d’Chefe vun de grousse Gruppe sinn.
Mir hunn hei den Auto an d’Wand gekéiert. Déi ongenéiert Dereglementéierungswut, déi an de leschten 20 Joer iwwer d’Welt eragebrach ass, géint déi ech mech och op Ärer Antenn heiansdo gewiert hunn, déi huet zu deene Konsequenzen do gefouert. Datt d’Opsiichtsbehördë sech selbstverständlech och musse Froe stellen ass evident, mä dat ass keng op Lëtzebuerg bezunne Froestellung. Dat ass eng Froestellung, déi europawäit a weltwäit muss an Ugrëff geholl ginn.
Alleguer déi Gespréicher déi mir um G7 zu Washington haten, dat Gespréich dat ech mam President Bush hat, déi Gespréicher an Décisioune, virun allem, déi mir gëschter Owend zu Paräis geholl hunn, hu sech alleguer och mat der Fro vun der Neiorganisatioun vun den Iwwerwaachungsgremien, déi d’Finanzwelt encadréieren, beschäftegt.
Jean-Marc Sturm: Här Juncker, Merci fir d’Gespréich.
|