Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Octobre 2008 > Jean-Claude Juncker au sujet du plan d'action adopté par les chefs d'État et de gouvernement de la zone euro

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet du plan d'action adopté par les chefs d'État et de gouvernement de la zone euro
"RTL Radio" du 13-10-2008

Vers le niveau supérieur

Corinne Folscheid: De Rettungsplang vun den Eurolänner steet also. Heescht dat, datt sech déi aktuell Situatioun endlech berouegt?

Jean-Claude Juncker: Ech hu gehollef, dee Rettungsplang ze maachen, ech sinn net op der Bourse aktiv. Ech mengen och net, datt ee sech haut soll iwwerkonzentréiert de Boursen zouwennen. Déi sinn haut an enger atypescher Situatioun, well eigentlech just Asien an Europa op sinn, mä Japan, wat zwar an Asien läit, an d’Vereenegt Staate vun Amerika hunn zou.

Ech ginn dovun aus, datt dat wat mir gëschter Owend gemaach hunn, e weidert Stéck a Richtung Vetrauen ass, dat elo muss an déi Boursëmauer agebaut ginn. Et muss een elo kucke wéi se reagéieren. Mä ech mengen och net, datt et wichteg wier ze kucke wéi haut de Moien oder an den nächsten Deeg op de Boursë reagéiert gëtt. Dat Vertraue baut sech eréischt lues op, mä ech mengen, datt dat am Laf vum Nomëtteg haut e weidere Schub kritt, wann déi eenzel national Regierungen hir Pläng, déi se op den Dësch leeën, chiffréiere wäerten. An dat gëtt e puer honnert Milliarden Euro.

Corinne Folscheid: Wat ass dann elo konkret an deem Plang virgesinn? Dir hutt gëscht gesot, et géif sech ëm eng Zort Geschirkëscht handelen, aus där sech déi eenzel Regierunge vun de Memberlänner kënne servéieren. Wéi soll dat konkret ausgesinn?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn eng Geschirkëscht op den Dësch gestallt, iwwer déi mir en europäesche Prabbeli gespaant hunn. An där Geschirkëscht leien déi Hummeren an déi Zaangen, déi d’national Regierunge kënnen eraushuelen, fir op hir eegen, national Situatioun ugemiess ze reagéieren.

Et geet am wesentlechen dorëm, datt séchergestallt gëtt, datt keng Bank, déi gréisser Risike fir de gesamte Bankesystem géif entraînéieren, a Faillite fale gelooss gëtt. Et geet drëm fir d’Liquiditéiten oprecht ze halen. Et geet drëm, datt erëm Vertrauen tëscht de Banken doduerch entsteet, datt Staatsgarantië fir den Tëschebankenhandel offréiert ginn.

Et geet drëm, datt mir Méiglechkeete sichen, datt Banken, déi ganz vill Suen an deene leschte Wochen a Méint verluer hunn, rekapitaliséiert ginn. Dat geschitt net zum Nulltarif fir d’Banken. D’Staate loosse sech déi Hëllefen an déi Garantien, déi se ginn, rémunéréieren.

Ech ginn dovun aus, datt mir ënner dem Stréch, wann alles riicht geet - an ech hoffen datt et riicht geet - als Staaten an als Budgete keng dauerhaft Belaaschtunge kréien, mä datt mir dat, wat mir elo als "Risikokapital" zur Verfügung stellen, datt mir dat esou bezuelt kréien, datt dem Här Steierzueler herno kee Schued wäert entstane sinn.

Corinne Folscheid: Wéi e Volume soll dee Rettungsplang hunn? Ass e mat deem amerikanesche Rettungsplang ze vergläichen, dee sech jo op 700 Milliarden Dollar chiffréiert?

Jean-Claude Juncker: Ech dierf haut de Moien nach keng Zuelen nennen, well d’Regierungen, notamment zu Berlin, zu Paräis an zu Roum, zäitgläich tagen. Am Laf vum Nomëtteg, géint 20 op 4, wäerten d’Regierungschefe vun deene Länner déi Pläng annoncéieren. Dat gëtt e Plang, deen an e puer honnert Milliarden Euro erageet.

Corinne Folscheid: Déi national Flexibilitéit soll berücksichtegt ginn. Däitschland, zum Beispill, wëll haut scho säi Rettungspak an Héicht vu 400 Milliarden Euro virstellen. Wéini wäert Lëtzebuerg dat maachen? Wéi soll deen nationalen Aktiounsplang ausgesinn?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn net presséiert, an deem Sënn, datt mir net virun enger allgemenger Kris op eiser Finanzplaz stinn. Déi ass relativ stabil opgestallt, och wéinst der Beschafenheet vun de Banken.

Ech wëll och vläicht drun erënneren, datt mir am Kader vun de Rettungspläng schonn eppes gemaach hunn. Fir d’Dexia a fir d’Fortis hu mir bis zu 7% vun eisem Bruttoinlandprodukt mobiliséiert. Dat huet de Steierzueler näischt kascht, well mir dat zu engem groussen Deel mat extra-budgetären Instrumenter maachen. Mir hu scho ginn, anerer mussen eppes bréngen.

Corinne Folscheid: Den Nicolas Sarkozy sot gëscht, datt et elo och zu engem Sommet tëscht der EU an den USA soll kommen, fir den internationale Finanzsystem op eng nei Basis ze stellen. Wéini soll et zu esou engem Rendez-vous kommen?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net, wéini datt et zu esou engem erweiderte G7, G8-Sommet kënnt. Mä richteg ass, datt de Weltfinanzsystem jo muss nei opgestallt ginn.

D’Finanzmäert wäerten no dëser Kris ni méi esou fonctionnéieren, wéi virun dëser Kris. Hei muss vill méi Transparenz erakommen. Hei mussen d’Rating-Agenturen, wann een dat kann esou soen, frësch bewäert ginn. Hei muss d’Rémunératioun vun den Dirigente vun de Banken, d’Behuele vun den Aktionären nei organiséiert ginn. Hei mussen et nei Buchungsregele ginn. Alles dat muss um globale Plang, och mat de Chineesen dobäi, geregelt ginn.

Ech hunn en Donneschdeg de Moien am Wäissen Haus e Gespréich mam President Bush gefouert, esou datt ech weess, datt op amerikanescher Säit Bereetschaft besteet, et zu esou engem Sommet kommen ze loossen. Ech halen dee fir net gutt organiséiert, wann een deen elo an der Hetz nach géif am Oktober maachen. Ech ginn dovun aus, datt esou en internationalt Spëtzentreffen am November stattfënnt.

Corinne Folscheid: Nach eng lescht Fro, Här Juncker. Dëse Rettungsplang ass jo elo eng wichteg Etapp an där ganzer Finanzkris. Op wat musse mir eis elo nach astellen? Wéi geet et virun?

Jean-Claude Juncker: Jo, mir suivéieren déi Situatioun all Dag. Et muss een elo kucken, wéi laang datt déi Vertrauenssprëtz braucht, bis datt se an den Odere vun de Finanzmäert ukomm ass. Dat dauert eenegermoosse laang. Ech erwaarde mir kee Wonner iwwer Nuecht, just well mir elo hei e Plang zesummegesat hunn. Mir mussen d’Situatioun weider opmierksam verfollegen.

Wichteg ass, datt och d’Leit doheem wëssen, datt hir Erspuernisser, falls se op de Banke leien, a sécheren Hänn sinn. Kee Mënsch huet Ursaach fir seng Bankkonten opzeléisen.

Mir hunn hei e Plang gemaach dee sécherstellt, datt d’Wirtschaft ka fonctionnéieren an datt d’Banken erëm kënnen normal fonctionnéieren. Wann de Finanzsystem net normal fonctionnéiert, da fanne keng wirtschaftlech Aktivitéite méi statt. Wa keng wirtschaftlech Aktivitéite méi stattfannen, komme keng Investissementer dobäi. Wa keng Investissementer kommen, entsteet kee Wuesstem a wa kee Wuesstem entsteet, da geet et mat den Aarbechtsplazen zréck.

Dat hei ass kee Plang fir d’Banken, wou mir dem Steierzueler géifen an d’Täsch gräifen, fir de Banken an de Banquiere Suen zur Verfügung ze stellen. Dat hei ass e Plang fir d’Konsumenten, fir d’Investisseuren, fir Aarbechtsplazen, fir Wuesstem. Et geet hei net ëm d’Banken, et geet hei ëm d’Leit. Wa mir de Bankesystem net erëm flott gemaach kréien, da geet et eis alleguer dramatesch méi schlecht. Dofir geet et hei ëm d’Mënschen an Europa, ëm d’Mënschen doheem, an net ëm d’Banken.

Corinne Folscheid: Här Juncker, villmools Merci fir d’Explikatiounen.

Jean-Claude Juncker: Ech bieden Iech.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact