|
Sascha Georges: D’Finanzkris ass fir déi nächst Minutten eisen Top Thema, an duefir schalte mir elo an de Büro vum Staats- a Finanzminister Jean-Claude Juncker. Gudden Owend.
Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.
Sascha Georges: D’Zuele kommen no an no eraus, d’Regierunge bierge fir honnerte Milliarden, déi sech d’Banken ënnertenee kënnen ausléinen. Geet Lëtzebuerg och an dës Richtung?
Jean-Claude Juncker: Mir hu gëschter Owend um Niveau vum Eurogrupp, an do um Niveau vun de Staats- a Regierungschefen een allgemeng europäesche Kader fixéiert fir Vertrauen hierzestellen. Dee Kader besteet an enger Geschirkëscht, wou Hummeren an Zaangen draleien, déi d’Regierunge mussen eraus huelen, fir op hir national Situatioun ze reagéieren.
Schonn iert mir deen europäesche Plang haten, hu mir zu Lëtzebuerg dat gemaach, déi Zaangen an Hummeren, a Schrauwenzéier gebraucht déi an där Këscht leien, mir hunn dat bei Fortis gemaach, mir hunn dat bei Dexia gemaach. Mir kucken elo wéi mir eisen Arsenal kompletéiere mussen, an ob mir en iwwerhaapt kompletéiere mussen. Mir brauchen net méi ganz vill ze maachen, well eis Virleeschtunge si scho ganz breet, a sinn, relativ betruecht, d’selwecht anzeschätzen op d’mannst wéi déi vun Däitschland, Frankräich, Spuenien, Italien an anerer.
Sascha Georges: Dat war jo éischter eng féx Reaktioun, also en Noutplang. Wéi gesäit et aus mat laangfristege Rettungsmesuren, oder allgemenge Mesuren, do gëtt jo ëmmer nees vun enger Finanzkontroll op EU-Niveau geschwat? Lëtzebuerg ass net esou waarm mat där Iddi, firwat?
Jean-Claude Juncker: Mir sinn der Meenung, datt ee verstäerkte gemeinsam Regelen an der Europäescher Unioun, am Eurogrupp, an och weltwäit brauch, d’Iwwerwaachungsautoritéite vun de Finanzplaze mussen iwwerall no grosso modo deene selwechte Regele fonctionnéieren. Mir mengen net, datt déi bescht Äntwert op déi Erausfuerderung déi virun eis läit, doranner besteet fir eng zentral Autoritéit um Niveau vun der Europäescher Unioun ze maachen, mä gemeinsam Regelen ze applizéieren. Et ass an déi Richtung wéi mir wëlle verhandelen, mä déi national Allenggäng, déi Soloen déi et gëtt, déi mir och heiansdo hei zu Lëtzebuerg maachen, obschonn eis Surveillance bancaire no mustergültege Regele fonctionnéiert, déi ginn an Zukunft net méi zougelooss.
Sascha Georges: Fäert Dir vläicht och e bëssen em d’Autonomie vun der lëtzebuerger Finanzplaz?
Jean-Claude Juncker: Et ass net gutt fir egoistesch Froen ze stellen, déi maache wéi wann an där weltwäit tobender Finanzkris, déi ee ganze Finanzsystem op d’Kopp gehäit, een elo nach extra Regele misst fir Lëtzebuerg weiderhi bestoe loossen.
Eis Iwwerwaachungsregele si seriéis, mir sinn net dogéint, datt déi europäesch uniformiséiert ginn. Mir hätte gären, datt eis Bankplaziwwerwaachungsautoritéiten hir Aarbechtë selwer kënne maachen, an net ofhängeg gi vun enger europäescher, mä datt d’Regele musse weltwäit geännert ginn, dat ass richteg. Hei geet et net nëmmen em Lëtzebuerg, et geet och em Lëtzebuerg, mä wierklech net nëmmen em Lëtzebuerg.
Sascha Georges: Mä kommt mir bleiwe kuerz zu Lëtzebuerg. D’minimal Garantie fir de private Spuerer soll jo op 50.000 Euro eropgeschrauft ginn, dat hunn déi 27 décidéiert. Bleift Lëtzebuerg elo bei dem Minimum, oder gi mir esouguer méi wäit?
Jean-Claude Juncker: Mir sinn am gaangen dat ze examinéieren, e Mëttwoch wäert d’Kommissioun hir Propositioun a Saachen Dépôtsgarantie presentéieren. Wann déi Propositioun vun der Kommissioun do ass, wäerte mir déi Fro séier beäntweren.
D’Leit heiheem musse wëssen, datt hir Erspuernisser sécher sinn, d’Leit mussen heiheem wëssen, datt och aner Finanzprodukter, wéi notamment d’Sicaven, duerch déi staatlech Garantien ofgedeckt sinn, respektiv ofgedeckt wäerte ginn. Et brauch also kee sech Suergen ze maachen, onofhängeg vun der Millimeterform vu senge Finanzprodukter déi en a sengem Portefeuille huet.
Sascha Georges: Här Juncker, Merci fir dës Explikatiounen.
|