|
Marco Goetz: Um EU-Sommet zu Bréissel steet d’international Finanzkris am Mëttelpunkt vun de Gespréicher, et stinn awer och aner Themen um Programm, d’Immigratioun zum Beispill, Klimaschutz, an dann de Vertrag vu Lissabon, fir just déi ze nennen.
Doriwwer an iwwer déi méiglech Äntwerten, déi de Sommet de Bierger an der EU ka ginn, wëlle mir an den nächste Minutte schwätzen. Invité am Studio ass haut den Europaminister Nicolas Schmit. Gudde Mëtteg.
Nicolas Schmit: Gudde Mëtteg.
Marco Goetz: Nicolas Schmit, d’Bierger an der EU, hei zu Lëtzebuerg, maache sech Gedanken, Suergen: wat solle se maachen? An d’Politik vertrauen?
Nicolas Schmit: Mir hunn iwwer Méint, voire iwwer Joeren esou iwwer Europa diskutéiert, datt de Bierger eigentlech net méi gesäit, wat Europa him bréngt. An deene leschte Stonnen an Deeg ass kloer gewise ginn, datt Europa net de Problem ass, mä d’Léisung.
Bei deene grousse Problemer, déi mir alleguer verspieren, ob dat d’Sécherheet vun eisem Erspuerten ass, d’Zukunft vun eiser Ekonomie, d’Stabilitéit an eise Länner, huet Europa gewisen, datt et eng absolut Noutwennegkeet bleift.
Marco Goetz: Déi europäesch Politiker schéngen awer elo d’Kéier kritt ze hunn. Virdru war hirt Handelen éischter onkoordinéiert, an et hat een den Androck, datt déi Finanzkris d’EU an den niewentenee vun den Nationalstaaten an déi al Egoisme géif zréckdrécken. Elo schéngt dat nees anescht. Wiisst Europa duerch déi Kris am Kär méi zesummen?
Nicolas Schmit: Sécher war den Ufank an där Kris net extrem positiv, well jiddweree gemengt huet, datt déi Kris Europa net esou géif treffen, wéi se déi meeschte Länner du getraff huet, an datt ee sech iergendwéi national kéint duerchkämpfen. Nun ass et awer ganz kloer ginn, datt dat net de Fall wäert sinn, an dofir huet sech d’Solidaritéit imposéiert. Europa huet an der Vergaangenheet ëmmer bewisen, datt Krisen Europa och méi staark maache kënnen.
Marco Goetz: Mä dat ass jo awer eigentlech e Fortschrëtt, well virun net all ze laanger Zäit hätt esou eng Kris ënner Ëmstänn zum Krich gefouert.
Nicolas Schmit: Ech mengen, mir sinn net méi an deem Szenario vu Krich. Mir sinn an engem Szenario vu "chacun pour soi", deen ëmmer riskéiert ze geschéien. Déi, déi dat probéiert hunn, hu ganz schnell verstanen, datt de chacun pour soi net d’Kris kéint léisen, mä se se dramatesch verschäerfe kéint.
Marco Goetz: Dat ass jo awer eng Erkenntnis, déi an der Europäescher Unioun esou dacks net virkënnt. Datt dat geschitt, ass dat och e bëssen de Mérite vum Euro, vun der gemeinsamer Währung?
Nicolas Schmit: Mir hunn hei eppes extrem Wichteges, dat ass den Euro. Et kéint ee sech jo emol ee Moment virstellen, wéi dat gewiescht wier, wa mir den Euro net gehat hätten. Da wiere mir an Europa direkt an eng Megakris erageschliddert, wou d’Währungen duerchernee gaange wieren. Do wier ënner anerem, ouni grouss wëllen ze spekuléieren, eng belsch-lëtzebuergesch Währung, no deem wat am Finanzsystem an eise Länner geschitt ass, wahrscheinlech an de Keller gaangen.
Mir hunn also hei kloer bewise kritt, datt den Euro eng enorm Protectioun duerstellt. Mä nëmmen dann, wa mir och dat politescht Gewiicht niewent den Euro setzen, dat mir an esou enger Kris brauchen.
Marco Goetz: Ouni Euro wier déi Solidaritéit, déi elo zum Droe kënnt, guer net méiglech gewiescht?
Nicolas Schmit: Dat weess ee jo net, mä wahrscheinlech wier se net an deem Grad erfollegt, a si hätt sech och net an deem Grad konkretiséiert.
Marco Goetz: Méi zesummeréckelen an der Kris, Jo. A wat ass duerno? Entsteet do net awer eng Dynamik, déi d’Décisiounsméiglechkeeten vun eenzelne Länner herno, an op laang Zäit, limitéiert?
Nicolas Schmit: D’Décisiounsméiglechkeete si jo och am Traité festgeluegt. Mir hu jo awer an där Kris gesinn, datt deen aktuellen Traité an déi aktuell Mechanismen net den Erausfuerderungen entspriechen.
Mir hunn hei schnell missen décidéieren. Wichteg, grouss Décisiounen hu misse geholl ginn. Mir hunn hei och e bësse vun enger Présidence ofgehaangen. Mir hunn elo d’Chance, dat muss ee ganz kloer soen, datt mir eng Présidence hunn, déi extrem aktiv ass. Mir hate schonn e Virgeschmaach bei der Georgien Kris kritt, déi jo Europa och an de Virdergrond gesat huet [gëtt ënnerbrach]
Marco Goetz: Net hyperaktiv heiansdo?
Nicolas Schmit: Ech mengen, hei war eng staark Aktivitéit absolut gefuerdert. Dat war eng Chance fir Europa. Et hätt och kënnen anescht sinn, well déi Institutiounen, déi mir hunn, net deem entsprieche wat mir brauchen.
Marco Goetz: Et gëtt jo elo gefaart, datt et och géif a Richtung vun enger gesamt-europäescher Finanzinspektioun goen, wat Lëtzebuerg awer net besonnesch schmaacht.
Nicolas Schmit: Ech mengen, dat muss een emol am Detail studéieren. Et muss ee kucken, wat esou eng Finanzinspektioun géif bréngen. Ech mengen, dat ass vu verschiddene Länner op den Dësch geluegt ginn, elo muss emol d’Plus-value vun esou eppes gekuckt ginn.
Lëtzebuerg erklärt sech absolut mat enger méi staarker Zesummenaarbecht am Beräich vun der Finanzsupervisioun, vun de Finanzkontrollen, d’accord. Dat ass am Intérêt vu Lëtzebuerg. Mir hunn absolut keen Intérêt, datt de Finanzsystem op wackelege Féiss steet. Mir gesinn, wat fir eng katastrofal Konsequenzen dat kéint hunn.
Marco Goetz: Mä, erkenne mir herno d’lëtzebuerger Finanzplaz nach erëm?
Nicolas Schmit: Mir erkenne se erëm, mä och eis Finanzplaz muss sech ëmmer erëm neie Konditiounen upassen. Si huet dat iwwer déi lescht Joerzéngte gemaach, dat huet hire Succès ausgemaach. An dat ass och eng grouss nei Erausfuerderung fir déi kommend Joeren. An deene kommende Joere wäert sech d’Finanzwelt änneren, wa mir aus där Kris hei déi richteg Lektiounen zéien. An dat wäert och net ouni Impakt op eise Finanzsecteur hei zu Lëtzebuerg bleiwen.
Marco Goetz: Huet dat Zesummeréckelen an der Kris dann Auswierkungen op aner Themen, déi um Ordre du jour vum EU-Sommet muer an iwwermuer zu Bréissel stinn, de Pakt fir Immigratioun zum Beispill?
Nicolas Schmit: Ech mengen deen ass ofgehakt, wann ech dat esou dierf soen. Et ass kloer, datt mir an esou engem Domaine méi mussen zesumme schaffen. Och Immigratioun huet e globale Kontext, an Europa kann nëmmen erfollegräich sinn, wa mir dat gemeinsam uginn.
Marco Goetz: Klimawandel?
Nicolas Schmit: De Klimawandel huet och weider Prioritéit. Et ass net, well mir eng Finanzkris hunn, datt d’Urgence vun der Klimaproblematik manner grouss ass [gëtt ënnerbrach]
Marco Goetz: Dee kascht awer och vill Suen.
Nicolas Schmit: Dee kascht Suen, mä mir mussen dat an enger positiver, dynamescher Approche ugoen. Klimawandel heescht, eis Ekonomien ëmzegestalten. Dat heescht, nei Perspektiven, nei Méiglechkeete fir eis Ekonomien opzemaachen. Dat ass eigentlech den Investissement an d’Zukunft, deen eng richteg Approche par rapport zum Klimawandel misst erfollege loossen.
Marco Goetz: An d’EU Aussepolitik? Endlech méi mat enger Stëmm schwätzen?
Nicolas Schmit: Mir hu jo, mengen ech, déi Georgien-Kris gutt gemeeschtert. Mir haten do eng aktiv Présidence, dat muss net ëmmer de Fall sinn. Dofir brauche mir also och hei déi richteg Instrumenter an der Zukunft.
Ech mengen, datt Europa sech och hei bewosst ass, datt mir méi zesumme musse stoen, och wa mir mat Grousse schwätze wéi mat Russland, mä awer och muer mat Amerika. Eng aner grouss Lektioun ass, datt d’Welt sech duerch déi Kris wäert änneren. Mir wäerten net méi an enger Welt sinn, wou ee Land alles ka bestëmmen, mir hunn d’Schwächte vun deem Land gesinn. Dat bleift nach ëmmer e wichtegt Land, Amerika, mä Europa muss hei säi Rôle nei definéieren.
Marco Goetz: Et wäert och iwwer den Traité vu Lissabon geschwat ginn. Passt deen dann eigentlech, esou wéi e formuléiert ass, nach an déi hei Zäit eran, no allem wat an de leschte Méint geschitt ass?
Nicolas Schmit: Ech géif soen, deen Traité ass net dee beschten, dee mir hätte kënne kréien. Mä trotz allem bréngt en eng Rei vu Verbesserungen. An ech géif soen, en ass méi noutwenneg wéi je, besonnesch och fir Länner wéi eis: mir brauchen eng nei institutionell Opstellung.
Marco Goetz: Et huet awer dacks geheescht, datt deen Traité der Ekonomie, dem fräie Maart zevill Spillraum géif loossen, an dat net onbedéngt zum Wuel vum EU-Bierger.
Nicolas Schmit: Dat war largement Demagogie. Mir hu gesinn, mir hunn elo genee déi nämlecht Traitéen [gëtt ënnerbrach]
Marco Goetz: Dir selwer sot awer och an engem Interview, datt Dir Iech méi géift wënschen, datt d’Politik sech méi géif [gëtt ënnerbrach]
Nicolas Schmit: D’Politik muss de Wëllen hu Politik ze maachen, politesch ze gestalten. Mir hunn an deene leschten Deeg gesinn, datt dee Wëllen do war, an datt déi Méiglechkeet och ginn ass. An deen Traité verbitt dat absolut net.
Mir mussen e bëssen Ofstand vun enger Ideologie vum Laissez-faire huelen, déi déi lescht Kommissioune vläicht e bëssen ze vill erlaabt hunn. Wann d’Politik erëmkënnt, da wäerte mir de Bierger och Europa méi no brénge kënnen.
Marco Goetz: Dann hoffe mir, datt mir dat muer an iwwermuer zu Bréissel och esou mierken. Nicolas Schmit, mir sinn duerch sämtlech Froe komm. Tip top esou. Merci fir Är Explikatiounen.
Nicolas Schmit: Merci och.
|