|
Diane Klein: Vue datt déi schwiereg sozial Situatioun sech an allen EU-Länner stellt, hat déi franséisch EU-Presidence déi lescht Woch zu Marseille eng Konferenz vun de 27 Ministere fir Famill an Integratioun iwwer d’Aarmutt an déi sozial Ausgrenzung organiséiert. Lëtzebuerg war vun der Familljeministesch Marie-Josée Jacobs vertrueden.
Mat hir hu mir iwwer de Phänomen Aarmutt hei am Land geschwat. Gudde Mëtteg, Madame Jacobs.
Marie-Josée Jacobs: Gudde Mëtteg.
Diane Klein: Aarm sinn, oder riskéieren an d’Aarmutt ze falen, wou ass d’Grenz, déi engem seet wou e Mënsch drun ass?
Marie-Josée Jacobs: Et gëtt eng europäesch Berechnung dofir, wou gesot gëtt, datt jiddwereen dee manner wéi 60% vun engem mëttleren Akommes huet, am Risiko vun der Aarmutt ass. Et muss een ëmmer dotëscht ënnerscheeden ob een aarm ass, oder ob ee riskéiert aarm ze ginn. Dat ass natierlech jee no de Länner ganz ënnerschiddlech.
Zu Lëtzebuerg ass een aarm, wann een nach eng Kéier esou vill huet wéi dat, wat een an Däitschland oder a Frankräich huet, well mir am generellen e gutt Akommes hunn. Dat heescht awer net, datt ee kéint soen, datt et keng aarm Leit hei zu Lëtzebuerg gëtt. Mä ech denken, datt déi Berechnung eng ass déi fir eis net onbedéngt esou zoutrëfft, datt ee kéint soen, datt dat wierklech alleguer déi Leit wieren, déi riskéiere géifen aarm ze ginn. Dofir hu mir gesot, an de Staatsminister a senger Erklärung zur Lag vun der Natioun och, mir géinge wëllen d’Aarmutt bekämpfen, an net d’Statistik.
Ech denken, datt déi Instrumenter, déi mir preparéiert hunn an déi mir nach amgaange sinn ze preparéieren, déi richteg sinn, fir géint d’Aarmutt ze kämpfen.
Diane Klein: Dir hutt et gesot, Aarmutt ass eppes relatives. Mä, wéi muss ee sech dee Phänomen virstellen, an Zuelen ausgedréckt? Wat ass hei zu Lëtzebuerg valabel? Wéini kann ech soen, hei dee Mënsch do dee brauch extra Hëllef, well hien op däer an däer Limite ass?
Marie-Josée Jacobs: Mir hu viru laange Joeren den RMG agefouert, wou mir dovun ausginn, datt eng Persoun, déi pro Mount 1118 Euro kritt, an dann nach esouvill dobäi fir eng Famill a fir Kanner, mat deem Montant liewe kann. Dat ass jo de Sënn vun deem Wäert, datt mir soen, wa mir dat ginn, dann ass dat en Zeechen, datt een domat muss liewe kënne.
Da gëtt et natierlech nach eng ganz Partie vun zousätzlechen Hëllefen. Ech denken, datt et ëmmer erëm wichteg ass, datt ee probéiert datt d’Leit schaffe ginn an doduerch och méi Sue verdéngen. Och een deen am RMG ass, muss jo bereet si fir um Aarbechtsmaart Deel ze huelen. Et ass da vläicht och wichteg ze wëssen, an de Leit eng Kéier ze soen, datt een net automatesch am RMG bleift. Wann ee refuséiert schaffen ze goen, da verléiert een den RMG. All Jor sinn eng ganz Partie Leit, déi den RMG aus deem oder aus engem anere Grond, wou se sech zum Beispill net un d’Gesetzer halen, verléieren.
Dat sinn zum Beispill Grenze wou ee seet, dat ass natierlech, wann een dorënner géing falen, da wier een absolut an der Aarmutt dran.
Et kënnt awer dobäi, an dat denken ech dierfe mir net vergiessen, datt mir zu Lëtzebuerg deier Logementer hunn, wat dozou féiert, datt eng ganz Partie vu Leit doduerch méi schlecht dru sinn.
Eng nei Aktioun, déi mir dofir vum nächste Jor u maachen, déi am Budget och virgesinn ass, dat ass, datt eng Agence immobilière sociale opgeet. Do geet et drëm, datt Logementer zur Verfügung gestallt ginn, vu private Leit a vun ëffentlechen Institutiounen, wou sech dann eng Agence dorëm këmmert, tëscht dem Propriétaire an dem Locataire ze vermëttelen an déi d’Chargen ze iwwerhuelen. Esou ass den Eenzelnen net direkt domat concernéiert, an et besteet manner d’Gefor, datt hie seet, ech wëll mäi Logement net un ee verlounen deen den RMG huet, well ech da fäerten, datt ech kee Loyer kréien.
Mat däer Agence kréie mir nei Méiglechkeeten, fir ebe justement deene Leit ze hëllefen, déi riskéieren an d’Aarmutt ze falen. Ganz dacks sinn et jo Allengerzéiender déi doranner falen, an esou kënne mir och deem Phänomen entgéintwierken.
Diane Klein: De Staatsminister hat beim Depot vum Budget eng ganz Partie Moossnamen ugekënnegt. Wat sinn dann déi, déi an Ären Aen dee gréissten Impakt wäerten hunn?
Marie-Josée Jacobs: Ech denken, datt alles dat, wat d’Leit netto zur Verfügung hunn, hinnen hëlleft.
Op där anerer Säit wäerte mir elo vum Mäerz u jo och d’Chèques-service aféieren, wat fir mech e ganz wichtege Punkt an der ganzer Hëllef ass, déi d’Famillje kënne kréien – déi Leit déi aarm sinn, mä déi aner Leit profitéiere jo och dovunner.
Mir fannen och datt dat wichteg ass, datt mir an deene para-scolairen Opfangstrukture fir Kanner eng Vermëschung hunn, datt also Kanner aus alle Milieuen do beienee kommen. Well d’Kanner léieren net nëmme vum Personal, mä och ee vun deem aneren. Dofir wëlle mir kucken, datt jiddwereen do dovu ka profitéieren, datt déi Kanner och d’Garantie hunn, datt si eppes Uerdentleches ze iesse kréien, datt een do ass fir mat hinnen d’Hausaufgaben ze maachen, well jo och ëmmer erëm gesot gëtt, datt d’Aarmutt eppes ass, wat verierflech ass.
Wa mir also wëllen hunn, datt alleguer d’Kanner eng Chancëgläichheet hunn, dann ass et wichteg, datt se och dovunner profitéiere kënnen, datt se aus deem Milieu do erauskommen.
Diane Klein: Da gëtt och d’Heizzoulag nach däitlech eropgesat. Ech mengen, dat ass och statistesch ganz interessant, well ee gesäit, wéi d’Situatioun vun de betraffene Familljen evoluéiert.
Marie-Josée Jacobs: Et ass eigentlech jo erschreckend. Quitte, datt ee jo natierlech ka soen, d’Zuel vun de Leit déi hei zu Lëtzebuerg lieft gëtt méi grouss, an domat gëtt natierlech och d’Zuel vu Leit, déi jo kënnen dorënner fale méi grouss.
2004 hate mir ronn 5.000 Leit, déi dovunner profitéiert hunn. Mir rechne fir 2009 mat 10.000 Stéit, déi do dovunner profitéiere wäerten. Dat ass also eng Verduebelung an Zäit vu 5, 6 Joer. Dat ass enorm. Do dobäi muss ee sech da soen, datt net nëmmen d’Hëtze méi deier ginn ass. Och d’Liewensmëttel am Grousse Ganze si méi deier ginn. Dofir heescht déi Zoulag och elo net méi „Heizkostenzuschuss“, mä Deierechtzoulag, déi de Staatsminister am État de la nation ugekënnegt huet. Mat där kënne mir deene Famillje wierklech hëllefen.
Diane Klein: Dat do ass elo d’Heizzoulag, oder d’Deierechtzoulag, wéi se elo genannt gëtt, déi kann een also verwäerte fir Statistiken ze maachen. Mä, Dir hat mir eng Kéier erklärt, datt net all déi Moossnamen déi geholl gi sech onbedéngt an de Statistiken erëmfannen. Dat heescht, wann een elo an engem Jor géif kucken, géif ee vläicht mengen, datt déi Sue vum Staat net gehollef hunn. Mä Dir sot dat ass net esou.
Marie-Josée Jacobs: Éischtens géif ech nach wëllen dobäi soen, datt mir jo elo nach de Gesetzprojet iwwer d’Aide sociale deposéiert hunn, un deem an der Chamber gutt geschafft gëtt, woumat d’Leit déi schlecht dru sinn dann och e Recht op Hëllef kréien.
En anere wichtege Projet ass sécher och dee vun der Aide à l’enfance, wou och Kanner, déi aus engem schwieregen Ëmfeld kommen, gezilt ka gehollef ginn.
Mä fir op déi do Fro ze äntwerten: do geet et jo ëm déi 60% vun där europäescher Médiane. Wann elo fir den 1. Januar déi Steierermässegunge kommen, da féiert dat erëm dozou, datt vun deene Leit, déi jo keng Steiere bezuelen, trotzdem datt dann och déi positiv Steier agefouert gëtt, erëm een Deel riskéiert ënner déi Definitioun vun der Aarmutt ze falen.
Dobäi kënnt, datt mir déi Chèques-service op europäeschem Niveau net bei déi 60% ugerechent kréien. Dat sinn Naturalleeschtungen, an déi ginn ebe vun der europäescher Kommissioun net matgerechent.
Do gesäit een also, datt, deemno wat ee mécht, dat op där enger Säit positiv fir d’Leit ass, an op där anerer Säit awer dann en negativen Impakt op d’Statistiken huet. Dofir mengen ech, datt deen Ausdrock wichteg ass : mir bekämpfen d’Aarmutt an net d’Statistik.
Diane Klein: Ech wëll op eppes zréckkommen, wat Dir virdru gesot hat – dir hutt vu verierfter Aarmutt geschwat. Wéi muss ee sech deen Däiwelskrees virstellen? Respektiv, wat kënnt Dir Iech virstellen, fir aus deem Däiwelskrees erauszekommen?
Marie-Josée Jacobs: Et ass ganz dacks esou, datt an deene Familljen, wou d’Eltere selwer hir Schoulzäit ofgebrach hunn, wou si keng Formatioun oder net vill Beruffswëssen hunn, wou si och net u vill Formatiounen Deel geholl hunn a vläicht vum Aarbechtsmaart erofkomm sinn, dës Elteren och net esou vill drop ginn. Déi soen dann, wann d’Meedchen oder de Jong grouss sinn, da kënne si jo schaffe goen, dat geet schonn. Dat ass natierlech haut de grousse Feeler, dat brauch ech Iech hei net laang ze developpéieren.
Mä domat ass eng ganz Partie vu Viraussetzunge vu Chancëgläichheet net do. An do soen ech mir, an och d’ganz Regierung, ass et wichteg, datt mir déi Kanner direkt besser à charge huelen, a kucken, datt ee präventiv awierkt wann ee mierkt, datt Saache geschéien.
Mir hunn eng aner flott Initiativ, déi vläicht net esou vill bekannt ass, dat ass de Service d’Orientation am Service national de la jeunesse. Hei kënne Jugendlecher während dräi Méint, 6 Méint bei e Patron goen. Et geet am Fong drëm, fir deenen erëm Selbstvertrauen ze ginn.
Jugendlecher a Kanner, déi eng Schoulcarrière hannert sech hunn, wou ëmmer alles negativ verlaf ass, wou vläicht och doheem eng ganz Partie vu Problemer waren, déi kréie gesot, dir gitt an eiser Gesellschaft gebraucht, dir kritt eng Chance fir erëm kënnen dohinner ze kommen, fir och ärt kënnen dozou bäizedroen.
An ech muss soen, datt dat eng Initiativ ass, déi ganz grousse Succès, an och Resultater opweises huet. Et sinn der wéineg, déi ënnerwee ophalen, an och bei de Patronen, bei déi déi Jugendlech kommen, déi natierlech och richteg encadréiert ginn, gesäit een, datt déi och da ganz frou mat hinne sinn. Domat hëllefe si och de Jugendlechen erëm entweder an d’Schoul ze goen, oder awer eng Plaz um Aarbechtsmaart ze kréien.
Diane Klein: Dat ass e positive Message fir ofzeschléissen. Madame Jacobs, ech soen Iech Merci fir Är Explikatiounen.
Marie-Josée Jacobs: Merci och.
|