|
Mariette Zenners: Deet et Iech dann elo am Nachhinein e bësse Leed, datt Dir net awer bei där OECD-Reunioun zu Paräis dobäi waart? Hätt Dir do vläicht déi nei Attaquë géint de Grand-Duché, déi jo eigentlech net nei sinn, besser kéinte verdeedege?
Jean-Claude Juncker: Déi Attaquë sinn net nei. Dat wat zu Paräis proposéiert ginn ass, op däitsch-franséische Kommando hin, war eppes wat eis net an eise Konzept gepasst huet. Einfach gesot gëtt an där Reunioun - déi Däitschland a Frankräich aberuff hunn, keng international Organisatioun, weder d’EU nach d’OECD - gesot, datt déi Länner déi e Bankgeheimnis hätten, automatesch Steierparadäiser wieren. Mir si kee Steierparadäis.
Mariette Zenners: An dat wëllt Dir net ënnerschreiwen?
Jean-Claude Juncker: Dat kann ech net ënnerschreiwen. Ech hätt haut kënnen op Paräis fueren, dann hätt ech dat do gesot. Mä dat hätt keen iwwerrascht. Dat soen ech zanter éiweg. Steierparadäis a Bankgeheimnis, dat ass net dat selwecht.
Mariette Zenners: Wat elo déi Virwërf vum Här Sarkozy haut am Europaparlament ugeet – wann een dat esou ka soen, den Här Sarkozy huet se iergendwéi esou agepakt – do seet hie jo indirekt, Lëtzebuerg soll mam gudde Beispill virgoen. Hie sot net, Lëtzebuerg wier e Steierparadäis, mä et misst awer dofir suergen, datt méi Transparenz op d’Bankeplaz kënnt. Hie sot och: "Que ceux qui se sentent visés, assument." Mä Dir fillt Iech awer net viséiert?
Jean-Claude Juncker: Ech fille mech iwwerhaapt net viséiert. An ech verbrénge jo Dag an Nuecht mam Här Sarkozy um Telefon, am Fliger, oder op soss anere Plazen.
Mariette Zenners: Hutt Dir duerno mat him perséinlech geschwat?
Jean-Claude Juncker: Haut net, mä virdrun. An nodeem de franséische Premier eng Attaque op d’Steierparadäiser lancéiert huet, zu Recht, nodeem de President vun der République dat och gemaach huet, zu Recht - ech maachen dat jo och - hunn ech déi zwee gefrot, well d’franséisch Presse mech dat gefrot hat, ob se Lëtzebuerg géife mengen. Déi zwee hu mir gesot, an dat soen ech de Fransousen haut den Owend och nach an enger Emissioun herno op der franséischer Televisioun, Lëtzebuerg wier net viséiert. An ech fille mech och net viséiert.
Ech si keen 100%en Unhänger vum Bankgeheimnis. D’Bankgeheimnis ass net erfonnt gi fir de Finanzministeren ze hëllefen, éischter fir hinne Kappzerbrieches ze maachen.
Mä einfach dovun auszegoen, datt Länner déi eng Quellesteier ophiewen - dat maache mir no enger europäescher Regelung - Steierparadäiser wieren, an datt déi, déi Informatiounsaustausch iwwer d’Grenz maachen, de Géigendeel vu Steierparadäiser wieren, dat stëmmt einfach net.
Ech kann de Fransouse virrechnen - wann ech den Owend op der franséischer Televisioun Zäit kréien, maachen ech dat - wéivill extra Steiererliichterungen d’Fransousen hunn, déi mir net hunn. Frankräich ass esou vill Steierparadäis wéi Lëtzebuerg.
Ech loosse mech an Europa och net virféieren. Wann ee sech an Europa agesat huet fir an dëser Finanzkris vun der Plaz ze kommen; wann ee sech krepéiert huet, fir datt Europa an dëser Kris, déi an Amerika fort gaangen ass, iwwerlieft, da war et de lëtzebuerger Premier. An ech loosse mir hei keng Lektioune vu Fransousen, vun Däitschen a vun aneren Europäer [gëtt ënnerbrach]
Mariette Zenners: Mä, Dir schwätzt elo grad vun den Däitschen. Den Numm Lëtzebuerg ass awer haut ëmmer erëm zitéiert ginn, besonnesch vum däitsche Finanzminister no där Reunioun zu Paräis. Hien huet et och bedauert, datt Lëtzebuerg do net dobäi war [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Jo, mä ech hat him virun dräi Méint scho gesot, datt ech net géif kommen.
Mariette Zenners: Et heescht awer och elo, datt Lëtzebuerg kéint op déi schwaarz Lëscht vun de Steieroasen, oder -paradäiser gesat ginn. Rechent Dir domat?
Jean-Claude Juncker: Mir si kee Steierparadäis, a mir si keng Steieroas. Mir exportéiere keng Waffen. Däitschland exportéiert der, a Frankräich nach vill méi.
Ech sinn d’accord, all moralesch Exercicer ze maachen, an ech si wierklech fir eng duerch an duerch Moraliséierung vum internationale Finanzsystem. An do mussen anerer nach vill méi sprange wéi mir, fir datt se do an der Rei sinn.
Mä Länner, déi Waffen exportéieren, déi Mënsche mat hire Waffenexporter doud maachen, déi solle sech wann ech gelift e bësse packen, wann et ëm eist Bankgeheimnis geet. Ech sinn d’accord driwwer ze diskutéieren, ob een dat kann an där Form wéi et besteet bäibehalen. Mä da mussen och aner Länner - d’Hollänner, d’Englänner, d’Fransousen, déi Däitsch - villes an hirem Steiersystem, an hirem Finanzsystem änneren, ier se mam Fanger op Lëtzebuerg kënne weisen.
Wësst Dir, wann Dir vill Fric hutt, hutt Dir besser, Dir gitt op London wunnen, do braucht Dir keng Steieren ze bezuelen. Wann Dir vill Fric hutt an Dir wunnt zu Lëtzebuerg, bezuelt Dir Steieren. Ech kennen der vill déi esou maache wéi wa se zu Lëtzebuerg géife wunnen, déi awer zu London wunnen a keng Steiere bezuelen. Ech akzeptéiere keng moralesch Lektiounen an där Affaire do.
Mariette Zenners: Dir sot selwer, Dir hätt vill dozou bäigedroe fir Léisungen ze fannen. Mä mengt Dir dann elo, datt déi ganz Finanzkris elo als Prétext geholl gëtt, fir méi Drock op Länner wéi eis ze maachen, wat d’Bankgeheimnis ugeet [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Wësst Dir, wann ee seet, an domat ass jo all Mënsch d’accord, datt een den internationale Finanzsystem muss frësch opstellen an nei Regele maachen, dann dierfe mir net mengen, datt mir zu Lëtzebuerg net dovu betraff wieren. Mä anerer dierfen och net mengen, si wieren net dovu betraff.
Mir maachen dat, wat ze maachen ass, och a Richtung vu méi Transparenz vun de Finanzprodukter, fir d’Finanzplaze besser duerchliichten ze kënnen. Mä ech kennen d’Finanzplaz vu Paräis, vun Düsseldorf, vu Frankfurt a vun Amsterdam mindestens esou gutt wéi meng eegen. Ech hu mech dra spezialiséiert fir ze wësse wat déi aner maachen, fir besser ze verstoen, fir wat si eis bestëmmte Saache virwerfen fir dovun ofzelenke wat si maachen.
Mariette Zenners: Dat heescht, Dir mengt net, datt eist Bankgeheimnis mat deem neien Drock séier fält.
Jean-Claude Juncker: Ech hu gesot, datt mir bereet sinn iwwer eist Bankgeheimnis ze diskutéieren [gëtt ënnerbrach]
Mariette Zenners: Dat war jo nach ëmmer esou.
Jean-Claude Juncker: Ënner der Bedingung, datt och aner Leit bereet sinn iwwer hir Extrawurschten ze diskutéieren. Mir hunn eng Regelung an Europa fonnt, dat huet Gott weess vill Péng hei heem kascht, an Europa kascht [gëtt ënnerbrach]
Mariette Zenners: Mat der Quellesteier?
Jean-Claude Juncker: Mat der Quellesteier, mam Échange d’informations.
Mir iwwerweisen, wéinst de Produkter vun eiser Finanzplaz, 0,42% vun eisem Bruttoinlandprodukt an d’Ausland. Mir huelen also un enger aktiver Léisung Deel, déi mir an Europa fonnt hunn, a mir halen eis un déi Regelen. Elo sinn ech d’accord, datt ee muss driwwer diskutéieren, wéi een déi Regele kann erweideren. Dat diskutéiere mir quietschfidel a monter mat.
Mä esou ze maachen, wéi wa Lëtzebuerg Schold un der internationaler Finanzkris wier - dat hunn ech haut an der Chamber gesot - dat ass esou wéi wann ee géif maache wéi wann den Olympique vun Äischen Schold dru wier, datt Bayern München net Fussballmeeschter an Däitschland ginn ass. Et soll een näischt iwwerdreiwen.
Mariette Zenners: Mir komme gläich nach op dat Thema mat der Finanzkris zréck. Tatsaach ass eben, datt Lëtzebuerg eng grouss Finanzplaz huet. Tatsaach ass och, datt de Grand-Duché ëmmer nees, besonnesch duerch säi Bankgeheimnis, ganz gäre mat an d’Dëppe vun de Steierparadäiser gehäit gëtt. Den Här Lucien Thiel sot an deem Kontext, datt d’Geld net méi soll als Wuer gehandelt ginn. Leit Dir dop op enger Linn mam Här Thiel?
Jean-Claude Juncker: Ech si kee Geldmann. Ech war ëmmer der Meenung, datt, wa Leit zu Wuelstand wëlle kommen, esouguer zu Räichtum, se schaffe sollen an net hirt Geld fir sech schaffe loossen. Näischt mécht mech méi nervös, wéi Iwwerschrëften an den Zeitungen: "Lassen Sie Ihr Geld für sich arbeiten".
Ech liesen op der zweeter, drëtter Säit am Tageblatt, mir Politiker wiere Schold un der Kris, a mir wieren alleguer näischt wäert, a mir géifen näischt daachen. An da schloen ech d’Wirtschaftssäit vum Tageblatt op, dee selwechten Dag oder den Dag duerno, an da steet do e groussen Artikel vun der Wirtschaftsredaktioun: "Lassen Sie Ihr Geld für sich arbeiten". D’Sozialiste sinn net besser, och déi déi se publizistesch begleeden, wéi déi aner Leit.
Mir hunn hei am Land eng Atmosphär geschaaf, wéi wann een net méi ze schaffe bräicht fir zu Wuelstand ze kommen. Ech gleewen un de Wäert vun der Aarbecht. De Mënsch, deen éierlech schafft, dee spuert, dee seng Sue richteg placéiert, dee soll zu eppes kommen. Déi déi spekuléieren, dat war ni meng Clientèle, an och ni den Objet vu menger permanenter Suerg.
Ech mengen, dat huet den Här Thiel jo och gesot - dee jo vun do u wou hien an der CSV-Fraktioun an der Chamber sëtzt ganz verstänneg ginn ass - datt d’Bankgeheimnis net dat essentiellt Trägerelement vun der lëtzebuerger Finanzplaz ass, an dat ass och esou. D’Bankgeheimnis ass e klengen Deel vun deem, wat eise Succès mécht.
Wat eise Succès mécht, dat ass d’Qualitéit vun de Produkter, déi mir ubidden. Dat ass d’Qualitéit vun der Aarbecht vun de Beamten, déi an eise Banke sëtzen. Dat ass d’Panoplie vun eisen Offerten. D’Qualitéit muss den Argument vun der Finanzplaz Lëtzebuerg sinn, net déi Extraen déi sech hanner dem Bankgeheimnis verstoppen, hanner deem sech iwweregens ganz vill auslännesch Clienten net méi verstoppen, de Lucien Thiel huet dat zu Recht ervirgehuewen.
Déi meeschte Clienten, déi mir aus Däitschland, der Belsch a Frankräich hunn, déi erklären hirem eegene Fiskus géintiwwer, wat fir Suen datt se zu Lëtzebuerg hunn.
Dat ass eng Debatt, déi mir musse féieren, an déi mir mussen op hirt eigentlecht Mooss reduzéieren. Mir halen um Bankgeheimnis fest. Ech loosse mir net vu Fransousen an Däitsche virschreiwen, wéini datt mir d’Bankgeheimnis ofzeschafen hunn. Iwwerhaapt net, guer net, glat net. Mä ech weess, datt mir et net méi an deem selwechte Mooss brauchen, wéi nach virun 20 Joer.
Mariette Zenners: Ech huelen un, dat erklärt Dir dann och eise franséische Kollegen den Owend am Interview.
Jean-Claude Juncker: Do kënnt Dir Iech drop verloossen - wa se mir déi richteg Froe stellen, a wa se mech schwätze loossen.
Mariette Zenners: Mir si gespaant drop. Merci, datt Dir bei eis wart, Här Juncker.
Jean-Claude Juncker: Merci.
|