Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Novembre 2008 > Jean Asselborn au sujet des élections présidentielles aux États-Unis

Interview
Jean Asselborn au sujet des élections présidentielles aux États-Unis
"Radio 100,7" du 05-11-2008

Vers le niveau supérieur
Radio 100,7: Positiv Reaktiounen aus der ganzer Welt zur Wahl vum Barack Obama als 44. President vun den USA.

Éischt Reaktiounen och vum Ausseminister Jean Asselborn, deen de Moment a Südafrika ass.

Jean Asselborn: Ech fannen et fir d’alleréischt erstaunlech, wann ee jo weess, datt virun 8 Joer d’Administratioun Bush gewielt ginn ass, a viru 4 Joer ass se confirméiert ginn. An elo ebe just de Contraire, och an der Konzeptioun vun der Politik, de Senateur Obama an déi ganz Begeeschterung, déi dorëmmer ass, wéi een dat de Moien op der Televisioun gesinn huet.

Et ass de Wonsch no Changement, un dee gleeft een, mä awer och d’Iwwerzeegung datt et anescht geet. An dat ass immens wichteg.

Wat geschitt ass elo an Amerika, déi Wahl, dat ass fir mech gutt fir Amerika, et ass och gutt fir d’Welt, et ass och gutt fir d’Europäesch Unioun, mä wann ech soe gutt, dann heescht dat net, datt alles méi einfach gëtt. Mir gi vill méi aktiv agebonnen, zum Beispill an Afghanistan, mä och am Noen Osten, dovunner sinn ech iwwerzeegt.

Mä den Obama, an dat huet mir virun allem gefall, huet elo grad a senger Ried net eemol d’Wuert Terrorismus genannt. Den Här Bush, deen huet virun de Vereenten Natiounen am September zu New York, nach 12 mol dat Wuert genannt a 15 Minutten, an et huet alles a senger Ried vum Terrorismus gehandelt. Ech mengen, et ass falsch fir ze mengen, datt d’Terroristen d’Challenger sinn op dëser Welt, déi Éier dierf een deenen net maachen. Ech mengen d’Konzeptioun vun der Welt fir alles anzedeelen a gutt oder a schlecht, déi muss een iwwerdenken, an dann d’Follegen dovunner och, datt alles op der Welt schwaarz oder wäiss wier.

Ech mengen, datt den neie President Obama weess, datt Amerika grouss ass, ganz grouss ass selbstverständlech, mä net grouss genuch ass fir d’Welt vum 21. Joerhonnert ze regéieren. Duefir brauch een international Kooperatioun, an ech géif och mengen, datt de Wonsch, deen ech op jiddwerfall hätt un Amerika, wann ech dat esou dierf soen, dat ass, datt Amerika wierklech eng Groussmuecht gëtt am Déngscht vun de Vereenten Natiounen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact