Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Novembre 2008 > Le Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, invité de l'émission Riicht eraus

Interview
Le Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, invité de l'émission Riicht eraus
"Radio 100,7" du 08-11-2008

Vers le niveau supérieur

Jay Schiltz: Gudde Mëtteg. Iwwerdeems sech heiheem d’Politik an déi wuelverdéngten Allerhellege Vakanz zeréckgezunn hat, stoung dës Woch um internationalen Niveau am Zeeche vun engem Événement. Leschten Dënschden hunn d’USA net nëmmen en neie President gewielt, mä, an dat gëtt elo schonns als historesch ugesinn, mam Barack Obama zitt och deen éischten Afro-Amerikaner an d’wäisst Haus.

Jean Asselborn, gudde Mëtteg.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg Här Schiltz.

Jay Schiltz: Wéi huet Dir dann als lëtzebuerger Ausseminister d’Wahlen an den USA erlieft?

Jean Asselborn: Jo, ech hu se geographesch net hei erlieft, ech hu se a Südafrika erlieft. Dat war fir mech wierklech eng ganz flott Experienz.

Wéi Dir gesot huet, et ass den éischten Afro-Amerikaner dee gewielt ginn ass. Et si 86% vun deenen Afro-Amerikaner an Amerika, déi fir hie gestëmmt hunn, awer och 78% vun de jüdesche Leit, et sinn 2/3 vun den Asiaten, 2/3 och vun den Hispaniker, déi de President, also den neie President Obama gewielt hunn.

Et ass also net nëmmen de President vun deene Schwaarzen, et ass och de President vun deene Wäissen, well et muss een och kucken, datt zënter de Jimmy Carter kee méi eigentlech iwwer 50% vun de Stëmmen hat total. Hien huet 52% vun de Stëmmen, de Jimmy Carter hat 50,1%. Et ass also och eng ganz massiv Zoustëmmung gewiescht vun deene Wäissen. An duefir sinn ech och frou, datt elo e President do ass, deen déi massiv Ënnerstëtzung huet am amerikanesche Vollek.

Mä fir Afrika, fir de Kontinent Afrika ass et, mengen ech eppes duebeles. Un éischter Plaz ass et selbstverständlech fir d’Selbstvertraue vun Afrika scho remarquabel, a mir mussen ëmmer wëssen, datt dat deen äermste Kontinent ass op dësem Planéit.

Mä et ass awer och fir d’Afrikaner eng Erausfuerderung, well et gesäit een, datt et keng Alternativ gëtt zu der Rechtstaatlechkeet. Dat ass jo och dat, wat den Obama duerstellt. An duefir war et fir mech eng ganz, ganz flott Experienz dat ze gesinn an engem Land wéi Südafrika, wou zwar net grad, wéi am Kenia, direkt e Feierdag ausgeruff goef, mä wou dat mat vill Begeeschterung opgeholl ginn ass.

Jay Schiltz: Op déi Rees op den afrikanesche Kontinent komme mir am Detail herno nach e wéineg ze schwätzen. Mä wat kënnen d’Afrikaner sech da vun engem vun hiren, also dem, vum Barack Obama erwaarden?

Jean Asselborn: Ech mengen, datt d’Afrikaner sech kënnen esou vill erwaarden, oder misste sech esou vill erwaarden, wéi mir Europäer och, oder wéi d’Latäinamerikaner, oder wéi och d’Asiaten, datt, wann ech dat emol esou pathetesch dierf soen, Amerika eng Groussmuecht gëtt am Déngscht vun de Vereenten Natiounen. Dat heescht, datt mir, och wat Afrika ugeet, op eng Basis kommen, wou d’Kooperatioun, déi multilateral Kooperatioun eng ganz aner Dimensioun kritt.

Ech hoffen, datt zum Beispill Amerika mathëlleft d’Reform vum Conseil de sécurité ze deblockéieren. Afrika ass net am Conseil de sécurité vertrueden. Et si 15 Länner doranner, heiansdo sinn afrikanesch Länner dran, mä et ass net permanent vertrueden. Dat wier ee Schratt, wou net Amerika alleng kënnt ee Schratt maachen, mä wa méi géing gepusht ginn, an net nëmme gesot géing wéi dat elo ënnert der Administratioun vum Bush de Fall war, datt just Japan eng Plaz hätt am Conseil de sécurité, mä datt, hie géif och Zeeche setze vun Amerika, wéi wichteg datt Afrika ass.

An ech mengen, datt Afrika selwer dat Selbstvertraue muss kréie fir sech selwer ze hëllefen, an datt d’Welt och, an Amerika do net nëmme Geschäfter mat Afrika mécht, mä datt et effektiv och kuckt fir den afrikanesche Kontinent op eng aner Schinn ze bréngen.

Jay Schiltz: Et kann een net vun deem neie President schwätzen ouni och deem alen de Bilan ze maachen, d’Aera Bush ass eriwwer, endlech ass ee versicht ze soen, et geet wéi en Opootmen duerch d’Welt.

Déi däitsch Wochenzeitung Stern huet de George W. Bush als de Ruinator bezeechent, deen an 8 Joer dat mächtegst Land vun der Welt kapott regéiert huet. Wéi e Bilan zitt Dir da vum Här Bush senger Amtszäit Här Asselborn?

Jean Asselborn: Jo, also ech géif mech net op den Här Bush elo konzentréieren als Persoun, mä op d’Administratioun vum Här Bush. Déi huet a verschiddene Saache wierklech ze wënschen iwwereg gelooss.

Dee gréisste Feeler dee gemaach ginn ass, dat ass dee Präventivschlag am Irak. Et kann een do bildlech soen, datt Amerika alleng an de Bësch gaangen ass, et huet der e puer ginn déi mat gaangen, déi gezwonge gi si matzegoen. Mä Amerika ass nach ëmmer am Bësch, an alleng kënnt et net méi eraus. An duefir ass et ganz, ganz schwéier, och fir de President Obama, fir do dee richtegen Dréi ze fannen.

Dir gesitt, mat den Englänner zesumme gëtt jo versicht trotzdem Échéancen anzesetzen, wou ee géif aus dem Land erausgoen.

Ech hoffen, datt dat sech konkretiséiert, datt d’Iraker à même gesat gi fir selwer hiert Schicksal an d’Hand ze huelen. Mä dat ass net esou ohne, mengen ech, wann een d’Realitéit kuckt.

Et ass also dee Feeler, deen um internationale Plang gemaach gëtt, an ech mengen net, datt déi nächst zwee, dräi Presidenten an Amerika jee nach eng Kéier e Präventivschlag wäerte maachen. Et ass also och eppes Guddes dobäi.

An dat zweet dat ass mengen Aen, datt a och wat d’Wirtschaftskris ugeet, an Amerika wierklech deen ongebremste Liberalismus, datt deen d’Tromp war.

Am beschten, géif ech soen, als Sozialist wann ech esou dierf soen, wat dat konkretiséiert, dat ass de Republikaner hir Astellung vis-à-vis vum Obama: si hunn gesot, hien ass e Sozialist. A fir wat ass en e Sozialist? Majo, well e fir d’Ëmverdeelung vum Räichtum ass. Dat seet alles aus, an dat ass e Konzept an Amerika, wou och ënnert dem President Bush, dat gëtt jo och elo festgehale vun där neier Administratioun, datt grave Feeler gemaach gi sinn, datt eigentlech de Wuesstem opgebaut war an Amerika op d’Verschëldung an op Spekulatioun. An d’Resultat dovunner dat kenne mir, dat ass ugaangen 2006, 2007, an et geet virun, an et weess een nach net wou mir landen an der realer Wirtschaft.

An dann dat drëtt wat ech géif soen, dat ass wierklech ech hat dat ugedeit, datt Amerika ënnert dem President Bush vläicht sech zevill op Amerika als Groussmuecht konzentréiert huet, an net agesinn huet, datt et selbstverständlech eng Groussmuecht ass, datt et och eng Groussmuecht bleift, mä datt et alleng op dëser Welt d’Problemer net ka léisen, an datt et duefir dat multilateralt, dat internationalt Agebonnent, vill méi muss stäipen, wéi dat an deene leschten 8 Joer de Fall war.

Jay Schiltz: War de George W. Bush dee schlechste President, deen d’USA jee haten, wéi op ville Plaze kommentéiert gëtt?

Jean Asselborn: Ech kennen net genuch d’amerikanesch Geschicht fir dat genee ze soen. Op jiddwerfalls géing ech mengen, datt dat wat an der Aera vum President Bush falsch gemaach ginn ass, datt dat als Beispill déngt wéi een et net soll maachen.

Jay Schiltz: Déi politesch Ierfschaft déi den George W. Bush hannerléisst gëtt vu villen als en Desaster ugesinn. Dir huet et och elo e wéineg analyséiert. Zwee Kricher déi nach am gaange sinn, e quasi faillitë Staat, eng futtis Économie, sozial a gesellschaftlech Problemer am Land doheem, e Land an der Kris. U wat wäert de Barack Obama da gemooss ginn? Wou soll en ufänken?

Jean Asselborn: Jo, also et sinn déi zwee Gebidder déi menger Meenung no kapital sinn, dat ass souwuel d’Innepolitik wéi d’Aussepolitik. Ech géif mengen, datt en an deenen nächste Méint, de Barack Obama, sech virun allem op d’Innepolitik wäert konzentréieren, mä d’Aussepolitik ass jo net auszeklammeren.

An der Innepolitik huet Dir ganz Recht ze soen, Amerika ass onendlech héich verschëlt. An déi zwee Kricher déi gefouert ginn, déi kaschten Milliarden, an d’Steiere sinn net gehuewe ginn, si sinn erofgesat ginn, dat heescht d’Verschëldung ass nach méi an d’Luucht gaangen.

Ech géif mengen, dat ass e Punkt, deen dem Obama wäert am meeschte Suerge maachen, a wou am meeschten och d’Discussiounen, och a senger eegener Partei, wäerte kommen, wéi een dat redresséiert, wéi ee Ressource kritt fir eben déi Präsenz um Planéit vun Amerika, fir déi ze finanzéieren op deenen zwou Plazen.

Afghanistan muss een zwar soen, datt mir och solle solidaresch domat sinn. Well mir hu jo do ee gemeinsamt Zil, dat heescht, fir een Embryo vun Demokratie an deem Land opzebauen, zesummen och mat eis Europäer a mat aneren.

Dann, Amerika, an dat huet jo och gëschter Owend den neie President, dee gewielte President gesot, huet eng Wirtschaftskris ze meeschteren, déi zënter 1929 an där Gréissenuerdnung net méi ze meeschtere war.

Et ass also déi gréisst Wirtschaftskris vun alle Leit, also zënter deene leschte Generatiounen. Wann een och d’Konsequenzen elo kuckt: Amerika huet 5,6% Chômeuren elo, si hunn an deene leschte Méint terribel vill Chômeuren, ech mengen 1,2 Millioune Chômeuren, wat d’Chifferen ugeet, dobäi kritt. Dat deet wéi.

Wat net ofzegesinn ass, ass och d’Auswierkung vun där Kreditkaartekris, déi nach wäert kommen, no der Kris déi jo mat deene Subprimes Kris do war. D’Angscht ass do, datt effektiv d’Leit bezuelt hu mat Kreditkaarten déi net gedeckt waren. A wann déi Bulle och nach géing platzen, da wier e wierklech an enger Situatioun, déi ganz grav géif ginn.

Et muss een och wëssen, datt d’Automobilbranche speziell an Amerika jo um Buedem läit, an datt mir och hei zu Lëtzebuerg, hei an Europa, d’Konsequenzen jo dovunner spieren, selbstverständlech.

An duefir gëtt et scho fir de President Obama, wann Dir mech frot, innepolitesch ganz, ganz vill ze maachen.

Ech erwähnen elo emol net déi Terrainen wéi d’sozial Ofsécherung, wat jo och eppes ass, mengen ech, wat hien ugedeit huet. Wann ee bedenkt, d’Madame Clinton als First Lady huet viru 16 Joer ugefaangen doriwwer ze schwätzen, mä nach ëmmer ass dat an Amerika net geléist, datt ee wann ee schafft, och eng Ofsécherung huet herno wann een net méi schafft, an datt een och ofgeséchert ass, wann ee krank ass, an esou weider, dat ass an där gréisster Demokratie vun der Welt nach ëmmer net de Fall. Do mussen och Usäz kommen.

Bon, an der Aussepolitik, ech mengen dat ass eppes, wat mir wäerten uschneiden am Laf vun der Sendung.

Jay Schiltz: Maja, bleiwe mir dann dobäi. Irak zum Beispill, do kann de Barack Obama jo net muer soen, de Krich ass elo eriwwer. Wéi kann dat da vir sech goen do?

Jean Asselborn: Also am Irak: d’Positiounen déi ware jo am Ufank vu senger Campagne vill méi kloer wéi se zum Schluss waren.

Ech kéint mir allerdéngs virstellen, datt en den 20. Januar, wann e President gëtt, och en Datum setzt. Wann en deen Datum setzt, ech mengen, dann ass en Zil ze erreechen, an dat Zil op dat muss da geschafft ginn, vun den Amerikaner, vun den Englänner virun allem, déi jo massiv nach do sinn. Dat ass emol dat éischt.

Dat zweet dat ass, mir sinn natierlech elo op engem Punkt, wou een als Europäer och muss wëssen, datt mir selbstverständlech och eng Verantwortung hu vis-à-vis vun de Leit am Irak.

Wann ech soe Verantwortung, heescht dat, datt mir musse vläicht méi intensiv nach wéi bis elo viru fueren, fir déi Trainingsprogrammer, déi mir maache fir d’Riichter am Irak auszebilden, fir Polizisten auszebilden, fir Sécherheetskräften auszebilden, datt mir déi nach vill méi pousséieren.

Dir wësst déi Programmer – och Lëtzebuerg ginn esou Programmer gemaach fir déi Leit –datt mir déi vill méi intensiv nach den Iraker zur Verfügung stellen, an alles maachen, datt mir eng Stabilitéit an deem Land hierstellen, och als Europäer.

Mä fir d’Amerikaner ass den Irak e Cauchemar, deen awer ënnert den éischte 4 Joer vum President Obama géif ganz diluéiert ginn. D’Amerikaner musse och weisen, datt se dee Krich do net gefouert hu just fir ekonomesch Zwecker ze erreechen. Ech mengen, dat ass e Punkt dee sech och elo wäert definitiv erweisen.

Den Irak, wann Dir mech frot, bleift eng vun deene gréissten Erausfuerderungen. Et weess een net, wat alles nach am Irak vun Negativem ka passéieren. Mä de President Obama, dat Gefill hunn ech, dee wäert en Datum setze fir do e Schlussstréch wëllen drënner ze setzen.

Jay Schiltz: Mä riskéiert en dann net, als dee President ze sinn, deen den Irak dann am Chaos verléisst, en zitt d’amerikanesch Truppen zeréck, wat zeréckbleift ass politesch Instabilitéit, wirtschaftlech um Buedem? Wat kann dann zum Beispill Europa do bäidroen?

Jean Asselborn: Mä Europa ka just dat maachen, wat ech Iech gesot hunn: Europa kann hëllefen d’Rechtsstaatlechkeet am Irak op een aneren Niveau ze setzen.

Wësst Dir, ech hat d’Chance eng Kéier a mengem Liewen am Irak ze sinn. Dat war am Juni 2005 mam Solana, mat der Madame Ferrero-Waldner, a mam Jack Straw. Ech si jo elo e wéineg an der Welt erëmkomm: et kann ee sech guer net virstellen ënner wat fir Konditiounen datt d’Leit do ze liewen hunn.

An duefir géif ech mengen, datt mir och hei, an ech soen dat nach eng Kéier, eng Responsabilitéit hu fir ze hëllefen deem irakesche Vollek, datt et een Embryo kritt fir kënnen eng Zukunft opzebauen. Mir mussen och do hëllefen.

Mä Dir sot, si verloossen d’Land am Chaos. Do musse mir elo wësse wat mir wëllen. Mir kënne jo net soen, d’Amerikaner solle do bleiwen, militäresch, fir d’Sécherheet, also fir d’Stabilitéit ze assuréieren, op déi aner Manéier soe mir, d’Amerikaner déi sinn do, déi hunn dee Präventivkrich gemaach, a si wëllen net eraus.

An duefir géif ech mengen, datt Amerika muss ganz kloer Zeeche setzen, datt d’Kooperatioun mat dem Irak op engem aneren Niveau muss stattfanne wéi um Plang vum militäreschen Niveau. An dat, deen Dréi dee muss ee fannen.

Jay Schiltz: Wéi gesitt Dir d’Relatiounen tëscht den USA an Europa an Zukunft? Déi ware jo an de leschte vergaangene Joeren, virun allem och am Kontext mat deene Kricher, Afghanistan, Irak, net déi allerbescht. Wat verspricht Dir Iech als Ausseminister vun engem europäesche Land mat den neie Relatioune mat den USA?

Jean Asselborn: Mä loosse mir elo emol Irak an Afghanistan ewech, well ech mengen do verzettele mir eis, dat ass eben en Deel elo vun der Geschicht, do musse mir erauskommen.

Mä wat mech am meeschte stützeg gemaach huet, dat war an deem leschte anner halleft Joer, d’Entwécklung tëscht Amerika a Russland. An do muss ee kucken, datt ee wierklech op eng aner Schinn kënnt.

Wat Europa selwer ugeet, hoffen ech, datt Amerika agesäit, datt mir als Europa ee Ganzt sinn. Ech hunn dat scho wéivill mol gesot, ech wëll et ëmmer erëm widderhuelen.

Et ass falsch, wa Russland, Amerika, China et fäerdeg bréngt an Europa Länner eraus ze briechen, mat deene bilateral verhandelt gëtt. Zum Beispill wat eis Sécherheet ugeet, oder wat d’ekonomesch Intérêten ugeet. Entweder mir sinn e Block, aussepolitesch a sécherheetspolitesch, oder mir si keen. An dat ass dat berühmte Beispill vun deene Rakéitenofwiersystemer a Polen, an an der Tcheschei. Dat ass e grousse, e kapitale Feeler fir dat ze maachen. De Wieler huet jo geschwat an der Tschechei. Ech hoffen datt do nach d’Kéier ka geholl ginn, an dat wier menger Meenung no fir de Fridden op der Welt, fir d’Stabilitéit op der Welt vu groussem Notzen.

Mä datt iwwerhaapt an Amerika eigentlech dat konnt opkommen. Datt nodeems mir an der Nato gesot hunn: Mir maachen eng Étude doriwwer, ob dat muss gemaach ginn, ob muss déi Rakéitenofwierschëlder kommen, a wa se musse kommen, wuer se solle kommen, an datt mir dat och géif zesumme maachen, an net géint ee Land maache selbstverständlech, datt op emol dat um bilaterale Plang décidéiert ginn ass… Dat ass fir mech ee grousse Feeler gewiescht, an do ass villes zerbrach ginn, och an der Relatioun mat Russland.

Amerika muss agesinn, datt mir e Ganzt sinn. Mir mussen natierlech och als Europäer wëssen, datt mir net sollen an déi Fal falen! Dat ass dee Reflex dee bei eis, no der Erweiderung natierlech historesch gesinn, extrem schwiereg ass. Mir hunn deene Leit am Osten keng Lektiounen ze erdeelen, déi sinn natierlech vill méi no bei Washington wéi bei Moskau, dat ass esou, dat bleift och nach eng Generatioun laang esou. Mä et muss een iewer hëllefen, datt mir do zesumme bleiwen.

An dat zweet ass, datt een den Amerikaner als Europäer ka kloer maachen, datt mir déi gemeinsam Ziler hunn, an och déi gemeinsam Wäerter hunn, an déi och ze vertrieden hunn, iwwerall op der Welt.

Mä datt et e Sputt muss ginn tëschent de Positioune vun den Amerikaner, an de Positioune vun den Europäer. Wann dee Sputt do ass – an en ass komplementar an der Saach, an der Démarche, wéi dat zum Beispill bei Georgien de Fall war –, da féiert dat zu engem positive Resultat.

Ech hoffen, datt mir dat och fäerdeg bréngen am Moyen-Orient, datt mir et och fäerdeg bréngen zum Beispill mat dem Iran, wat jo eng vun deene gréissten Erausfuerderungen ass vum Obama an deenen nächste Méint.

Also datt dee Sputt do ass, an datt déi Komplementaritéit och zum Virschäi kënnt, dat ass natierlech d’Konditioun duefir, datt mir op gläicher Aenhéicht si mat den Amerikaner. Datt d’Amerikaner eis net soen: Jongen dat do hu mir elo décidéiert, elo mat dir dat, wat mir décidéiert hunn. Da sitt dir gutt Jongen, a wann dir dat net maacht, da sitt dir Schlechter, da sitt dir eis Feinden. An dovunner musse mir ewech komme vun deem schwaarz-wäisse Bild, wat ënnert der Administratioun Bush ganz dacks gemoolt ginn ass.

Ech mengen, déi Sensibilitéit beim Barack Obama ass doudsécher do.

Wat wäert schwiereg ginn, an dat ass dat drëtt, dat ass wa mir méi an dat multilateralt erakommen, dann Här Schiltz, sinn ech iwwerzeegt, datt mir als Europäer och méi Verantwortung mussen iwwerhuelen, och am Afghanistan zum Beispill. An dat gëtt net esou einfach. Mä mir musse wëssen, wat mir do wëllen. Wa mir e gemeinsamt Zil hunn, da musse mir och gemeinsam Verantwortung kënnen droen. Dat do si vläicht déi Punkten, déi mir, mat Europa, am wichtegste sinn.

Et kënnt een dobäi, dat ass eis Sensibilitéit mat Russland. Et wier komplett falsch, wa mir géife vun den Amerikaner erëm an een Eck gedréckt ginn, fir an d’Konfrontatioun mat Russland ze bleiwen. Ech weess, datt et schwiereg ass mat Russland, dat weess all Mënsch. Ech weess och, datt zum Beispill dat wat d’Russen elo décidéiert hu fir op Kaleningrad Rakéiten ze stationéieren, datt dat komplett an déi falsch Richtung geet. An datt do och déi Leit, déi gesot hunn, dat do ass elo iert de President Obama iwwerhaapt a Fonctioun ass, ass et dat falscht Signal fir d’Spiral vun der Oprëschtung no uewen ze dréinen. Duefir musse mir och do wierklech probéieren, souwuel bei de Russen, wéi den Amerikaner, eben déi Fonctioun als Facilitateur, wann ech esou dierf soen, och auszeüben, an ze kucken, datt déi zwou Groussmuechten iergendwéi normal matenee schaffen, a mir eis eege Positiounen hunn, a kucken eben zesummen ze haalen. Et gëtt vill Erausfuerderungen op der Welt, wou Russland, d’USA an d’Europäesch Unioun mussen zesummen halen, fir d’Problemer ze léisen. Ech denken zum Bespill un den Iran, fir nëmmen dat ze huelen.

Jay Schiltz: Mä elo déi, Dir huet et ugeschwat, déi Rakéiten déi Russland elo wëllt stationéieren, dat kënnt ee jo vläicht als de Cadeau vu Russland un den neie President ugesinn, op där anerer Säit sot Dir, dat war e kapitale Feeler. Ass dat net iergendwéi Monnaie d’échange déi elo do schonn opgestallt gëtt, fir dat eent esouwuel wéi dat anert aus de Féiss ze huelen?

Jean Asselborn: Jo, also ech géif mengen, wat d’Rakéitenofwiersystemer ugeet: Polen an d’Tschechei si jo net ausgewielt ginn einfach esou, datt d’Lous gezu ginn ass. Mat anere Länner wier dat héchstwahrscheinlech – well do Regierungen do sinn, déi trotzdem e wéineg méi kritesch dat hannerfrot hätten – wier dat net gaangen. Dat ass dat éischt.

Dat zweet dat ass: Et ass décidéiert, et si Memorandum of understanding ënnerschriwwe gi mat deenen zwou Regierungen, an deenen zwee Länner, mä d’Parlamenter hunn net geschwat, weder a Polen, nach an der Tschechei.

An Dir gesitt an der Tschechei ass d’Majoritéit am gaangen ze changéieren, zum gudden, zum Beispill fir den Traité vu Lissabon, an och zum gudde géif ech mengen, datt een do vill méi kritesch erugeet, an net einfach do Jo seet. A wann an der Tschechei, dat huet gëschter de polnesche Ausseminister gesot, wann an der Tschechei Douten erëm opkommen, da kënnt et natierlech net a Fro och, datt dee Radar géif opgeriicht ginn a Polen. Ech mengen, dat hänkt jo zesummen, also de Radar an d’Missilen, déi zwee Siloen déi sollen opgebaut ginn, dat hänkt jo zesummen. An duefir géif ech do trotzdem mengen, et soll een iewer elo, also op der russescher Säit, net de Feeler maache fir d’Europäesch Unioun an een Eck ze drécken, wou verschiddener an der Europäescher Unioun dat erëm als Argument huelen, fir zum Beispill den nächste Méindeg zu Bréissel, fir dann ze soen, Nee mir fänken nach net u mam Partnerschaftsofkommes. Dat sinn elo skandinavesch Länner, baltesch Länner, déi déi Positiounen hunn: „Mir fänken net u mat Russland erëm ze négociéieren iwwer dat neit Partnerschaftsofkommes“. Dat bréngt weder Russland eppes, nach der Europäescher Unioun. Duefir Provokatiounen an deem Sënn, Dir sot vläicht Monnaie d’échange, mä wann een elo géif e coole Kapp behalen, wéinstens bis deen neie President eng Kéier geschwat huet doriwwer, a seng Konzepter duergeluegt huet, wier vläicht dat aller Raffinéierst.

Jay Schiltz: En anert Krisegebitt op dëser Welt ass nach den Noen Osten. Wat kënne mir eis vum neie President an där Richtung erwaarden?

Jean Asselborn: Jo, also de neie President ass gewielt ginn, ech hunn dat gesot, vun 78% vun de jüdesche Leit an Amerika. Et ass also kloer, datt d’Lobby, wat eng ganz staark Lobby ass vun de Juden, de jüdesche Leit an Amerika, datt déi ganz kloer op der demokratescher Säit sinn.

Ech mengen iewer, datt och déi jüdesch Communautéit an Amerika gewëllt ass, fir déi Chance déi et elo gëtt, fir Fridden ze maachen, a fir dat Ofkommes tëscht Palästinenser an Israelië fäerdeg ze bréngen, datt déi esou intelligent sinn, fir dat net ze verpassen.

Dir gesitt, sur Place ass natierlech eppes am gaangen, wat d’Saach net méi einfach mécht. D’Ausseministesch Zipi Livni hat probéiert: Et ass net gaange fir eng Majoritéit ze kréien an Israel, et ginn Neiwahlen an Israel, ech mengen och elo Uganks dës Joers, bis dohinner geschitt also guer näischt.

Et muss een och wëssen, op palästinensescher Säit, de President Mahmud Abbas, deen ass an enger Positioun, déi net ganz, loosse mir emol soen, confortabel ass wat den interpalästinenseschen Dialog ugeet, also Hamas-Fatah.

D’Egypter maache ganz grouss Efforte fir déi zwou Säiten zesummen ze bréngen, mä mir hu jo elo grad an den Neiegkeeten héieren, datt dat extrem schwiereg bleift. Do gëtt et Kräften, selbstverständlech och, déi matspillen beim Hamas.

Mir hu vun Iran geschwat, et ass ze ënnersträichen, datt do net dat Positivst de Moment erauskënnt, an duefir géif ech wäermstens duefir plädéieren, datt d’Amerikaner, ouni een Zack aus der Kroun ze verléieren, dat wat mat den Nordkoreaner gemaach hunn, fir do mat hinnen iwwer d’Atombomm ze schwätzen, an déi ze verhënneren, datt se dat selwecht géife maache mam Iran. Dat wier äusserst, äusserst wichteg, an datt een an engem Dialog mam Iran, och den Iran muss viru seng Verantwortung setzen. Wat fir eng Roll wëll den Iran an der Regioun spillen? Wann et eng positiv Roll ass, soll ee se ënnerstëtzen, mä wann et eng Roll ass, eng Spoiler Roll ass fir nëmmen ze contrecarréieren, an ze ënnerwanderen, da muss een dat och kënnen kloer op den Dësch leeën. Mä wéinstens dee Versuch misst gemaach ginn.

An duefir géif ech mengen, Här Schiltz, wann Dir mech frot, et ass net nëmmen en Dialog tëschent Palästina an Israel dee wichteg ass, et ass dat wat d’Türke maachen mat de Syrer.

Dir wësst zu Istanbul lafen déi Verhandlungen. D’Türkei versicht den Dialog Israel-Syrien ze relancéieren. Et ass alles wat geschitt selbstverständlech an Egypten, déi sech immens vill Méi maachen, fir do virun ze kommen.

An et ass eben d’Influenz vun all deene Ramifikatiounen déi den Iran an där Regioun huet, fir déi mat op eng positiv Schinn ze kréien. Ech weess, datt dat extrem schwiereg ass, an datt Amerika dat och net alleng faërdeg bréngt.

Mä Dir gesitt, an dat ass mengen ech och een negative Punkt vum President Bush sengem Bilan, wann ech esou dierf soen: d’Isolatiounspolitik, egal vis-à-vis vu wou, huet näischt bruecht.

Wann Dir nëmme kuckt. Och d’Europäer, d’Englänner vis-à-vis vum Simbabwee, mir komme vläicht doropper ze schwätzen, do gesitt Dir datt d’Resultat just de Contraire ginn ass, vun deem wat ee sech erwaart huet. Also mat Isolatioun, mat Leit an den Eck drécken, mat Länner an den Eck drécken, mat hinne soen, dir sitt Satanen, domat huet een an deene leschten 8 Joer gewisen, datt d’Welt net ze regéieren ass.

Jay Schiltz: Gutt, et ass annerhallef Minutt virun halwer eng, mir gënnen eis eng kleng Paus, da sinn et duerno d’Neiegkeeten, an dann Här Asselborn schwätze mir iwwer Är Rees déi lescht Woch um afrikanesche Kontinent, a Südafrika an a Botswana.

Noorichteniwwerbléck

Jay Schiltz: Suite vun der Emissioun „riicht eraus“ mat eisem Invité dem lëtzebuerger Ausseminister a Vizepremier Jean Asselborn. Här Asselborn, Dir waart dës Woch, mir hunn dat schonn am éischten Deel gesot, um afrikanesche Kontinent ënnerwee. Firwat waart Dir an Afrika?

Jean Asselborn: Also ech war a Südafrika, well ech an der Présidence eng Invitatioun kritt hat vun der Ausseministesch, der Madame Zuma an dat huet sech dann du gezu bis 2008 bis ech da konnt dohinner goen. Mä ech mengen, Dir sidd mat mir eens, datt wa Lëtzebuerg a Südafrika, et ass mengen ech eng vun deenen éischte Visitë gewiescht, offiziell ka présent sinn, datt dat, Südafrika ass jo ee Schlësselland an Afrika, datt dat schonn eppes Positives ass. Ech hunn op jiddwerfall fonnt, datt ech och dee richtege Moment dohinner komm sinn: Samschdes ass déi Splittergrupp vun der ANC déi sech gegrënnt huet. Ech hunn och déi grouss Chance gehat deen neie President vu Südafrika, den Här Motlanthe ze gesinn, dee jo nom Här Mbeki elo eigentlech do ass fir eng Iwwergangszäit, soen déi eng, anerer soen, datt dat kéint trotzdem méi eng definitiv Affaire ginn, wa géife Problemer komme mat deem designéierte Leader vun der ANC, de Jacob Zuma. Et muss een also gesinn, datt et zu dësem Zäitpunkt wichteg war, och fir eis als Lëtzebuerger, mä och fir een europäeschen Ausseminister, an dat ass och wichteg fir déi Communicatioun déi ech kann u meng Kollege maachen an Europa. Botswana ass ee Land wat hei absolut onbekannt ass, géif ech soen. Et ass awer ee Land wat net nëmmen Diamante produzéiert, mä wat, mir kommen nach vläicht doropper zréck, ganz ganz vill Charme huet, an och Positiounen huet, déi an Afrika absolut ee Charakter hunn, deen an déi richteg Richtung weist a wou et gutt wier, wann se net esou alleng géifen do stoen.

Jay Schiltz: Dir sot Südafrika ass ee Schlësselland um afrikanesche Kontinent. Wéi steet dat Land dann haut do?

Jean Asselborn: Jo, wann Dir mech esou frot, et ass ee Land, 46 Milliounen Awunner, dovunner géif ech soen, liewe 6 Milliounen ongeféier ënnert deene Konditioune wéi d’Leit, mat den Ënnerschidder alleguerten déi et gëtt, an Europa liewen a 40 Millioune vun deene 46 liewen an Aarmut. Wann ech soen an Aarmut, da liewe se mat 1 oder 2 Dollar den Dag oder nach vill manner.

Wann ee Kapstadt kuckt, och Pretoria a Johannisburg an et kënnt ee mam Fliger do un, dat si Stied wéi Shanghai oder wéi Frankfurt oder wéi New-York. Wann een awer do ass, da gesäit een déi immens Diskrepanzen déi bestinn an dee gréisste Problem dee Südafrika huet ass d’Sécuritéit. Südafrika ass, wat d’Crimen uginn, wat d’Meurtren uginn, absolut un der Spëtzt um Weltniveau. A firwat, freet ee sech dann. An ech hunn zwou Äntwerte kritt: dat eent ass natierlech d’Aarmut vun deene 40 Milliounen déi da gesinn, ähnlech wéi a Brasilien, wat méiglech ass fir anerer, wat absolut onméiglech ass fir si. Do gëtt et tëschent Johannisburg a Pretoria ee Mier vu Blechendiecher wou d’Leit ënner fierchterleche Konditiounen drënner liewen a wou och d’Kanner keng Méiglechleet hu fir an d’Schoul ze goen oder nëmme ganz spärlech; je déi a Konditioune liewen déi sozial absolut onerträglech sinn.

Dat zweet dat ass vläicht och e wéineg d’Astellung vun de Südafrikaner, wat eng Gesellschaft ass wou de Mann d’Soen huet, absolut, wann ech mol däerf ënner Gänseféisercher soen, eng Machogesellschaft. An déi Mentalitéit, dat seet esouguer d’ANC selwer, déi muss geännert ginn, datt do vill méi eng Sensibilitéit op aner Niveaue geluecht gëtt, och fir ewech ze komme vun där absoluter Brutalitéit déi et bei de Crimen an deem Land gëtt, esou datt dat dee wichtegste Punkt ass.

Mä deen zweete wichtege Punkt, an dat ass vläicht een deen nach vill méi schwéier ze léisen ass, dat ass d’Educatioun. D’Educatioun läit a Südafrika um Buedem. Den Enseignement am Simbabwe, dat muss ee sech virstellen, ass besser wéi deen a Südafrika an dann dat drëtt, dat ass den Aidsproblem. Ongeféiert 20 bis 25% vun der aktiver Bevölkerung sinn infizéiert vun Aids. Laang, ganz laang ass ënnert dem President Mbeki den Aidsproblem ignoréiert ginn, net ignoréiert am Sënn, datt näischt gemaach ginn ass, mä datt einfach dat verdréckt ginn ass an et ass elo réischt zanter 3 Wochen, wou eng nei Ministesch do ass, wou wierklech de Problem vum Aids richteg ugepaakt gëtt. Ech weess dat och aus Erfahrung, well an eise Reunioune mat Südafrika ass den Aidsproblem ëmmer ewechgewise ginn, och vun der Ausseministesch an dat ass ee Punkt wou déi Gesellschaft absolut dorënner leit. Mä et ass natierlech och ee Land mat fixe stablen Infrastrukturen, et ass ee Land wat ganz ganz vill Hoffnung gëtt.

Elo de Moment an der ANC ass eng ganz ganz interessant Evolutioun am gaang. Dir wësst d’ANC ass eng Organisatioun déi et jorzingtelaang gëtt, net zanter dem Mandela eréischt. Et ass se scho virdru ginn an den Tutu an den Mandela sinn déi Figuren déi am meeschten do an der Vitrine stinn. Mä deen neie President vu Südafrika huet mir gesot, an dee war Secrétaire général vun der ANC, datt op 3 Gebidder muss geschafft ginn: Gesondheet, Sécherheet an Educatioun. Ech hunn d’Buergermeeschtesch gesi vu Kapstadt, déi eigentlech de Chef ass vun der Oppositioun. De Reproche deen vun der Oppositioun un d’ANC gemach gett, as datt d’ANC eigentlech eng Organisatioun ass, déi fokusséiert ass op d’Vergaangenheet, déi op hirer Geschicht, op hirer Traditioun opgebaut ass, mä net d’Zukunft richteg konnt upaken. Mat engem President wéi den Jacob Zuma, wat absolut keen Intellektuellen ass, wat ee Mann ass dee sech asetzt fir déi ënnerscht Kategorië vun de Leit, kann et sech vléit änneren. Mä ob awer dat duergeet, sinn ech net iwwerzeegt, wann ech alles nogelauschtert hunn.

Also géif ech mengen datt et gutt wier a Südafrika wann net zwee Drëttel vun de Sëtz am südafrikanesche Parlament géife vun der ANC besat ginn, datt eigentlech d’Oppositioun net do ass. D’ANC kann d’Verfassung änneren, si kann alles maachen an datt bei de Wahlen elo am Abrëll, eng Oppositioun zustane kënnt, och eng schwaarz Oppositioun wann ech dat mol esou däerf soen, domatter géif eng gewësse Balance kommen, fir datt d’Land trotzdem och, wat déi wichtegst Erausfuerderungen ugeet, op eng aner Schinn kéint bréngen.

Jay Schiltz: An der Aktualitéit an Afrika ass den Ament nees ee Konflikt mam Kongo. Gëscht war am Kenia eng Konferenz ronderëm dee Konflikt wou och den UNO-Generalsekretär Ban Ki Moon dobäi war, erauskomm ass biswell näischt bei där Konferenz, am Géigendeel, um Terrain gëtt weider gekricht. Honnertdausende Mënsche sinn op der Flucht, de Konflikt riskéiert sech op d’Nopeschstaate vum Kongo auszedehnen. Steet do nees eng ähnélech Katastrof an d’Haus wéi 1994 am Ruanda? Wat mécht déi international Communautéit?

Jean Asselborn: Jo 94 wësse mir, datt Milliounen hirt Liewe verluer hunn, bei deem Génocide tëscht den Hutuen an den Tutsien. Wann Dir d’Kaart kuckt vun Afrika, da gesitt Dir dat risegt Land Kongo, an Dir gesitt dat ganz klengt buzegt Land Ruanda, doniewent ass Burundi, mä et ass ee butzegt Land, ganz ganz kleng an Dir frot Iech wierklech firwat do deen Desequiliber stattfënnt. Et muss ee wëssen, dat ass, mengen ech, den Enjeu, an der Regioun vu Goma, dat ass also op der Grenz zu Ruanda, do si ganz ganz vill Buedemschätz an dat ass och heiansdo wéi de Petrol op der Welt. Do wou Petrol ass ass leider net ëmmer Fridden. A mir si jo elo domaden konfrontéiert, enfin d’Welt ass domaden konfrontéiert. Wann ee gëschter d’Tëlevisioun gesinn huet an et stellt ee fest, datt 1,6 Millioune Leit déplacéiert sinn, an déi Attrocitéiten déi stattfannen, an et gesäit een dann engersäits dee President vum Kongo, Kabila, et gesäit ee de President vu Ruanda, Kagamé an dann huet een deen Enkunda dertëschent, wat jo eigentlech een Abtrünnegen ass aus der kongoloescher Arméi, deen elo sech esou verhält, datt en abrécht an de Kongo a wëllt d’Géigend ëm Goma a vläicht och nach méi wäit, dat huet e jo ugedeit, goen an da komplett de Kongo destabiliséiert. Et ass kloer, fir alleguerten d’Observateuren, datt et ee Lien gëtt tëschent dem Ruanda an eben deen Nkunda, dee gëtt natierlech net zouginn, dee Lien vum President Kagamé. Et ass elo esou, datt d’SADC wëllt den 9. November zesummekommen, dat sinn allguerten déi Länner ënnert dem Kongo, vum Kongo u bis erof a Südafrika leien, dat sinn eng 14 Länner, datt déi sollen zesummekommen an iwwert de Simbabwe an iwwert de Kongo schwätzen. Dat ass mol enges.

Dat zweet dat ass, ech fannen hei ass ee Problem wou mir jo och musse léieren aus der Vergaangenheet. Ech weess ëmmer, datt de Ban Ki Moon wierklech verstanen huet wat de Kofi Annan him gesot huet, datt deemools laanscht gekuckt ginn ass, och op Säite vun der UNO an dofir sinn ech frou, datt de Ban Ki Moon elo sur place war a wann de Ban Ki Moon oder wann d’UNO zur Conclusioun kënnt an ech hoffen, datt se ganz séier eng Décisioun doranner hëlt, datt muss agegraff ginn an datt muss intervenéiert ginn, datt muss gehollef ginn, fir datt déi Génociden ophéieren, datt dann d’Europäesch Unioun och bereet ass fir do matzemaachen. Mä et muss a mengen An ee Mandat si vun der UNO wat kann d’Ausgangsbasis si fir do anzewierken.

Dir frot mech natierlech elo als normale Bierger, kucke mir erëm eng Kéier no? Kucke mir no wat do geschitt oder wat maache mir? Ma fir anzegräife brauche mir militäresch logistesch Equipementer, musse mir militäresch agräifen, soss huet et jo kee Sënn, datt dat geschitt an dofir ass et jo och, datt déi MONUC elo vun der UNO déi sur place ass huet kee Mandat eigentlech, déi kann net agräifen. Déi steet do nozekucke praktesch, mat hire Gefierer an esou weider steet si do nozekucken. Dat si 7000 Leit déi do op der Plaz sinn a si hu kee Mandat eigentlech fir ze verhënneren, datt déi Dramen do sech widderhuelen.

Et muss een ofwaarden ob den 9. nach eppes geschitt, mä wann een awer héieren huet déi Fraen an déi Leit déi wierklech gebiedelt hunn, datt d’Welt hinne soll hëllefen, kann ech mir och net virstellen, datt mir do weider nokucken an datt och um Niveau vun der UNO, och déi Truppen déi do sinn, datt déi net probéieren déi militäresch Mëttel déi mir zur Verfügung hunn, fir datt dat gestoppt gëtt. Dat ass jo eng Arroganz sonnergläiche wann een alleng dee Nkunda do gesäit an et ass och bal net auszehalen, datt Kagame a Kabila net capabel si fir do matenaner zu enger Conclusioun ze kommen an och capabel si fir dee Krich do opzehéieren. A kuckt d’Kaart wierklech: wann een dat gesäit, da versteet een net, datt esou eppes kann entstoen. All Kéier wann agebrach gëtt an de Kongo, gi Buedemschätz mat erausgerass. Dat gëtt als Ursaach geholl fir ze soen hei mir ginn attakéiert, mir musse ripostéieren. Op déi aner Manéier si grad esou Provokatiounen déi geschéien a wat dobäi kënnt, dat ass eben, datt eben de Risque besteet, datt Honnertdausenden erëm hirt Liewe verléieren oder déplacéiert ginn. Mir musse wëssen an Afrika ass d’Liewenserwaardung praktesch erëm ënner 40 Joer. Dat muss ee sech virstellen. An dann déi 40 Joer déi d’Leit do ze liewen hunn, an der Moyenne, nach ënnert deene Konditiounen ze liewen hunn déi se musse liewen, ënnert deem Duuscht an deem Honger déi der vill musse leiden an da kënnt nach Krich dobäi esou wéi am Darfour esou wéi déi Konditiounen elo am Simbabwe sinn, dat ass onerträglech, déi liewen an enger Situatioun déi Leit, schlëmmer wéi mir gelieft hunn hei am Mëttelalter wéi mir Untertane waren an dofir d’Aen zoumaachen, wéi Dir richteg sot, nokucken, dat wier nun dat Fatalst wat d’Welt kéint maachen.

Jay Schiltz: Mä kann Europa dann an deem Konflikt do zum Beispill mat enger eenzeger Stëmm schwätzen? Dir hutt et gesot, de Kongo ass keen aaremt Land, d’UNO-Experte schätzen, datt alleng an der leschten 18 Méint déi ruandesch Arméi do iwwert 250 Milliounen Dollar mat illegalem Verkaf vum kongoleesesche Koltan verdéngt huet. De Ruanda dee gëlt um afrikanesche Kontinent als Alliéierte vun Däitschland a vun den USA, iwwerdeems Frankräich eng Militärinterventioun am Ostkongo fuerdert. Ass dann do, wéi gesäit dat dann do déi Interessenopdeelung an Europa aus? Wat seet Ären däitsche Frënd an Ausseminister Frank-Walter Steinmeier dann dozou?

Jean Asselborn: Här Schiltz, et ass mir egal wat deen een oder aneren denkt, ech ginn Iech eng kuerz Äntwert. Wann d’UNO feststellt, datt d’international Communautéit muss intervenéieren, an ech gesinn eigentlech keng Alternative dozou, da muss Europa mat enger Stëmm bereet sinn, fir do matzehëllefen, fir ze kucken, datt déi Truppen déi op der Plaz sinn, datt déi ee kloert Mandat kréien, dat ass dat éischt. An datt mir och wann dat erfuerdert ass, mat logistescher Hëllef kënne matmaachen. Wéi wäit mir kënnen als Europäer do militäresch mat aschreiden, do solle mir als Lëtzebuerger ganz bescheiden bleiwen, mä wann d’Fro vun der UNO kënnt fir anzegräifen a wann déi Demande kënnt, da muss Europa mat enger Stëmm schwätzen, egal wat déi eng oder déi aner als Sensibilitéiten do hunn.

Jay Schiltz: Gutt, d’Zäit fänkt esou lues un eis fortzelafen a vill hätte mir nach ze diskutéieren, dofir zréck an Europa. Zu Bréissel ware gëschter déi europäesch Staats- a Regierungschefen zesummen, fir de Weltfinanzsommet zu Washington de 15. November ze préparéieren. Europa konnt sech op eng gemeinsam Strategie eenegen, heescht et, zu Washington wëllt Europa net nëmme seng Reguléierungs- a Kontrollmoossnamen duerchsetzen, mä och aner Sujeten op den Dësch leeën, wéi Klimapolitik, Bekämpfung vun der Aarmut, Welthandel. Wéi eng Chancen huet Europa sech zu Washington duerchzesetzen?

Jean Asselborn: Also ech fannen, datt Europa bis elo do ganz gutt operéiert huet an och de Lead hat doranner. Mir däerfen ni vergiessen, fir et kuerz ze maachen, datt déi Kris jo aus Amerika eriwwer komm ass, datt Amerika schold ass un där Kris. Dat muss een heiansdo wierklech widderhuelen. An datt mir awer och eis bewost sinn, datt, wéi deen Tsunami eriwwer komm ass, datt mir an Europa, mä och hei zu Lëtzebuerg, mat dorënner leiden an ech weess net op dat Leiden eriwwer ass oder ob et an engem Endstadium ass oder ob mir eréischt wierklech mussen jo déi Paraden opbauen déi mir brauchen, datt d’Realéconomie net touchéiert gëtt.

Elo mengen ech, gëschter, dat war richteg wat gemaach ginn ass, datt déi Viruerdnung geschitt ass an datt Europa och op Washington geet mat ganz kloren Ziler, fir ze soen, d’Transparenz, fir ze soen d’Responsabilitéit vun deene Leit, datt och muss gekuckt gi fir d’Normen op een Niveau ze kréien, datt ka reguléiert ginn, all déi Mesuren déi jo geholl gi sinn an et ass jo och gesot ginn, datt no 100 Deeg versiche mir erëm eng Kéier ee Sommet ze maachen a kucke wat hunn déi Mesuren elo bruecht, a wat fir weider Mesuren ee muss huelen. Ech sinn absolut mat deenen averstanen, déi soen, mir sinn net 1945 oder 44 45, datt mir erëm alles nei mussen erfanne wat déi Bretton Woods Institutionen ugeet, déi hu mir. Mir mussen se reforméieren, datt se méi efficace fonctionnéieren an et muss ee virun allem d’Instrument vum Fonds monétaire international muss een ausbauen, fir kënne och een „early warning system“ fäerdeg ze bréngen, datt wann esou eppes sech undeit, datt dat kann an engem fréie Stadium détectéiert ginn an datt och kann dogéint gehandelt ginn. Deen deen dat fir d’éischt gefrot huet, dat war wierklech de Gordon Brown. Dat war, wéi mir zu Lissabon den Traité ënnerschriwwen hunn, huet de Gordon Brown ganz kloer gesot: “Wa mir keen “early warning system�? hunn a wa mir net eis d’Méiglechkeete gi fir ze reagéieren, da geet et eis eng Kéier schlecht.�? Leider ass dat elo Wierklechkeet ginn an ech hoffen, datt déi immens Frëndschaft déi besteet tëschent Amerika an England op deem Punkt hei och wierklech dréit, fir datt do een deen anere versteet.

Europa huet richteg gemaach, datt et seng Positioune ka kloer op den Dësch leeën. Ech hoffen, datt Amerika och d’accord ass fir, virun allem och déi Reguléierung, dat ass jo de Punkt, déi Reguléierung, datt ee gesäit wat, datt een Transparenz fäerdeg bréngt, datt ee gesäit wat op den internationale Finanzmäert geschitt fir kënnen Abusen ze verhënneren, datt Amerika dee Schrëtt matmécht. Net datt erëm gesot gëtt, wat jo och verschiddener an Europa soen, mir géife iwwerreguléieren. Ech hu gelies wat zum Beispill de schwedesche Premierminister seet. Dee seet, mir musse oppassen virun enger Iwwerreguléierung. Mä et geet elo net ëm d’Iwwerreguléierung, et geet elo mol drëm fir erauszefannen, datt ee sech Mechanisme gëtt fir iwwerhaapt am Stand ze sinn, datt déi Kris déi elo sech produzéiert huet, datt déi sech net erëm eng Kéier widderhëlt.

Jay Schiltz: Net dobäi ass de President vum Eurogrupp, de lëtzebuerger Premier a Finanzminister Jean-Claude Juncker, wéi fannt Dir dat dann?

Jean Asselborn: Jo ech fannen, datt dat, en huet dat jo och selwer gesot, en net bei deene Beleidegten ass. Dat ass och richteg, datt en déi Attitude anhëlt. Den Eurogrupp u sech ass net Member vun deenen G20 an ech mengen, datt do och keng grouss Divergenze sinn. D’Divergenze ware jo éischter op engem anere Plang mat dem spuenesche Ministerpresident. Ech fannen et e wéineg komesch, datt dee spuenesche Ministerpresident, wann en dann dohinnergeet, ee Sëtz hëlt vun de Fransousen, vun der Présidence. Ech fannen dat e wéineg verzwickt, mä gut, dat sinn awer elo Geschichten déi méi opgebaut sinn op eben déi national Gefiller vun eenzelne Politiker a vun eenzelne Länner. Ech wënschen, dat ass dat Allerwichtegst, datt dee G20 jo och, wou jo och Länner dobäi sinn, déi Schwellelänner sinn, mä awer och Länner déi eng immens Influenz hunn op der Welt. Wann een erëm eng Kéier den afrikanesche Kontinent hëlt, do ass Europa net méi alleng, do gëtt et Länner wéi Brasilien, wéi Indien, wéi China selbstverständlech déi immens implizéiert sinn an déi och do présent sinn, datt och ee Land wéi Südafrika dobäi ass. Ech mengen dat ass dat eenzegt Land aus Afrika wat do ass, mä Afrika selwer als Kontinent ass jo och net vertrueden an datt do gekuckt gëtt fir eben déi Positiounen déi d’Europäer ausgeschafft hunn, wat eng Reaktioun ass op dat wat geschitt ass an Amerika, datt dat och eescht geholl gëtt. An ech menge mir sinn an enger gudder Positioun do och an enger Zäit wou mir jo an Amerika wëssen, datt deen neie President Obama absolut hannendrusteet fir och déi nämlecht Ziler ze verfolge wéi mir Europoäer.

Jay Schiltz: Zréck da Finanzkris a Lëtzebuerg, den Impakt op d’Realéconomie dat gëtt gefaart, et gëtt ëmmer virdru gewarnt, ass deen Impakt da schonn do? D’Banke léinen de Betriber net wéi se sollten, heescht et. De Premier hat dës Woch an déi Richtung Gespréicher mat den Acteuren aus dem Finanz- an dem Wirtschaftssecteur. Ass et méi schlëmm wéi mir gesot kréien?

Jean Asselborn: Also gëschter huet am Regierungsrot de Jeannot Krecké Rapport gemaach iwwert déi Reuniounen déi an der Woch war mat [inaudible] ech war elo an der Woch net hei, mä dee Punkt do ass deen éischte Punkt dee mir évoquéiert hunn, datt et soll Betriber ginn déi Problemer hätte fir Krediter geléint ze kréie bei de lëtzebuerger Banken. Mir hunn dat mat vill Sérieux zur Kenntnis geholl. De Luc Frieden deen zoustänneg ass fir de Bankesecteur, fir d’Place financière, huet direkt gesot, datt an deenen 3 Banken Dexia, Fortis an och op der Spuerkeess, wann ech esou däerf soen, wou de Staat jo mat Actionnaire ass, datt do géif zum Rechte gekuckt ginn. Allerdings konnt och keen, och net an der Réunioun, kloer Beweiser op den Dësch leeën. An et geet eis drëm als Regierung fir ze verhënneren, datt esouwuel Betriber wéi awer och individuell Leit, datt do elo géif ee Blocage geschéien. A Blocagen, dat ass jo dat wat mir condamnéieren um internationale Plang. D’Economie brauch Banken, Banken hu jo eigentlech als Fonctioun fir de Betriber Krediter ze ginn, fir datt si kënnen investéieren, fir datt si sech kënnen développéieren, datt kënnen Aarbechtsplaze geséchert ginn a geschafe ginn. Dat ass de Rôle vun de Banken an der Economie, Punkt.

Esou, lo fannen ech, datt wa mir um internationale Plang dat condamnéieren an et géif hei, ech soen et géif, ech ka mir dat eigentlech jo och net virstellen, hei zu Lëtzebuerg esou een Denke kommen, datt ee vu Risque deen een ageholl huet virdrun, fir de Leit Krediter ze ginn, dee jo onendlech war, op eemol op en Null-Risque wéilt kommen. An dofir gëtt och eng Comparaisoun gemaach, wat ass gefrot ginn dëst Joer, wat ass gefrot ginn d’lescht Joer, wéivill Krediter sinn accordéiert ginn d’lescht Joer, wéivill sinn der dëst Joer accordéiert ginn an datt een op Grond vun deem Vergläich wäert de Luc Frieden och do dem Regierungsrot da soe wat als Conclusioun ze zéien ass. Et ass, wéi gesot, nach eng Kéier, éischter opgebaut op Suppositiounen déi do gemaach ginn, oder wéi een dat dann ëmmer wëllt nennen, mä et si keng konkret Beweiser do an ech ka mir och net virstellen, wann ech d’lëtzebuerger Responsabel vun de Banke kennen, datt si esou eng Attitude géifen anhuelen.

Jay Schiltz: Gutt, et ass op d’Sekonn 5 Minutte virun 1, dee leschte Volet, Här Asselborn, bal op den Dag genee a 7 Méint sinn d’Chamberwahlen, et gëlt als quasi sécher, datt Dir d’LSAP nees als Spëtzekandidat an déi Wahle féiert, obschonn een dat bei der LSAP ni esou weess. Jean Asselborn, confirméiert Dir Är Spëtzekandidatur?

Jean Asselborn: Also eise President, den Alex Bodry, huet zu engem gewëssenen Zäitpunkt gemengt fir ze soen, datt ech soll dat nach eng Kéier maachen. Mä mir hunn ee Kongress am Mäerz, wou dat dann offiziell soll confirméiert ginn. Fir mech ass dat eng grouss Éier fir dat nach eng Kéier däerfen ze maachen, ech stinn och selbstverständlech do, ech brauch dat jo net ze soen, menger Partei zur Verfügung, dat ass jo alles Blablabla. Mä wat wichteg ass, dat ass, datt mir als Partei, elo onofhängeg vu menger Persoun, ech menge wann ech et net wier, da wier et een aneren, ech sinn net, Dir wësst d’sozialistesch Partei ass keng Partei déi aus dem Mond vun engem lieft an och aus dem Mond vun engem schwätzt. Ech si ganz frou an enger Partei ze sinn an och déi kënne mat ze animéieren.

Jay Schiltz: Mä heiansdo schwätzen der awer dann zevill, mengt ee bal.

Jean Asselborn: Nee, un der Spëtzt mat ze animéieren, déi eigentlech eng Equipe duerstellt an esou solle mir dat och gesinn. Also ech si vu Stengefort, ech bleiwen deen aus stengeforter Siicht deen ech ëmmer war, awer wann et zielt fir meng Partei ze représentéieren, da maachen ech dat an ech muss Iech soen, mir sinn eng Partei déi vläicht net esou un eng Persoun oder un ee Leader gebonnen ass. Dat huet, wéi Dir richteg sot, heiansdo gutt Säiten, meeschtens huet et gutt Säiten, well da kommen all Responsabilitéiten zum Virschäin, et huet och heiansdo schlecht Säiten, domatter muss ee liewen an et ass méiglech datt der op deem Kongress dee mir do elo hunn, datt do een anere sech eventuell beruff fillt, dann huet en d’Recht fir dat ze maachen an da gëtt ofgestëmmt an dann huet et sech domatter. Ech géif awer mengen, datt mir an der Partei wierklech eng ganz grouss Rou hunn, dat ass aussergewéinlech fir d’LSAP, dat ass awer gutt, well mir all eis Energie kënnen op eis Politiken déi mir ze maachen hunn, an der Regierung an an der Chamber an och als Partei selbstverständlech elo eise Programm virzebereeden, op deem Niveau ass mengen ech keng Diskussioun an dat huet net nëmme mat menger Persoun ze dinn, doudsécher net, mä et huet ze dinn, datt mir ee Vizepresident an der Regierung hunn an datt dës Regierung, géif ech och mengen, dës Koalitioun vun de Leit dobaussen net als eng Koalitioun vun de Versoer dohinnergestallt gëtt. Dës Koalitioun huet eng Aarbecht gemaach souwuel wat d’Educatiounspolitik ugeet, wat d’Finanzpolitik ugeet, wat d’Economiespolitik ugeet a wou ech am meeschten houfereg drop sinn, d’Sozialpolitik, wou mir et fir d’éischt fäerdeg bruecht hunn nom Krich, fir wierklech Selektivitéit an d’Sozialpolitik eranzekréien an dofir géif ech net mengen, datt mir elo do stinn als eng Partei déi wëllt aus der Regierung oder sollt aus der Regierung geschoss ginn an dofir ass déi Recommandatioun déi gemaach ginn ass vum President, déi muss confirméiert gi vun der Basis an ech sinn iwwerzeegt, datt d’Basis och do hir Verantwortung wäert iwwerhuelen.

Jay Schiltz: Een décke Problem hutt Dir awer nach, dat ass d’Schoulreform, do gëtt et vill Gerenkels a Geréckels. Elo soll dee globale Pak mat 3 Gesetzer soll opgespléckt ginn, soll eenzel an d’Chamber, wéi kritt d’Madame Delvaux dat dann duerch? A gëtt déi Schoulreform net Iech ee Boomerang am Wahlkampf elo fir Är Partei?

Jean Asselborn: Mir hunn nach 2 Minutten Här Schiltz: also fir et ganz ganz kuerz ze maachen, déi Schoulreform ass déi gréisste Reform déi mir an dëser Period maachen an et ass och déi komplexste Reform. Et ass d’Madame Delvaux, mä et ass och den Här Wiseler déi elo an där Phase, virun allem mat deene Konsequenze vun den Négociatiounen op der Personalfro implizéiert sinn. D’Madame Delvaux huet déi Reform an 3 gedeelt: d’Reform, ech soen elo mol vum Gesetz vun 1912, dat zweet dat ass d’Obligation scolaire an dat drëtt ass eben déi Personalgeschichten. Déi 3 Gesetzer musse matenaner a Kraaft sinn, fir datt kann dat Ganzt ulafen an der Rentré 2009-2010. Ech soen nach eng Kéier, datt dat net de Wëllen ass vun der Regieurng fir ze soen mussen, mä wa mir wëllen, mir hunn eng Rentrée scolaire, déi kënne mir jo net verréckelen, musse mir also déi 3 Gesetzer hunn. Ob se elo matenee gestëmmt ginn oder net matenee gestëmmt ginn, si musse matenaner ulafen. Dofir ass och eng Zäit, wou se musse gestëmmt ginn, fir datt dat kann „en musique“ gesat ginn. Dat ass ganz am Ufank vum Joer 2009. Well Dir wësst, Dir hutt och an enger Gemeng geschafft, d’Schoulorganisatioun déi muss ulafen, Dir wësst och, datt Concourse mussen ausgeschriwwe gi fir d’Schoulmeeschteren an esou weider an dofir sinn ech iwwerzeegt, datt mir do am Conseil d’Etat, an der Chamber, wéi och mir an der Regierung, musse jiddweree seng Pflicht maachen, fir dat grousst Wierk do fäerdeg ze bréngen.

Mir waarden elo op den Avis vum Conseil d’Etat, dee mir wäerte geschwë kréien iwwert dee éischte Jet, iwwert d’Personalgeschicht, da kommen Ammendementen dozou, déi da présentéiert ginn. D’grousst Gesetz selwer, d’Reform wäerte mir och den Avis dëst Joer November kréien an dann ass et un der Chamber. Ech mengen et ass net un der Regierung fir der Chamber ze soe wat se mécht, do soll si ganz sech zréckhalen, mä dann ass et un der Chamber mat deenen ze schwätzen, an der Chamber mat Leit déi Responsabel sinn, fir ze kucken, datt mir am Ufank vum Joer da kënnen dee Vote dann do fäerdeg bréngen, deen eis Schoul brauch an eise Schoulsystem brauch fir eben d’21. Jorhonnert, fir do op déi Schinn ze kommen, déi mir brauche fir kompetitiv ze bleiwen.

Jay Schiltz: Gutt, et ass elo 1 Auer, eng allerleschte Fro, déi brennt mir awer nach, Här Asselborn, wéi ass et da mat der Relatioun Juncker Asselborn an der Regierung ? Ass do alles an der Rei?

Jean Asselborn: Also ech géif mengen, Juncker Asselborn, déi allenzwee déi wëssen, datt mir eng Responsabilitéit kritt hu vum Wieler an eis och selwer ginn hunn, fir matenaner ze schaffen an net géintenaner ze schaffen, zum Wuel vun eisem Land an dat si mir am gaangen ze maachen zanter 2004 an dat maache mir och bis zum Schluss 2009. An et ass, et si scho méi schlëmm Zesummenaarbechte ginn wéi déi doten. Ech kann just soen, wéi ëmmer gëtt et Punkte selbstverständlech wou mol Friktioune kënnen entstoen, mä datt en général, datt mir awer do op déi Zesummenaarbecht op béide Säite kënnen opbauen.

Jay Schiltz: Gutt an domatter ass et genee 1 Minutt op 1 Auer. Dëse „riicht eraus“ ass eriwwer. Merci dem lëtzebuerger Ausseminister a Vizepremier Jean Asselborn fir de Besuch haut am Studio.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact