Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Novembre 2008 > Jean Asselborn au sujet de la déclaration sur la politique européenne et étrangère

Interview
Jean Asselborn au sujet de la déclaration sur la politique européenne et étrangère
"RTL Télé" du 17-11-2008

Vers le niveau supérieur

Mariette Zenners: Dir haalt muer an der Chamber Är aussepolitesch Deklaratioun, a wann een esou ka soen, den Haaptmessage dovun ass e bëssen, datt mir eng nei Weltuerdnung hunn, et ass net méi de Westen alleng deen diktéiert, mä och Länner wéi China, Indien, Brasilien kréien ëmmer méi matzeschwätzen. Dat huet ee jo och elo de Weekend iwwer zu Washington um G20 gesinn. Fir Iech ass dat en historesche Sommet. Firwaat?

Jean Asselborn: Jo, also fir d’alleréischt zwou Saachen. Europa, gesitt Dir, wann et wëllt, kann eng determinant Roll spillen. Europa huet dee Sommet initiéiert, an dat ass och gutt esou.

Dat zweet dat ass, dass a mengen Aen, Dir sot et ass historesch, dass effektiv eppes do geschitt ass. Ech mengen, ob mir dat wëllen oder net, mä de Monopol vum Westen, den sou genannte Westen, ass gebrach a Saache Finanzfroen, an och an Saache Wirtschaftsfroen.

D’Welt, d’globaliséiert Welt, ass do ukomm, wou se muss ukommen, nämlech et musse sech elo Strukture gi ginn. Dir wësst, de G7 oder de G8 geet laang net duer. Hei si mir elo um G20, déi Länner vum B-R-I-C, dat heescht Brasilien, Russland, Indien, China (ënnerbrach).

Mariette Zenners: Dat alles wäert esou ze soe reforméiert ginn.

Jean Asselborn: Voilà, déi sinn dobäi, et sinn och aner Länner dobäi, wéi Saudi-Arabien, Südafrika an esou weider, déi "Pays émergeants" wéi een dat nennt, an et si keng Léisungen um Planéit méi ze fannen ouni déi Länner dobäi, an daat ass richteg.

Mariette Zenners: Bon, elo kléngt dat alles ganz gutt an der Theorie wat do festgehale gouf u Virsätz, méi Kontroll, méi Regulatioun, awer net ze vill. Mä an der Praxis, do ginn et jo awer nach ëmmer ganz vill Ënnerscheeder tëscht deem, wat d’Amerikaner wëllen, wat d’Europäer wëllen, an dann och, kann ee sech effiktiv virstellen, datt elo eng nächst Kredit- oder Immobiliekris domat ze verhënnere wier, mat deene Virsätz?

Jean Asselborn: Doudsécher net, mä d’Analys déi gemaach gin ass, an och de Wëllen fir zesummen ze schaffen, fir eng aner Kris ze évitéieren, ech mengen dat sin wichteg Zeechen.

Wann een och d’Resultater kuckt, ass fir mech eent vun deene wichtegsten, datt kee méi wëllt de Protektionismus weider verteidegen. Dat heescht, datt mir och mat der Doha-Ronn elo kënnen virukommen (ënnerbrach).

Mariette Zenners: Déi eng zwar méi wéi déi aner.

Jean Asselborn: Dat ass richteg, d’Amerikaner mussen nach e wéineg gehollef kréien, se mussen e wéineg encouragéiert ginn, mir hoffen awer datt dat mam Obama geet, fir (ënnerbrach).

Mariette Zenners: Mengt Dir dann, voilà, mat engem neien amerikanesche President, datt do awer villes wäert changéieren?

Jean Asselborn: Ech wollt just mäi Saz maachen. Fir datt effektiv och de Fonds monétaire international d’Méiglechkeet kritt fir déi nei Regulatioun och ze iwwerwaachen.

Mariette Zenners: Bon, fir op Är Deklaratioun vu muer zeréckzekommen. D’lëtzebuerger Aussepolitik dat ass forcément europäesch Aussepolitik. Ee Wuert zum Vertrag vu Lissabon. Wéi geet et do virun, nom Sommet am Dezember sollen d’Ire jo mat neie Propose kommen?

Jean Asselborn: Jo, also et ass esou, datt vläicht duerch d’Finanzkris an Irland en Ëmdenke kënnt. Et gi Resultater, wou den Nee vill méi schwaach ass de Moment wéi de Jo, dat wier jo eng gutt Evolutioun. Mir mussen awer do waarden, bis den Dezember, bis déi iresch Regierung do eng Propositioun mécht. Mä duerch d’Kris kann an Irland d’Reflexioun kommen, datt et iewer besser ass mir hätten een integréiert Europa, a si wieren och do dobäi, wéi wa se géifen do als vläicht eenzegt Land, ewech bleiwen.

Mariette Zenners: Da bleift eng vun de Prioritéite vun eiser Aussepolitik de Klimawandel. Dir sot et wier falsch elo trotz Rezessioun un déi festgesaten Ziler do fréckelen ze goen. Wat erwaart Dir Iech elo do? Vläicht och mat enger neier amerikanescher Administratioun wäert do méi dra sinn, och Enn 2009 op der Weltklimakonferenz?

Jean Asselborn: Et sinn zwou Froen. Fir d’éischt hoffen ech, datt d’Amerikanesch Mentalitéit, déi vum Dick Cheney vertrueden gouf, datt déi sech verännert. Dat ass dat eent.

Dat zweet dat ass, dass mir am Dezember een haart, haart Stéck Aarbecht am Conseil européen kréien. Dir wësst, datt verschidde Länner do grouss Problemer gesinn, datt verschidde Länner wëllen ënnert der franséischer Présidence keng Décisioun huelen, an dat op d’tschechesch Présidence wëllen drécken. An do musse mir als Europäer bis den Dezember, ech mengen och an deene Staaten, wou Problemer sinn, versichen eng Léisung ze fannen, well wa mir alles, wat mir gesot hunn, daat heescht den Agenda 2020, wa mir dat net réaliséiren, do steet och d’Crédibilitéit vun Europa an der Welt um Spill.

Mariette Zenners: Natierlech wäert Dir Iech muer an der Deklaratioun och mat der Aarmut an der Welt befaassen. Wéi en Afloss wäert dann elo déi ganz Finanzkris op déi, wierklech déi äermst vun den äermste Länner hunn, Ärer Meenung no?

Jean Asselborn: Dat ass eng immens wichteg Fro, a mir ginn dorunner gemooss. Ech kommen elo just aus Afrika erëm. D’Europäesch Unioun ass fir vill afrikanesch Länner eng Referenz. Och an Asien ass dat de Fall, an a Latäinamerika ass dat de Fall. An dat schlëmmst wat mir kéinte maachen, dat ass, datt elo déi Virsätz déi mir eis ginn hunn, bei den Milleniumsziler 2005, wann déi géife gebrach ginn. Wa mir d’Solidaritéit briechen, an elo eis just op eis konzentréieren, dat wier e Message, deen terribel néfaste Konsequenzen hätt op der Welt.

Mariette Zenners: E Schoss, deen no hanne kéint lassgoen.

Nach eng Fro zu der Sécherheet. Bon, mir kënnen elo net op all Konflikter hei agoen, déi Dir och wäert uschwätzen, vum Kaukasus, Balkan, Iran, Irak. Mä just allgemeng wäert et jo awer och do zu engem Wandel kommen. De President Obama wäert méi Responsabilitéit vun den Europäer do verlaangen. Kéint dat och heeschen zum Beispill, datt lëtzebuerger Zaldote méi an den Asaz komme bei internationalen?

Jean Asselborn: Do maacht Dir elo e puer Schrëtt beieneen. Ech géif dat hei fir d’éischt mengen: ech wier ganz frou wann effektiv, ënnert dem President Obama, zesummen mat deenen anere 26 Ausseministeren, wa mir wierklech eng Partnerschaft géifen opbauen, wou Amerika Europa als e Ganzt gesäit, wou mir och eis Aussepolitik kéinten developpéieren, a wou Amerika och an de Reflexer weess, datt et e grousst Land bleift, mä net grouss genuch fir d’Welt eleng ze dirigéieren, an och net regéieren.

Ech hoffen, dass déi Zësummenaarbecht erëm besser gëtt am internationale Gefüge, fir datt déi Riedercher am internationale Gefüge och tëschent der Europäescher Unioun an Amerika, mä och mat Russland, mat China, datt déi erëm besser anenee gräifen. Dat hoffe mir, datt dat d’Resultat gëtt vun dem Här Obama senger Politik, wëssend awer datt den Obama virun allem gewielt ass, fir amerikanesch Politik ze maachen. An da kënnt eréischt déi international Politik un zweeter Plaz.

Mariette Zenners: A mir kommen elo kuerz nach bei d’lëtzebuerger Politik. Där jéngster Ëmfro am Lëtzebuerger Wort no loung Dir op drëtter Plaz Zoustëmmung vun de Politiker, no engem Jean-Claude Juncker, an engem Luc Frieden. Am Juni war Dir nach zweeten. Ass dat net e bësse frustrant als Vize-Premier, zweete Mann an der Regierung, awer do nëmmen drëtten ze sinn?

Jean Asselborn: Neen, esou dierf een dat jo net gesinn, soss muss ee jo muer ophale Politik ze maachen. Ech fannen, wësst Dir, wat fir mech wichteg ass bei deem Sondage ass, Dir wësst d’Demoskopie ass en interessant Geschäft. Wat wichteg ass, dat ass, datt een eng Tendenz erausspiert. Ech liesen, datt 75% vun de Lëtzebuerger d’accord si mat dëser Regierung. Mir sinn ugetruede mat 60%, et ass also e Fortschrëtt. An ech liesen och, wann ech mech gutt erënneren, e Samschdeg huet d’CSV jo 40% Zoustëmmung kritt. Wann d’ganz Regierung der 75% huet, dann hu mir der jo 35%, dat heescht domat kéint ech eventuell ganz gutt liewen.

Mariette Zenners: Obwuel haut am Politmonitor déi Zoustëmmung haaptsächlech an de Beräicher Finanze war, an och d’Sécherheetspolitik. Wat Ëmwelt-, Transport-, Schoulpolitik ugeet, do kommt dir manner gutt ewech. Dat si jo awer LSAP-Ministèren.

Jean Asselborn: Jo, also mir si jo elo hei beim Lëtzebuerger Wort, wat eng terribel gutt Zeitung ass, mä d’Lëtzebuerger Wort kuckt vläicht, datt et elo déi verschidden Domainë geholl huet, zum Beispill d’Santé ass net dobäi, fir nëmme just dat ze huelen, vläicht méi déi Ministère, déi elo méi vun der CSV beluegt ginn.

Mä n’importe, wat wichteg ass fir mech, ech soen dat elo ouni iergendwéi iewer en Hannergedanken, dat ass, datt d’Regierung anstänneg do steet, an dat ass fir mech dat allerwichtegst. Déi Ëmfro ass jo keng Sonndesfro, et ass och kee Wahlresultat, et ass eng Tendenz. Mir falen elo net do an Depressiounen, an ech mengen d’CSV wier och schlecht beroden, wa se sech kéint elo op d’Mëttesrascht leeën (ënnerbrach).

Mariette Zenners: Dat heescht, Dir maacht Iech elo net esou vill Suerge wéi Är franséisch Kollege vläicht vum PS a Frankräich?

Jean Asselborn: Also, am franséische PS kann ee wierklech soen, deen deen d’Iwwerschrëft geschriwwen huet: "ce n’était pas le sacre, mais le massacre", deen hat Recht. Ech mengen de franséische PS ass an enger terribel, terribel schwiereger Phase. Dir gesitt, d’Madame Ségolène Royal ass immens vill ausgepaff ginn, awer och huet se vill geklappt kritt. Si polariséiert, mä d’Alternative dozou ass net am Stand fir sech zesummen ze dinn. Ech weess net wat erauskënnt bei där Ëmfro en Donneschdeg, an héchstwahrscheinlech och nach e Freideg, mä de Gewënner dovunner ass net d’Demokratie a Frankräich, an och net de Sozialismus a Frankräich, an och net, géif ech soen, à la fin du compte, de President Sarkozy, well dee mat senger Impulsivitéit misst eigentlech contre-carréiert gi mat demokratesche Mëttelen duerch eng staark Oppositioun, an dat feelt a Frankräich. Bei esou engem zentrale Staat wéi Frankräich wier dat bluttnoutwenneg.

Mariette Zenners: Elo hu mir e groussen Tour gemaach vun der lëtzebuerger Aussepolitik bis bei de franséische PS. Ech soen Iech Merci, datt Dir bei eis waart Här Asselborn.

Jean Asselborn: Merci.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact