|
Francine Closener: Gudde Mëtteg am Background am Gespréich, haut mam Jean-Louis Schiltz. Den CSV-Politiker ass Minister vun der Kommunikatioun, der Kooperatioun a vun der Arméi.
Iwwer d’Enjeuë vun deenen dräi Ressortë geet natierlech rieds, mä virop kommentéiert eisen Invité awer dat, wat d’Gemidder déi lescht Deeg beweegt huet, an anere Wierder d’Wirtschaftskris zu Lëtzebuerg. Elo direkt awer emol d’Titele vun der Aktualitéit mam Roby Sinner, gudde Mëtteg.
Titele vun der Aktualitéit mam Roby Sinner
Francine Closener: Background am Gespréich, haut also mam Jean-Louis Schiltz. Gudde Mëtteg.
Jean-Louis Schiltz: Gudde Mëtteg.
Francine Closener: Här Schiltz, wann Dir dëser Deeg vun de Leit gefrot gitt, wéi schlëmm d’Wirtschaftskris fir eis da wierklech ass, a gëtt, wat maacht Dir dann, schwätzt Dir Tacheles, oder probéiert Dir och, wéi déi meescht Politiker, d’Leit ze berouegen?
Jean-Louis Schiltz: Neen, ech mengen, et muss ee kloer soen, datt et eng schwiereg Kris ass, eng substantiell Kris.
A wann Dir mech frot, ob ech mengen, datt dee gréissten Deel vun der Kris hannert eis ass, oder virun eis, da soen ech, de gréissten Deel vun der Kris ass nach virun eis.
Op där anerer Säit soen ech awer och, datt mir net esou schlecht opgestallt sinn, esouguer gutt opgestallt si mat deem wat mir an deene leschte Joere gemaach hunn, an datt mir et packe wäerten.
Francine Closener: D’Regierung fuerdert d’Leit jo op weider ze consomméieren, mä de Konsum alleng dee rett eis och net, schlisslech gëtt de Gros vun deem wat hei am Land produzéiert gëtt, jo souwisou exportéiert, an op d’Demande vu baussen huet d’Regierung jo awer keen Afloss. Ass d’Kris dann an deem Sënn eng Fatalitéit?
Jean-Louis Schiltz: D’Kris ass mat Sécherheet keng Fatalitéit, et gëtt eng Äntwert, wat net eng eenzeg Äntwert ass op déi Kris. All déi Mesuren, déi mir hei zu Lëtzebuerg huelen, reie sech an en europäesche Kader an. Mir brauchen och deen europäesche Pak, dee vun der Kommissioun virgestallt ginn ass. Wann Opel net méi produzéiert, jo dann hunn d’Autozouliwwerer hei zu Lëtzebuerg keng Opträg méi. Also gräift dat eent an dat anert iwwer. Mir maache Saachen, mir halen d’Investissementer héich, mir sëtzen d’Steieren erof, an esou weider, an esou fort, dat eent gräift an dat anert iwwer. Ech ginn dovun aus, datt mir nach dorop zeréckkomme spéider.
Francine Closener: Absolut. Dës Woch war nämlech alt erëm eng vun de schlechten Nouvellen, besonnesch och fir Lëtzebuerg. De Frank Kuffer kuckt op déi leschten Deeg zeréck.
Réckbléck vum Frank Kuffer:
Et hätt een et scho bal kënnen, oder misse komme gesinn. Et konnt keng gutt Woch sinn, déi al war nach net richteg eriwwer, déi nei nach net am gaangen, an den Inneminister hat d’Hand gebrach. De Jean-Marie Halsdorf ass am Eecherbierg an ee Bus gerannt, Alkoholtest negativ, präziséiert d’Police.
D’CSV Ministere schéngen iwwerhaapt méi kleesber Schanken ze hunn an der Lescht, den Aarbechtsminister huet scho méi laang de Fanger gebrach bei enger Judo-Demonstratioun um Studententreffe Reel, an net bei senge Beméiunge fir de lëtzebuerger Aarbechtsmaart, woubäi ech natierlech elo net wëll soen, do géif de François Biltgen kee Fanger kromm maachen.
De Chômage ass am Oktober vu 4,3% op 4,5% geklommen. 44 Betriber schaffen am Dezember kuerz, dat si 4875 Leit, esou vill wéi nach ni, an et schéngt ganz kloer, datt de Chômage nach erop geet, an zwee Joer esouguer bis op 7%, seet d’OECD, déi fir Lëtzebuerg och vun engem Negativwuesstem, wat ee komescht Wuert, vu -0,46% fir d’nächst Joer ausgeet.
Domat si se sech also alleguer eens, Zentralbank, Statec, EU-Kommissioun, OECD, datt och eis Économie d’nächst Joer zeréckgeet, just eise Budget dee baséiert nach op +3%.
Mä duerch d’Propose vun der EU-Kommissioun vun Uganks der Woch, kënne mir jo méi Staatsdefizit maachen, also alles kee Problem.
An Enn der Woch koum dunn d’Nouvelle, datt Lëtzebuerg och erëm an der Stolkris ass. De Michel Wurth huet d’Situatioun op jiddwerfall mat där aus de 70er Joere verglach. Bei Arcelor-Mittal gi weltwäit 9000 Plaze gestrach, et sinn awer dës Kéier net déi an der Schipp, déi an der Produktioun, déi musse goen, mä éischter déi mat Costume, Krawatt, aus der Administratioun.
Lëtzebuerg muss mam Haaptsëtz als gutt Beispill virgoen, a bei eis ginn duefir 400 Plaze gestrach. Mä d’Leit solle fräiwëlleg goen. Da loosse mir eis emol iwwerraschen. Den Aarbechtsmaart waart jo net grad op 400 Leit.
A wien domat gerechent hat, am Januar géif et elo déi nächst Indextranche, déi zanter Mëtt vum Joer fälleg ass, dee gouf och enttäuscht, déi Tranche kënnt eréischt am Mäerz. De Pëtrol war iwwer dat ganzt Joer gekuckt, ze deier.
An an all deem Zësummebroch, Hand- a Fangerbroch, ass een am Land am Opbroch, den DP-Parteipresident Claude Meisch huet seng Perspektive fir d’Land op bal 60 Säiten néier geschriwwen. Den Obama vun Déifferdeng kuckt schonn op de 7. Juni d’nächst Joer.
Den Ament sëtzt d’Regierung matten an der Kris awer nach fest am Suedel, a seet: yes, we can.
Francine Closener: Jean-Louis Schiltz, d’Regierung sëtzt fest am Suedel, mä wësst Dir dann iwwerhaapt wouhinner datt d’Päerd leeft, a wéi séier? Kann iwwerhaapt iergendeen dat wëssen?
Jean-Louis Schiltz: Et ass schwéier de Moment fiabel Pronostiken ze maachen, déi laangfristeg Gültegkeet hunn.
Mir hunn eng Rei Evenementer elo hannert eis, et ass mat de Banken ugaangen. Et ass awer och esou, an den Här Kuffer huet dat och gesot, datt, ob et d’OECD ass, d’Zentralbank oder de Statec, d’Croissancezuelen, déi siedele sech iergendwou bei Null un, e bëssen driwwer, oder e bëssen drënner, domat ass Lëtzebuerg net an der Rezessioun, mä awer net wäit dovunner ewech.
Et ass an deenen Zäiten, wou eng Regierung gefuerdert ass, an et mierkt een och, datt alles haut zesummen hänkt, datt Lëtzebuerg alleng net méi ka fonctionnéieren, dat mierkt een haut a méi schwieregen Zäiten, fannen ech nach besser, wéi a besseren Zäiten, wann een esou wëllt.
Francine Closener: 400 Aarbechtsplaze ginn an der Verwaltung vun Arcelor-Mittal zu Lëtzebuerg ofgebaut, iwwer soi-disant fräiwëlleg Départen. Wat haalt Dir dovunner?
Jean-Louis Schiltz: Dat ass mat Sécherheet keng gutt Noriicht, well dat ass jo net, datt déi 400 einfach eng Zuel wieren, dat si Mënschen, déi dovu betraff sinn, et si Familljen déi dovunner betraff sinn. Et geet elo drëm, dat ze organiséieren, et geet drëm dat ze begleede vu Regierungssäit, mat natierlechen Ofgäng an d’Pensioun, an anere Mechanismen, mir mussen eis deem elo stellen.
Wann a China manner gebaut gëtt, dann huet dat och en Effet op Lëtzebuerg, dat gesäit een, obwuel nach eng grouss Croissance a China ass. Dat ass elo ee Beispill.
An dann ass et natierlech och esou, datt et op administrativem Niveau och dann zu esou Décisioune wéi dat do, kënnt.
Mä wéi gesot, et geet elo an enger éischter Phase drëm, fir dat do ze begleeden, a mat aarbechtsrechtleche Mechanismen ze organiséieren.
Francine Closener: An Dir gleeft drun, datt et keng Entloossunge wäerte ginn?
Jean-Louis Schiltz: Ech gleewen do drun, well ech mengen nämlech, datt mir ëmmer bewisen hunn, datt mir och a schwieregen Zäiten déi sozial Mechanismen fäerdeg bruecht hunn, voll spillen ze loossen.
Ech gleewen drun, awer nëmmen dann, wa mir an dem lëtzebuerger Modell gemäss dat zesumme fäerdeg bréngen, dat heescht d’Regierung, d’Patronat a Gewerkschaften, mat der Hëllef natierlech och vun der Chamber.
Francine Closener: Ass et naiv fir ze mengen, datt ee Konzern och emol e Joer vläicht kee grad esou en décke Bénéfice mécht, an duefir awer de Leit d’Plaz ka loossen?
Jean-Louis Schiltz: Ech mengen net, datt eng Entreprise sech elo onbedéngt kuerzfristeg positionéiert an esou Problematike wéi dat do.
Ech mengen och net, datt d’Patronë vun esou Konzerner liichtfankeg mat den Aarbechtsplazen emginn.
Natierlech ass dat, wat op den Dësch geluegt ginn ass, ze hannerfroen an ze kucken, mä an engem konstruktiven Dialog, an datt do déi eng oder aner punktuell Mesure a Fro gestallt gëtt, respektiv nei gewiicht gëtt, dat ass eppes normales. Mä grondsäzlech mengen ech awer, datt do keng Liichtfankegkeet am Spill ass.
Francine Closener: D’Arcelor ass jo net deen eenzege Betrib deen ofbaut. Fäert Dir net e wéineg fir Äre Parteikolleg, den Aarbechtsminister François Biltgen? Deemno wéi muss hie mat engem Rekordchômage an d’Wahle goen, an da gëtt et jo awer trotzdem schwiereg ze erklären, datt een dorunner ganz onschëlleg ass als Minister.
Jean-Louis Schiltz: Ech hunn Iech gesot virdrun, datt ech der Meenung sinn, datt e groussen Deel, oder dee gréissten Deel vun der Kris nach virun eis ass, och wann et schwéier ass Pronostiken ze maachen, da gesinn d’Perspektiven awer haut net esou gutt aus, wéi se gëscht a virgëschter ausgesinn hunn, an dat wäert och en Effet, a Konsequenzen op Aarbechtsplazen hunn a mengen Aen.
Elo geet et awer drëm och wéi d’Regierung doropper äntwert. Et ass jo net nëmmen deen Deel François Biltgen, wann een esou wëll, deen do betraff ass. Et geet och em d’Diversifikatiounspolitik, et geet em d’Investissementer vu Säite vum Staat, Stéchwuert Budget, et geet em d’Kafkraaft, Stéchwuert Steieren erofsetzen, Mindestloun eropsetzen. Et geet em all déi Kaderbedingungen.
Et ass also eng Äntwert, wat net eng uniform Äntwert ass, déi sech doropper beschränkt, och wann dat e wichtegen Deel ass, fir ze kucke wat mat deene Leit geschitt, a wéi se erëm op den Aarbechtsmaart kommen. Mir musse vill méi wäitgefächert agéieren haut.
Francine Closener: Mä grad an de leschten Deeg ass jo awer ëmmer erëm d’Reform vun der ADEM gefuerdert ginn. Sitt Dir dann awer och do duefir? Wëll d’Regierung dat da maachen nach?
Jean-Louis Schiltz: Ech mengen den Aarbechtsminister huet jo gesot, hie wier gewëllt mat op dee Wee ze goen [get ennerbrach]
Francine Closener: Hie wëll awer net méi ze laang waarden.
Jean-Louis Schiltz: Ech mengen, datt d’Zäit komm ass fir dat ze maachen.
Francine Closener: A propos Staatsbudget. Wéi ass et dann elo domat? Hält d’Regierung dann tatsächlech nach mordicus dorunner fest, och wann ebe Statec, EU-Kommissioun, OECD mat engem Null-, oder Negativwuesstem rechnen?
Jean-Louis Schiltz: Et muss ee jo emol fir d’éischt kucke wat de Kader ass. De Kader ass deen, datt am September, Oktober weltwäit, an och hei zu Lëtzebuerg, eng Rei Banke stabiliséiert gi sinn.
De Kader och ass deen, datt op EU-Niveau elo e Pak vun 200 Milliarden Euro fir d’Wirtschaft ze stëtzen, um Dësch läit, deen am Dezember um Sommet wäert verabschid ginn [gëtt ënnerbrach]
Francine Closener: Wou awer déi eenzel Memberlänner awer och vill dozou bäidroen.
Jean-Louis Schiltz: …wou déi eenzel Memberlänner en Deel dozou bäidroen. Ech kommen doropper.
An dann all déi Mesuren, déi domat ze dinn hunn, datt d’Kafkraaft gestäerkt gëtt, sinn an deem Zesummenhang och wichteg Mesuren. D’Steieren déi erof gesat ginn, de Mindestloun deen erop gesat gëtt, d’Renten déi erop gesat ginn, den Index deen am Mäerz kënnt, an esou weider, an esou fort. Alles dat ass och wichteg.
Dir sot de Budget ass op 3% Croissance opgebaut. Dat ass richteg. De Budget huet en héijen Investissementsniveau. D’Regierung ass déterminéiert fir deen Investissementsniveau héich ze halen. Géif d’Regierung deen zeréck féieren, géife mir d’Kris nëmme verschlëmmeren. An iwweregens weisen ech drop hin, datt an deem europäesche Pak vun den nationale Regierungen, wéi Dir richteg gesot gëtt, gefuerdert gëtt, oder proposéiert gëtt, datt déi 1,5% investéieren a laangfristeg Investissementer.
Eisen Investissementsniveau ass schonn do eriwwer, dat heescht, dat wat mir eigentlech vir hunn, geet schonn iwwer dat eraus, wat an Europa als global Äntwert ugeduecht gëtt.
Dat heescht, déi europäesch Richtung, déi elo ageschloe gëtt, ass eng Richtung déi mir schonn ageschloen hunn. Si gëtt eis also Recht, datt mir d’Investitiounen op engem héijen Niveau halen, an net nëmmen op engem héijen Niveau halen, mä och eng Rei Investissementer, déi mam Wuesstem ze dinn hunn, virzéien, am Sënn vum Mëttelstand.
Sief dat Infrastrukturen, alles wat mat bauen ze dinn huet, sief dat alles wat mat esou genannte gréngen Investissementer ze dinn huet. A fir op mäi Beräich ze schwätzen ze kommen, och alles, wat mat den Technologien ze dinn huet. Dat ass de Réckstrang vun der Wirtschaft. Och do sinn eng Rei Investissementer geplangt.
Et ass ganz gutt méiglech, fir déi elo virzezéien, an d’Regierung ass och gewëllt dat ze maachen, fir déi Investissementer net nëmmen héich ze halen, mä och dann nach déi méi laangfristeg geplangt sinn, virzezéien. Dat ass eng antizyklesch Politik, déi do ass fir d’Saachen ze stimuléieren an Zäite wou et net esou gutt geet.
Francine Closener: Allerdéngs kommen elo déi éischt skeptesch Bemierkungen, soe mir emol, vum Koalitiounspartner. Am Lëtzebuerger Land nennt den LSAP-President Alex Bodry, de Budgetsminister Luc Frieden een Zauberer, a schwätzt vun engem virtuelle Budget.
Alex Bodry (O-Toun): De Budget do wäert net kënnen esou ausgefouert ginn, wéi en elo um Dësch läit, a wéi en och wäert vun der Chamber gestëmmt ginn. De Budget wäert mussen anescht ausgefouert ginn.
Dat gëlt esouwuel fir d’Säit vun den Einnamen, wou et evident ass, well déi meeschten Einnamen mat méi oder manner Verspéidung um Wirtschaftswuesstem hänken, datt mir manner Einname wäerten 2009 kréien, wéi dat elo am Dokument steet, 2010 wahrscheinlech nach déi Einnamen nach méi wäerten erof goen.
An op där anerer Säit wësse mir och, datt mir eng Rei vun Ausgaben, déi mir net esou héich ageschat haten an der Regierungsvirlag, datt déi wäerte méi erop goen, wéi dat geduecht war. Ech denken do zum Beispill all déi Ausgaben déi direkt, oder indirekt mam Chômage zesummehänken.
An duefir ass et ganz kloer, mir hunn e Budget, dee soll och esou gestëmmt gi wéi en ass, mä op där anerer Säit verlaangen ech awer vun der Regierung elo bei den Debatten an der Chamber, datt kloer Aussoe kommen, wéi mir dee Budget wäerten exekutéieren, a wéi mir vläicht innerhalb vum Budget, bei der Ausféierung vum Budget, eng Rei vun neie Gewiichtunge maachen.
Francine Closener: Här Schiltz, gesitt Dir dat d’selwecht wéi den Alex Bodry?
Jean-Louis Schiltz: Den Här Bodry ass menges Wëssens no, President vun der LSAP. D’LSAP huet gëschter Mëtteg e Communiqué gemaach, wou gesot gëtt, datt d’LSAP drop hält, datt de Budgetsprojet fir d’nächst Joer net a Fro gestallt gëtt, an datt d’Investissementer op engem héijen Niveau gehale ginn. Ech gleewen also dat, wat an deem Communiqué gesot gëtt.
Mir hunn e Budget opgestallt, deen en Excédent vun 1,1%, wann ech mech richteg erënneren, virgesäit.
Huelt elo emol un, d’Recette géife liicht erof goen – Hypothèse – dann hu mir jo awer nach do Marge, mir hu jo awer do Sputt, a précisément ass eng Budgetspolitik, déi de Maastricht-Critèren entsprécht, och do fir a méi schwieregen Zäiten, datt d’Regierung den Investissementsniveau héich hält.
An da wëll ech drop hiweisen, datt mir, säit ech mech kann erënneren, ëmmer eis hu misse mat Reprochen ausernee setzen, datt d’CSV d’Recetten ze niddereg ugesat huet. Mir sinn deene Reprochen roueg begéint, an hunn dat gemaach, wat mir gemaach hunn, och vläicht deenen eventuelle Reprochen, datt mir se dann dës Kéier ze héich ugesat hunn, wäerte mir mat Rou begéinen.
Mä nach eng Kéier, et ass wichteg, datt d’Regierung a schwieregen Zäiten d’Investissementer op engem héijen Niveau hält, an och Saache virzitt, fir d’Économie ze stimuléieren an deem Sënn.
Francine Closener: An am Noutfall gëtt et eben e Staatsdefizit, d’Kommissioun gesäit et jo och elo net méi esou enk domat?
Jean-Louis Schiltz: D’Critèrë vu Maastricht sinn d’Critèren, den zoustännege Kommissär huet gesot, datt se sollten esou ausgeluegt ginn, wéi se virgesi sinn. En huet liicht undeitungsweis gesot, datt en eventuell kënnt mat klengen Ajustementer, oder Dépassementer d’accord sinn.
Dat gëlt awer net fir eis. Wann Dir wësst, datt d’Maasstricht Critère bis -3% geet, mir si bei +1,1%, mir sinn also nach wäit dovun ewech. Et sinn éischter aner Länner, déi méi no do dobäi si wéi, d’Nopeschlänner gréisserer Natur, déi hei ronderëm eis sinn.
Francine Closener: Den DP-President, de Claude Meisch, fir säin Deel, deen ass prett fir den Opbroch, mir hunn et héieren, hien huet an der Woch och seng Brochure virgestallt. Hie mengt, d’Leit wiere selwer och prett fir Reformen, zum Beispill bei der Schoul, am Logement, oder an der Sozialpolitik.
Claude Meisch (O-Toun): Bis ewell huet d’Politik esou fonctionnéiert, virun allem d’Politik vun där grousser Koalitioun, datt entweder zwee Partner sech géigesäiteg blockéiert hunn, datt déi zwou Parteien net oséiert hunn e Schrëtt no vir ze maachen, well se vun hiren Alliéierten, där et jo awer emol vill gëtt, an déi och ëmmer divergent Positiounen ëmmer erëm anhuelen, well se vun deene gebremst gëtt, well se net de Courage huet och emol eng Kéier dee grousse Worf sech ze traue virzeleeën.
Duefir, an dat ass meng Convictioun, si mir an deenen do Dossieren, déi lescht Joeren, bal déi lescht Joerzéngten, net richteg viru komm, duefir trëppele mir op der Plaz, oder wa mir viru komm sinn, da war et mat ganz, ganz klenge Schrëtt.
An duefir soen ech och, et geet net duer elo just iwwer deen ee Sujet ze schwätzen, iwwer deen anere Sujet ze schwätzen, mir brauchen eng nei Aart a Weis wéi mir Politik maachen.
Ech deelen eng Meenung ebe grad net, virun allem mat CSV an LSAP, dat ass, datt si mengen, d’Leit hätten Angscht viru Reformen.
Francine Closener: Mengt Dir dann, Här Schiltz, Dir sitt jo CSV-Politiker, d’Leit géife Reforme fäerten?
Jean-Louis Schiltz: Den Här Meisch huet jo dës Woch eppes gemaach, deem ech eppes Guddes kann ofgewannen, den Här Meisch huet sech nämlech op 50, 60 Säiten zu politeschen Themen geäussert.
Ech fannen dat gutt, ech fannen d’Politiker gräifen net oft genuch zur Fierder hei zu Lëtzebuerg.
Wat mech e bësse bedréckt mécht, dat ass, datt déi Contributioun eigentlech e Pamphlet géint eng Partei ass, nämlech meng Partei zu engem groussen Deel, datt vill eidel blo Wierder an deem Dokument dra sinn, an datt ech mech och froen, wéi déi Contributioun sech par rapport zur Partei verhält.
Ech fannen et gutt, datt politesch Contributioune gemaach ginn, ech fäerten awer, datt den Här Meisch ëmmer méi e Mann gëtt, deen alleng nieft senger Partei steet.
Wann ech kucken, datt an där Contributioun zum Beispill näischt steet iwwer d’Fonction public, wéi d’DP sech mat deene Froen déi domat ze dinn hunn, an deenen nächste Joere wëll ausernee setzen, da froen ech mech, wat déi DP vum Här Meisch nach mat där vun der Madame Polfer ze dinn huet.
Francine Closener: Ech widderhuelen awer nach eng Kéier meng Fro. Dir sitt jo och an der CSV, datt dann anscheinend de Pamphlet géint Är Partei.
Mengt Dir dann, d’Leit géife Reforme fäerten, oder mengt Dir, mir bräichte keng Reformen, oder mengt Dir, mir hätte Reforme gemaach, Statut unique wäert jo awer sécher net dat eenzegt sinn?
Jean-Louis Schiltz: Ech denken, datt éischtens Reforme gemaach gi sinn. An zweetens, datt e Land, wat sech net a Fro stellt, a wat an deem Sënn keng Conclusiounen doraus zitt, domat entsteet e Land ass wat stoe bleift, an e Land ass, wat zeréck geet.
Ech hätt mir erwaart vun engem Oppositiounspolitiker wann e géif e Reformstau, oder e Manktum u Reformen umellen, datt e géif alternativ Propositiounen op den Dësch leeën, déi vermëssen ech an deem Dokument.
Wann ech gesinn, datt den Här Meisch an deem Dokument schreift, hie wier fir d’sozial Maartwirtschaft, jo ech sinn och fir d’sozial Maartwirtschaft. Wann ech da gesinn, datt den Här Meisch seet, mir brauche kee grousse Konjunkturpak, ech sinn och net fir e grousse Konjunkturpak. Wann den Här Meisch seet, mir brauche punktuell Mesure fir d’Économie ze stëtzen, ech sinn och duefir. Mä konkret seet en näischt.
Dach e seet eppes konkret, e seet, déi Mesuren déi misste mir am sougenannte grénge Beräich usiddelen, dat heescht, alles wat Ëmwelt, Klima ze dinn huet. Dat ass richteg, mä dat ass awer ze kuerz gekuckt.
Well all déi Investissementer, déi an deenen nächste Joere wäerten zu Wuesstem féieren, dat si ganz sécher der, déi am grénge Beräich ugesiddelt sinn, mä dat sinn der och, déi an deem Beräich ugesiddelt sinn, fir deen ech d’Verantwortung hunn, alles wat Informatiounstechnologien ubelaangt, et ass wéi doheem, d’Informatiounstechnologien, dat ass alles wat am Heizungskeller ass, fir datt et waarm am Haus ass, braucht Dir en Heizungskeller, Dir braucht eng Heizung déi fonctionnéiert.
Mir brauchen also, wa mir wëllen en neien Ulaf huelen, wann d’Kris bis hannert eis ass, an et gëtt e Liewen no der Kris, dovunner sinn ech iwwerzeegt, héich Investissementer an den Informatiounstechnologien haut. Dovu steet kee Wuert am Här Meisch sengem Dokument, dat bedaueren ech.
Francine Closener: Mir komme gläich nach eng Kéier op d’Kommunikatioun zeréck. Ech wollt just nach eng Fro stellen. D’DP sëtzt jo, wéi gesot, elo ganz kloer op ee Mann, op ee Spëtzkandidat. Wann ee gesäit wat de Jean-Claude Juncker aus der CSV gemaach huet, dann ass dat jo vläicht awer net esou dat schlechste Rezept?
Jean-Louis Schiltz: Ech sinn net do fir der DP Rotschléi ze ginn, wéi si sech opzestellen huet fir d’Wahlen.
Ech war 2004 Wahlkampfmanager vu menger Partei, an deem Wahlkampf huet de Jean-Claude Juncker eng grouss Roll gespillt, eng ganz grouss Roll, en huet déi och virdru gespillt, e spillt déi och haut, on ne s’en porte pas plus mal.
Mä ech mengen awer, datt déi Équatioun fir ze soen, d’CSV ass gläich Juncker, a Juncker ass gläich CSV, datt déi e bëssen ze kuerz gräift. Op jiddwerfalls, ech an eng Rei vu menge Kollegen sinn och do, fir ze beweisen, datt et och nach anerer an der CSV ginn.
Francine Closener: Dir selwer Här Schiltz sitt mat Äre Ressorte Kooperatioun, Kommunikatioun an Arméi am Ament jo éischter awer à l’abri vu vill Kritik. De Revers vun der Medaille ass deen, datt een éischter an de Vergiess geréit.
Woumat mengt Dir dann, datt d’Leit dobaussen Iech am meeschten identifizéieren, a wou mat huet Dir am meeschten Aarbecht?
Jean-Louis Schiltz: Woumat d’Leit mech am meeschten identifizéieren, dat muss Dir d’Leit vläicht froen.
Francine Closener: Op wat gitt Dir dann am meeschten ugesprach?
Jean-Louis Schiltz: An deene méi komplizéierten Zäiten hei, ass sécherlech de Kommunikatiounssecteur een, deen am Zentrum vu mengen Suergen ass, well vue datt et e Liewen no der Kris gëtt, dovu sinn ech iwwerzeegt, wëlle mir alles maachen, fir datt mir gutt opgestallt sinn, an da kënnen en neien Ulaf huelen. An do kënnt dem Kommunikatiounsminister eng grouss Roll zou, well Dir kënnt sécher sinn, datt nei Aktivitéiten an Zukunft net wäerten do ugesiedelt ginn, wou een och nach muss d’Infrastrukture fir d’éischt an d’Rei bréngen.
Wann Dir mech awer frot, an dat huet Dir gemaach, mat wat d’Leit mech am meeschten dobaussen identifizéieren, ech géing vläicht soen als Kooperatiounsminister awer.
Francine Closener: Wéivill där Betriber am Beräich vum E-Commerce, an vun den Informatiounstechnologien hu mir eigentlech? Wéivill Salarién, wéivill bréngt dat u Steierrecetten? D’lescht Joer goung Rieds vun 300 Milliounen d’Joer. Ass dat nach ëmmer esou?
Jean-Louis Schiltz: Et ass e Secteur, dee mir vun 2004 un opgebaut hunn, et ass mat AOL ugaangen, AOL ass elo net méi do.
Et ass och e Secteur, wou mir déi eng oder aner Suerg haten, fir dat opzebauen, och vläicht nach deen een oder anere Problemfall an Zukunft wäerte kréien.
Mä et ass awer e Secteur, dee sech iwwer Erwaarde gutt entwéckelt huet. Ebay, Skype, Amazon, Apple, I-tune, Digitalriver, an anerer méi, hunn europäesch Zentren hei zu Lëtzebuerg opgebaut an deene leschte Joeren.
2007, 300 Milliounen TVA Recetten, dëst Joer wahrscheinlech net vill manner, esouguer éischter méi. Dee Secteur dee lieft also. Et ass awer kee rise Secteur.
Ech soen ëmmer, de Luc Frieden, dee fir d’Finanzplaz zoustänneg ass, deen huet e grousse Centre commercial, mat ville Leit déi do ronderëm lafen, a ville Clienten, de Jeannot Krecké, dee fir d’Industrie zoustänneg ass, huet e Supermarché, ech hunn eng kleng Épicerie, ech kennen all meng Clienten nach perséinlech.
Francine Closener: Mä wëllt Dir déi Épicerie dann awer trotzdem ausbauen? Gitt Dir nach Betriber sichen, oder mécht de Wirtschaftsminister dat éischter, oder zesummen?
Jean-Louis Schiltz: Mir schaffen do zesumme mam Wirtschaftsminister. Mir betreien och eng ganz Rei Entreprisen do gemeinsam. Jo, mir gi weider Betriber sichen.
Ech war am September a China, och do deet sech vill an där Branche, zum Beispill dee gréisste chineseschen IT-Équipementier – datt ass elo e komplizéiert Wuert, mä dat sinn all déi, déi Basisinfrastrukture bauen – Huawei, wäert hei zu Lëtzebuerg opmaachen an deenen nächste Woche. Ech mengen dat ass eng gutt Noriicht och wann déi Lëtzebuerg wielen.
An ech hat eng Rei aner Kontakter, do wou ee muss kucken, wat draus gëtt. Dir wësst, datt ech ni Nimm vun Entreprisen einfach esou lancéieren, mat deene mir Kontakt hunn, mä ech féiere meng Promotiounsefforten an deem Beräich weider. Ech wäert am Januar erëm an Amerika goen. Et ass e ganz zolitte Secteur a mengen Aen, e klenge Secteur.
Natierlech wat mech e bësse geheit, dat ass, datt ganz vill Leit an enger kuerzsiichteger Vue mengen, et wier 2015 alles eriwwer. Dat ass net richteg.
Francine Closener: Doropper komme mir nom Journal ze schwätzen. Elo maache mir eng kuerz Paus, an da geet et weider. Här Schiltz emol Merci fir bis elo.
Jean-Louis Schiltz: Merci och.
Noriichteniwwerbléck
Francine Closener: Background am Gespréich haut also mam Jean-Louis Schiltz. Här Schiltz, mir ware virdru bei der IT-Branche. Dir reagéiert ëmmer ganz pickéiert wann iergendee seet, oh déi Firmen déi elektronesch Servicer ubidden, déi kéime souwisou nëmme wéinst der niddereger TVA bei eis. Ech ka mir awer och net virstellen, datt dat fir d’Betriber keen Argument soll sinn?
Jean-Louis Schiltz: Also et ass Folgendes: éischtens muss ee soen, datt mir eng Rei Betriber hunn aus der IT-Branche hei zu Lëtzebuerg, wou d’TVA, bei deene Facteuren déi maachen, datt si op Lëtzebuerg kommen, ee Facteur ass deen net an d’Gewiicht fält, deen irrelevant ass, Beispill Amazon. Dat heescht, mir hunn also een Deel vun der Branche déi näischt mat TVA ze dinn huet. All déi aner, déi kommen och net wéinst der TVA alleng. Déi komme well mir hei Kompetenzen hunn, déi komme well mir ordentlech Infrastrukturen hunn, déi komme well mir ee regelementärt Ëmfeld hu wat den Entreprisen zegutt kënnt, déi kommen well d’Liewensqualitéit stëmmt hei zu Lëtzebuerg, ee Facteur deen ëmmer méi wichteg gëtt, déi komme well mir eng zentral Lag hunn, well mir villsproocheg sinn an ee vun deene Facteure bei deene 7, 8, ass och do d’TVA an da gëtt ëmmer gesot, 2015 ass et eriwwer.
Ech wëll awer do mol eng Kéier hei vläicht dovu profitéiere fir ze soen, datt 2014 d’Saach nach eng Kéier gekuckt gëtt, dat heescht d’Kommissioun ee Rapport mécht dee vun de Memberstaaten inspiréiert gëtt, fir ze kucken, éischtens ob den Trend nach ëmmer deen ass fir am Pays de destination ze besteieren an zweetens fir ze kucken ob de System wéi e virgesinn ass fonctionnéiert. Mir hu jo ëmmer gesot, dee System deen Dir maacht fonctionnéiert net. Dat heescht, all déi déi soen 2015 ass et eriwwer, sinn déi der Meenung mir sollen elo opginn a mir sollen net kucken am Kader vun där Revisioun déi nach stattfënnt 2012, 2013, 2014, fir richteg z’erklären, datt de System net fonctionnéiert an ze probéiere fir d’Saach nach eng Kéier ëmzestoussen? Ech mengen, datt dat ni d’Approche vun der lëtzebuerger Regierung war fir schonn opzeginn ier de Match eriwwer war. Ech mengen also, datt mir eis sollen investéieren och an déi Diskussioun, fir richteg ze beweise wat mir ëmmer gesot hunn, datt de System esou wéi en elo ugeduecht ass net fonctionnéiert.
Francine Closener: Déi ganz Branche, ass déi iwwerhaapt affectéiert vun der Kris?
Jean-Louis Schiltz: D’Branche ass sécher och affectéiert vun der Kris. Ech mengen net datt d’Kris laanscht ee Secteur geet. Zum Beispill een dee seng Informatik soll erneiere mécht dat vläicht méi lues. Een dee wëll nei investéiere streckt ee Projet vläicht. Dat ass dat eent. Dat zweet dat ass, et brauch een ëmmer Informatiounstechnologien, also ass et eppes wat ëmmer gebraucht gëtt an enger Economie. Drëttens ass et meng Iwwerzeegung, datt an Zukunft nach vill méi iwwert den Internet wäert verkaaft ginn a kaaft gi wéi an der Vergaangenheet, et ass och fir mëttelstänneg Betriber eppes wat an d’A ze faasse wär. Et ginn éischt Projeten, zum Beispill wéi ee mëttelstännege Betrib kann a China eraverkafen, wat eppes ganz Neies ass. Véiertens gëtt et ee Liewen no der Kris, dat heescht gutt opgestallt, déi déi gutt opgestallt sinn, sinn déi déi wäerten als éischten erëm nei Projeten unzéien a wou nei Projete wäerten développéiert ginn. A fënneftens, och a Krisenzäite sinn nach eng ganz Rei Entreprisen, aus der Bankewelt, mä och aus dem elektronesche Commerce, déi weider wëlle massiv investéieren. Ech hu Kontakter mat enger Rei Entreprisen, grad an deene leschte Wochen, nodeem d’Kris do war, déi soen mir wëlle weider investéieren an alles wat mat IT ze dinn huet. Et sinn do ganz zwee konkret Projeten op mannst déi um Dësch leien, de Moment sinn déi Projeten esou, datt déi Entreprisë soen, mir maachen déi Projeten.
Francine Closener: Mä et ass awer net esou wéi wann d’IT Branche eis kéint retten, wéi d’Bankeplaz eis no der Stolkris gerett huet?
Jean-Louis Schiltz: Et ass de Moment ee klenge Secteur, et ass ee Secteur deen ëmmer méi Wichtegkeet kritt. Ech mengen net, datt et een eenzegt Standbeen vu Lëtzebuerg an Zukunft wäert ginn, mä et ass awer de Réckgrad vun eiser Wirtschaft. D’Banke gräifen ëmmer méi op IT zréck. Wann Dir wësst, datt 4,7% vun de Leit déi hei zu Lëtzebuerg schaffen an där Branche schaffen, direkt oder indirekt, da gesitt Dir wat dat ausmécht. Dat ass deen zweethéchsten Taux no Schweden an Europa. Mir sinn also do extrem gutt opgestallt an et ass eppes wat mir hegen a pflege sollen a weider ausbaue sollen.
Francine Closener: Ween Telecom seet, Här Schiltz, dee seet an engems Roaming an datt d’Telefonéieren aus oder mat dem Ausland méi bëlleg ginn ass, dat schreift sech d’EU-Kommissärin Viviane Reding, Är Parteikollegin, op de Fändel. Virun enger Woch huet si hei am Background confirméiert, datt si des öftere Madame Roaming genannt gëtt.
Viviane Reding (O-Toun): Dat gehéiert scho méi oft dozou an zwar europawäit muss ech soen. D’leschte Kéier sinn ech esouguer zu New York ugeschwat ginn. Ah that’s the commissioner with the roaming. Also mä do leeft et weltwäit als Réputatioun, endlech een deen deene grousse mol gesot huet, elo ass et eriwwer.
Francine Closener: Här Schiltz dat bréngt Stëmmen. Hutt Dir den Zuch verpasst fir op mannst hei am Land de Mister Roaming ze ginn?
Jean-Louis Schiltz: Ech si frou fir d’Madame Reding, datt si zu New York op de Stroossen erëmerkannt gëtt. Ech mengen dat war eng Décisioun déi richteg war, eng Décisioun déi direkt dem Konsument zegutt komm ass an all déi Décisiounen déi mir elo nach geholl hunn, dës Woch, kommen och dem Konsument zegutt. Alles dat wat ech Iech virdru gesot hunn iwwert d’IT Branche, huet jo och direkt eppes mam Konsument, mat eis alleguer ze dinn. Mir hunn zum Beispill 100% Breetband. Jiddweree kann also Accès zu Lëtzebuerg hunn am Breetband, do si mir 1 vun 3 Länner an der Europäescher Unioun déi dat huet. Mir sinn ëmmer méi um Internet, mir surfen ëmmer méi. Déi méi Jonk surfen nach vill méi wéi mir. Fir do z’évitéieren, datt eng Kéier d’Datenautobunn zesummefält, brauche mir een TGV. Mir sinn am gaangen deen ze bauen. Luxconnect, d’Post, Privatsecteur investéiere massiv. Ech hu mam Minister Lux den 200. Kilometer Fiber vu Luxconnect verluecht d’virlescht Woch. Dat sinn alles Elementer déi direkt deem Eenzelnen am alldeegleche Liewen zegutt kommen. Internet-Tëlevisioun vun der Post zum Beispill och, déi leeft och iwwert déi Kabelen, fir et mol vereinfacht ausgedréckt ze hunn. Dat sinn also alles Mesuren déi net nëmmen Entreprisen zegutt kommen, déi net nëmme Steierecettë generéieren, déi net nëmmen Aarbechtsplaze generéieren, mä déi och deem Eenzlenen zegutt kommen. Dat ass also een Ensembel.
Francine Closener: Et ass zimlech technesch. Wat d’Leit awer verhalen a mierken am Portemonnaie dirkt, dat ass natierlech datt d’Telefonéiere méi bëlleg gëtt. Et soll jo dann elo nach eng Kéier méi bëlleg ginn. De Paquet Telecom ass jo dës Woch ficeléiert ginn. Kënnt Dir dat da garantéieren? Och d’SMSen?
Jean-Louis Schiltz:D’Basisinfrastruktur, fir op dat vläicht zréckzekommen, déi mierkt een eréischt wa se net méi do ass. Dat heescht, esou laang wéi mir kënnen um Internet surfen esouvill wéi mir wëllen an esouvill Tëlee iwwert den Internet kucken, mierkt keen et. Mä dat ass och eng Aarbecht déi muss gemaach ginn an déi een direkten Impakt huet op dat wat mir all Dag liewen an erliewen. Selbstverständlech ass et esou, datt de Roaming alles een direkten Impakt am Portemonnaie wäert hunn. Mir hunn dat Reglement wat do ass, bis 2012 verlängert, mir hunn d’Präisser vun den SMSe reglementéiert. Dat heescht, wann Dir aus dem Ausland een SMS heemschéckt kascht dat 11 Cent nëmme méi, haut kascht et der 20, 25, an anere Länner 29. An drëttens a virun allem, mir hunn och den Dateroaming reglementéiert. Wann Dir also aus der Vakanz eng Foto heemschéckt gëtt dat och massiv méi bëlleg. Dat muss elo nach an d’Europaparlament. Ech hu kee Grond ze gleewen, datt d’Europaparlament eis do géif ee Strëch duerch d’Rechnung maachen, am Géigendeel.
Francine Closener: Wat haalt Dir dann dovunner, datt Hot City an Zukunft net méi gratis ass?
Jean-Louis Schiltz: Ech hunn Hot City een immense Projet fonnt. Ech hunn och dem Buergermeeschter Paul Helminger dat méi wéi eng Kéier gesot. Ech bedaueren, datt dat elo payant gëtt. Et ass ee System gewiescht, deen do war fir déi jonk Leit, deen awer och wichteg war fir Auslänner déi op Lëtzebuerg komm sinn an déi am Internet gesurft sinn an déi fonnt hunn, aha dat ass eng modern Stad, Lëtzebuerg, do kann ech fir näischt surfen. Ech bedaueren also, datt dat payant ginn ass. Ech hätt mir duerchaus kënne virstellen, datt ee gesot hätt, déi éischt hallef Stonn ass net payant an dann hätte mir deen Attrait weider gehat. Ech fäerten, datt de Projet am gaangen ass eppes ze gi wat gutt geduecht war, mä wat schlecht ofgewéckelt gëtt. Ech bedaueren dat extrem.
Francine Closener: Här Schiltz, da bei een anere Ressort, sans transition am Fong, bei d’Entwécklungshëllef. Wéi ass et méiglech, datt d’Regierungen iwwer Nuecht honnerte Milliarden Euro oder Dollar labber maache fir Banken ze retten a wann et ëm de Kampf géint d’Aarmut an Honger geet, da gëtt méintelaang esouzesoen ëm all Cent gefeilscht an um Enn kënnt dann awer honnert mol manner zesummen. Wéi kann een dat erklären?
Jean-Louis Schiltz: Dat ass eppes wou ech mech méi wéi eng Kéier dogéint revoltéiert hunn. D’Europäesch Kommissioun huet, fir ee konkret Beispill ze ginn, am Mee proposéiert virun där Hongerskris déi mir haten a Westafrika insbesondere, fir eng Milliard vun net gebrauchten Agrargelder, well nämlech d’Präisser eropgaange sinn an Europa a se do net gebraucht gi sinn, fir déi z’affectéiere fir déi aarm Baueren a Westafrika. Dat huet 6 Méint gedauert. Mäi Kumpan, de Commissaire Michel huet sech doriwwer opgereegt, ech hu mech doriwwer opgereegt. Mir hunn dat elo endlech hikritt, an e bëssen enger anerer Form. D’Zäite fir d’Entwécklungspolitik sinn och net einfach de Moment.
Francine Closener: D’G8 Staaten haten 2004 décidéiert pro Joer 50 Milliarde méi auszegi fir Entwécklungshëllef, bezuelt goufen awer manner wéi 20 Milliarden, seet d’UNO. Wat sinn dann esou Décisiounen iwwerhaapt wäert?
Jean-Louis Schiltz: Déi Décisioune si sécherlech méi wäert wéi de Pabeier wou se drop stinn. De President Sarkozy wäert haut zo Doha op där Konferenz déi sech mam Finanzéiere vun der Entwécklungspolitik beschäftegt confirméieren, datt d’Europäesch Unioun déi Engagementer déi si 2005 ënner lëtzebuerger Présidence bei den Entwechlungsministere geholl huet, datt déi wäerten agehale ginn. Europa huet seng Verpflichtungen och an der Vergaangenheet agehalen, huet also do bewisen, datt si dat maache wat si soen.
Francine Closener: Lëtzebuerg ass jo, biswell op mannst mol nach, Musterschüler an der Entwécklungshëllef, sidd Dir da sécher, datt dee Budgetsposte fir d’nächst Joer elo net awer vläicht nach gekierzt gëtt?
Jean-Louis Schiltz: Entwécklungspolitik ass een Investissement an d’Zukunft, et ass ee Budget deen héich ass, wéi Dir sot hei zu Lëtzebuerg, deen och an aneren EU-Länner héich ass. Ech weess, datt et ee Budget ass, deen och hei an do kritiséiert gëtt. All deene wëll ech soen, datt si mol eng Kéier 3 Minutten engem afrikanesche Kand sollen déif an d’Ae kucken, wat 3 Deeg näischt z’iesse krut an da schwätze mir nach eng Kéier doriwwer. Et ass e bëssen einfach, wann een den Teller moies, mëttes an owes voll huet, fir dann erofloossend iwwert d’Entwécklungspolitik ze schwätzen.
Francine Closener: Mä hei am Land ginn et jo och Leit déi aarm sinn. Fäert Dir dann net, datt elo mat der Kris, wann et de Leit nach méi schlecht géing goen hei am Land, datt der dann ëmmer méi géinge soen, d’Regierung soll mol fir d’éischt no de Problemer hei am Land kucken?
Jean-Louis Schiltz: D’Regierung mécht dat jo och. D’Entwécklungsbudgete rechne sech a Prozentsäz vum nationale Räichtum. Wa mir 100 Euro erwirtschafte vum nationale Räichtum, da soe mir mir si bereet bis zu 1 Euro vun deenen 100 mat deenen ze deelen déi keen Dag iwwert dem Kapp hunn, déi keng Toilette doheem hunn, déi net kënnen an d’Schoul goen, déi kilometerwäit musse goe fir Waasser ze fannen, déi näischt z’iessen hunn. Dann hu mir der nach 99 fir Politiken hei zu konzipéieren. Ech hunn nach kee begéint, dee mir argumentativ konnt duerleeën, datt 1 Euro op 100 do zevill wär.
Francine Closener: Humanitär Organisatioune spieren d’Kris och schonn. D’Spende ginn zréck an 2007 gouf duebel esouvill gespendt wéi dëst Joer, seet d’Weltbank. Wéi schlëmm ass dat, zum Beispill fir déi lëtzebuerger ONGen? Hat Dir scho Kontakt mat hinnen? Hutt Dir schonn doriwwer geschwat?
Jean-Louis Schiltz: Et gesäit ee verschidden Tendenzen do. Ech hu keng fiabel Zuelen nach de Moment. Et ass vläicht nach e bësse fréi. Ech erënneren un dee Solidaritéitselan dee mir hate beim Tsunami deemools. Ech géif mir wënschen, wann een Deel vun deem vläicht haut och erëmkéim. Et ass net gutt, fannen ech, datt wann et engem selwer verhältnisméisseg manner gutt geet, datt een einfach seet, elo dréinen ech definitiv deenen de Réck déi scho säit Joren a Jorzéngten näischt ze räissen an ze bäissen hunn. D’international Solidaritéit ass eppes wat ech mir anescht virstellen.
Francine Closener: Et ass Zäit fir Äre Musekswonsch, Jean-Louis Schiltz. Dir hutt Iech den Titel "My hope is in you" gewënscht, vum Youssou N'dour. Wat gefält Iech dorunner?
Jean-Louis Schiltz: Ech lauschteren dat Lidd gär. Et gefält mir. Ech hätt och kënnen een anere Musekswonsch wielen. Et ass einfach de Pleséier um Lidd.
Musek
Francine Closener: Jean-Louis Schiltz, nach kuerz bei Ären drëtte Ressort, d’Arméi. Dir waart e wéineg an d’Kritik geroden, well Dir den Nico Ries als Arméichef ofgesat hutt. Firwat hutt Dir dat eigentlech gemaach? Louch heen net op Ärer Linn?
Jean-Louis Schiltz: Et ass eng Décisioun geholl ginn. Deen ee soll dat eent maachen, deen anere soll dat anert maachen. Deen ee war net zefridde mat där Décisioun, huet ee Recours dogéint gemaach. Dat ass säi gutt Recht. Ech mengen, datt d’Décisioun richteg war. Et ass elo um Geriicht ze décidéieren.
Francine Closener: Firwat sidd Dir bei Ärer Arméireform eigentlech net op de Wee gaange fir ze soen, jiddereen an der Arméi muss d’office prett si bei Auslandsmissioune matzemaachen?
Jean-Louis Schiltz: Mir haten ee System bis elo, deen exklusiv op der Fräiwëllegkeet baséiert huet. Dat heescht, de Chef vun der Arméi oder de Chef vum Häerebierg ass allkéiers individuell d’Militär froe gaangen. Mir sinn zur Conclusioun komm, datt mir esou net kéinte plangen, datt mir also Unitéite bräichten. Mir wollten awer, och well d’Arméi eng sozial Fonctioun hei zu Lëtzebuerg huet, nämlech, et ass mir een Uleies datt jiddereen dee vum Häerebierg erofkënnt besser forméiert ass fir d’Liewe wéi wou en op den Häerebierg eropkomm ass, dat heescht, datt eppes geléiert gëtt fir d’Liewen, eng zweet oder eng drëtt Chance, wann Dir esou wëllt, am ëffentleche Secteur oder am Privatsecteur. Dofir wollte mir net op dee radikale Wee goen, fir dat ganz einfach ofzeschafen an total a Fro ze stellen. Ech erënneren awer drun, datt déi Arméireform ouni Géigestëmm vun der Chamber guttgeheescht ginn ass.
Francine Closener: Quitte datt déi Gréng sech enthalen hunn?
Jean-Louis Schiltz: Ouni Géigestëmm.
Francine Closener: Ass et schwéier fir Leit ze recrutéieren?
Jean-Louis Schiltz: Ech denken net, datt mir de Moment Schwieregkeeten hu fir Leit ze recrutéieren. Mir recrutéiere jo a verschiddene Periode vum Joer. Selbstverständlech ass et esou, datt wann d’Schoulofgäng am Juli sinn, ass et déi Kéier drop méi einfach ze recrutéieren, dat heescht mir fannen der méi. Ech hunn elo d’Arméi, géif ech gär soen, reforméiert grondleeënd wat all déi militäresch Aspekter ubelaangt, och den Acquisitiounsprogramm, och d’Renovatioun vum Häerebierg an Ugrëff geholl. Dat Nächst wat usteet an deem ech mech nach wäert widmen an deenen nächste Méint, mat aller Energie, dat ass fir déi sozial Fonctioun, alles wat mat Reconversioun ze dinn huet. Ech kann nëmmen déi jonk Leit encouragéieren an d’Arméi ze goen. Et di Chance sech op fir eppes ze léieren an der Arméi, fir herno eng Plaz beim Staat ze kréien, eng Plaz am Privatsecteur. Do musse mir nach Verschiddenes besser maachen. Et ass mir wichteg, datt déi Fonctioun net verluergeet an och héichgehale gëtt, genau wéi déi méi klassesch militäresch Fonctioun.
Francine Closener: Et ass net auszeschléissen, datt deen neien amerikanesche President Obama vun den Europäer méi Engagement verlaangt an de Kriseregiounen, virun allem wahrscheinlech am Afghanistan. Do sinn de Moment jo schonn 9 Lëtzebuerger Zaldoten am Asaz. Sidd Dir dann d’accord, deemno wéi, fir méi Leit dohinner ze schécken?
Jean-Louis Schiltz: D’Noriicht vun der Wiel vum President Obama ass jo u sech eng gutt Noriicht. Mir stellen eis ëmmer d’Fro wéi de President Obama sech par rapport zu den Europäer wäert positionnéieren. Dat ass mat Sécherheet och eppes wat op engem aneren Toun wäert goe wéi bis elo, mä de President Obama ass virun allem een amerikanesche President fir d’Amerikaner a gesäit also och an deem Dialog mat den Europäer amerikanesch Intérêten an et ass dovun auszegoen, datt en effektiv méi een zolitten Engagement vun den Europäer am Afghanistan freet, militärescher Natur. Mir soen ëmmer, datt d’militäresch Präsenz am Afghanistan néideg ass, alleng net duergeet. Mir brauchen diplomatesch Efforten, mir brauchen Developpementsefforten. Wat d’lëtzebuerger Arméi ubelaangt ass et esou, datt mir ronn 35, 40 Leit de Moment permanent a Missioun déployéiert hunn, iwwert déi Zuel kënne mir net erausgoen.
Francine Closener: Onméiglech?
Jean-Louis Schiltz: Esou wéi mir de Moment organiséiert sinn, respektiv déi Arméi déi do ass, déi nei reforméiert Arméi, mécht et méiglech, datt mir déi Engagementer kënnen an der Durée halen. 35, 40 déi si jo dann 3 Méint do an da kommen anerer an déi eng déi trainéieren. Dat si jo net nëmme 40 Leit. Dann hu mir och Engagementer an der Europäescher Unioun. Ech erënneren drun, datt eise Waasseropbereedungspeloton en disponibilité ass de Moment bei der Europäescher Unioun. Mir hunn och an der NATO Engagementer um Horizon 2010. Alles dat erlaabt déi nei Reform eis ze halen. Vun Engagenemter, driwwer eraus kënne mir net goen. Déi 35-40 ass also eng maximal Grenz an der aktueller Struktur, mä mir hunn dat Néidegt gemaach fir dat kënnen an der Dauer ze halen um Horizon 2010-12.
Francine Closener: Do wäerten et jo vläicht nach Diskussioune ginn, och mam wahrscheinlech alen an neien amerikanesche Verdeedegungsminister, dem Robert Gates. Dir kennt hee perséinlech. Wat haalt Dir dovunner, datt deen et soll bleiwen?
Jean-Louis Schiltz: Dat weist jo, datt an der Aussepolitik eng gewësse Continuitéit wäert, op mannst op verschiddenen Dossiere kommen. De Bob Gates ass deen dee responsabel ass fir de Retrait am Irak z’organiséieren, en ass och responsabel fir Afghanistan. Ech war am Oktober bei him. Et ass ee Mann deen ee Stil huet deen iwwerall ukënnt, ee Mann deen och vill Humor huet. Ech mengen dat brauch een och wann een esou eng schwierg Tâche huet, ee Mann deen dat ganz sérieux mécht. Ech hat, ech wëll net soen de Pleséier, och nach den Här Rumsfeld ze fréquentéieren a menge jonke Joren, dee vun old Europe geschwat huet an new Europe an deen opgetrueden ass wéi ee groussen Zampano. Beim Här Gates ass dat eppes anescht an ech muss soen den Här Gates erreecht och méi an engem konstruktive frëndlechen Dialog mat sengen alliéierte Kollegen wéi den Här Rumsfeld je konnt erreeche mat sengem Polterstil.
Francine Closener: Här Schiltz Dir sidd vill op der Rees a wann Dir heiheem sidd, da wäert Dir Iech wahrscheinlech mat Ären 3 Kanner beschäftegen. Vill Zäit bleift do net fir aneres. Gitt Dir nach lafen? Anscheinend ass Är Madame elo awer e bësse méi séier wéi Dir?
Jean-Louis Schiltz: Meng Fra war ëmmer méi séier wéi ech am Lafen. Ech hunn och bal d’Hoffnung opgi fir si eng Kéier erëmzekréien, mä ech probéieren awer weider lafen ze goen. Ech maachen dat op engem ganz bescheidenen Niveau. Ech sinn elo kee grousse Compétiteur doranner. Mä dat gehéiert awer dozou an et ass och ee Moment wou, wa mir dann zesumme lafe ginn, haaptsächlech meng Fra mir Geschichte kann zielen, well ech ganz oft nom Otem sichen an nëmme probéiere fir nozekommen. Dat ännert och net, mä ech hu mech entretemps dorunner gewinnt.
Francine Closener: An der Politik ass et wichteg ee laangen Otem ze hunn, virun allem. Merci Jean-Louis Schiltz fir Äre Besuch am Studio.
Dat war et fir de Background vun haut.
|