Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Décembre 2008 > Jeannot Krecké au sujet de la réunion de l'Eurogroupe

Interview
Jeannot Krecké au sujet de la réunion de l'Eurogroupe
"Radio 100,7" du 02-12-2008

Vers le niveau supérieur

Jean-Claude Franck: Den Eurogrupp schéngt op jidde Fall net ganz op enger Linn ze leie mat der EU-Kommissioun, doriwwer schwätze mir elo mam Wirtschaftsminister Jeannot Krecké, dee gëscht an haut zu Bréissel fir Lëtzebuerg an de Gespréicher dobäi ass. Gudde Moien.

Jeannot Krecké: Gudde Moien.

Jean-Claude Franck: Jeannot Krecké, allgemeng gëtt verséchert, wier de Konjunkturpak vun der EU-Kommissioun richteg, trotzdem gesäit et dono aus wéi wann d’Eurolänner net allzevill drop aginn. Gëtt et do Meenungsverschiddenheeten?

Jeannot Krecké: Ech verstinn u sech déi Dépêche do net déi seet, mir wieren net d’accord mat der Kommissioun. Mir si mat der Kommissioun d’accord, datt et déi richteg Richtung ass. Et ass sécher, datt och nach aner Mesuren mussen a Betracht gezu ginn. Vergiesst net, alles wat u Garantien am Moment usteet fir d’finanziell Marchéën, wat fir déi eenzel Banke vu Recapitalisatioun gemaach ginn ass, all déi Saache kommen do nach dobäi an dofir ass et schwéier soen, ob dat elo 1,5%, 1,8% oder 1,4% ass, mä mir sinn awer absolut mat der Kommissioun d’accord. Ech gesinn awer net wou do de groussen Dissens soll sinn.

Jean-Claude Franck: Mä ass et dann net einfach esou, datt vill Memberlänner sech elo net vill nei Moossname leeschte kënnen? Dir hutt et elo selwer ugdeit, et si scho vill Saachen am Fong gemaach ginn an d’EU-Kommissioun proposéiert jo elo weider Moossnamen, déi och zum gréisseren Deel aus den nationale Staatsbudgete solle finanzéiert ginn. Ass do vläicht einfach kee Sputt méi dann?

Jeannot Krecké: Et ass esou, datt d’Kommissioun jo schonn eng ganz Rei Programmen évaluéiert huet, dat heescht notamment de lëtzebuerger Programm, an datt si gekuckt hu wat fir eng Moossname mir virgesinn hunn, wat fir eng Moossnamen déi Däitsch virgesinn hunn an esou weider an do kënnt eraus, datt u sech näischt niewent deem ass wat si proposéieren, näischt. Dat Eenzegt wat ee mierkt, dat ass, a gëschter ass dat jo och kloer ginn, datt kee vun deene 16 wëlles huet d’TVA, de Standard dovunner ze änneren, dat heescht deen erofzesetzen. Dat ass dat Eenzegt wat mir festgehalen hunn. Mä fir de Rescht weist jiddwereen e bësse wat e prioritär wëllt maachen an déi meescht ginn a Richtung vun ëffentlechen Investitiounen, Liquiditéiten assuréieren, kucken datt eng ganz Rei Moossnamen, déi mir jo och um Niveau vun der Strategie vu Lissabon fueren, datt déi do méi schnell ëmgesat ginn, anescht ëmgesat ginn. Do gesinn ech awer net de grousse Problem. Mir sinn eis do absolut eens driwwer.

Jean-Claude Franck: Mä kënnen déi Saachen, déi dann och schonn décidéiert sinn, wéi och zum Beispill zu Lëtzebuerg am Staatsbudget, héich Investitiounen, Steierreduktiounen, kënnen déi dann net och einfach respektéiert gi fir dee Konjunkturpak? Ass et och vläicht, datt d’Verhandlungen dorop erauslafen?

Jeannot Krecké: Also et ass mat Sécherheet esou, datt Länner déi schonn eppes décidéiert haten, datt déi dat ugerechent kréien, wann et klawéiert mat deem wat vun der Kommissioun virgeschloen ass. Et ass net, datt elo jiddwereen erëm muss esouvill dropleeën. Dat gëllt also och fir déi Programmen déi schonn ugekënnegt sinn.

Dir kënnt Iech virstellen elo, déi Franséisch déi wäerten haut annoncéiere wat si maachen, datt dat wat si do maachen och ugerechent gëtt.

Jean-Claude Franck: Haut ass et jo elo esou, datt déi 27 Finanzministeren zesumme sinn, nom Eurogrupp gëschter. Mengt Dir, datt et do an déiselwecht Richtung geet an de Gespréicher? Wat erwaart Dir Iech do?

Jeannot Krecké: Oh ech ginn dovun aus, datt mir déiselwecht Diskussiounen natierlech kréien iwwert den Inhalt vun deem Ganzen, mä datt mir herno zur selwechter Conclusioun kommen, vläicht bei der TVA e bëssen anescht. Do wäerte vläicht 1-2 Länner der Meenung sinn, et misst een d’TVA erofsetzen, mä soss gesinn ech awer, datt mir méi oder wéineger en ligne sinn. An et dierf een och net vergiessen, doniewent ass jo och nach déi Geldpolitik vun der Banque Centrale, wou am Moment d’Zënsen dauernd erofgesat ginn, déi och nach hëllefräich dobäi ass.

Jean-Claude Franck: Eng lescht Fro vläicht, Här Krecké, stëmmen d’Presseinformatiounen, datt haut driwwer geschwat gëtt och fir d’EU-Directive iwwert d’Fiscalitéit séier ze reforméieren?

Jeannot Krecké: Also mir wäerten iwwert d’TVA an iwwert d’Fiscalitéit um Akommes vum Kapital schwätzen. Ech ginn awer dovun aus, datt mir net ganz vill Problemer kréien als Lëtzebuerger mat deem wat do virgedroe gëtt.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, datt d’Bankgeheimnis géif och dann esou weider garantéiert bleiwe wéi et bis elo war?

Jeannot Krecké: Dat steet am Moment an den Texter iwwerhaapt net méi zur Diskussioun. Et geet nach drëm wéi déi eenzel Produkter ageschätzt ginn. Dat heescht, muss een net d’Basis vun deem wat besteiert gëtt méi breet maachen? An do hu mir jo gesot, do wiere mir bereet mat op de Wee ze goen.

Jean-Claude Franck: Esouwäit also vu Bréissel de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké. Villmools Merci fir d’Gespréich.

Jeannot Krecké: Jo, ech soen Iech och Merci.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact