|
Frank Kuffer: 200 Milliarden Euro huet d’EU-Kommissioun virgeschloen, fir d’Économie ze relancéieren. Iwwer d’Iddi vu Bréissel ginn et net vill Discussiounen. Ob de Montant awer net e bëssen héich ass, do gouf gëschter am Eurogrupp an der belscher Haaptstad driwwer geschwat.
De lëtzebuerger Staatsminister Jean-Claude Juncker presidéiert dee Grupp vun de Finanzministeren aus den Eurolänner jo. Hie kann eis also am beschte soen, ob et eng Meenung ënnert senge Kollege gëtt. Op Bréissel duefir. Gudde Moien, Här Juncker.
Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.
Frank Kuffer: Also et ass jo esou, Dir huet gëschter Owend ënnert anerem och nach eng Kéier iwwer dee Programm vun der EU-Kommissioun geschwat. Ass et richteg, datt d’Héicht vun deem Programm awer e bëssen zu Discussioune Ulass ginn huet?
Jean-Claude Juncker: Mir hunn d’Richtung vun deem Programm zur Relance vun der europäescher Wirtschaft, deen d’Kommissioun de 26. November virgeluegt huet, prinzipiell begréisst, well e qualitativ, wéinst deene verschiddene Pisten déi en uleet, an déi richteg Richtung weist. D’Kommissioun wëllt dee Programm op 1,5% vum europäesche Bruttoinlandprodukt festgesat gesinn. Mir hunn eis iwwer den Ëmfang vun deem Programm net ausgeschwat, mä mir hunn eis iwwer den Inhalt vun deem Programm geäussert, den Ëmfang gesi mir eréischt wann d’Länner hir Nationalpläng virgeluegt hunn.
Frank Kuffer: Mä den Inhalt, gëtt deen Iech Satisfactioun, zum Beispill déi Saach mat der TVA, do ass et jo awer esou, datt keng Länner elo an déi Richtung gi fir d’TVA erof ze setzen?
Jean-Claude Juncker: Dee Plang gëtt eis Satisfactioun, well en ee Menü proposéiert op deem déi eenzel Länner, déi mengen, si missten hir Wirtschaft, an domat d’europäesch Wirtschaft, ukuerbelen, déi Moossen an Instrumenter kënnen erauszewielen, vun deene se mengen, se wieren hirer Situatioun am beschten ugepasst.
Dat geet haaptsächlech drëm, datt ëffentlech Investissementer ënnerstëtzt ginn, respektiv, falls se scho feststinn, virgezu ginn.
Mä déi 15 Länner vun der Eurozone sinn net d’accord, dat ass eng vun de Méiglechkeeten, déi d’Kommissioun offeréiert, fir den Normalsaz vun der TVA erof ze setzen, well mir mengen, datt dee keen unhalende Präiss-Senkungseffekt hätt. D’Englänner ginn do een anere Wee, mir um Kontinent mengen, an der Eurozon, dat wier net dee richtege Wee, well wéi gesot, keng automatesch nees Ukuerbelung vun der Konjunktur domat verbonnen ass.
Frank Kuffer: Elo ginn et jo awer och Länner, déi vläicht net esou vill kënne maachen wéi anerer, ginn et do Problemer doduerch?
Jean-Claude Juncker: Doduerch ginn et selbstverständlech Problemer. Et gëtt Länner, déi hu sech Budgetsmargë an deene leschte Joeren erschafft, déi se elo kënnen notzen, fir Konjunktur stëtzend Moossnamen ze huelen. Dat ass de Fall fir Däitschland, dat ass de Fall fir Éisterräich, dat ass de Fall fir Holland, et ass de Fall fir Lëtzebuerg. Aner Länner, wéi Frankräich, a wéi Italien hu manner Méiglechkeeten d’Budgetsmaschinn unzewäerfe fir d’Konjunktur erëm op d’Rad ze bréngen.
An duefir hu mir mussen décidéieren, wat logesch ass, datt de Stabilitéitspakt viru gëlt, mä datt elo seng flexibel Deeler, déi mir ënner lëtzebuergescher Presidentschaft an der Reform vum Stabilitéitspakt deem selwechte bäibruecht hunn, mä staark solle spillen. Mä d’Länner halen Haushaltskonsolidéierunge mëttelfristeg fest.
Frank Kuffer: Lëtzebuerg kéint eventuell awer och an dee Fall kommen mam Budgetsdefizit, eise Budget baséiert jo awer nach ëmmer op 3% Wuesstem, dee vum nächste Joer. Gëtt dat eigentlech ni kritiséiert, datt do keng Ännerung kënnt, respektiv wat halt Dir dovunner, datt d’DP seet, do misst ee rektifizéierte Budget kommen?
Jean-Claude Juncker: Dat gëtt selbstverständlech hei zu Bréissel net kritiséiert, well jo d’Länner alleguer am Fall sinn, datt se wahrscheinlech net genuch Defizit an hire Budget agesat hunn. Vue datt mir net wësse wéi héich deen Defizit gëtt, ech gi schonn dovun aus, datt mir am Joer 2009 ee kréien, ass et ganz schwéier dat an Zuelen ze faassen.
Mir hunn hei ofgemaach, dat muss een och zur Kenntnis huelen, dat ass d’Koordinéierung vun der europäescher Budgets- a Wirtschaftspolitik, datt mir déi automatesch Stabilisateure solle spille loossen. Wat heescht dat? Dat heescht, datt wann an der Kris d’Steieren zeréck géing, een net automatesch soll d’Dépensesäit sträichen. Wann d’Kierperschaftssteier zeréck geet, wa Leit entlooss ginn, dann heescht dat net, datt ee gläichzäiteg soll d’Aarbechtslosenentschiedegung kierzen, mä et soll een déi op deem Niveau wou se virdru war, viru lafe loossen, well alles anescht ee konjunktur-aknéckenden Effekt hätt. Genee dat maache mir, an dat maachen déi aner Länner och.
Frank Kuffer: Wat haalt Dir da vun der Propose vun der DP fir de Budget, datt dee misst rektifizéiert ginn nach bis Mäerz?
Jean-Claude Juncker: Et kann een iwwer alles diskutéieren, iwwer déi Froen diskutéieren ech wann ech zu Lëtzebuerg sinn, ech maachen dat net gäre vu Bréissel aus, well ech hunn hei net all Elementer zur Verfügung, déi d’Propositioun vun der DP ausmaachen.
Frank Kuffer: Dann nach vläicht just zum Schluss, d’Inflatioun, déi ass jo awer am gaangen zeréck ze goen, dat ass jo awer eng e bësse gutt Nouvelle. Rechent Dir wierklech och domat, datt d’Zënsen dës Woch nach eng Kéier erof ginn?
Jean-Claude Juncker: D’Inflatioun geet zeréck, haaptsächlech well d’Uelegpräisser sech no ënnen entwéckelen, och d’Liewensmëttelpräisser op de Weltmäert eng Tendenz no Präissenkung erkenne loossen. Dat augmentéiert net nëmmen d’Margë vun de Privathaushalter, déi méi Kafkraaft doduerch zur Verfügung kréien, datt d’Inflatioun wahrscheinlech am Laf vum Joer 2009 ënner 2% kippt, dat augmentéiert awer och d’Aktiounsmargë vun der europäescher Zentralbank. Ech ginn dovun aus, esou wéi den Här Trichet dat och schonn duerchblécke gelooss huet, datt et den nächsten Donneschdeg zu enger weiderer, zimlech zolitter Zënssenkung kënnt.
Frank Kuffer: Här Juncker, da soen ech Iech villmools Merci fir dës Präzisiounen de Moien.
Jean-Claude Juncker: Merci och.
|