Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Décembre 2008 > Jean Asselborn au sujet de la situation dans la bande de Gaza

Interview
Jean Asselborn au sujet de la situation dans la bande de Gaza
"Radio 100,7" du 28-12-2008

Vers le niveau supérieur

Jean Asselborn: D'Ursaachen, déi offesichtlech Ursaachen, déi leie jo um Dësch. Hamas huet de Waffestëllstand gebrach. Déi Kassam-Rakéite, déi vu Gaza geschoss gi sinn op Israel, hunn 140.000 Israelien all Dag a Liewensgefor bruecht. Et muss een och soen, datt an Israel jo Wahle sinn. An, datt déi Operatioun do d'Sécherheet vun Israel ugeet. D'Sécherheet ass d'Hapttromp vun deem wou an Israel drop gesat gëtt, datt dat och gutt do ukënnt.

Mä déi déif Ursaach, an do hutt Dir scho ganz Recht fir dodropper hinzeweisen, as d’Kollektivstrof. Wësst Dir, déi Leit déi elo zanter Joren a Joren an de Lagere liewe vun der UNO a Gaza, dat si praktesch 1,5 Millioune Leit zesummen an do sinn der immens vill déi do an deene Lagere liewen, déi liewen do ouni Hoffnung, ouni Perspektive, wou d'Dignitéit och carrément ënnert deem läit wat ze toleréieren ass. An dat ass jo schonn wann een esou muss liewen an engem ganz, ganz grousse Prisong, deen ass emol guer net esou grouss. En ass nëmmen e Véierel esou grouss wéi eist Land, mä zu 1,5 Millioune Leit. Da muss een sech dat virstellen. An dat ass jo schonn eng kollektiv Strof déi di Leit kritt hunn an elo kënnt nach eng aner kollektiv Bestrofung dobäi, dat ass, datt déi Attaquë vun Israel op déi ganz Populatioun an et deet mir Leed et kann een net soen dat sinn e puer Dausend Leit vun Hamas déi viséiert sinn. Ech mengen do géif och kee vill kräischen doriwwer. Mä awer dat geet jo net anescht, datt d'Zivilpopulatioun mat betraff gëtt. Dat heescht disproportionéiert awer och, datt déi ganz Populatioun déi eigentlech jo kee Choix huet, datt déi dorënner leid. An dat ass eppes wou ganz vill negativ Dynamik dra läit.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact